Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

An dësen Zäite kréien d’Leit gerode weider hir Suen auszegi fir d’Wirtschaft nees unzekuerbelen. D’Leit awer wëllen an dësen Zäite virsiichteg mat hire Suen ëmgoen. Kënnt Dir d’Leit verstoen, datt se awer virsiichteg wëlle sinn, a wat sinn Är Argumenter fir d’Leit dovun ze iwwerzeegen, hir Euroen ënnert d’Leit ze bréngen?

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol, mir sinn elo an enger déiwer Wirtschaftskris, mir kommen a Rezessioun, dat heescht eis Wirtschaftskraaft hëlt d’nächst Joer, am Joer 2009, par rapport zum Joer 2008, héchstwahrscheinlech of.

Ka Lëtzebuerg eppes géint déi weltwäit Kris maachen? Neen, mir sinn ze kleng, och wa mir dichteg sinn, mä mir sinn net zu genuch fir Konjunkturlokomotiv an Europa ze spillen. Duefir ass et wichteg wéi Europa op déi Kris reagéiert. An do beméie mir eis, ech och als President vum Eurogrupp, duefir ze suergen, datt do elo déi richteg Politiken gemaach ginn, dat heescht, datt d’Wirtschaft ronderëm eis un d’Lafe kënnt.

Wat kënne mir heiheem maachen, wa mir schonn d’Wirtschaft net ukuerbele kënnen, wéinst eiser Ofhängegkeet vum Ausland? Mir kënnen duefir suergen, datt mir iwwer déi Duuschtstreck méiglechst gutt ewech ze kommen, duefir investéiere mir méi, duefir kucke mir, datt mir iwwer de Staat, iwwer de Staatsbudget, iwwer ëffentlech Investitiounen, eis Betriber op engem héijen Aktivitéitsniveau halen.

A mir kënnen duefir suergen, datt mir de Konsum hei am Land net zesummebrieche loossen, well wa mir net méi akafe ginn, wa mir spueren an net konsuméieren, maachen d’Geschäfter zou, maachen Handwierksbetriber zou, gi Leit entlooss, déi musse mir entschiedegen. Dat heescht, mir ginn ëmmer méi aarm. Et kënnt elo drop un, fir déi Geschäfter, an déi Handwierksbetriber, déi mir hunn, an Aktivitéit ze loossen, well wa si elo zoumaachen, déi maachen herno net erëm op, wann et der Wirtschaft erëm besser geet.

Christine Delvaux: Eldoradio ass jo de meescht gelauschterte Radiosender hei am Land bei de Leit ënner 35 Joer. Vill vun hinnen hunn Angscht virun der Zukunft. Wat sot Dir deene jonke Leit? Musse si Angscht virun der Zukunft hunn?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, vu wat fir enger Angscht datt Dir schwätzt. Et gëtt jo net nëmmen Angscht viru wirtschaftlechen Entwécklungen, déi net positiv sinn. Iwwer déi wirtschaftlech Angscht eraus gëtt et awer eng allgemeng Liewensangscht, déi ee bei vill méi Jonke feststellt, wa se sech net zurecht fannen an enger Welt, déi ëmmer méi komplizéiert gëtt, déi een ëmmer manner gutt ka liesen, déi een och ëmmer manner gutt spiert, well se esou villschichteg ass.

Ech fannen, wann ee méi jonk ass, soll ee fir d’éischt emol u sech selwer gleewen. Dat heescht net egoistesch ginn, dat ass net dat wat ech domat mengen, mä sech emol op seng Talenter, op seng Stäerkten, op seng Energië besënnen, an déi maximal probéieren zur Geltung ze bréngen.

Dat zweet wat ech mengen, ass – dat ass zwar net ganz gescheit fir dat elo matten an der Wirtschaftskris, an am Kader vun engem Appell un d’Konsumfreedegkeet ze soen – mä dat zweet wat ech mengen ass, datt mir musse léieren, net nëmmen déi méi jonk, och déi wéi ech, déi méi al sinn, datt de materielle Besëtz net alles ass. Et as ee jo net een, duerch dat wat een huet, et as een een, duerch dat wat een as. An ech mengen, datt ee jonk an al muss léieren, mat aneren eens ze ginn, sech net nëmmen säin eegenen Nuebel konzentréieren, do gesäit een net wäit, an et gesäit een ëmmer dat selwecht, a mat der Zäit gëtt dat eng langweileg Vue, an et ass och kee Panorama, an et huet scho guer keen Horizont. Gutt si mat deenen aneren, dat ass och eppes, wat engem selwer hëlleft, well wa jiddweree just mat sech selwer gutt ass, a mengt, elo wier fir jiddweree gesuergt, da si mir keng Gesellschaft méi, déi och kohäsiv Elementer muss hunn.

Christine Delvaux: Komme mir zu engem ganz kontroversen Thema. An de leschte Woche koum bei d’Finanz- an d’Wirtschaftskris jo och nach bal eng institutionell Kris. Wat géift Dir deene Leit soen, déi behaapten, datt eng Monarchie net méi zäitgeméiss ass?

Jean-Claude Juncker: Ech war an deem Fall deen eis beschäftegt, an deen een institutionell Kris nennt, zurecht esou nennt, jo mat dem Grand-Duc net d’accord.

Trotzdem mengen ech, datt ee klengt Land, wat esou ofhängeg ass vu villen Aflëss déi vu bausse kommen, gutt drun deet, un der Spëtz vum Staat een ze hunn – da muss en et och maachen, dat mécht de Grand-Duc jo am Regelfall och, just hei an där Fro Euthanasie huet hien et eben net gemaach, wéinst seng Gewëssensproblemer – deen iwwer de Parteien, an iwwer den Interesse steet.

Stellt Iech emol vir, zu Lëtzebuerg, no de nächste Wahlen, huelt emol un, d’Parteien hätten alleguer déi selwecht Stëmmen – dat wënschen ech menger Partei net, an ech hoffen et net fir déi aner. Wann dann ee President vun der Republik wier, deen aus der CSV kënnt, oder aus der LSAP kënnt, oder aus der DP kënnt, oder vum ADR kënnt, wie géif da gleewen, datt dee sech total léise ka vun deem Hannergrond aus deem en, well e President vun der Republik gi wier, erausgetrueden ass. Vum Grand-Duc ka kee soen, datt hien an enger Partei ass, vum Grand-Duc ka kee soen, hie géif enger Partei méi no stoen, wéi deenen aneren.

Ech halen et fir d’Rou am Land, a fir d’harmonescht Zesummeliewen am Land besser, mir fuere mat engem parteionofhängegen, dee sech iwwer den Interesse placéiert, e Staatschef dee Grand-Duc ass, mir fuere besser mat deem, wéi mat iergend enger anerer Staatsform.

Christine Delvaux: De Luxair-Prozess dee schleeft, d’Bommeleeër-Affaire, den CFL-Prozess, et gëtt Leit, déi den Institutiounen hei am Land net méi trauen. Firwat soll een dat awer maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen déi dräi Prozesser an hirem Element, déi si ganz ënnerschiddlech. Dee vun der CFL leeft, mengen ech, de Moment jo. Dee Luxair-Prozess, datt dat esou laang dauert, ass mir och onverständlech. An d’Bommeleeër-Affaire ass net integral opgeklärt, duefir kann et also do net zu engem Prozess kommen.

Datt Leit dann awer geckeg dodru ginn, dat kann ech nun awer wierklech gutt novollzéien. Mä d’Regierung huet sech net an d’Schaffe vun der Justiz anzemëschen. D’Gewaltentrennung ass nun emol ee wichtege Prinzip vum demokrateschem Rechtsstaat. Ech mengen, datt d’Leit d’Justiz eigentlech net gutt verstinn, an net richteg wësse wéi se fonctionéiert, an och iwweregens mengen, et géif kee groussen Ënnerscheed ginn tëscht der Regierung an der Justiz, dat wier enges an dat selwecht. Ech ginn Iech e Beispill.

Ech erliewen am Joer 6, 7 mol, datt Leit bei mech kommen, oder mir schreiwen, oder mir uruffen, déi viru Geriicht stinn, an déi gären hätten, datt ech elo emol déi Saach do an d’Rei bréngen. An déi si bass erstaunt, wann ech soen, ech dierf dat net maachen, ech hunn näischt domat ze dinn, dat geet mech näischt un, dat wier schrecklech, wann ech dat géif maachen. Da soen déi mir, kommt zielt eis keng Geschichten, dir kënnt dach duefir suergen, datt ech do de Führerschäin net ewech geholl kréien, dir kënnt dach duefir suergen, datt ech kee Prisong kréien, well ech eng Kéier eppes geklaut hunn.

Et gëtt ganz vill Leit, déi net wësse wéi d’Justiz fonctionéiert, a wéi d’Justiz, zesumme mat deenen aneren Institutiounen, voire Pouvoiren, Chamber a Regierung otemt. Ech mengen, datt keng Institutioun esou wéineg bekannt ass an hirem Fonctionement, an an hirem Wiesen, wéi d’Justiz.

Christine Delvaux: De Marcel Reich-Ranicki huet beim däitsche Fernsehpreis jo zimlech op d’Qualitéit vun der däitscher Tëlee geklappt. Och Dir hat jo dëst Joer schlecht Erfahrunge mat der franséischer Tëlee gemaach. Wéi gesitt Dir dann den Tëleesprogramm, a wéi eng Émissioune kuckt Dir besonnesch gären?

Jean-Claude Juncker: Also ech si souwisou keen Tëlevisiounsmënsch, mä e Radiosmënsch, misst Iech jo Freed maachen, datt dat esou ass. Ech lauschtere vill Radio, well ech de Radio fir e méi intensiv, e méi flächendeckend, an e méi grëndlecht Medium hale wéi d’Tëlevisioun, déi doduerch, datt se Biller weist, d’Realitéit verfälscht, an deem et virspillt, wéi wann et d’Realitéit géing weisen.

D’Tëlevisioun kucken ech och net vill, mä awer Sonndes moies maachen ech dat, am Bett, an do kucken ech ëmmer 3Sat, well deen huet da kulturell Programmer, dee weist mir Saachen, oder léisst mech a Saache gesinn, déi ech esou iwwer d’Woch net esou genee kucken, Literatur, Konscht.

A wat ech am léifste kucken, dat sinn, duefir gëtt et kee gutt lëtzebuergescht Wuert, Reiseberichter. Wann ee Mënsch duerch e Land reest, mat der Kamera um Bockel, 40 Deeg laang, oder 80 Deeg laang, an e kondenséiert dat, wat hie gesinn huet, andeem en och nach Mënsche weist, déi e getraff huet, op eng Stonn, annerhallef Stonn, dat ass eng aussergewéinlech künstleresch Fähegkeet, déi ee muss hu fir dat esou ze maachen, datt dat wat ee gesinn huet, net verfälscht gëtt. An duefir kucken ech am léifsten Reiseberichter iwwer Länner, déi ech selwer, ech kann net soe bereest hunn, well déi Zäit hunn ech net, mä wou ech selwer war.

D’Mongolei ass eent vu menge Lieblingslänner, ech sinn zwee Deeg an der Mongolei gewiescht, ech hunn awer do vun der Mongolei näischt gesinn. Datt dann een anere mir weist, wat et nach an der Mongolei gëtt, da mierken ech dann heiansdo, jo, ech war zwar nëmmen zwee Deeg do, mä dat do hunn ech eigentlech gespuert, ouni et gesinn ze hunn. An anere Wierder, ech hunn d’Tëlevisioun gäre wa si mer Recht gëtt a menge Gefiller, an a mengen Opfaassungen.

Christine Delvaux: Ganz schwiereg Négociatiounen leien dëst Joer hannert Iech, souwuel op nationalem wéi internationalem Plang, wéineg Schlof, dausende Kilometer duerch d’Welt, vill Stress a Suergen. Wéi hält een dat aus, a wéi geet et Iech eigentlech gesondheetlech, verléiert een net iergendwann d’Loscht un der Politik?

Jean-Claude Juncker: Gesondheetlech ass et mir scho besser gaangen, mä dat ass awer duerch d’Middegkeet bedéngt, ech sinn awer net krank, net datt do fréizäiteg Hoffnungen opkommen.

Stress, jo, hunn ech, mä kuckt emol, ech si jo zu Bieles gebuer, oder neen net gebuer, grouss ginn, dat ass jo net egal wou. An do hunn an deenen 10 Haiser lénks vun eisem Haus, an an deenen 10 Haiser riets vun eisem Haus, an déi aner Säit, d’Leit all op der Schmelz geschafft, an déi hunn op dräi Schichte geschafft, an déi hunn de laangen Tour gemaach, all puer Wochen, 16 Stonnen hannereneen. Mäi Papp hat méi Stress wéi ech, deen hat méi Stress wéi ech.

Duefir bei aller Verdrësslechkeet, déi een heiansdo huet, muss een awer och emol gesinn, datt aner Leit och net grad nëmme Freed hunn, wa se schaffen. Elo ginn ech hei duerch d’Stad, d’Wieder war jo net gutt déi lescht Wochen, da gesinn ech alleguer déi Leit do am Gruef stoen, déi do schaffen. Mengt Dir déi hätten nëmme Freed, bei all Dreck, a bei all Knascht dobausse mussen ze schaffen?

Also, ech akzeptéiere wann ee seet, ech hätt eng Aarbecht, déi schwiereg wier. Ech weess awer, et gëtt vill aner Leit, déi hunn och ganz schwéier Aarbechten. An duefir hunn ech u sech keng Ursaach, bei aller Verdrësslechkeet, déi ech heiansdo hunn, fir d’Flemm ze kréien, et geet mir vill besser, wéi villen anere Leit.

Christine Delvaux: Här Staatsminister, mir soen Iech Merci, datt Dir Iech och dëst Joer nees Zäit fir eis Eldoradio Nolauschterer geholl hutt.

Dernière mise à jour