Dernière modification le
Claude Wiseler au sujet de la nomination de Frank Reimen à la tête de l'entreprise Cargolux
E Mann, deen ech effektiv gutt kennen, mat deem ech elo e ganzt Joer laang vill an intensiv zesumme geschafft hunn, an dofir ech e schätze kann, a weess, wat fir eng Capacitéiten en huet fir Saachen ëmzesetzen, wat fir en Dynamismus a wat fir eng Schaffkraaft en huet.
Fir d’Cargolux ass dat do, ginn ech dovun aus, sinn ech sécher, eng Décisioun déi positiv ass.
François Aulner: D’Cargolux huet jo schwiereg Zäite gehat 2009. 2010 gesäit et besser aus. Et bleift trotzdem eng grouss Erausfuerderung. Wéi gesitt Dir dann den Här Reimen vis-à-vis vun där Erausfuederung?
Claude Wiseler: Den Här Reimen ass een, dee wierklech vill schafft, deen och eng Rigueur a senger Aarbecht huet, deen Zilsetzunge virun Aen huet, dee weess wat an der Aviatioun wichteg ass. An ech mengen, datt hien a senge Capacitéiten, senge Managementscapacitéiten, senge Leadershipcapacitéite sécherlech kënnen déi Gesellschaft an deenen nächste Joere weiderbréngen.
Op jiddwer Fall wënschen ech him dat, wënschen ech der Gesellschaft dat, an ech wënschen him vill Chance an engem Job deen net einfach ass.
François Aulner: An eng lescht Saach nach. Här Wiseler, wéi geet et viru mam Poste vum Här Reimen am Infrastrukturministère?
Claude Wiseler: Dat ass elo eng Saach, déi mir mussen an deenen nächsten Deeg mat villen Diskussioune mat de Mataarbechter kucken. Do ass nach keng Décisioun geholl ginn.