Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Caroline Mart: Här Staatsminister, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Caroline Mart:1992 hat d’Queen als annus horribilis bezeechent, dat war d’Jor wou d’Mariagë vun zwee vun hire Bouwen an d’Bréch goungen a Windsor Castle gebrannt huet. Ass 2008 Ärt fuerchtbart Jor, wou esou villes wat eis léif an deier ass ferme gerëselt gouf, vum Wuelstand bis bei d’Monarchie?

Jean-Claude Juncker: Déi lescht 4 Méint vun dësem Jor ware séier aarbechts-intensiv an haten esou vill u Problembewältegung mat sech bruecht, datt ech mir net nach eng Kéier esou 4 Méint wënschen. Mä ech fäerten awer déi nächste 4 Méint – déi éischt 4 Méint vum nächste Jor ginn net vill méi einfach wéi déi leschte 4 Méint vun dësem Jor. Wat mech gehäit huet an deene 4 Méint, a wat net nëmme mat Aarbecht, mä och mat vill Nodenklechkeet verbonne war, dat ass déi Finanz- a Wirtschaftskris mat där mir ze dinn hunn an dat ass dat wat mech zu 112% de Moment beschäftegt; an déi aner Saache muss een och nach maachen.

Caroline Mart: Fänke mir mat der Kris un, well vun all den aussergewéinlechen Evenementer ass et jo och dat, wat d’Leit alleguerten am Meeschte betrëfft. Sinn déi gutt Joeren definitiv eriwwer, déi wou et eis ëmmer besser geet wéi all deenen aneren?

Jean-Claude Juncker: Dat kann ech esou pauschal net beäntwerten. Ech weess, datt mir am Jor 2009 an am Jor 2010 e ganz schwierege wirtschaftleche Passage hanner eis ze brengen hunn. Deen Trajet gëtt net einfach, e geet biergop a biergof an et weess een net genau, wéini datt Koppe kommen a wéini datt et no ënne geet. Mä mir mussen op déi Kris adequat reagéieren, esouwuel an Europa wéi hei zu Lëtzebuerg.

Wat nei ass un dëser Kris, a wat et esou nach ni ginn huet, ass, datt mir am selwechte Moment iwwerall an der Welt eng Wirtschaftskris hunn, an op ville Plazen an der Welt eng Rezessioun. Fréier hat een entweder an Amerika oder Latäinamerika, oder an Europa oder an Asien eng Kris. Dës Kéier ass se iwwerall, an dofir brauche mir staark international koordinéiert Äntwerten. Nodeems déi koordinéiert gi sinn, dat ass se amgaangen ze ginn, muss een dat richtegt schnëtzelen zu Lëtzebuerg.

Caroline Mart: Kann et awer och en Ëmdenke brauchen, zu Lëtzebuerg? D’Lëtzebuerger ware jo awer méi staark wéi nach anerer u Wuelstand gewinnt, esou datt et quasi eng Selbstverständlechkeet war. Muss et och eng Zort Mentalitéitswandel ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net der Meenung, datt d’Lëtzebuerger hirt Basisverhale solle fundamental änneren. Mir maachen d’nächst Jor Steierkorrekturen, mir erhéigen d’Mindestléin, mir erhéigen d’Renten an d’Pensiounen, mir maache Steierkrediter; dat heescht Nettogeld fir déi déi net esouvill hu wéi déi aner.

Et gëtt also keng Ursaach, datt mir am Jor 2009 géife manner consomméiere wéi am Jor 2008, well et net zu enger réckleefeger Entwécklung vun der Kafkraaft kënnt, mä zu enger Konsolidéierung, voir enger Stäerkung vun der Kafkraaft. Esou datt ech gären hätt, datt mir, datt all Konsument, e Bierger ass, datt e weess, ech consomméieren net nëmme well ech e Konsument sinn a well ech et kann, mä och well ech et e bësse muss, fir ze verhënneren, datt Geschäfter Faillite maachen, datt kleng Handwierksbetriber Faillite maachen. Dat huet jiddweree vun eis e bëssen an der Hand. De Staat mécht säint, duerch héich ëffentlech Investitiounen an duerch d’Virverlageren an der Zäit vun Investitiounen déi fir méi spéit geplangt waren. An dofir hätt ech gären, datt keng fundamental Ännerunge vum Konsumverhale kommen. Dat hei hunn ech musse lass ginn, well et mir och eescht gemengt ass a well et wichteg ass, datt mir net an eng diabolesch negativ Spiral vun ëmmer manner an dofir vun ëmere méi grousse Problemer kommen,

Déi aner, déifgräifend Fro déi Dir mir stellt ass jo eng aner. Et geet eis besser wéi villen aneren. Ech mengen och, datt mir eis aus dëser Kris méi elegant kënnen eraus bewegen, well mir keng gréisser Feeler maachen, wéi déi aner. D’Bescheidenheet soll net eng Bescheidenheet vum Konsum sinn, mä d’Bescheidenheet soll vläicht eng Bescheidenheet vun den Erwaardunge sinn.

D’Bescheidenheet soll sech esou ausdrécken, datt mir eis op d’Problemer vun deene konzentréieren, dat fält erkennbar awer ville Leit schwéier, déi manner gutt dru sinn. Et ass net esou, datt mir hei am Land nëmme Leit hätten déi am Geld géife schwammen. Et ass net esou, datt jiddwereen eng ganz déck Pai hätt. Mir hunn hei vill Leit déi um Mindestloun liewen. Mir hunn hei vill Leit déi 1.750, 1.800 Euro de Mount hunn, déi net wësse wéi si um Enn vum Mount eens ginn, déi net wësse wéi si hire Loyer solle bezuelen an déi net wësse wéi si hirt Liewe solle bestreiden.

Ech hätt gären, datt Verständnis fir d’Politik entsteet déi d’Regierung wëll, déi ech wëll, fir fir d’éischt emol do ze si fir déi, déi net esou séier lafe wéi déi aner. Et ass vläicht dat wat mir u Mentalitéitsëmschwong brauchen, net fir d’éischt no deenen ze kucken déi alles hunn, déi eng sécher Aarbechtsplaz hunn, déi näischt ze fäerten hunn, och wann d’Kris méi schlëmm gëtt – well déi ka sech jo nach, dat ka jo kee viraussoen, aggravéieren – mä eis fir d’éischt emol ëm déi ze bekëmmeren, déi sech aus eegener Kraaft net kënnen de Moment propper bewegen.

Caroline Mart: Dir hutt déi weltwäit Finanzkris ugeschwat. Dir wësst besser wéi iergendeen aneren, wéi staark eise Wuelstand vun der Finanzplaz ofhänkt, mä wart Dir net och selwer iwwerrascht, wéi séier et ka goen, wéi fragile et ass, wéi séier déi Milliardeperten entstinn?

Jean-Claude Juncker: Een dee seet, en hätt dat alles komme gesinn, dee bewonneren ech. Ech hunn awer kee begéint, an all där Zäit, deen et esou komme gesinn huet wéi elo, dofir begéinen ech och elo keen dee seet, en hätt et komme gesinn.

Et waren eng Rei Saachen déi konnt een zwar gesinn, iwwer déi hu mir och heiansdo geschwat, hei an eise Gespréicher um Enn vum Jor. Ech hu mech am Gespréich mat Iech oft gewiert a geiergert iwwer déi wëll Dereglementatioun, déi frenetesch Dereguléierung, ouni Borne an ouni Gêne, déi dozou géif féieren, datt mir op Situatioune géifen zousteieren, déi katastrofal Ausmoossen hätten. Dat mécht jo net ganz vill Sënn, datt ech dorop verweisen, mä Dir fannt dat awer an Ären Archiven.

Mir hunn och mat eisen amerikanesche Frënn, ech als Eurogruppepresident virun allem, ëmmer drop opmierksam gemaach, datt an Amerika amgaang wier eppes z’entstoen, wat sech eng Kéier géif negativ op d’ganz Welt entlueden. Mä ech hätt ni gemengt, datt déi Kris weltwäit an iwwerall op der Welt esou déifgräifend Konsequenzen hätt an och esou séier Konsequenzen hätt.

Am Ufank vun der amerikanescher Finanzkris hu mir gemengt, déi breet sech net op aner Segmenter vun der amerikanescher Finanzwirtschaft aus. Dunn huet se dat gemaach, an dunn hu mir gemengt, si breet sech net op d’Realwirtschaft aus. Dunn hu mir gemengt, elo ass se an der amerikanescher Realwirtschaft ukomm, an déi Rezessioun, dat geschitt an Europa net. Et ass awer iwwerall geschitt, well d’Weltdeeler esou zesummen hänken, datt dat, wat iergendwou geschitt, op där anerer Plaz och ukënnt.

Caroline Mart: A wéi se zu Lëtzebuerg ukomm ass, déi Finanzkris, dunn hutt Dir net gezéckt. Et ass ganz séier reagéiert ginn. D’Regierung ass higaangen an huet massiv ënnerstëtzt, gestäipt – d’Dexia, d’Fortis – fir dat Schlëmmst ze verhënneren. Eng Bank, d’Kaupthing-Bank, war Faillite gaangen, d’Clienten haten dunn eng Garantie vun 20.000 Euro pro Konto, déi Garantie soll jo op 100.000 Euro gehéicht ginn. Wat ass wann een dann e worst case Szenario kuckt, datt eng Kéier awer eng gréisser Bank géing Faillite goen? Wéi packt Lëtzebuerg dat?

Jean-Claude Juncker: Et geet keng gréisser Bank Faillite.

Caroline Mart: Well mir eis et net leeschte kënnen?

Jean-Claude Juncker: Well et einfach net geet. Déi Kris déi mir hunn, déi huet sech enorm verschäerft an op eng Aart a Weis déi net previsibel war. De 15. September dëst Jor, hunn d’amerikanesch Autoritéiten – wat en enorme Feeler war, eng wirtschaftlech Doudsënn – Lehman Brothers, déi Bank an Amerika, Faillite goe gelooss. Vun deem Dag u mierkt een, datt alles lues a lues an dunn ëmmer méi séier bei der Däiwel gaangen ass. Wann een eng grouss Bank fale léisst, da léisst een ee Bestanddeel vum System falen, deen déi aner Deeler zesummen hält. Dofir wäert et zu Lëtzebuerg net passéieren, datt eng Bank, déi systemesch ass, fale gelooss gëtt, déi, wa se fält, villes mat sech zitt.

Dat ass keen Appel un d’Banke fir elo ze maache wat si wëllen a wat hinnen an de Kapp kënnt, deeës hu si zevill gemaach. Ech schwättzen net vun eise Banquieren hei eem, mä vun deenen déi weltwäit täteg sinn. Staaten hunn als Aufgab Schued vun hirem Vollek ofzehalen, fir emol e bësse geschwollen ze schwätzen, an dat hu mir gemaach. Ech mengen och, datt vill Leit net richteg versti wat mir gemaach hunn, den Här Frieden an anerer. Ech mengen, d’Gefill ass nach ëmmer wäit verbreet, mir hätten de Banquiere an de Banke wëllen hëllefen. Neen, mir hunn dem Finanz- a Wirtschaftssystem wëllen hëllefen.

Stellt Iech eng Sekonn vir, Fortis wier Faillite gaangen. Wéivill Leit hu Schold op hiren Haiser an Hypothéiken op hiren Haiser? Enorm vill. Ech mengen, et ass de Leit net bewosst, wann een esou eng Bank rëtsche léisst, datt d’Liquidateuren, wa si ufänken ze schaffen, sech fir d’éischt emol ëm d’Hypothéike bekëmmeren. Hätte mir wëllen hunn, datt 20.000, 30.000 Leit hir Haiser misse verkafen? Dat wier d’Konsequenz dovu gewiescht. Hätte mir wëllen a Kaf huelen, datt alleguer déi Betriber déi Client si bei deenen zwou Banken, fir nëmmen déi zwou ze huelen, op eemol keng Sue méi kritt hätten, keng Paië méi hätte kënne bezuelen? Fir esou ze maachen, wéi wa mir hei dem Finanzkapitalismus ënner d’Äerm gegraff hätten, dat ass eng ganz kuerz Siicht vun de Saachen. Mir hunn dat missen an 32 Stonnen, iwwer de Weekend an d’Fassong kréien a mir hunn et an d’Fassong kritt an dat war gutt gemaach.

Caroline Mart: Ee vun de grousse Problemer vun de Banken ass dat magescht Wuert wat ëmmer genannt gouf: Vertrauen, Vertraue wat erëm hirgestallt gi muss. Vertrauen hirstellen, dat ass och d’Aufgab vu Politiker an deene ganz schwéieren Zäiten, Dir hutt et scho gesot, d’Wirtschaftskris. Dir gitt hin, Dir gitt massiv d’Betriber ënnerstëtzen, Dir ënnerstëtzt duerch steierlech Mesuren och d’Kafkraaft vun de Leit, Dir maacht en Appel, datt si hei zu Lëtzebuerg weider consomméieren, weider investéiere sollen. Wat ass awer wann déi Angscht sech trotzdem breet mécht, well Lëtzebuerg ass jo och do keng Insel? Et kritt ee jo och Noriichte vu baussen. Wann awer iergendwéini d’Leit éischter da spuere wéi datt si d’Suen ausginn oder wa si d’Geld am Ausland ausginn?

Jean-Claude Juncker: Prinzipiell ass jo näischt géint spueren ze soen, dat mécht de Staat och elo, dat soll e maachen. Mä et dierf ee sech net als Staat an als Eenzelnen, deen en Acteur ass vum Wirtschaftsliewen, futtispueren. Et dierf een net duerch d’Spueren d’Kris méi déif maachen. Dat geet awer ganz séier an dofir ass d’Vertrauen ebe wichteg.

Dat hunn och d’Politiker ze leeschten, op jiddwerfalls déi déi regéieren, woubäi ech net gären d’Leit un der Nues erëmféieren. Ech kann net zu de Leit soen, mir hu kee Problem, well mir hunn e Problem. Ech kann net zu de Leit soen, gitt derwidder a maacht Iech keng Suergen, well d’Leit musse sech Suerge maachen. Ech mengen, déi beschte Fassong fir Vertrauen ze schafen, respektiv fir Vertrauen ze behalen, ass fir de Leit d’Saachen esou ze soen, wéi ee mengt datt se wieren, op jiddwer Fall esou, wéi ee mengt se kënne valablerweis ze gesinn.

Vertraue schaft een et doduerch, datt een d’Realitéit verstoppt. Vertraue schaft een doduerch, datt een d’Realitéit weist, dat ass wouer fir d’Wirtschaft, dat ass wouer fir d’Staatsfinanzen. Mir kréien am Jor 2009 en Defizit, nodeems mir gemengt haten, mir géifen 2009 en Iwwerschoss kréien. D’Leit mussen dat wëssen a si musse wëssen, datt d’Regierung Investissementer virverlagert, steierpolitesch Korrekture mécht, mir hei zu Lëtzebuerg – am Ausland gëtt am Prinzip gesot, et dierft een elo keng Steiererliichterunge ginn, och net fir d’Steiertabell un d’Inflatioun unzepassen, dat mécht souwisou keen.

Et gëtt keng Ursaach, fir datt mir zu Lëtzebuerg elo a Panik ausbriechen, mä fir zu de Leit ze soen, leet Äre Kapp a Rou, et kann eis näischt geschéien, dat wëll ech net maachen, well et kann eis eppes geschéien an da mussen déi déi regéieren all Dag déi richteg Décisiounen huelen. Dofir brauchen déi déi regéieren och d’Vertraue vun de Leit.

Caroline Mart: Op der Stoltripartite war décidéiert ginn, datt Arcelor-Mittal weider 75 Milliounen zu Lëtzebuerg soll investéieren, bis 2011, mä et ginn och Plazen ofgebaut, net just an der Produktioun. Bei enger Entreprise déi esou séier a Krisenzäite mat Produktiounsstopp reagéiert, wéi sécher kann een do sinn, wéi eng Kontroll huet d’Politik do, datt et awer nëmmen iwwer de Wee vu Préretraite oder fräiwëllegen Ofgäng [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: D’Politik ass net do fir d’Betriber ze féieren. Ech wonnere mech e bëssen iwwer déi Schnellegkeet an Heftegkeet vum Ofbau bei Arcelor-Mittal. Dat betrëfft net esou vill d’Produktioun an net eis Siten. Dat betrëfft den Headquarter, de Siège selwer, deen enorm gewuess ass an deene leschte Joeren an dee sech e puermol multiplizéiert huet an deen elo der neier Situatioun ugepasst gëtt. Ech wonnere mech schonn, datt méi séier op Pertë reagéiert gëtt wéi op Gewënner.

Caroline Mart: Kuerzaarbecht, Betriber déi zoumaachen, Sozialpläng; dat sinn Noriichten, déi gouf et fréier ganz seelen, 2008 heefe si sech. Musse mir eis 2009 op e massivt Uklamme vum Chômage astellen?

Jean-Claude Juncker: Mir mussen eis op e puer Saachen astellen. Mir kréien, hat ech gesot, am Staatsbudget en Defizit. Dat ass net gutt, mä dat ass am Moment awer richteg, well wa mir elo spueren a Suen net ausginn [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dat ass dat klengert Iwwel?

Jean-Claude Juncker: Et ass dat klengert Iwwel. A wa mir dat klengert Iwwel a Kaf huele si mir besser opgestallt fir déi Joeren duerno.

Mir kréie méi Chômage zu Lëtzebuerg. Et huet kee Wäert fir dat ze verstoppen. Et kënnt zu Entloossungen, et kënnt zu ëmmer méi Kuerzaarbecht, a Kuerzaarbecht, wësst Dir, dat ass och näischt Harmloses. D’Leit reagéiere ganz roueg op Nouvellen, datt elo 50 Betriber, oder wéivill et der dann herno wäerte gewiescht sinn, a Kuerzaarbecht sinn, a vergiessen eigentlech, datt déi Leit déi an deene Betriber schaffe manner Pai kréie während där Zäit wou si Kuerzaarbecht maachen. Anerer kënne sech dat iwwerhaapt net virstellen, datt een op eemol vun engem Mount op deen aneren esouvill Prozent manner an der Pai huet.

Do hëllt d’Kafkraaft of vun deene Leit. Do huelen d’Suergen zou vun deene Leit. Do huelen d’Moschwiere vu ville Leit déi an der Industrie an am Produktiounssecteur vun eiser Ekonomie schaffen zou. Ech hätt gären, datt déi déi sech déi Suergen net brauchen ze maache wëssen, datt et dausenden an zéngdausende Leit gëtt, ob si hei wunnen oder net, ob si Lëtzebuerger sinn oder net, déi déi Suergen hunn.

D’Kuerzaarbecht hëllt zou, de Chômage hëllt zou, d’Schafung vun den Aarbechtsplazen hëllt prozentual och nach zou, mä ass awer wesentlech manner ausgeprägt wéi dat virdrun de Fall war. An do kënnt et dann drop un, datt jiddwereen do wou en ass och e bësse mat deenen hält déi net esou gutt dru sinn. Dat ass meng grouss Suerg, datt een an där Zäit déi mir elo mussen iwwerbrécken, 2009, 2010, dat maache mir mat massive budgetären Interventiounen, e Stéck Nationalkohesioun verléiert, well nach jiddwereen no sech kuckt an net méi de Bléck huet fir déi aner.

Caroline Mart: Solidaritéit ass fir Iech dann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech hale Solidaritéit fir eng Biergerflicht.

Caroline Mart: Wéi wann et mat der Kris net duergaange wier ass nach eng zweet dobäi komm, ausgeléist doduerch, datt de Grand-Duc d’Euthanasiegesetz net guttheesche wëll. Denkbar schlechten Timing, hutt Dir beklot, mä wéi soll et elo viru goen? Wéi wäit muss dann den Text, dat heescht de Verfassungstext, der Realitéit ugepasst ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eng Verfassungspraxis zanter méi wéi 100 Joer zu Lëtzebuerg déi wëll, datt de Staatschef all Gesetz promulgéiert a sanctionéiert – sanctionéiert heescht eben och approuvéiert wat vun der Chamber gestëmmt gëtt. Mir hunn elo eng Verfassungsrevisioun gemaach wou de Grand-Duc nach just d’Gesetzer promulgéiert, also verëffentleche léisst, ouni datt säin Accord mat dem Inhalt vun deem Gesetz, och wann nëmmen theoretesch, well esou war et bis elo, verlaangt ass.

Elo ass e Referendum iwwer déi Verfassungsrevisioun gefrot. Falls et zu deem Referendum kënnt, wat ech net weess, dann ass dat kee Referendum iwwer d’Euthanasie, dann ass dat e Referendum iwwer d’Fro, ob de Grand-Duc als Staatschef d’Recht huet e Gesetz wat vun der Chamber gestëmmt ginn ass net a Kraaft ze setzen. Ech mengen, datt de Grand-Duc selwer gär entbonne géif gi vu senger Flicht ze sanctionéieren, dat heescht ze approuvéieren, dat heescht datt hien nach just wëll promulgéieren, also verëffentlechen an a Kraaft setzen. An ech ka mir net virstellen, datt d’Lëtzebuerger der Meenung wieren, datt net d’Chamber d’Gesetzer mécht, mä datt de Grand-Duc ka Jo oder Nee zu engem Gesetz soen an dann entscheed ob et, Jo oder Nee, e Gesetz gëtt.

Caroline Mart: Mä geet et duer mat der Revisioun vun dem Artikel 34? Et sinn der, déi wëlle méi wäit goen.

Jean-Claude Juncker: Dat muss ee grëndlech iwwerpréifen, kucken inwiefern datt d’Verfassungspraxis, déi ni contestéiert war, muss am Buchstaw vum 21. Jorhonnert begleet ginn. Dat soll een an aller Rou maachen. Et geet jo hei och net drëm, ech wëll dat emol eng Kéier soen, d’Monarchie ofzeschafen oder de Grand-Duc ze kritiséieren. Ech si ganz verdrësslech iwwer eenzel Stëmmen déi mengen, ech hätt mech hei géint de Grand-Duc gestallt. Ech hunn hei dem Land musse matdeelen, datt ech mam Grand-Duc en zolitten Désaccord hat. Et ass deen éischten zolitten Désaccord deen ech mat him hat. Bis elo hunn ech ëmmer alles verdeedegt wat huet musse verdeedegt ginn, och wann d’ëffentlech Meenung massiv reklamméiert a protestéiert huet, mä ech war ëmmer do fir meng Aufgab ze maachen. Wann et ëm d’Staatsfro geet, an där Gestalt ob ee, Jo oder Nee, e Gesetz a Kraaft setzt wat vum fräi gewieltene Parlament gestëmmt gëtt, da si mir an enger Qualitéit vun Désaccord ukomm deen ee muss public maachen. Ech hunn [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: War de Staatschef sech all de Konsequenze bewosst vu sengem Geste?

Jean-Claude Juncker: Ech hu Grond dovun auszegoen, datt en all d’Konsequenze kannt huet. Ech hunn de Grand-Duc ganz gär. Ech hu souwisou als Flicht, als institutionell Flicht sécher ze stellen, datt d’Relatiounen tëscht dem Grand-Duc an dem Staatsminister reibungslos verlafen, well soss gi mir schwéieren Zäiten entgéint. Dobäi kënnt, datt ech de Grand-Duc Henri ganz gär hunn, och als Mënsch, well ech weess wéivill Méi datt hie sech gëtt a wéivill Suergen, datt hie sech heiansdo mécht. Ech kennen och seng Gewëssenskonflikter, a seriö Gewëssenskonflikter vun engem Mann, dee virun enger Fro steet, déi e fir sech muss klären, déi Gewëssenskonflikter och däerf hunn.

Ech si just net d’accord, datt Konflikter vun där Zort, déi jiddweree mat sech selwer kann hunn, zu engem staatspolitesche Verhale féiere wat géint eis Verfassungspraxis ass. Et geet hei net ëm de Grand-Duc. Mir brauchen hien.

Caroline Mart: Dir hutt schonn de Referendum ugeschwat an Dir hutt gesot, de Referendum ass net fir oder géint d’Monarchie. Mä d’Vergaangenheet huet jo awer oft genuch bewisen, datt e Referendum e geféierlecht Instrument ass an datt an der Perceptioun vun de Leit do Saache kënne vermëscht ginn oder datt et sech awer kann zouspëtzen. Fäert Dir net, datt awer op mannst versicht gëtt, vläicht, vu munche Leit et zu enger Fro ze maache fir oder géint d’Monarchie, wann et dann zu engem Referendum sollt kommen.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt d’Lëtzebuerger verstänneg Leit sinn. Déi sti mat zwee Féiss um Buedem. Déi wëssen, wann et zu esou engem Referendum kënnt, datt dat net e Referendum ass iwwer Euthanasie oder net Euthanasie. Déi wëssen, datt dat kee Referendum ass iwwer Monarchie, Republik oder eng aner Form vu Monarchie. Déi wëssen, datt si gefrot ginn ob si, Jo oder Nee, mat der Chamber d’accord sinn, déi an engem unanimë Vote gesot huet, de Grand-Duc bräicht d’Gesetz net méi ze sanctionéieren mä nach just ze promulgéieren – dat ass eis Verfassungspraxis zanter 100 Joer an de Grand-Duc selwer ass jo domat d’accord.

Ech verstinn u sech net, firwat datt een elo via Referendum de Grand-Duc wëll zu eppes zwéngen, wat de Grand-Duc eigentlech selwer net wollt. Mä dee ka sech net dauernd explizéieren. De Grand-Duc ka jo net bei Iech an den Top-Thema kommen, dofir mussen dann aner Leit dofir suergen, datt déi Fro, falls se sech stellt, richteg gestallt gëtt.

Caroline Mart: Wuel brauch et natierlech vill Signaturen, 25.000, fir esou e Referendum, an d’Leit musse sech jo och déplacéieren, si mussen op d’Gemeng goen. Mä 5 Bierger alleng ginn duer fir déi ganz Prozedur ze lancéieren, wéineg Leit déi vill Opreegung ausléise kënnen. Fäert Dir, datt dat kéint Schoul maachen?

Jean-Claude Juncker: Dat geet jo nëmme bei enger Verfassungsrevisioun, dat geet jo net bei aneren Texter. Dat hu mir an eis Gesetzer ageschriwwen, well mir wollten de Leit d’Méiglechkeet ginn, sech aktiv a Froen, déi fundamentaler Natur sinn, eng Verfassungsrevisioun ass fundamentaler Natur, z’engagéieren. Ech hunn dat selwer proposéiert an elo muss ee mat de Konsequenze liewen. Dat ass elo e Recht wat d’Leit hunn an hei gëtt dat Recht vun e puer Leit genotzt an dann ass et d’Aufgab vun deenen anere Leit, driwwer ze befannen, ob si, Jo oder Neen, déi Verfassungsrevisioun, déi d’Chamber gestëmmt huet, wëlle falen dinn. Dir hutt Recht, déi Leit déi déi Initiativ geholl hunn, déi hunn eng Wierkung erzilt, soss géife mir net schonn esou laang doriwwer schwätzen.

Caroline Mart: Dir hutt et schonn ugeschwat, d’Euthanasiegesetz, et huet näischt elo direkt mat der Fro vun der Verfassungsrevisioun ze dinn, mä et huet et awer ausgeléist. Et ass och en aussergewéinleche Fait, datt eng Proposition de loi guttgeheescht gëtt. Dir hutt selwer an der Chamber erklärt, Dir hätt dat Gesetz net gestëmmt. Mä grad esou kloer ass, datt ouni Iech et ni zum Vote komm wier. Dat hunn och vill Leit Iech virgeheit.

Jean-Claude Juncker: Dat ass jo keng einfach Fro. A wa mir éierlech sinn, et denkt ee sech jo iwwer déi Fro do periodesch eppes anescht, je nodeem wat een erlieft a senger Famill, a sengem Bekanntekrees, je nodeem mat wiem sengem geschriwwene Wuert ee sech do beschäftegt huet. Ech hu meng Meenung doriwwer och dacks geännert an ech weess och net, ob ech eng definitiv hunn. Ech sinn der Meenung, datt, wann alles verseet, datt een dann a séier extrem-exzeptionelle Fäll muss kënnen zu aktiver Stierfhëllef kommen.

Deen Text, dee vun der Chamber gestëmmt ginn ass, deen ass mir net limitéiert genuch, dat ass mäi Problem mat deem Text. Wann ech Deputéierte gewiescht wier, hätt ech en net gestëmmt, mä ech hätt d’Amendemente gestëmmt, déi eng Majoritéit vun der CSV abruecht huet, déi mir no bei dem reellen an existentielle Problem vun de Leit ze leie schéngt. Mä richteg ass, datt ech kritiséiert gi vu villen, och a menger Partei, well ech, obscho mir am Koalitiounsaccord näischt iwwer aktiv Stierfhëllef stoen haten, awer zougelooss hunn, mä dat géif ech awer gären tëscht Gänseféissercher setzen, datt déi Debatt gefouert gëtt an datt dee Vote stattfënnt.

Nun ass et esou, datt 2004 d’CSV d’Wahlen zolitt gewonnen huet mat 36% oder 37%. Déi nächst Partei ass d’sozialistesch Partei mat 23%. Ech hätt kënnen, meng Partei hätt kënne soen, Stopp, déi Fro do déi gëtt net diskutéiert. Ech froe mech, ob een dat da bei esou enger Fro dierf? Hei ass eng Fro mat där all Mënsch sech muss beschäftegen. Hei ass eng Fro wou all Deputéierten, ech hoffe si hunn dat och alleguerte gemaach, no hirem Gewësse sollen ofstëmmen. Hei ass eng Fro wou dach net eng Partei déi 36% oder 37% huet ka soen – well si majoritär der Meenung ass, déi absolut Form vun Euthanasie dierft et net ginn oder déi Form vun Euthanasie wéi s’elo an där Proposition de loi do steet, déi dierft et net ginn – elo gëtt d’Debatt zougemaach.

Dat ass net mäi Verständnis vun Demokratie. Esou Situatioune reproduzéiere sech net. Mir fält spontan keng aner Fro an, wou ee Koalitioun Koalitioun ka si loossen, Regierung Regierung ka si loossen a Parteie Parteie ka si loossen. Mä mir sinn dach awer en erwuessent Vollek. Mir mussen et dach fäerdeg bréngen an enger Fro, quitte, datt si eis dividéiert, zu enger Décisioun ze kommen, déi awer esou oder esou ëmmer zur Konsequenz muss hunn, an och als Prealabel muss hunn, datt déi eng Sensibilitéit déi aner Sensibilitéit respektéiert. Wat mech rose gemaach huet an där Debatt ass, datt déi déi fir d’Euthanasie sinn e bësse beschriwwe gi sinn, vun Eenzelnen, wéi wann déi kee Respekt virum Liewen a virun hire Matmënschen hätten, an datt déi déi géint deen Text sinn, als reaktionär Gestalten aus dem leschte Jorhonnert beschriwwe gi sinn. Wësst Dir, ech sinn net méi reaktionär wéi den Här Huss, keng Sekonn méi an op kengem Punkt méi.

Caroline Mart: Et gesäit een elo nach d’Emotioun, et ass jo nach ni zu esou laangen, zu esou emotionalen Debatten, emotionale Momenter an der Chamber komm.

Jean-Claude Juncker: Dat ass normal an dat éiert och eis parlamentaresch Demokratie, datt Leit hir Meenung soen an heiansdo hir Gefiller lafe loossen, wéi ech fonnt hunn, a mengem Fall, e Stéck ze wäit. Mä dat ass eng Fro déi ënner d’Haut geet an dofir ass et och keng parteipolitesch Fro. Ech wiere mech dogéint ze soen, datt dat eng Fro wier, déi een no Parteizougehéieregkeet ka klären. Dat hunn eenzel Parteien duerch hire Vote zwar zum Ausdrock bruecht, mä ech ginn awer dovun aus, datt dat och d’Meenung vun deenen eenzelnen Deputéierte war.

Caroline Mart: Ongewéinlech waren net nëmmen d’Emotiounen, ongewéinlech haart ass och den Tounfall zum Deel gewiescht, deen an de politeschen Ausernanersetzunge gefouert gouf. D’ADR zum Beispill fiert zimleche Frontalcours géint Iech. Sidd dir drop agestallt, datt dat elo e Wahlkampftoun gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech ginn dovun aus, datt dee Wahlkampf deen op eis zoukënnt, wann et ëm den Ëmgang mat mir geet, relativ hefteg gëtt. Ech féiere kee Wahlkampf mat Schaum virum Mond, dofir sinn ech elo schonn ze al an ze ofgeklärt, mä wann ech gesi wat den ADR an anerer elo scho ronderëm déi Fro Euthanasie a Referendum vun Dreck iwwer mech schëdden, da weess ech, datt ech mech e puermol den Dag muss duschen an deenen nächste Méint. Mä si packen dat net.

Caroline Mart: Si packen dat net, sot Dir, ech weess och, datt Dir d’Sondagë mat ganz vill Virsiicht ëmmer genéisst, mä d’Sondagë soen awer ausgerechent där Partei, déi Dir eng Kéier wollt iwwerflësseg maachen, massiv Gewënner viraus.

Jean-Claude Juncker: Dir wësst, datt ech Sondagë séier kritesch kucken, obschonn ech all Ursaach hätt ze soen, si wiere richteg, well meeschtens menge s’et gutt mat mir. Ech halen et net fir e valabele wëssenschaftleche Befund, fir vu Sondagen am Mount Dezember op Wahlresultater am Mount Juni ze schléissen. All Erfahrung weist, datt jee nodeem wat 2 oder 3 Woche virun de Wahle geschitt d’Wahlresultat ganz anescht gëtt wéi alles wat virdru geschriwwe ginn ass. D’Leit reagéieren, leider, muss ech soen, op kuerzfristeg Evenementer, statt ze kucken, wien dann op der Durée, an der Dauer méi Saache richteg wéi falsch gemaach huet.

Caroline Mart: Dir hutt gesot, d’Sondagë mengen et besser mat Iech wéi zum Deel mat de Parteien, well, fir nach eng Minutt awer bei deene Sondagen ze bleiwen, déi soen deenen anere Parteien, ausser ADR elo, Stagnatioun viraus oder esouguer datt si géinge Plomme loossen, och de Regierungsparteien. D’CSV géing deemno an der Wielergonscht verléieren, Dir dogéint gitt plébiscitéiert mat, no bei 100%, 95% si mir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Wann ech eng Kéier iwwer 100 kommen, dann ännere si d’Method vläicht.

Caroline Mart: Oder Dir gitt helleg gesprach.

Jean-Claude Juncker: Ech hale mech net fir en Hellegen a wa fir een, da fir e klengen Hellegen an enger ganz grousser Kierch.

Caroline Mart: Awer da fir dee Staatsminister, wierklech, vun alle Lëtzebuerger, dat kënne jo awer wéineg Politiker vu sech soen.

Jean-Claude Juncker: Wësst Dir, ech si jo an enger Partei, där ech och vill verdanken.

Caroline Mart: Déi Iech awer och vill verdankt.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä awer ëmgedréint och. Ech bestinn net nëmmen aus mir. Dat si vill Leit. Mä ech hu fonnt, deen Dag wéi ech hei Staatsminister gi sinn, wéi ech hei an dëse Büro komm sinn, do wier ech e bëssen en anere ginn. Net, well ech elo gesalbt wier, mä well ech fannen, datt, wann ee Chef vun der Regierung ass – esou heescht dat jo, Staatsminister, dat ass de Chef vun der Regierung – datt ee sech och muss beméien ëm Saachen déi zesumme féieren. Datt een et dierf ee sinn – heiansdo muss een dat maachen – dee spléckt, mä een dee probéiert, ouni datt ech landesväterlech hei wëll wierken, Mënsche sech net ausernee rappen ze loossen, mä dee probéiert, harmonesch Rou, wat net mat Stëllstand gläichzesetzen ass, an engem Land erbäizeféieren. Deen als éischt Suerg huet, dat wat seng Aarbecht ass, nämlech dofir ze suergen, datt d’Saachen hei am Land einegermoosse gutt fonctionéieren, datt mir net ënnerginn, datt mir an der Welt respektéiert ginn, datt mir dobaussen zur Kenntnis geholl ginn, datt mir no banne Kohesioun genuch behalen.

Et ass dat wat mech undreift. Ech sinn ëmmer ganz houfreg, eigentlech, dat huet manner mat de Sondagen ze di wéi mat der Reaktioun vun de Leit op der Strooss an an de Geschäfter, wou ech dann ebe sinn, wou ech, jo esou e gewëssent Vertraue bei de Leit awer hunn. Meng grouss Angscht ass eigentlech ëmmer nëmme fir dat ze verléieren. Ech wëll net populär sinn. Ech wëll sérieux geholl ginn a respektéiert ginn an ech hätt gären, datt d’Leit gleewen, datt ech mir Méi gi fir dat richteg ze maachen. Déi kleng Ängschtlechkeet do hunn ech, datt se op eemol soen, et ass och net dat wat mir gemengt haten. Dat géif mech geheien.

Caroline Mart: Kommt mir bleiwen emol bei Iech. Féi Méi, dat war eng grouss Méi, Dir hat Wochen ouni Weekend, sou ze soe kee Schlof, eng Katastrof déi déi aner jot – wéi laang packt een dat ? Kënnt een net och iergend wéini reng physesch u seng Limiten?

Jean-Claude Juncker: Ech ka gutt schlofen an ech récupéréiere séier.

Caroline Mart: De Weekend mat Fortis, an esou wieder, do hat Dir net vill Zäit ze schlofen.

Jean-Claude Juncker : Neen, do hat ech net vill Zäit fir ze schlofen, mä Dir wësst jo ganz gutt, déi Situatioun huet jo jiddwereen ëmmer, datt, wann et drop ukënnt, dat setzt esou vill Adrenalin fräi, datt een eigentlech eréischt duerno midd gëtt an net während deem, well do ass ee jo esou wakreg, datt ee guer net op d’Iddi kënnt, datt et esou eppes wéi Middegkeet gëtt. Da schlofen ech awer gutt, esouguer an esou Situatiounen, wann och net laang an ech kann iwwerall schlofen, an de Fligeren, an den Zich, am Auto, um Vëlo net, mä soss kann ech iwwerall schlofen.

Wann ee gutt entouréiert ass, esouwuel privat wéi och professionell – den Här Frieden; déi aussergewéinlech gutt Beamten aus dem Finanzministère; aus dem Staatsministère; eng grouss Complicitéit mam Wirtschaftsminister, dann ass dat alles méi einfach. Wësst Dir, wann een do sëtzt an et weess een net wat ee soll maache well ee sech net eens ass, da gëtt dat eng ganz schwiereg Situatioun.

Mir hu jo mat der belscher Regierung verhandelt, verstitt Dir, parallel. Do hu mir jo gesi wéi dat ass wann eng Regierung sech net eens ass a wat fir Konsequenze sech fir eis kënnen doraus erginn. Hei war awer eng Regierung déi eng grouss Cohésioun hat an déi vun de Leit entouréiert war, déi einfach professionell exzellent sinn. Mir fält ëmmer op bei deene Geleeëenheeten, mir si mindestens esou gutt wéi déi aner.

Caroline Mart: Adrenalin kann ee kuerzfristeg mobiliséieren, d’Fro ass just, wéi vill Méint kann ee se halen? Dir hat dat elo schonn e puer Méint. Dir sot, et geet och nach wieder. Dat heescht, Dir musst Iech am Fong geholl drop astellen, datt Dir Wahlkampf maacht fir Iech d’Recht ze erkämpfe weider net wierklech liewen ze kënnen. [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, esou ass dat net.

Caroline Mart: Hutt Dir Loscht drop?

Jean-Claude Juncker: Enfin, dat ass ënnerschiddlech. Ech sinn elo Staatsminister an da kann ech elo hei keng philosophesch Iwwerleeungen iwwer d’Fro maachen, ob ech mir dat soll zoumudden oder net.

De Leit gëtt jo och vill zougemutt, de Leit déi vun deene Krisë betraff sinn. A bei aller Aarbecht déi een huet, ech hu léiwer Aarbecht zevill wéi net genuch, muss ech awer soen. Aner Leit hei am Land, déi hunn och vill um Bockel. Mäi Papp, deen huet laang Joeren a sengem Liewen op 3 Schichte geschafft an heiansdo och nach de langen Tour. Haut weess kee méi wat de laangen Tour ass. Da schafft ee 16 Stonnen hannerteneen. Haten déi et méi einfach fir all Woch an engem anere Rhythmus ze schaffen? Déi déi geféierlech Aarbechten hunn. Hunn déi manner Stress, sinn déi manner gefuerdert? Si sinn anescht gefuerdert, mä si sinn awer net manner gefuerdert. Déi déi bei all Dreck a bei all Knascht dobausse schaffen, hunn déi et besser? Esou fannen ech, datt een dat muss relativéieren.

Ech kann eppes maache vun deem ech mengen, an der Endkonsequenz, datt et gutt ass fir eis. Et ass jo net fir mech, et ass jo fir d’Kollektivitéit. Dat gëtt och eng gewësse Satisfaktioun. Mä wann et schif geet, dann ass et schif gaangen, dat ass wat ustrengend ass.

Caroline Mart: Een deen Iech net nëmme gefuerdert, mä och erausgefuerdert huet, fir net ze soen, ferme gesicht huet, an der leschter Zäit, dat war de President Sarkozy. Hien huet sech géint Iech a géint eis Bankeplaz ageschoss. Elo waart Dir awer bei hien op Besuch an den Elysée fir en Tête-à-Tête. Et weess een zwar, datt et beim Nicolas Sarkozy relativ séier ka goen, mä iwwer dem Mëttegiessen ass jo awer nach net déi grouss Léift ausgebrach oder?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mam Här Sarkozy keng perséinlech Differenzen där Gestalt, datt dat sech géif negativ op d’Relatiounen tëscht deenen zwee Länner auswierken. Ech weess wat Frankräich ass, ech weess wat mir sinn. Mä wann aus dem franséische Raum net-gerechtfertegt Kritiken u Lëtzebuerg kommen, da stellen ech mech deem an de Wee. Dat gehéiert zu den Aufgabeberäicher déi een huet wann een hei sëtzt. Den Här Sarkozy weess, wann hien erëm ufänkt, fänken ech och erëm un.

Caroline Mart: Wéi wäit huet déi Ausernanersetzung tëscht dem Conseilspresident Sarkozy an dem President vum Eurogrupp, Jean-Claude Juncker, och gewisen, datt et och e Kampf ëm d’Soen ass? Wien huet d’Soen? Déi grouss Länner? Déi kleng Länner an der EU?

Jean-Claude Juncker:Ech mengen net, datt een d’Fro nëmme kann esou kucken.

Caroline Mart:Et si Commentateuren déi dat esou bewäert hunn.

Jean-Claude Juncker: Déi Ausernanersetzunge waren iwweregens am perséinlechen Ëmgang – sauf heiansdo méi en haarden Toun um Telefon, wat normal ass, dat hunn ech awer net nëmme mam Här Sarkozy, an den Här Sarkozy huet et och net nëmme mat mir – ziviliséiert. Et ginn einfach Differenzen an der Politik, an d’Fro war, ob den Eurogrupp, deen ech presidéieren, soll an Zukunft regelméisseg um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen zesumme kommen an da vum Här Sarkozy presidéiert ginn. An ech sinn der Meenung, datt een [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dat ass jo dann awer eng Muechtfro

Jean-Claude Juncker : Dat ass eng hallef Muechtfro, well et ass, géif et zu esou enger Bildung um Niveau vun de Staats- a Regierungschefe kommen – ech sinn dofir, datt een heiansdo esou Sitzunge mécht – dann ass d’Fro vun der Presidentschaft jo nach net geklärt. Fir wat soll ech kämpfe fir eppes ze bleiwe wat ech eigentlech sinn? Dat huet elo näischt mat "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" ze dinn, mä ech maachen déi Aarbecht, eemol de Mount, dat ass lästeg, et ass awer och wichteg fir eist Land, well ech kréien Abléck a villes wat wichteg ass fir déi richteg Politik elo an der Kris heiheem kënnen ze maachen. A wann den Eurogrupp heiansdo um Niveau vun de Staats- a Regierungschefen tagt, ass dat mir en fait egal wien do presidéiert. Dat ass net déi wesentlech Fro. D’Fro ass, ob een déi aner Länner déi net am Euro sinn ausschléisst aus Spëtzentreffe vu Staats- a Regierungschefen. Dat ass séier ëmstridden.

Caroline Mart: Dir hutt selwer gesot, Dir hutt ëmmer manner Loscht deen Eurogrupp ze presidéieren. Wéi ass et da mat der Loscht, d’EU ze presidéieren, als alleréischten? Déi war jo mol grouss. Ass déi nach do?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn eigentlech ni esou brutal, wéi Dir dat elo hei formuléiert, gesot, ech hätt keng Loscht fir den Eurogrupp ze presidéieren. Ech soe just, et ass heiansdo [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dir hutt gesot, ech hunn ëmmer manner Loscht, dat hutt Dir op der Chambertribün gesot, bei de Budgetsdébatten.

Jean-Claude Juncker: Dat huet awer elo näischt mat den Inhalter vun der Aarbecht ze dinn, mä huet eppes domat ze dinn, datt et mir vill Zäit ewech geholl huet. Woubäi ech dann ëmmer erëm muss soen, dat hëlleft mir och heiheem, wat do gemaach gëtt. Mä et ass awer déi leschte 4 Méint onheemlech vill, och am Eurogrupp gewiescht.

Déi aner Fro stellt sech net. Kuckt emol 2004, wéi d’Wahle waren, do hätt ech kënne President vun der Kommissioun ginn. Do huet jo jiddweree mech gefrot, dat ass jo net ëmstridden, mengen ech, an der Literatur, an ech hunn deemools gesot, ech maachen dat net, well ech de Leit zu Lëtzebuerg versprach hunn, ech géif Premier bleiwen. No de Wahle sinn ech erëm op Bréissel gefuer, do hu si mech erëm alleguer gefrot a gesot, elo sinn d’Wahle jo eriwwer, elo kanns du dat jo maachen. Do hunn ech gesot, neen, esou fonctionéieren ech net.

Ech hätt also kënnen e Posten unhuelen deen et gëtt, mä ech hunn deen net geholl. Fir wat muss ech mech elo dauernd mat der Fro beschäftegen, ob ech e Poste géif unhuelen deen et nach net gëtt? Dee Posten ass nach net do. Loosse mir emol ofwaarde wéi dat geet.

Caroline Mart: Dem Kalenner no kéint et jo dann awer 2009 iwwer d’Bühn goen, wann d’Iren e Referendum maachen.

Jean-Claude Juncker: Dem Kalenner no hätt et missen den 1. Januar 2008 sinn. An der Politik gëtt et selten e Kalenner dee vollëmfänglech respektéiert gëtt.

Caroline Mart: A Loscht oder net, dozou wëllt Dir och näischt soen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn e puer Mol erklärt, datt ee muss, falls ee sech fir eppes interesséiert a vun anere proposéiert gëtt fir sech fir eppes z’interesséieren, ganz genau wëssen, wat deen ze maachen huet. Ech weess, wat de Staatsminister zu Lëtzebuerg ze maachen huet, ech weess et besonnesch elo, an ech hunn de Moment keng Carrièrepläng déi mech mech séier vu Lëtzebuerg ewechbewege géife loossen.

Caroline Mart: D’Zefriddenheet war grouss, um Enn vum EU-Sommet awer nach e Kompromëss ze fannen. Dir hutt Iech och besonnesch zefridde gewisen, datt am Klimapak och nach e Kompromëss konnt fonnt ginn, well Dir sot, ausgerechent och a Krisenzäiten ass et wichteg, datt de Klimaschutz net vergiess gëtt. Riskéieren d’Europäer net elo ausgerechent vun den Amerikaner iwwerholl ze ginn an deem Klimaschutz? Well, entgéint sengem Virgänger George Bush, setzt de Barack Obama ganz gezilt op de Klimaschutz, dat gesäit een an der Zesummesetzung vu senger Regierung.

Jean-Claude Juncker: En huet Recht, datt hien dat mécht an et ass och seng verdammte Flicht a Schëllegkeet fir als grouss Wirtschafts- an Industrienatioun, an d’USA sinn dat, dofir ze suergen, datt déi nächst Generatioune kënne relativ gutt liewen.

Meng Suerg war an Europa, datt mir ënner dem Androck vun der Wirtschaftskris géife Congé huele par rapport zu den Erausfuerderunge vum Klimaschutz. Datt ee géif soen, elo hu mir Wirtschaftskris, elo bekëmmere mir eis dodrëms, mir kënnen eis net parallel ëm d’Klimakatastrof këmmeren. Déi Wirtschafts- a Finanzkris ass enges dags eriwwer, wa mir dat Richtegt maachen. Déi Klimakatastrof déi bleift wa mir dat Falscht maachen, dat heescht, wa mir näischt maachen. Dofir hunn ech an Europa zu deene gehéiert déi séier energesch fir en zäitgläicht Virgoe Wirtschaftskris a Klimakatastrof plädéiert hunn an et kann een déi zwee esouguer matenee kombinéieren.

Wa mir d’nächst Jor zum Beispill heiheem méi a Richtung Wärmeschutz investéieren, wa mir méi a Richtung Energieaspueren investéieren, wa mir méi a Richtung alternativ Energien investéieren, fir datt eis Betriber Aarbecht hunn, dann hu mir kombinéiert: d’Noutwennegkeete vun der Iwwerbréckung vun der Wirtschaftskris hei zu Lëtzebuerg mat den Noutwennegkeete vun der Klimakatastrof.

Mir bréngen d’Wirtschaft als Lëtzebuerger an Europa an an der Welt net un d’Lafen. Mir verhënneren och d’Klimakatastrof net alleng, mä mir hunn awer zu deenen zwou Saache bäizedroen.

Caroline Mart: Fir ofzeschléissen, Här Staatsminister, Dir hutt scho gesot, 2009 gëtt sécher net méi einfach. Deelt Dir d’Aschätzung vun deene meeschte Leit fir ze soen, dat Déckt dat kënnt eréischt richteg?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net. Wann ech et wéisst, da wéisst ech et besser.

Ech ginn dovun aus, datt d’Jor 2009 schwiereg gëtt, besonnesch déi éischt Halschent vum Jor 2009. Ech sinn der Meenung, datt d’Jor 2010 schwiereg bleift an datt mir eis da lues a lues, wann iwwerall déi richteg Politike gemaach ginn, aus där Situatioun eraus bewege kënnen. Wa mir heiheem, wou mir net alles kënne maachen, dat Richtegt maachen an dofir suergen, datt d’Betriber genuch Aarbecht hunn, datt wéineg Leit entlooss gi well de Staat méi investéiert, besonnesch am Beräich wou déi kleng an déi mëttel Betriber täteg sinn, da kënne mir et fäerdeg bréngen, ouni allzevill grousse Schued iwwer déi Kriseperiod do ewech ze kommen. A wa mir op deene richtege Plazen investéieren, kënne mir esouguer strukturell besser duerchstarte wann déi Kris eriwwer ass. Et ass dat wat mir wëlle maachen.

Caroline Mart: Dir hutt gesot, Dir sidd zevill opgeklärt fir Iech opzereegen. Och zevill ofgekläert fir gutt Virsätz oder hutt Dir där nach?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn, fir emol mat engem Witz unzefänken, wéi all Jor wëlles d’nächst Jor méi lues ze maachen. Ech fäerte ganz, dat gëtt net vill.

Ech hätt u sech gären, datt mir eis alleguer géifen emol erëm op dat besënne wat eis zesummenhält, an datt déi déi méi hunn, méi solidaresch si mat deenen déi manner hunn. Dofir hätt ech gären, datt d’Lëtzebuerger net mat dommem Optimismus an dat neit Jor eraginn, mä mat dem feste Wëllen eis an där Kris richteg ze bewegen, fir net zouzeloossen, datt alles bei der Däiwel geet.

Ech trauen eisem Vollek déi Kraaft zou an ech géif och dofir de Leit gären alleguer e schéint neit Jor wënschen, och dem Grand-Duc, der Grande-Duchesse, dem Grand-Duc sengem Papp an de Kanner vun der groussherzoglecher Famill, hinne soen, datt mir hoffen, datt si e gutt Jor hunn an hinne soen, datt mir se brauchen.

Caroline Mart: Här Staatsminister, villmools Merci.

Jean-Claude Juncker: Merci.

Dernière mise à jour