Le Premier ministre Jean-Claude Juncker, invité de l'émission Background

Francine Closener: Här Staatsminister, 2008 hat et a sech. Och a grad fir Iech. Zum Beispill mam Nee vun den Iren zum europäesche Reformvertrag. Dann d’Finanzkris, Wirtschaftskris, Euthanasiekris, institutionell Kris, a wann een esou wëll och nach CSV-Kris. Sidd Dir frou, datt d'Jor eriwwer ass?

Jean-Claude Juncker:Ech hu mir déi Fro nach net gestallt, well ech kalendaresch dovun ausginn, datt et geschwënn eriwwer ass.

Francine Closener: Hat Dir da schonn iwwerhaapt eng Kéier esou e schwéiert Jor wéi 2008 an Ärer ganzer politescher Carrière?

Jean-Claude Juncker:Ech hat nach ni esou schwéier 4 Méint wéi déi leschte 4 Méint.

Dat ganzt Jor war en duerchwuessent Jor mat Guddem a mat Schlechtem. Mä déi 4 lescht Méint vum 7. August un, du sinn ech aus der Vakanz komm, bis haut war esou intensiv an Aarbecht an esou räich un Ënnerschiddlechem wat een huet musse klären, datt ech mir a kengem Jor wat kënnt nach eng Kéier esou 4 dicht a voll gepakte Méint wënschen. Dat mécht midd, dat geet ënner d'Haut an et weess een heiansdo net, wat richteg a wat falsch ass. Dofir hunn ech déi 4 Méint an Erënnerung als extrem aarbechtsintensiv, als extrem ermiddend an als hoffentlech an där Form net méi reproduzéiert.

Marc Linster: Wéi eng Kris ass da fir Iech a fir d'Land déi schlëmmste vun deenen, déi mir elo genannt hunn?

Jean-Claude Juncker:Dir hutt do Saache mat dem Bäiwuert Kris versinn déi ech net als Kris erlieft hunn.

Marc Linster: Domat mengt Dir CSV-interner?

Jean-Claude Juncker:Dat erliewen ech wierklech net als Kris, dat erliewen ech als eppes wat periodesch virkënnt a wat net dramatesch ass an enger demokratescher Partei.

Fir mech ass den ausschlaggebende Moment vun dësem Jor déi Wirtschafts- a Finanzkris. Déi Finanzkris, déi 2007, wéi mir d'lescht Jor ëm dës Zäit heibanne geschwat hunn, ugefaangen huet a vun där ee gemengt hat, si géif sech net séier op aner Segmenter vun der amerikanescher Finanzwirtschaft ausbreeden; a vun där mir du gemengt hu si géif sech net séier op d'Realwirtschaft ausbreeden; a vun där mir du gemengt hu si géif sech net op d'Weltrealwirtschaft ausbreeden.

Mir hu fir d'éischt zanter ganz ville Joerzéngten iwwerall op der Welt eng Wirtschaftskris. Dat hate mir bis elo nach net erlieft. An et ass dat, wat déi éischt Prioritéit vun der Regierung ass, a vu jiddwerengem deen an der Regierung Zoustännegkeeten huet. Dat ass eppes wat eis nach laang beschäftegt a wat een eigentlech bedréckt, mä wou een awer muss wësse sech esou opzestellen, datt ee méiglechst onbeschiedegt aus der Kris eraus kënnt, datt ee méiglechst gutt duerchstarte kann an deem Moment wou d'Reprise erëm do ass. An déi kënnt jo.

Francine Closener: Wéi ass et dann eigentlech méiglech? Dat hunn ech nach ëmmer net esou verstanen. Et gi jo genuch Experten déi sech mat Prognostiquen an Auswierkunge vu Phänomenen an der Wirtschaft beschäftegen. Wéi ass et eigentlech méiglech, datt jiddwereen do iwwerrascht war vun där Envergure?

Jean-Claude Juncker:Ech weess dat eigentlech och net. Ech hunn ëmmer gesot, datt déi Finanzkris et a sech hätt, an datt mir dat och zu Lëtzebuerg géife staark erliewen. Mä op Grond vun den neie Mécanismë vun der Totalglobaliséierung spréngt dat, wat an engem relativ klenge Secteur vun der amerikanescher Finanzwirtschaft ugefaangen huet, séier iwwer op sämtlech Kompartimenter vun der Weltwirtschaft. Ech kennen der vill och déi sech Experten nennen, déi et bis haut nach net verstinn, wisou a fir wat datt dat esou séier gaangen ass.

Ech mengen, essentiell huet dat eppes mat der Psychologie vun de Mënschen ze dinn. Ech weess net wéini datt d'Lëtzebuerger fir d'éischt gewuer gi sinn, datt mir e Börsekrach 1929 zu New York haten. Ech weess, datt an Europa eréischt ugefaange ginn ass richteg ze handelen 1936/1937. An du war et jo, wéi mir aus leidvoller Geschichtsbetruechtung wëssen, ze spéit. Dës Kéier ginn d'Nouvellen an der zéngtel Sekonn ronderëm d'Welt an d'Leit reagéieren hott an har an d'ënnescht an d'iewescht. Ech mengen, dëser Welt feelt Rou an alle Bezéiungen.

Marc Linster: Huet dann d'Politik deem Spill vun de Banquieren eventuell ze laang nogekuckt? Oder hat Dir och den Duerchbléck net?

Jean-Claude Juncker:Oh, ech hat de ganzen Duerchbléck net. Ech hätt schonn e puer Nobelpräisser kritt wann ech e gehat hätt. Ech hunn zu deene gehéiert déi ëmmer, och hei, virun enger wëller Dereglementéierung gewarnt hunn a géint frenetesch Dereglementéierung mech ausgeschwat hu well ech mengen, datt d'Welt och, d'Finanzwelt, och d'Wirtschaft, Regelwierker brauch no deene se fonctionéiert.

Et huet zur gudder Moud gehéiert, iwwer 15, 20 Joer, datt ee vum Staat net méi huet däerfe schwätzen, datt een archaesch duerch d'Géigend komm ass wann ee gesot huet, et gëtt Normen, et gëtt Gesetzer an et gëtt Verhalensregelen. Dat ass ëmmer, bis an d'Chamber eran, dat ass jo alles nozeliesen, als eng réckwäerts gewandten, defensiv Zukunftsstrategie beschriwwe ginn.

Mä ech hätt ni gemengt, datt Sitten éischtens esou verkomm wieren an zweetens, datt sech aus deem finanzielle Sitteverfall géife weltwirtschaftlech Konsequenzen erginn. Woubäi ech gären dobäi fügen, dat kënnt Dir och an Ären Archiven nokucken, datt ech virun 3, 4 Joer zu deene gehéiert hunn, déi virun der amerikanescher Subprime-Kris do gewarnt hunn. An och a menge Gespréicher mam amerikanesche President, a virun allem mam amerikanesche Finanzminister ëmmer gesot hunn, dat ass eng Zäitbomm déi tickt. An et ass mir doropper geäntwert ginn, d'Marchéeë géifen dat schonn an d'Rei bréngen. Si hunn et jo elo an d'Rei bruecht.

Francine Closener: Hutt Dir dann d'Impressioun, datt sech entretemps awer iergendwéi eppes un der Approche, un der Mentalitéit vun de Banker geännert huet, datt se agesinn, datt och Feeler gemaach gi sinn, datt se vläicht och emol besser e wéineg méi modest optrieden?

Jean-Claude Juncker:Wann ech mat deene grousse Bankmënschen do an der Welt diskutéiere stellen ech awer schonn eng staark Dosis vun Nodenklechkeet fest. An och d'Unerkennung dovun, datt de Staat als regulativt Organ bei sech selwer an am internationale Verbond Rechter huet, déi een zu Onrecht duerch Modeerscheinungen an de leschte 15/20 Joer ewech geholl huet. Ech hu schonn den Androck, datt d'Finanzwelt iwwer sech selwer erféiert ass.

Marc Linster: Ass d'Fortis dann elo wierklech definitiv iwwer de Bierg, an dat trotz den Turbulenzen an der Belsch.

Jean-Claude Juncker:Meng Informatiounsstänn, an déi sinn an deem Fall gutt, sinn esou, datt, wat Fortis Lëtzebuerg, BGL - Banque Générale Lëtzebuerg ubelaangt, datt mir iwwer de Bierg sinn. Déi Evenementer an der Belsch, déi droen zu Verzögerunge bäi, mä ech ka keng Elementer erkennen déi mech géife soen dinn, datt dat wat mir ofgemaach hunn net géif agehale ginn. Ech gesi keng Elementer déi d'Leit kéinten dozou bréngen elo hir Sue bei Fortis oder bei der Banque Générale ofzezéien. Meng leie jiddwerfalls nach ëmmer do.

Marc Linster: Nach?

Jean-Claude Juncker:Déi wäerten do leie bleiwen.

Francine Closener: Och wa Paribas net géif era klammen?

Jean-Claude Juncker:Déi Hypothèse gesinn ech net.

Marc Linster: Anert Kapitel: den Aarbechtsmarché. Mat wéivill Chômeure rechent Dir a 6 Méint, zu deem Zäitpunkt wa Wahle sinn?

Jean-Claude Juncker: Mat däitlech méi wéi haut.

Marc Linster: Wat heescht dat konkret a Chifferen ausgedréckt?

Jean-Claude Juncker:Dat kann ech net u Chiffere festmaachen, well een d'Evolutioun vum allgemengen Emploi net kennt. D'Aarbechtsmaartexpansioun wäert däitlech méi schmuel ginn am Jor 2009 an am Jor 2010, wéi mir dat an deene leschte Joere gewinnt waren. Esou, datt een dovu muss ausgoen, datt mir méi Betriber a Kuerzaarbecht hunn, dat ass jo och schonn e grousse materielle Verloscht fir déi Männer a Fraen déi a Kuerzaarbecht schaffen. An, datt d'Aarbechtslosegkeet iwwer d'fënnef-Prozent-Grenz geet, dat schéngt mir relativ däitlech schonn haut fir d'Jor 2009 ze kommen.

Francine Closener: Kuerzaarbecht a Préretraite, dat ka jo keng Dauerléisung sinn. Wéivill Sputt huet de Staat dann eigentlech nach fir de Betriber ze hëllefen déi Problemer hunn?

Jean-Claude Juncker:Mir wëllen eis all Sputt dee mir hu behale fir kënne dogéint ze reagéieren.

D'Finanzpolitik vun de leschte Joeren, oft ëmstridden an hefteg bekämpft, huet dozou gefouert, obscho mir net an enger exzellenter Situatioun sinn, datt mir awer Budgetsmargen hu fir kënnen an der Kris dogéint ze halen.

Dofir hu mir elo d'Gesetzgebung iwwer d'Kuerzaarbecht nach eng Kéier als Projet reforméiert, fir datt een de Betriber méi däitlech entgéint ka kommen, an dofir loosse mir dat spille wat een d'automatesch Stabilisateuren nennt. Dat heescht, datt mir Kuerzaarbecht bezuelen och wann d'Steieren zréck ginn, an datt mir Chômageentschiedegunge bezuelen och wann d'Steieren zréck ginn. Et ass net an der Absicht vun der Regierung, dat wäert och net geschéien, fir d'Méiglechkeete vu Betriber fir Kuerzaarbecht ze maachen, no ënnen ze verschlechteren oder fir d'Entschiedegung vun de Chômeuren ze verschlechteren. Dat hu mir an de leschten 20 Joer net gemaach obscho mir öfters jo dozou invitéiert gi sinn.

Ech fannen, et muss een elo solidaresch si mat deene Betriber déi musse kuerz schaffen a mat deene Leit déi kuerz schaffe, respektiv hir Aarbecht riskéieren ze verléieren. Wat mir hei zu Lëtzebuerg ze maachen hunn, déi mir jo net déi kritesch Masse hu fir Konjunkturlokomotiv an Europa ze sinn, dat ass, datt mir dofir suergen, datt déi Betriber déi mir hunn, datt déi elo an der Kris, déi jo largement vu baussen no Lëtzebuerg importéiert gëtt, net zoumaachen. Well, wa s’eng Kéier zougemaach hunn, besonnesch déi kleng Betriber mat 3, 4, 10 Leit, déi maachen net erëm op, wann d'Konjunktur erëm eng Kéier uspréngt.

Also musse mir elo Brécke bauen iwwer d'Jor 2009 an d'Jor 2010, an dofir musse mir budgetär Mëttelen zur Verfügung stellen, fir datt d'Aktivitéit bestoe bleift. Well mir brauchen se deen Dag erëm voll, wou d'Wirtschaft erëm uspréngt. Dofir leeë mir all Investissementer déi mir geplangt hate fir d'Joeren 2010, 2011, 2012 an 2013, esou wäit wéi et geet an esou wäit wéi dat och mat de Gesetzer iwwer d'Ausschreiwunge geet no vir, fir datt mir eise Betriber, besonnesch deene klenge Betriber déi mir besonnesch wäertvoll sinn, iwwer ëffentlech Programmer déi Mëttelen an d'Hand ginn, déi et hinnen erlaben hir Leit a Beschäftegung ze halen.

Ech géif wierklech e waarmen Appel maachen, datt een net muttwëlles géif entloossen, aus Angscht oder aus Fäerteregkeet, well et elo géif méi lues dréien. Mir suergen dofir, datt d'Aktivitéiten am mëttelstännege Beräich op engem héijen Niveau weider ginn an avancéieren dofir all staatlech Investissementer, Reparature bei Staatsgebaier, Renovatioune vun de Schoulen, aner Projeten, och am kulturelle Beräich, fir datt eis Betriber Aarbecht behalen.

Francine Closener: Mä de Staatsdefizit huelt Dir dann domat a Kaf, als das kleinere Übel souzesoen?

Jean-Claude Juncker:Ech huelen Defiziter ni gären a Kaf, mä ech gesinn hei d'Noutwennegkeet fir dat awer ze maachen. Mir kréien elo, wa mir d'Joreskonte vum Jor 2009 ofgeschloss hunn, en däitlechen Defizit um gesamtëffentlechen Haushalt. Dat halen ech fir akzeptabel an engem Staat deen eng niddereg ëffentlech Schold huet, deen Haushaltsmargen huet déi e ka mobiliséiere fir elo an der Kris dogéint ze halen, fir datt d'Leit a Beschäftegung bleiwen, a fir datt d'Aktivitéit héich bleift.

Wa mir elo géife wéi mordicus spueren, d'Investissementer déi mir an d'Lut gesat hunn erof dréinen – mir hunn am Jor 2009 iwwer 30% méi Investissementer wéi am Jor 2007 – da géife mir jo dee klengen Deel fir d’Konjunktur, fir dee mir zoustänneg sinn, selwer hei ofwiergen.

Eng vu laanger Hand richteg gesteiert Finanzpolitik erlaabt et, fir elo do ze si wann de Staat gebraucht gëtt. Wa mir déi Beschlëss zum Beispill vun der Tripartite aus dem Jor 2006, a vun de Gesetzer aus dem Dezember 2006 net geholl hätten a gestëmmt hätten, dann hätte mir déi Margen net an da géif den Defizit deem entspriechend grouss ginn. Ech gi fir d'Jor 2009, ech wäert d'Chamber och doriwwer regelméisseg informéieren, vun engem Defizit aus, deen 1 - 2 % vum Bruttoinlandprodukt wäert bedroen.

Marc Linster: Här Staatsminister, et kann een Iech jo wierklech net virwäerfen, datt Dir d'Leit net gewarnt hätt an hinnen net probéiert hätt d'Wourecht ze soen. Et gëtt esouguer der, déi Iech dofir virwäerfe Schwaarzmolerei ze bedreiwen an a Pessimismus ze verfalen. Mä, hutt Dir dann d'Impressioun, datt d'Leit am Land an Tëschenzäit realiséiert hunn, datt mir eng Kris hunn? Mir haten dës Woch e Reportage iwwer Chrëschtakeef, an do huet eis Reporterin eis gesot, datt d'Geschäft esou boomt wéi nach ni. Gesinn d'Lëtzebuerger sech éischter als Spectateur vun där Kris? A bleift Dir den einsame Rufer in der Wüste?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee vläicht, fir emol Saachen däitlech ze maachen, e puer Zuelen nennen.

Wann ech eis Exporter kucken, exportéiere mir e Géigewäert vun eisem PIB vun 180%. Wann ech eis Importer kucken, importéiere mir ongeféier e Géigewäert vun 148%. An der Moyenne vun Europa leien d'Exporter 4x méi niddreg an d'Importer grosso modo och.

Wat ech domat wëll soen ass, datt mir eng aussergewéinlech oppen Ekonomie sinn. Wat fir eng Schlussfolgerung zitt een doraus? Doraus muss een d'Schlussfolgerung zéien, esou wéi ech dat an der Chamber gesot hat, datt mir ze kleng an ze butzeg sinn, esou dichteg wéi mir och sinn, fir hausgemaachte Wuesstëm ze produzéieren. Mir hänken essentiell vum Rescht vun der Welt of a besonnesch vun dem Euroraum. Dofir ass dat wichtegst, wat mir als lëtzebuerger Politiker maache kënnen, drop anzewierken, datt an Europa, am Eurowirtschaftsraum, déi richteg Décisioune getraff sinn. Et gëtt eng Plaz wou een dat ka maachen, dat ass den Eurogrupp. Do geschitt dat.

Näischt geschitt hei am Positiven, wa mir net déi europäesch Wirtschaft erëm un d'Lafe kréien. An dofir all mäi Beméien an eist Beméien a villen hirt Beméie vun de leschte Méint, dee Waggon do net un d'Stoppen ze bréngen. Wat ech domat nach wëll soen ass, datt, wat mir heiheem kënne maachen, dat ass just z’iwwerbrécken, fir datt mir kee Schued erleiden duerch déi Awierkungen an Auswierkunge vu baussen, mä datt mir stabil opgestallt bleiwen, net onnéidegerweis leide loossen.

Ech hätt och gären, datt Betriber déi Steiermoossnamen déi mir nei agefouert hu fir Leit anzestelle géifen a vollem Ëmfang notzen. Ech hu léiwer, et gëtt Kuerzaarbecht gemaach, wéi datt entloos gëtt. Dat ass en zweete Punkt.

An dat Drëtt ass, well mir jo selwer kee Wuesstëm kënne produzéieren, hu mir just eng Schrauf un där mir kënnen dréinen, nieft deenen 2 déi ech genannt hunn, déi den Aarbechtsmaart an d'Beschäftegungs- an d'Optragslag betreffen. Dat ass wat mir hei am Land consomméieren. Mir sinn dat Land wat, an Termë vu PIB gerechent, deen niddregsten interne Verbrauch huet.

Marc Linster: Da gëtt dat Iech jo Satisfactioun, wann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: An da wëll ech soen, elo sinn ech e bëssen houfreg och op d'Leit heiheem. Et ass richteg fir ze kafen. Et ass richteg [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dat gefält Iech also [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker:Dat heescht net, datt d'Leit net géife mierken, datt eng Kris do ass, an datt mir a Rezessioun kommen, an déi mir am Jor 2009 kommen. Mä dat weist awer, datt d'Leit och net de Kapp verléieren, an datt s’och ganz genau wëssen, wa kee méi eppes keeft, wann d'Geschäfter manner Ëmsaz maachen, wann d'Handwierk un d'Schliddere kënnt, wann Aarbechtsplazen am Commerce an am Handwierk ofgebaut ginn, dann hu mir kengem en Déngscht geleescht.

Ech hätt gären, datt d'Leit et géife gutt verstoen – an ech menge si verstinn et iwweregens och gutt, well dat wat Dir iwwer d'Chrëschtgeschäft sot weist dat – mir dierfen hei net an déidlech Spirale kommen. Dobaussen ass d'Welt scho schlëmm genuch, wirtschaftlech betruecht. Anescht och, mä wirtschaftlech op jiddwerfalls.

Wa mir elo hei am Land ufänken net méi ze consomméieren, nodeem mir d'Steieren erof gesat wäerten hunn den 1. Januar 2009, nodeem mir de Mindestloun wäerten erhéicht hunn, nodeem mir Nettosteierkrediter fir Mindestlounbezéier a fir Rentner aféieren, nodeem mir d'Renten ajustéiert hunn, nodeem mir de Kannerbonus mensualiséiert viru féieren; wann d'Leit dat alles op d'Bank droen, wann d'Leit dat spueren anstatt dat an de Konsum ze ginn, net nëmmen déi déi e klassesch ausgeprägte Konsumhang hunn, dat sinn déi mat manner héijem Akommes, mä och déi aner, da komme mir an eng déidlech Spiral wou Geschäfter zoumaachen, wou Betriber zoumaachen, wou Leit entloos ginn. Dofir fannen ech, wa se dann esou war, d'Konsumreaktioun vun de Lëtzebuerger ganz gutt. An ech hätt gären, datt dat och am Jor 2009 géif esou viru goen.

Francine Closener: Mengt Dir dann net, datt dat exceptionnel awer wier, vläicht elo nach fir déi Chrëschtdeeg, datt d'Leit sech soen, mir loossen eis et dës Kéier nach gutt goen, et weess ee jo net wat kënnt. An datt, wa se d'Auswierkunge vun der Kris wierklech emol um eegene Leif ze spiere kréien, datt da wuel gespuert gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ma kuckt emol, ech hunn elo just gesot, ech hätt jo gären datt dee Reflex, dee gudden dee mir do am Chrëschtgeschäft haten, datt dee géif an d'Jor 2009 eran transferéiert ginn. Mir sinn awer am Jor 2009 an der Situatioun, datt d'Kafkraaft zu Lëtzebuerg net ofhëllt.

D'Inflatioun geet jo däitlech zréck. D'Uelechpräisser ginn däitlech zréck. Haut weess jo bal kee méi, mä dat war jo virun 3 Méint de Fall, datt Uelechpräisser 160 Dollar de Barril waren. Mir turnen haut ëm déi 40 Dollar-Grenz. D'Liewensmëttel, déi extrem Erhéijung déi mir d'lescht Jor an och an dësem Jor haten, déi ass amgaange sech no ënnen ze drécken. Et gi jo net nëmme schlecht Nouvellë wann ech dat kann esou soen. Et komme Steierkorrekturen, et kommen zousätzlech Suen ënner d'Leit, iwwer eenzel Kompartimenter vun der Sozialpolitik. Et besteet keng Ursaach, datt d'Leit zu Lëtzebuerg manner consomméieren.

Marc Linster: Wat geschitt da wa se musse Kuerzaarbecht maachen oder hir Plaz verléieren, an dann op eemol iwwerschëld sinn, hir Scholden net méi kënnen zréck bezuelen?

Jean-Claude Juncker:Ech hunn elo just gesot, et misst ee précisément déi déidlech Spiral verhënneren, déi doranner besteet, datt duerch Zréckhale beim Konsum, notamment, ëmmer méi Leit an d'Situatioun kommen, datt se hir Aarbecht verléieren.

Wësst Dir, an esou enger extremer Krisesituatioun wéi déi an där mir sinn, muss och jiddweree solidaresch, net nëmme mat sech selwer, sinn. Et ass net fir jiddweree gesuergt, wa jiddwereen nëmmen no sech kuckt. Dat ass e falscht Gefill. Et ass fir jiddwereen nëmme gesuergt, wann deen een no deem anere kuckt. A vu datt d'Kafkraaft zouhëllt, vu datt Steierkorrekture kommen, vu datt zousätzlech Sozialleeschtunge kommen, vu datt d'Inflatioun zréck geet, mengen ech, datt keng direkt Ursaach do ass, fir datt eis Leit hei am Land elo ufänken de Kapp ze verléieren.

Mir maachen dat wat mir kënnen, souwuel an Europa, datt ass déi essentiell Dimensioun vun där Krisebekämpfung, wéi och bei den Iwwerbréckungsmechanismen déi mir heiheem uneneen hänken.

Francine Closener: Allgemeng ass jo den Tenor, datt et eben no 2010 erëm soll besser goen. Kann ee sech dann doropper verloossen?

Jean-Claude Juncker:Ech hunn d'Erfahrung gemaach an dësem Jor, datt ee sech op näischt ka verloossen.

Francine Closener: Eben.

Jean-Claude Juncker: An ech halen och net ganz vill dovun, hei esou Süssholz ze raspelen an d'Leit ze berouege wou se net ze berouege sinn. Et muss een d'Leit mat der Wourecht konfrontéieren, esou wäit wéi ee selwer mengt se ze gesinn. Ech gesinn dat net an allen Ecken.

Ech sinn an dësem Jor, besonnesch am leschten halwe Jor, wesentlech méi bescheide gi wann et drëm geet, fir déck Baken ze maachen an ze soen, elo soen ech Iech emol genau wéi et geet. Dat ass nach net opgefall, mä dat ass awer esou. Vill méi bescheide sinn ech ginn.

Marc Linster: Dat huele mir dann zur Kenntnis.

Jean-Claude Juncker:Inspiréiert Iech dorunner, Här Linster. De STATEC huet mir nach am Mee vun dësem Jor gesot, mir géife 4% Wuesstëm d'nächst Jor kréien. D'Europäesch Kommissioun huet mir Wuesstëmszuele vun iwwer 3% fir Lëtzebuerg am Jor 2009 genannt. Den Internationale Währungsfong, d'OECD, alleguer déi, déi sech Experten nennen, an zu engem groussen Deel och sinn, mä si kënne sech, wéi mir et mierken, awer ieren, hu mir Donnéeë genannt, déi net antriede wäerten.

Wie wier ech, datt ech géif mengen, elo weess ech et besser wéi alleguerten déi déi sech geiert hunn. Et gëtt jo net nëmmen een dee sech geiert huet, mir hunn eis alleguer geiert. Iwweregens och an der Publizistik. Wann ech kucken, wat mir am Fréijor nach hei viraus gesot ginn ass, datt d'Land géif am Geld schwammen, datt mir Onrecht hätte fir ze spueren, datt ee soll hei maachen an do maachen. Déi si jo och méi bescheide gi wann ech dat richteg verstinn. Well de revendikativen Toun, deen huet sech e bëssen no ënne verbessert.

Francine Closener: Et gëtt keng Garantie fir näischt.

Jean-Claude Juncker:Mir musse wëssen, datt mir duerch eng schwéier Zäit ginn, mir mussen déi Zäit solidaresch duerchschreiden, mir mussen eis op Aflossnam op richteg europäesch Décisiounen konzentréieren, déi musse geholl ginn. Mir musse kucken, fir datt mir heiheem keng Feeler tëschenduerch maachen, zum Beispill ze vill Leit entloossen, zum Beispill net méi consomméieren, an da sinn ech der Meenung, datt mir am Jor 2010, 2011 lues a lues erëm aus där Kris eraus kommen.

Ech maache keng Prognosen. Ech handelen an der geeschteger Haltung vun deem dee mengt, dat dote géif länger Zäit daueren an et misst een déi richteg Politik maachen. Wann et dann net esou laang dauert, tant mieux. Wann et esou laang dauert ass et schwéier, mä mir musse probéieren dat Richtegt ze maachen.

Marc Linster: Här Staatsminister, Stéchwuert „institutionell Kris“ dann. Muss do d'Chamber sech net mat der eegener Nues huelen, datt se d'Verfassung net scho laang reforméiert huet? Well da wier et jo guer net zu esou enger penibeler Situatioun komm, fir a mam Grand-Duc.

Jean-Claude Juncker: Et konnt ee jo net dovun ausgoen, datt et zu där Situatioun géif kommen. Dee Verfassungsartikel, dee seet datt de Grand-Duc d’Gesetzer sanctionnéiert, hinnen also zoustëmmt a promulgéiert, se also verëffentlecht, fir datt se kënnen a Kraaft trieden, deen hu mir jo scho laang. An et huet nach ni e Staatschef net wëllen ënnerschreiwen.

Marc Linster: Dir wësst awer och scho méi laang, datt en net wollt ënnerschreiwen.

Jean-Claude Juncker:Elo huele mir emol eng Fro no där anerer.

Dir hutt mech fir d'éischt gefrot, ob d'Chamber e Feeler gemaach huet. Neen. Well d'Chamber konnt dovun ausgoen, datt all Institutiounen, de Grand-Duc, d'Chamber, d'Regierung, d'Verfassungspraxis géifen esou viru féiere wéi se bis elo war. Et ass jo eréischt d'Weigerung vum Grand-Duc, oder d'Annonce vum Grand-Duc fir dat Gesetz, falls et dann zu deem Gesetz géif kommen – entretemps ass et jo elo dozou komm – iwwer d'Euthanasie net z’ënnerschreiwen, déi mech dozou beweegt huet de Grand-Duc ze bieden, d'Fraktiounschefen doriwwer z’informéieren, an dann d'Fraktiounschefe bei mech ze ruffen, fir datt mir géifen aus där Situatioun – déi ech fir net gutt fannen, scho guer net an der allgemenger Atmosphär vun enger ganz déifgräifender Wirtschaftskris – eraus ze kommen.

Ech liesen, an Dir hutt et och elo gesot, ech hätt dat schonn e puer Méint gewosst.

Marc Linster: Et ginn och Leit déi soen, de Juncker huet de Grand-Duc an d'Messer lafe gelooss.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn e gudde Frënd dee seet, nos jugements nous jugent. Déi déi dat gemaach hate ginn dovun aus, datt ech esou schlecht wier wéi si. Ech sinn et awer net.

Marc Linster: Dat hu mir jo och net gesot.

Jean-Claude Juncker:Ech hu jo net gesot, datt Dir et gesot hutt. Dir hutt gesot et gëtt Leit [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Do kann ee sech och hannendru verschanzen.

Jean-Claude Juncker:Ech froen Iech elo net wien déi Leit sinn.

Marc Linster: Politiker.

Jean-Claude Juncker:Jo, jo, dat sinn och Leit.

Éischtens schwätzen ech net aus de Gespréicher mam Grand-Duc. Ech hunn dat bis elo eng Kéier gemaach, wéi ech dem Land matgedeelt hunn, ech hätt e graven Désaccord mam Grand-Duc well en net wéilt ënnerschreiwen. Doriwwer eraus hunn ech näischt ze soen. Wat ech da mam Grand-Duc déi leschten 2, 3 Méint geschwat hunn, ob ech dat muss op der ëffentlecher Plaz, wéi anerer dat maachen – da kann ee gutt uginn, wann ee seet wat de Grand-Duc engem alles gesot huet. Ech halen dovunner guer näischt, well mir mussen och de Grand-Duc diesbezüglech schützen – tëscht Gänseféissercher.

Ech hu mech beim Grand-Duc dofir beméit, datt e seng Meenung géif änneren. A wéi ech bis festgestallt hunn, datt e se net géif änneren, de Grand-Duc huet jo e Recht op perséinlech Meenung, hunn ech gehandelt well ech der Meenung sinn, datt, och wann de Grand-Duc, wat een net ka contestéieren, e Recht op perséinlech Meenung huet, dann dierf seng perséinlech Meenung net dozou féieren, e Gesetz wat d'Chamber – déi ass vun de Lëtzebuerger gewielt – an d’Deputéierte gestëmmt hunn, net z’ënnerschreiwen.

Ech hat keen anere Choix wéi deen. A gleeft mir, et huet mir keng Sekonn Freed gemaach.

Francine Closener: Huet de Vatikan, Ärer Meenung no, Drock op de Grand-Duc gemaach?

Jean-Claude Juncker:Dat weess ech net. Ech ka mir dat net virstellen, datt iergend een auslännesche Staat oder eng Kierch kéint Drock op eise Staatschef maachen.

Marc Linster: D'Roll vun der Monarchie, dat ass jo dat Eent. De Sträit iwwer d'Euthanasie dat Anert. Geheien dann d'Leit net awer elo trotzdem alles mateneen an een Dëppen?

Jean-Claude Juncker:Ech mengen, et muss een all déi Saachen auserneen halen.

Déi Debatt ronderëm d'Euthanasie. déi finalement awer a gréisster Dignitéit gefouert ginn ass, am Parlament, ass eng Debatt déi engem ënner d'Haut geet. Dat kann een och net ëmmer verstoppen an do muss jiddweree mat sech selwer eens ginn.

D’Fro no der Verfassungsännerung an engem eventuelle Referendum ass eng ganz aner Fro. D'Fro ass, ob d'Leit mengen, de Grand-Duc hätt d'Recht e Gesetz net a Kraaft ze setze wat vum Parlament gestëmmt ginn ass. Ech sinn ausdrécklech der Meenung, datt de Grand-Duc, bei allem Respekt deen ech virum Grand-Duc Henri hunn, dat Recht net huet. Dat Recht huet keen. Et huet keen d’Recht géint de Wëllen dee sech am Parlament ausdréckt. C'est la démocratie. Dat dréit en Numm.

Francine Closener: Mir hate virdru rieds vum Vatikan. Ech wollt awer nach eng Kéier drop zréck kommen, op d'Roll vun der kathoulescher Kierch. Wat haalt Dir da vun där zu Lëtzebuerg? Déi Roll déi si gespillt huet an där ganzer Debatt.

Jean-Claude Juncker:Ech halen déi Tatsaach, datt den Äerzbëschof sech an engem Bréif un déi Leit adresséiert huet, déi an d'Kierch ginn, fir en normale Virgang. Fir wat soll d'kathoulesch Kierch, an der Persoun vum Äerzbëschof, net d'Recht hunn, hir Meenung, wéi vill anerer och, zu esou enger, dach jiddwereen an der Déift bewegender, Fro zum Ausdrock ze bréngen?

Et huet ni een aus der kathoulescher Kierch mech wëllen dozou bréngen, dat net ze maachen, wat ech gemaach hunn, nämlech ze soen, datt an enger Fro, déi nu wierklech méi wéi iergend eng aner eng Gewëssensfro ass, d'Chamber soll décidéieren, onofhängeg vu Koalitiounsaccorden a vu Kräfteverhältnisser an der Chamber. Dat huet ni ee probéiert. Dat wier och näischt gi wann een et probéiert hätt.

Marc Linster: A wat denkt Dir dann iwwer d'Referendumsbestriewungen allgemeng?

Jean-Claude Juncker:Mir hunn en Text, deen et erlaabt, datt Leit kënnen eng Initiativ ergräife fir e Referendum iwwer eng Verfassungsrevisioun ze maachen. Dat hu mir an d'Gesetz geschriwwen. Dat steet dran. A wann elo Leit Gebrauch maache vun deem Artikel vun eiser Verfassung a vun eisem Gesetz, dann ass dat e Virgang deen ech net ze bewäerten hunn.

Hei gëtt en demokratescht Recht genotzt, wat wéineg Länner hire Bierger zur Verfügung stellen. Do mussen déi Signatairë vun där Initiativgrupp 25.000 Wieler fannen, déi dee Wonsch no Referendum ënnerstëtzen. Dat sinn der vill. Elo musse mir kucken, ob se déi Zuel erreechen, an da fënnt dee Referendum statt. Wéini, weess ech net, well dat mat de Kalenneren, dat geet d'ënnescht an d'iewescht, dat muss ee sech an aller Rou ukucken. [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Mä virun de Wahlen awer kaum. Dat misst jo zäitlech awer kaum nach duer goen.

Jean-Claude Juncker:Dat misst ganz just opgoen. 3 Méint virun de Wahlen dierf ee kee Referendum maachen, 3 Méint no de Wahlen dierf een och kee maachen.

Et steet néierens, datt een et den Dag vun der Wahl net dierft maachen. Do géife mir de Buschstaf awer stramm zéien. Esou war dat net gemengt wéi dat gesot ginn ass: 3 Méint virdrun an 3 Méint duerno net.

Also mengen ech, datt dat, fir emol eppes Gescheites ze soen, wann et net virun de Wahlen, dann no de Wahle muss gemaach ginn. Da musse mir déi Prozedur duerchlafen. Ech wäert jiddwerfalls kee Lëtzebuerger am Onkloere loosse wat meng Meenung ass, falls et zu dem Referendum kënnt. Meng Meenung ass et, datt déi Verfassungsrevisioun, déi d'Chamber gestëmmt huet, datt déi soll vun de Lëtzebuerger gutt geheescht ginn. Géife mir nämlech als Lëtzebuerger deen Text, deen d'Chamber gestëmmt huet, a wou dra steet, datt de Grand-Duc net méi sanctionéiert, mä nach just verëffentlecht, oflehnen, géif dat jo heeschen, datt d'Lëtzebuerger der Meenung wieren, de Grand-Duc hätt d'Recht, e Gesetz net a Kraaft ze setzen.

Dat géif ech net gäre gesi wann esou eppes géif geschéien. Dofir muss een, ouni datt een elo hei ufänkt elo dauernd mam Grand-Duc ze streiden – et ass mir scho penibel, datt mir esou laang iwwer déi Saache musse schwätzen – virun dem Referendum de Leit soe wat een denkt. Ech hat schonn den ADR an der Chamber probéiert ze [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Et ass Iech net gelongen.

Jean-Claude Juncker: Et ass awer opgefall, datt se wollte Waasser zéien.

Francine Closener: Huet Ärt Verhältnis mam Grand-Duc gelidden, ënner där ganzer Saach?

Jean-Claude Juncker:Mir hunn e Staatschef a mir hunn e Staatsminister, an déi zwee, wa se hir Verantwortung wouer huelen, an dat maachen déi 2, déi hu mateneen eens ze ginn. Ech hu mam Grand-Duc e ganz gutt, net nëmmen institutionellt, mä perséinlecht Verhältnis, mä doriwwer féiert ee keng Radiosgespréicher. Ech hunn de Grand-Duc ganz gär.

Marc Linster: Wat inspiréieren Iech da Biller, wou Dir an der Galauniform vum Grand-Duc dorëmmer zirkuléiert?

Jean-Claude Juncker: Et ass mat deene Biller wéi mat eenzelne Radioscommentairen: déi beréiere mech net ëmmer ganz staark.

Marc Linster: A propos Wahlen dann, Francine.

Francine Closener: An der CSV gouf jo nach ni esou vill gestridde wéi an de leschte Wochen, op der place publique haaptsächlech. Wat sot Dir dann do dozou?

Jean-Claude Juncker:Ech gesinn net richteg, wou do gestridde gi wier, am schlechte Sënn vum Wuert. Mir sinn eng Partei, déi huet 24 Deputéierten. D'Sozialisten an déi Liberal hunn zesummen och 24 Deputéierten. Datt déi 24 Deputéierten, a wann et ëm eng Fro geet wéi d'Euthanasie, intensiv mateneen am Gespréich sinn, schéngt mir keen ongewéinleche Virgang ze sinn. Datt et do Meenunge ginn déi anescht si wéi d'majoritär Meenungen, halen ech net fir e katastrofale Virgang. Ech stelle fest, datt et an der CSV, wann ech dat kann esou soen, eng zolitt mainstream [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Majoritär.

Jean-Claude Juncker:Meenung gëtt, an da ginn et zwou Kolleginnen, déi hunn diametral aner Opfaassungen.

Marc Linster: Ass dat da chrëschtlech sozial [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: A bei de Liberalen an de Gréngen hu s’alleguer d'selwecht gestëmmt.

Marc Linster: Ass dat da chrëschtlech sozial [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker:Loosst mech elo emol dat nach soen, ier mir dozou komme wat chrëschtlech sozial ass.

Déi liberal Fraktioun an déi gréng Fraktioun hu wéi ee Mann gestëmmt. D'CSV Fraktioun net, déi sozialistesch Fraktioun net an d'ADR Leit och net. Ech hätt dat léiwer ouni hefteg Ausernanersetzunge gehat, mä an esou enger Fro, wou ech selwer soen, dat ass eng Gewëssensfro, muss een et och zouloossen, datt d'Gewësse sech och äussert, och no baussen. Ech halen dat, entgéint deem wat eenzel docte Commentateure soen, fir keng krisenhaft Erscheinung an der CSV. Wien hätt da vun Iech gegleeft, datt et an der CSV 3 Meenungen zu esou enger Fro géif ginn?

Francine Closener: Mussen déi 2 Deputéiert da keng Konsequenze fäerten, intern?

Jean-Claude Juncker:Ech ka mir net virstellen, datt et esou eng Diskussioun ka ginn. Datt et do Eenzelner gëtt, déi gären hätten, datt et esou eng géif ginn, huet mat den Temperamenter ze dinn. Mä wann een [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Mä domatter mengt Dir jo net d'Publizistik?

Jean-Claude Juncker:Wann een eppes zu enger Gewëssensfro erklärt huet, dann ass et eng.

Marc Linster: Mä wéisou ginn déi Leit awer trotzdem massiv ënner Drock gesat? Dat ass jo awer net méi eng demokratesch Ausernanersetzung. A wann een da vu Gewëssensfräiheet schwätzt: do ginn et jo awer Leit, d'Madame Arendt an d'Madame Franck, déi massiv ënner Drock gesat gi vun Äre Parteikollegen, vun Iech, weess ech net.

Jean-Claude Juncker:Wann Dir et vu mir et net wësst, da sollt Dir et och net suggeréieren. Ech hu weder d'Madame Arendt nach d'Madame Franck ënner Drock gesat, well ech vum éischten Dag u gesot hunn, a gemengt hunn, an iwwerzeegt dovu sinn, datt dat heiten eng Gewëssensfro ass wou all Deputéierte sech muss fräi determinéieren. An dann hunn ech domat alles gesot. Ech kann net eppes zu enger Gewëssensfro erklären, wat ech dann herno, wann d'Gewëssen anescht schwätzt wéi ech gemengt hunn, ëmmodeléieren als eng Fro vu Solidaritéit – mat deenen aneren, mengen ech. Dat geet net.

Wann doriwwer e Gespréich kënnt, da muss een dat Gespréich féieren. Ech hätt ganz gäre gesinn, zum Beispill, datt déi 2 Deputéierten, vun deene mir schwätzen, d’Amendemente vun der CSV Fraktioun gestëmmt hätten, fir datt déi eng Chance kritt hätten. Dann hätte se herno beim Vote final gestëmmt wéi se wéilten. Mä dat ass eng Tëschefro. D'Ennfro ass Gewëssen oder net Gewëssen.

Francine Closener: Deet et Iech net leed, datt Dir dat alles esou gemaach hutt? Mengt Dir net, dat wier e Feeler gewiescht?

Jean-Claude Juncker:Ech weess ni wat e Feeler ass, wann ech dat parteistrategesch kucken. Elo kann dat e Feeler gewiescht sinn. Et gi jo vill Leit, déi mir reprochéieren, ni direkt an d'Gesiicht mä mat deene bekannte Methoden, dat hätt ech ni dierfe maachen.

Ech wollt et awer maachen, well ech der Meenung sinn, onofhängeg vun de Majoritéitsverhältnisser an onofhängeg dovun, datt eng Partei 37% huet an dann déi aner eréischt méi no bei 20% sinn, datt dat net dierf dozou féieren, datt eng Fro déi an der Gesellschaft diskutéiert gëtt an déi d'Mënschen ëmdreift, datt déi Fro net dierf diskutéiert a geklärt ginn.

Vläicht ass dat e Feeler. Am Denken an am Fille vum Land war et keen.

Marc Linster: Ech géif nach gären eng Kéier op d'Streidereien an der CSV zréck kommen, well dat dach [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker:Kommt, mir schwätzen emol iwwer d'Streidereie bei RTL.

Marc Linster: Ma dat maache mir dann eng aner Kéier.

Francine Closener: Dat interesséiert keen.

Jean-Claude Juncker:Ech weess awer och net, ob, mat Ausnam vun Iech, een esou vill un den CSV-Streidereien interesséiert ass.

Marc Linster: Fannt Dir dat dann normal, datt op engem Kongress vun den CSV-Senioren d'Madame Jacobs an d'Madame Franck wéi Hyänen openee lass ginn, an d'Astrid Lulling nach dotëscht dann?

Jean-Claude Juncker:Här Linster, ech kennen déi Szen déi Dir mir do beschreift, net.

Marc Linster: Da wart Dir net um Kongress.

Jean-Claude Juncker:Neen, ech war net um Kongress vun den CSV-Senioren. Dir och net, denken ech. Dat musst Dir gezielt kritt hunn. Datt d'Leit an esou enger Fro, déi d'Leit opgewullt huet, heiansdo hefteg mateneen diskutéieren, dat halen ech awer fir e Virgang deen ech dem reng gestréckte Kasäregehorsam virzéien.

Francine Closener: Et ass jo elo net méi esou laang bis d'Wahlen an do ass jo awer Ähnlechkeet an der Partei wichteg. Mengt Dir dann, de Parteipresident an de Fraktiounschef hätte bis dohinner awer d'Truppen erëm am Grëff.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn nach zu kengem Moment d'Gefill gehat, si hätten hir Truppen net am Grëff. Lauschtert emol, mir halen eis jo laang domat op, dat ass awer Äre Choix. Wann 2 vu 24 CSV-Deputéierten net esou stëmme wéi déi aner 22, wou ass do fir Iech déi grouss Katastrof? Dat passt net an d'Bild vu ville Leit eran. Déi mengen, an der CSV géif ee virsangen an alleguer déi aner géifen nobieden. [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Oder hanner zouenen Diren?

Jean-Claude Juncker: Et musse vill Karikature frësch gemolt ginn. Maacht Fotoen aus de Karikaturen a schreift d’Karikature richteg, fir datt et eng Foto gëtt.

Marc Linster: Här Staatsminister, mir kommen da bei aner Themen déi Iech da wahrscheinlech méi wichteg sinn.

Hutt Dir an Är Ministeren dann iwwerhaapt nach Zäit, bei all deene Krisen? Dir hutt gesot Dir wiert nach ni esou vill beschäftegt gewiescht oder hätt Iech nach ni esou vill Suerge gemaach wéi bis elo. Hutt Dir nach Zäit fir Iech ëm aner Dossieren ze bekëmmeren oder falen déi elo ënner den Dësch?

Jean-Claude Juncker: Wann ee sech muss iwwerkonzentréiert mat Wirtschaft a Finanze beschäftegen, hëllt den alldeeglechen Zougrëff op d'Gestalltung vun aneren Dossieren an der Intensitéit natierlech of. Da muss ee sech zum Deel op aner Kollegen an der Regierung dechargéiere fir dat ze maachen. Mä mäi Wëllen, an dee vun der Regierung an do ass jo net jiddwereen an der Wirtschafts- a Finanzproblematik 100%eg gefuerdert, ass grouss fir dee Regierungsprogramm dee mir hunn, fristgerecht bis un d'Enn vun der Legislaturperiod duerch ze kréien.

Ech hätt gären, datt alleguer déi Schoulgesetzer gestëmmt ginn, ech halen déi fir essentiell wichteg fir d’zukünfteg Wuessen a Ginn vun eisem Land. An ech wäert alles maachen, fir datt déi Texter och gestëmmt ginn.

Francine Closener: Sidd Dir dann net frustréiert, datt Är Jorhonnertreform, de Statut unique, d'Leit éischter kal léisst, zumools d'Privatbeamten?

Jean-Claude Juncker:Dat ass jo net meng Jorhonnertreform. Et ass eng Jorhonnertreform, well s’eben nëmmen ee Mol am Jorhonnert stattfënnt. An déi Tatsaach, well mir hei mat 2 Féiss an der Gesellschaftspolitik sinn, datt mir eent vun de wéinege Länner sinn, dat dee Kontrastprogramm Aarbechter-Beamten opgehuewen huet, ass eppes wat am Ausland méi Opmierksamkeet fonnt huet wéi heiheem. Wat och eisem Land a senger Kohesioun, a sengem harmonesche Wuesse ganz gutt deet.

Marc Linster: Wéi ass et da mat der Schoulreform? Hutt Dir d'Impressioun, datt et do iwwerhaapt nach eng Chance gëtt, datt déi virun de Wahle gestëmmt gëtt.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn elo grad gesot, Här Linster, datt ech alles géif maachen, zesumme mat menge Kollegen an der Regierung an och a menger Fraktioun, fir datt déi Gesetzer, déi d'Madame Delvaux abruecht huet an déi ech fir gutt fannen, datt déi gestëmmt ginn.

Francine Closener: Ganz vill grouss Projete vum Regierungsprogramm si jo schonn duerch. Wat ass fir Iech dann nach eng Prioritéit? Ofgesi vum Schoulgesetz.

Jean-Claude Juncker:Dat si méi kleng Saachen, déi net vun extremer Wichtegkeet sinn. Ech fannen, wat elo wichteg ass, dat ass awer nun eng Prioritéitesetzung déi ee muss a vollem Ëmfang respektéieren. Dat ass, datt mir aus där Wirtschafts- a Finanzkris méiglechst onbeschiedegt eraus kommen. Ganz onbeschiedegt geet net. Mir kréie méi Chômeuren, et kënnt zu Entloossungen, och zu Lëtzebuerg. Mä d'Solidaritéit ass gefrot, méi wéi jee.

Wéi ech Iech, Madame Closener, gesot hunn, no deem Dag no deem mir d’Dexia iwwer de Weekend gerett haten, dat hei wier eng Kris déi mindestens esou schlëmm wier wéi d'Stolkris, du si relativ vill Leit gewiescht déi sech iwweraus hefteg mat där Ausso ausernee gesat hunn. Och a Radioscommentairen, mä net noutwennegerweis hei. An elo kréien ech ëmmer gesot, ech géif de Leit d'Wourecht net soen. Ech verstinn d'Leit an d'Welt heiansdo net.

Francine Closener: Fäert Dir, datt et elo eng Zort Revival gëtt vu Rietspopulisten? Am Wahlkampf?

Jean-Claude Juncker: Déi Gefor ass ëmmer do. Gesitt Dir, wann d'Problemer séier komplizéiert ginn, wa se vill Stratifikatioun a vill Kéiere maache bis se sech erëm getesselt hunn, dann hunn déi eng Chance, déi mat einfache Sloganen a mat einfache Léisungen d'Leit wëllen op hir Säit kréien.

Ech hunn awer net wëlles, dat onbeäntwert ze loossen, wann déi einfach Slogane kommen – iergendwann am Februar, Mäerz geet et géint d’Auslänner. Ech sinn do, fir de Géigendeel ze soe wann deen Discours gefouert gëtt. Iergendwéi kënnt de Moment wou gesot gëtt, d’Chômeure si Lidderhanessen, där gëtt et och, mä ech sinn do, fir déi Leit ze verdeedegen an deenen ze hëllefen déi d’Aarbecht verléieren. Mam Rechtspopulismus muss een argumentéieren, mä et dierf een en net eng Sekonn laang toleréieren.

Marc Linster: Dat heescht, Dir stellt Iech zum Deel op e knaschtege Wahlkampf an?

Jean-Claude Juncker:Ech féiere kee Wahlkampf mat Schaum virum Mond.

Marc Linster: Nee, Dir net.

Jean-Claude Juncker:Nee, ech maachen et och net. Ech hunn och keng Loscht dofir an ech hunn et, éierlech gesot, dat dierf ech dann emol agebild soen, och net néideg. Wierklech net néideg. Ech stelle mech op e Wahlkampf an, wou probéiert gëtt ee mat Argumenter ze schloen déi näischt mat politeschen Inhalter ze dinn hunn. Ech loosse mir dat och net gefalen, falls et dozou kënnt.

Francine Closener: An Dir selwer bleift eis erhalten, wann Dir erëm gewielt gitt? Oder wéi geet et dann, wann d'Iren elo déi zweete Kéier géife Jo soen?

Jean-Claude Juncker:Wéi ech ëmmer dem Här Linster soen, wann den Iesel eng Kaz wier, da géif den Iesel de Bam erop laafen. En ass awer keng.

Francine Closener: Mä tentéiert wiert Dir awer nach ëmmer, soe mir emol esou?

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol. Ech hunn déi lescht Méint jo vill Zäit an Europa zoubruecht, well och eis Problemer intimst do mat verflochte sinn. An ech hu mat ville Leit Sträit kritt an deene leschte Méint. Wann et ëm d'Bankgeheimnis gaangen ass, wann et ëm d'Bankeplaz gaang ass, ëm aner Saachen.

Marc Linster: Dir hutt Iech schonn net beléift gemaach beim franséische President Sarkozy.

Jean-Claude Juncker:Ech hunn de leschte Freideg mat him giess. Hien huet awer net mat de Gromperen no mir geworf. Et si keng Grompere ginn, denken ech elo grad. Tëscht Staatschefen a Regierungschefe kënnt et ëmmer erëm zu Ausernanersetzungen. Wann ech eng Meenung hunn, da soen ech se. Ech weess och, datt et taktesch méi gescheit ass, de Mond ze halen. Mä ech ginn awer zu Lëtzebuerg dofir bezuelt, fir eng Meenung ze hunn a fir se ze soen. Da kann ech dat net u Karrieregelüste festmaachen, wéi aner Leit mir dat méi ënnerstellen, wéi datt ech se selwer verspieren.

Francine Closener: Dat heescht, Dir mengt vläicht den Zuch wier fort?

Jean-Claude Juncker:Ech weess emol iwwerhaapt net ob den Zuch fiert.

Marc Linster: D'Madame Closener kritt also keng Äntwert op hir Fro.

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol, déi leschte Kéier, bei de leschte Wahlen, 2004, hätt ech kënne Kommissiounspresident ginn. Jiddweree wollt dat. Dat weess jo all Mënsch, forcéiert mech elo net, iwwer mech selwer ze schwätzen. D'Leit mengen, huet dee soss näischt ze di wéi sech mat sech selwer ze beschäftegen. Dir frot mech jo.

Ech hunn de Leit gesot, ech maachen dat net. Dat ass e Posten deen et ginn ass. Dat wier ech haut, wann ech Jo gesot hätt. Fir wat [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Vläicht ass den EU-President méi en interessanten?

Jean-Claude Juncker: Fir wat muss ech mech dann elo hei mat där Fro beschäftegen, falls et zu deem Poste jeemools kënnt, ob ech dat géif maachen oder net? Dat hänkt vun 1.000 Saachen of. An ech hu schonn e puer Mol gesot, och wann ech de Leit heiansdo op de Wecker ginn, datt ech fannen, datt et der Wäert ass fir Premier an dësem Land ze sinn. Dat heescht jo och net, datt ee keen Afloss an Europa hätt.

Marc Linster: Géift Dir dann och an d'Oppositioun goen? Géif een Iech als Oppositiounsleader gesinn? Eng Roll, wou ech Iech net schlecht dra géif gesinn, och wann ech Iech net wënschen, datt Dir d'Wahle sollt verléieren. Mä ech kéint mir awer virstellen, datt der vill Spaass kréichen, wann Dir an der Oppositioun wiert.

Jean-Claude Juncker:D'Fro ass jo net, ob déi aner Leit Spaass kréien. D'Fro ass jo, ob ech eppes géif maache wat mir géif Spaass maachen. Wësst Dir, ech sinn an eng Partei gaange wéi déi an der Oppositioun war. Dat war Freed.

Mä ech si kee gebuerenen Oppositiounsleader. Ech hunn d'Oppositioun ëmmer héich respektéiert. Ech fannen, zu enger parlamentarescher Demokratie gehéiert e korrekten Ëmgang mat der Oppositioun, besonnesch mat där gréisster Oppositiounspartei a mat deenen hire Chefen.

Mä ech gi gäre gewielt, no Méiglechkeet gutt gewielt, obschonn dat e bësse schwiereg dierft gi fir nach eng Kéier esou gutt gewielt ze gi wéi déi leschte Kéier. Dat war e bëssen eng aussergewéinlech Wahl. Ech géif gäre Chef vun der Regierung bleiwen, well do kann ech eppes maache fir d'Leit. An der Oppositioun, déi net ouni Afloss op d'Denke vun der Regierung ass, ass dat méi schwiereg.

Mä wann awer meng Partei an d'Oppositioun geschéckt gëtt, da ginn ech mat fir an d'Oppositioun. Wat soll ech da soss maachen? Ech ka jo net an den Exil goen. Fir wat soll ech an den Exil goen? Ech ginn och net an d'inner Immigratioun. Ech halen d'Aufgab vun den Deputéierte wichteg.

Marc Linster: Och net an de Journalismus?

Jean-Claude Juncker:Wann ech Deputéierte wier, hätt ech méi Zäit fir ze schreiwen an ech schreiwe gären. Mä ech hunn déi leschten Zäit keng Zäit fir ze schreiwen.

Francine Closener: A wann Dir géift an der Regierung bleiwen, sinn d'Sozialisten dann Ären Drampartner?

Jean-Claude Juncker:Dat décidéieren d'Leit déi wiele ginn. Dir hutt déi allgemeng Äntwerten net gär. Wann ech Iech géif soen, elo soen ech Iech emol wéi déi nächst Regierung zesumme gesat gëtt, da géift Dir soen, fir wat ginn d'Leit dann nach wielen? Also soen ech Iech net, wéi ech mengen, datt déi nächst Regierung soll zesumme gesat ginn. An [gëtt ënnerbrach]

Francine Closener: Mä Dir sidd awer gutt gefuer mat de Sozialisten.

Jean-Claude Juncker:Ech hat mat de Liberalen ni Sträit a mat de Sozialiste fueren ech gutt.

Marc Linster: Ass et an Zäite vu Krisen net méi einfach, eng grouss Koalitioun ze hunn?

Jean-Claude Juncker: Et ass [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dann huet een och déi grouss Gewerkschaften hanneru sech.

Jean-Claude Juncker: Wann Dir d'Zeitungen opmierksam liest, an och d'Verlautbarunge vun de Gewerkschaften opmierksam verfollegt, gesidd Dir, datt déi séier oft op Distanz par rapport zur Regierung ginn, wat ech och relativ normal fanne fir Gewerkschaften déi d’Interesse vun hire Leit vertrieden. D’Regierung huet iwwergeuerdent Interessen ze vertrieden.

Ob grouss oder kleng, wat ass grouss, wat ass kleng? Ass dat heiten eng grouss Koalitioun déi mir elo hunn?

Marc Linster: Dat musst Dir jugéieren.

Jean-Claude Juncker: Et ass jiddwerfalls eng Koalitioun mat enger ganz grousser Partei dran. A mat där anerer Partei, déi net esou vill Stëmme kritt huet, d'Sozialistesch Partei, fuere mir op gläicher Augenhöhe, wéi déi Däitsch soen. Ech hunn ni eppes dovu gehale fir säi Koalitiounspartner, besonnesch wann en et net verdéngt huet – an deen dee mir elo hunn, deen hätt dat och net verdéngt – erof ze würdegen, ze humiliéieren, andauernd z’erklären, datt ee jo awer 13% méi huet wéi déi aner Regierungspartei.

Eng Regierung ass net do fir géinteneen ze regéieren, mä fir d'Land ze regéieren. An dat hu mir, wéi ech fannen, trotz deenen extreme Problemer vun de leschte Méint net schlecht gemaach. Besser geet ëmmer, mä schlecht war et net.

Marc Linster: Jean-Claude Juncker, mir soen Iech merci fir dëst Gespréich. Iech an Ärer Famill e schéint neit Jor.

Membre du gouvernement

JUNCKER Jean-Claude

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

26.12.2008

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview