Le ministre de l'Agriculture, Romain Schneider, au sujet de la crise dans le secteur laitier

Claude Zeimetz: Tëscht 20 a 24 Cent kréien d'Mëllechbauere pro Kilo Mëllech. Dat ass net genuch. D'Kris um Mëllechmaart war dann och den Haaptsujet gëschter um Agrarconseil zu Bréissel. Et ass laang diskutéiert ginn, konkret Decisioune goufen allerdéngs keng geholl. Just déi, datt un de Quoten net gefréckelt gëtt. D'Kommissioun huet hire Rapport iwwert d'Situatioun um Maart virgeluecht an zu Bréissel war gëschter den neie Landwirtschaftsminister Romain Schneider, deen ech elo um Telefon begréissen. Gudde Moien, Här Schneider.

Romain Schneider: Gudde Moien.

Claude Zeimetz: Wéi gesäit dann elo dee Rapport aus, deen d'Kommissioun presentéiert huet. Wéi huet sech de Mëllechmaart an der lescht entwéckelt?

Romain Schneider: Wann een de Rapport kuckt, ech mengen da gesäit een, datt liicht Unzeechen do sinn, datt de Maart sech géing erëm erkréien, dDatt de Mëllechpräis also liicht géing an d'Luucht goen, och um Weltmaart an engems kann een dat dote verfollegen. Mir hoffen natierlech all drop, datt déi do éischt Unzeechen och effektiv an der Praxis den Nidderschlag wäerte fannen.

Claude Zeimetz: Dat ka jo natierlech och da saisonal bedéngt sinn.

Romain Schneider: Dat ka sécher saisonal bedéngt sinn, mä et sinn eigentlech Indikatoren do vun den Experten an der Matière, déi soen datt et éischter awer och zu engem Upasse vun de Präisser wäert féieren. Datt virun allem och all déi Instrumenter, déi an der Tëschenzäit ëmmer scho geholl goufen – ech mengen et ass jo esou, datt d'Kommissioun awer an der Tëschenzäit Milliarden schonn an dee Secteur direkt investéiert huet – wäerte scho gräife kënnen.

Claude Zeimetz: Diskutéiert ass gëschter vill ginn. Eent ass sécher, datt un de Quoten net gefréckelt gëtt. Dir sidd och ee vun deenen, wéi déi allermeescht, déi dru festhalen, datt d'Quote wéi geplangt 2015 auslafen. Mä Lëtzebuerg huet sech awer och zesumme mat 15 anere Länner gëschter an enger Deklaratioun duefir ausgeschwat fir nei kuerzfristeg Mesuren anzeféieren déi dat Enn vun de Quoten offiedere sollen. Wéi sollen déi dann ausgesinn?

Romain Schneider: Bon, ech mengen dat ass richteg, éischtens, datt mir op den Quotenauszich viru bestinn, well mir keen Zick-Zack-Kurs wëlle fueren an doniewent mengen ech hu mir awer och zesumme mat anere 15 Länner e Pabeier verfaasst deen eigentlech relativ streng d’Kommissioun opfuerdert sech ganz schnell d’Mesuren déi mir hei virgeschlo hunn, ze iwwerdenken an och an d'Praxis ëmzesetzen. Wat virun allem eng Augmentation temporaire vum Interventiounspräis ass, wat zweetens awer och d'Hëllef un d'Exporterstattung, déi mir beim Botter, beim Mëllechpolver a beim Kéis maachen, ass. Doniewent och Aiden fir effektiv och Mëllechpolver kënnen ze benotzem am Déierefudder. An awer och ze kucken, datt mir virun allem déi Stocken déi de Moment entstane sinn elo net zu engem Zäitpunkt op de Maart schécken wou effektiv de Maart schonn iwwersättegt ass. Bon, längerfristeg da mengen ech virun allem do wëlle mir histeieren dozou, datt mir eigentlech och deen Rof a Rop vun de Präisser wëllen evitéieren andeem ee virun allem eng legal Basis soll schafen, wou ganz einfach och kënne Kontrakter gemaach ginn tëschent de Produzenten an tëschent där ganzer Kett vun der Mëllechindustrie, vun der Liewensmëttelindustrie.

Claude Zeimetz: Dat doten dat sinn elo vill Iddien. Wéi geet et dann elo virun? Am Oktober soll deen nächsten Agrarconseil hei zu Lëtzebuerg sinn. Wéini gëtt d'EU dann elo wirklech aktiv fir de Baueren och effektiv ze hëllefen?

Romain Schneider: Bon, ech mengen, datt d'EU schonn aktiv war, datt schonn eng Rei Milliarden virun allem am Interventiounspräis awer och an aneren Hëllefen investéiert goufen. Hei mengen ech ass eng Opfuerderung déi mir der Kommissioun weider ginn hunn, déi eis och am Oktober hei zu Lëtzebuerg éischt Äntwerten op dës Pisten déi mir gezeechent hu mat 15 anere Länner solle ginn. An dee Moment wäert d'Kommissioun dann och aktiv ginn. Ech mengen de schwedesche Ratspresident huet dat och gesot, datt och hie selwer wäert do intervenéieren, datt schnell Decisiounen an deenen dote Beräicher wäerte kommen. Doniewent mengen ech ass et awer och un all Land national ze kucken. An hei zu Lëtzebuerg mengen ech hu mir eis jo och engagéiert schnellstméiglech de Baueren ënnert d'Ärem ze gräifen an do wäerte mir virun allem am Kader vun de Budgetsdiskussiounen déi Schrëtter ënnerhuelen déi och fir de Secteur, déi och gréisstendeels vum Secteur gefuerdert ginn an hei mengen ech wäert d'Lëtzebuerger Regierung och seng Responsabilitéiten iwwerhuelen.

Claude Zeimetz: Nach ganz kuerz zum Schluss. Iwwermuer decidéiert elo den European Milkboard ob hien en europawäite Mëllechstreik ausrifft oder net. Wéi ass do äert Gefill no der Sëtzung vu gëschter?

Romain Schneider: Bon, ech mengen, datt et wahrscheinlech esou ass, datt jo elo net e ganz, ganzt kloert Zeechen, obwuel mengen ech Undeitunge kommen an, datt och ëmmerhin 16 Länner do e ganz staarke Pabeier der Kommissioun ënnerbreet hunn, mengen ech wäert dat wahrscheinlech deene meeschte Mëllechbaueren an Europa net duer goen. An déi wäerte scho mengen ech zu deem Streik opruffen. Wou een allerdéngs mengen ech soll oppassen, datt dee Streik net ee Bumerang ass deen no hanne ka lass goen, well effektiv am ganze Secteur, wou een och gedeelter Meenung vun esou engem Streik ass. Mä ech mengen do muss jiddwereen seng Verantwortung iwwerhuelen.

Claude Zeimetz: Romain Schneider, echsoen Iech villmools merci fir d'Gespréich.

Romain Schneider: Et ass gär geschitt, schéinen Dag nach.

Dernière mise à jour