Le ministre des Sports, Romain Schneider, au sujet de la Coupe du monde de football, du nouveau stade national de football à Livange, du Tour de France et de la construction d'un vélodrome

Eric Ewald: Als Landwirtschaftsminister kennt Dir Iech mam Karschnatz aus. De Juni war an de Juli ass dëst Joer d'Zäit vum Karschnatz am Sport, mat den zwee groussen Evenementer Futtball WM an Tour de France. Wéivill Zäit hutt Dir an der Lescht virun der Télé verbruecht?

Romain Schneider: Ech hätt der mat Sécherheet gär vill méi verbruecht, well et effektiv ganz flott Evenementer sinn, souwuel d'Futtballweltmeeschterschaft, do wou ech jo och als fréiere Futtballspiller selbstverständlech ganz interesséiert sinn, an awer da virun allem och den Tour de France, éischtens well ech selwer gär Vëlo maachen, mä virun allem och d'Verbonnenheet mat eise Sportler a mat dem Vëlosport de Moment.

Eric Ewald: Wéi huet Iech allgemeng, fir bei der Futtball-WM unzefänken, den Niveau vun där WM gefall? War et dat erhofftent Fest vum Futtball op engem Kontinent wou nach ni eng WM war oder hat Dir Iech sportlech gesi méi dovun erwaart?

Romain Schneider: Et muss een ënnerdeelen an zwee Deeler. Den éischten Deel ass dee vum Organisatoreschen, an do muss ech soen, datt ech effektiv ganz iwwerrascht si wéi exzellent datt dës WM ofgelaaf ass, op jiddwer Fall dat wat mir vun hei aus Europa matkréien. Et muss ee soen, datt mir alles dat wat mir emol an deene Weltmeeschterschafte virdrun haten, vun Hooligans iwwer Stéierunge während de Matcher, alles dat am Prinzip net haten. Mir haten e reiwungslosen Oflaf.

Op där anerer Säit, sportlech war et och eng ganz interessant WM, well ee wéi bei all WM erëm nei Stiler gesinn huet, well een erëm gesinn huet wat fir eng nei Taktiken hei gräifen, a wa mir och déi 2 Equipen an der Finale gesinn, gesi mir jo eigentlech hei erëm wéi staark datt Europa agestallt ass, wéi mir opgestallt si par rapport zu deenen anere Kontinenter. Wann een och an der Aachtelsfinale eng Tendenz fir Südamerika erausgespuert huet, ass et awer am Endeffekt dann Europa wat sech mat 3 Equipen ënner deenen 4 leschten elo behaapt huet.

Eric Ewald: D’Taktik hutt Dir ugeschwat, et gesäit ëmmer méi dovun aus, wéi wann awer dee méi offensive Futtball schéngt d’Iwwerhand ze kréien, net méi dee Catenaccio, wéi een dat als béist Stéchwuert ëmmer hat, mä datt effektiv och gespillt gëtt mat Banden, am ale Sënn vum Wuert, déi an d'Spill mat agräifen.

Romain Schneider: Dat ass op den éischte Bléck ganz sécher richteg, an ech sinn och frou driwwer, datt erëm offensiv gespillt gëtt, datt erëm gespillt gëtt fir e Match mat 2-1 ze wannen oder 3-2 ze wannen, anstatt et 1-0 eriwwerzeschaukelen. Mä et muss een awer soen, datt et eng kontrolléiert Offensiv ass, well awer ganz vill Equipë mat 2 Sechser, deen neien Terme elo, spillen, well virun allem probéiert gëtt vill Ballbesëtz ze hunn an da kontrolléiert no vir ze goen, selbstverständlech d'Säite ganz gutt besat hunn, wat mengen ech och e ganz gutt Mëttel ass, virun allem och wéinst deene Véiererketten, och ganz dacks esouguer wéinst Dräier-Ketten auserneen ze zéien. Et war schonn an deem Sënn e ganz interessante Mouvement, deen do gelaf ass.

Wat een dann awer och erëm méi mierkt, dat ass d'Athletik déi era kënnt, d'Sprëtzegkeet, d'Schnellegkeet, déi mir hei gesinn, och virun allem hei vun enger däitscher Equipe, déi jo elo zwar vun de Spuenier an der Halleffinale gestoppt gouf, mä déi awer fir mech ganz impressionant, mat där jonker Equipe, eng immens flott Dynamik, offensiv an och technesch, erabruecht huet.

Eric Ewald: Dir hutt et schonn ugeschwat, Europa geet als grousse Gewënner aus där Futtball-WM ervir. Um Ufank vun de K.O.-Matcher, Dir sot et, konnt een dat net esou erwaarde well d'Süd-, Mëttel- an Nordamerikaner an den Aachtelsfinalen nach an der Iwwerzuel waren. Ass et déi taktesch Iwwerleeënheet, vläicht, vun den Europäer, déi zum Resultat gefouert huet, datt 3 vu 4 Halleffinaliste vum ale Kontinent koumen?

Romain Schneider: Dat kann een Deel dovu sinn. Selbstverständlech ass et esou, datt en Tournoi ëmmer laang ass, an datt eng Preparatioun vun A bis Z eppes ass wat sech selbstverständlech ausbezuelt ab der Véirelsfinale eigentlech eréischt, well eng WM geet jo eigentlech eréischt an enger Aachtelsfinale un. Do huet een hannendrun da Matcher wou all Kéiers eng Finale ass, Véirelsfinale, Halleffinale. Et muss ee selbstverständlech och soen, datt vill Chance dobäi war, bei enger Rei Saachen. Et muss ee soen, datt zum Beispill Ghana an der 120. Minutt een Eelefmeter op d'Lat schéisst, also och en afrikanescht Land hätt kënnen an den Halleffinalë sinn. Et muss ee soen, datt beim Match Brasilien-Holland an der Paus et hätt eigentlech kënnen entscheed si fir Brasilien. Och Däitschland-Argentinien war zwar kloer zum Schluss, mä hätt och duerch en 1-1 vläicht kënnen den Dréi kréien.

Alles dat hänkt also un engem seidene Fuedem. Mä ech menge schonn, datt eng ganz gutt Preparatioun nach ëmmer, och haut des Daags, wichteg ass, eng ganz gutt taktesch Ausriichtung, eng ganz gutt Beobachtung säitens vun deenen aneren Equipen a vläicht ass et dat, firwat eben elo herno 3 vu 4 Equipen an den Halleffinalen europäescher waren.

Eric Ewald: Dir schwätzt d'Athletik un, déi ass besonnesch impressionant wann ee gesäit wéi séier et haut zu Daags am Stuerm geet. A Brochdeeler vu Sekonne muss engersäits den Arbiter décidéieren, anerersäits muss awer och de Stiermer haut zu Daags an engem Brochdeel vun der Sekonn décidéiert hunn, setzen ech e mam Span eran, probéieren ech en an de laangen Eck ze zéien.

Romain Schneider: Et ass impressionant an et ass och eng immens Entwécklung déi do komm ass. Wa mir eis zréckdenken an d'1970er Joren, an d'1980er Joeren, wou een effektiv nach geschwat huet vu Stiermer, dat Abstauber waren, ech zitéieren hei e Gert Müller zum Beispill, deen effektiv e Strofraumspiller ass, ass haut e Stiermer een deen defensiv ganz vill och muss schaffen, deen ëmmer den éischte muss sinn, deen hannert engem Ball muss sinn, deen also den éischte Mann ass deen eng Defensiv aleet, an donieft awer da muss präsent si fir an alle Situatioune ganz schnell ze reagéieren, well et jo och esou ass, datt duerch d'Raumdeckung eng relativ Fräiheet nëmme begrenzt ass, well jo awer erëm ganz séier e Verteideger kann intervenéieren. Dofir ass et och esou wichteg, datt ganz vill mat de Bandë gespillt gëtt, fir eben déi Verteidegung auserneen ze zéien.

Eric Ewald: Den attraktive Futtball ugeschwat, et ass also definitiv keen Zoufallsweltmeeschter, ob et elo Spuenien oder Holland gëtt?

Romain Schneider: Dës Konstellatioun – Finale Holland-Spuenien – ass keen Zoufall. Et ass ëmmerhin den amtéiernden Europameeschter, deen an der Finale ass, deen iwwer Joere kee Match bal verluer huet, ausser een um Confederations-Cup wou si ënnerleeë ware géint d'USA, mengen ech, an niewent der Schwäiz an der Virronn, wou et ee klengen Ausrutscher war. An dann Holland, déi all WM nach ëmmer zu den Top-Favorite gehéiret hunn, déi ëmmer dee beschte Futtball gespillt hunn an déi et awer, mengen ech, dës Kéier fäerdeg bruecht hunn dee ganze Plang ze geréieren, déi eigentlech net am Ufank Matcher 4-0, 6-0 gewonnen hunn, mä déi dës Kéier eng Kéier probéiert hu sech och mat engem 2-0 wierklech ze begnügen an doriwwer eraus och eng Planung gemaach hunn, och mat Ersatzspiller, virun allem och eng Harmonie an d'Equipe kruten, déi si soss ni haten.

Eric Ewald: Et ass net méi deen Hurra-Futtball op hollännescher Säit, Dir schwätzt et un, d'Achillesfeescht, esouzesoen, ass awer hir Vedeedegung.

Romain Schneider: Dat ass ganz kloer. D'Hollänner hunn, dat huet een a Situatioune gesi wou si ënner Drock gesat goufen, virun allem an deem Match géint Brasilien, gesäit een, datt si eng Rei Problemer hunn, defensiv wa si wierklech staark belaascht ginn, dann och kënne Goaler geschoss ze kréien. An dat wäert mat Sécherheet och muer an der Finale ee vun hire Problemer sinn, datt si musse kucken defensiv gutt ze stoen, well offensiv wäert hir éischt Roll déi sinn, emol un de Ball ze kommen, fir iwwerhaapt déi offensiv Geleeënheeten auszenotzen. Eng Stäerkt déi d'Spuenier wierklech exzellent exerzéiert hunn, d'Kontroll vum Ball, vill Mouvement dran, ganz taktéiert awer och virun allem awer och ganz präzist Passspill an d'Offensiv. Et wäert e ganz interessante Match sinn, obwuel ech mir vläicht net kann dee Schlagabtausch virstellen, wéi e war bei engem Match wéi Däitschland-Argentinien oder zum Deel och Brasilien-Holland, wat Matcher waren déi ganz oppe waren a vläicht méi oppe gi wéi eng Finale.

Eric Ewald: De Schlëssel vum Erfolleg, wann d'Hollänner wéilte gewannen, schéngt also an der Défense ze leien, ze kucken, datt d'Bäll net an de Réck vun der Verteidegung kommen, datt eben ee Vila oder ee Pedro, wien och ëmmer Stuerm wäert spillen, net kënnen alleng op de Goal duergoen.

Romain Schneider: Jo, musse kucken datt si engersäits d'Spuenier ausschalten, datt si effektiv net an d'Spëtzt kënne spillen, bei de Vila zum Beispill, dee ganz geféierlech doran ass. Mä si mussen awer och hir Stäerkten ausnotzen an déi leien, dat huet een och am Tournoi gesinn, bei Wäitschëss zum Beispill. Ech hunn d'Impressioun, datt dee spuenesche Goalkeep net dee stäerksten Tournoi spillt deen en an deene leschte Joere gespillt huet, an d'Spuenier sinn och iwwerwannbar an och Eenzelaktioune vun engem Snijder oder vun engem Robben kënnen d'Entscheedung maachen. A wann d'Hollänner eng Kéier 1-0 virkommen, dann ass awer effektiv alles méiglech.

Eric Ewald: Wien ass fir Iech de Favorit fir muer?

Romain Schneider: Wann d'Spuenier esou spille wéi si géint Däitschland gespillt hunn, dann ass et Spuenien. Ech géing mir hoffen, datt et Holland wier, déi 1-0 géingen a Féierung kommen, well ech mengen da geséiche mir vill méi e flotte Match.

Eric Ewald: Waart Dir an den Aachtelsfinalen och katastroféiert iwwer d'Arbiterdécisiounen an de Matcher Däitschland-England an Argentinien-Mexiko, wou ee Goal deen ee war net accordéiert gouf an een deen Abseits war gutt geheescht gouf? Erwaart Dir Iech eng "Revolutioun" vu Säite vun der FIFA, fir zum Beispill de Videobeweis dann endlech anzeféieren?

Romain Schneider: Ech si vläicht als fréiere Futtballspiller e bësse méi retizent do an deenen Approchen. Ech muss soen, datt d'Arbiteren iwwer d'Bank net esou schlecht gepaff hunn; datt ee ganz vill gutt Matcher hat.

Et muss ee soen, datt déi Décisiounen déi lo hei ze huele sinn, Décisiounen sinn déi si mussen a Brochsekonnen huelen. D'Spill gouf ëmmer méi schnell, an ech mengen et misst een drop hikommen, generell, datt een op groussen Tournoië virun allem géing eppes aféiere fir de Videobeweis anzeféieren, da wann eng Aktioun ass, wéi zum Beispill Däitschland-England, war et e Goal oder war et keen, war en hannert der Linn?

Mä et muss een awer dem Futtball virun déi Fräiheet loossen, datt et e Vollékssport bleift, dee gespillt ka gi vun där klengster Stad bis hin zum gréisste Stadion, wou effektiv jiddweree ka matspillen a wou mir net musse Kameraen hu fir herno Ergebnisser ze kréien. Ech mengen, et misst ee kucken, datt een et fokaliséiert kriit, wéi am Äishockey zum Beispill mat Kameraen, war et Goal, war en hannert der Linn oder war en net hannert der Linn? An dann ebe vläicht och grob Fouler, wéi déi zum Beispill bei der leschter WM vum Zidane, datt déi kënnen ënnerbonne ginn. Mä fir de Rescht, mengen ech, muss et bei spontanen Décisioune bleiwen. Well wa mir déi eenzel WM-Tournéiere kucken, där doter Décisioune goufen et ëmmer erëm, an ëmmer erëm ware Goaler Abseits oder ware Goaler déi herno Abseits gepaff goufen eigentlech keen Abseits – alles dat muss e fräit Spill bleiwen, soss verléiert de Futtball vill u sengem Reiz.

Eric Ewald: Mä déi Traditioun déi Dir uschwätzt, déi steet jo awer e bëssen am Géigesaz zu deem Fairplay-Gedanken deen och eng FIFA ëmmer erëm vehiculéiert, wou gesot gëtt, gitt fein mateneen ëm um Terrain, gitt Iech nom Match d'Hand. Et kann een awer verstoen, datt wann esou Décisioune falen, déi jo och finanziell dann eppes mat no sech zéien, datt dann awer vläicht dee Fairplay-Gedanken no 90 Minutten net méi esou vertrueden ass?

Romain Schneider: De Fairplay-Gedanke gouf, hunn ech fonnt, bei dëser WM groussgehalen, well d'Equipen hunn effektiv probéiert, esouwuel während de Matcher wéi och no de Matcher, ganz korrekt mateneen ëmzegoen a sinn do net a Streidegkeete verfall. Selbstverständlech ginn et ëmmer Diskussioune wann e Goal dobanne war. Mä dofir hunn ech jo och gesot, datt et fir mech wichteg ass, bei Tätlechkeeten déi um Terrain geschéien, wierklech béis Tätlechkeeten, datt een do och kann zréckkommen an effektiv e Videobeweis notzen.

Eric Ewald: Woubäi mir eis driwwer eens sinn, datt och mir virun der Télé emol 3-4 Ralentië brauche fir och emol eng Décisioun vläicht selwer kënnen ze huelen an, Dir sot et, d'Arbitere mussen se an enger Zéngtelsekonn huelen.

Romain Schneider: Ganz richteg, ech mengen esou kloer wéi dee Goal vun den Englänner do géint Däitschland war, ware wéineg aner Situatiounen. Dofir ass et effektiv richteg, et ass ganz schwéier fir d'Arbiteren do z’entscheeden, och hei nach wou si zu 3 sinn, respektiv zu 4 sinn, hu si eng Rei Méiglechkeeten. Si sinn och nach verbonne mateneen, mä et bleift ëmmer selbstverständlech eng Saach vun Ermiessung, et bleift eng Saach vu Stellung wou ee grad steet.

Eric Ewald: Kéint en Chip am Ball oder déi Linienrichteren op der Goallinn, déi an der Europa League ausprobéiert ginn, vläicht, wann net e Videobeweis sollt kommen, en Ersatz sinn, eng Alternativ?

Romain Schneider: Wann ee vun der Theorie ausgeet, kéint et jo en Ersatz sinn, mä an der Praxis ginn et eigentlech zwee Beispiller wou et net gaange ass. Et gouf bei engem Tournoi probéiert den Chip, bei iergend enger U-19 Weltmeeschterschaft, mengen ech, et kann awer och U-21 sinn, an do huet et net fonctionnéiert, do waren effektiv och Saachen déi net geklappt hunn. Dofir muss een dat viru kucken op en techneschen Niveau ze bréngen, datt et 100% fonctionnéiert. An zweetens och déi Goalriichter hanner dem Goal, hu mir gesinn, beim Match Frankräich-Irland do stoung een hanner dem Goal an en huet och den Hands net gesinn. Also och hei gesäit een, datt een ni eng 100%eg Ofdeckung huet.

Eric Ewald: Komme mir bei de Lëtzebuerger Futtball eriwwer, Diddeleng zum Deel, a Gréiwemaacher déi zwee Matcher iwwer, hu sech elo an der Europacup gutt aus der Affär gezunn. D'Jeunesse an Déifferdeng mussen nach an den Asaz. Wéi gesitt Dir allgemeng den Niveau vum Futtball hei am Land, verglach mat aneren Equipësportaarten déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, wéi Basket, Handball a Volleyball zum Beispill?

Romain Schneider: Wa mir deen internationalen Niveau kucken an de Ballsportaarten, da steet de Futtball net méi schlecht do wéi aner Ballsportaarten. Et muss een awer soen, datt, esoubal mir a Konkurrenz komme mat Profiequipen, datt mir selbstverständlech e Problem hunn, well mir eben hei zu Lëtzebuerg ganz wéineg oder keng komplett Profiequipe hunn. Mir hunn zum Deel Spiller déi net voll den Dag schaffen an et probéiert een och ma de beschte Spiller aus dem Ausland, déi jo probéiert goufen, d'Equipen opzestocken.

Ech muss soen, ech hat d'Méiglechkeet an och d'Chance ee vun deenen Europa League Matcher ze gesinn, do wou mir et effektiv mat enger Equipe wéi Dundalk aus Irland konnten ophuelen, dat war Gréiwemaacher. An ech muss soen, do hu mir eis exzellent aus der Affär gezunn, och wa mir eis herno net konnte qualifizéieren. Mä de Match deen ech gesinn hunn, 3-3, hätt missen am Prinzip 5-2 fir Maacher ausgoen, déi technesch ganz kloer iwwerleeë waren, och taktesch, a wou am Endeffekt ganz vill Pech matgespillt huet, datt heiheem net de Match entscheed gouf.

An och datt Diddeleng vläicht e schlechten Dag erwëscht hat an Dänemark hu se am Prinzip ausgläiche kënnen, hei zu Diddeleng selwer mat engem 2-1 Erfolleg.

Also et gesäit een, datt e Progrès do ass a virun allem gesi mir dat jo och bei eise Jugendequipen, bei eisen U-17, eisen U-19 déi awer ëmmer erëm Matcher wannen, géint d'Belsch, géint Polen, wou mir an der Zäit jo eigentlech ëmmer gekuckt hunn, verléiere mir elo 3-0 oder 4-0. An haut des Daags kënne mir matspillen, mir kënne Goaler schéissen, mir kënne Matcher wannen.

Eric Ewald: Wéi gesäit et, wa mir déi aner Equipësportaarten ugeschwat hunn, Basket-, Handball, Volleyball mat deenen aus, aus der Siicht vum Minister?

Romain Schneider: Och do mengen ech, hu mir gesinn, ech zitéieren hei den Handball, deen och ganz flott Resultater huet, och hei si mir méi no un den internationalen Niveau erukomm, an ech mengen och, datt virun allem all déi Sportaarten, wéi awer och Eenzelsportaarten, de Moment profitéiere vun enger Rei vu Méiglechkeeten, esouwuel vun de Centres de formation wéi virun allem och vum Sportslycée, wou, mengen ech, mir zesumme mam COSL, virun allem och mat de Federatiounen, ganz gutt zesummeschaffen. Hei ass wierklech alles wat fonctionnéiert, hei hu mir lauter Gremien dobäi, mat der Sportsmedezin déi dobäi ass, an e gudde schouleschen Encadrement. Dat kann d'Basis sinn, datt mir an alle Sportaarten, virun allem awer och an de Ballsportaarte Progrèsë gemaach hunn, an an Zukunft och wäerte maachen.

Eric Ewald: Zréck bei de Futtball. Dir waart de President vum Wëltzer Club, deen elo nees an der Nationaldivisioun spillt. Wat fir e Resultat ass realistesch fir esou e Veräin? Ass drableiwe fir d'éischt emol dat grousst Zil oder huet de Veräin méi grouss Ambitiounen?

Romain Schneider: Laangfristeg weess ech och net, éischter, mengen ech, muss d'laangfristegt Zil sinn – ech hale mech zwar éischter an der zweeter Rei elo am Veräin op, well ech jo de Moment als Sportsminister éischtens neutral sinn an zweetens och aner Aufgaben virun allem hunn, ech sinn awer ganz dacks op de Matcher dobäi – ech muss soen, datt et mech selbstverständlech gefreet huet, datt mäi Veräin, wou ech Éierepresident sinn, gestiegen ass, och wierklech souverän gestiegen ass an d'Zil muss fir de Veräin sinn, dranzebleiwen a virun allem an deenen nächste Joeren och ze garantéieren, datt mir am héijen Norden och nach eng Ulafstell fir de Lëtzebuerger Futtball an der BGL-League hunn.

Eric Ewald: An dann ze kucken, Dir hutt e jonken Nationalspiller, Amel Kosic, fir esou Leit un de Veräin ze bannen, och wann et natierlech wäert ganz schwéier ginn.

Romain Schneider: Dat ass richteg, mir hunn dat Konzept jo probéiert gehat virun 2 Joer, wéi mir aus der Éirepromotioun erausgefall sinn, fir jonk Spiller aus den eegene Reien opzebauen. Datt dat ka goen, gesäit ee jo. Dir hutt den Amel Kosic zitéiert, dee leider verletzt gouf elo, deen ee Kräizbandrëss huet, 6 Méint wäert ausfalen, mä mengen ech dee ganz grousst Potential huet. Donieft sinn där nach eng Rei do, esouwuel zu Woltz wéi och ronderëm. An ech mengen, dat muss een notzen, datt een effektiv déi Spiller kontinuéierlech opbaut en d'Chance gëtt. An ech mengen, d'Spiller hunn an der Tëschenzäit och verstanen, et sinn der och do ganz vill déi, nodeems si de Sprong gepackt haten, an aner Veräin spille gaange sinn, wéineg hunn et herno gepackt dauerhaft op engem héijen Niveau ze spillen. Dofir soll ee kucken, datt een an enger Equipe, wou ee wierklech eng Equipe ass, versicht ze progresséieren an dat dann och virun allem am Nationaltraining nach méi pousséiert mécht.

Eric Ewald: Wéi gesäit et elo mam Dossier nationale Futtballstadion zu Léiweng aus? Gëtt de Bau vum Terrain un dee vun groussen Akafszenter geknäppt oder sollt ee mat der Finanzsituatioun vum Staat am Hannerkapp just vläicht de Stadion bauen, wéi et zum Beispill de François Bausch gefuerdert hat?

Romain Schneider: De Moment ass et esou, datt dee Projet e Ganzen ass an och e Ganze soll bleiwen. Et ass esou, datt an deenen nächste Wochen e Masterplang elo wäert der Regierung presentéiert ginn, deen ausgeschafft gouf mat alle Partner, mat alle Ministèren déi concernéiert sinn, mat der Gemeng déi concernéiert ass, mat dem Promoteur och. Dee Masterplang wäert alles deem wat e muss gesetzlech Rechnung droen, deen huet dat am Virfeld gemaach an et war gutt, datt deen Aarbechtsgrupp do ganz dacks zesumme wa, fir am Virfeld déi eenzel Problemer unzeschwätzen a Léisungen ze fannen. Da wäert et am Endeffekt e Projet ginn, deen esouwuel dem Lëtzebuerger Sport, spréch dem Lëtzebuerger Futtball, wéi och der Ekonomie, dem Commerce eis eppes wäert bréngen.

Eric Ewald: Eriwwer da bei de Cyclissem. Virun engem knappe Mount hat et duerno ausgesi wéi wann 3 Lëtzebuerger den Tour de France géife matfueren, haut, no enger Woch vun der Grande boucle, ass et nach een, nodeems de Kim Kirchen am Tour de Suisse een Häerzstëllstand hat a sech de Frank Schleck op de Pavéën am Norden vu Frankräich d'Schlësselbee gebrach huet. Hutt Dir déi zwee an der Tëschenzäit scho selwer perséinlech gesinn?

Romain Schneider: Ech hu scho mat hinnen allen 2 Kontakt gehat. Ech sinn der Meenung, datt ee bei esou Verletzungen, respektiv bei esou schwéiere Krankheete wéi hei opgetruede sinn, och jiddwerengem seng Rou soll ginn.

Ech hat se direkt kontaktéiert, allen 2, fir hinnen unzebidden, wa si eng Hëllef géinge brauchen, da solle si direkt op eis zréckkommen, da wiere mir do a mir hunn dat och scho gemaach. An donieft wäert ech, esoubal si erëm e bësse besser op de Bee sinn, esoubal si och doheem erëm méi Rou kréien, besiche goen. Ech hat, wéi gesot, direkt de Message ginn, datt mir u si denken, an datt mir an deene schwéiere Stonnen och bei hinne sinn. Et kann een net ëmmer nëmme bei de Sportler sinn da wa hurra gejaut gëtt, mä et muss ee virun allem an deene Momenter fir si do si wann et hinne schlecht geet. A vun dëser Plaz aus och hinnen nach eng Kéier, esouwuel dem Kim, dee jo engersäits selbstverständlech déi schwéier Situatioun huet, anerersäits e flott Evenement an der Woch hat, d'Gebuert vu sengen Zwillingen, him an dem Caroline vun dëser Plaz aus meng beschte Gléckwënsch an och Genesungswënsch, an op där anerer Säit fir de Frank och vun dëser Säit ass et fir hie sécher, esouwuel kierperlech, mä virun allem och séilesch a mental, schwéier den Tour de France vun hei iwwer de Fernseh ze verfollegen.

Eric Ewald: Wéi hutt Dir hire Gemütszoustand, wann een esou wëll soen, fonnt, wéi Dir se dann um Telefon hat?

Romain Schneider: Et ass esou, datt selbstverständlech jiddwereen enttäuscht ass wann esou Saache geschéien, mä et muss een an d'Zukunft kucken an et muss ee kucken dat z'iwwerbrécken.

Dat ass net esou einfach, selbstverständlech, mä ech huelen d'Beispill vum Frank Schleck, deen dëst Joer top preparéiert war. Dat Ganzt ass jo elo net een eemoolegt Evenement wou ee seet, elo fält dann dëst Joer den Tour de France aus. Ech gesinn net jo éischter als eng Carrière déi opgebaut ass, wou een en Tour de France fir d'éischt emol matfiert fir e kennen ze léieren, eng zweete Kéier matfiert fir verschidde Saache besser kennen ze léieren an eng drëtte Kéier matfiert fir scho relativ vir mat ze fueren, wéi d'leschte Kéier, an dann eigentlech um Niveau ass fir ganz vir matzefueren. Ech hat d'Impressioun, wann ech de Frank op deenen eenzelne Coursë gesinn hunn, an och mat him geschwat hunn, datt en dës Kéier ganz, ganz no dobäi war fir top matzefueren. En huet dat och selwer op Plaze gesot. Et ass da virun allem nach méi schwéier, wann dee Moment dat duerch esou e Schicksal wéi déi Chute do virkënnt, wou e jo eigentlech net direkt dofir konnt. Dat gëtt sécher mental e grousse Schlag an dofir musse mir och elo hannert him stoen. Ech sinn iwwerzeegt, de Frank ass en immens grousse Sportler, e grousse Mënsch, dat huet e bewise bei senger Victoire vum Tour de Suisse, wou en direkt un de Kim geduecht huet, dat wäert packen.

Eric Ewald: Virun enger Woch gouf also den Tour de France lancéiert. No 7 Deeg gesäit et am General gutt aus fir den Andy Schleck, op Grond och vun der Etapp op de Pavéën, wou sech de Munnerefer ganz gutt aus der Affär gezunn huet. Ass den Andy Schleck fir Iech de Moment de Favorit op d'Victoire zu Paräis?

Romain Schneider: Fir eis Lëtzebuerger ass et dee grousse Favorit, dat ass ganz kloer. Et muss een d'Situatioun awer realistesch gesinn, an et gi ganz vill ganz gutt Coureuren déi de Moment nach zwar net ganz vir placéiert sinn, mä awer nach gutt placéiert sinn. Den Alberto Contador ass net wäit. Mir hunn ëmmerhin nach ganz vill Biergetappen, mir hunn e laangt Zäitfuere vun iwwer 50 Kilometer, mir hunn, den Andy seet et selwer, en Armstrong deen anscheinend super a Form ass, mir hunn e Cadel Evans deen am Moment nach virum Andy läit, deen awer duerch seng Participatioun um Giro Kraaft gelooss huet, an och wahrscheinlech an de Bierger wäert loossen. An da weess een och ni, et war nach all Joer ëmmer een dee wierklech erauskoum an eigentlech een neit Talent war. De Moment hu mir den Thomas, dee sécher déi Roll net wäert spillen, mä d'lescht Joer hate mir de Bradley Wiggins deen op eemol agesprongen ass. Den Andy ass ee vun de grousse Favoriten, selbstverständlech mäi gréissten an Ären och, mä mir wësse ganz genee, dat do wäert net einfach esou goen, do wäerten nach vill schwéier Kilometer virun him leien a mir mussen all fest d'Daumen drécken, datt en et packt.

Eric Ewald: Bleiwen d'Haaptkonkurrente fir Iech Contador an Armstrong?

Romain Schneider: Fir mech bleift de Contador ganz kloer den Haaptkonkurrent, dee bis elo eigentlech ganz roueg gefuer ass, ausser dee Problem deen en op der Etapp hat, den esou genannte ParisRoubaix, wéi ech en nennen. Mä soss muss een elo ofwaarde wéi haut a muer zum Beispill seng Prestatioune wäerte sinn.

Eric Ewald: A muer an zwou Woche sidd Dir op de Champs Elysées fir da vläicht de gréisste Moment am Lëtzebuerger Cyclissem zanter der Victoire vum Charly Gaul?

Romain Schneider: Dat wier natierlech super, wann ech dat kéint erliewen. Ech hat d'lescht Joer schonn d'Chance, zwee Deeg nodeem ech am Amt war, op d'Champs Elysées ze fueren an do den Andy fir säi wäisse Maillot a seng 2. Plaz kënnen ze felicitéieren an awer och de Frank an de Kim, déi en exzellenten Tour de France gefuer waren, ze gesinn. Dat war eng fantastesch Ambiance deemools schonn, wéi mir zesumme mam Grand-Duc an enger klenger Lëtzebuerger Delegatioun do waren. An ech hat d'Chance mat engem offiziellen Auto ronderëm de Circuit eng Kéier vun de Champs Elysées ze fueren, wann een da gesinn huet wéivill Lëtzebuerger Fändelen oder wéivill Léiwen datt effektiv do waren, da war effektiv Paräis schonn deemools a Lëtzebuerger Hand, scho bei der 2. Plaz. Wann et déi éischt Plaz géif, da wier et ganz a Lëtzebuerger Hand.

Eric Ewald: Bei de Velodrom: d'Stater Gemeng ass net méi waarm dofir fir de Projet zu Zéisseng an an där Enverguere ze bauen. Si schonn aner Siten an der Diskussioun, a wa jo wat fir eng, a wéi séier kéint esou e Projet Realitéit ginn?

Romain Schneider: Mir hu jo elo fir d'éischt jo emol misse kucken, datt mir déi ganz Polemik erauskritt hu ronderëm d'Vëlospiste, déi eigentlech scho bei verschiddene Leit sollt d'Sanéierung si vun de Staatsfinanzen. Dat ass et net bei engem Käschtepunkt tëscht 8 an 10 Milliounen.

Et ass sécher een Deel dovun, an dofir mengen ech ass et gutt, datt mir vun deem Projet deen effektiv méi deier ginn ass wéinst dem Site wou et war, zréckgezunn hunn, esouwuel vun der Stad Lëtzebuerg wéi am Endeffekt och vun der Regierung a wou mir nei Iwwerleeunge gemaach hunn, en anere Site ze siche wou mir méi bëlleg kënne bauen, wou mir effektiv nëmme wierklech an d'Infrastruktur selwer kënnen investéieren, an op där anerer Säit no 2013 dann unzefänken.

Mir hunn elo net bis 2013 gewaart fir déi Aarbechten ze maachen. Mir hunn elo schonn en Aarbechtsgrupp agesat deen en esou genannte Cahier de charges wäert ausschaffen. Natierlech, wann déi meescht, déi kommen aus dem Vëlossport, aus dem Tour de France erëm si wäert dat lassgoen, nach virun der Vakanz awer. Da wäert e Cahier de Charges ausgestallt ginn, wou mir eng Rei Critèrë festleeën déi dee Site muss erfëllen. E muss en einfachen Terrain hunn deen net deier wäert gi bei der Erschléissung, e muss relativ einfach Autorisatioune kënne kréien, et muss dann eben eng Gemeng sinn déi och déi finanziell Bedeelegung vun den 30% ka garantéieren. E muss accessibel leien, och e bësse verbonne mat enger Géigend déi nach traditionell un de Vëlo gebonnen ass, sief et iwweree Veräin oder direkt och iwwer Coureuren déi an deem Eck wunnen oder do wou Strukture sinn.

All déi Punkten iwwerloossen ech awer dem Aarbechtsgrupp do fir déi ze determinéieren an dann duerno wäerte mir eng Ausschreiwung maachen un all Gemengen, an ech hu scho ganz vill Gemengen déi einfach esou ugeklappt hunn. Mä da musse mir konkret gesi wien interesséiert ass an da wëll ech bis Enn des Joers dee Site och festleeën.

Eric Ewald: Här Schneider, d'Zäit ass schonn eriwwer. Merci fir dës Explikatiounen, e schéinen Dag nach an e flotten Tour de France.

Romain Schneider: Merci bien.

Dernière mise à jour