Le ministre du Trésor et du Budget, Luc Frieden, au sujet du secret bancaire.

Fränk Kuffer: Et ass jo elo schonn esou, datt mir bei Escroquerie Informatioune weider ginn, an Zukunft soll dat och bei Steierdelikter, bei Steierhannerzéiung also de Fall sinn. Wat bedeit dat elo genee? Kann d’Steierverwaltung a Fränkräich eppes froen iwwer en Här vu Metz, an da kritt se dat?

Luc Frieden: Dat bedeit emol fir d’éischt, datt fir all déi éierlech Bierger d’Bankgeheimnis bestoe bleift, dat ass e wichtegt Element vum Schutz vun der Privatsphäre. Et ännert sech och guer näischt fir d’lëtzebuerger Résidenten.

Mä mir hunn ëmmer gesot, an dat iwweregens zënter 10 Joer, datt, wann et international Developpementer ginn, déi dozou bäidroen, datt de Kampf géint d’Steierdelikter verbessert gëtt, da wäerte mir eis deem net verschléissen.

Dat heescht konkret, wa mir eis de Moien décidéiert hunn d’OECD-Modellofkommes unzehuelen, dann heescht dat, datt en Austausch nëmmen da stattfënnt, wann et eng explizit Ufro an engem konkrete Fall vun engem Land gëtt, wou déi all Elementer hu fir ze soen, deen do Bierger, deen huet bei Iech e Konto, wëssen also och wou dee Konto ass, hunn eng intern Prozedur gemaach um fiskale Beräich, wou se Problemer fonnt hunn, a si kënnen also net einfach soen, kuckt emol ob dee Bierger do e Konto bei iech huet.

An esou Fäll wëlle mir och an Zukunft kooperéieren, grad esou wéi iwweregens d’Schwäiz, Éisterräich, Hong Kong, Singapur an anerer.

Fränk Kuffer: Dat heescht, et sinn där awer och an der Vergaangenheet ginn, net déi grouss Briganden, mä déi kleng Gangster, déi e bësse Steiere wollten hannerzéien; déi kommen dann awer net méi op Lëtzebuerg. Dat heescht, dat ass awer trotzdem e Verloscht fir d’Bankeplaz.

Luc Frieden: Ech mengen net, datt mir interesséiert sinn un där do Zort Clientèle.

Mir hunn an der Vergaangenheet eng Kooperatioun gehat iwwer d’Geriichter, déi Kooperatioun bleift bestoen. Mir hu jo eng Quellesteier ageféiert, an dat hei ass am Fong en zousätzlecht Mëttel fir deene Länner entgéint ze kommen, déi dat gären hätten.

Mir hunn zu Feira festgehalen, datt, wann international Entwécklunge stattfannen, datt mir eis deenen net verschléissen. Mir hunn eis deene bis elo verschloss aus engem Grond, nämlech datt mir net wollten, datt d’Kapital géif vu Lëtzebuerg fortlafen. An dofir op Är Fro, da kommen déi Leit net méi, ech mengen, datt mir interesséiert sinn u sérieuxë Clienten, an déi Clientë wëlle mir net op aner Plaze verschieben.

A wann d’Schwäiz dat hei net matgemaach hätt, wa Singapur dat hei net matgemaach hätt, da wiere mir an engem ganz anere Film, dofir och de leschte Sonndeg déi Sitzung hei zu Lëtzebuerg. D’Schwäiz, Éisterräich, Lëtzebuerg hunn haut genee dat selwecht décidéiert, a Singapur, Hong Kong a Liechtenstein hunn dat och an dëser Woch décidéiert. Et ass also keng Plaz, déi par rapport zu där anerer an dëser Fro en Avantage huet, op d’mannst net déi Plazen, déi alleguer elo schonn e Bankgeheimnis hunn, an dat och wäerten halen.

Fränk Kuffer: Et soll also verhënnert ginn, datt Sue vu Lëtzebuerg, zum Beispill, fort gaange wieren an Éisterräich oder an d’Schwäiz; mä et gi jo awer bestëmmt op der Welt nach där richteger Steieroasen. Ass net awer d’Gefor, datt d’Sue fortginn?

Luc Frieden: Ech hu gëschter dem Generalsekretär vun der OECD kloer gemaach – deen och duerno domat d’accord war, datt Lëtzebuerg kee Steierparadäis ass, an datt Lëtzebuerg eng gutt reglementéiert, sérieux international Finanzplaz ass – datt et mat deenen ass wou mir eis och vergläichen, net mat iergendwelche komeschen Inselen iergendwou op der Welt, wou och net-sérieux Clienten higinn.

Et ass awer och dat hei eng Chance fir aner Secteure vun der Finanzplaz. Mir kréien haut eng Rei duebel Besteierungsofkommen net, well déi Länner soen, mir sinn nëmmen d’accord wann dir den OECD-Modell hutt, also Échange op Ufro hin.

Besonnesch fir d’Fongenindustrie ass dat ganz wichteg. Ech hätt also gären, datt mir elo schnell nei Accorden, zum Beispill mat Latäinamerika, kréien, wou dat bis elo net gaangen ass. Déi si wichteg fir d’Industrie, a si wichteg fir de Fongesecteur.

Fränk Kuffer: Mä kann een awer soen, datt an der Lescht den Drock awer vu baussen ze grouss ginn ass, den Drock vu Fränkräich, Däitschland zum Beispill? A kann een dovunner ausgoen, datt elo de politeschen Dialog och méi einfach erëm gëtt fir Lëtzebuerg?

Luc Frieden: Mir hu keen Intérêt drun, an dat war och eis Analys de leschte Sonndeg, op iergend enger Lëscht ze stoen, deenen hir Critèrë mir par ailleurs contestéieren. De G20 gëtt et als Organisatioun net, mä mir mussen awer Kenntnis dovun huelen, datt esou eng Diskussioun leeft.

Wann also all d’Länner dat do gären vun eis hätten, a wann all déi aner Länner, déi dat net hunn, domat d’accord sinn, ech mengen da schafe mir eng Konkurrenzfäegkeet, eng Gläichbehandlung mat anere Plazen, déi eis net schiedlech ass. Schiedlech wier et, wa mir géingen op eng Fassong behandelt ginn, well mir eis anescht behuelen, déi eis géing ganz vill Schued maachen. Ech mengen net, datt d’Clientë gären op eng Plaz kommen, déi dauernd op komesche Lëschte steet.

Mir wëllen d’Prinzipië bäibehalen, a mir hunn d’Kooperatioun géint d’Steierdelikter verbessert, esou wéi mir dat gesot haten. An dofir mengen ech, datt och déi Länner déi am G20 sinn, an och op anere Plazen, datt déi dee Message vun eis, de Message vun der Schwäiz, Éisterräich an aneren aus dësen Deeg verstanen hunn. Ech ka mir net virstellen, datt eis Noperen dee Signal hei net verstinn.

Fränk Kuffer: Nach eng Fro. Besteet net awer d’Méiglechkeet, datt d’Clienten, och vläicht esouguer sérieux Clienten, awer elo e bëssen Zweiwel kréien un eiser Bankeplaz, well et awer net méi grad dat selwecht ass wéi virdrun?

Luc Frieden: Ech mengen, nach eng Kéier, datt déi sérieux Clienten, déi op Lëtzebuerg kommen, datt déi net komme fir hei hier Heemechtsgesetzer ze violéieren.

Mir hunn och gesinn, datt net ganz vill Ufroen iwwer d’Rechtshëllef bis elo komm sinn. Ech mengen och net, datt dofir ganz vill Froen hei aus Steierverwaltunge kommen, well et muss jo ëmmer nach eng intern Prozedur an hire Länner ginn, e konkrete Verdacht.

An dofir ginn ech dovun aus, datt, wa mir dat hei richteg erklären, datt dat hei och eng Chance gëtt fir nei Clienten ze kréien, Clienten déi gären op eng sérieux international Finanzplaz ginn, déi ginn net gären op eng Plaz, déi e schlechte Ruff huet. Et ass also och eng Strategie fir de Ruff vun där Plaz an enger internationaler Entwécklung ze verbesseren.

Fränk Kuffer: Merci, Här Minister Frieden, datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir eis déi Explikatiounen ze ginn. Et kann ee vläicht nach dozou soen awer, datt dat elo nach net fir haut a muer ass. Do musse jo fir d’éischt nach d’Duebelbesteierungsaccordë mat deenen eenzelne Länner ënnerschriwwe ginn.

Dernière mise à jour