Lucien Lux au sujet des différentes aides financières destinées à réduire les émissions de CO2

Diane Klein: Ier mir awer op déi verschidden Aspekter vun Ärer Pressekonferenz de Moien zréckkommen, géif ech gäre kuerz iwwer d’Luxair mat Iech schwätzen. Mir haten et virdrun héieren, et ass e strategesche Partner fonnt, déi däitsch Lufthansa. Wat bréngt deen neie Partner der Luxair?

Lucien Lux: Virun allem ass et wichteg, datt et e strategesch industrielle Partner ginn ass, datt mir net deemools de Choix gemaach hu fir privat Investmentfongen déi Aktien do weider ze ginn, mä datt mir an der Aviatioun gekuckt hunn. Doraus léisst sech vill Kooperatioun maachen, Synergië maachen, léisst sech dat operativt Dagesgeschäft besser organiséieren. An ech mengen, et gëtt also vill Grënn fir zefridden ze sinn, datt mir elo do en Accord fonnt hunn. An dat wäert zur Stabilitéit an zur Attraktivitéit vun der Luxair bäidroen.

Diane Klein: Dir gitt de Mëtteg nach Präzisiounen an der Chamber, mä, nach eng Fro. An dësen Zäiten ass natierlech eng Suerg vun de Leit bei der Luxair, wéi ass et mat den Aarbechtsplazen? Mussen eventuell negativ Inzidenze vun deem Partenariat op de Site Lëtzebuerg gefaart ginn, wat d’Aarbechtsplazen ugeet?

Lucien Lux: Ech menge ganz de Géigendeel. Direkt Inzidenze gëtt et souwisou net, well dat hei a sech betrëfft den Aktionariatspaket, d’Verdeelung.

Wat de Rescht ubelaangt, huet d’Luxair all Chancë gutt aus där Kris do eraus ze kommen. Natierlech trëfft et se, souwuel wat d’Passagéier wéi och wat d’Resultater ubelaangt, wéi all déi aner. Mä ech ginn dovun aus, aus villen Diskussiounen an deene leschten Deeg mat de Responsabelen, souwuel vun der Direktioun wéi vun de Gewerkschaften, datt Vertrauen do ass, datt d’Leit bereet si sech z’engagéiere fir schnell aus där Kris eraus ze kommen, gutt opgestallt ze sinn.

An ech denken, datt de Mot d’ordre ëmmer muss sinn, alles ze maache fir Entloossungen ze verhënneren. Soss muss ee spueren, ech mengen, do sinn d’Sozialpartner amgaangen hir Aarbecht ze maachen. Mä datt mir nëmmen d’Aarbechtsplaze kënne retten, dat muss, mengen ech, jiddwerengem seng Aufgab sinn.

Diane Klein: Merci dem Transportminister fir dës Präzisiounen. Schwätze mir elo mam Ëmweltminister iwwer seng Pressekonferenz vun de Moien. Fänke mir mat deenen neien Aiden un, wéi Prime-cool, Prime-Car a Car-plus. Erwaardungen erfëllt, Här Minister?

Lucien Lux: Jo, bal vill méi wéi erfëllt. Ech mengen, datt ee ganz zefridde ka sinn iwwer dat wat am Beräich, virun allem vun den Autoen, geschitt ass. Dat huet, mengen ech, der Konjunktur gehollef.

Den Autosfestival 2009 war virun allem en éischte grénge Festival. Wann een haut gesäit, datt d’Garagistë soen, 25% ongeféier vun hire Ventë maache sech am Beräich vun Autoen ënner 120 Gramm. Wann ech gesinn, datt an der Tëschenzäit, an Zäit vun dräi Joer, de Maartundeel vun deene Schuedstoffäermeren Autoe vun 9% op iwwer 20% an d’Lut gaangen ass, da war dat richteg fir de Portemonni vun de Leit, et war richteg fir CO2-Emissiounen ze spueren, an ech mengen et huet och dem Secteur gutt gedoen.

Wann ech gesinn, bei de Frigoen, wou mir an der Tëschenzäit scho bal 2.000 Demanden hu fir e Standard A++ ze kafen. A virun allem, wat wichteg ass, datt 85% vun deene Leit, déi esou e Frigo kaaft hunn, hunn een ersat. Dat heescht, si hunn een, dee vill méi Energie, also méi CO2-Emissiounen produzéiert huet, ersat duerch een, deen der vill manner mécht.

Dat Ganzt war de richtege Wee, eng Förderpolitik ze maachen. An ech muss och soen, vill Diskussiounen hate mir jo iwwer dat wou mir gefuerdert hunn. Ech hunn oft de Kapp missen dohinner halen an eenzelnen Diskussiounen, mä ech mengen, et war der Wäert dat ze maachen. Haut begéinen ech vill Leit déi mir soen, et gesäit een elo wat d’Regierung wollt fuerderen a förderen, an endlech sinn och d’Resultater do.

Diane Klein: Op den Impakt op d’CO2-Reduktiounen, jo oder neen, do komme mir elo nach gläich zréck. Fir d’éischt nach zu deenen anere Primen an Aiden. Wéi steet et mat deene fir säin Haus esou ze bauen, respektiv ze moderniséieren oder sanéieren, wéi och ëmmer, fir Energie ze spueren, wat ass do den Echo?

Lucien Lux: Et ass dee Punkt, wou ech am onzefriddenste sinn, wou ech einfach, riicht eraus gesot, net zefridde sinn. Ech mengen, wann een op deenen anere Punkte wierklech zu Resultater komm ass, da muss een hei feststellen, datt den Déclic net do ass. Mir hunn eis also Gedanke gemaach, an deene leschte Wochen a Méint, mam Secteur, mat den Handwierksfederatiounen, mat den ONGen, mat de Gemengen, Klimabündnisgemengen, fir ze kucke wat kënne mir besser maachen, fir datt mir méi Demandë kréien. Mir sinn haut bei der energetescher Sanéierung vun alen Haiser ënner 100 Demanden. An dat kann net duer goen.

Diane Klein: Vu wéini aus gekuckt?

Lucien Lux: Ech mengen, an deene leschten dräi, véier Joer. Dat geet wierklech net duer. Mir hu jo eréischt 2005 mat deene Subventiounen ugefaangen. Dofir hu mir elo décidéiert, fir ganz schnell, dat wäert an dräi, véier Woche schonn a Kraaft trieden, hu mir nach eng Kéier d’Subventiounen, wat den Taux ubelaangt, an d’Lut gesat. Haut kann ee wierklech bis zu 20% vun deem wat een investéiert als Subventioun kréien.

Mir hunn och dofir gesuergt, datt eng ganz Rei vu bürokrateschen Hürde verschwonne sinn, déi e bëssen eng Hemmschwell duerstelle fir d’Leit fir sech an déi Richtung do ze engagéieren. Mir hu virun allem, an do wëll ech mech bal op dëser Plaz entschëllege bei all deenen, déi laang heiansdo hu misse waarde fir d’Ausbezuelen, well och do ëmmer reglementaresch an aner Problemer waren – mir sinn am Personal vu 6 Leit op 18 an d’Lut gaange fir datt dat endlech méi schnell geet.

Mir hunn d’Transitiounsphasen erweidert, fir datt 900 Leit, déi elo nach waarden, an déi a sech en negative Bescheed hätte misse kréien, elo duerch dat neit Reglement awer an de Genoss vun de Subventioune kommen. Déi ginn och an deenen nächsten Deeg doriwwer informéiert.

Mir probéieren also, en neien Déclic ze forcéieren, dat mat dem Secteur zesummen, an och mat der Informatioun zesummen. Ech hoffe wierklech, datt mir et fäerdeg bréngen, elo deen Input ze kréien, deen ass och gutt fir de Portemonni, deen ass och gutt fir d’CO2-Emissiounen, a virun allem och gutt fir Aarbechtsplazen, well hei och kleng a mëttel Handwierksbetriber dovunner kënne profitéieren. Dofir ass meng Hoffnung grouss, datt et dës Kéier wierklech réusséiert.

Diane Klein: An et kann een et soen, et ass en zimlech décke Pak drop geluegt ginn. An deem Exemple de calcul, deen Dir de Moie presentéiert hutt, sinn et ronn 5.000 Euro weider, wat déi nei Dispositiounen ugeet, déi elo an dräi Wochen a Kraaft trieden. Dat ass jo schonn e Pak.

Lucien Lux: Esouwuel bei den Autoen, wéi bei de Frigoen, wéi bei den Haiser sinn eis Subventiounsregimer déi mir hunn, déi gënschtegst, déi et iwwerhaapt dohier gëtt.

Et ass wierklech ze hoffen, datt iwwer dee Wee elo och eng Begeeschterung kënnt fir do mat ze maachen. Dat huet wierklech ganz gutt Ursaachen dat ze maachen. An et hëlleft eis weider och ze spueren um Niveau vun deem, wat eis beim Klimawandel och Suerge mécht.

Diane Klein: Dat hei, dat waren elo d’Haiser. Dir hutt ganz kloer gesot, ech sinn nach net zefridden. Wéi ass et da mat dem Engagement vun de Privatleit fir sech elo a Richtung erneierbar Energiequellen z’engagéieren, Sonnekollekteren, déi verschidden, et huet och kee Wäert fir déi opzezielen, wéi steet den Engagement do?

Lucien Lux: Ech mengen, datt mir do dach gutt Resultater hunn. Schonn ënner der leschter Regierung ass bei der Fotovoltaik e gudde Coup de pouce no vir gemaach ginn.

Deen Invest ass natierlech do, och déi Subventioune, par rapport zu deem wat u Stroumproduktioun erauskomm ass natierlech relativ grouss gewiescht. Do kënnt och nach dobäi, datt dat net onbedéngt eiser CO2 Bilanz hëlleft, well mir a sech do Stroumimporter spueren, déi eis net ugerechent ginn. D’thermesch Solaranlagen lafe ganz gutt, do hu mir a sech gutt Succèsen.

Och um Niveau vun den niddereg-Energiehaiser si mir awer an der Tëschenzäit iwwer 300, dat heescht, dee Secteur ass amgaangen. Mir hunn et elo opgemaach och fir d’Gemengen, datt si Subsidë kënne kréien, a mir hunn et virun allem och fir Promoteuren opgemaach.

Dat heescht, Leit déi elo wëllen e gesamte Lotissement realiséieren, kënnen och an de Genoss vun de Primë kommen. Dat erlaabt och, mengen ech, datt do e Coup de pouce kënnt, an datt mir do och méi Haiser an deem Beräich kréien. Dat si gutt Weeër déi opgemaach gi sinn, mä wéi gesot, bei der energetescher Sanéierung vun deenen ealeren Haiser, do hoffen ech, datt et e bësse besser elo geet.

Diane Klein: Dir hutt de Moien och de Bilan vun den CO2-Emissioune gezunn, well leschten Enns sinn déi Primë jo och fir d’Handwierk, et gëtt stimuléiert, d’Leit spuere Suen, an natierlech soll et jo och der Ëmwelt zegutt kommen. Fir d’éischt op d’Jor zréck gekuckt. Gëtt et eng Bonne note?

Lucien Lux: Ech sinn net do, fir mir déi selwer auszestellen. Ech muss soen, wéi ech 2004 an dat Amt komm sinn, hate mir eng Legislaturperiod hannerun eis, wou d’Emissiounen zu Lëtzebuerg insgesamt an deene 5 Joer ëm 41% an d’Lut gaange waren. Par rapport zu engem Engagement se ëm 28% ze reduzéieren, kann ee soen, knapp dolaanscht ass och dolaanscht.

An ech hunn de Moien och ganz däitlech gesot, ech maachen dat net zum Virworf vun enger Regierung, oder vun engem Virgänger, mä ech mengen, d’gesamt Politik huet sech net mat där néideger Determinatioun deem Sujet do gewidmet.

Mir war et 2004 kloer, datt, wann ech 2009 géif un d’Enn vun der Legislaturperiod kommen, do war meng gréissten Hoffnung a mäin erstriewenswäert Zil, datt ech kéint soen, datt mir endlech d’Kéier kritt hunn, an datt d’Emissiounen erëm zréck ginn. Mir hunn 2007 e Recul gehat vun 1,4%, dat war nach net der Wäert fir vill dovun ze schwätzen. Mä 2008 maache mir e Recul elo, endlech eng Baisse, vun dach iwwer 5%, an dat weist, datt mir den Trend elo gedréint hunn, datt endlech d’Emissiounen erof ginn.

An dat wat, mengen ech, déi gréisste Satisfactioun ass, dat ass, datt dat net geschitt ass um Niveau vun engem Recul, zum Beispill beim Spritexport, beim sou genannten Tanktourismus, mä datt mir endlech national, souwuel bei der Flotte nationale eis reduzéieren ëm 4,9%, datt mir och bei de Ménagen zréck ginn, nach ze wéineg, mä awer zréck ginn.

An ech muss soen, et war oft vill Widderstand do, et war vill Standfestegkeet verlaangt heiansdo, fir stoen ze bleiwen, fir virun ze kommen. Wësst Dir, 2006 hunn an engem Sondage vun der ILReS 84% gesot, si hätte gären en Ëmweltminister dee géing dozou bäidroen, datt mir konkret eppes beim Klimaschutz maachen, an datt mir konkret zréck ginn.

An ech si frou, wéi gesot, elo festzestellen, a wëll bal alle Biergerinnen a Bierger Merci soen, och wann een heiansdo net direkt verstane ginn ass, datt se haut verstinn, datt Resultater do sinn, an datt mir u Crédibilitéit och gewonnen hunn no baussen an no bannen, a virun allem Emissioune gespuert hunn. Wa mir eise Kanner haut an d’Gesiicht kucken, a kucke wéi dee Planéit an 20, 30 Joer ausgesäit, da mengen ech, si mir e bësse méi crédibel gi mat deene Resultater déi mir elo virzeweisen hunn.

Diane Klein: Här Lux, et ass 1 Auer, ech soen Iech Merci fir dës Explikatiounen.

Lucien Lux: Merci Iech och.

Dernière mise à jour