Luc Frieden au sujet du vote des actionnaires de Fortis

Mariette Zenners: Bei mir am Studio begréissen ech elo de Budgetsminister Luc Frieden. Gudden Owend.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Et ass eng komplizéiert Matière, mir probéieren et esou einfach wéi méiglech ze halen. Ier mir bei d’lëtzebuerger BGL kommen, ee kuerzt Wuert awer zu der Fortis an der Belsch. Wéi geet dat elo virun? Bleift dat eng Staatsbank?

Luc Frieden: Déi belsch Regierung ass fir de Moment an enger Réunioun. Ech hu virun där Réunioun mam belsche Finanzminister telefonéiert, de belsche Staat wäert seng Responsabilitéit an där Bank weider wouerhuelen. Dat heescht, de belsche Staat wäert sech op dat Bankgeschäft vun der Fortis-Bank konzentréieren a muss da kucken, wéi en elo déi Décisioune vun där Assemblée do ëmsetzt. Déi Assemblée huet net a Fro gestallt, datt de belsche Staat Actionnaire vun der Fortis-Bank Belsch ass.

Mariette Zenners: Mä et kënnt awer eventuell enk gi mat de Moyenen, déi mussen débloquéiert ginn?

Luc Frieden: Et ass séchergestallt, datt d’Fortis-Bank déi noutwenneg Liquiditéite kritt. Déi belsch Zentralbank gëtt déi Suen, et gi Méiglechkeete vu Staatsgarantien an der Belsch. D’belsch Bank Fortis ass also net a Gefor no där Décisioun vun haut. Déi Décisioun huet och net déi Verträg all annuléiert, mä iwwer verschidden Aspekter vun deene Verträg muss de belsche Staat mat der belscher Holding nach eng Kéier diskutéieren. Domatter hu mir näischt, als lëtzebuerger Staat, ze dinn.

Mariette Zenners: Voilà, komme mir op déi lëtzebuerger Situatioun bei der BGL ze schwätzen. Et ass gesot ginn am Reportage, dat wat haut zu Bréissel geschitt ass huet net direkt en Afloss op d’BGL. An awer, et soll jo och hei zu engem Deal komme mat BNP, datt si mat eraklammen an d’BGL. Platzt deen Deal och elo?

Luc Frieden: Wat wichteg ass dat ass, datt mir jo Enn September als lëtzebuerger Staat an d’BGL erageklomme sinn. D’Halschent vun der BGL gehéiert dem lëtzebuerger Staat. Dat ass net a Fro gestallt

Mariette Zenners: Déi aner Halschent dem belsche Staat.

Luc Frieden: Déi aner Halschent gehéiert der belscher Fortis-Bank, an déi gehéiert zu 100% dem belsche Staat. Dat heescht, déi zwee Staate sinn d’Actionnairen, direkt an indirekt, vun der BGL. Mir hunn ëmmer gemengt, datt et gutt wier, datt niewent dem Staat en internationale Bankgrupp dobäi wär, dee Professionalismus, international Relatioune mat erabréngt an dat wier an eisen Aen och nach haut d’BNP. Mir sinn net direkt affectéiert vun deem wat zu Bréissel haut décidéiert ginn ass. Keng lëtzebuerger Décisioun louch do um Dësch. Mir mengen also, datt et gutt wier, wann een d’BNP bei d’BGL kënnt bäisetzen.

Mariette Zenners: Mä wëll si dat nach?

Luc Frieden: Dat hänkt vun der BNP of. Mir hunn e Vertrag deen dat géing erméiglechen, mä d’BNP huet ëmmer gesot, datt si am Léifsten hätt, datt si dat esouwuel an der Belsch wéi zu Lëtzebuerg kéinte maachen.

De Staatsminister hat den Owend eng Sitzung aberuff. Mir hunn och nach eng Kéier mat der BNP geschwat. Fir de lëtzebuerger Staat ass et ganz kloer, éischtens, datt de lëtzebuerger Staat an der BGL bleift. Mir sinn do dra geklommen a mir bleiwen do dranner, well mir wëllen d’Soliditéit vun där Bank erhalen, d’Vertrauen dat d’Leit an déi Bank hunn erhalten. Mir bleiwen der Meenung, datt d’BNP e gudde Partner wier an doriwwer féiere mir weider mat der BNP Gespréicher. Mä wat zwar [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wéi war d’Reaktioun da bei der BNP? Wëll si dann awer viru mat era klammen? Dat hänkt jo och vum belsche Staat of, ob dee wëll verkafen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat den Owend ze fréi ass, well d’BNP natierlech net frou ass iwwer dat Resultat, esou wéi och mir dat Resultat bedaueren, well de Grupp wier méi staark wann een d’BNP dobäi hätt. Mä de Grupp ass net schwaach ouni d’BNP.

Mariette Zenners: Et kéint drop erauslafen, datt d’BNP vläicht net zu deene 66%, wéi virgesinn, era klëmmt, mä just zu deene 16 direkten, déi souzesoe virgesi waren?

Luc Frieden: Dat ass richteg, mä fir eis ass et kloer, datt mir net ënner deen Drëttel Prozentsaz ginn, dee mir an dem Kapital vun der BGL wollten hunn. Mir hunn elo d’Halschent a mir wäerten also elo, an dat ass am Fong dat eenzegt wat haut ännert, de lëtzebuerger Staat bleift fir eng länger Zäit mat 49% um Kapital vun der BGL bedeelegt. Dat heescht, et ass eng Bank déi op den zolitten Actionnaire Staat kann zielen an domatter ass d’Bank sécher.

Mariette Zenners: Dat heescht, mir hu praktesch anerhallef Staatsbank, mat der Spuerkeess, zu Lëtzebuerg. Packt de lëtzebuerger Staat dat? Vläicht kënnt jo och nach eng Kéier eng Dexia no?

Luc Frieden: De lëtzebuerger Staat packt dat, well de lëtzebuerger Staat keng Engagementer agaangen ass, déi seng Finanzsituatioun géing a Gefor setzen. Mir sinn an d’Kapital vun där Bank era gaangen, mir hunn eng Staatsgarantie bei der Dexia ginn, déi den nämmlechten Effet huet, och fir déi Bank sécher ze maachen a mir bleiwen Actionnaire, zu 100%, vun der Spuerkeess. Dat packe mir a mir wäerten dofir suergen, datt déi dräi Banken zolitt sinn.

Mir loosse keng vun deene Banke falen an ech rappeléieren och, wat d’Regierung virun e puer Méint an der Chamber gesot hat, keng vun deene Banke mat deenen d’Lëtzebuerger Bankrelatiounen hu wäert fale gelooss ginn. Dat ass och am Fall vun der Fortis den Owend grad esou wouer wéi deemools.

Mariette Zenners: Kann een och d’Personal vun der BGL-Fortis den Owend berouegen?

Luc Frieden: Eis éischt Zil war et, a bleift et, d’Erspuernisser vun de Leit bei der Fortis a bei der Dexia ofzesécheren. Dat bleift eist Zil, an alles wat mir an deenen nächste Wochen diskutéieren, mat der BNP oder ouni d’BNP; et bleift, datt d’Erspuernisser sécher sinn

A selbstverständlech, do wou de Staat groussen Actionnaire dran ass wäert en och dofir suergen, datt et net zu Sozialpläng kënnt. Mir sinn net an déi Bank era geklommen, fir datt d’Leit elo géingen ofgebaut ginn. Ech mengen, datt déi Leit déi an där Bank sinn eng gutt Aarbecht maachen. Et ass eng staark regional Bank an dat soll si och bleiwen, onofhängeg vun Diskussiounen um Niveau vun den Actionnairen zwee Stäck driwwer, déi haut zu Bréissel geschéien.

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir berouegt d’Spuerer, dir berouegt d’Personal. Wéi steet et elo mat de Klengactionnairen? Et ass am Reportage d’Fro opgeworf ginn, ob si eventuell eng Kéier kënnen an d’Kapital vun der BGL mat era klammen. Wat sot Dir dozou?

Luc Frieden: Ech verstinn d’Suerge vun deene Leit, déi sech jo och zu Bréissel haut zum Deel ausgedréckt hunn. Mä d’Suerge vun deene Leit musse fir d’éischt emol déi si vum Intérêt général. An den Intérêt général ass, datt mir déi Bank an de Finanzsystem, de Bankesystem zu Lëtzebuerg stabiliséieren. Dat ass eis éischt Prioritéit.

Duerno kann een iwwer villes schwätzen, mä ech mengen net, datt et haut un der Plaz ass fir d’Kapital elo opzemaachen. Fir d’éischt musse mir kucken, datt déi Staaten déi dohannert stinn, datt déi d’normal Bankaktivitéit kënnen ënnerstëtzen.

Ob een an enger zweeter Phase eppes ka maache wou een och d’Privatactionnairen drun associéiert, ech mengen dat soll een an enger zweeter Phase kucken. Dat elo ze kucke géing d’Bank destabiliséieren.

Ech mengen awer, datt ee spéider ka kucken, wéi ee kann, besonnesch och déi Actionnairen déi och Personal vun der Bank sinn, déi also en duebelen Intérêt hunn, déi iergendwéi drun associéieren. Mä dat ass wierklech net fir déi nächste Wochen, dat ass éischter eng Saach vu Méint.

Mariette Zenners: Dat lescht Wuert ass also nach net geschwat an dëser Affaire. Ech soen Iech elo emol Merci fir dës Explikatiounen, Här Minister

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour