Le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale Mars Di Bartolomeo au sujet de la réunion Quadripartite

Mariette Zenners: Gudden Owend, Här Di Bartolomeo.

Mars Di Bartolomeo:Gudden Owend.

Mariette Zenners: Am Virfeld gouf jo schonn, wéi zanter Joeren, vill driwwer spekuléiert ob et dann elo zu Cotisatiounserhéijunge kéim. Musse mir dann elo méi an d’Gesondheetskees abezuelen?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, dat ass d’Missioun vun de Sozialpartner, zesumme mat de Responsabele vun der CNS, elo emol ze kucke wéi mir de Budget vun der Gesondheetskees fir 2011 erëm an den Equiliber kréien. Do si schonn eng Rei vu Pisten déi virgeluecht gi sinn. Déi meescht waren net equilibréiert, déi Eng wollte just op Käschte vun den Assuréë spueren, déi Aner wollte just Bäitragserhéijungen. Mir erwaarden eis, datt d’Partner et fäerdeg bréngen en equilibréierte Mix fäerdeg ze brénge wou jiddwereen e bëssen upakt. Mir sinn net virun engem Gau [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, et kéim awer zu liichten Erhéijungen oder zu [gët ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Ech wëll am Moment näischt ausschléissen, mä fir d’éischt, mengen ech, muss een [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä haut gouf op jiddwerfalls näischt décidéiert.

Mars Di Bartolomeo: Neen. An der Fréijorsquadripartite geet et ëmmer méi ëm de Fong, am Hierscht do geet et ëm déi méi kuerzfristeg Problemer. Ech mengen, datt Sputt am System ass, datt een elo emol fir d’éischt dee Sputt muss eraushuelen an da kann een iwwer aner Pisten diskutéieren. Ech géif et emol esou formuléieren: et muss ee kucken, datt d’Ausgaben am Grëff bleiwen an et muss ee sech Gedanke maache wéi déi zousätzlech Uspréch am Gesondheetswiesen, déi zousätzlech Belaaschtungen déi op d’Gesondheetswiesen zoukommen, wéi een dat mat zousätzleche Recetten kann ofdecken, an do kennt d’Phantasie keng Grenzen.

Mariette Zenners: Wat also elo de Fong ugeet, Dir hutt haut eng ganz Partie Propositiounen op den Dësch geluecht déi och an den Aarbechtsgruppen elo an de leschte Méint ausgeschafft goufen. Mir lauschteren eis emol fir d’éischt d’Reaktiounen dozou vun de Sozialpartner un, mat wéi engem Gefill si reagéiert hunn.

(Reportage)

Mariette Zenners: Also, et huet een esou d’Gefill, datt d’Sozialpartner net ganz zefridde sinn, well dat Ganzt e besse vag war. Wat kënnt dann elo Konkretes?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, dat Wichtegst wat een zu dësem Zäitpunkt muss ënnersträichen ass, datt eise System net zur Verfügung steet. Mir hunn en extrem generéise Gesondheetssystem [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Keen 2-Klasse-System

Mars Di Bartolomeo: Dee jiddwerengem den Accès zu qualitativ gudden Déngschtleeschtunge gëtt ouni Ënnerscheed vu Revenu. An ech mengen, dee wichtegste Message deen d’Partnere sech quasi alleguer eens waren, war datt deen dote System mat allen zu Verfügung stoende Mëttele muss verdeedegt ginn.

Mariette Zenners: Et muss jo awer gespuert ginn, virun allem am Spidolswiesen, well Dir do [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Jo, d’Spidolswiesen ass deen déckste Posten [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: 70% vum [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Voilà, wann een de Fonctionnement vun de Spideeler plus d’Dokteren an de Spideeler dobäi hëllt, dann ass dat bei wäitem deen déckste Posten. An ech mengen, och do muss een den Hiewel usetzen. Et geet u bei der noutwenneger Transparenz wat an de Spideeler gemaach gëtt, Dokumentatioun vun den Aktivitéiten, iwweregens och [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, datt hir Compta besser soll iwwerwaacht ginn oder wéi?

Mars Di Bartolomeo: Jo, och dat. Mä fir d’éischt emol d’Aktivitéiten dokumentéieren, och kënne Qualitéitsnoweiser maachen, dann eng Comptabilité analytique wou een d’Spideeler an d’Leeschtungen an de Spideeler matenee ka vergläichen. Dann eng Spezialiséierung vun de Spideeler, wou ech net midd gi fir dat [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat hu mir jo schonn e puer Joer am Fong gesot, dat dat kee Sënn mécht, datt 5 Spideeler am Land all Spezialisatioune mussen aféieren.

Mars Di Bartolomeo: Dir hutt ganz Recht, mä et muss ee sech och d’Mëttele vu sengen Ambitioune ginn. Mir hunn an deene leschte Joere ganz oft de Spideeler nogeluecht, maacht eng Aufgabendeelung, spezialiséiert Iech, well et ass an ärem Intérêt well am Ausland gesäit een, fir wat datt eenzel Klinike stinn, hei zu Lëtzebuerg steet jiddweree fir alles. Dat heescht also eng Aufgabendeelung maachen, sech zesummendoe fir Kompetenzzentren, fir Exzellenzzentren opzebauen.

Mariette Zenners: Wëllt Dir dann elo gesetzlech virgoen, datt dat méi vun uewen erof diktéiert gëtt?

Mars Di Bartolomeo: Mir wëllen eis Moyene gi fir positiv Incitatiounen ze schafe fir op deen dote Wee ze goen a fir, wann dat näischt notzt, fir dat iwwer d’Genehmegung vu Servicer, och iwwer d’Planificatioun vun der Dokteschzuel, fir dat kënnen ze maachen. Ech fannen ee ganz wichtegen Element awer och bei eise Spideeler ass, datt mir nach ëmmer um tout stationnaire sinn, dat heescht, alles an d’Spideeler eran an hospitaliséiert.

Mariette Zenners: Et soll méi ambulant behandelt ginn?

Mars Di Bartolomeo: Ech mengen, mir mussen op de Wee goe wou d’Ausland scho laang ass, net elo fir Leit erauszezieren [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: „Mir mussen op de Wee goen,“ dat gëtt jo awer elo zanter Joere gesot. Wat kënnt elo konkret vu Projet?

Mars Di Bartolomeo: Mir ginn eis am Gesetz Méiglechkeete fir eng Rei vun Interventiounen festzeleeë wou de Prinzip dat Ambulatoirt ass. Wou Ausname kënne gemaach gi wann ee mat eelere Leit ze dinn huet oder déi déi no der Operatioun net esou gutt dru sinn. Dat muss een am Text akleeden, et muss ee sech d’Habilitatioun gi fir dat ze maachen. Mir hunn an deene leschte Joere vill gutt Wierder gebraucht, vill gutt Iwwerzeegungsaarbecht gemaach wat och gegraff huet.

Mariette Zenners: An elo wëllt Dir méi streng ginn?

Mars Di Bartolomeo: Voilà. An eenzelne Punkte si Blockagen déi awer net berechtegt sinn, a mir wëllen déi Blockagë lass ginn. Dat heescht, net nëmmen op d’Spideeler, op dat ganz deiert, op d’Hospitaliséierung setzen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat gëllt dann also och, zum Beispill, beim Verschreiwe vu Medikamenter wou déi deier nach ëmmer verschriwwe ginn oder Analysen déi duebel oder esou gemaach ginn?

Mars Di Bartolomeo:Dat ass ganz richteg. Mir brauchen Transparenz am System iwwer d’elektronesch Patientenakt, wou mir méi konsequent dru schaffen, wou mir eis eng gesetzlech Basis ginn, de Reglement hu mir. Mir wëlle méi Transparenz an d’Dokumentatioun vun den Akte vun den Dokteren ginn, wou een haut heiansdo net weess, wat gëtt genee gemaach, wou gëtt et gemaach, wien huet et gemaach? Mir wëllen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Do géif et Iech jo awer hëllefen, bei all deem, déi elektronesch Kaart wou Patientendossieren digitaliséiert sinn. Mä do hutt Dir jo och schonn, ech menge viru 5-6 Joer dovu geschwat. Wou ass dee Projet dann drun?

Mars Di Bartolomeo: Déi elektronesch Akt vum Patient oder d’Kaart, dat ass e Prinzip dee geeschtert duerch sämtlech Gesondheetssystemer. Et huet och nach kee se fäerdeg bruecht.

Mariette Zenners: A wéini kréie mir se?

Mars Di Bartolomeo: Mir sinn amgaang eng Rei vu prakteschen Applikatiounen ze maachen, zum Beispill déi éischt Prioritéit ass d’Donnéeë vun de Laboen zesumme leeën, dat heescht, datt mir net Analysë musse 6 Mol maachen. Dann de Carnet radiologique schafen, dat heescht, déi ganz Duerchliichtungen, déi ganz Biller déi gemaach ginn, Zougrëff dozou kënnen ze kréien. Da wëlle mir op de Wee vun der Prescription électronique vun de Medikamenter goen. An Dir hutt ganz Recht, Dir hutt dat ervirgehuewen: mir leeschten eis hei zu Lëtzebuerg de Sport, wa mir 2 Medikamenter hunn, een deiert an ee gläichwäertegt [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wat jo net onbedéngt e Générique muss sinn [gëtt ënnerbrach]

Mars Di Bartolomeo: Neen, neen. Wou just de Brevet ofgelaf ass, e gläichwäertegt, wou bëlleg ass, da verschreiwe mir hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer monter [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wëllt Dir dann d’Dokteren iergendwéi dozou zwéngen déi méi bëlleg ze verschreiwen oder wéi?

Mars Di Bartolomeo: Do gëtt et jo Systemer déi sech am Ausland bewährt hunn. Do gëtt et, wann dokumentéiert gläichwäerteg Medikamenter do sinn, d’Méiglechkeet fir Substitutioun ze maachen. Et gëtt och d’Méiglechkeet fir bei deene wou d’Gläichwäertegkeet evident ass e Referenzpräis ze maachen. Dat heescht, da gëtt – awer bei deene wou wierklech d‘Qualitéit garantéiert ass – gesot, mir rembourséiere bis dohin a wann dann déi méi deier Medikamenter verschriwwe ginn, dat notzt dem Patient guer näischt. Et notzt dem Dokter guer näischt, et schued just dem System an do muss ee virukommen.

Mariette Zenners: Mir kënnen elo net op all déi Projeten déi Dir haut diskutéiert hutt am Détail agoen. Ech soen Iech elo emol Merci. Am Résumé kann ee festhalen, datt Dir einfach wëllt méi streng Kontrollen, souwuel bei de Spideeler wéi och bei den Dokteren aféieren. Just nach eng lescht Fro, kënnt dee Gesetzprojet elo nach ronderëm Ouschteren?

Mars Di Bartolomeo: Mir sinn amgaang drun ze schaffen a mir wëllen d’Sozialpartner nach innerhalb vun engem Mount domat konfrontéieren.

Mariette Zenners: Dat heescht, nach eng Réunioun, wéi den Här Pizzaferri sot?

Mars Di Bartolomeo: Mir stellen eis dat éischter vir, datt mir d’Partner eenzel ëmfänken, dat hu mir an deene leschte Méint gemaach. Dat wat d’Quadripartite haut dokumentéiert huet, dat ass, datt mir et eescht menge fir dee System ze perenniséieren an en nohalteg ze gestallten.

Mariette Zenners: Merci, Här Minister.

Mars Di Bartolomeo: Merci villmols.

Dernière mise à jour