Déclarations du Premier ministre, président de l'Eurogroupe, au sujet des bonus bancaires

Jean-Claude Juncker: Mir si scho méi laang der Meenung - iwweregens scho viru Joeren - datt eng Gerechtegkeetslücke entsteet an der Aart a Weis wéi an Europa, an iwwerhaapt an der Welt, Geld verdéngt gëtt. Nodeems mir elo duerch déi Finanz- a Wirtschaftskris gaange sinn, an d’Staaten, d’Regierungen an domat och direkt an indirekt d’Steierzueler massiv agespronge si fir am Bankesecteur erëm normalt Waasser alafen ze loossen an d’Realwirtschaft ze retten, schéngt et eis total nieft der Plaque ze sinn, datt an eenzelne Chefétagë vun internationale Bankegruppen, um Niveau vun den Traderen, besonnesch an der City vu London, elo erëm gemaach gëtt wéi wann näischt geschitt wier, an datt virun am Floribus gewirtschaft gëtt.

Mir sinn der Meenung, datt deene Boni-Exzesser muss en Enn gesat ginn.

Nico Graf: À propos City of London: wann d’Englänner an d’Amerikaner bei den Neiregelungen net matmaache wëllen d’Europäer dat alleng maachen, well:

Jean-Claude Juncker: Den Ierger bei de Leit hëllt massiv zou. Et ginn Ofgangsentschiedegunge fir Leit, déi eigentlech wirtschafts- a betribsméisseg gescheitert sinn, an exorbitanter Héicht ausbezuelt. Et sinn ëmmer nach, an der Aart a Weis wéi Bankemanagere remuneréiert ginn, Risikoelementer dran an där Gestalt, datt d’Banquiere méi grouss Risiken huele wat si méi héich Bonië kréien. A well si esou héich Bonië kréien huele si déi Risiken och. A well si déi Risike geholl hunn ouni ze kontrolléiere wat dann eigentlech geschitt si mir an déi Situatioun era geroden an där mir sinn - et ass net déi eenzeg Ursaach, ma et ass eng vun den elementaren Ursaachen. An dofir muss Schluss domat sinn.

Nico Graf. Konkret Pläng - dat war jo bis ewell ëmmer de Problem bei Regulatiounsiddië géint iwwerdriwwen Traderbonussen. Zu Bréissel hu se schonn e puer Pistë verfollegt.

Jean-Claude Juncker: Zum Beispill datt e Bonus net nëmmen dierf fir 1 Jor festgeluecht ginn, ma datt en iwwer e puer Joer muss festgeluecht gi fir datt ee ka kontrolléieren ob déi Performance fir déi een de Bonus kritt dann och wierklech eng Performance war. Mir hunn iwwer e Bonus/Malus System geschwat, an där Gestalt, datt och muss kënnen zréck bezuelt gi falls d’Operatiounen déi getätegt ginn an déi mat engem Bonus remuneréiert gi schif ginn. Mir hunn driwwer geschwat, wéi dann de fräiwëllegen Deel vun der Vergütung vun de Bankmanager, also de Bonus, am Verhältnis muss stoen zu hirer normaler Pai.

Dernière mise à jour