Romain Schneider au sujet des projets pour la construction d'un stade à Livange et d'un vélodrome

Jean-Claude Frank: Zwee Deeg nodeems d'Regierung d'Subventionéierunge fir Sportinfrastrukturen décidéiert huet, gëtt de Sportminister Präzisiounen. Bei deene regionale Projeten déi bis Enn 2012 vum Staat ënnerstëtzt ginn, géif et sech ëm sënnvoll Projeten handelen, esou de Romain Schneider haut am 100,7 Interview. Si wiere sënnvoll fir de Schoulsport an de Breedesport, an de Regiounen, wou et plazeweis wäiss Flecke géife ginn, mat deemno net genuch Sportinfrastrukturen.

De Romain Schneider kënnt och nach eng Kéier op d'Ausso vun der Biergerinitiativ Réiserbann hei op der Antenn zréck. D'Initiativ hat gesot, den Inneminister hätt rezent vun engem Alternativsite fir de Bau vum Futtballstadion zu Léiweng geschwat. Dozou de Romain Schneider.

Romain Schneider: Ech hu mam zoustännege Minister, mam Jean-Marie Halsdorf, driwwer geschwat. Hien huet dat sécher net esou gesot, well et ass eppes kloer, datt d'Regierung am Juli d'lescht Joer nach eng Kéier déi Décisioun confirméiert huet, datt den nationale Futtballstadion op Léiweng kënnt. Dat ass esou, an do ass och keng Ännerung an dësem Dossier dran.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, fir Iech kënnt och just de Site Léiweng a Fro?

Romain Schneider: De Moment gëtt an de Prozeduren och vum Site vu Léiweng geschwat. An och de Jean-Marie Halsdorf, mat deem ech geschwat hunn, deen huet dat net esou gesot, mä huet gesot, datt am Virfeld vum Eraussiche vum Site eng Rei vu Siten am Spill waren, dorënner ënner anerem deen doten, deen elo zitéiert gëtt. Mä et ass ganz kloer, datt festgehale gouf, datt de Futtballstadion op Léiweng kënnt.

Jean-Claude Franck: Dat kléngt also no engem Mëssverständnis tëscht der Biergerinitiativ an dem Minister.

Romain Schneider: Esou gesäit et aus. Ech war net do dobäi, mä ech hu mam zoustännege Minister geschwat, deen et op jiddwer Fall esou gesäit.

Jean-Claude Franck: En anere Projet, de Bau vun engem Velodrom. Si vill Kandidaturen erakomm? Et war jo esou, datt bis Enn Dezember den Délai war?

Romain Schneider: Et ass jo esou, datt mir am ganzen tëscht 15 an 20 Äntwerte kritt hunn. Déi eng Äntwert war méi laang, déi aner méi kuerz. Mä am Endeffekt ass eng ganz konkret, déi ganz no un de Cahier des charges erukënnt, dat ass déi vu Mondorf. Do kënnt den Aarbechtsgrupp elo an den nächste Wochen zesummen, fir déi Kandidaturen nach eng Kéier ze kucken, an och déi aner Kandidaturen, wou der och 3, 4 dobäi waren, déi engem Deel vun den Uspréch entsprach hunn. Da gëtt eng Analys gemaach vun deenen Dossierë säitens vun dem zoustännegen Aarbechtsgrupp, deen ech an d'Liewe geruff hunn, an da wäerte mir an den nächste Wochen a Méint och dora virukommen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et sinn eng 4 bis 5 Kandidaturen, déi an der méi enker Selektioun sinn?

Romain Schneider: De Moment ass eng kloer, et ass eng an der ganz enker Auswiel, dat ass Mondorf. A wéi gesot, da sinn anerer déi mir an enger zweeter Phas géife kucken, wann effektiv Mondorf net géing klappen.

Jean-Claude Franck: Ass dann och eng Kandidatur dobäi vum Grupp Becca, zesumme mat enger Gemeng? Aus Kreesser vum Promoteur, dee jo och Proprietaire ass vun der Velosequipe Leopard Trek, do heescht et, et géif och en Interessi gi fir selwer eventuell esou e Velodrom ze bauen, vun där dann och d'Equipe kéint profitéieren.

Romain Schneider: Et ass esou, datt och esou eng Ufro do ass, op jiddwer Fall säitens vum Grupp selwer, datt een dat net nëmme gelies huet, mä och héieren huet an och esou e Projet besteet. Mä de Moment, de Critèren no, wéi mir et ausgeschriwwen hunn, ass Mondorf ganz kloer deen éischten dee mir elo emol musse kucken.

Jean-Claude Franck: Ass de Grupp Becca dann och formell elo bei deene 15 bis 20 Kandidaturen dobäi, déi Dir gesot hutt? Oder hutt Dir vun där just héieren?

Romain Schneider: Et ass eng vun deene 15 Kandidaturen, wou mir wäerten diskutéieren, och wann elo direkt keng Ufro säitens vun der Gemeng do ass, mä wou een einfach weess, datt eng Rei vu Kandidaturen do sinn, déi och Interessi dru weisen, fir eben esou e Velodrom ze bauen.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, et ass keng Kandidatur mat Réiser zesummen, fir dann zum Beispill beim Stadion dann eventuell de Velodrom ze bauen?

Romain Schneider: Dat muss een alles am Detail kucken, well mir jo ebe keng ganz kloer Äntwert do hunn. Mä mir hu ganz einfach eng Piste, wou och eng aner Piste wier, wann eventuell de Projet Mondorf näischt géif ginn.

Jean-Claude Franck: Esou wäit also de Sportsminister.

Dernière mise à jour