Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet des bonus bancaires et de la conjoncture dans la zone euro

André Dübbers: Et géing hei net ëm de Bonus selwer goen, och net ëm d’Jalousie vis-à-vis vu Leit déi zolitt Paien hunn, betount de Finanzminister Luc Frieden.

Luc Frieden: Mä et geet drëm ze kucken, datt de Finanzsystem deen d’Staaten hu missen ënnerstëtzen - an dee si och ënnerstëtze wann eppes schif geet, och an Zukunft, duerch de Garantiesystem - datt do keng Bezuelungsmechanismë bestinn déi zu extragrousse Risikogeschäfter féieren. Déi Kris hei huet an der Analys bewissen, datt ënner villen Ursaachen och verschidden héich-spekulativ Operatioune gemaach gi sinn, zu deene verschidden Händler quasi incitéiert gi si well si e ganz décken Deel vun hirer Pai als variabel Pai haten déi méi grouss ginn ass wa si héich-spekulativ, kuerzfristeg Geschäfter gemaach hunn.

André Dübbers: [d’Zil vum G20 Sommet]

Luc Frieden: Notamment, datt all d’Finanzprodukter mussen iwwerwaacht ginn; datt d’Eegekapitalregele vun de Banke mussen iwwerkuckt ginn; datt déi makroekonomesch Analys vun de Risiken duerch europäesch Organer gemaach gëtt fir am Fong am Virfeld eraus ze fannen ob eng Kris ka kommen, an da kënnen ze reagéieren.

Ech mengen, datt op all deenen dote Punkten e relativ breede Konsens ass, grad esou wéi mir der Meenung sinn, datt den Internationale Währungsfong muss déi noutwenneg Mëttelen hunn.

André Dübbers: [d’Konjunktur]

Luc Frieden: Mir haten am 2. Quartal vun dësem Jor fir d’éischte Kéier erëm eng Kéier an der Eurozon e ganz liicht Uwuesse vum Bruttoinlandprodukt. Dat Uwuesse war awer esou kleng, datt wann een dat am historesche Verglach kuckt, da géing een dat als eng schlecht Nouvelle ëmfannen.

Dernière mise à jour