Jean-Claude Juncker sur le Conseil européen, les 19 et 20 mars à Bruxelles

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg, Madame Klein.

Diane Klein: Wat muss elo, zu dësem Ament vun der Kris, ënnerholl ginn, dat heescht, wat ass den Enjeu vum Fréijorssommet zu Bréissel a wat misst bis iwwermuer décidéiert sinn?

Jean-Claude Juncker: Mir haten eng Hellewull vu Sitzungen déi lescht Méint, alleguer ronderëm d’Wirtschaftskris. Et kënnt elo wesentlech drop un, datt, mat Bléck op de G20 Sommet den 2. Abrëll zu London, Konkretes geschitt.

Mir hunn elo schonn e Gesetzesprojet, en Direktivprojet iwwer d’Ratingagenturen ugeholl, elo muss ëmgesat gi statt ëmmer erëm dat selwecht ze widderhuelen.

Diane Klein: Besonnesch déi nei Memberen aus dem Oste vun Europa sinn déif an déi finanziell Nout gerëtscht, awer och Länner aus der Eurozon sti schlecht do – Staatsbankrott ass en Terme deen alt emol gebraucht gëtt. Wéi wäit kann d’EU an deene Fäll hëllefe géigenzesteieren?

Jean-Claude Juncker: Et muss een ënnerscheeden tëscht der Europäescher Unioun an hiren Net-Eurostaaten an den Eurostaaten. Wat Net-Eurostaaten ubelaangt, haaptsächlech an Zentral- a Mëtteleuropa, esou kann d’Europäesch Unioun, wat si an de Fäll Ungarn a Lettland scho gemaach huet, Hëllefe ginn.

Wat d’Eurostaaten ubelaangt, esou kann d’Eurozon selwer keng Hëllefe ginn, well do gëtt et e Prinzip, dee sou genannte vum No-Bail-Out, dat heescht, et dierf keen e Land wat sech zevill verschëld huet, esou datt et seng Scholden net méi zréckbezuele kann, eraus kafen. D’Méiglechkeet, datt e Land vun der Eurozon zahlungsunfäeg gëtt, gesinn ech nëmmen theoretesch. An der Praxis wäert dat sech net realiséieren. Mä wann et sech géif realiséieren, hu mir eng Äntwert prett fir och esou Länner kënnen ze hëllefen.

Diane Klein: Kann ee sech virstellen, datt déi Äntwert zum Beispill iwwer d’BEI géif goen?

Jean-Claude Juncker: Dat ass een denkbare Wee, mä et ass awer net deen dee mir priviligéiert behandelt wëlle gesinn.

Diane Klein: Déi Grouss hu vun der Kris profitéiert fir d’lëtzebuerger Finanzplaz an anerer kontrolléiert ze kréien. D’Solutioun déi fonnt gouf ass en Informatiounsaustausch op Ufro no präzisem Verdacht. Domat erfëllt de Grand-Duché d’Spillregele vun der OECD. Wat bedeit deen Accord am Kontext EU, wou Direktivëpropositiounen ënnerwee sinn, an deenen no vum Bankgeheimnis am beschte guer keng Rieds méi soll goen.?

Jean-Claude Juncker: Nodeem d’Belsch och elo den Antrëtt an den automateschen Informatiounsaustausch declaréiert huet, gëtt et 25 Staaten, an net nëmmen déi grouss, déi der Meenung sinn, datt d’Bankgeheimnis e Wee wier deen net gutt wier. Dat nëmmen un deene Grousse festzemaachen ass eng Beschreiwung déi natierlech zu Lëtzebuerg gutt ukënnt, well mir eis da misste wieren, wat mir och gemaach hunn, mä et ass den Drock vu 25 Länner an net nëmme vu grousse Länner.

Doduerch, datt mir eis elo dozou bereet erklärt hunn, d’OECD Standarden z’iwwerhuelen an Informatiounen op begrënnte Steierhannerzéiungsverdacht eraus ze ginn a gläichzäiteg d’Bankgeheimnis bäibehalen, menge mir, datt mir eng Léisung fonnt hätten, déi déi essentiell Interessë vun der Finanzplaz schützt, an déi eis awer nei Opportunitéiten opmécht, notamment am Beräich vun den Duebelbesteierungsofkomme fir eis Industrie an eis Investissementer am Ausland steierlech besser behandelt ze gesinn.

Haut ass kaum ee Land op der Welt nach bereet, mat Lëtzebuerg en Duebelbesteierungsofkommes ofzeschléissen, well mir déi berühmten OECD-Standarden iwwer den Informatiounsaustausch op Ufro net respektéieren. Wa mir also elo op der Finanzplaz d’Bankgeheimnis ophiewen op Ufro, well e begrënnte Verdacht do ass, geet gläichzäiteg eng ganz Avenue vun neien Opportunitéiten am Beräich vun der Fongenindustrie an am Beräich vun der Industrie selwer op.

Diane Klein: A wat déi Direktivepropositiounen ugeet déi ënnerwee sinn, wou d’Bankgeheimnis am Fong soll verschwannen, mécht dat Iech Suergen?

Jean-Claude Juncker: Dat mécht mir Suergen, mä an deem Mooss wou mir jo elo eng grouss Ouverture gemaach hunn, déi awer keng verheerend Auswierkung op der Finanzplaz wäert hunn, si mir an enger besserer Positioun fir un der Neiformuléierung vun der Direktiv iwwer d’Zënserspuernisser kënne matzewierken.

Diane Klein: Gëtt déi, loosse mir et Neidefinitioun vum Bankgeheimnis nennen, am gemeinsamen EU-Pabeier fir de G20-Sommet berücksichtegt?

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat net, well déi Sitzung déi fänkt jo eréischt un. Mir si jiddwerfalls nodrécklech der Meenung, datt Lëtzebuerg op keng, iergendwéi och ëmmer gearten, schwaarz Lëscht gehéiert, well mir der Meenung sinn, datt, nodeems mir elo d’OECD-Standarden iwwerholl hunn, datt mir eis an enger anerer Situatioun befanne wéi virdrun.

Ech géif et also ganz gelunge fannen, wa Lëtzebuerg awer géif op enger schwaarzer Lëscht figuréieren. Dogéint géife mir eis jiddwerfalls wieren a mir maachen eng Rei vu Propositiounen hei, wat fir net-europäesch Länner, notamment amerikanesch Bundesstaaten, jiddwerfalls op déi Lëscht gehéieren. Dat wat am amerikanesche Bundesstaat Delaware u Steierhannerzéiungsmechanismë sech zesummegerottet huet, ass onendlech méi importent, an och steierertragsméisseg betruecht méi geféierlech, wéi dat wat zu Lëtzebuerg oder an der Schwäiz, an Éisterräich oder an der Belsch stattfënnt.

Diane Klein: Um Dezembersommet war festgehale ginn, datt den europäesche Relanceplang elo am Fréijor, wann néideg, sollt adaptéiert a completéiert ginn. Ass et néideg a wéi fonctionéiert déi Koordinatioun, wann een zum Beispill vum lëtzebuerger Konjunkturpak ausgeet?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eis un d’Grondregele gehalen, déi mir am Dezember vum Jor 2008 fir d’europäesch Konjunkturpäck zréckbehalen haten. D’Europäesch Kommissioun huet entretemps zum Ausdrock bruecht, datt de lëtzebuerger Konjunkturpak sech millimetergenau apasst an déi allgemeng Richtlinen déi de Konjunkturpäck zu Grond leien. Mir maachen e Mix vu Steierreduktiounen, mir maachen Investitioune virun allem, mir maache Fuerschung an Entwécklung, mir maachen infrastrukturell Verbesserungen och am Breetbandberäich, also Zukunftsinvestitiounen, dat ass genau dat wat vu Lëtzebuerg a vun deenen anere Memberstaate verlaaangt ginn ass.

Diane Klein: Mä wéi steet et am Allgemenge mat der Fro eben, ob elo nach muss adaptéiert a completéiert ginn ?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn nodrécklech net der Meenung, datt d’Europäesch Unioun méi breet Konjunkturpäck misst opleeën.

Et ass de Wonsch an den Drock och vun de Vereenegte Staate vun Amerika, datt d’Europäer méi Geld an Opstellung brénge wéi dat wat mir bis elo gemaach hunn. Mä insgesamt beziffert den europäesche Konjunkturpak sech op 3,4% bis 4% vum Bruttoinlandprodukt. Dat ass eng gewalteg Somme Geld déi do a Beweegung bruecht gëtt, an ech hale vill dovun, elo emol ofzewaarde wéi am Jor 2009 a virun allem am Jor 2010 sech déi Konjunkturpäck effekt- an impaktbildungsméisseg an der europäescher Wirtschaft nidderschloen.

Da muss een eng kritesch Evaluatioun vun deene Päck um Enn vum Jor 2010 maachen, mä fir elo erëm nach Milliarden op Milliarden ze tiermen an domat eis Defiziter ëmmer méi breet ze maachen an eis Scholdebierger ëmmer méi uwuessen ze loossen, dovun halen ech net ganz vill.

Diane Klein: Gëtt am Laf vun dësem Sommet nach emol iwwer coordinéiert Moossname fir déi europäesch Automobilindustrie geschwat an domat och iwwer d’Zouliwwererbetriber, där der zu Lëtzebuerg ronn 30 sinn?

Jean-Claude Juncker: Ech hat viru Méint dozou opgeruff, en europäesche Plang fir den Automobilsecteur ze maachen. Dozou ass et net komm, dofir sinn Nationalpläng entstanen. An déi Pläng déi do si musse wierken, géif ech hoffen, well mir hänken op Gedeih a Verderb vum Succès vun deenen nationale Pläng of.

Mir hunn zu Lëtzebuerg eng ronn 30 Zouliwwererbetriber fir d’Automobilbranche. An deem Mooss wou mir keng Autoë produzéiere si mir also drop ugewisen, datt den Automobilsecteur am Ausland dréint. Ech kann nëmmen hoffen, datt déi Pläng wierken.

Diane Klein: Fir ofzeschléissen, d’Angscht ëm d’Zukunft hu ganz vill Mënschen, de Chômage klëmmt däitlech a keen huet eng Kristallkugel fir virauszegesi wéini et nees besser geet. Mä Negatives dréckt op d’Gemitt, Här Juncker, kann een awer enger déiwer Kris wéi där hei och eventuell eppes Positives ofgesinn? Kann eng Kris eng Chance sinn?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt ëmmer gesot, bei all Negatives gëtt et och eppes Positives. Ech kann net ganz vill Positives erkennen, sauf, datt mir hei zu Lëtzebuerg mussen déi zwee Joer iwwerbrécken duerch den nationale Konjunkturpak dee mir gemaach hunn, dat misst eis geléngen.

Dat anert wat ech weltwäit als positiv kann erkennen, wier d’Asiicht dran, datt d’Realekonomie, d’produktiv Ekonomie méi wichteg ass wéi d’Finanzindustrie. Mir hunn an deene leschte Joeren an engem System gelieft wou eng Politik vum séiere Geld gemaach ginn ass, wou d’Zeitungen, och zu Lëtzebuerg, geschriwwen hunn, lassen Sie Ihr Geld über Nacht arbeiten. Déi Virstellung, datt ee sech net bräicht unzestrenge fir zu eppes ze kommen ass eng Virstellung déi ech ni hat, a si huet sech och als net richteg erausgestallt. Dee Maartradikalismus, deen neoliberale Maartradikalismus dee mir haten, deen ass gescheitert. Dat soll een zur Kenntnis huelen. Dat ass, wieren d’Konsequenzen net esou schlëmm, eng gutt Noriicht.

Diane Klein: Här Staatsminister, Merci datt Dir Iech virun dësem wichtege Sommet Zäit fir dësen Interview geholl hutt. Bleift Iech an dem Rescht vun der lëtzebuerger Delegatioun dat richtegt Verhandlungsgeschéck ze wënschen.

Jean-Claude Juncker: Merci, Madame Klein.

Dernière mise à jour