Mars Di Bartolomeo au sujet du premier décès au Luxembourg dans le cadre de la grippe A (H1N1)

Frank Goetz: Wéi ass dann elo dësen éischten Doudesfall am Zesummenhang mat dëser Neier Gripp anzeschätzen?

Mars Di Bartolomeo: Et konnt een domat rechnen, datt iergendwann och hei zu Lëtzebuerg en déidleche Fall géif kommen. Wann et ronderëm där Doudesfäll gëtt, da kann et net laanscht Lëtzebuerg goen. Et ass een natierlech ëmmer betraff, getraff wann et e Mënsch am beschten Alter trëfft. An deem heite Fall, Dir hutt et richteg gesot, war et e Mann deen eng Rei vun anere gravë Krankheeten hat, sech och dobaussen infizéiert huet an deen et duerch déi Kombinatioun vun deene Krankheete mam Virus net gepackt huet.

Frank Goetz: Dat heescht, wichteg ass et hei déi Kombinatioun mat deenen anere Krankheeten ervirzesträichen?

Mars Di Bartolomeo: Absolut. Dat ass ganz richteg. Dee Mann war fragiliséiert an de Virus ass dobäi komm. Iwweregens geschitt dat och regelméisseg bei der normaler saisonaler Gripp. Wann ee fragiliséiert ass – dofir och de Rot bei der saisonaler Gripp fir fragiliséiert Leit sech impfen ze loossen – do trëfft de Virus am stäerksten an do sinn d'Konsequenzen am häertsten.

Ech mengen och, wa mir dee bedauerleche Fall elo hei zu Lëtzebuerg hunn, et muss een awer ëmmer drun erënneren, datt, bei deene ronn 230 Fäll déi mir bis elo haten, all déi Fäll gutt verlaf sinn – vergläichbar mat enger saisonaler Gripp – datt déi Leit alleguer schnell recuperéiert hunn an erëm gesond gi sinn.

Wat mech dozou féiert, weiderhin déi Attitude ze halen déi mir bis elo zu Lëtzebuerg insgesamt hunn: d'Lëtzebuerger hu ganz responsabel reagéiert, ganz richteg reagéiert fir ze soen, et ass eng Gripp déi een net dierf bagatelliséieren, mä et ass eben eng Gripp wou ee krank gëtt, wou et och bei méi fragilë Leit méi haart ka sinn, mä et ass net Pescht a Cholera, wéi dat heiansdo op anere Plazen duergestallt gëtt. Ech muss soen, d'Lëtzebuerger Medien hunn hei ganz grouss Responsabilitéit gewisen.

Frank Goetz: Dir hutt gesot, et verleeft relativ schwaach, mä dorop kann natierlech kee sech verloossen, datt dat och esou bleift.

Mars Di Bartolomeo: Neen, dat ass ganz richteg. Mä ech mengen, déi Attitude déi ee soll huelen, dat ass, datt ee sech mat der Realitéit déi relativ fest gräifbar ass ausenanersetzt; datt een déi verschidden Hypothesen déi kënne kommen a seng Planungsaarbecht eranhëllt. Mä elo wou d'Situatioun déi ass wéi se ass, net esou maache wéi wann all déi katastrofalst Hypothesen déi vu Leit do baussen entwéckelt ginn – de Verglach mat der Spuenescher Gripp an esou weider – scho Realitéit wieren.

Et soll een ëmmer ganz no un der Realitéit bleiwen a sech d'Moyene ginn, wann déi Realitéit sech dann ännert, adaptéiert ze reagéieren. An am Moment ass d'Situatioun esou, datt mir eis solle verhale wéi bei enger normaler Gripp.

Frank Goetz: Vläicht nach e Wuert zu der Impfung, Här Minister. An Däitschland wëlle se Mëtt Oktober, mengen ech, elo ufänken. Wéini geet et bei eis lass?

Mars Di Bartolomeo: Bei eis ass et ongeféier dee selwechte Szenario. Et ass e puer Mol gesot ginn, datt deen Impfstoff net matenee kënnt, dee kënnt an Etappen. Wéi eis Nopere wäerte mir dann och Prioritéiten definéieren, wie prioritär sech soll impfe loossen.

Mä wéi gesot, hei ass et net esou, datt ee sech elo, wann déi éischte Kéier gesot gëtt, datt de Vaccin, datt déi éischt Etapp ukomm ass, datt ee sech da soll drop stierzen. Et soll een dat ähnlech cool, wann een dat dierf soen, ähnlech raisonabel maache wéi bei der saisonaler Gripp.

Frank Goetz: Nach ganz kuerz: et gi jo ganz vill Studien, Tester gemaach. Ech hu gelies, datt et eventuell esouguer mat enger ganz schwaacher Dosis géif duergoen. Kënnt Dir dat iergend wéi confirméieren?

Mars Di Bartolomeo: Et gëtt am Moment villes wat drop hiweist, datt mir mat enger Dosis eens ginn. Dat ass eng gutt Nouvelle déi sech méi a méi confirméiert aus deenen Tester eraus. Eng Dosis ass wierksam fir d'Leit iwwer länger Perioden ze schützen.

Frank Goetz: Mars Di Bartolomeo, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Mars Di Bartolomeo: Merci och.

Dernière mise à jour