Dernière modification le
Marie-Josée Jacobs, invité de l'émission "Riicht eraus"
D’Entwécklung vun der Aarmut war gëschter Sujet am Regierungsrot. Um Briefing fir d’Press huet de Premier Mesurë fir den Hierscht ugekënnegt. Bis dohinner soll d’Familljeministesch Propositioune formuléieren. Marie-Josée Jacobs, gudde Mëtteg.
Marie-Josée Jacobs: Gudde Mëtteg.
Mick Entringer: Dir sitt säit 16 Joer CSV-Familljeministesch. Un der Spëtz vum Familljeministère hutt Dir elo d’Aufgab kritt, fir d’Aarmutspolitik vu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien. Wéi wëllt Dir dat ugoen?
Marie-Josée Jacobs: Also, ech denken, datt mir musse fir d’éischt emol kucken, wat heescht dat am Europäeschen wat déi Prozentsätz, déi ëmmer erëm ausgerechent ginn? Et muss ee jo wëssen, wéi datt dat iwwerhaapt gerechent gëtt. Da wësse mir, datt 60% vum medianen Akommes, wien do drënner läit ass am Risiko vun der Aarmut.
Dat bedeit zu Lëtzebuerg fir eng Koppel mat zwee Kanner, datt ee bei 3.300 Euro de Mount Akommes am Risiko vun der Aarmut ass. Wann Dir an Däitschland oder a Frankräich sitt, da läit der ongeféier bei 1.900 Euro de Mount, wou dir am Risiko vun der Aarmut wiert. Fir eng Kéier och ze weisen, wat dat awer a reellë Chifferë bedeit, wann déi gewalteg Zuele komme vun de Leit, déi am Risiko vun der Aarmut sinn.
Et muss een och wëssen, datt bis dohinner an Europa ni gekuckt gouf, wat dann déi materiell Saachen awer wieren, déi d’Leit hätten. Elo zënter enger Zäitchen gëtt dobäi gerechent, wat ass d’Charge du travail, dat heescht, wéivill gëtt geschafft an enger Famill, déi am Risiko vun der Aarmut ass. An dat ass ee vun de Problemer op dee mir kommen, besonnesch och bei der Aarmut vun de mono-parentauxen, ass fir eben ze kucken, wéivill schafft een, 8 Stonnen, oder schafft ee méi Stonnen, oder manner Stonnen, an dat huet natierlech eppes ze dinn, mat deem wat een da verdéngt. Dat ass also elo en neie Facteur, deen dobäi komm ass.
An deen zweeten neie Facteur, deen dobäi komm ass, dat ass fir ze soen, huet en Auto, huet een eng Tëlevisioun, huet een eng Wäschmaschinn? An domat ass dann natierlech zu Lëtzebuerg am Fong erëm d’Aarmut op där anerer Säit erofgaangen, well natierlech ganz vill Leit, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen, déi am Risiko vun der Aarmut sinn, awer iwwer all déi Güter verfügen, déi dann eben opgezielt ginn, an déi da gefrot gi vun der europäescher Kommissioun. Einfach fir emol eng Kéier ze soen, wéi datt dat geet.
All Leeschtungen déi mir ginn, all Sachleeschtungen déi mir deene Leit ginn, déi am Risiko vun der Aarmut sinn, respektiv an der Aarmut sinn, déi kréie mir och net ugerechent.
Wann elo zum Beispill, mir hu mat de Chèques service, kënne Famillje mat Kanner, déi am Risiko vun der Aarmut sinn, esou vill Stonnen an der Woch, 20 Stonnen oder 21 Stonnen an der Woch gratis an d’Maison relais goen, an d’Crèche goen, a si kréien do gratis z’iessen, dat gëtt net dobäi gerechent als Facteur fir d’Aarmut erofzesetzen.
Mir hunn awer an deene leschte Joeren ëmmer erëm gesinn, datt trotz deene Suen, déi mir bezuelt hunn, ob dat ass iwwer d’Familljeleeschtungen, ob dat ass iwwer den RMG, oder iwwer aner Hëllefen, déi ebe Leit kréien, déi am Risiko vun der Aarmut, oder an der Aarmut sinn, datt dat net ëmmer onbedéngt da bei deenen ukomm ass, besonnesch net ëmmer bei de Kanner ukomm ass, wou mir dat eigentlech wollten. An duefir si mir zu engem Deel méi op de Wee ebe vu Sachleistunge gaangen, och wa mir wëssen, datt mir dat dann net an de Statistiken erëmfannen.
Dobäi muss ee jo soen, datt d’Statistike jo een Element ass, mä et ass jo net dat, wat am allerwichtegsten ass, mä am wichtegsten ass jo, deene Leit wierklech ze hëllefen, déi et brauchen.
Elo mierke mir awer, datt trotz deene Saachen, déi mir gemaach hunn, wat ass awer dann elo eng Sachleistung, dat ass eng Kéier d’Agence immobilière sociale, déi mir zesumme mam Logementsminister op d’Been gesat hunn, a mat ASBLen. An dat ass eng immens flott, eigentlech eng flott Aarbecht do, a vläicht eng gutt Geleeënheet hei fir de Leit ze soen, déi en Appartement oder en Haus hunn, an déi et net onbedéngt wëllen op de fräie Maart ginn, well se soen, entweder kréie mir eise Loyer net bezuelt, oder déi maachen eis alles futti, oder Leit déi an d’Altersheim ginn, wou dann d’Kanner oder d’Elteren och net wëllen, datt direkt dat Haus oder dat Appartement verkaaft gëtt, fir ze soen, ma mir stellen et der Agence immobilière sociale zur Verfügung, déi maachen dat och an d’Rei, net mam grousse Luxus, mä awer datt eng Famill uerdentlech kann doranner liewen. An op där anerer Säit kritt een dann natierlech, mécht een e Kontrakt mat der Agence, net mat deene Locatairen, déi kommen, wat also sécher stellt, datt deen dee verlount, och seng Sue kritt vum Loyer. Ech denken, datt dat eppes ass, wat awer vill Leit, déi vläicht am Alter sinn, oder déi vläicht e bëssen zécken, a soen, jo, wat soll ech mech dann do elo nach mat Locatairen do erëmklappen, datt dat also eng Fassong ass, wou ee Leit ka Logementer zur Verfügung stellen, ouni datt ee sech am Fong selwer muss drëm këmmeren.
Mick Entringer: Dat ass esou eng Sachleistung?
Marie-Josée Jacobs: Dat ass eng esou eng Moossnam. Déi aner Moossnam ass, dat hutt Dir an deene leschte Woche méi dacks gesinn, an héieren, dat ass, datt mir déi Épiceries sociales am Land, an iwwer d’Land opmaachen. Dat zesumme mat der Caritas a mat der Croix rouge. Awer och anerer, wéi den Objectif plein emploi, an de Forum pour l’emploi, déi mat entweder do dra sinn, oder respektiv och selwer, an och den Centbuttik, déi ebe verschidde Systemer hunn, déi da fonctionnéieren.
D’Épicerie sociale vun der Caritas a vun der Croix rouge déi fonctionnéieren nom selwechte System, well mir och e bësselche wollte verhënneren, datt da mengentwegen, ech weess net, d’Wäschpolver zu Déifferdeng en halwen Euro méi bëlleg wier wéi zu Esch, an da géing do den Tourismus lassgoen, fir ze kucken, wou ass dann elo dëst oder dat am bëllegsten.
Eng wichteg Komponent, och bei deenen Épicerien ass elo, datt d’Leit gesot kréien, datt se och frësch Produkter kréien, heiansdo déi Leit awer dohinner kommen, a mat deene frësche Saachen, frëschem Geméis, frëschem Uebst, net alles wëssen unzefänken. Heiansdo ass ee jo erstaunt doriwwer ze wëssen, datt d’Leit net d’Fäegkeeten hunn, fir eben dat ze maachen. An do ass zum Beispill zu Déifferdeng, probéiere si mat de Leit do ze kachen, se léieren ze kachen. Och beim Centbuttik, si léieren zum Beispill Gebees ze maachen, do si Leit komm, déi net wosste wat Rubarb wier.
Mick Entringer: Dir hutt elo zwou Sachleistungen esou opgezielt, woubäi ee sech dann och d’Fro ka stellen, wéivill Prozent vun der betraffener Populatioun domat awer gehollef gëtt. Op där anerer Säit sot de Premier gëschter, elo net eng Sachleistung ugekënnegt, mä eng finanziell Ënnerstëtzung, an zwar géing driwwer nogeduecht ginn, fir den RMG, de Revenu minimum garanti méi staark no der Zuel vun den ze betreiende Kanner auszeriichten.
Marie-Josée Jacobs: Also, mir hate gëschter en éischt Discussioun, well mir erëm eng Kéier och déi neiesten Zuele krute vum Statec. A well mir jo net nëmme soen, hei dat do ass eng Statistik, mä well mir wierklech awer mierken, datt besonnesch, wéi gesot, bei allengerzéienden Elteren, egal ob dat Mammen oder Pappe sinn, et sinn natierlech vill méi Mamme wéi Pappen, well mir awer do mierken, datt ënnert anerem och de Loyer ee vun deene wichtegen, oder de Logement ee vun deene wichtege Punkten ass, fir ze kucken, wou een do kann hëllefen.
Et ass och elo well ee Facteur an dem RMG dran, et si 600 Euro de Mount, déi wann een loune geet, déi ee ka kréie fir eben dee Loyer ze bezuelen. Mir sinn am gaangen doriwwer ze diskutéieren, well mir soen, wa mir de Leit Sue gi fir de Loyer ze bezuelen, riskéiert dat, datt just d’Propriétaire vun den Haiser nach méi Loyer froen, an domat ënnert dem Stréch, fir déi Leit, déi musse loune goen, net méi iwwereg bleift.
Eng Tatsaach ass, datt awer d’Kanner haut net schrecklech héich, oder keng grouss Differenz ass, wann ee Kanner huet, oder pro Kand net ganz vill méi am RMG dobäi kritt, an dir musst jo awer, wann der zwee oder dräi Kanner hutt, musst dir jo awer méi grouss Logementer hunn. Also dat besser a Considératioun ze zéien, wéi mir dat bis elo gemaach hunn.
Ech muss och soen, datt bei mir am Ministère elo Aarbechtsgruppe bestinn, fir och ze kucken, iwwerhaapt emol och esou en Plang ze maachen, och fir déi Obdachlos. Dat sinn natierlech déi Leit, déi an der extremer Aarmut awer sinn, a wou net driwwer ze diskutéieren ass. A mech hat enorm opgereegt, wéi ech d’lescht Joer héieren hunn, datt 38 Leit op der Strooss gestuerwe sinn, op der Strooss, oder déi op der Strooss gelieft hunn, a gestuerwe sinn, fir ze soen, et kann net sinn, datt mir dat alles esou do nokucken, ouni datt eppes geschitt.
Mir hunn och vill probéiert, och mat de Gemengen ze kucken, wou kënne mir aner Plaze fannen, fir datt och an der Stad selwert de Foyer Ulysse, an eng Partie vun aneren Institutiounen do sinn, déi eben deene Leit hëllefen, datt net alles do konzentréiert gëtt, mä datt och an anere Gemengen am Lëtzebuerger Land, mir sinn um Wee mat deenen, mat der Gemeng Esch, wou haut esou en temporaire Foyer besteet, fir och do en definitive Foyer opzeriichten. Et gëtt der iwwer d’Land verdeelt.
Mä et geet net duer mat deene Plazen déi mir hunn, wéi gesot, fir och ze verhënneren, datt der wierklech Gettoë kritt vu Leit, déi op der Strooss sinn, a wou dat natierlech och fir déi Leit, déi ronderëm sinn, net ëmmer ganz evident ass.
Mick Entringer: Komme mir nach vläicht eng Kéier zeréck op d’Aarmut an de Familljen. Wéi steet et mat der Indexéierung vun de Familljenzoulagen, déi goufe jo 2006 désindexéiert? Kéint ee sech virstellen, datt do och am Hierscht dru geduecht géing ginn, fir déi erëm un den Index ze koppelen?
Marie-Josée Jacobs: Also de Moment gëtt doriwwer net diskutéiert, well mir, deemools wéi mir se désindexéiert hunn, net déi Suen ewech geholl hunn am Budget vun dem Familljeministère, mä wou mir domat all déi nei Strukture finanzéieren, vun der Kannerbetreiung, respektiv och d’Chèques service.
Mir hu fir d’nächst Joer am Budget 180 Millioune virgesinn, fir eben net reng d’Fonctiounen, d’Fonctiounskäschten, dann hu mir nach näischt bäigeluegt bei kenger Gemeng, fir eppes ze bauen, wou een awer muss wëssen, datt mir och do bei de Gemengen, a mat hinnen zesummen – dat ass och eppes, wou mir ouni d’Gemengen näischt kënnte maachen, a wou an de leschte Joeren enorm Effortë vun de Gemenge gemaach goufen – fir eben déi Strukturen awer iwwerhaapt emol ze schafen, fir ze soen, mir bezuelen 10.000 Euro pro Plaz déi geschaaft gëtt, wann d’Gemeng op där anerer Säit 15.000 bezuelt, wann et manner ass, dann ass et d’Halschent vun deem wat ebe bezuelt gëtt. Wou dir also gesitt, datt dat en enormen, awer och en enormen Invest ass, an déi jo och mussen dann op där enger Säit bezuelt ginn.
Mick Entringer: Wann de Premier méi Ënnerstëtzung fir manner bemëttelt Leit ukënnegt, wat muss een dann op där anerer Säit berechnen, wiem ginn do Suen ewech geholl? De Jean-Claude Juncker huet jo gëschter gemengt, datt verschidden Décisiounen net ganz populär wäerte sinn.
Marie-Josée Jacobs: Ech menge virun allem emol, datt de Staatsminister domat gemengt huet, datt mir, wa mir esou Zuelen héieren, eis séier opregen driwwer, och fir ze soen, et ass jo onerhéiert, datt zu Lëtzebuerg esou vill Leit sinn, déi an der Aarmut sinn, oder wéi gesot, éischter am Risiko vun der Aarmut, wat eppes anescht ass, wéi an der Aarmut ze sinn. Mä virun allem, datt da jiddweree seet, dat ass jo awer onerhéiert, datt dat esou ass.
Wann dir dann awer op där anerer Säit deene Leit hëlleft, ganz dacks gesot gëtt, ma dat ass jo onerhéiert, datt déi elo nach esou vill Sue vum Staat kréien, si solle schaffe goen, da wiere se net aarm, an all déi Gespréicher, déi een eben an deem do Kontext héiert, ee selbstverständlech awer da muss kucken, well wann dat eppes ass, wat richteg Geld kascht, da muss een och kucken, wou een dat da kann aspueren.
Mä wéi gesot, gëschter hate mir eng éischt Discussioun, an do ware mir net esou wäit komm fir ze soen, da musse mir kucken, datt mir op där anerer Säit op deem oder deem Posten dann déi Suen erëm aspueren.
Mick Entringer: Et kann ee sech awer virstellen, datt déi nei sozial Aarmut, oder Mesurë géint d’Aarmut, datt déi awer och gekoppelt wäerte sinn u vläicht verschidden Discussiounen, déi an der Tripartite wäerte gefouert ginn?
Marie-Josée Jacobs: Dat kann ee sech duerchaus virstellen. Ech ka mir och net virstellen, datt et an der Tripartite ee gëtt, dee seet, dat do ass kee Sujet, oder dat do ass eppes, wat eis net interesséiert. Well ech denken, dat ass esou gutt fir d’Patronen, wéi och fir d’Gewerkschaften. A besonnesch fir d’Gewerkschaften awer misst et e wichtegen Thema sinn, well wann d’Gewerkschaften net déi Leit, déi am schlechsten dru sinn, verteidegen, ech mengen, déi aner déi kréien dat well meeschtens gutt fäerdeg fir sech selwer ze verteidegen.
Mick Entringer: Dat heescht, et kann ee sech erëm op, wéi soll ech soen, Discussiounen, haart Verhandlungen astellen?
Marie-Josée Jacobs: Bein, ech hoffe jiddwerfalls net, datt et iwwer deem do Thema wäert sinn.
Mick Entringer: An der leschter Regierungserklärung gouf ugekënnegt fir qualitativ, héichwäerteg, flexibel a präiswäert Betreiungsstrukturen auszebauen. Dir hutt ugekënnegt, dat wëllt Dir maache mat deene Suen, déi Dir iwwer den Index aspuert, bei de Familljenzoulagen.
Besonnesch akut ass de Besoin fir Kanner ënner 4 Joer, fir Crèchen deemno. De 6. Abrëll hat de Premier virun der Chamber fir d’nächst Joer d’Schafung vun 8.000 Versuergungs- a Betreiungsplaze fir Kanner zwëschen 0 an 12 Joer ugekënnegt. Wéi wëllt Dir dat emsetzen?
Marie-Josée Jacobs: Also dat ass wéi gesot, zesumme mat de Gemengen. Et muss ee sech jo ëmmer erënnere wou mir hierkommen. A wann Dir elo grad gesot hutt, wéi laang datt ech do sinn, ech kann Iech soen, datt am Ufank, wéi ech am Familljeministère war, wann d’Buergermeeschtere komm sinn, a bal all Buergermeeschter hätt gären en Altersheim gehat, a gesot hunn, majo mir kënne jo awer net, an 118 waren et der deemools, Gemengen en Altersheim opriichten. Mengt Dir net, et wier gutt, wa mir eppes géinge maachen an der Kannerbetreiung? An dann hunn ech ëmmer gesot kritt, dat ass net néideg, well bei eis bleiwen d’Mammen doheem, mir brauchen dat do net.
An deene Joeren huet sech also séier Villes geännert. Villes geännert, eng Kéier, well mir, wa mir elo grad iwwer d’Aarmut vun den Alleinerzieher geschwat hunn, well ebe ganz vill Leit hir Familljen anescht organiséiert hunn, well mir wëssen, datt een haut a ville Fäll muss zu zwee schaffe goen, iwwerhaapt keng Discussioun do ass, fir ze soen, ech wëll schaffe goen, oder ech wëll net.
Wann dir de Mindestloun hutt, an dir hutt eng Famill, da mengen ech, ass do keng Discussioun driwwer ze féieren, datt een dann zu zwee muss schaffe goen.
Wat ee vun de Facteuren ass, iwweregens och vun der Aarmut, ass eben, datt nëmmen eng Pei disponibel ass, heiansdo och de Papp, oder d’Mamm emol net kënne ganz schaffe goen, well och net ëmmer onbedéngt eng Kannerbetreiung do ass, respektiv se och keng Aarbecht fannen. Also dohier ass et kloer, datt dir da vill méi séier natierlech an dee Risiko kommt.
Duefir sinn ech haut frou, an ech muss dat och soen, mir hunn haut keng eenzeg Gemeng méi am Lëtzebuerger Land, wou näischt u Kannerbetreiung ugebuede gëtt. All Gemeng huet iergendwéi ee System wou se Kannerbetreiung ubitt. Si sinn net alleguer esou wäit, datt se alles kënne, a komplett kënnen ubidden.
An Dir hutt Recht, datt do wou besonnesch d’Plaze feelen, dat ass am Alter vun 0 bis dräi Joer, wou an deene leschte Joere vun de Gemengen enorm vill an d’Kannerbetreiung vun de Schoulkanner investéiert gouf, awer op där anerer Säit op ville Gemenge manner och an den Alter vun 0 bis dräi Joer.
Mick Entringer: Dee Secteur gouf ganz vill dann och dem Privatmarché iwwerlooss.
Marie-Josée Jacobs: Ganz vill dem Privatmarché iwwerlooss. A wou een awer, a mir och als Ministère, ëmmer och an de Gemengen awer soen, hei dat do ass eppes, dat kann och vu private Leit ganz gutt gemaach ginn. Déi musse jo och Agrémenten, déi musse Personal hunn, déi mussen deem entspriechen. Manner streng wéi dat vläicht wier, wa mir dat an ëffentlecher Hand géife maachen. Mä ech muss soen, bis elo hunn [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: An dat ass awer e Sträitpunkt.
Marie-Josée Jacobs: Dat ass e Sträitpunkt, do ass keen Zweiwel drun. Mir hunn, enfin Sträitpunkt, mä ech héieren awer elo, datt gesot gëtt, de Staat mécht net genuch fir datt iwwerall am Land déi selwecht Kannerbetreiung ugebuede gëtt.
Mick Entringer: An et geet em d’Kontroll éischtens emol vun deene Critèren, déi Dir selwer festsetzt, wéi kontrolléiert Dir, ob déi dann och berücksichtegt ginn? An da geet et och em d’pädagogesch Konzepter, dat ass bis ewell jo guer net an der Legislatioun festgehalen, wat och elo déi Betreiung vun deene ganz Klengen ugeet. An et ass jo erwisen, wëssenschaftlech erwisen, datt grad do pädagogeschen Encadrement ganz wichteg ass.
Marie-Josée Jacobs: Och dat ass eppes, wou mir gesinn hunn, datt eigentlech och Changementer komm sinn. An der Zäit ass ëmmer gesot ginn, et ass wichteg, datt déi kleng Kanner eng Bezuchspersoun hunn, also ass et wichteg, datt se méiglechst laang kënnen doheem bleiwen, well dann eben d’Mamm oder de Papp sech do méi drëm këmmert. Haut gëtt gesot vun de Wëssenschaftler, et ass wichteg, a virun allem an deenen dräi éischte Joeren, wou een am meeschte léiert, vu senge Fäegkeeten, ob dat motorescher sinn, oder ob dat intellektueller sinn, oder wéi och ëmmer. An duefir ass et also och wichteg, datt wierklech do Qualitéitugebueder gemaach ginn. An dat ass eppes, wou mir och am gaange sinn drun ze schaffen.
Mir hate viru 14 Deeg d’Geleeënheet fir nobaussen och ze weisen, datt mir mat der Uni Lëtzebuerg eng Kéier de Projet hunn, deen heescht Babbeltiermchen, dat ass d’Crèche déi vun der Stad Lëtzebuerg, der Uni Lëtzebuerg, an dem Familljeministère matenee finanzéiert gëtt. Wou awer dann och eng Begleedung do ass vun der Uni Lëtzebuerg, fir eben ze kucken, wat ass dat Angebot wat hei gemaach gëtt, wéi wierkt dat sech aus, a wou mir och elo mat der Uni am gaange sinn zousätzlech aner Gemenge ze sichen, déi och bereet sinn, mat op dee Wee ze goen. Dat musse mir selbstverständlech jo och bezuelen. Mä dat ass jo awer dat och wäert, fir ze kucken, wéi, wat fir eng qualitativ Mehrangeboter kann ee maachen. An dat ass, denken ech, awer eppes, wat wichteg ass.
An elo ass en éischte Manuel erauskomm, fir eben déi Qualitéit dann dem Personal dat och kënne bäizebréngen.
Op där anerer Säit awer och ze soen, et muss virun doranner investéiert ginn, fir datt eben, wéi gesot, méi Qualitéit an där Kannerbetreiung, an och an där Kleinkindbetreiung do ass.
Mick Entringer: Mä dat kléngt awer als éischt emol no engem Pilotprojet. Et geet jo och drëms, datt ee sech fest Regele setzt, an datt dat dann och an de Legislatiounë festgehale gëtt?
Marie-Josée Jacobs: Also mir sinn och dorunner am gaangen ze schaffen. De Service national de la Jeunesse huet ewell iwwer méi laang Joeren, och an hire Servicer gekuckt, fir och Qualitéitsstandarden auszeschaffen. Mir kucken, datt mir dat och kënnen, wéi gesot, mat där néideger Begleedung, eng Kéier d’Uni Lëtzebuerg, mä awer och op där anerer Säit e Wiener Institut, mat deem mir an der Vergaangenheet zesummen och ewell geschafft hunn, wat och nëmme Kleinkindbetreiung ass, fir eben dat och fäerdeg ze kréien.
Et ass richteg, datt dat hei elo, de Babbeltiermchen, dat ass elo e Pilotprojet. Mä aus dem Pilotprojet hoffe mir jo, datt mir doraus Léiere kënnen zéien. Op anere Säiten och an dem Land och verschidde Gemenge sinn, wou zum Beispill besonnesch och Wäert op d’Elterenaarbecht geluegt gëtt.
Also fir mech ass dat jo ee vun deene wichtege Facteuren och, e Kand, egal ob et ee klengt ass, oder méi grouss ass, e Kand bleift eent an dat selwecht Kand, ob et doheem ass, oder ob et an der Crèche, oder an der Maison relais, oder an der Schoul ass.
An also mussen déi dräi Acteuren och zesumme schaffen, mussen déi dräi och zesumme kucken, wat ass den Intérêt, wat sinn d’Schwieregkeete vun deem Kand, an eventuell och vun der Famill, an dann ze kucken, wann eng ganz gutt Entente och mat der Éducatioun fir och déi Iwwergäng an der Schoul zwëschen de Maisons relais, fir déi besser fäerdeg ze kréien. A wann do och esou, zum Beispill, awer Sproocheförderung, wéi déi elo zum Beispill och vun der Asti gemaach gëtt, wéi déi am Atelier Seralda gemaach gëtt, fir wéi gesot, wou Kanner sinn, an dat ass mengen ech och e wichtege Punkt, dat ass, mir hunn iwwer 40% vu Leit, déi hei sinn, déi keng Lëtzebuerger sinn. Duefir ass et wichteg, datt och méiglechst fréi d’Kanner léieren, iwwer dem Spillen, lëtzebuergesch schwätzen. Lëtzebuergesch schwätzen oder eng wéi gesot, eng Sprooch, mat där se sech och kënnen hei dann awer dran ausdrécken. An dat ass eppes, wat méi liicht do geet, wéi wann dir dat alles nëmmen an der Schoul sollt léieren.
Duefir mengen ech, sinn déi Infrastrukture mat all deem Inhalt, dee muss drakommen, wann en, esou wäit wéi en net do ass, sinn déi enorm wichteg.
Awer eppes, wat Dir och net dierft vergiessen, datt dat e ganz jonke Secteur ass. Wa mir dovu schwätzen, datt dat an 10, 12 Joer, elo eréischt ee Joer ass, wësse mir, datt och ganz jonk Leit doranner schaffen, déi vun der Schoul zum Deel direkt kommen, an dann an déi Betreiungshaiser do kommen.
Mick Entringer: Wa se da forméiert gi sinn, an eng héich Qualifikatioun hunn?
Marie-Josée Jacobs: Do ass natierlech, ech schwätzen emol vun deenen, déi wierklech déi Qualifikatiounen hunn, Éducateurs, Éducateurs gradués. Et muss een da gesinn, datt natierlech awer an der Praxis Villes op se duerkënnt, fir dat se wahrscheinlech, oder sech wahrscheinlech dat net esou virgestallt hunn, wéi et an der Realitéit ass. A vun do ass och d’Formatioun fir eis eppes, och am Hibléck vun der Qualitéit déi ugebuede gëtt, eppes wat enorm wichteg ass.
Qualitéit, also Formatiounen déi se kréien, entweder iwwer d’Entente vun de Gestionnairë vun de Foyers du jour, oder op där anerer Säit dann och déi, déi beim Staat sinn, iwwer den INAP. Och déi Froen, déi vill gestallt goufen och iwwer d’Sécherheet. Fir och d’Leit do ze léieren, wat ass dat wou ee muss drop oppassen? Wat sinn eng Kultur vu méi Sécherheet, déi ee kann an deenen Haiser alleguer do kréien?
Mä wéi gesot, et muss ee wëssen, datt eng Partie vu Leit och an Zäit sech elo déi Erfahrunge musse sammelen, déi och wichteg ass, wéi gesot, dat eent ass d’Formation de base, mä dat anert ass awer och d’Experienz, an op där anerer Säit d’Formation continue, déi sécher wichteg sinn.
Mick Entringer: Vläicht fir nach eng Kéier op d’Qualifikatioun zeréckzekommen. Leit, déi elo héich qualifizéiert sinn, déi fanne sech ganz oft dann an esou Betreiungsstrukturen un der Spëtz erëm, an dat sinn awer dann administrativ Aufgaben, déi hinnen zoukommen. Dat heescht konkret Praxis um Terrain, dat ass jo dann och schwéier fir déi Leit sech unzeeegenen. Misst net och bei de Kanner selwer, héich qualifizéiert, méi héich qualifizéiert Personal sinn?
Marie-Josée Jacobs: Also, dat ass eng Bemierkung, déi Dir maacht, déi net aus der Loft gegraff ass, well effektiv déi, besonnesch déi Responsabel ganz dacks vill administrativ Aarbecht musse maachen, wou ech mech froen, ob een net misst op de Wee goen, fir ze soen, do bräicht een administrativ Leit, déi administrativ Aarbecht maachen, dat muss, effektiv muss dat net d’Éducatrice oder den Éducateur gradué sinn. Och dat wier nach en Thema, wou mir kënnten driwwer schwätzen. Männer a Fraen déi do sinn, fir ze soen, dat kann och ee maachen, dee Première huet, amplaz datt do muss den Éducateur gradué sinn, deen eigentlech dann net dobäi ass, do wou d’Kanner sinn, wou d’Eltere kommen, an esou virun. Also dat ass, mengen ech, eng Iwwerleeung, déi ee wierklech muss méi sériéis kucken, ob een dat net kann e bësselchen déi Aarbechten anescht opdeelen.
Mick Entringer: Virdun hat Dir iwwer d’Zesummenaarbecht mam Éducatiounsministère geschwat, wat och Schoul a Kannerbetreiung ugeet. Wier et dann net awer un der Zäit, fir am Sënn vu méi Efficacitéit fir eng Kéier driwwer nozedenken, fir déi paraschoulesch Betreiung, an d’Éducatioun ënnert engem Ministère de tutel ze vereenegen?
Marie-Josée Jacobs: Also, dat ass eng Discussioun, déi och op europäeschem Niveau gefouert gëtt, an déi och ëmmer anescht ausgesäit. Jee deemno wéi d’Länner organiséiert sinn, fanne se dat eent besser, oder fanne se dat anert besser. Et gëtt och keng Meenung fir ze soen, dat ass besser wann deen een et mécht, et ass besser wann deen aneren et mécht. Ech mengen, dat héing vill dovun of, wéi et iwwerhaapt gemaach gëtt.
An eppes wat net dierf vergiess ginn, ech hunn dëser Deeg eng Kéier geliest, ech géif soen, d’Kanner géife vill vun enee léieren, dat ass esou e bësse lächerlech gemaach ginn.
Dat ass eppes, wat haut ëmmer méi wichteg gëtt, an och ëmmer méi wichteg, als wichteg unerkannt gëtt aus, och op europäeschem Niveau, dat wat genannt gëtt, d’Formation non formelle. An dat ass eppes, wou ebe gesot gëtt, a besonnesch och bei deene ganz klenge Kanner, woumat léiert ee schwätzen, ma doduerch, datt een anerer héiert schwätzen. Duefir léiere jo déi Leit, déi net héieren, léiere jo net schwätzen, well se eben keen aneren héiere schwätzen, zum Beispill. Mä einfach alles dat wat dir kënnt esou op non formalem Wee ee vun deem anere léieren.
Dat wat ech net géing wëllen, ech mengen och soss keen, besonnesch och net d’Éducatiounsministerin, dat wier fir ze soen, mir ginn elo, déi Kanner ginn elo an d’Schoul vun 0 bis 12 Joer ass dat obligatoresch. Dat ass ewell ëmmer ee Punkt, dee jo bei der Éducatioun méi schwiereg ass, fir ze soen, mir maache Schoul, mä et ass awer keng Schoul, et ass net obligatoresch fir dran ze goen.
Op där anerer Säit dann deen Drock vun dem bestännege mussen an der Schoul ze sinn, ass jo eppes, wat jo och schwéier ass.
Duefir wëll ech och net, datt an de Maisons relais, d’Maison relais ass keng Schoul bis, d’Maison relais ass eppes, wou ee seng Hausaufgaben nach ka maachen, a wou déi iwwerwaacht ginn, mä et ass net do, wann do muss alles nogemaach ginn, wat an der Schoul net geléiert gouf, dann huet et an der Schoul entweder net geklappt, oder an der Schoul net geklappt an doheem net geklappt, an an der Maison relais net geklappt. Mä et kann net sinn, datt d’Kanner mussen 12 oder 14 Stonnen an der [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Ech mengen zwar och net, datt dat de Gedanken ass, deen déi féieren, déi vläicht esou en Zesummeschloe vum Familljeministère an Éducatiounsministère duefir antrieden. D’Iddi ass jo, datt d’Kand e Ganzt ass, an datt et vläicht och méi einfach ass, fir Informatiounen iwwer all eenzel Kand weider ze ginn, wann ee Strukturen huet, déi engem Ministère ënnerstinn, da sinn och d’Verwaltungsweeër méi kuerz, denken ech, am Sënn vu méi Efficacitéit. Elo ass et awer esou, datt dann och d’CSV an d’LSAP sech zwee Voletë vu Kannerbetreiung an Éducatioun opdeelen. Et ass vläicht och eppes, wat da politesch einfach gewollt ass, fir datt all Partei hir Emprise nach behält?
Marie-Josée Jacobs: Also, ech mengen net, datt dat do esou déi Gedanke sinn, déi domat verbonne sinn.
Et ass elo sécher, an dësem Moment, am Familljeministère méi Kompetenze vu Kanner vun 0 bis dräi Joer, wéi se an der Éducation nationale sinn, well bis elo déi Leit jo net mat deene Kanner zesumme geschafft hunn.
Mä näischt ass awer ze soen, dat do ass eppes, dat kann ni geschéien. Also vu mir aus, dat sinn esou Saachen, déi an dëser Legislaturperiode ass d’Opdeelung déi, déi et elo ass. A wéi gesot, ech si frou an dankbar, datt esou gutt d’Madame Delvaux an ech gutt mateneen zesummeschaffen, wéi och eis Mataarbechter gutt mateneen zesummeschaffen. An da mierkt Dir ëmmer erëm, datt et am Fong op der Plaz muss matenee gutt fonctionnéieren. Déi Leit, déi op dem Terrain gutt mateneen eens ginn, do ass dat och kee Problem.
Mä wann dir natierlech Schwieregkeeten hutt zwëschent Persounen, déi net gutt mateneen eens ginn, jo dann ass et mengen ech bal egal wéi e Ministère datt et ass. Wann d’Charakteren net mateneen eens ginn, jo dann huet et näischt mat dem Kompetenzberäich vum Ministère, oder vum Minister ze dinn.
Mä wéi gesot, dat sinn alles Discussiounen, déi sécher och an deenen nächste Joeren erëm an nei wäerte gefouert ginn. A wéi gesot, dat ass eppes, wou et net ass, fir ze soen, wa mir et elo dohinner maachen, dann ass alles am Botter, wa mir net dohinner maachen, ass dat de Grond, firwat datt et net fonctionnéiert.
Mick Entringer: Esou wäit emol fir den éischten Deel vun der Émissioun “Riicht eraus�?, Invité am Studio ass d’Familljen- an d’Integratiouns- an d’Kooperatiounsministesch. Am zweeten Deel wäerte mir mat der Marie-Josée Jacobs iwwer den drëtten Alter, d’Integratioun vu Flüchtlinge schwätzen, an iwwer d’lëtzebuerger Kooperatiounspolitik.
[Nooriichteniwwerbléck]
Mick Entringer: Marie-Josée Jacobs, als Familljeministesch falen och d’Alters- an d’Fleegeheimer an Är Kompetenz. D’Personal an deene Strukture beklot sech, datt d’Aarbecht ëmmer méi schwiereg gëtt, grad an den ëffentleche Servior Haiser. Et hätt een ëmmer manner Zäit fir déi eler Leit, all Geste wier mëttlerweil digital getimt, et géing keng Zäit méi bleiwen, fir déi al Leit selwer, oft als Fleegepersonal awer déi eenzeg Referenzpersoun vun de Pensionären. Wéi schätzt Dir déi Situatioun an?
Marie-Josée Jacobs: Also, et muss ee jo wëssen, datt mir zu Lëtzebuerg zwee Elementer hunn, déi determinéiere wéi d’Fleeg an d’Aarbecht an den Alters- an an de Fleegeheimer gemaach gëtt.
Dir hutt op där enger Säit Leit, déi dohinner kommen, an déi eigentlech net fleegebedürfteg sinn, déi musse jo hire Pensiounspräis bezuelen, dat ee Stéck ass vun dem Revenu vun deenen Haiser. Déi Haiser alleguer, déi net zu 100% vum Staat bezuelt ginn, dat muss een och wëssen, do sinn déi Träger déi déi Haiser hunn, mussen entweder 20% bis 30% bäileeën, ob dat ëffentlecher sinn, wéi Gemengen, oder ob dat och Kongregatioune sinn, wou mir eng ganz Partie vun esou Haiser nach hunn.
An op där anerer Säit, dat zweet Element wat dobäi kënnt, dat ass d’Fleegeversécherung. An dat ass besonnesch, mengen ech, net de Pensiounspräis deen determinéiert, esou wéi Dir dat elo beschriwwen hutt, wéi dat geet, mä datt ebe well all Leeschtung vun der Fleegeversécherung erhuewe gëtt, déi dann esou muss gekuckt ginn.
Ech weess net, ob dat där Beschreiwung, ob dat an der Realitéit esou ass. Sécher ass, datt déi vill administrativ Aarbecht muss och do gemaach ginn, fir eben déi Ofrechnungen da mat der Fleegeversécherung ze maachen.
Et muss een awer och wëssen, datt mir vu wäit hierkomm sinn, datt an der Zäit an deenen Haiser och kaum Erhebunge gemaach gouf, wat alles do ufällt, a wat fir eng Fleeg an Aarbechten do musse sinn.
Duefir denken ech, ass et eppes, wou ee mat der Zäit och kann erëm e bësselche méi dat labber maachen, wann ech dat emol esou ka soen, fir ze soen, et muss net all Kéier ëmmer alles erëm frësch gekuckt ginn. Et ass esou eng Leistungserhebung, déi och gemaach gouf elo vun der Fleegeversécherung zesumme mat dem Familljeministère, fir ze kucken, wat sinn d’Tâches domestiques op där enger Säit, wat muss ee kréien als Pensionär, a wat ass dat, wat supplementär dobäi kënnt, wann ee vun der Fleegeversécherung, wann een an der Fleegeversécherung dran ass.
Mick Entringer: Dat do kléngt ganz technesch. Wann een elo eng Persoun huet, déi an engem Altersheim oder Fleegeheim ënnerdaach ass, an et gesäit ee wéi se encadréiert a betreit gëtt, dann huet een eng ganz praktesch Erfahrung do, an et ass eben de Konstat, datt alles ganz séier muss goen, an datt wéineg Zäit bleift fir d’Pensionären.
Marie-Josée Jacobs: Wéi gesot, ech denken, datt dat am Laf vun de Joere sech anescht wäert, ech wëll awer elo net hei an de Kompetenzberäich vu mengem Kolleg, dem Minister vun der Sécurité sociale, do dra fusche goen, a schwätze goen, datt een do muss kucken, wat sinn awer eng Partie vu Standardsaachen, déi musse gemaach ginn, ouni datt een dat vläicht alles op Zäit esou genee muss timen.
Mir mussen och elo soen, datt ee wiesentlechen Ënnerscheed geschitt ass zwëschen deemools wou d’Fleegeversécherung agefouert ginn ass, an zwëschen haut ass, datt an den Altersheimer an an de Fleegeheimer haut ëmmer méi al Leit do sinn.
Den Duerchschnëttsalter ass mëttlerweil 83 Joer, wann een dohinner kënnt, dacks nach méi, an zu engem Deel nëmme méi nach eng Openthaltsdauer vu 6 Méint ass. 6 Méint bis zwee, dräi Joer, wou d’Leit nach an den Haiser sinn. Dat weist also, datt och vill méi schwéier fleegebedürfteg Leit dohinner kommen. Wat an der Zäit anescht war. An der Zäit sinn d’Leit mat 65, 70 Joer si se an d’Altersheim gaangen, an dann hu se nach 20 Joer liicht do gelieft. Dat fannt Dir haut kaum méi.
A wat eben, natierlech op Grond och vun deene villen Hëllefen déi doheem ugebuede ginn. Ech denken un all déi Servicer, déi bei iech heem kommen, Hëllefen, d’Fleeg, mä awer och den Téléalarm, de Repas sur roues, all déi Saachen déi jo haut et méi liicht maachen, fir datt ee ka méi laang doheem bleiwen, wéi dat war.
Mick Entringer: Duefir emsou méi wichteg, datt wann een dann doheem fort muss, datt den humanen Aspekt awer erhale bleift?
Marie-Josée Jacobs: Do ass guer keen Zweiwel drun. An ech mengen och, datt jiddwereen dorunner interesséiert ass, fir ze kucken, datt d’Leit wierklech net nëmme mat der Stoppauer do behandelt ginn, mä datt awer och, an et gëtt och doriwwer Étuden, déi wäerten an der Zukunft eng Kéier virgestallt ginn, déi awer eppes aneschtes ausweisen, wéi dat wat gesot gouf, an zu enger Zäitchen jo och relativ thematiséiert war, datt d’Zefriddenheet vun de Leit awer am grousse Ganzen méi grouss ass, wéi dat, wat een hätt kéinte soen.
Mä ech denken, ee vun de Problemer ass, datt mir net ëmmer an iwwerall genuch Kommunikatioun hunn, och zwëschent de Familljen, an den Haiser. Ganz dacks d’Familljen och erakommen, a mir och an den Haiser och ëmmer méi dement Leit hunn, déi sech also net méi selwer kënnen ausdrécken, an heiansdo do och, et feelt dozwëschent fir ze soen, hei mä dat do, an dat do hu mir gemaach elo mat Ärem Papp, oder mat Ärer Mamm. Oder wann dann och d’Leit net domat zefridde waren, datt se dann och net ëmmer dee richtegen Uspriechpartner haten, fir et ze soen, a wou dann och eppes konnt geännert ginn.
Mick Entringer: Vläicht awer nach eng Kéier zeréck op e Beispill. D’Gemeng Nidderanwen hat am Februar ugekënnegt, fir de Kontrakt mat Servior, also den ëffentlechen Déngschtleeschter, deen 12 Altersheimer an dräi Fleegeheemer zu Lëtzebuerg betreit, fir de Kontrakt mat Servior wëllen ze kënnegen, dee Kontrakt sollt 2012 auslafen. Mä d’Gemeng wäerft Servior vir, datt d’Qualitéit vun der Fleeg an der Betreiung ofhëlt, datt op där anerer Säit awer d’Präisser fir d’Pensionäre klammen, an datt et un Transparenz an der finanzieller Gestioun feelt. Misst net driwwer nogeduecht ginn, fir ëffentlech Etablissementer am soziale Secteur, wéi bei Servior, net just exklusiv no Managementscritèrë fonctionnéieren ze doen?
Marie-Josée Jacobs: Dat ass, ech hoffen net, datt et nëmmen no Managementscritère geet, och do déi Situatioun zu Nidderanwen [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Also Servior mécht jo och Bénéfice, all déi verschidden Haiser si jo och gehalen Bénéfice ze maachen, Reserven unzeleeën, déi Reserven erëm ze investéieren, fir dann Infrastrukturen erëm opzebauen?
Marie-Josée Jacobs: Jo, fir och virun allem och fir déi Schold ze bezuelen, déi op Haiser sinn. Wann ech soen, mir bezuele 70% oder 80%, dann ass dat, mir hunn dës Woch zu Péiteng en aussergewéinlecht schéint Haus ageweit, do huet de Staat 15 Millioune bäigeluegt, mä do muss d’Kongregatioun vun den Zita-Schwësteren nach 30% och selwer bäileeën. Déi musse se awer op iergendeng Aart a Weis erschaffen.
Duefir ass dat, mir sinn ëmmer hei an enger Discussioun zwëschen deem wat de Präis ass, eng Kéier soe mir, de Präis dierf net ze héich sinn, an da soe mir, et muss awer méi Personal do sinn. An deenen Haiser alleguer, egal wiem seng datt et elo sinn, ob dat Servior ass, oder ob dat soss een ass, ass dee gréisste Käschtepunkt selbstverständlech d’Personal.
Mick Entringer: An d’Infrastruktur?
Marie-Josée Jacobs: D’Infrastruktur fällt manner, vill manner an d’Gewiicht. Wann Dir bedenkt, Dir hutt elo grad gesot, bei Servior, si hunn esou vill Haiser, si hu 1525 Pensionären, a si hunn 1200, oder 1400 Leit u Personal.
Da kënnt d’Geschicht mat dem Index. Fir dat als Beispill eng Kéier ze weisen. Da geet den Index an d’Luucht, da kritt d’Personal selbstverständlech den Index bezuelt. Da geet de Pensiounspräis an d’Luucht. Dann iergert all Mënsch sech, datt de Pensiounspräis an d’Luucht geet. Jo, iergendwou musse se jo déi Suen hierhuelen, fir awer kënnen och hiert Personal ze bezuelen. An dat ass dat, wou et, Gott sei Dank hu mir e Kollektivvertrag, en uerdentleche Kollektivvertrag, well déi Leit, déi an deenen Haiser schaffen, hu keng einfach Aarbecht. Ech wier dat Lescht, wat domat d’accord wier fir ze soen, déi solle manner verdéngen. Also dat wier sécher och op där falscher Plaz gespuert. Mä wéi gesot, ech denken, datt si ënnert dem Stréch musse kucken, wou se eraus kommen.
Op där anerer Säit een och muss kucken, wéi wäit kann een Erliichterunge maachen, wat dat Administrativt ubelaangt, fir eben domat och méi Zäit ze gewannen. Mir sinn erëm e bësselchen an der Discussioun vu virdrun, wou dat héich qualifizéiert Personal awer zu engem Deel administrativ Aarbecht muss maachen, amplaz datt et wierklech dann och do ass, au lit du pensionnaire ze sinn.
Mick Entringer: Eriwwer bei e ganz anere Sujet. Fir vill Opreegung hat an de leschte Wochen d’Discussioun ronderëm d’Flüchtlingen aus Serbien gesuergt. Well an de leschte Méint d’Zuel vun den Demandeurs d’asile staark geklomme war, besonnesch vu Romaen aus Serbien, gouf e Mangel un adaptéierten nationale Strukturen evident. Zu Bollendorf-Bréck hate sech d’Awunner dogéint gewiert, datt eng 60 Flüchtlingen an engem fréieren Hotel sollen ënnerdaach kommen. Finalement sinn 20 Leit dohinner komm, an den Incident hat fir eng gréisser Debatt zu Lëtzebuerg gesuergt.
De Familljeministère an de Service OLAI, dee fir den Accueil an d’Integratioun vun de Flüchtlingen zoustänneg ass, hat en dringenden Appell un d’Gemenge gemaach fir Opfangstrukturen zur Verfügung ze stellen. An Dir selwer, Marie-Josée Jacobs, sitt mat där Demande an d’Ëffentlechkeet gaangen. Wat erwaart Dir Iech vun de Gemengen?
Marie-Josée Jacobs: Also zu Lëtzebuerg ass jo bekannterweis, gëtt et jo kee Meter Terrain, deen net an enger Gemeng läit. Et ass also eppes, wou gesot gëtt, besonnesch och vum Syvicol, dat do ass eng national Aufgab, wat richteg ass, mä nach wéi vor sinn ech awer op d’Hëllef vun de Gemegen ugewisen. Ech muss och soen, datt ech an der Zwëschenzäit eng Réunioun mat dem Syvicol selwer hat, méi Gespréicher och mam President vum Syvicol, mam Dan Kersch, fir ze kucken, wat kënnt ee maachen, fir eben och um lokalen Terrain awer do eng besser Verdeelung iwwerhaapt emol fäerdeg ze kréien, iwwerhaapt Plazen ze fannen.
Mir hunn déi grouss Mass vun deene Leit, déi awer komm sinn, dat muss een einfach, ech soen Iech e puer Zuelen, ech weess datt dat um Radio net esou einfach ass, fir dat ze héieren, an ze verstoen. Mir haten 1999, waren 1921 Demandeurs d’asile hei zu Lëtzebuerg, 2001 waren et der 686, 2003 waren et der erëm 1500. Duerno ass dat erëm erof gaangen, 2008 op 463, 2010 ganzt Joer 786 [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Dat sinn ëmmer nei Demandë pro Joer?
Marie-Josée Jacobs: Et sinn ëmmer nei Demandë pro Joer. An 2011 elo an deene 5 éischte Méint si mir op 720. 720 nei Leit, wou mir wéi gesot haaptsächlech de Problem domat geregelt hunn, datt mir an deenen Haiser, déi mir haten, den Don Bosco, Dir konnt dëser Deeg gesinn, wou d’Madame déi responsabel ass vun dem Don Bosco, d’Nadine Conrardy gesot huet, mir hunn haut 230 Leit am Don Bosco, wou eigentlech awer nëmme Plaz ass fir 150. Da kënnt Dir Iech virstellen, datt dat alles anescht wéi gutt ass fir déi Leit déi do sinn, gutt ass fir déi Leit déi do schaffen. Dat ass einfach e grousse Problem deen [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Dat erkennt jo och jiddwereen un. Mä firwat war et net méiglech, zanter där leschter grousser Flüchtlingswell an den 1990er Joeren, wéi d’Jugoslawiekricher waren, einfach och en nationalt Konzept auszeschaffen, Infrastrukturen ze schafen, am Fall wou sech erëm esou eppes géing erginn? An et ass jo och viraussiichtlech datt mat dem, wat elo an Nordafrika geschitt, datt an deenen nächste Joeren d’Flüchtlingsproblematik weiderhin en Thema wäert bleiwen.
Marie-Josée Jacobs: Also esou wéi d’Welt an dësem Moment ausgesäit, mengen ech wierklech, datt mir dovu kënnen ausgoen, datt dat eng Demande bleift, och an der Zukunft nach bleift. Wann ech Iech déi Zuele vun 1999, dat waren der jo nach vill méi, wéi dat der elo sinn, muss ech awer soen, datt mir an deene Joeren eng ganz Partie vun Haiser zougemaach hunn, déi awer wierklech net méi, awer wann ech soe wierklech net, da kënnt Dir dovun ausgoen, datt et wierklech net de Konditiounë méi entsprach huet, an datt et och net méi verantwortbar war, fir Leit esou éierens ze logéieren.
Dat wat mir zeréckbehalen hunn elo fir an der Zukunft doraus ze léieren, dat ass, datt mir 4, 5 Zentre musse bauen an deenen nächste Joeren. De Mariendall ass nei gebaut ginn, den Don Bosco ass am gaangen, do sinn d’Pläng fäerdeg, dee gëtt nei gebaut. Mä wou ee wierklech iwwer d’Land verdeelt esou Haiser huet, wou wéinstens 100 Leit kënnen dra kommen.
Mick Entringer: Dat sinn der vill op enger Plaz. Gëtt et do net och einfach de Wonsch fir méi kleng lokal Strukturen ze schafen, a manner grouss Flüchtlingsheemer, wou dann och e ganz aneren Typ vu Problematiken entsteet?
Marie-Josée Jacobs: Et huet alles seng Virdeeler a seng Nodeeler. An dat hunn ech och des ëfteren elo mam Dan Kersch doriwwer diskutéiert. Datt wann ee seet, et kënnt ee kleng Einheite maachen, huet den Avantage natierlech, datt dat an der Bevëlkerung net esou opfällt, wéi wann dir ee ganzt grousst, enfin, e grousst Haus hutt. 100 ass nach net schrecklech grouss. Mä deemno wou et ass, fällt dat selbstverständlech awer op.
Mä wann Dir méi e grousst Haus huet, an elo besonnesch an deenen, mat där Flüchtlingswell déi elo komm ass, déi Leit déi elo komm sinn, sinn haaptsächlech Famillje mat Kanner, Famillje mat vill Kanner. A wann dir se dann op enger Plaz beieneen hutt, mir wëssen, datt wahrscheinlech vun deene Leit, déi elo kommen, der ganz wéineg wäerten de Statut vum Flüchtling kréien. Dat sinn also Leit, déi nëmme vorübergehend hei sinn. Wa mir dann déi Kanner a klenge Strukturen hunn, da musse se an déi lokal Schoulen natierlech goen, well dat ass och an der Konventioun virgesinn, datt d’Kanner obligatoresch an eng Schoul musse goen. Da muss medezinesch no deene Leit gekuckt ginn. Alles dat, dat steet an der UNO-Konvetioun dran, un déi Lëtzebuerg sech och ze halen huet, well mir se ratifizéiert hunn. Awer dann, wa mir, wéi gesot, méi eng grouss Struktur hunn, da kënne mir an deenen Haiser selwer Schoul halen, fir déi Kanner. Wat wahrscheinlech méi sënnvoll ass, wa se da kënnen op serbo-kroatesch ënnerriicht ginn, wéi datt deen een an eng Schoul kënnt vum zweeten Zyklus, oder vum drëtte Zyklus [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Woubäi jo da géing virausgesat ginn, datt déi Leit souwisou net hei wäerte bleiwen, an an déi lëtzebuerger Gesellschaft integréiert géinge ginn?
Marie-Josée Jacobs: Also déi Leit kënnen net an d’lëtzebuerger Gesellschaft integréiert ginn, well se eben net dierfen, mir och dovun ausginn, datt am Regelfall, mir soe Serbien zum Beispill ass ee séchert Land, Serbien [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Dat ass emol esou dann décrétéiert, esou gesot.
Marie-Josée Jacobs: Serbien, jo, Serbien ass Kandidat fir an d’Europäesch Unioun ze kommen. Länner déi an d’Europäesch Unioun kommen, déi wichtegst Konditioun ass, datt se d’Mënscherechter respektéieren.
Mick Entringer: Woubäi awer Mënscherechtsorganisatiounen, grad am Fall vu Serbien, soen, datt notamment also d’Bevëlkerungsgrupp vun de Roma do massiv géingen diskriminéiert ginn.
Marie-Josée Jacobs: Also, datt déi Leit net ganz gentil do behandelt ginn, beweist, mengen ech, wa mir Kanner hei gesinn, déi 10 Joer al waren, datt se bis haut nach a kenger Schoul waren, beweist, datt eng ganz Partie vun deene Kanner déi kommen, d’Mammen déi kommen, an déi Kanner kritt hunn, ni bei engem Dokter waren.
Duefir ech muss dat awer elo hei soen, well ech soss mat mir selwer och net am Fridde wier. Déi Discussiounen, déi awer gefouert goufen zu engem Deel, hu mech enorm verdross, well ech mir soen, mir schwätzen iwwer déi Leit, wéi wann dat ech weess net wat wier.
Mir setzen eis a fir all Déier, a fir all Planz, zu Recht, an da komme Mënschen, déi, wa se och net de Statut vun engem Demandeur d’asile, an net vun engem Asylant kënne kréien, sinn et awer Mënschen. Sinn et Mënschen déi och verdénge vun eis, och wa se déi Zäit, wou se hei sinn, mat Respekt behandelt ze ginn, a gehéiere grad esou gutt och uerdentlech opgeholl ze ginn, wéi wa se herno Asil kéinte kréien.
Mick Entringer: Iert ee se dann awer erëm zeréckschéckt an déi selwecht Situatioun?
Marie-Josée Jacobs: Jo, well dir eben och musst soen, mir probéiere jo och, a mir schwätze jo herno iwwer d’Entwécklungshëllef, mir probéiere jo och ze kucken, datt mir de Leit op der Plaz kënnen hëllefen. Wat méi richteg ass, wéi datt ee se heihinner komme léisst, wou se awer och keng Aussiicht hu fir kënnen ze bleiwen.
Duefir mengen ech, ass et och wichteg, datt déi Prozeduren net esou laang daueren, wéi dat heiansdo de Fall war. Wann ee 4, 5 Joer hei war, an dann heem geschéckt gëtt, dat ass natierlech enorm batter, besonnesch och fir Kanner déi eigentlech naïscht méi mat deem Land do wëssen unzefänken.
A vun dohier, denken ech, muss ee kucken, an och ëmmer nach, dir hutt ëmmer erëm manner Flüchtlingsleit déi kommen. Mir hunn, 70% sinn elo Famillje mat Kanner, 30% si Männer déi alleng kommen, déi aus Nordafrika besonnesch elo kommen.
Ech ka mir nun definitiv awer net virstellen, datt mir elo och nach de Culot hu fir ze soen, wa Leit aus Libyen kommen, déi huele mir net. Mir klatschen hei an d’Hänn wa se do de Kapp duerhale ginn, fir d’Fräiheet a fir hiren onméigleche Politiker do lass ze ginn. A wa se da kommen, a soen, mir bräichten elo awer Asil, da soe mir, ah neen, awer net bei eis. Dat geet awer net.
Mick Entringer: Dat heescht, mir brauchen en nationalt Konzept fir Flüchtlingspolitik?
Marie-Josée Jacobs: Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt ee muss kucken, och nach eng Kéier wëssend, datt all Well vu Flüchtlingen anescht ass. Et ass keng déi d’selwecht ass, an deene Joeren, wou ech elo do sinn. Mä wéi gesot, op där anerer Säit brauch een et, well ech ka mir net virstellen, datt dat an deenen nächste Joere wäert anescht ginn.
Mick Entringer: An domat wiere mir dann och bei der Kooperatiounspolitik. An der Regierungserklärung 2009 war eng Revisioun vum Kooperatiounsgesetz vun 1996 ugekënnegt ginn, an am Mäerz huet d’Regierung de Projet de loi iwwer d’Entwécklungshëllef déponéiert. An dës Woch huet e Cercle de coopération des ONG de développements e ganz kriteschen Avis zum Projet de loi presentéiert. Ënnert anerem gëtt kritiséiert den Text wier net ambitiéis genuch, an e géing wäit hannert den Erwaardungen zeréck leien. An ee Kritikpunkt war och, datt de Prinzip vun der politescher Kohärenz net am Projet de loi berücksichtegt géing ginn.
Marie-Josée Jacobs: Also zu Lëtzebuerg huet jo Gott sei Dank jiddwereen d’Fräiheet fir kënne seng Meenung ze soen, an duefir ass och den Avis deen de Cercle des ONG geschriwwen huet, selbstverständlech ass dat hiert gutt Recht fir dat ze schreiwen, an ze schreiwen esou wéi se et geschriwwen hunn, wa si mengen, datt dat richteg wier.
Ech wëll just soen, datt d’Gesetz, d’Entwécklungs- d’Kooperatiounsgesetz vun 1996 ass e Kadergesetz wat alles méiglech gemaach huet, wat an deene leschte Joere konnt gemaach ginn. Ech verteidegen d’Gesetz vun 1996, an ech kann dat mat guddem Gewësse maachen, well deen, deen deemools zoustänneg duefir war, war de Georges Wohlfahrt als sozialistesche Staatssekretär an der Entwécklungshëllef. Ech muss also net hei iergendeen aus menger Partei verteidegen. Et ass einfach ee Gesetz, an dat war och de Virgänger ëmmer hiert Argument fir ze soen, mir konnten op Grond vun deem Gesetz all Aktivitéite maachen.
An eng Partie vun deenen, déi elo revendikéiert gi vun den ONGen, sinn der jo, déi mir an der Praxis maachen, mä déi mir net an d’Gesetz drageschriwwen hunn. Ech schwätzen zum Beispill vum Programme indicatif de coopération, déi mir mat eisen, mat eise Pays partenaires maachen. Dat heescht, déi Länner mat deene mir bevorzugt Relatiounen hunn, 10 am ganzen, fir eben ze kucken, a mat hinnen ze kucken, wat datt dat ass, wat fir si am wichtegsten ass, net wou mir diktéiere wat si solle maachen. Mä wou mir awer op där anerer Säit als Lëtzebuerg eis halen un dat wat op europäeschem Niveau, respektiv iwwer d’OECD, mä awer och iwwer d’UNO gesot gëtt, esou muss Entwécklungshëllef ausgesinn.
Dat wat mech an deem Schreiwe vun den ONGen e bësselche befremdelnd, loosst mech dat ganz manéierlech ausdrécken, virkënnt, ass, datt se soen, och d’ONGë sinn net reglementéiert virgesinn. Mir haten eigentlech ëmmer d’Meenung, datt een den ONGen d’Fräiheete misst loossen, fir ze soen, a wat fir ee Land, datt se géinge goen, Projeten ze maachen. Et sinn net vill Projeten, déi mir verworf hunn, also déi net ugeholl goufe fir d’Cofinanzement, well dorëm geet et jo awer, well mir da mat den ONGen relativ laang, meng Mataarbechterinnen a Mataarbechter diskutéiert hunn, bis dann déi Projeten esou waren, datt se ebe konform och ware mat Entwécklungshëllef.
Mir hu 94 ONGen déi elo agrééiert sinn. Dat gëtt gemaach op Grond vun Erfahrungen déi se hunn, op Grond vu Gestioun vu Projeten déi se hunn. Dat waren d’Critèren, fir si ze agrééieren. Wann awer elo d’Demande vum Cercle kënnt fir ze soen, dat muss elo alles vill méi reglementéiert ginn, da verstinn ech eigentlech d’Welt net. Op eng Kéier soe mir, mir hätte gären, datt dat Administrativt, mir hunn elo vill iwwer administrativ Aarbechte geschwat, datt déi méi einfach soll ginn. Wa mir awer gären hätten, datt méi reglementéiert gëtt, da mussen awer de Cercle des ONG vläicht och enger Partie ONGen erklären, firwat datt se an der Zukunft dann och net méi do sinn. Ech maachen [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Et ass vläicht och d’Angscht, datt zevill ONGen op de Marché kommen, et ass jo just ee Kuch, finanziell Moyenen disponibel, an dee muss dann ënnert ëmmer méi opgedeelt ginn, vläicht entsteet dann do och mat der Zäit eng Rivalitéit?
Marie-Josée Jacobs: Dat wier natierlech awer schued, wann ewell op deem Gebitt géifen d’Rivalitéite geschéien. Fir mech ass et wichteg, a fir eis als Ministère, datt mir kucken, datt méiglechst vill Leit sech engagéieren op dem Wee vun der Kooperatioun. Et war flott, zu Lëtzebuerg hate mir bis d’lescht Joer eigentlech ëmmer Unanimitéit, datt mir eng Verflichtung hate fir dat ze maachen. Vill Kanner déi do matgemaach hunn, vill Schoulklassen déi do matgemaach hunn. Wa mir op eemol dann ufänken ze soen, elo musse mir méi selektiv ginn, fir datt déi puer déi do sinn, alles alleng kréien, dat wier fir mech [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Et geet jo vläicht och drëm, datt d’Entwécklungshëllef efficace ass, an net nëmmen eis e gutt Gewësse mécht.
Marie-Josée Jacobs: Also wa mir iwwer d’Efficacitéit vun eiser Entwécklungshëllef, muss ech soen [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Iwwer d’ONGë leeft, wuel verstanen.
Marie-Josée Jacobs: Jo, mä wéi gesot generell muss ech jo soen, an dat huet mir vill Freed gemaach. Gëschter hunn ech an der Zeitung geliest, datt den Direkter vun der Universitéit vu Bamako, am Mali, wat ee vun eisen Zillänner ass, gesot huet, formidabel Entwécklungshëllef vu Lëtzebuerg. De Jakob Kellenberger, de President vun der internationaler Croix rouge, sech net genuch konnt beluewen iwwer eis Entwécklungshëllef, dann huelen ech dat och vläicht e bësselche méi geloossen, wann ech hei am Land vun den ONG kritiséiert ginn.
Mick Entringer: Trotzdem, politesch Kohärenz, wéi ass et domat? D’OECD hat an engem Rapport vun 2010 gefuerdert, datt eng interministeriell Kommissioun soll domat chargéiert ginn, fir all Joer e Rapport ze maachen deen iwwerpréift wéi déi lëtzebuerger Gesamtpolitik, am Hibléck mat der Kooperatiounspolitik iwwerenee stëmmt. Zum Beispill d’Wirtschaftspolitik iwwerpréiwen, oder d’Klimapolitik?
Marie-Josée Jacobs: Et besteet e Comité interministériel dee justement doriwwer sech austauscht. Eng vun deene grousse Froen ass jo zum Beispill, mir hunn jo net genuch Zäit fir alles ze soen, ech maache mir ganz vill Suergen wat geschitt um Enn vun dësem Joer iwwer d’Aide alimentaire, also iwwerhaapt d’Sécherheet vun de Liewensmëttelen.
Wa mir gesi wéi dréchen et dobaussen ass, dann ass et ganz kloer, datt do och um Enn vum Joer et op ville Plazen op der Welt wäerte Krise ginn, well keng Ernährungsmëttelen zur Verfügung stinn. D’Landwirtschaft spillt also eng wichteg Roll zum Beispill elo an der Cohérence des politiques. De Landwirtschaftsministère ass an deem Comité do dran, d’Économie ass an deem Comité do dran. Mir haten d’lescht Joer bei den Assisen extra och Panelë gemaach, wou och de Minister Wiseler als Minister vum Développement durable war [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Dat heescht d’Nohaltegkeet ass och vertrueden?
Marie-Josée Jacobs: Jo. Eng vun den Ängschte vun den Entwécklungslänner ass, datt se fäerten, déi Suen, déi mir hinne verspriechen, déi se géinge kréie fir d’Entwécklungshëllef, déi mir versprach hunn, 50 Milliarde si mir hinnen nach schëlleg, den Entwécklungslänner, géinge mir elo nach erëm eng Kéier nei verspriechen an dem Klimaschutz. Dat kann natierlech net goen.
Mä ech wëll soen, mir hunn e Comité interministériel, an da gëtt gesot, mä de Comité interministériel muss der Chamber e Rapport maachen. Et muss een awer heiansdo nach wëssen, an dat ass och déi Discussioun, 6 Mol ass a 6 Comitéen, déi mir och mat den ONGen hunn, iwwer dee Gesetzprojet diskutéiert ginn. Et ass net, datt déi Leit ni eppes wossten dovun. Mä et gëtt iewer op där anerer Säit, jiddwereen huet seng Aufgaben. De Comité interministériel ass do fir der Regierung e Rapport ze maachen, a wat d’Regierung duerno mat deem Rapport mécht, ass eng aner Affaire. Mä wéi gesot, jiddwereen huet seng Aufgaben, d’Chamber huet hir, d’Regierung huet hir, an d’ONGen hunn op där anerer Säit och hir.
Mick Entringer: Nach eng Kéier trotzdem. D’Kohärenz, d’Politik an der Kooperatioun. Wa sech déi aarm Länner entwéckelen, da produzéire se méi CO2-Émissiounen. Deem géigeniwwer misst eng kohärent Entwécklungspolitik, op där anerer Säit jo doranner bestoen, datt d’CO2-Émissiounen am Norden gekierzt ginn, fir Plaz ze maache fir déi zousätzlech südlech Émissiounen. A Lëtzebuerg ass e Musterschüler wann et em finanziell Hëllef fir déi aarm Länner geet, gläichzäiteg ass Lëtzebuerg Weltmeeschter am Beräich vun den CO2-Émissiounen. Wéi géréiert de Kooperatiounsministère dee Widdersproch? A gëtt et méi eng konkret Zesummenaarbecht mam Nohaltegkeetsministère?
Marie-Josée Jacobs: Virun allem musse mir kucken, éischtens si mir jo natierlech, gehéiere mir zum Champion well mir awer och nach ëmmer vill Leit hunn, déi op Lëtzebuerg tanke kommen, mä mir domat och vill Suen erakréien. D’Suen déi mir erakréien [gëtt ënnerbrach]
Mick Entringer: Déi mir dann an d’Entwécklunglänner schécken?
Marie-Josée Jacobs: Och zum Beispill. Mä mir kucken awer zesummen och mam Entwécklungs-, Développement durable Minister, fir ze kucken, wat ee kann och maachen an den Entwécklungslänner selwer, besonnesch an eise Partnerlänner, fir och do am Klimaschutz aktiv ze ginn, fir hinnen och d’Méiglechkeet ze ginn. Kuckt, et ass jo verréckt. Mir leeën zu Lëtzebuerg, op all Daach leeë mir jo elo geschwë Solarzellen. Mir hu just net ëmmer esou vill Sonn wéi elo. Mä an deenen Entwécklungslänner déi hunn d’Sonn, déi schéngt vu moies bis owes an deene meeschte Länner, an déi aarme Leit sëtzen nach ëmmer do, a si hu kee Stroum.
Duefir mengen ech och, datt et wichteg ass, datt mir kucken, deen Know-how dee mir hunn, datt dee bei si kënnt, an datt se dovunner kënne profitéieren, ouni datt si och erëm déi selwecht Feeler musse maachen, an op déi fossil Energie mussen zeréckgräifen, op déi mir mussen zeréckgräifen, well mir ebe ganz dacks näischt anescht hunn, oder bis elo näischt anescht haten. Ech denken, datt dat sech elo wäert an der Zukunft änneren. Mä Dir kënnt ganz sécher sinn, datt mir zesummen och do dru schaffen a probéieren wierklech eng kohärent Politik ze maachen.
Mick Entringer: Dat heescht, ganz konkret Projetë formuléieren iwwer zum Beispill d’Agence Lux-development, déi dann an deem Sënn Projeten dohannen op d’Bee setzt?
Marie-Josée Jacobs: Et ass ee Projet, dee mir am gaange sinn, wou ech denken, datt mir deen an nächster Zäit finaliséieren, am Senegal. A wa mir esou wäit sinn, da soe mir Iech dat selbstverständlech.
Mick Entringer: Allerlescht Fro a kuerz, leider. Mir hunn net méi vill Zäit, mä d’Actualité oblige. Wou ass d’Avortementsgesetz drun? Den Ament gesäit et jo esou aus, datt de Projet de loi riskéiert un der zweeter obligatorescher Consultatioun virun engem Schwangerschaftsofbroch ze scheiteren. D’CSV hält un dëser zweeter Consultatioun fest, an d’LSAP ass dogéint?
Marie-Josée Jacobs: Also ech denken, datt mir do mat gesondem Mënscheverstand och eng Äntwert wäerte fannen. An ech denken net, datt dee Projet elo net an dëser Legislaturperiod ka gestëmmt ginn.
Mick Entringer: Domat soen ech Iech villmools Merci, dat ass e gutt Schlusswuert. Dat war et fir dës Éditioun vu "Riicht eraus".