Jean-Louis Schiltz au sujet du secteur des technologies de l'information et de la communication

Mariette Zenners: Dir waart d’lescht Woch also op Prospektiounsrees an Amerika an Dir bréngt gutt Nouvellë mat Heem?

Jean-Louis Schiltz: Jo, ech hunn do 8 Entreprisë besicht. Et ass déi 5. Kéier, wou ech do eng Promotiounsrees maachen. Vun deenen 8 Entreprisë sinn der 3 schonn hei zu Lëtzebuerg, dorënner Ebay, wat och Paypal ass a wat och Skype ass, an Apple-ITunes. Déi zwou Entreprisen hu mir nach eng Kéier gesot, datt si Lëtzebuerg als e laangfristege Partner gesinn. Mir gesi si och als e laangfristege Partner. Dat ass also eppes, wat fonctionéiert a wat sech och op der Zäitschinn an d’Durée aschreift.

Et muss ee wëssen, datt dee Secteur, wou mir viru 5, 6 Joer ganz kleng ugefaangen hunn, haut pro Jor 300 Milliounen TVA-Recettë generéiert. Dat ass den Equivalent, fir dat ze veranschaulechen, vu 5 Altersheemer a 5 Schoulen. Dat heescht, dat sinn also substantiell Montanten, dat ass een zolitte Secteur. Mir wëllen dee weider ausbauen.

Mariette Zenners: A mat 3 Entreprisen hutt Dir konkret Kontakter, Nimm kënnt Dir eis nach keng nennen?

Jean-Louis Schiltz: Nimm kann ech Iech keng nennen, dat sinn Exercicen, déi sech net vun engem Dag op deen anere maachen.

Vun deenen 3, déi Interessi u Lëtzebuerg gewisen hunn, ass eng mat deene mir a konkret Gespréicher ginn. Dat wäert sech an deenen nächste Méint entscheeden, an déi eng oder aner Richtung. Bei deenen aneren hu mir et fäerdeg bruecht, datt mir op der Lëscht si vun deene Siten déi méi genau gekuckt ginn. Dat gesinn ech op enger Zäitschinn vun 18 bis 24 Méint. Dat weist, datt de Standuert attraktiv ass an niewent deenen 8, 10 Gesellschaften déi mir schonn hei hunn, an déi déi Recetten erabréngen déi ech gesot hunn, an déi och ronn 200 Aarbechtsplazen duerstellen, sinn och anerer déi no Lëtzebuerg kucken. Zum Beispill ass rezent eng japanesch dobäi komm, et ass och eng chinesesch Entreprise, en Equipementier, déi sech hei etabléiert huet. Alles dat kënnt also beieneen.

Mariette Zenners: Dir sot, de Standuert ass attraktiv, an de leschte Joeren ass vill gemaach gi fir eben och d’Infrastrukturen ze verbesseren, zum Beispill wat de Breetband ugeet. Mä sti mir dann elo wierklech top do, oder wou hapert et do vläicht nach? Sinn do nach Verbesserunge geplangt?

Jean-Louis Schiltz: Wat d’Infrastrukturen ubelaangt, esou ware mir viru 5, 6 Joer ëmmer bei deene leschten an Europa, déi hanne mat d’Dier zou gemaach hunn. Dat heescht, et ass ëmmer gesot ginn, zu Lëtzebuerg ass den Internet net séier, et sinn net genuch Infrastrukturen do. Dee Retard hu mir opgeholl.

Mir sinn de Moment bei deene puer europäesche Länner wou scho praktesch 100% Accès un de Breetband do ass, dat heescht de schnellen Internet, wou jiddwereen, oder bal jiddweree kann Accès drun hunn. Och dat ass eppes wat net nëmmen hei de Leit zu Lëtzebuerg zegutt kënnt, mä wat och am internationale Vergläich wichteg ass. Well wann Dir de 15. 16. oder 17. an der Europäescher Unioun sidd, wat d’Infrastrukturen ubelaangt, da kucken d’Entreprisen net op Iech wa si sech décidéiere wou si higinn. Mir hunn also do enorm Progrèse gemaach, Stéchwuert LuxConnect och.

Mariette Zenners: Mä de steierlechen Ureiz ass natierlech och grouss an do plangt Dir och nach weider Saache fir nach méi attraktiv och hei ze gëllen?

Jean-Louis Schiltz: Vun deenen Entreprisen déi ech Iech genannt hunn elo, ginn et der wou de steierlechen Aspekt ganz irrelevant ass, dat heescht, déi net hei sinn aus Steiergrënn. Bei all deenen aneren ass et esou, datt keng exklusiv aus steierleche Grënn hei ass.

Natierlech ass et esou, datt bei deenen 8, 10 Facteure wou d’Kompetenzen dobäi sinn, d’zentral Lag, d’Infrastrukturen an aneres méi, d’steierlecht Ëmfeld och matspillt. Mir hunn den niddregsten TVA-Taux an der Europäescher Unioun a mir hunn och d’lescht Jor en neie Régime en vigueur gesat, deen dat, wat vu Revenuë generéiert gëtt am Beräich vun der intellektueller Propriétéit, dat heescht, wann Dir e Computerprogramm entwéckelt an domat Sue verdéngt, da gëtt dat steierlech wäitgehend immuniséiert, dat heescht, Dir bezuelt op deene Revenuë praktesch keng Steieren, ronn 5, 6% nëmmen.

Och dat ass eppes wat Lëtzebuerg zousätzlech attraktiv mécht, mä wéi gesot, d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg ass e Ganzt. A wat een ëmmer erëm mierkt dat ass, datt déi Entreprisë mat deenen ech schwätzen, och Lëtzebuerg positiv gesi wat d’Liewensqualitéit ubelaangt. Déi Leit, déi heihinner komme liewe gär hei an d’Leit am Ausland bréngen eis och Vertrauen entgéint, well dat wat mir soen a verspriechen, mir dat och halen.

Mariette Zenners: Mir hunn elo héieren a wéi eng Richtung de modernen Internet soll goen, mat ëmmer nach neien Aplikatiounen, méi Interaktivitéit, mä dat geet jo awer och op Käschte vum Dateschutz, wou Är Regierung jo awer och vill Wäert drop leet. Wann een elo zum Beispill kuckt alleng bei engem Site wéi Facebook, wat een do alles ka gewuer ginn, a mat nach neier Interaktivitéit. Ass et Iech do net e bëssen Angscht?

Jean-Louis Schiltz: Natierlech ass ëmmer do en Equiliber ze fannen tëscht neien Applikatiounen an dem Schutz vun der Privatsphär. Facebook ass jo eppes Formidabeles, wou ee Leit kann erëm gesinn oder erëm fannen, wou ee ka sech matdeelen, Matdeelunge vun aneren am Ëmpfang huelen, zu ville matenee schwätzen, et ass also eng ganz positiv Saach. Ech vergläichen et heiansdo mat engem zolitt verbesserte Poesiealbum oder och Freundebuch, wéi een haut seet, wat näischt Negatives unhuet. Ech fannen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Sidd Dir och am Freundebuch?

Jean-Louis Schiltz: Ech fanne Freundebücher a Poesiealben eppes Positives, mä nach muss ee wëssen, datt een do en Deel vu senger Privatsphär präisgëtt. An ech kann nëmme jiddwereen encouragéiere sech dat genau z’iwwerleeë wat hien do vu sech präisgëtt. Ech soen zum Beispill ëmmer deene Jonken, datt ech der Meenung wär, si solle gutt oppasse wat si op Facebook an op anere Sitë setzen, well och d’Patrone surfen doropper, an een deen eng Plaz sicht, deen ass vläicht net immens gutt berode fir do egal wat drop ze stellen.

Mariette Zenners:Dat heescht, Iech fënnt een net um Facebook?

Jean-Louis Schiltz:Ech hunn ëmmer mäi Privatliewe vu mengem ëffentleche Liewe streng getrennt, och wéinst menger Famill. Um Facebook gesinn ech net wéi ech dat kéint maachen, déi Trennung weider vollzéien. Ech misst permanent do Arbitragë maachen oder ech hätt eng abstrakt Präsenz, dofir sinn ech do net drop.

Mariette Zenners: Bon, zréck bei d’Thema: den Internet ass iwwerlaascht, hu mir héieren am Reportage, ouni elo zevill op déi technesch Detailer anzegoen. Elo gëtt vun deem neie Protokoll IPV6, dat ass Fachchineesesch fir vill Leit, geschwat. Wéi kann een dat vläicht e bëssen anschaulech duerstelle fir ze soen, a wéi eng Richtung geet et? Bleift den Internet awer accessibel fir jiddwereen?

Jean-Louis Schiltz: Et gi weltwäit e bësse méi wéi 4 Milliarden Internetadressen, dovunner sinn der nach 10% disponibel. Den Internet entwéckelt sech rasant weider, Äre Reportage huet dat gewisen. Mir mussen also do eppes maachen.

Wann ech kucke wéi et mat den Autosplaquë war, fréier hate mir zwou Nummeren, ganz fréier, duerno 4, duerno ass e Buchstaw bäikomm, zwee Buchstawe bäikomm, 2 Buchstawe mat 3 Zuelen, haut hu mir 2 Buchstawe mat 4 Zuelen. Dat nämmlecht geschitt am Internet, dat heescht, mir mussen d’Adressë méi laang maachen, mir brauche méi Adressen, dofir musse mir, wann Dir esou wëllt, einfach eppes fir d’Maschinn änneren, dat heescht [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wéi fréier och d’Telefonsnummeren eben och hu misse méi laang ginn.

Jean-Louis Schiltz: Vum IPV4 op IPV6 goen. D’Telefonsnummeren déi, wou Dir an ech jonk waren, 6 Nummeren haten, hunn der haut 8. Dat wäert och esou weider goen.

Ech wëll awer dobäi fügen, datt mir amgaange sinn de Secteur ze sensibiliséieren, datt deen dat mécht. Ech hätt gäeren, datt dat séier geschitt an ech wëll elo schonn och präziséieren, datt de Konsument et net mierkt, datt et en näischt kascht an datt e sech keen neie Computer brauch ze kafen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners:Dat ass wichteg, mengen ech, fir de Message.

Jean-Louis Schiltz: Et ginn also nei Méiglechkeeten an et ass fir ze kucken, datt mir net 2011 an eng Mauer ginn.

Mariette Zenners: Nach ganz kuerz, dee "Luxembourg for ICT", ICT steet wuelverstane fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, ganz kuerz nach: Gëtt dat esou eng Agence à la "Luxembourg for Finance" oder ginn dat Büroe wéi bis elo?

Jean-Louis Schiltz:Et gëtt keng Agence. Et ass eng Promotiounsmarque. Fréier huet dat "Mediaport" geheescht, haut heescht et "Luxembourg for ICT". De Secteur ass méi e breede ginn. Och wann an deem Secteur nach net esouvill Entreprisë sech usiedelen hu mir awer gutt Perspektiven do. Mir brauche keng zousätzlech Leit, keen zousätzleche Budget. Mir sinn am Fall vum Épicier, wann Dir esou wëllt, dee perséinlech nach all Client kennt an de Kontakt mat all Client ka fleegen. Mä och dofir brauche mir eng Promotiounsmarque an dat ass "Luxembourg for ICT".

Ech wollt déi eigentlech schonn um Schluss vum leschte Jor lancéieren, mä déi ass e bëssen aneren Evenementer zum Opfer gefall, dofir geschitt dat elo eréischt.

Mariette Zenners: An der Rei, ech soen Iech Merci fir de Besuch am Studio, Här Minister.

Jean-Louis Schiltz: Merci och.

Membre du gouvernement

SCHILTZ Jean-Louis

Organisation

Ministère d'État

Date de l'événement

25.01.2009

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview