Jeannot Krecké au sujet des conséquences de la crise économique

Gudde Mëtteg am Background vun dësem 28. Mäerz. Am Mëttelpunkt vun der Emissioun steet d’Wirtschaftskris an hir Konsequenzen. Invité ass de Minister Jeannot Krecké, a mam LSAP Politiker geet och iwwer de geplangte Futtballstadion zu Léiweng, grad wéi iwwer de Wahlkampf rieds. Elo direkt héiert Dir awer d’Titele vun der Aktualitéit mam Carine Lemmer.

[Noriichteniwwerbléck vum Carine Lemmer]

Marc Linster: Mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké schwätze mir bis eng Auer an der Haaptsaach iwwer d’Wirtschaftskris. Här Minister, gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Marc Linster: Ier mir an d’Diskussioun eraklamme proposéieren ech Iech awer nach de Wocheréckbléck, haut mam Henri Eippers.

[...]

Marc Linster: Mir hunn et elo héieren, am Februar ware ronn 13.000 Leit ouni Job hei zu Lëtzebuerg an de Chômagetaux klëmmt domatter op 5,6%. Dobäi kommen dann och nach iwwer 2.800 Leit déi an enger Beschäftegungsmoossnam dra sinn. All Dag kommen och quasi schlecht Nouvellen aus de Betriber dobäi. Riskéiere mir net, datt ëmmer méi Leit hir Schaff verléieren, Här Minister?

Jeannot Krecké: Am Moment si mir nach an enger Phase wou mir dovu mussen ausgoen, datt mir nach déi eng oder déi aner schlecht Nouvelle wäerte kréien. Et wäert och deen een oder deen anere Schwieregkeete kréien, datt e muss a Kuerzaarbecht nach weider goen, a virun allem wäerte mir och nach um Niveau vun den Aarbechtsloosen deen een oder deen anere Mount kréien, wou déi Zuele wäerte leider an d’Lut goen. Mir mierke just e puer kleng Liichtblécker, mä déi ginn net duer fir all dat do ze kompenséieren.

Marc Linster: Gi mir dann eng Kéier op de Cap vun den 20.000 zou?

Jeannot Krecké: Ech kann Iech dat net soen. Dat wat mir jo hei erliewen ass eppes wat déi Generatioun déi elo lieft iwwerhaapt net erlieft huet. Ech mengen, jiddweree weess dat mëttlerweil, esouguer déi déi gemengt hunn et géing nëmmen iwwerdriwwe ginn, hei mat där Kris an et weess kee richteg, wou mir do erauskommen. Et gesäit een, wéi gesot, eng Rei kleng Liichtblécker. Et kann ee sech och duerchaus virstellen, a wat fir enge Secteuren et als éischt erëm biergop geet. Mä mat grousser Wahrscheinlechkeet wäert et awer bis 2010 daueren, bis een do e bësse méi kloer gesäit. Jiddwereen dee behaapt e géing wësse wéi et weider geet, dee läit doniewent.

Marc Linster: Et gëtt jo elo probéiert, via Kuerzaarbecht a Sozialpläng d’Situatioun fir deen Eenzelnen ofzefiederen. Mä wéi laang gräifen déi Moossnamen iwwerhaapt nach?

Jeannot Krecké: U sech hu mir verschidden Niveaue vu Mossnamen. Fir den Handel ze stäerken hu mir d’Kafkraaft gestäerkt, fir d’Handwierk an d’Constructiounsbranche ze stäerken hu mir d’Investitiounsvolumë gehalen. Bei de Banke si mir zum Deel an d’Kapital mat era geklommen.

An an der Industrie, déi haaptsächlech export-orientéiert ass, hu mir déi Méiglechkeeten net, dat heescht, do kënne mir nëmmen offiederen doduerch, datt mir se stäipen an dëser Zäit. Et ass eng Iwwergangszäit. D’Industrie muss eng Period iwwerbrécke wou leider dobaussen d’Situatioun méi schlëmm ass wéi bei eis. Mä dat hëlleft hinnen net. Si mussen am Ausland verkafen a wann et do net unzitt, da musse mir hinnen hei weider hëllefen, fir datt éischtens d’Leit net hir Aarbecht verléieren, an zweetens d’Betriber, déi Leit déi si ausgebildt hunn op deene Plazen net verléieren, well herno musse si s’erëm astelle goe wann et lass geet.

Marc Linster: Wéi laang gräifen déi Moossnamen dann a si se iwwerhaapt ze finanzéieren?

Jeannot Krecké: Dat ass eng Fro, déi net ze beäntwerten ass. Do gëtt et nëmmen eng Alternativ: hei muss een hëllefen, hei muss ee kucken, datt een iwwer d’Distanz kënnt, hei muss een déi Period, déi ganz sauer gëtt, iwwerbrécken. Et kann een net Saache luppe loossen, et kann een net Saache rëtsche loossen. D’Amerikaner haten dat jo probéiert. Déi hu jo Lehman Brothers rëtsche geloos. Dat war e Risefeeler. Do ass de ganze Misère definitiv weidergaangen a méi schlëmm ginn.

Dofir soen ech, hei gëtt et keng Alternativ. Hei musse gezilte Moossname geholl ginn, et muss een awer och elo emol ofwaarden, déi Mesuren déi mir geholl hunn, datt déi emol gräifen. Et huet kee Wäert fir ee Konjunkturpak op deen aneren ze leeën, et huet kee Wäert fir Aktionismus ze maachen. Et muss ee schéi a Schrëtt virgoen a kucken, ob déi Schrëtt och all Kéier eppes bréngen, soss muss ee corrigéieren. Et ass jo net, datt mir hei op 20 Joer Experienz an esou schwierege Froe kënnen zréckgräifen.

Ech wëll an Erënnerung ruffen, fir all déi déi soen – ech hunn dat virdrun héieren – mir wieren net drop virbereet gewiescht wat hei geschitt: 7 Betriber waren an deenen éischte 6 Méint d’lescht Jor an der Kuerzaarbecht. Iwwer 6 Méint 7 Betriber, et waren emol keng 100 Leit. Wou konnt een dann do d’Ausmooss vun deem wat mir haut gesinn, wat jo net vu Lëtzebuerg aus komm ass, mä wat vun anere Plaze komm ass, a wou keen, awer nu wierklech kee ka behaapten, en hätt gesinn, datt et an deem Mooss géing schlëmm ginn, wou konnt ee sech anescht drop virbereeden?

Glécklecherweis hate mir awer e ganze Koup Instrumenter en place. Mir hu jo de lëtzebuerger Modell scho méi laang a mir hate Saachen en place déi déi aner net en place hunn. Dat wat gefeelt huet, dat si mir elo amgaangen am Schnelltempo, och duerch d’Chamber, wa méiglech, ze bréngen, fir datt dat applicabel gëtt.

Marc Linster: Leit déi a Kuerzaarbecht si sollen eng Formatioun kréien. Ass dat iwwerhaapt realistesch an der Praxis?

Jeannot Krecké: Fir wat soll dat net realistesch sinn? Et ass vun der Envergure hier, d’Zuel vun de Leit déi elo mussen a Formatioun goen, e bësse schwiereg. Dat ass evident, dat gëtt net einfach. Mä dat ass déi eenzeg Solutioun. Fir no där Kris anstänneg opgestallt ze sinn, mussen eis Leit a Formatioune goen, si mussen eng aner Ausriichtung kréien. D’Betriber selwer mussen iwwerdenken, déi déi a Secteure sinn déi a Schwieregkeete sinn, ob et elo just e konjunkturelle Problem ass, dat heescht, ob et elo just ee Moment ass an duerno erëm wieder geet, oder ob et strukturell ass, dat heescht, ob hirt Produkt, hire Service vläicht net méi adaptéiert ass op dat wat de Konsument haut brauch, op dat wat um Weltmarché gebraucht gëtt.

An déi Leit mussen alleguerten ëmorientéiert ginn an hirer Formatioun a souwsiou ass et gutt, wa mir d’Leit alleguerten op méi een héijen Niveau kréien, well dat ass dat wat eis u sech e bësse feelt.

Marc Linster: Wann ëmmer méi Leit an de Chômage rutschen, riskéiere mir dann net Sozialkonflikter wéi mir se an anere Länner erliewen? Anescht gefrot, riskéiere mir net Problemer bei der sozialer Kohésioun ze kréien?

Jeannot Krecké: Dat ass eng grouss Gefor an dat ass och eppes wat mir ganz vill Suerge mécht. Dat ass jo eng ganz geféierlech Zäit dat hei. 2 Méint – 2½ Mount virun de Wahlen, do si populistesch Aussoe leider ganz oft op der Tagesordnung a wann ech dann elo gesinn, datt Parteien higinn an da Frontalieren ausspille géint Lëtzebuerger, d’Auslänner géint déi déi hei wunnen; wann ech gesinn, datt Leit probéieren déi auszespillen déi eng sécher Aarbechtsplaz hu vis-à-vis vun deenen déi keng sécher Aarbechtsplaz hunn; wann ech och nach gesinn, datt déi déi haut scho keng hunn ausgespillt gi géint déi déi nach eng hunn, da mécht mir dat ganz vill Suergen.

Wa mir wëllen anstänneg duerch d’Kris kommen, da brauche mir dat wat Dir sozial Cohésioun genannt hutt. Mir dierfen eise Sozialstaat net futti maachen, d’Betriber mussen hir sozial Verantwortung huelen an ech muss ënnersträichen, datt de Gros, déi grouss Majoritéit vun de Betriber dat remarquabel fir de Moment mécht. Mir mussen eben kucken déi Cohésioun ze halen, soss kritt dat Land hei déck Problemer an zwar och da wann d’Kris eriwwer ass.

Marc Linster: A wéi enge Beräicher ginn, Ärer Meenung no, dann iwwerhaapt nach an noer Zukunft Aarbechtsplaze geschaaf? Dir hutt jo gesot, Dir géift Beräicher gesi wou dat méiglech wär?

Jeannot Krecké: Wësst Dir, mir fanne wahrscheinlech kee Secteur méi op ee Coup esou, wéi mir d’Bankeplaz hunn. Dat heescht, déi de lëtzebuerger Budget esou mat Steiere wäert iwwerhäufe wéi dat de Fall ass. Dat fanne mir net méi. Mir fannen och net e Betrib deen elo seet, ech stelle 5.000 Leit an, dat fanne mir net méi. Mir wäerte méi kleng a mëttel Betriber hunn a mir wäerte méi verschiddenaarteg Branchen hunn. Mä ech mierken, datt awer Méiglechkeeten do sinn. Dofir hu mir gekuckt: wat sinn déi Secteuren déi mir besonnesch sollen développéieren? Mir ware scho ganz staark präsent an der Automobilbranche a fir all déi déi haut dorunner zweiwele soen ech, och muer wäerten d’Leit mam Auto fueren; och muer wäerten et nach méi Autoe ginn,. Et wäerten aner Autoe sinn, mä d’Automobilbranche wäert eng Branche bleiwen déi weiderhi floréiert [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: De Moment ass se awer an der Kris?

Jeannot Krecké: Jo sécher, mä dat ass awer kee Grond fir dann alles ewech ze puchen. Déi Kris, wann déi eriwwer geet, da ginn erëm Autoe kaaft. Vläicht aner Autoen. Dofir muss een an der Tëschenzäit sech ëmstellen. Delphi huet elo e Projet de recherche eragereecht vun 123 Milliounen, dee mir probéieren och zur Halschent vun der Europäescher Investitiounsbank finanzéieren ze loossen.

Mir si präsent bei de Materialien am Stol, am Plastik, an der Chimie – déi sinn och alleguerten an der Kris. Mä muer gëtt erëm Stol gebraucht. Mir sollen eis dach näischt virmaachen. Do sinn eng ganz Rei Saachen déi kommen erëm. Anerer, déi wäerten an där Form net méi erëm kommen, dat ass richteg. Mä d’Informatiounstechnologië, wou mir eis staark investéiert hunn, d’Logistik wou mir eis staark investéiert hunn, wäerte bleiwen.

Mir wäerte weiderhin erliewen, datt déi Produkter déi mir hei hunn – wann ech hei ronderëm den Dësch kucken, gëtt de Gros iwwerhaapt net hei am Land, an och emol net an Europa produzéiert. Dat muss also nach heihinnerkommen. Sécherlech, datt de Commerce mondial esou abrécht, dat ass et jo nach net ginn. Säit de Joeren 30 ass et nach net ginn, datt mir e Minuswuesstum weltwäit hunn. Mir hunn en awer elo mat minus 9%. Dofir soen ech, d’Logistik wäert och erëm usprangen an am Moment ginn et esouguer an der Logistik Schwieregkeeten, mä awer och Leit déi investéieren. Kühne&Nagel wäert investéieren zu Conter, am Moment.

Mir probéieren och dofir aner Nischen ze besetzen: déi vun de Gesondheetstechnologien, déi vun den Ëmwelttechnologien. Dat sinn Technologien déi baséieren op Kompetenz. Dofir musse mir emol Kompetenz opbauen. Dofir hu mir dee Projet mat den Amerikaner am Bereich Gesondheetstechnologien. Eet ass och fir mech net verständlech, datt Leit zu mir soen, wat gees du nach an d’Ausland? Bleif hei a bekëmmer dech ëm d’Betriber hei. Ma nee, et muss een zu dësen Zäiten, éischtens, nach ëmmer vu Lëtzebuerg dobausse schwätzen, mir sinn nach ëmmer net genuch bekannt. Zweetens muss ee kucken, och elo, déi do Secteuren net eréischt an zwee Joer wëllen ze développéieren, déi développéiere mir elo.

Entscheedend Fortschrëtter hu mir de leschte Freideg gemaach an de leschte Méindeg, an der Risikokapitalgesellschaft déi mir elo opgestallt hunn. Mir bréngen an de Gesondheetstechnologien näischt fäerdeg wa mir hei zu Lëtzebuerg um Stull sëtzen a mir waarden, datt een heihinner kënnt. Dat ass e Feeler. Dofir sinn ech an Israel gaangen, do ginn et där doter Firmen. Et ginn der och an den Ëmwelttechnologien, do ginn et der ganz vill bei hinnen. Ech hu mat deenen geschwat, hir Systemer gekuckt, hir Risikokapitalgruppe probéiert heihinner ze kréien – a mir hunn déi éischt Réussiten. Ech hu gerechent, an 3 Joer déi éischt Betriber hei op Lëtzebuerg ze kréien. Dat si keng Betriber déi Dausenden Aarbechtsplaze schafe mä lauter héichwäerteges, dat wat mir hei zu Lëtzebuerg brauchen. Déi kommen elo schonn. Mä wat eis am Moment gefeelt huet, dat war Risikokapital a genügendem Mooss. An deen Duerchbroch hu mir elo Ufanks der Woch fäerdeg bruecht.

Marc Linster: Mä déi Leit déi hir Schaff elo verléieren, sinn déi da qualifizéiert fir dës nei Plazen oder bleiwen déi awer op der Strooss?

Jeannot Krecké: Deen dee bei Villeroy & Boch geschafft huet, wäert muer net kapabel sinn an de Gesondheetstechnologien en éischte Rôle ze spillen. Dofir ginn et zwou Saachen: mir musse kucke fir déi Leit déi eng niddereg Ausbildung hunn, méi eng héich Ausbildung ze kréien. Mir musse fir net héich-qualifizéiert Leit weiderhin Aarbechtsplazen hunn. Ech widderhuelen dofir, datt d’Logistik en ideale Secteur ass, wou ganz Héichwäerteges ass a wou manner-forméiert Leit eng Plaz kënne fannen. Ech kennen net vill Secteure wou esou aarbechtsintensiv nach kann agestallt ginn.

Dofir brauche mir doniewent awer och ganz, ganz héich-qualifizéiert Leit a ganz spezifische Saachen. Mir mussen elo op der Uni, dofir gëtt dat an enker Zesummenaarbecht mat der Uni gemaach, där Leit ausbilden. Mir schécken elo 20 Chercheuren op Seattle, déi do an engem Jor eng Ausbildung kréien an deem Institut mat deem mir am Bereich Gesondheetstechnologien zesumme schaffen. Déi kommen erëm an déi sollen hei wieder fueren. Mir hunn awer an de Fuerschungszentren och scho Leit déi gutt sinn, si si just net op Weltniveau bekannt a sinn och nach net op deem Niveau. Mä déi si scho gutt an déi kréie mat där Sprëtz, déi mir hei kréien aus dem Ausland, en Niveau deen herno appréciabel ass.

Marc Linster: Ass et awer net esou, datt de Risque besteet, datt déi konkurrenzéiert gi vun Auslänner déi op Lëtzebuerg kommen, déi eventuell bereet sinn, zu manner héijem Loun ze schaffen?

Jeannot Krecké: Dat ass d’Gefor am Moment net. D’Gefor ass effektiv, datt mir net genuch där Leit hunn, déi do noutwenneg sinn, datt mir se an der Groussregioun musse siche goen an doriwwer eraus. Ech mengen, wann Dir de Chef vun enger Biobank siche gitt, dee fannt Dir net zu Lëtzebuerg. Mir hunn elo een agestallt, deen hu mir enzwousch anescht misse siche goen. Deeës musse mir eis bewosst sinn. Mir waren nach ëmmer e Land vun Immigratioun, mir wäerte weider Immigratioun brauchen, op héijem Niveau siche mir se, a mir wäerten och weiderhi probéieren, auslännesch héich-qualifizéiert Leit op Lëtzebuerg ze kréien. Aus eegener Kraaft alleng packe mir dat doten net, do brauche mir Hëllef. Dat war och virdrun de Fall an der Stolbranche, do hate mir och eng ganz Rei Leit déi aus dem Ausland komm sinn, an an der Finanzwelt brauch ech et guer net ze soen, wéi vill Auslänner do op deene Schlësselpositioune schaffen.

Marc Linster: Déi ekonomesch Zukunft, et ass eng Tatsaach, gesäit alles anescht wéi roseg aus. De STATEC huet ugekënnegt, datt d’Prognosë fir Lëtzebuerg no ënne revidéiert musse ginn. Et ginn och aner Prognosen déi no ënne weisen. Ëm wéi vill Prozent geet dann, Ärer Aschätzung no, de Wuesstem dëst Jor dann effektiv zréck?

Jeannot Krecké: De STATEC ass elo op Grond vun enger Rei Indicatiounen, wat d’Trimesterkonte vum leschte Jor ubelaangt, zur Conclusioun komm, datt de Wuesstem, menge si, fir dëst Jor -1,8% ass. Ech mengen, op Grond vu engem Gefill, dat ass net wëssenschaftlech, wat ech hunn a wat dat éischt Trimester vun dësem Jor ubelaangt, well do hu mir jo nach keng Zuelen, datt dat esouguer nach wesentlech méi gëtt [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Dat heescht?

Jeannot Krecké: Mir riskéiere bei -2,5%, -3% ze leien.

Marc Linster: An 2010?

Jeannot Krecké: 2010 sinn ech e bësse méi optimistesch. Ech mengen, datt eis Betriber duerchwegs, éischtens, anstänneg waren ier d’Kris ugaangen ass. Et waren der e puer, déi strukturell emol e Problem haten, mä déi meescht ware gesond Betriber, si waren och mat enger gudder Technologie ausstafféiert. Wa mir elo déi Zäit notzen, esou wéi ech mengen, datt mir d’Betriber probéieren ze reorientéieren, wa si dat net bis dohinner gemaach hunn; wa mir probéieren, quasi en Upgrade ze maache vun hiren Technologien, fir datt si propper do stinn, da gesinn ech eng Chance fir eis, fir datt mir kënnen 2010 erëm propper Resultater féieren. Ob se positiv ginn ass eng aner Fro, mä ech gesinn awer wierklech d’Chance fir eis, datt mir, och duerch déi Flexibilitéit déi mir un den Dag leeën, méi schnell wéi aner Länner an Europa wäerten eraus kommen. Mä et hänkt villes dovun of wat nach aus Amerika kënnt.

Well et ass jo och eng Vertrauenskris, a wann d’Amerikaner et erëm fäerdeg bréngen Vertraue bei sech ze bréngen, kënnt et lues a lues och erëm eriwwer. Well et ass jo och esou wéi et ugaangen ass. Et ass d’Mësstrauen an Amerika wat eriwwergeschwappt ass. Et war kee Grond fir an deem Mooss eng Weltwirtschaftskris ze kréien. Déi ass ausgeléist gi vun do, a wa se natierlech de Finanzsecteur trëfft, dann trëfft se da ganze Rescht, dat ass den Nerv vun där ganzer Saach.

Marc Linster: Wann ech Iech richteg interpretéieren, da gitt Dir dovunner aus, datt mir also 2009, dëst Jor, den absoluten Déifpunkt iwwerschreiden?

Jeannot Krecké: Jo. Ech ginn dovun aus, datt mir dat am Ufank vum 2. Semester, oder Enn 1. Semester wäerten erliewen. Mä et ginn awer Branchen déi méi hanne sinn. Wann ech elo d’Constructioun huelen, déi huet am Moment eng Optragslag, d’Gebaier gi jo net gestoppt. Mä ob esou vill Gebaier do nokommen, dat ass eng aner Fro. Dofir, an eenzelne Secteuren déi exportorientéiert sinn, hänkt et vum Weltmaart of, an anere kënne mir e bësse steieren a wäert et mat enger Verspéidung kommen, mä dat wäert sech dann och ausgläichen.

Marc Linster: Kréie mir nach je eemol hei zu Lëtzebuerg esou Wuesstemstauxe wéi mir se an der Vergaangenheet kannt hunn?

Jeannot Krecké: Dat ass schwéier ze soen. Et ginn oft esou Prognosen op 50 Joer gemaach, et sinn der jo déi dat ganz gär hunn a regelméisseg op d’Nues fale well si net am Viraus, selbstverständlech, kënne festhale wat do geschitt. Dofir ass et schwéier soe wéi mir erauskommen. Mä, ech mengen et ass scho gesot ginn, d’Welt wäert eng ganz aner sinn, och hei zu Lëtzebuerg, an näischt wäert méi si wéi virdrun, näischt méi. Dofir musse mir wëssen, datt mir eng ganz Rei Ëmännerunge wäerte mat erliewen an deenen nächste Joeren.

Et gi schwéier Joeren, mir kréien näischt geschenkt. Et wäert eis näischt vum Himmel falen, an dofir soen ech, et hänkt e bëssen dovun of wéi reaktiounsfäeg mir eis dann elo wierklech weisen an net nëmmen driwwer schwätzen. Dovunner wäert et ofhänken, an da kënne mir och erëm appréciabel Wuesstemstauxe kréien.

Ech mengen awer, datt déi excessiv Tauxen, déi mir ee Moment kannt hunn, wou mir bis op 8% erop waren, datt déi Zäiten eriwwer sinn, op alle Fall esou laang wéi ech nach wahrscheinlech an der Géigend sinn.

Marc Linster: Vu Säite vun der Regierung heescht et jo ëmmer nees, d’Leit solle grad an dëse Krisenzäite consomméieren. Mä wéi steet et da mat der Kafkraaft vun de Stéit hei zu Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: Mir hätte gären, datt d’Leit weider solle consomméieren. Si sollen eng raisonnabel Consommatioun hunn, dat ass dat wat ech ëmmer vertrieden, mä d’Kafkraaft zu Lëtzebuerg, fir de Gros vun de Leit, huet jo net gelidden. Déi huet, au contraire, zougeholl. [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Nach net.

Jeannot Krecké: Mä ech stelle fest, datt mir d’Steieren ëm 9% erof gesat hunn; de Mindestloun an d’Lut; d’Pensiounen an d’Lut; Mindestakommes an d’Lut; Steierkreditter agefouert wou Leit elo Sue kréien, déi si virdrun net krut hu well si keng Steiere bezuelt hunn; d’Deierechtzoulag ass dramatesch an d’Lut gesat ginn. Den 1. Mäerz, entgéint allen anere Länner, hu mir eng Indextranche; mir hu gezilt gehollef fir Autoen, Frigidairen, Renovatiounen a matt den Déngschtleeschtungsschecken; d’Energiepräisser si méi niddereg wéi d’lescht Jor; d’Kreditter si méi bëlleg wéi soss; d’Inflatioun ass méi niddereg wéi soss.

Also, ech gesinn net wou de Problem an der Kafkraaft ass. De Problem läit éischter an der Zukunft: wéi entwéckelt Lëtzebuerg sech weiderhin op deem Niveau? Kënne mir weiderhin de Leit esou eng grouss Kafkraaft, wéi mir am Moment hunn, garantéieren? An, ass d’Vertrauen do, datt dat och esou weider geet? Dat ass de Problem. Mä d’Kafkraaft huet iwwerhaapt net nogeloos, si huet zougeholl.

Marc Linster: Riskéiere mir dann net, datt nom 7. Juni d’Steieren eropgesat ginn oder musse ginn?

Jeannot Krecké: Mir kucken elo zu Senneng enge éischte Kéier, wou sti mir, wat hu mir elo an deem 1. Trimester duerchlieft? Mir wäerten dat selwecht nach eng Kéier musse maachen nom 2. Trimester a mir wäerten dat selwecht nom 3. Trimester musse maachen. Dat heescht, et wäerte Réajustementer, och wat de Budget ubelaangt, am Laf vum ganze Jor ginn. Mir wäerten eng, wéi soll ech soen, eng Verfolgung vun de Budgetschiffere vum Jor kréien, déi mir nach ni haten. Kee Land mécht jo eppes aneschters. Jiddwereen adaptéiert. An dann, wann et u Sue feelt, il n’y a pas 36 solutions, da muss ee kucken déi Suen ze fannen oder et muss een d’Verschëldung an d’Lut hiewen.

Marc Linster: A wéi ass et mat der Solidaritéitssteier? Do ass d’LSAP sech jo oneens.

Jeannot Krecké: D’LSAP ass sech net oneens. Et ass keen dee verlaangt, datt d’Solidaritéitssteier elo erop gesat gëtt. Et huet och keen an der Tripartite gefrot déi elo erop ze setzen, mä et ass sécher, wann iergendwann eng Kéier Steiere mussen erop gesat ginn, ass dat déi éischt un déi geduecht gëtt, well se vläicht an hirer Auswierkung, an och an hirer Duerstellung, méi Solidaritéit beinhalt.

Marc Linster: Esou wäit fir den 1. Deel vun eiser Emissioun. Mir maachen eng kuerz Paus an dann ass et de Journal mam Carine Lemmer.

[Mëttesjournal vum Carine Lemmer]

Marc Linster: Här Krecké, iwwerall décidéieren d’Regierunge Konjunkturprogrammer, och mir hunn esou e Package mat Moossnamen. Geet dee Krisepaquet vun der Regierung da wäit genuch?

Jeannot Krecké: Ech géing mengen, fir dat wat mir eis elo als Zil gesat hunn, ass dee Paquet absolut adaptéiert, en ass och équilibréiert, an en dréit virun allem enger Rei Moossname Rechnung, déi mir jo scho kannt hunn, an enger Rei Moossnamen, déi mir net kannt hunn, oder déi mir net an eiser Legislatioun haten, a wou d’Kommissioun ee Moment gesot huet, elo ass et méiglech, dat do an dat do ze maachen.

Ech ginn d’Beispill, de Betriber Garantien ze ginn. Dat ass eppes, wat mir net méi an eisen Instrumenter haten, dat féiere mir elo an esou datt mir kënne stäipen, wann et heescht, datt d’Betriber musse bei Banke léine goen.

Ech menge schonn, datt dee Konjunkturpaquet duer geet.

Et soll een net permanent nei Saachen erfannen. Et soll een och emol kucken, datt déi Mesuren déi een décidéiert huet, wou ee jo driwwer nogeduecht huet, datt déi och hiren Effekt weisen.

Ech hunn eng Rei Gesetzer, och Propositiounen elo erabruecht, déi méi wäit ginn, déi gräifen net déi nächsten zwee Méint.

Mä an der Recherche zum Beispill do kréie Betriber vill méi staark ënner d’Äerm gegraff. Mir hunn elo ganz aner Instrumenter fir dat ze maachen.

Mir probéiere virun allem och am Ëmwelt- an Energieberäich Hëllefstellungen elo emzeänneren, op Grond vun de Recommandatioune vun der Kommissioun. Mir probéiere Saachen ze vereinfachen.

A schlussendlech fuere mir weider mat den Aarbechten. Och muer wäerte mir Aktivitéitszone mussen hunn. Ech hunn e Plang virgeluecht, wéi ee kann déi Aktivitéitszonen hei zu Lëtzebuerg organiséieren. Ech hätt gären doriwwer eng prinzipiell Diskussioun. Ech hu mir och scho mat menge Leit selbstverständlech Gedanke gemaach, wou déi eenzel Aktivitéitszone bis d’Jor 2020 an 2030 solle kommen. Mir sichen am Moment nach no enger Léisung, fir datt, wa mir esou eppes ausweisen, wat landesplaneresch sënnvoll ass, net direkt d’Spekulatioun dofir suergt, datt d’Präisser a schwindelnd Héichte ginn.

Marc Linster: Sinn déi Konjunkturpläng dann awer net ganz einfach Fässer ouni Buedem?

Jeannot Krecké: Neen, wann een esou virgeet wéi mir, net. Mir gi schrëttweis vir. Mir ginn op verschiddenen Niveauë vir.

Ech hu jo gesot, do si laangfristeg Saachen, a Saachen déi direkt kënne gräifen. D’SNCI beispillsweis, stellt sech am Moment nei op fir d’Transmissioune vu Betriber ze begleeden. Dat ass jo ee vun de Problemer. Mir wäerten eng ganz Rei Leit hunn, déi iergendwann hire Betrib verkafe wëllen, oder weiderginn u Kanner, a mir hunn net déi richteg Instrumenter fir deenen ze hëllefen.

Mir hunn dat also schéi schrëttweis gemaach, dofir ass dat kee Faass ouni Buedem. Et gëtt e Faass ouni Buedem, wa mir beim 10. Konjunkturpak sinn, esou wéi eenzel Leit sech dat jo virstellen.

Marc Linster: A wat haalt Dir da vun de Recommandatioune vun der Krisekommissioun vun der Chamber?

Jeannot Krecké: Ech hu festgestallt, datt se, no viller Aarbecht déi se sech geleescht hunn, am Fong geholl genee op der selwechter Linn leie wéi d’Regierung. Et ass net eng Propositioun dran, wou d’Regierung net amgaange wier se ze maachen, oder wou se se net wéilt maachen. Ech hunn d’Impressioun, et ass eng Identité de vue, an ech gesinn et éischter als eng Ënnerstëtzung vun deem wat mir um Niveau vun der Regierung amgaange sinn ze maachen.

Marc Linster: Mir hunn elo vill iwwer dat geschwat, wat net gutt leeft zu Lëtzebuerg. Mä wat leeft dann nach gutt? Hutt Dir och iwwerhaapt eppes als Wirtschaftsminister nach Positives ze mellen?

Jeannot Krecké: Ech hu schonn eng Rei Saachen ugekënnegt déi och agetruede sinn. Besonnesch probéiere mir och do, wou de Staat staark verankert ass, nei Weeër ze goen, dat hu mir elo fir d’lescht bei der BGL gesinn.

An esou ass et och an der SEO zu Veianen, wou mir jo déi 150 Milliounen Invest do schonn ugekënnegt hunn. Do gin elo 90 Milliounen an erneierbar Energien investéiert, an nach eng Kéier 50 Milliounen an d’Wierk selwer.

D’Cegedel, enfin déi nei Gesellschaft déi aus der Cegedel erauskënnt, wäert hirt Netz ausbauen a wäert op 5 Joer 200 Milliounen doranner investéieren. Déi nei Gesellschaft wäert och op der Héicht vun 100 Milliounen an erneierbar Energien investéieren.

Dir gesitt also, do ass Aarbecht zum Deel hei am Land, Aarbecht awer och am Ausland. Mir mussen eng Rei Saachen am Ausland investéieren, mä de Gros wäert hei am Land sinn, a wäert hei am Land och Betriber d’Méiglechkeet ginn iwwer d’Distanz ze kommen.

An dann ass et déi erfreelech Nouvelle gëschter fir mech gewiescht, datt eng vun deene gréisste Firmen am Internetbusiness, nämlech RealNetworks, déi bekannt sinn duerch de RealPlayer, elo décidéiert hunn, hir europäesch Aktivitéiten, haaptsächlech wat d’Datenzentren ubelaangt, an och déi Fonctiounen déi déi kommerziell Aktivitéit ënnerstëtzen, op Lëtzebuerg ze bréngen. Déi Leit déi an Amerika fir eis schaffen, an de Büroen, hu joerelaang dorunner geschafft. Domat wäert d’Post um Wandhaff Aarbecht kréien an hiren Datenzentren, an och an deem neien Datenzenter dee si zu Kayl amgaange sinn ze bauen.

Et war ugekënnegt ginn, datt 2015 géingen d’Luten ausgoen, wat den Internetbusiness zu Lëtzebuerg ubelaangt. Dir gesitt, dat ass net de Fall. Do sinn nach Leit déi investéieren.

An dat gëllt och an der Industrie.

  • Ech hat jo scho vu Kühne&Nagel an der Logistik geschwat.
  • Procap, déi maache Plastiksstëpp, déi wäerte 26 Milliounen elo investéieren.
  • LuxPET, déi maache speziell Plastiksfläsche fir den Haushalt, 24 Milliounen.
  • Panelux, dat sinn déi déi aktiv sinn an der Broutveraarbechtung, 10 Milliounen.
  • Tontarelli, 6 Milliounen, elo a Plastikshaushaltsgeräter.
  • Raval, déi 6 Milliounen elo investéiert hunn, a wäerte Saachen aus Amerika esouguer ofzéie, bei eis.

Also et gëtt trotzdem nach investéiert, trotz deene schlechten Nouvellen. Ech verstinn, datt Dir natierlech d’Titelen am Moment mat deene Saachen, déi den Esprit méi brusquéieren, fëllt. Mä et kéint ee grad esou gutt Titele maache mat gudden Nouvellen, déi a regelméissegen Ofstänn kommen, an déi leider ënner deene schlechten Nouvellen e bëssen ënnerginn.

An et ass eben deen do Bléck deen ech hunn, an déi do Gewëssheet déi ech hunn, déi mir seet, datt eis Perspektiven net esou schlecht sinn. D’Vertrauen daat am Moment d’Leit nach an d’lëtzebuerger Industrie hunn, Vertrauen an de lëtzebuerger Standuert, muss een ëmmer erëm relancéieren. Dat kann een net maachen doduerch, datt een hei zu Lëtzebuerg um Stull sëtzt, dat muss een ëmmer erëm relancéieren. Da fannen ech, datt dat e séier gutt Resultat ass, wat mir amgaange sinn ze maachen. An ech hoffen och, datt dat seng Retombéë kritt.

Mä nach eng Kéier wëll ech soen, datt näischt, weder am Industriesecteur nach an aneren, wäert méi si wéi virdrun. Et wäerte ganz aner Produktioune sinn. Et muss ee sech ëmstellen, an déi Réorientatioune wëlle mir begleeden, esouwuel mat Rotschléi, mä gewéinlech wëssen d’Betriber ganz genee wat si wëllen, oder dann doduerch, datt mir hinne finanziell ënner d’Äerm gräifen.

Et sinn och eenzel Betriber, déi bei mech kommen a soen: "Et geet net méi, de Weltmarché ass net gënschteg fir eis, d’Käschte sinn héich, a mir ginn, mir maachen zou, et geet eben net".

Heiansdo huet ee Verständnis dofir, well ee gesäit, datt wierklech alles probéiert ginn ass, an et ass net gaangen, an heiansdo huet ee kee Verständnis.

An dofir sinn ech frou, ech muss dat ënnersträichen, datt et ganz vill Betriber gëtt, déi am Moment wierklech sozial Verantwortung weisen, a probéieren déi Duuschtstreck do ze iwwerbrécken, an net direkt, wann eng Kéier 10 oder 20 Milliounen Verloscht bei hinnen ass, soen: "Elo maache mir zou". Mä déi huelen deen Defizit mat a Kaf an der Hoffnung, datt et muer besser gëtt, an halen hir Leit, a probéiere se iwwer d’Distanz ze kréien. Mir hu schonn eng ganz Rei ganz flott Betriber, déi dat am Moment och op eng propper Aart a Weis maachen. Déi déi am Moment mussen entloossen, déi meescht vun hinne kënnen einfach net anescht, maachen dat op eng séier responsabel Aart a Weis, trotzdem nach.

Marc Linster: Ech gräifen nach e Stéchwuert op, wat Dir elo d’éinescht gebraucht hutt. D’Finanzplaz, d’Bankgeheimnis gouf jo opgeweecht. Wéi muss sech dann de Finanzsecteur Ärer Meenung no elo opstellen, fir och an Zukunft attraktiv ze bleiwen?

Jeannot Krecké: Eise Finanzsecteur hat jo déi gutt Iddi niewent dem Private Banking, wat dat éischt Standbeen war, eng ganz Rei aner Aktivitéiten opzebauen, an déi gréisste Réussite hu mir am Beräich vun den Investitiounsfongen, dat heescht, alles wat d’Fongenindustrie ass wou mir d’Nummer zwee op der Welt sinn. Dat ass also gegléckt.

Et muss een elo kucken, well et sech jo bei de Banken ëmmer erëm ëm Gefiller handelt, et geet jo net just em blank Geld, mä do heescht et Vertrauen an eppes hun.

Mir hu misse reagéieren um Niveau vum Bankgeheimnis, wat jo nach ëmmer bestoe bleift, mä dat net méi fir schwéier Steierhannerzéiungen. A mir wäerten do elo Zuelen op den Dësch musse leeën, wa Verdacht op schwéier Steierhannerzéiung besteet. An et muss een elo kucke wéi dat sech auswierkt. Mir mussen et fäerdeg bréngen, de Clienten op eng propper Aart a Weis duerzeleeën, datt se keen Intérêt hunn op enger Bankeplaz ze sinn, déi e schlechte Ruff huet. Dee wëlle mir net hunn, deen hu mir och net. An dofir, mengen ech, mussen déi eenzel Banken och probéieren esou mat de Clienten ze schwätzen, an dann huet fir déi meescht Clienten näischt geännert. Et muss een hinne just dat Vertraue ginn, datt net schrëttweis elo ëmmer erëm nei Saache kommen, déi se vläicht duerchernee bréngen. An an deem Moment gesinn ech och fir d’Bankeplaz, wat ëmmerhin eise beschte Client ass, nach eng gutt Zukunft.

Marc Linster: No laangem Hin an Hier gouf de Site fir en neie Futtballstadion mat Shopping Zenter zu Léiweng bekannt. 1990 sollt schonn eng Kéier op där Plaz gebaut ginn, deemools koum awer en Nee vun den Autoritéiten, an et huet geheescht, den Terrain wier net bebaubar. Gëllen déi Bedenke vun deemools dann elo net méi?

Jeannot Krecké: Déi Bedenken déi deemools geäussert gi sinn, sinn an engem Moment geäussert ginn, wou d’Situatioun eng ganz aner donidde war.

Mir hunn dee Site do jo net einfach esou ausgewielt. D’Critèren déi mir erausginn hu ware ganz streng. Mir wosste selbstverständlech, datt och do heiansdo Waasser ass. Mir waren de Kadaster jo kucke vun den Iwwerschwemmungsgebidder, an do ass déi do Plaz net dran. Ech wëll Iech dat nach eng Kéier soen. Am Kadaster vun den Iwwerschwemmungsgebidder ass dat do net dran.

Mä et ass richteg, datt heiansdo Waasser do steet. Dat kënnt duerch eng ganz Rei Moossnamen déi an der Tëschenzäit geholl gi sinn, an déi mat sech bréngen, datt d’Waasser sech do staut.

Wat ass virgesinn, a wat hu mir esouguer proposéiert, scho wéi mir et virgestallt hunn? Do ass e grousst Opfangbecke virgesinn, eng ganz Rei aner Aarbechte wäerte gemaach gi fir datt deen Offloss garantéiert ass. Deen Opfangbecken ass esou orientéiert, datt en u sech ausgesäit herno wéi e Séi, gekoppelt mat engem Park. Dat wäert d’Pufferzon gi fir d’Iwwerschwemmungsgebitt.

An Dir musst jo dovunner ausgoen, wa Leit, déi jo och Büroen hunn déi se beroden, esou vill Geld, bereet sinn do ze investéieren, datt déi Leit net esou geckeg sinn dat ze maache wann do gewosst wier, datt se esou vill Problemer mam Iwwerschwemmungsgebitt kréichen. Hei schwätze mir vun 250 bis 280 Milliounen Invest am gesamten, et ass jo net nëmmen de Stadion, mä alles dat hannendrun. Dofir, mech wonnert et, all déi Leit déi sech elo Suerge maachen, ob [gëtt ënnerbrach]

Marc Linster: Et gëtt schonn eng Biergerinitiativ.

Jeannot Krecké: Déi Biergerinitiativ ass et scho virdru gi. Déi gëtt et einfach nach, an déi kritt elo en aneren Titel, sécher, oder eng aner Ausriichtung. Eenzel Leit vun hinnen hu mech och schonn ugeschwat op dat do. Et ass jiddwerengem säi Recht, selbstverständlech, mat Saachen net d’accord ze sinn.

Mä ech muss wierklech soen, mir hu dee Site do erausgesicht, well keen anere Site do ass, deen esou eng gutt Ubannung huet un den Zuch, un d’Autobunn. Et ass kee Site do, deen esou mann wäert d’Populatioun an hir Liewensqualitéit beaflossen. Et ass kee Site do deen op enger Plaz ass, déi ekologesch am Moment esou wéineg wäertvoll ass, well se tëscht der normaler Eisebunn, TGV, Autobunn, national Strooss, an der gréisster Tankstell aus Europa läit. Et soll kee mir soen, datt dat en ekologesch héichwäertegt Gebitt ass, wat do entstanen ass.

Mir hunn dat schonn esou erausgesicht, datt et net wäert op d’Leit vun der Gemeng awierken. Et ass dee beschte Site, an déi Moosnamen déi musse geholl gi fir dee Problem, deen heiansdo opdaucht, meeschter ze ginn, si schonn an de Pläng mat dran. Bei der Virstellung war dee risegen Opfangbecken, deen ausgesäit wéi e Séi, scho virgesinn.

An d’Leit sollen och elo emol de Promoteuren, a virun allem och deene Leit, deene Büroen déi dorop schaffen, einfach vertrauen, datt dat net e lauter Hennesse sinn, déi dorunner schaffen.

Marc Linster: A wéi ass mat Wickreng? Ass dat elo mat Léiweng gestuerwen, dee Shopping Zenter?

Jeannot Krecké: Wickreng, do war d’Regierung net waarm dofir. Dee Projet war awer scho wäit fortgeschratt, an da ka een net einfach soen: "Nee, Wickreng ass et elo net". Déi Leit déi do och schonn investéiert hunn, hu jo do eng Erwaardung gehat. Dofir hunn ech ee Moment d’Propositioun gemaach fir ze kucken, ob mir Deeler vu Wickreng net eriwwer kréichen op Léiweng. Ech si wierklech ganz optimistesch, datt mir dat ronn kréien, datt dann zu Wickreng eppes anescht entsteet.

Ech hunn och do mat der Gemeng geschwat, déi huet och e Recht fir eng Rei Aktivitéiten do ze hunn, an och deen deem den Terrain gehéiert huet e Recht fir eng Rei Aktivitéiten ze hunn. Mä dat sinn Aktivitéiten, déi da landesplaneresch besser do erapassen.

An ech ginn dovun aus, datt mir do eng liicht Artisanalzon, vläicht Wunnengsbau kréien, och e klenge Supermarché dee si net hunn. An der ganzer Gemeng, huet de Buergermeeschter mir gesot, fënnt ee kee Botter. Mä mir suergen dofir, datt dat dohinner kënnt.

Mir wäerten dann Deeler vun deem wat virgesinn ass op Léiweng huelen, wou mir jo och eng eemooleg Geschicht probéieren ze maachen, nämlech datt mir eng Outlet-Mall maachen, dat heescht, am Fong geholl Fabrikgeschäfter, déi mat ale Modeller operéieren, Modeller vum Jor virdrun déi doduerch vill méi bëlleg sinn. Dat gëtt eemooleg zu Lëtzebuerg, an dat ass wierklech e Projet dee sech weise léisst, net nëmme sportlech.

Sportlech sinn d’Erwaardunge vun der ganzer Futtballwelt. Ech wëll dat deene Leit an Erënnerung ruffen, déi froen, brauche mir e Futtballstadion? Mir brauche vill Saachen hei zu Lëtzebuerg net. Mä well Lëtzebuerg en normalt Land ass, brauch een och e Futtballstadion. Dat ass esou. Esou wéi ee Banke brauch, esou wéi ee Klinike brauch, wéi ee Muséeë brauch, brauch een och e Futtballstadion. An dofir gehéiert dat dozou, och wann dat net honnert Prozent vun der Bevëlkerung, wahrscheinlech, wäert begeeschteren. Et sinn och Leit déi net an d’Muséeë ginn, et si Leit déi net an d’Kinoë ginn, mä et brauch een och Kinoen a Muséeën.

An dofir mengen ech, soll een deem Projet do eng Chance ginn. D’Sportswelt, a besonnesch d’Futtballwelt, an de Rugby kënnt jo och dohinner, huet e Recht do drop. A mir maachen dat esou, datt et verstänneg ass. Dat gëtt kee Risestadion. Et gëtt e Stadion deen ugepasst ass un eis Moossen.

Marc Linster: Mir brauchen och eng Loftfahrtgesellschaft, an do soll jo d’Lufthansa bis 20% vun de Partë bei der Luxair iwwerhuelen. Här Minister, wéi jugéiert Dir dësen Deal, wann een zum Beispill weess, datt d’Lufthansa d’Cargolux an Amerika fir zëg Milliounen Euro ugesicht huet?

Jeannot Krecké: Aus deem Grond war ech natierlech och skeptesch am Ufank, well ee seet, déi déi eis do ugeschmiert hunn – hëllefe mir deenen elo nach hei?

Mä wann ech awer kucken, datt esouwuel d’Cargolux wéi d’Luxair, menger Meenung no, gestäipt musse gi vu gréissere Partner, vu Leit déi eis vläicht och kënne garantéieren, datt mir och muer an iwwermuer nach existéieren, dann ass de Choix wahrscheinlech richteg. Et muss ee just d’Konditioune vun der Stee mat der Lufthansa genee ofmaachen. Et ass en Interessekonflikt mat der Cargolux, dee muss geléist sinn. Dat heescht, dat muss am Ofkommes dra sinn.

A virun allem, mengen ech, huet d’Luxair e Recht drop ze wëssen, wéi d’Lufthansa hinnen dann an Zukunft hëlleft. Mir hunn hinne vill gehollef doduerch, datt d’Luxair hinnen op Frankfurt, op München an iwwerall Leit féiert, déi si dann an de Rescht vun der Welt féieren. Mir hunn Intérêt dodrun, datt dat esou leeft, mä d’Luxair muss och en Deel vum Kuch hunn, an dee Kuch dee muss anstänneg sinn. An ech hoffen, datt mir dat ronnbréngen.

Marc Linster: Eise Gaascht dierf sech ëmmer e Lidd eraussichen. Wéi Dir déi éischte Kéier als Minister hei am Studio am Background waart, dunn hat Dir Iech gewielt: "We are the Champions". Dës Kéier sot Dir mir, et stéing Iech net no engem Lidd. Wisou?

Jeannot Krecké: Mäin Optimismus iwwer d’Aart a Weis wéi Lëtzebuerg aus där Situatioun erauskënnt, kéint mech am Fong geholl soe loossen, spillt dat Lidd nach eng Kéier. Mä eng gewësse Bescheidenheet, mengen ech, ass an engem Zäitraum wéi deem hei noutwenneg, an dofir géing ech dat Lidd do net spillen. Och wann ech dru gleewen, datt mir nach eng Kéier kënnen an eenzelne Beräicher d’"Champions" ginn.

Wann een da géing e Lidd spillen, wat der Situatioun ugepasst ass, da wier dat eppes wat ech och net gären hunn, well ech fannen, datt mir scho vill ze vill Trübsal op den Noute blosen, an da misst een en trauregt Lidd ustëmmen. An dofir hätt ech léiwer mir géinge kee Lidd ustëmmen, a mir géinge weider schaffen.

Marc Linster: Dann hoffen ech, datt d’Regierung weider schafft bis d’Wahlen. Dat war et fir d’Emissioun "Background" vun haut, am Gespréich mam Minister Jeannot Krecké. Här Krecké, villmools Merci fir Äre Besuch am Studio.

Dernière mise à jour