Nicolas Schmit au sujet du chômage au Luxembourg et du nouveau projet de loi visant a atténuer les effets de la crise économique sur le chômage des jeunes

Frank Goetz: Am Fong huet jo all Aarbechtsminister dee selwechte Problem; en huet zwar Aarbecht a sengem Titel stoen, mä ka keng reell Aarbechtsplaze schafen. Ass een net och e bësse machtlos an där Situatioun?

Nicolas Schmit: Machtlos, géif ech net soen. Et ass kloer, datt een ëmmer erëm déi Problemer muss konfrontéieren, wéi bréngen ech et fäerdeg, trotz allem, déi Aarbechtsplazen déi et gëtt, an et ginn nach ëmmer Aarbechtsplaze geschaf, fir déi Leit drop ze kréien, déi keng Aarbecht hunn. Dat heescht, mir kënnen net vun haut op muer d'Aarbechtslosegkeet einfach vum Dësch wëschen, dat ass net méiglech, huet och bis elo nach ni ee fäerdeg bruecht. Mä et verbesseren, méi Leit an en Aarbechtsprozess bréngen, ech mengen dat ass d'Missioun vum Aarbechtsminister.

Frank Goetz: Mä kommt, mir huelen emol d'Bankewelt. Hei sollen Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, op alle Fall solle keng neier entstoen. Wat bedeit dat fir de Staat, wann dach esou eng Mëllechkou manner hiergëtt?

Nicolas Schmit: Wat bedeit dat fir onsen Emploi hei zu Lëtzebuerg? Éischtens stellen ech fest, datt effektiv eng Rei Banken décidéiert hu momentan en Astellungsstopp ze décidéieren. Dofir hu mir jo elo déi Mesurë proposéiert, déi an e Gesetz solle kommen, fir och déi Entreprisen dozou ze beweege punktuell awer jonke Leit eng Chance ze ginn. Ech mengen, einfach ze dekretéieren, mir stelle kee Mënsch méi an, dat heescht, mir verzichten op all déi jonk Talenter déi elo aus der Schoul kommen, déi eigentlech prett si fir eng Aarbechtsplaz z'iwwerhuelen, fir hirt Wëssen och an deem Job geltend ze maachen, ech géif soen dat wier dee schlechte Choix.

Frank Goetz: Mir hu jo awer de Patron vun der Dexia, ëmmerhin deen zweetgréisste Patron vum Land elo just héieren.

Nicolas Schmit: Ech hunn dee Patron héieren, ech mengen dee Patron wosst jo vläicht nach net wat fir eng Mesurë mir do proposéieren. Ech kann deem entgéint halen dat wat d'Patronne vun de franséische Patrone virun e puer Deeg gesot huet, wou si en Appell gemaach huet un d'Patronen, deene jonke Leit eng Chance ze ginn, grad ebe fir net op déi Talenter einfach esou ze verzichten, fir déi Jonk net einfach virun der Dir stoen ze loossen.

Frank Goetz: Wat bedeit et da fir de Staat, wann e Betrib wou de Staat och mat dran ass, wéi d'CFL-Cargo, déi awer elo dramatesch ofbauen, och wa keen, dat weess ech, entlooss gëtt?

Nicolas Schmit: Mir sinn an enger terribeler Wirtschaftskris. Fir d'éischt säit Joeren ass och déi Lëtzebuerger Ekonomie an engem Schrumpfungsprozess. Mir wäerte wahrscheinlech an enger Rezessioun, déi -4% vun onsem Räichtum bedeit, dëst Jor sinn. Et ass ganz kloer, datt dat eng ganz Rei Entreprisen ënner Drock setzt, besonnesch eng Entreprise déi am Transportberäich schafft, déi en plus vum Transport vum Stol ofhänkt. Ech muss awer soen, esou wéi esou Nouvellen dann eraus kommen, wou gesot gëtt, do ass eng Entreprise déi elo 100 Leit entléisst oder ofbaut, dat crééiert immens Ängschte bei deene Leit déi sech direkt concernéiert fillen. An ech géif do en Appell maachen e bësse méi virsiichteg ze sinn, well déi Leit déi dat héieren, déi näischt dovu wëssen – en plus war déi Nouvelle net richteg, well et gëtt kee Mënsch momentan bei der CFL-Cargo entlooss [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: Si ginn transferéiert, dat gouf jo awer gesot.

Nicolas Schmit: Et gi Leit transferéiert, mä dat heescht net entlooss.

Frank Goetz: Sécher?

Nicolas Schmit: Besonnesch déi Leit déi transferéiert ginn, hunn eigentlech eng Garantie d'emploi, déi déi vun der CFL kommen. Dat crééiert immens Ängschten an et ass net dat wat mir elo brauchen. Ech mengen, et muss een och Respekt hu virun deene Leit, dofir musse mir och nodenke wéi mir déi Politik vun der Informatioun an de Betriber a besonnesch och no bausse besser geréieren.

Frank Goetz: Vill Leit, an dat hu mir och iwwer Froen déi eis iwwer RTL.lu erageschéckt goufe gesinn, maache sech Gedanken iwwer d'Kuerzaarbecht. Am Reportage vum Guy Weber hu mir gesi wéi déi dramatesch ugeklommen ass. Kommt, mir kucken eis nach eng Kéier d'Grafik un: Juli 2008 3 Demanden, Juli 2009 133 Demanden, dovu kruten 128 Betriber gréng Lut, bal 10.000 Leit si betraff. Dat ass jo awer trotzdem verréckt. Ass et nëmmen d'Kris déi elo spillt?

Nicolas Schmit: Et ass d'Kris. D'Kuerzaarbecht ass haaptsächlech eng Äntwert op eng konjunkturell Kris. -4% hunn ech gesot, bei verschiddenen Entreprisë -30%, -40% vun hiren Aktivitéiten, vun hirem Chiffre d'affaires. Kuerzaarbecht ass also eng zäitlech begrenzte Léisung. A mir hoffe jo alleguerten, datt d'Ekonomie d'nächst Jor sech lues a lues erëm erkritt, datt mir erëm op méi normal Situatiounen zréck kommen. An dofir: d'Kuerzaarbecht ass eng Léisung, well dat heescht, mir halen d'Leit an de Betriber a wann et erëm besser geet, wann d'Aktivitéite sech erëm verbesseren, da sinn déi Leit do an de Betrib huet all dee Savoir-faire vun deene Leit a ka se erëm voll asetzen.

Frank Goetz: Mä d'Haaptfro ass jo, an dat ass och eng Fro vun engem Internaute déi mir erageschéckt kruten, wéi laang kënne mir eis déi Kuerzaarbecht do dann iwwerhaapt nach leeschten?

Nicolas Schmit: Dir hutt gesi wéi schnell vu praktesch 0 déi Kuerzaarbecht op Dausende Leit erop gaangen ass. Elo muss een och déi Chifferen e bëssen nuancéieren. Wann ee seet, 10.000 Leit schaffen a Kuerzaarbecht, do gëtt et Leit déi ganz wéineg schaffen an et gëtt Leit déi vläicht 5 oder 10 oder 15 Stonne manner schaffe wéi si dat gewinnt sinn. Et ass also e Begrëff deen ee muss e bësse méi vun no kucken.

Mir kënnen ons dat leeschten, natierlech net iwwer Joeren. Mä ech gi jo och net dovun aus, datt déi Kris, déi konjunkturell Kris Joere wäert daueren. Ech hoffen also, datt lues a lues déi Kuerzaarbecht ofhëllt. Mir gesinn och do Unzeechen, vu Mount zu Mount, datt net nëmmen d'Betriber manner Kuerzaarbecht froen, mä besonnesch déi richteg Kuerzaarbecht, déi wierklech an de Betriber gefuer gëtt, datt déi zréck geet. D'Betriber huelen hir Precautiounen, si froen héich Zuelen a fueren dann awer vill manner. Dat ass en éischt Unzeechen, datt sech a ville Secteuren awer d'Situatioun verbessert an normaliséiert.

Frank Goetz: Dramatesch um Chômage ass jo a bleift wa Jonker keng Aarbechtsplaze fannen. A fir z'evitéieren, datt déi Jonk um Aarbechtsmaart net ënnerkommen huet den Aarbechtsminister e Gesetzprojet ausgeschafft. Entreprisë sollen hei finanziell ënnerstëtzt gi wa si de Jonken e Kontrakt bei hinnen ubidden an dat esouwuel fir manner héich Qualifizéierter wéi awer och fir Jonker mat Diplom, well och déi hunn et am Moment ëmmer méi schwéier nach eng Plaz ze fannen. De Jeff Spielmann stellt eis dës speziell Mesurë vir.

[Reportage vum Jeff Spielmann]

Frank Goetz:: Jo, bis 2010 soll also dat neit Gesetz, wann et da gestëmmt gëtt, gëllen. Mat wéi ville Jonke rechent Dir dann, déi duerch dës Mesuren eng Plaz kënne fannen?

Nicolas Schmit: Dat ass ëmmer ganz schwéier. Dat hänkt natierlech dovun of wéi vill Jonker sech mellen a besonnesch och wéi vill Offeren aus de Betriber kommen. Ech hu muer e Gespréich mat der UEL, fir eben och dee Projet do den Entreprisen an de Federatiounen nozebréngen. Ech ginn dovun aus, datt tësche 500 a 700 jonk Leit op dat Instrument kënnen zréck gräifen. Mir hu jo och eng gewëssen Experienz. Mir haten de CAE an de CIE schonn, an dat sinn à peu près déi Chifferen déi mir an deene vergaangene Joeren do haten.

Frank Goetz: De Käschtepunkt spillt hei och eng Roll, ass Thema och vun enger Fro déi mir via Internet, via RTL.lu era geschéckt kruten. E Mann freet, sinn ons Keesen esou gutt gefëllt?

Nicolas Schmit: Eis Keese sinn net méi esou gutt gefëllt, mä mir mussen elo Prioritéite setzen. An ech mengen, eng vun de Prioritéiten ass ouni Zweiwel d'Lutte géint de Chômage, d'Lutte besonnesch och géint de Chômage vun deene jonke Leit. An deem Sënn muss een ebe kucke wou Sue gespuert kënne ginn, fir eben esou Mesuren an d'Wee ze leeden. Et muss ee wëssen, datt wa mir dat do net maachen, da kascht dat awer. Well och déi Jonk, no 6 Méint, wa si keng Aarbecht fonnt hunn, hunn Droit op de Chômage. Dat heescht, ech hu léiwer mir bezuele fir datt jonk Leit schaffen, datt si aus der Aarbechtslosegkeet eraus kommen, datt si eng Experienz kréien, wéi si sëtzen doheem a lues a lues verzweiwele se, well de Chômage ass net nëmmen eng ekonomesch Notioun, et ass eng Notioun déi un d'Persoun selwer geet, besonnesch u jonk Leit, déi eigentlech lues a lues keng Perspektivë méi gesinn. Ech mengen, dat muss op jiddwer Fall evitéiert ginn.

Frank Goetz: Nicolas Schmit, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Dernière mise à jour