Dernière modification le
Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
DNR: Här Staatsminister bonjour.
Jean-Claude Juncker: Bonjour.
DNR: Et war ee Joer voller Iwwerraschungen, virun allem och där manner gudder. War et elo dat schwieregst Joer an ärer politescher Carrière? Respektiv wat war dat Evenement wat Iech am meeschte getraff huet.
Jean-Claude Juncker: Et war ouni all Zweifel dat schwieregst Joer a menger Carrière, wéi Dir dat nennt, an dat ass jo nach am gaang dat Joer wat schwiereg bleift. Vum August un ass villes geschitt. D’Finanzkris ass iwwergeschwappt op déi sougenannte Realwirtschaft. Mir haten an Europa, dat heescht in spezie am Eurogrupp onheemlech vill Elementer uneneen ze reihen fir eng Ofwierkette géint déi Finanz- a Wirtschaftskris op d’Been ze kréien. Mir hunn heiheem mussen zwou grouss Banke regelrecht retten an eis mat anere Banke musse beschäftegen. Dat war eng Zäit déi esou aarbechtsintensiv war déi lescht 4 Méint, datt ech, misst ech 5 Joer laang esouvill schaffe wéi déi lescht 4 Méint, dat nëmmen 2 Joer kënnt maachen.
DNR: 2009 annoncéiert sech och net méi einfach. Wou wärt Lëtzebuerg ärer Meenung no déi aktuell Kris am direksten an am schlëmmsten ze spiere kréien?
Jean-Claude Juncker: Mir si keng Insel op der Welt, fir mol hei erëm Gescheites bäizesteieren. Mir hänken an engem onwahrscheinleche Mooss vum Ausland of, wirtschaftlech betruecht och. Kuckt mol, wann ech kucke wat mir exportéieren am Joer, dat stellt iwwert 180% vun eisem Bruttoinlandprodukt duer. An der Moyenne vun Europa ass dat an déi 60%. Wann ech kucke wat mir importéieren, dat stellt iwwert 140% vun eisem nationale Räichtum duer. Mir sinn also an engem onwahrscheinleche Mooss eng oppen Economie, déi extrem ënnert den Aflëss vu ronderëm leidt a mat deenen otemt a keng eegen Otemloft huet, well mir net déi kritesch Mass hu fir hei ee lëtzebuergesch-organsiéiert Wuesstum ze provozéieren. Mir sinn ze kleng dofir a jiddwereent vun deenen anere Länner ronderëm eis, Däitschland, Frankräich, Belsch, ass och alleng ze kleng dofir. Wéi kleng si mir, wann Däitschland ze kleng ass fir alleng kënnen ze reagéieren? An dofir musse mir eis an Europa drëm beméien - dorunner schaffen ech aktiv mat aneren zesummen - datt mir aus där Situatioun do erauskommen. An dofir musse mir zu Lëtzebuerg klug kucken, wat maache mir dann elo hei fir eis selwer, ouni déi aner ze beschiedegen.
A wat mir fir eis selwer kënne maachen ass, datt mir kënne verhënneren, doduerch datt mir d’Aktivitéit vun eise Betriber, besonnesch vun deene méi klengen a mëttlere Betriber héichhalen, doduerch datt mir ëffentlech Investissementer déi mir méi spéit wollte maachen, an der Zäit no vir verleeën, datt mir verhënneren, datt d’Leit hir Aarbecht verléieren. Et wäerten awer Leit hir Aarbecht am Joer 2009 verléieren an de Chômage wäert am Joer 2009 klammen a well mir musse méi ëffentlech Gelder an d’Wirtschaft pompelen, wäerte mir och am Joer 2009 een ëffentlechen Defizit an eisen allgemenge Staatsfinanzen hunn.
Mä wa mir elo zouloossen - well mir net do wiere mat deene Mëttelen déi mir hunn an déi hu mir, well mir an deene leschte Jore vernünfteg gewirtschaft hunn an déi hu mir och well mir an der Tripartite eng Rei vun Décisioune geholl hunn - wa mir déi Mëttelen net notzen, verléieren ëmmer méi Leit hir Aarbecht, hëlt ëmmer méi, well ëmmer méi Leit hir Aarbecht verléieren, déi allgemeng Kafkraaft of, maachen ëmmer méi Betriber zou. Wann d’Betriber elo zoumaachen, well de Staat net do ass, da si se herno net méi do wann d’Wirtschaft an Europa an an der Welt erëm uspréngt. Also muss een elo dofir suergen, datt d’Leit a Beschäftegung bleiwen an dofir muss een de Betriber Aktivitéiten zouféieren, ënnert dem Präis datt mir een Defizit an den ëffentlechen Haushalter kréien. An ech sinn och der Meenung, datt mir dat musse maachen.
Vun un datt ech Budgets- a Finanzminister a Staatsminister sinn, sinn ech allergesch géint Defiziter. Ech hunn ëmmer alles gemaach, och géint vill Widderstänn, fir Defiziter ze verhënneren. Mä des Kéier musse mir se a Kaf huelen, well soss d’Katastrof méi grouss gëtt. Et geet eis am Joer 2009 allgemeng betruecht manner gutt wéi am Joer 2007 an am Joer 2008. Mä wa mir dat Richtegt maachen an zesummenhalen, well ouni Zesummenhale geet guer näischt an engem klenge Land, da komme mir besser aus där Kris hei eraus wéi déi aner a si besser opgestallt fir duerchzestarten - well mir ëffentlech Investissementer gemaach hunn - wann d’Resprise kënnt, wéi déi aner.
DNR: Wéi Dir d’Ausmooss vun der Finanzkris gewuer gouft an duerno och nach de 50 Milliarde Skandal Madoff dobäi koum, wat hutt Dir Iech do geduecht?
Jean-Claude Juncker: Enfin, ech hu mech net esou séier op d’Ursaacheforschung verluecht, mä op d’Reaktiounsschnellegkeet vun den ëffentlechen Hänn. Wann d’Haus brennt, kann ech net fir d’éischt eng Enquête driwwer maache firwat datt et brennt, ech muss kucke fir d’Feier auszekréien. Dat hu mir och bei der Wirtschaftskris hei gemaach an et brennt jo nach op ville Plazen. Mä ech hunn esou dacks, och am Gespréich mam DNR, gewarnt virun där wëller Dereguléierung, virun där frenetescher Privatiséierung an Dereguléierungsatmosphär an där mir déi lescht 15, 20 Joer gelaf sinn. Ech hu mech gewiert mat allem, mat Hänn a mat Féiss, géint eng Lockerung vum Kënnegungsschutz zu Lëtzebuerg. Ech hu mech gewiert géint de fiskalen-, dat heescht de Steierdumping an Europa, well ech fannen, datt et Mindestregele muss ginn, géint vill Stëmmen hei am Land déi gesot hunn, „Komm mir maachen hei e bësse manner wéi déi aner, da komme mir besser ewech wéi déi aner“. Ech sinn der Meenung, datt de Staat wéinst senger normativer Zoustännegkeet d’Recht muss hu Regelen ze fixéieren, un déi sech wann ech gelift ze halen ass, besonnesch wann se vum demokratesch geuerdnete Staatswiesen ordonnéiert ginn. A mir hu vill zevill laang - mir iwwregens manner wéi anerer, mä trotzdem - enger Moudestëmmung noginn, déi wollt „de Staat weess näischt, de Staat kann näischt, déi déi gewielt sinn, déi si blöd, well déi déi se gewielt hu sinn och blöd, mir alleng, mir Manager, mir grouss Helde vun der Zäitgeschicht, mir wësse wéi et muss gemaach ginn“. Elo wësse mir wéi si et gemaach hunn an ech maachen do keng „ech trieden net no“, an deem Sënn, am lëtzebuergesche Sënn vum däitsche Wuert nachtreten. Well ech hunn awer Zitater genuch a menger Vergaangenheet fir ze weisen, datt ech der Welt do net getraut hunn. Ech muss awer soen, ech hunn dat jo awer och matgemaach, well mir jo hei och do erëm ze kleng sinn, datt mir ee lëtzebuerger Sonderwee kënne goen.
Ech hunn déi lescht 10, 15 Joer öfters gesot - dann eben och bei Iech - datt mir an enger Welt liewe wou d’Rad e bëssen zréckgedréit gëtt, wou déi kleng Leit erëm ënnert d’Rieder kommen, wou net no deene gekuckt gëtt. An ech hunn och - dat muss virun 2, 3 Joer bei Iech gewiescht sinn – gesot, déi géife sech eng Kéier wieren, déi géife sech dat net op Dauer gefale loossen. An elo musse mir kucke fir aus der Situatioun erauszekommen, wéinst deene selwechte déi sech net wiere konnten.
DNR: Wéi grouss ass dann iwwerhaapt de Spillraum vun der lëtzebuerger Wirtschaftspolitik? Wou mussen dann do d’nächst Joer d’Akzenter gesat ginn?
Jean-Claude Juncker:Deen ass kleng. Ech hunn Iech gesot wéivill datt mir exportéieren an mir importéieren, an dat ass ëmmer 3, 4 mol méi, esouwuel Export wéi Import, wéi an deenen anere Länner vun der Europäescher Unioun. Ech ginn Iech d’Beispill: mir exportéieren 180% Wueren an Déngschtleeschtungen am Wert vun 180% vun eisem PIB. D’Belsch 85, an d’Moyenne an der Europäescher Unioun ass 67. Do gesitt Dir wéi ofhängeg datt mir sinn. Ech hu meng Prioritéiten, ech hat et elo éinescht scho kuerz gesot, dat ass datt mir d’Leit a Beschäftegung halen, datt mir eise klenge Betriber esouvill Aarbecht wéi méiglech iwwer ëffentlech Opträg ginn, fir datt se elo net zoumaache wou se keng Opträg méi aus dem private Beräich kënne kréien.
Ech sinn der Meenung, datt mir eng Rei Feeler net däerfe machen. Mir mussen de Betriber hëllefe Kuerzaarbecht ze maachen, och wa se deier ass - a si gëtt nach méi deier duerch eng Rei vu Reformen déi mir maachen -, anstatt datt se d’Leit entloossen. Mir däerfen elo net higoen an de Leit Chômageindemnitéitë kierzen. Mir ginn hin d’nächst Joer a mir corrigéieren d’Steierlaascht. D’Leit bezuelen am Joer 2009 esouvill Steiere wéi wa se 9% géife manner verdingen. D’lescht Joer hate mir dat och schonn an enger bestëmmter Héicht gemaach, 6%. Am Joer 2009 hunn d’Leit méi Sue rescht wéi am Joer 2004, wéi dës Regierung ugefaangen huet an et gëtt vill Länner déi de Moment keng Steiererliichterunge maachen. Kuckt Däitschland, do hu se eng grouss Débatte doriwwer, well se soen d’Situatioun erlaabt et net. Bei eis kënne mir et maachen, well mir eis Finanzen einegermoossen, obschonn se net am exzellenten Zoustand sinn, an engem Zoustand gehalen hunn, deen et erlaabt ze reagéieren. Mir héigen de Mindestloun a mir maachen een Nettosteierkredit haaptsächelch fir d’Mindestlounbezéier. Mir erhéigen d’Renten a mir maachen een Nettosteierkredit fir déi kleng Rentner. Mir bezuelen 130 Millioune Kannerbonus aus an Zukunft, vum Joer 2009 un all Mount. Mir probéieren datt déi, déi net esouvill Muskelen hu wéi déi aner, datt mir deenen - wéi soll ech dat soen - dem Staat seng Muskelen zur Verfügung stellen, fir datt se net den Aarm gebéit kréien. Dëst ass d’Stonn vun der gutt iwwerluechtener Sozialpolitik déi muss Agang fannen an eng mëttelfristeg gestreckte Wirtschaftspolitik déi d’Chancë vum Land vergréissert.
DNR: Zu enger Sozialpolitik gehéiert och den Index. Inflatioun ass elo wéinst dem aktuellen nidderege Petrolspräis bis op Weideres op mannst mol keen esou een akute Sujet. Wéini kënnt no Mäerz 2009 déi nächst Indextranche a wéi soll et do virugoen op deem Plang?
Jean-Claude Juncker: Déi nächst Indextranche kënnt am Mäerz 2009, a wann d’Inflatioun op esou engem nidderege Stand bleift wéi se elo ass, da kann d’Indexéierung vun de Léin a Gehälter erëm an enger onmoduléierter Form normal usprangen. Dat musse mir kucke mat de Sozialpartner zesummen, no de Wahlen. Zu de gudden Noriichte vun dësem Joer gehéiert, datt d’Inflatioun sech enorm zréckgebildet huet. Mir kommen elo an eng Inflatiounsgréisst, an ee Korridor vun 2%, dat heescht d’Fro, datt et 2, 3 Indextranchen d’Joer gëtt, déi wäert sech esou bal net stellen. Dofir muss een se och esou bal nach net beäntwerten.
DNR: Nach eng Fro zur Finanzkris, wat ass déi grouss Léier déi d’Politik aus där Finanzkris do ka léieren?
Jean-Claude Juncker: Sech net ee schlecht Gewësse maachen ze loosse wann d’Politik wëllt Regele fixéieren. Sech net méi z’akzeptéieren dohinnergestallt ze gi wéi een Hännes deen d’modern Welt net versteet, wann e seet, hei gëtt et awer nach eng Rei Regelen, déi musse respektéiert ginn. Ech fannen, an kritescher Nobetruechtung - manner autokritesch wéi kritesch, mä heiansdo och autokritesch -, datt mir eis zevill op déi verlooss hunn déi gesot hunn, d’Politik hätt näischt ze soen, d’Wirtschaft géif méi vun der Wirtschaft verstoen. Si versteet erkennbar manner vu sech selwer wéi anerer déi se kucke vun hir verstinn.
DNR: Onëmgängleche Sujet, Euthanasie. Verschiddener behaapten d’CSV hätt sech verkalkuléiert mat der Hoffnung, datt dat Ganzt ni an de Chamberplenum géif kommen. Stëmmt dat?
Jean-Claude Juncker: Nee, dat stëmmt net. Well et war meng Absicht, datt et géif an de Chamberplenum kommen. Well ech der Meenung sinn, datt och wann d’CSV d’Wahlen déi leschte Kéier gewonnen huet - ëm déi 36, 37%, déi nächstfolgend Abteilung, d’Sozialisten hunn 23% - datt een eng Fro déi an der Gesellschaft diskutéiert gëtt, well se den eenzelene Mënsch betrëfft an en interesséiert, sech onofhängeg vu Majoritéits- a Koalitiounsverhältnisser muss am parlamentaresche Raum fräi entfale loossen. An dofir hat ech virun e puer Joer, iwwregens schonn ënnert där leschter Regierung, vun 2001 u, gesot, d’Chamber soll eng Kéier doriwwer ee Vote huelen, wa sécher gestallt gëtt, datt all Deputéierte viru sengem Gewësse kënnt fräi décidéieren. Ech hätt mir deen Ausgang vun deem Vote anescht gewënscht. Ech hätt mir gewënscht, datt déi Amendementer déi d’CSV-Fraktioun an der Majoritéit présentéiert huet, datt déi duerchgaange wieren, aus deene kloer gi wier, datt d’Palliativmedezin déi absolut, bal obligatoresch Prioritéit ass an datt Euthanasie just an extremen Extremfäll kann zur Applikatioun kommen, wa soss wierklech näischt méi geet an datt ee géif virdrun anstatt duerno kontrolléieren ob all Konditiounen erfëllt sinn. Mä Demokratie ass Demokratie.
DNR: Et bleift, datt d’CSV hei an d’Minoritéit gesat ginn ass. Stellt sech fir d’CSV d’Fro gesellschaftspolitesch Moderniséierung oder chrëschtlech Valeuren?
Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net als ee Géigesaz emfannen. Déi Leit déi géint d’Euthanasie sinn, fir dat mol platt auszedrécken, déi si jo net nëmme vu chrëschtleche Werter beweegt. Ech kenne ganz vill Leit, déi wäit ewech sinn vum Glaw a vu chrëschtlecher Iwwerzeegung a vu vertikalen Dimensiounen, déi awer géint d’Euthanasie sinn. Datt eng Reduktioun vun der Fläch op där Débatte stattfënn, fir dat anzedeelen an déi eng, déi well se an d’Kierch ginn a well se reliös si géint d’Euthanasie sinn, alleguerten déi aner wieren dofir, ass jo esou net. Esouguer a menger Partei sinn et ënnerschiddlech Meenungen, wéi mir wëssen, iwwert déi Fro ginn an ech si keen deen driwwer befënnt ween ee richtege Chrëscht ass a ween net. A wéi kéim ech eigentlech dozou fir esou eppes ze maachen?
Hei ass deen eenzelnen Deputéierte mat sengem Gewësse konfrontéiert virun enger Situatioun déi sech am Liewe stellt an ech hunn dat bei allem Verständnis wat ech dofir hunn, datt d’Kierch sech géint d’Euthanasie ausschwätzt. Firwat soll d’Kierch net kënnen hir Meenung soen? Et ass eng gelunge Welt wou jiddwereen hei däerf soe wat en denkt, just den Erzbëschof net. Also ech fannen et awer relativ normal, datt d’lëtzebuerger Kierch an d’Kierch déi zu Lëtzebuerg ass och hir Meenung ka soen. Mä ech halen dat hei och net fir eng Nidderlag vun der CSV. D’CSV huet gesot, wat si gemengt huet an hirer Majoritéit kënnen ze soen, an deen eenzelnen Deputéierten huet ofgestëmmt.
D’CSV huet 36% vun de Stëmmen. Ass dat een Argument fir all Débatte ofzewiergen an ze verhënneren, just well déi aner manner hunn? Ech hoffen, datt si manner behalen, ech hoffen, datt mir dat behale wat mir hunn, mä ech fannen heiansdo muss een och iwwert d’Parteien ewech an och iwwert d’Koalitiounsregierung a Kaserenhaffgehorsam ewech eng Débatte zouloossen. An d’Leit konnte se jo verfollegen a kënne sech hir Meenung maachen. Ech bewonnere souwisou an där Fro ëmmer déi Leit déi all Dag déiselwecht Meenung behalen. Ech kennen der vill, déi sech iwwert déi Fro do, je nodeem wéi hir Liewensëmstänn évoluéieren, grad an deem Moment ganz anescht denken an da bemol erëm anescht denken. Ech bewonneren alleguer déi déi d’Wouerecht soen.
DNR: Déi ganz Euthanasiedébatte gouf gekoppelt un eng instiutionell Kris. Wéi sinn den Ament d’Relatiounen tëscht dem Staatsminister an eisem Grand-Duc?
Jean-Claude Juncker: De Staatschef an de Staatsminister déi si gehalen, fir datt équilibréiert Rou bleift, mateneen eens ze ginn. Nun ass mäi Verhältnis zum Grand-Duc och een - onofhängeg vun där Fro hei, wou ech net mam Grand-Duc iwwert d’Euthanasie gestridden hunn, mä iwwert d’Tatsaach ob heen däerf ee Gesetz net ënnerschreiwe wat vun der Chamber gestëmmt gëtt - éischter häerzlecht. Ech hunn de Grand-Duc ganz gär, mä ech hat hei een Désaccord mat him. Dat kënnt och vir ënner Leit déi sech gär hunn.
DNR: Dir wousst méi laang am Virfeld scho bescheed, datt de Grand-Duc net wéilt ënnerschreiwen. Firwat hutt Dir d’Chamber, respektiv déi aner politesch Parteine esou spéit eréischt doriwwer informéiert?
Jean-Claude Juncker: Well ech mech un d’Regelen halen, déi et gëtt. Et muss jo heiansdo och nach där Allmoudescher ginn déi sech un d’Regelen halen an d’Regel ass, datt een aus senge Gespréicher mam Staatschef net schwätzt. Dat nennt sech Colloque singulier. Ech bedaueren, datt et och Leit gëtt, déi vum Grand-Duc emfaange ginn an déi dann doruechter ziele gi wat de Grand-Duc hinne gesot huet. Dat geet net, well de Grand-Duc steet iwwert de Parteien an iwwert de Meenungen an dofir soll ee seng Meenungen net no bausse rapportéieren. De Grand-Duc huet mir dat gesot. Ech hu während e puer Méint probéiert dem Grand-Duc verständlech ze maachen, datt ee muss een Ënnerscheed maachen tëscht der Fro an der Verfassungsfro, nämlech d’Verfassungsfro ass déi ob de Grand-Duc ee Gesetz net soll ënnerschreiwen well en ee Problem mat deem Gesetz huet. Ech hu gesot, dat géif net goen.
Wéi ech gesinn hunn, datt de Grand-Duc bei senger Meenung bliwwen ass, hunn ech e gebieden e soll d’Fraktiounschefen doriwwer informéieren. Well ech konnt se net a sengem Numm informéieren, well ech war am Désaccord mat him. Also hunn ech léiwer de Grand-Duc huet dat selwer gemaach an dunn hu mir eng Léisung gesicht, déi de Grand-Duc aus sengem Gewëssenkonflikt eraus féiert an déi d’Verfassungspraxis zu Lëtzebuerg esou gesäit, datt se ka virugefouert gi wéi se zanter jo 100 Joer ass, nämlech, datt de Staatschef all Gesetz wat vun der Chamber gestëmmt gëtt muss ënnerschreiwen. E muss et ënnerschreiwen, soss brauche mir keng Chamber méi ze wielen, dat huet näischt mam Grand-Duc als Persoun ze dinn, dat huet eppes mam instiutionellen Zwëschenéquiliber hei am Land ze dinn.
DNR: Et gëtt elo ee Referendum gefrot a Saache Verfassungsännerung vum Artikel 34. Si mir do Ärer Meenung no bewosst bei der Politik vum Splécken?
Jean-Claude Juncker: Oh, ech wëll dat esou net bewerten. Kuckt mol, mir hu Verfassungs- a Gesetzesännerunge gemaach, déi et zouloossen, datt 5 Leit ee Comité grënnen déi ee Referendum froen, an dee Referendum huet stattzefanne wa se 25.000 Ënnerschrëfte vu Leit kréien déi an de Wielerlëschten agedroe sinn. Et si wéineg Länner déi esou eppes hunn, wou eng Verfassungsrevisioun déi eestëmmeg vum Parlament bestëmmt gëtt, awer nach zum Referendum kënnt, wann d’Leit et gären hätten. Dat hu mir virgesinn. Ech kenne keen anert Land - ech loosse mol d’Schwäiz op der Säit - wou esou eppes iwwerhaapt geet an elo kann, wann déi 25.000 Ënnerschrëften zustane kommen, iergendwann dee Referendum stattfanne. Et ass e bësse schwiereg mat dem Kalenner, well et däerf een 3 Méint virun an 3 Méint no de Wahle kee Referendum maachen an dann hunn d’Lëtzebuerger et an der Hand. Entweder, wa se der Chamber nokommen an deeselwechten Text guttheeschen, deen d’Chamber gestëmmt huet, ass et kloer, datt d’Verfassungspraxis elo Verfassungsbuchstaw gëtt an datt de Staatschef muss d’Gesetzer ënnerschreiwen, déi vun der Chamber gestëmmt ginn. Wann d’Leit dann awer elo géife soen, „Nee, nee, nee, de Grand-Duc, heen alleng huet d’Recht ee Gesetz net a Kraaft ze setzen“, da si mir an enger demokratescher Qualitéitsdébatte an déi ech mech och, wann et zu deem Referendum kënnt, amëschen, well ech einfach der Meenung sinn - an dat huet nu wierklech näischt mam Grand-Duc Henri ze dinn, mä mat dem institutionellen Equiliber - datt d’Gesetzer vun der Chamber gemaach ginn an datt d’Chamber dat leschte Wuert huet. An ech ka mir net eng Sekund virstellen, datt eng Majoritéit vu Lëtzebuerger géif soen, d’Chamber huet näischt ze soen a just de Staatschef huet am Eeschtfall eppes ze soen. Dat entsprécht net eisen demokrateschen Traditiounen, dat entsprécht net eisem Staatsverständnis. An et entsprécht och net eisem demokratesche Legitimitéitsverständnis.
DNR: Wonnert et Iech dann, datt Kreesser déi der ADR no stinn mat an deene Circlen do dra sinn, déi déi Verfassungsreformsreferendum do, soe mir mol, mat ustiwwelen?
Jean-Claude Juncker: Jo ech hunn dat net ze bewerten. Ech hunn dofir gesuergt, zesumme mat menge Kollegen, datt mir ee Gesetz kréien, wat et erlaabt, datt 5 Leit ee Referendum kënne lassstoussen. Dann däerf ech net kucke goe ween dat ass. A firwat en dat mécht. Wann déi Campagne iwwert de Referendum leeft, falls et dann zu enger Campagne kéim, well et zu engem Referendum komm wier, da kann ee sech mat där Fro vläicht beschäftegen, mä wann esou ee Referendum stattfënnt, da muss all Lëtzebuerger fir sech décidéiere wéi en et gären hätt, ob d’Chamber décidéiert oder net. An ech ginn net do kucken ob een deen an der Chamber ass och der Meenung wier, datt d’Chamber net soll décidéieren. Ech hat déi Fro gestallt an der Chamber, notamment dem ADR. Ech hu fonnt, datt ech zimlech wässereg Äntwerten doropper kritt hunn.
DNR: Riskéiere mir dann net do op eng Fro ze kommen, déi sech drop bei de Leit limitéiert „Fir oder géint de Grand-Duc“?
Jean-Claude Juncker: De Grand-Duc selwer huet, dat hunn ech däitlech gemaach, proposéiert, datt en an Zukunft net méi muss d’Gesetzer sanctionnéieren, dat heescht approuvéieren, dat heescht zoustëmmen, mä datt en nach just promulgéiert, dat heescht nach just per Ënnerschrëft a Kraaft setzt, ouni datt hee mat senger Ënnerschrëft seet, domat sinn ech elo d’accord wat ech do ënnerschreiwen.
Ech hunn, vun un datt ech Staatsminister sinn a besonnesch déi lescht Jore, jo den Haff öfters misse verteidege géint d’ëffentlech Meenung, esou wäit wéi ech weess. Ech hu mech do ni gezunn, ni. Ech weess net wéivill et der do nach gëtt déi sech do net gezunn hunn, esou datt ech also mam Haff, scho guer net mat dem jetzege Grand-Duc, deen ech ganz gären hunn, oder mat der Institutioun Monarchie ee Problem hunn. Ech hu léiwer mir bleiwen eng konstitutionell Monarchie, déi no de Reegele fonctionnéiert mat deene mir ëmmer fonctionnéiert hunn, anstatt datt mir hei eng Republik mat engem President géife ginn. Aus guddem Grond. Kuckt mol wat an der Belsch de Moment lass ass. Et ass jo awer gutt, datt et de Kinnek gëtt, anstatt datt do entweder ee flämeschen oder ee wallounesche President vun der Republik géif amtéieren, deen direkt ënnerstallt kritt, och wann en aus enger Partei kënnt, well d’Presidente kommen ëmmer aus enger Partei, e géif säin eegent Lager wëlle bevirdeelegen. De Grand-Duc huet kee Lager. De Grand-Duc steet iwwert de Lageren.
Wann ee Parteipolitiker, am gudde Sënn vum Wuert, President vun der lëtzebuergescher Republik géif gewielt ginn - dat Wuert kënnt mir schwéier iwwert d’Zong -, da géif dee jo bei alles wat e mécht, besonnesch wann eng Regierungscompositioun muss décidéiert ginn, wann ee Formateur an ee Premier genannt gëtt, ëmmer ënnerstallt kréien, e géif dat maache fir sengem eegene Lager ze hëllefen. Dann hunn ech léiwer de Grand-Duc dee kee Lager kennt, deen déiselwecht Distanz zu alle Parteien huet, deen op Grond vum Wahlresultat eng staatspolitesch Décisioun kann huelen, déi net kann hannerfrot ginn no Partisan a Stëmmen.
DNR: Sidd Dir der Meenung, datt d’Monarchie hei Schued geholl huet an dëser Débatte?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen d’Monarchie als Staatsform huet op Dauer kee Schued geholl, well de Grand-Duc selwer gehollef huet een Auswee aus där Situatiun hei ze fannen.
DNR: 2009 gëtt ee Wahljoer, mëtten an der Wirtschaftskris. Muss do eng grouss Koalitioun net vu vir eran d’Zil sinn?
Jean-Claude Juncker: Dat ass eng Fro déi Dir mir net eso kënnt stellen, déi musst Dir de Leit stellen an déi beäntwerte se wahrscheinlech ennerschiddlech. Eng Regierung zu Lëtzeburg gëtt gebildt op Gronn vum Wahlresultat wat den Owend vun der Wahl oder deen anere Muere virläit. Da muss ee kucke wat beienee passt a wat sech ausschléisst an da mécht een eng Regierung an et bildt een eng Koalitioun. A mir liewen elo an Zäite vun extremer Wirtschaftskris an do sollen d’Leit, wa se wiele ginn - dat maachen se jo am Juni - sech d’Fro stelle „Wee kann et, a wee kann et net?“. Ech wëll domat soen, „Wee kann et besser?“, well kee mécht hei alles richteg.
DNR: Gesidd Dir aner Sujeten an deem Wahlkampf wéi d’Wirtschaftskris ?
Jean-Claude Juncker: Ee Wahlkampf ass ëmmer breet. D’Journalisten - Dir sidd der jo och vun där Zort do, dee Beruff deen ech ganz gären hunn, well ech en och selwer gären ausgeübt hätt - mengen ëmmer ee Wahlkampf misst ee bestëmmtent Thema hunn. Déi leschte Kéier, 2004, ass dauernd geschriwwen a gesot ginn, dee Wahlkampf deen huet jo keen Thema. Elo huet en een dee sech imposéiert an elo gëtt wahrscheinlech fonnt, et misst een awer och nach iwwert aner Saache schwätzen. Mä et gëtt bei all Wahlkampf iwwer vill Saache geschwat. Mä datt deen heiten ënner däitleche wirtschafts- a finanzpolitesche Virzeeche steet, och ënner aarbechtsmaartpoliteschen an domat ënner sozialpolitesche Virzeeche steet, schéngt mir evident. Wann d’Leit wiele ginn an et geet ëm Wirtschaft, ëm Finanzen an ëm Soziales, dann ass dat eigentlech ee breet Thema.
DNR: 2008, dozou gehéiert och d’Affaire Bommeleeër, wéi zanter e puer Joer. Mä zanter engem Joer si Leit inculpéiert. Zanterhier war net méi allzevill gewuer ze ginn. Ass är Gedold strapazéiert?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn do e bësse wéi d’Leit, mä d’Leit däerfe soe wat se denken, ech däerf dat net. Ech hätt gären, datt déi Bommeleeëraffaire opgekläert gëtt, well ech fannen, datt dat esou wéi ee Schwier e bëssen an eiser Gesellschaft hänkt a well och vill Leit mengen, do géif zougedeckt ginn, et géif verstoppt ginn, et géif verschummelt ginn, wat jiddwerfalls am Fall vun der Regierung an a mengem Fall net de Fall ass. Mä kuckt mol de belsche Premier huet sech dëser Deeg an d’Justiz agemëscht…
DNR: Stëchwuert EU nach vläicht. 2008 war jo och ee Joer mat ville Problemer, wou d’Entwécklung net grad esou séier virugaangen ass wéi se eventuell hätt kënnen. Wéi gesidd Dir d’Entwécklung vun der EU 2008?
Jean-Claude Juncker: 2008 war ee gutt an ee schlecht Joer. Et war ee schlecht Joer, schlecht tëscht Gänseféisercher, well mir dee Vertrag vu Lissabon net a Kraaft gesat krut hunn, well d’irescht Vollek, wat säi gutt Recht war, Nee gesot huet. Ech fannen zwar datt et Onrecht hat, mä et war awer säi gutt Recht fir dat esou ze décidéieren. Dat war also net gutt, well mir do am Fahrplan gestéiert gi sinn, e bëssen aus der Bunn gehäit gi sinn.
Et sinn awer och vill gutt Saache geschitt. Stellt Iech mol eng Sekund vir, mir hätten den Euro net, mir hätten, well elo d’Slowakei dat 16. Land ass wat der Eurozon bäitrëtt op den 1. Januar, 16 national Währunge gehat, mat deene mir géint d’Kris hätte missen ukämpfen. Déi Däitsch an hirem Eck, d’Franzousen an hirem Eck, d’Belsch an hirem aneren Eck. Mengt Dir wierklech et géif eis haut zu Lëtzebuerg besser goe wa mir nach de belsche Frang hätten? Mir mengen net, datt et eis besser geet well den Euro, well den Eurogrupp an déi Eurozentralbank funktionnéieren a Responsabilitéiten iwwerhuelen. Datt mir eis Siicht vun de Saachen - ech schwätze vun de finanzmaartsregulatoreschen Aspekter - deenen aneren Deeler vun der Welt regelrecht imposéiert hunn ass jo eng gutt Affaire. Dat hätt Däitschland net alleng fäerdeg bruecht a Lëtzebuerg scho guer net.
Kuckt, wa mir net am Euro wieren a wa mir an den 80er Joren deenen nogelauschtert hätten déi eis wollte vum belsche Frang lasstrennen an eng eege Währung. Huele mer mol nëmmen eng Sekund un - et muss ee jo mol kucke wat fréier alles gesot ginn ass - mir hätte keen Euro, mä ee lëtzebuerger Frang. Bonjour Reykjavik. Dat wier dat wou mir elo wieren. Also fannen ech, bei aller Verdrësslechkeet iwwert dat wat schief geet, datt alleng schonn déi Eurocohésioun déi mir eis selwer opgezwongen hunn, eis gehollef huet an där Kris - och schonn an deene leschte Joren, Uelegpräisser an esou virun an esou fort - besser ze resistéiere wéi am nationalen Alleingang, vun deem jo awer nach ëmmer vill Leit mengen, dat wier de Wee deen ee misst goen. Datt mir a Saache Klimaschutzpolitik, bei aller Onzefriddenheete iwwer Detailaspekter vun de Regelungen, gewisen hunn, datt mir hei de Leadership an der Welt iwwerholl hunn als Europäer, den Trendsetter vum Klimaschutz gi sinn. Dat mir et fäerdeg bruecht hunn, duerch den Asaz vun der franséischer Presidentschaft, net alleng, mä awer och, de Krich a Georgien no e puer Deeg op een Enn ze bréngen. Alles dat sinn awer positiv Evenementer an Elementer vum europäesche Joer 2008.
DNR: Den europäesche Reformtraité kritt eng zweet Chance. Am Hierscht 2009 däerfen d’Iren nach eng Kéier iwwert een zweete Referendum ofstëmmen. Bei engem Jo geet och d’Perspektive vum EU-President nees op. Reizt Iech déi Plaz nach oder denkt Dir Iech an dësen Zäite brauch Lëtzebuerg mech méi?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn 2004, dat ass jo net ëmstridden, dem Wonsch vun allen anere Regierunge net nogi fir President vun der Kommissioun ze ginn. Dee Posten ass et ginn a wann ech dat gemach hätt, da wier ech et haut an dat hunn ech net gemaach, well ech de Leit hei versprach hunn, ech géif hei bleiwen. Datt déi aner politesch Parteien elo eng Rééditioun vun deem Spill maachen, iwwert ee Posten deen et nach net gëtt, dat ass ee Spillche wat ech net matmaachen. Dobäi kënnt, datt ech op Grond vun deem wat ech ze dinn hat an deene leschten 2 Joer, och ze dinn hat am Zesummenhang mat dem Duerchsetze vu lëtzebuergesche Positiounen, Stëchwuert Finanzplaz, Bankgeheimnis, de Kreess vu menge Frënn net vergréissert hunn an der Europäescher Unioun.
DNR: Den 20. Januar gëtt den neien amerikanesche President vereedegt. Wat inspiréiert Iech de Barack Obama, deen an Amerika esou begeeschtert opgeholl ginn ass, elo mol nach éier e vereedegt ass?
Jean-Claude Juncker: Oh ech mengen an Europa wier e grad esou begeeschtert opgeholl ginn wéi an Amerika. D’Europäer menge jo d’Amerikaner hätten den Obama gewielt, well mir Europäer gäre gehat hätte si géifen den Obama wielen. Esou war dat jo net. Dat ass fir mech een Hoffnungsträger an een, jo, een amerikanescht Symbol wat ech gären hunn, well en, doduerch datt e schwaarz ass, gewisen huet, datt an enger grousser Demokratie Leit, déi aus enger soziologescher Minoritéit kommen, och hir Chance hunn. Ech mengen, datt den Här Obama sengem Land wäert guttdinn an och der Welt, an ech warne virum där europäescher Naivitéit déi doranner besteet fir ze mengen elo géif d’Verhältnis mat Amerika eent ginn, wou d’Geien am 7. Himmel spillen. Dat wäert net esou sinn. Een amerikanesche President, dofir gëtt e gewielt, setzt fir d’éischt mol gären d’Interesse vu senger Natioun duerch. Wann d’Europäer aner Interessen hunn, dann hëlt en op déi europäesch Interesse keng Rücksicht. Ech mengen, datt den Här Obama, wéi all amerikanesche President virdrun, ee schwierege Partner fir Europa wäert ginn.
Jean-Claude Juncker: Ech wënschen Iech an deenen déi eis nolauschteren och all Guddes.