Etienne Schneider, invité de l'émission "Background am Gespréich"

Max Theis: "Background – am Gespréich" also haut mam neie Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Gudde Mëtteg, Här Schneider.

Etienne Schneider: E schéine gudde Mëtteg.

Max Theis: Här Schneider, et si wirtschaftlech stiermesch Zäiten. Mécht et Iech net Angscht, grad elo d’Rudder ze iwwerhuelen?

Etienne Schneider: Neen, dat mécht mir an deem Sënn keng Angscht. Ech sinn net onbedéngt deen Typ, deen Angscht huet. Et ass natierlech esou, datt ee sech dat iwwerleet, wann ee gefrot gëtt dofir, fir dat Mandat do ze iwwerhuelen, ob dat wierklech eng gutt Iddi ass, an Zäite wou mir an enger Kris sinn, déi mir zënter 80 Joer net méi haten. Mä op där anerer Säit soen ech, mir sinn nach ëmmer aus all Kris erauskomm, mir kommen och aus där hei Kris eraus. Mir mussen ebe just eis e bëssen dru ginn, an zwar net nëmmen ech, als Wirtschaftsminister, mä mir alleguer.

Max Theis: Et muss jo och een et maachen.

Etienne Schneider: Jo, genee esou gesinn.

Max Theis: De Chômage ass ganz héich de Moment, 6,6%. Wat wëllt Dir da maachen, fir nees fir méi Beschäftegung ze suergen?

Etienne Schneider: Ma mir hu jo an der Regierung – dat heescht scho mäi Virgänger, wou ech awer als Beamte mat dru geschafft hunn – hu mir jo eng Rei nei Secteuren développéiert, wou och elo esou lues hir Friichten droen.

Dat ass am Beräich vun den Eco Technologien, Life Sciences, ICT, Logistik. Do muss een allerdéngs soen, datt déi éischt dräi Secteuren – dat sinn héich technologescher – do wäerten och Aarbechtsplaze geschaaft ginn, net massiv, mä et ginn der geschaaft, mä dat si ganz héich qualifizéiert Aarbechtsplazen. Dat léist also net onbedéngt eise Problem vum Chômage bei niddereg oder guer net qualifizéierte Leit.

Mä dofir hu mir dee 4. Secteur, wat eigentlech dee vun der Logistik ass, op dee mir do ganz vill Hoffnunge setzen, well dat e Beräich ass wou ee wierklech fir ganz niddereg Qualifikatioune kann Aarbechtsplaze bidden. An dofir ass et immens wichteg, datt mir mat deem Projet méi schnell virukommen. Do hänke mir an de Prozeduren, dat dauert alles vill ze laang. Do musse mir kucken, wéi mir do en neien [ondäitlech] kënne maachen, fir méi schnell do virunzekommen, well et ebe just batter néideg ass fir deene jonke Leit do eng Méiglechkeet ze ginn.

Max Theis: Dir hutt e Chiffer scho genannt: 3.000 bis 5.000 Aarbechtsplaze gesitt Dir do effektiv kommen?

Etienne Schneider: Dat ass dat wat mir hoffen. Et ass esou, datt mir eng ganz Rei auslännesch Betriber hunn, déi interesséiert wieren un deem Site, fir vun do aus hir Logistik an Europa ze maachen. Wa mir eis do gutt uleeën, da kéint dat definitiv an déi Richtung goen, jo.

Max Theis: Wat muss dann do geschéien, datt dat séier ka Friichten droen?

Etienne Schneider: De Problem ass jo, dat ass jo déi ganz Reklassementer vun deenen Terrainen. Do sinn eng ganz Rei Prozeduren ze maachen, do sinn Étuden ze maachen, an alles dat, laut eise Législatiounen, dauert extrem laang. An dofir wäert ech mam Claude Wiseler elo eng Kéier driwwer diskutéieren, an och mat de Kollegen an der Regierung, ob een net eventuell iwwer eng Loi spéciale dat do méi schnell viru ka kréien. Do gëtt et eng Rei Méiglechkeeten.

Et ass jo esou, datt d’Regierung dat do als eng vun hire Prioritéiten definéiert huet, da muss een eben och kënnen driwwer schwätzen, ob ee vläicht iwwer eng Loi spéciale d’Weeër kann ofkierzen. Mir hunn elo emol eng Rei Juristen drop gesat, déi dat do solle kucken, préiwen ob mir doduerch e gudde Krack méi schnell kënne virukommen.

Max Theis: Am anere Fall riskéieren déi Entreprisë vläicht den Interessi och ze verléieren, oder?

Etienne Schneider: Jo, dat ass de Risiko. Wann een hinne seet, hei mir maachen dat do, mir hunn deemnächst wonnerbar Infrastrukturen, an déi soen, et ass gutt, da si mir interesséiert, da komme mir bei iech, da kann een hinnen net soen, et ass awer eréischt fir a 5 Joer. Dat geet definitiv net, dann hunn déi aner Méiglechkeete fonnt.

Max Theis: D’Industrie verschwënnt jo ëmmer méi zu Lëtzebuerg, an et muss een effektiv Alternative sichen. Logistik ass da vläicht ee Beräich, wou effektiv vun der Qualifikatioun hier Leit géifen erapassen. Wat wieren dann nach aner Alternativen eventuell fir Lëtzebuerg?

Etienne Schneider: Ech mengen, déi ganz Beräicher vun den Eco Technologies, dat ka jo och an d’Industrie eragoen. Wann ech Eco Technologies schwätzen, da schwätzen ech zum Beispill och Elektromobilitéit. Mir hunn do ganz interessant Gespréicher gehat mat Firmen, déi aus dem Ausland kommen, déi interesséiert si sech hei nidderzeloossen. Mir hu jo och eng Zone d’activités fir Eco Technologies vun 8 Hektar, déi mir virgesinn hunn, déi amgaangen ass gebaut ze ginn op der Kockelscheier, wou esou Betriber kënnen hikommen. An dat gi jo awer herno och industriell Prozesser. Wann zum Beispill elo eng Firma hei en Elektromotor développéiert, wann eng Firma nei Batteriemanagement-Systemer développéiert, dat gi jo Produktiounen och herno. An do muss een eben dofir suergen, datt een net nëmmen herno d’Fuerschung hei huet, wat ganz wichteg ass, mä datt een och d’Produktiounsunitéiten heihi ka kréien.

Max Theis: Denkt Dir dann och un eng lëtzebuerger Autosmarque?

Etienne Schneider: Eng lëtzebuerger Autosmarque net, mä mir sinn awer am Gespréich mat enger russescher Autosmarque, déi wëlle Sportsautoe bauen, an do si mir mat der Belsch am Fong am enke Choix, fir sech eventuell nidderzeloossen. Do si mir an de Verhandlungen, an den Diskussiounen. Mat e bësse Chance kéint et sinn, datt mir och eng Autosmarque heihinner kréichen, déi soll, laut hiren Aussoen, Konkurrenz maachen zu Sportsautoen, wéi Ferrari oder aner Autoen an deenen do Paragen.

Max Theis: An eng Marque kënnt Dir net nennen nach, oder?

Etienne Schneider: Neen, déi kann ech nach net nennen. Mä et ass awer esou, datt mir jo zu Lëtzebuerg eng ganz grouss Spart hunn an der Automobilindustrie. Mir hunn extrem vill Betriber – Delphi, IEE, an esou weider – déi Zouliwwerer si vu groussen Automobilsmarquen. Vun dohier géing dat ganz gutt hei an de Konzept passen.

Max Theis: Europa bitt gutt Méiglechkeeten, hutt Dir och schonn e puer Mol an deem Kontext gesot, fir aner Betriber unzezéien. Russland gehéiert jo effektiv och zum europäesche Kontinent. Wat sinn dann aner Länner, wou Dir Betriber wéilt siche goen?

Etienne Schneider: Ech mengen, datt mir, an dat hunn ech gemierkt an deene Joeren, wou ech an deem Ministère geschafft hunn, datt mir ganz oft Kontakter hunn am Ausland, an der EU, mat Betriber déi guer net d’Avantagë vu Lëtzebuerg kennen; fir déi Lëtzebuerg eng Finanzplaz ass, an doriwwer eraus kenne se näischt dovun. An dat ass eppes, wat een, mengen ech, nach vill méi muss promovéieren, eben och just zu Lëtzebuerg.

Ech ginn Iech ee Beispill. Mir hunn e Gesetz elo gemaach, dat extrem interessant ass, an der Propriété intellectuelle, dat heescht, wann ee seng Breveten, seng Marquen, an esou alles hei zu Lëtzebuerg géréiert, da sinn déi Bénéficer déi een doraus zitt, zu 80% steierentlaascht. Dat heescht, am Endeffekt bezilt ee ganz, ganz wéineg Steieren op déi Recetten, déi een eben iwwer d’Propriété intellectuelle kritt. Wann een dat den Entreprisë seet, da si si erstaunt, an da si se och interesséiert eppes ze maachen.

Mir hunn elo déi eng oder déi aner grouss Firmen, déi hu fir honnerte Milliounen Dollar hir Breveten op Lëtzebuerg transferéiert. An déi ginn och elo iwwer Lëtzebuerg da géréiert. Dat bréngt elo net masseg Aarbechtsplazen, dat ass kloer, mä et bréngt awer Steierrecetten déi mir soss net hätten, an et bréngt eis awer och e gewëssene Kompetenzzentrum an deem do Beräich. Dat ass eng vun deene Saachen, wou een awer an Europa duerchaus ka Betriber heihinner unzéien.

Max Theis: Dat sinn ëmmer esou Saachen, wann een dat esou héiert, mengt een, dat géif op wackelege Féiss stoen. Dat ass zwar séier hei, mä et ass och vläicht erëm séier fort?

Etienne Schneider: Neen, dat hei net. Hei si mir am Accord mat der europäescher Gesetzgebung, do ass och elo näischt virgesinn, wat de Moment do kéint stéieren. Et ass net wéi déi TVA-Regelung vun där mir bei Amazon an anere Firme schwätzen.

Max Theis: Déi wäerten och net direkt fort goen, hutt Dir an deem Kontext gesot?

Etienne Schneider: Also, ech ginn net dovun aus. Ech hu mat enger Rei Leit geschwat, vun Amazon zum Beispill, déi mir soen, mir hu virun e puer Joer – ech weess, ech war dobäi wéi mir 2005 an Amerika waren, fir se ze iwwerrieden op Lëtzebuerg ze kommen – déi hunn dunn hei ugefaange mat e puer Leit, déi hunn elo iwwer 400 Leit hei. Do gesäit ee wat fir ee Succès dat ass. Mä wann ee mat deene Leit schwätzt, da soen déi, finalement gefält et eis immens gutt zu Lëtzebuerg, d’Liewensqualitéit ass immens héich, et lieft een ebe gutt a flott hei, a wann déi Steierregelung herno fir all Land d’selwecht ass, dann ass et jo och egal ob mir elo hei bleiwen, oder ob mir an en anert Land plënneren.

Et gëtt generell wahrscheinlech manner Recetten, well eben d’TVA an déi Länner muss bezuelt ginn, wou d’Wueren higinn, mä datt mir déi Zentral awer hei kënnen halen, do hunn ech awer nach Hoffnungen.

Max Theis: Amazon huet och elo annoncéiert, eng risen Distributiounszentral fir Europa zu Koblenz ze bauen, wat jo net esou wäit ewech ass. Goufen et do eventuell och Gespréicher mat Lëtzebuerg, oder?

Etienne Schneider: Dat kann ech Iech net soen. Ech hunn dovunner zumindest näischt matkritt. Et ka sinn, datt se vläicht do mam Kommunikatiounsministère Diskussiounen haten, mä mat mir selwer elo mat Sécherheet net.

Max Theis: Dir gitt keng Suen an de Katar, Indien oder China sichen, oder wéi muss ee sech dat virstellen, wann Dir den Akzent op Europa e bësse wëllt leeën?

Etienne Schneider: Ech mengen, et ass esou, wéi de Katar hei eng Rei Acquisitioune gemaach huet, ech mengen, do ware mir frou, datt mir déi haten, well et immens urgent war fir déi Banken ze retten, well et immens urgent war fir en neien Aktionär bei der Cargolux ze fannen. Vun dohier war dat alles an der Rei.

Mä ech wëll net, datt mir den Androck vermëttelen, wéi wa mir eist Land géingen ausverkafen un Asien, un de Katar, u wien och ëmmer.

Dofir mengen ech einfach, mir maache weider déi Prospektiounen, a mir sinn natierlech ëmmer drop aus, datt mir grouss Investitiounen op Lëtzebuerg kréien. Et ass am Fong egal vu wou se kommen. Mä mäin Akzent wëll ech awer och leeën op eben europäescht Kapital.

Lëtzebuerg, muss ee wëssen, vum éischten Dag u vun der Industrialiséierung vu Lëtzebuerg, hounge mir ëmmer vun auslänneschem Kapital of fir eis Ekonomie opzebauen. Dat wäert och an Zukunft net anescht sinn. Ech probéieren ebe just elo de Fokus och erëm e bësse méi an Europa ze maachen, well ech ebe mengen, datt och hei nach eppes ze huelen ass.

Max Theis: Eng vun de gréisste Kritike vum Jeannot Krecké zum Schluss, an Dir hutt et och schonn ugeschwat, ass déi, datt d’Weeër ëmmer méi laang ginn zu Lëtzebuerg. Hie sot zum Beispill, en hat de Saz "d’Politik vun de kuerze Weeër zu Lëtzebuerg", hien hätt dee gestrach aus senge Presentatiounen am Ausland.

Gëtt an der Simplification administrative geschlof, ee Ressort deen ëmmerhi jo och neierdéngs zum Staatsministère gehéiert?

Etienne Schneider: Also, ech géing Folgendes soen. De Jeannot Krecké huet mat Sécherheet Recht, datt een heiansdo d’Flemm kritt, well ee priedegt vun de kuerzer Weeër, an et mierkt een, datt awer och zu Lëtzebuerg déi kuerz Weeër trotzdem ëmmer méi laang ginn. Do musse mir onbedéngt dru schaffen. Ech hunn och do eng Iddi, wou ech direkt drop zréck wäert kommen. Mä et ass awer nach ëmmer esou, datt eis Weeër par rapport zum Ausland awer bedeitend méi kuerz sinn.

Ech ginn Iech e ganz einfacht Beispill mat deem ech ze dinn hat. Wéi ech als President vun der SEO mengen Aktionäre virgeschloen hunn, datt mir sollen zu Veianen dat Wierk ausbauen ëm 200 Megawatt, dat gëtt jo an de Fiels gebaut, och den Ënnerbaseng, d’Our gëtt jo komplett modifizéiert, dat si jo risen Agrëff gewiescht, wann ee bedenkt, mir hunn déi ganz Prozeduren innerhalb vun zwee Joer trotz allem hannert eis bruecht, an ugefaange mat bauen. Do soe mir d’Kollege vum RWE, déi soen, esou e Projet hätt an Däitschland 10 Joer gebraucht, bis deen ugefaangen hätt.

Dofir soen ech, et ass net ëmmer alles schwaarz a wäiss. Mir hunn nach ëmmer Avantagen, mä mir mussen trotzdem probéieren erëm méi schnell ze ginn, well dat ass wierklech eisen Atout.

Wa mir zum Beispill an Amerika ginn, a mir schwätze mat enger Firma, en Datacenter, oder wat och ëmmer, fir datt déi sollen op Lëtzebuerg kommen, a wann déi sech da bis fir Lëtzebuerg décidéiert hunn, da soen déi, okay, mä a 6 Méint musse mir kënne bauen. An dann hänke mir, well mir wëssen, 6 Méint mat den Impaktstudien, mat all deem, dat geet dann net op. An do musse mir einfach méi schnell ginn.

An ech hunn och dofir a menger éischter Réunioun déi ech an der Chamberkommissioun hat vun der Ekonomie, gesot, datt mir eis wierklech eng Kéier mussen zesummesetzen, esouwuel am Beräich vun den Deputéierten, wat jo vill Députés-maires sinn, déi och selwer iwwer hir Gemenge ganz vill prozedural Problemer kennen, de Syvicol kann een do mat integréieren, fir mat deem ze schwätzen, mä och d’Patronatsvertrieder, einfach emol datt emol jiddweree seet, wou sinn dann eis Haaptproblemer.

Oft sinn et jo Reglementer déi ze strikt ugewannt ginn, wou d’Interpretatioun ze wäit geet. Oft sinn et Reglementer déi al sinn, déi einfach net méi passen. Dat sinn alles Saachen, déi muss een einfach eng Kéier op e Pabeier bréngen, an da sollt d’Regierung déi concernéiert Ministeren, an ech schwätzen do speziell de Claude Wiseler, de Marco Schank, den Inneminister Jean-Marie Halsdorf, mech selwer un, ech mengen déi sollte sech dann eng Kéier zesummesetzen, mat hiren héchste Beamten, a soen, komm mir huelen déi Punkten elo emol eng Kéier duerch, an da kläre mir, firwat ass dann do de Problem? Respektiv, hu mir Spillraum fir dat kuerzfristeg ze änneren? Musse mir vläicht e Reglement änneren? Mä da musse mir et maachen.

An ech mengen, do géinge mir de Betriber, der Ekonomie ganz vill hëllefen. An dat ass och eng Initiativ, déi ech elo wëll zesumme mat menge Kollegen huelen. Ech wäert deemnächst Gespréicher och mat hinne féieren, wéi een esou eppes kann ugoen.

Max Theis: Wat Dir elo sot, dat ass jo schonn op ville Plaze gesot ginn, esou eng Task-force, kucke wéi een dat kann entmëschten. Mä iergendwéi geschitt et awer net.

Etienne Schneider: Jo, mä ech soe mir, datt mir et ëmmer probéiere par le bas ze maachen, an et muss een et par le haut maachen. Et muss een einfach als Ministere muss ee sech do naass maachen, et muss ee soen, esou elo setze mir eis einfach eng Kéier e puer Deeg zesummen, an elo schaffe mir dorunner. Mir huelen eis héchste Beamten a Mataarbechter fir dat do ze klären.

Well mir kënne vill Étudë maachen, ech soen Iech, d’Intelligenz läit am Stat selwer. Mir hunn déi Leit all do sëtzen, déi wëssen alleguer firwat Saache ginn, a firwat se net ginn. Mä si brauchen eng politesch Guidance, déi elo seet, esou, elo maache mir dat.

Well do si jo och vill Beamten, déi soen, ech hale mech strikt un d’Reglement, a se interpretéieren et léiwer nach méi enk fir op der sécherer Säit ze sinn, wann eng Kéier eppes schif geet, fir datt se sech da kee Reproche musse gefale loossen. An do muss einfach d’Politik dann hir Responsabilitéit huelen a soen, esou, elo maache mir et an Zukunft esou, a wann dann eng schif geet, da sinn ech politesch responsabel an du als Beamten net. An ech mengen, do muss een einfach Feeler fannen.

Max Theis: Den Index ass moduléiert ginn. Bis 2014 ass elo emol alles geregelt. Wéi laang gehéiert déi Indexdiskussioun dann Ärer Meenung no an den Tirang elo?

Etienne Schneider: Also fir mech gehéiert déi an den Tirang bis déi nächst Regierung. Déi nächst Regierung soll décidéieren, wat se mam Index Wëlles huet.

Ech sinn elo frou, datt mir eng Léisung fonnt hu bis 2014, déi wierklech déi hei Legislaturperiod ofhandelt, an da soll déi nächst Regierung – ech mengen, dat gëtt jo e Sujet am Wahlkampf, déi Parteien déi déi nächste Kéier am Wahlkampf sinn, déi wäerte jo och dann eng Ausso musse maachen, wéi si an Zukunft mam Index wëlle weidergoen. An da muss déi nächst Regierung do Décisiounen huelen.

Max Theis: Dir hat de Moien, oder hutt wahrscheinlech den Ament nach ëmmer Südkongress vun der LSAP. Wéi war d’Stëmmung dann de Moien an deem Kontext do?

Etienne Schneider: Also, d’Stëmmung war ganz gutt op deem Kongress. Ech kommen elo just vun do. Natierlech ass dee Sujet vum Index ëmmer bei enger LSAP e Sujet dee kontrovers diskutéiert gëtt. Mä a sech war d’Stëmmung awer ganz positiv, zumindest emol esou laang wéi ech do war. Wéi se elo ass weess ech net.

Max Theis: Da loosst Dir Iech herno de Rapport maachen.

Etienne Schneider: Jo.

Max Theis: Aus sécherer Quell weess ech, datt Äre Virgänger u sech Verhandlungen a Saache Wuerekuerf wollt féieren. Dir hutt awer schonn ofgewénkt, nodeems d’Gewerkschaften Njet soten. Firwat wéilt Dir dann net iwwerhaapt emol an déi Diskussioun eragoen?

Etienne Schneider: Neen, ech sot net, mir géifen net an d’Diskussioun eragoen. Ech hu just d’Conclusioun gezunn, aus deem wat vun der Regierung gesot ginn ass, an och op der Chamberstribüne vun de Majoritéitsparteie gesot ginn ass.

Et war eng kloer Ausso wou mir gesot hunn, mir fänken déi Diskussiounen u mat sämtleche Sozialpartner, a wa mir keen Accord fannen, da maache mir et net. Oder ëmgedréint ausgedréckt, et ass gesot ginn, mir maachen et just am Accord. Or, hunn eng Rei Gewerkschaftler scho gesot, mir komme guer net dohin. Jo, da kann ee keen Accord fannen, ergo gëtt jo dann och näischt geännert.

Ech sinn awer trotzdem der Meenung, et soll een d’Diskussioun awer lancéieren. Ech mengen, et schwätzt jo näischt dogéint, datt ee sech mat de Sozialpartner, datt ee se eng Kéier invitéiert, sech eng Kéier mat hinnen austauscht an da kuckt, fanne mir eppes, fanne mir näischt. Dovun ofgesi mengen ech souwisou, datt wa mir elo do géingen eng Léisung fannen, ännert déi op déi éischt 3 Joer elo net ganz vill. Et ass eigentlech méi fir d’Period no 2014 dann, wou dat géing wierklech gräifen.

Max Theis: Ären Usproch ass et jo dee Sozialdialog ze relancéieren, an Dir stellt d’Tripartite u sech net a Fro. De Luc Frieden dogéint seet, datt en d’Tripartite an Zukunft méi als berodend Organ gesäit. Et richt den Ament no verschiddene Richtungen an der Regierung.

Etienne Schneider: Neen, fir d’alleréischt muss e Minister jo kënne seng Meenung soen zu verschiddene Sujeten, dat ass jo schonn emol eng ganz logesch Saach.

Mä ech fannen déi Aussoen, déi de Luc Frieden gemaach huet, fannen ech an deem Sënn emol eng Kéier Kloertext. Ech mengen, de Luc Frieden huet kloer gesot, datt hien de Sozialdialog eigentlech als iwwerlieft ugesäit. Hien huet kloer gesot, datt den Index fir hien nach ëmmer e Problem duerstellt. Hien huet e Problem och mam Mindestloun, dee fir hien ze héich ass

An ech kann Iech soen, fir d’LSAP gëllt dat net. Fir d’LSAP ass den Index net a Fro ze stellen. Mir hunn eng Modulatioun gemaach, déi ass fir eis gutt, mä mir stellen den Index net a Fro.

Mir stellen och de Mindestloun net a Fro. Ech weess och, datt eise Mindestloun par rapport zum Ausland héich ass, dat ass ganz kloer. Mä d’Liewenskäschten zu Lëtzebuerg sinn och héich. Ech wëll awer an engem Land liewen, wou e Mënsch dee schaffe geet och vu senge Suen nach liewe kann. An et ass scho schwéier fir mat engem Mindestloun hei ze liewen. An ech soen Iech, kuckt alleng d’Käschte vum Logement, alleng déi, wéi vill maachen déi an engem Budget vun engem Mindestloun aus? Wann Dir 1.800 Euro verdéngt, an Dir musst e Loyer bezuelen oder e Prêt zréckbezuelen, mä do bleift jo näischt méi fir ze liewen. Wat wëllt Dir engem do nach ewechhuelen?

Ech mengen, beim Mindestloun hu mir ee Problem, dat ass déi Jonk an Aarbecht ze kréien, e jonken Onqualifizéierten. Do si vill Patronen net méi bereet, deem 1.800 Euro ze ginn. Mä dat heescht awer dann net, datt mir deem déi net méi dierfe ginn, da musse mir kucken als Stat eng Léisung ze fannen, wou mir soen, mir subventionéieren de jonke Leit während enger Rei Joeren de Mindestloun. Dat heescht, de Patron bezilt en Deel X, an de Stat leet den Deel Y bäi, well dat ass ëmmer nach besser wéi hinnen herno musse Chômage, oder RMG mussen ze bezuelen. Dann hunn ech dat léiwer, da komme se an Aarbecht, da kënne se sech do beweisen, och wa se keng Formatioun haten, a si kréien iwwer dee Wee eng Chance. A fir de Patron ass et positiv, well hie seet, okay ech kréien dee jo awer elo e gudde Krack méi bëlleg, wéi ech e soss hätt misse bezuelen.

Mä zréck op Är Fro, do mengen ech einfach, datt een hei, no deem Discours vum Här Frieden, awer e bëssen trotzdem erëm den Ënnerscheed gesäit tëscht enger CSV an enger LSAP, och an enger Regierung.

Dat impaktéiert net déi hei Regierung, well do sinn d’Linne kloer, d’Politik ass kloer, an den Här Frieden huet jo och selwer gesot, dat wat hien do proposéiert huet, datt dat fir hien éischter fir eng nächst Regierung gëllt. Bon, da musse si dat mat an hire Wahlkampf huelen, mä mir huelen de Contraire mat an eise Wahlkampf, an da musse mir kucken.

Max Theis: De Lucien Lux huet jo schonn d’Koalitioun a Fro gestallt.

Etienne Schneider: O, ech mengen net, datt d’Koalitioun a Fro gestallt ass, dat ass ëmmer den éischte Schlagabtausch bei esou Äusserungen, well se eben och zur Unzeit kommen.

Ech mengen einfach, an dat ass dat wat ech ëmmer probéieren ze plädéieren, datt mir sollen e bësse Rou an de Secteur kréien, mir sollen e bësse Rou tëscht d’Sozialpartner kréien, an dann ass net fir ëmmer erëm Ueleg op d’Feier ze schëdden.

Mir hunn einfach e Problem zu Lëtzebuerg, datt d’Konsumenten dobaussen, datt d’Bierger dobausse veronséchert sinn. Se héieren de ganzen Dag vu Moies bis Owes näischt anescht wéi Kris: Scholdekris, Griicheland, dann d’Kris hei zu Lëtzebuerg. Mir gesinn dat ganz kloer un de Statistiken, de Vertrauensindex vun de Konsumenten dee geet dramatesch erof. Dat heescht, d’Leit gi keng Sue méi aus. Op där anerer Säit gesi mir, datt d’Épargne erop geet. D’Leit setzen hir Suen op d’Spuerbuch, well se einfach veronséchert sinn.

A wa mir deen do Discours permanent weiderféieren, de Leit permanent Angscht maachen, jo wéi wëlle mir dann, datt eng Ekonomie erëm unzitt? Mir mussen de Leit och e bësse Confiance ginn, datt et och erëm besser gëtt. Mir hunn d’Situatioun am Grëff.

Ech mengen, wa mir Lëtzebuerg vergläiche mat all eisen Nopeschlänner, da sti mir extrem gutt nach ëmmer do. Mir hunn en Defizit, mir hunn och eng Staatsschold déi méi héich ass wéi se soss ëmmer war, déi sech verduebelt huet an deene leschte Joeren, well mir hu missen eng Rei Banke retten. Mä mir hunn awer nach alles am Grëff, mir sinn awer nach net esou wäit, datt mir vir an hanne kee Spillraum méi hunn.

An ech mengen einfach, datt een dat muss positiv ëmdréinen a soen, mir sinn nach Meeschter, Här a Meeschter an eisem Haus, a mir mussen elo e bësse kucken, wou kënne mir nach Stellschrauwen ajustéieren, fir eben esou schnell wéi méiglech erëm an den Équilibre budgétaire ze kommen. An do musse mir eng Rei Efforten an den nächste Joeren nach maachen.

Max Theis: Här Schneider, Dir waart och President virun e puer Joer vun der Biergerinitiativ fir bezuelbare Wunnraum. 2004, nodeems de schwaarz-roude Koalitiounsaccord ënnerschriwwe gouf, oder ënnerschriwwe war, hutt Dir bei eis am Interview dat hei gesot.

Etienne Schneider (O-Toun): Als alleréischt muss ee soen, datt zënter mir aktiv sinn als Biergerinitiativ, datt awer d’Bewosstsinn bei de Leit, a virun allem och beim Ministère, méi grouss ginn ass, fir déi Problematik déi besteet. Mir hate jo och direkt zum Ufank vun eiser Biergerinitiativ eng Rei Entrevuë mam Minister och. An et muss ee wierklech soen och, si si méi aktiv ginn an där Zäit. Si hu gemierkt, datt do een awer hannendrun Damp mécht. A wat mech awer virun allem freet, muss ech soen, dat ass, wann ech elo de Koalitiounsprogramm vun där hei Regierung liesen, da sinn e ganz groussen Deel vun all eise Fuerderungen do niddergeschriwwen, déi sinn do ugeholl ginn. Dat huet och relativ vill Aarbecht kascht, respektiv relativ vill Iwwerzeegungsaarbecht kascht, mä vun dohier kann een emol scho soen, datt et e positiven Usaz ass.

Max Theis: Här Schneider, dat do war virun 8 Joer. Ass da genuch geschitt an där Zäit?

Etienne Schneider: Neen, definitiv nach net genuch. Ech mengen, mir gesi jo, datt eis d’Wunnengspräisser nach ëmmer ewechgalopéieren.

Mir hunn e Pacte logement, de Marco Schank huet deen déposéiert, do sinn eng ganz Rei nei Aiden dra virgesinn, speziell och fir finanziell méi schwaach gestallte Familljen a Leit. Mir hu 600 Hektar nei Bauland, dat soll ausgewise ginn, mä bis dat sech alles erëmspigelt an de Präisser, dat dauert natierlech, dat geet [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä deen éischte Pacte logement huet awer weider keng Friichte gedroen?

Etienne Schneider: De Misère ass, Dir wësst net, wéi wier et ouni gewiescht? Wieren d’Präisser dann nach méi ewech galoppéiert, wéi net? Mä et kann een net soen, et wier näischt geschitt. Ech mengen, dat ass wichteg.

Wat mir einfach wichteg ass, an do kommen ech zréck op déi Diskussioun Index, an och op d’Diskussioun Rentereform:wWa mir et net fäerdegbréngen eise Problem vum Logement an de Grëff ze kréien, da kënne mir jo ni Spillraum kréien, fir iwwer Salairen ze schwätzen. Mir kréie jo ni richtege Spillraum fir iwwer eng richteg Rentereform ze schwätzen, wou ee seet, mir probéiere wierklech e bësse méi erofzegoen, well einfach d’Leit de gréissten Deel vun hirem Akommes mussen un de Logement ausginn

Wann Dir et net fäerdeg bréngt an Ärer aktiver Lafbunn, an Ärer aktiver Carrière Iech en eegent Logement ze bezuelen, mä da sidd Dir herno als Pensionär drop ugewisen, géint Loyer iergendwou ze wunnen. Mä dee Loyer deen Dir do bezuelt, dat ass schonn eng Duerchschnëttsrent an Däitschland, a Frankräich an an der Belsch, verstitt Dir. An dann hutt Dir nach näischt giess an nach näischt gedronk. An do läit a mengen Aen den Dréi- an Angelpunkt. Mir mussen dat do an de Grëff kréien.

Ech mengen, mat deem neie Pacte logement, deen elo opgeluecht ginn ass, datt do villes ka beweegt ginn. Mä et muss een ebe kucken ob et duergeet. An de Problem ass, datt dat do nach e puer Joer dauert, bis dat da wierklech seng Friichte wäert droen.

Max Theis: Et gëtt een d’Gefill net lass, dee Ressort géif Iech och Spaass maachen?

Etienne Schneider: Jo, et ass einfach eppes wat mech ëmmer faszinéiert huet, déi ganz Logementspolitik. Mä gutt, ech sinn elo emol, mengen ech, genuch beschäftegt mat deem Ressort deen ech hunn.

Max Theis: Ech wollt nach kuerz op d’Energie kommen. Mam Blackout 2004 huet Äre Virgänger dee Sujet – an d’Regierung allgemeng e bëssen – esou richteg entdeckt. Zanterhier ass vill geschitt, och bei der Cegedel, do gouf jo den internationale Grupp Enovos doraus. Wat hutt Dir dann elo nach alles Wëlles an deem Beräich?

Etienne Schneider: An deem Beräich vun de Fusiounen, oder am Energieberäich?

Max Theis: Am Energieberäich.

Etienne Schneider: Am Energieberäich generell.

Also, ee wichtege Punkt fir mech ass emol wat d’Infrastrukturen ugeet, datt mir eist Land musse besser ubannen. Ech si ganz kloer fir eng elektresch Leitung am Frankräich, aus verschiddene Grënn. Ee Grond ass dee vun der Versuergungssécherheet. Mir sinn de Moment just un d’Belsch an un Däitschland ugebonnen, mir brauchen eng Connexioun och am Frankräich, well wann eng Kéier esou eng Katastrof wéi 2004 nach geschitt, hätte mir eng Leitung am Frankräich gehat, da wier dat net virkomm.

Mir brauchen dat awer och am Beräich vun den erneierbaren Energien. Dir wësst, datt mir eng Nord-Süd Achs brauche fir de Stroum, wann en op der Nordsee produzéiert gëtt, an net do all gebraucht gëtt, datt e kann an de Süden transferéiert ginn. An ëmgedréint, wann do d’Sonn ass, datt e kann an den Norden transferéiert ginn. Do gëtt et europäesch Programmer déi soen, datt déi Länner musse mat Héichspannungstracë verbonne ginn. Vun och dohier ass et wichteg, mä et ass awer och wichteg an deem Sujet vun ArcelorMittal.

Dir wësst, datt ArcelorMittal déi Leitung do onbedéngt wëll bauen, an ech ënnerstëtzen dat och, aus deem einfache Grond, well dat hinnen erlaabt hir Elektrostoliewen vill méi bëlleg ze alimentéiere mat Elektresch. Elo sot Dir mir, dat ass Atomstroum, dee si do kafen, mä dee kafe se souwisou och elo schonn. Just datt si en iwwer Ëmweeër mussen op Lëtzebuerg bréngen, an doduerch vill méi deier bezuelen.

Wa Lëtzebuerg eng direkt Ubannung huet, hu si d’Méiglechkeet ganz aner Conditiounen ze kréien am Elektreschen.

Dat geet awer just mat enger direkter Ubannung, anescht geet dat net. Wat heescht dat?

2013, 2014 ass eis Elektrofilière an der Stolindustrie amortiséiert. An da stellt sech am internationale Grupp ArcelorMittal d’Fro, investéiere mir weider elo nach eng Kéier hei an d’Filière électrique zu Lëtzebuerg, oder gi mir anzwousch anescht? Dann hu mir direkt een décken Nodeel, nämlech dee vun de Léin a vun de Margen déi méi kleng sinn.

Wa mir awer da kënnen dee Virdeel hunn, wou mir soen, dee Stroum deen dohinner geliwwert gëtt, deen ass esou extrem kompetitiv, datt dat anert net méi esou an d’Gewiicht fält, dann hu mir eng Chance eis Stolindustrie zu Lëtzebuerg ofzesécheren.

An ech soen Iech, wéinst enger ideologescher Diskussioun iwwer eng Leitung mat Frankräich oder net ginn ech net zum Doudegriewer vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg. Hei hänke 6.000 Aarbechtsplazen drun, an déi ginn ech net affere wéinst enger Leitung mat Frankräich.

Max Theis: Dat sinn Är Pläng a Saachen Elektrizitéit, op de Gas komme mir herno ze schwätzen.

[Noriichteniwwerbléck vum Eric Ewald]

Max Theis: Mir ware virdru bei der Energie stoe bliwwen. Do hate mir schonn iwwer de Stroum Rieds, a Saache Gas hutt Dir och nach Saache Wëlles?

Etienne Schneider: Jo, mir wëllen och eng nei Gasleitung, also iwwerhaapt emol eng Gasleitung an d’Frankräich leeën, och do fir d’Sécurité d’approvisionnement, awer och aus engem anere Grond, well mir eventuell drun denke fir eng nei Turbine gas vapeur, also eng zweet Twinerg am Fong, zu Lëtzebuerg ze bauen, fir d’Stroumproduktioun hei kënnen auszebauen, well mir eben och e bësse manner dependent wëlle si vun de Stroumliwwerungen aus dem Ausland. Dat ass ee Sujet dee mir wäerten ugoen.

A wat d’Energie ugeet, d’Infrastrukturen, ass natierlech déi ganz Stockage pétrolier-Geschicht, déi bekannt ass, wou mir dëst Joer wäerten och eng Agence nationale de stockage grënnen, an dann domat urappen.

Mä en anere Beräich dee mir awer ganz wichteg ass, dat ass alles am Beräich erneierbar Energien. Do wäert ech mir virhuelen, den Undeel vun erneierbaren Energien am Primärenergiebedarf zu Lëtzebuerg bis un d’Enn vun dëser Legislatur ze verduebelen.

Ech wäert eng Rei Saachen ënnerhuelen am Beräich vun de Performances énergétiques vun de Gebaier, do ginn d’Reglementer, esouwuel fir fonctionnel wéi och fir Logementsgebaier, an deenen nächste Joeren nach e bësse méi strikt, well mir doduerch immens Energie, an doduerch och CO2 kënnen aspueren.

Mä wat ech awer och fir d’Industrie wëll maachen, dat ass eng Léierindustrie hei opriichten. Dat heescht, mir huelen e Modell wou d’Betriber kënnen hir Leit hischécken, wou se geléiert ginn, wéi kann een den energetesche Prozess méi efficace gestallten an enger Produktioun? Do gëtt et Modeller am Ausland, déi ech mir ukucke war. An esou e Modell wëll ech eben och hei zu Lëtzebuerg maachen, fir datt d’Betriber d’Méiglechkeet hunn hir Leit, hir Ingenieuren dohin a Formatiounen ze schécken, fir ebe just dee Prozess, den industrielle Prozess energetesch méi efficace ze gestallten.

Also, dat sinn eng Rei Sujeten, wou ech an deenen nächsten 2 Joer wäert ganz vill Energie drop verwennen.

Bon, dann d’Elektromobilitéit kënnt natierlech, do wäert ech deemnächst mam Marco Schank eng Pressekonferenz ginn, fir ze weise wou mir do wëllen hin, a wat do d’Prioritéite vun der Regierung sinn.

Max Theis: Erneierbar Energie verduebelen, wéi soll dat da geschéien, dat ass jo net näischt.

Etienne Schneider: Majo, do ginn et verschidde Méiglechkeeten. Eppes ass deen, datt mir d’Aspeisetariffer zum Deel méi interessant wäerte maache fir déi verschidden Energieformen, wat dann natierlech en neien Élan gëtt, där ganzer Branche

Dann ass et esou, datt Dir wësst, datt et eng europäesch Direktiv gëtt, déi seet, datt een 10% am Diesel an am Benzin muss bäimësche mat biologeschem Kraaftstoff. Do si mir de Moment bei 2%, dat wäerte mir elo lues a lues eropdrécken. An deenen nächste Joere musse mir op 10% eropkommen. An iwwer déi do Weeër wäerte mir dat do erreechen.

Max Theis: Dir hutt an Ärer éischter offizieller Ried dës Woch eng interessant Iddi an d’Spill bruecht: en europäesche Label dee garantéiert, datt bei Importwueren sozial an ekologesch Critèren agehale goufen. D’Géigelobby dierft schonn an de Startlächer stoen?

Etienne Schneider: Wësst Dir, ech sinn der Meenung, datt mir fir d’Industrie a ganz Europa, dat huet net nëmme mat Lëtzebuerg ze dinn, mä datt mir mussen e Level Playing Field fannen.

Mir gesi jo, datt mir an Europa enger Desindustrialiséierung den Ament just nach nokucken. Firwat? Mä well déi industriell Prozesser ëmmer méi an den Osten ginn, respektiv an Asien ginn, an Indien ginn, wou vill méi bëlleg ka produzéiert ginn, aus deem einfache Grond, well weder en ökologesche Critère respektéiert gëtt, nach e soziale Critère. An dat kann net sinn. Et kann net sinn, datt déi Länner eis Industrie hei futti maachen, just mat deem Argument, datt hir Populatioun aarm ass, dat heescht, se notzen d’Aarmut vun hirer Populatioun aus fir ebe kompetitiv kënnen an Europa hir Wueren ze verkafen.

Ech fannen, datt een do muss e Labeling aféieren, fir deem do e bëssen Einhalt ze gebieten, wann ech dat däitscht Wuert ka gebrauchen, fir doduerch och eiser Industrie erëm eng Kéier eng Chance ze ginn.

Wéi wëllt Dir hei zu Lëtzebuerg, oder an Europa, mat eise Léin, mat eisen environementale Standarden e Konkurrent sinn zu engem an Indien oder engem a China, wou wierklech de Leit alles dohannen egal ass? Dat kann et net sinn. D’Globaliséierung kann net heeschen, datt bei eis alles futti gemaach gëtt, an an Asien, um Bockel vun deenen aarme Leit, dat dann opgebaut gëtt.

Max Theis: Dat gëtt en haarde Match dat do.

Etienne Schneider: Dat gëtt en haarde Match, mä ech wäert deen awer op alle Fall op europäeschem Niveau maachen.

Max Theis: Fir op Är politesch Carrière ze kommen. 15 Joer am Gemengerot Kayl, dovunner 5 als Schäffen. 2004 waart Dir esou just net an d’Chamber gewielt ginn, vun 1997 u waart Dir Fraktiounssekretär vun der LSAP, an no 2004 Conseiller de gouvernement ënner dem Minister Jeannot Krecké. Elo sëtzt Dir selwer um Ministerstull. Hat Dir Iech déi Carrière esou virgestallt?

Etienne Schneider: Neen, esou hat ech mir et net virgestallt. Ech muss soen, wéi ech 2004 esou just net an d’Chamber gewielt gi sinn, do hat ech mir, nodeem d’Koalitiounsverhandlunge fäerdeg waren, un deenen ech nach mat geschafft hunn, hunn ech mir e Mount Congé geholl, an dunn hunn ech mäi Frust a mengem Gaart vergruewen, ech hunn nämlech e grousst Lach gebuddelt, an do schwammen haut glécklech Fësch dran. Domat war dat eigentlech fir mech ofgeschloss. Dunn hunn ech geduecht, okay, dat do war et, a gutt. Du hunn ech nach just Gemengepolitik gemaach. Datt ech awer dunn nach eng Kéier an d’Politik géing zréckgoen hat ech dee Moment net geduecht, neen.

Max Theis: Elo hutt Dir zwee an en halleft Joer fir Iech fir déi nächst Wahlen ze positionéieren. Mengt Dir, dat géif dann duergoe fir e schéine Score ze realiséieren?

Etienne Schneider: Mengt Dir ech hätt en anere Choix?

Max Theis: U sech net.

Etienne Schneider: Ech mengen, ech muss. Ech hunn nëmmen zwee an en halleft Joer, an ech wäert mäi Bescht ginn, dat ass evident, an duerno muss de Wieler ebe soen, en hätt dat gutt fonnt oder net. Dovun ofgesinn ob ech nach eng Kéier an enger Regierung sinn oder net, hänkt net just u mengem Score, mä un deem vu menger Partei, an dat muss een eben ofwaarden.

Max Theis: An un deem zweiwelt Dir, oder wéi?

Etienne Schneider: Ech zweiwelen ni u menger Partei.

Max Theis: Wéi sidd Dir dann iwwerhaapt an där Partei gelant, a wéini?

Etienne Schneider: Ech sinn an där Partei gelant eigentlech doduerch, datt ech als jonke Mënsch a ville Veräiner aktiv war, ech war ënner anerem 10 Joer Massendénger, ech war an de kathoulesche Scouten, ech war a kathoulesche Jugendcluben. Eigentlech hätt mäi Wee missen an déi Richtung goen, dat war awer net de Fall. Ech sinn herno bei der LSAP gelant, well, wéi ech mech méi fir d’Politik interesséiert hunn, hunn ech mir eigentlech d’Grondsazprogrammer an d’Wahlprogrammer vun deene Parteien eng Kéier ugefrot, ech hunn déi och vu jiddwerengem kritt, an dunn hunn ech dat duerchgeliest, an hat herno méi d’Tendenz zu enger LSAP wéi zu enger anerer Partei, a sinn dunn och do bliwwen.

Max Theis: En connaissance de cause, dann.

Etienne Schneider: En connaissance de cause. Et war net einfach esou, datt iergendee mir op engem Bistrosdësch eng Memberskaart verkaaft hätt, neen.

Max Theis: Wéi géift Dir dann Är politesch Vue ëmschreiwen?

Etienne Schneider: Ech mengen, ech hunn dat scho gesot. Ech sinn eigentlech ee liberal denkende Mënsch wat d’Ekonomie ugeet. Ech mengen einfach, datt een der Ekonomie muss d’Moyene gi fir sech ze développéieren, well een awer fir d’éischt muss Sue verdéngen, ier ee se ka verdeelen. Mä da wa mir beim Verdeele sinn, sinn ech e sozial denkende Mënsch, well ech mir einfach soen, datt et net ka sinn, datt déi eng alles hunn an déi aner näischt.

Ech stinn eigentlech fir eng Gesellschaft, wou ee jiddwerengem eng Chance gëtt a wou een d’Leit mathëllt, wou ee se net um Wee stoe léisst, an einfach seet, eis geet et jo gutt, an deenen aneren net, mä dat ass eis dann egal. Dat ass net dat Weltbild wat ech hunn, scho guer net fir Lëtzebuerg. Voilà, a vun dohier sinn ech eigentlech e sozialen awer och e liberal denkende Mënsch.

Max Theis: Mat liberale Vuen an der LSAP huet een et méi schwéier, do braucht Dir wahrscheinlech just de Jeannot Krecké ze froen, wéi et engem do heiansdo geet. Wéivill Handlungsspillraum hutt Dir dann iwwerhaapt?

Etienne Schneider: Ech mengen, d’LSAP hat jo elo schonn oft de Wirtschaftsminister: de Jacques Poos war Wirtschaftsminister, de Robert Goebbels war Wirtschaftsminister, de Jeannot war Wirtschaftsminister, elo sinn ech et.

Déi Wirtschaftsministeren hunn ëmmer eppes gemeinsam gehat, nämlech datt se an der Partei eigentlech e bësse suspekt waren, well se eben dauernd mam Grousskapital, fir dat emol an deenen Termen ze nennen, a Kontakt sinn, a well se dauernd musse kucke fir mat deenen eens ze ginn, datt d’Ekonomie hei dréint. Spillraum hunn ech awer schonn.

Ech mengen, et muss ee jo awer gesinn, datt dat Land hei, mat deene Wirtschaftsministeren dat et hat, sech awer zu deem och entwéckelt huet wat et ass. Ech mengen, mir sinn eent vun deene räichste Länner op der Welt ginn, an dat ass awer entstanen duerch bal ëmmer Koalitiounen tëscht enger LSAP an enger CSV, mat bal ëmmer LSAP-Wirtschaftsministeren. Also, vun dohier mengen ech hu mir ni schlecht geschafft. An och innerhalb vun der Partei fanne sech ëmmer Kompromësser.

Max Theis: Dir waart, ech hat et scho gesot, och laang am Gemengerot zu Kayl als Conseiller an als Schäffen. Vermësst Dir déi Kommunalpolitik, ass dat eng gutt Schoul?

Etienne Schneider: Jo, dat ass eng extrem gutt Schoul. Ech vermëssen d’Kommunalpolitik manner wéi d’Leit, muss ech éierlech soen.

Ech war ëmmer immens gär ënner de Leit, dat huet mir ëmmer immens vill Freed gemaach, an och well de Kontakt méi einfach ass, méi direkt ass. Dat ass als Minister alles e bësse méi steif, et gëtt een als Minister ugeriet, d’Leit sinn e bësse méi, wéi soll ech soen, méi zeréckhalend. Bon, dat stéiert mech net, mä et ass e bësse méi komesch.

Ech hunn eigentlech léiwer esou déi Tape amicale op d’Schëller, an dann e Patt zesummen drénken an iwwer eppes zesummen diskutéieren a laachen. An als Minister ass dat awer alles e bësse méi steif. Mä bon, ech probéieren awer et e bësse méi lacker ze huelen.

Max Theis: Gitt Dir dann elo schonn ugeschwat, no deenen 11 Deeg dobaussen?

Etienne Schneider: Jo, jo, definitiv. Et ass och eppes wat mech e bëssen erstaunt. Et si Leit, déi, wann ech a Restaurante ginn oder esou, déi ee begréissen dann als Här Minister. Et si Leit, déi mech op der Strooss unhalen. Gëschter hunn nach zwou Damme mech ugehalen déi mech gefrot hunn, well ech gesot hunn, ech wier méi schéi wéi de Jeannot Krecké, ob deen elo net rose mat mir wier. Esou Geschichten. Mä dat ass awer witzeg, ech fannen dat awer relativ léif, jo.

Max Theis: Dir sidd e Mënsch deen als lëschteg a geselleg gëllt. Dir bezeechent Iech och selwer als Optimist – dat hutt Dir jo selwer illustréiert, soen ech emol, mat Äerm erop strëppen an esou weider. Dat kléngt och no engem dee Spaass am Liewen huet, an um Liewen?

Etienne Schneider: Jo, ech sinn ee ganz, jo ech hu mäi Liewe gär, an ech sinn een, deen d’Liewe gär genéisst, och wa vill Aarbecht ass, an esou, mä dat stéiert mech net. Aarbecht gehéiert fir mech dozou, an et ass einfach, ech genéissen déi fräi Momenter. Wat se méi kuerz sinn, wat ech se nach méi genéissen. An ech sinn immens gär mat Frënn zesummen, ech sinn immens gär ënner Leit, an, jo, e positiv denkende Mënsch.

Max Theis: Ginn et där Momenter elo manner, wou ee méi Zäit huet?

Etienne Schneider: Definitiv jo, zëmools elo déi éischt Zäit ass ee rar virun 10, 11 Auer aus dem Büro eraus. Mä ech hoffe jo, datt dat sech och nach eng Kéier e bësse verbessert. An dovun ofgesinn huet ee jo am Weekend alt e bësse méi Fräizäit, soit datt elo haut en halwen Dag fort ass, mä dofir hunn ech de Mëtteg awer Zäit fir mat Kollegen iessen ze goen.

Max Theis: Dir sidd u sech aus dem Minett, och e Minettsdapp, vun der Long op d’Zong. Elo wunnt Dir an der Stad, gitt Dir dann elo e Stader, oder wéi muss ee sech dat virstellen?

Etienne Schneider: Jo, dat ass eng gutt Fro. Ech mengen, ech sinn elo e Stader duerch de Fait, datt ech an der Stad wunnen, ech wäert awer ni de Minettsdapp verléieren, oder dat vun der Long op d’Zong. Ech weess net, ob dat mir eng Kéier Problemer mécht, datt ech ze riicht eraus sinn, mä ech mengen awer net, datt ech mech dowéinst wäert änneren.

Max Theis: Ee vun Äre groussen Hobbye sinn al Autoen. Wéi ass et dann zu där Passioun komm?

Etienne Schneider: Dat ass eigentlech dozou komm, datt e gudde Kolleg vu mir a vu mengen zwee Bridder, den Jim, deen huet schonn éiweg, datt ech e kennen, Autoe gesammelt, al Autoe gesammelt, an dee Virus ass e bëssen eriwwer gesprongen op meng Bridder an op mech, esou datt mir zu dräi eigentlech Autoe sammelen. A voilà, dat ass einfach esou eng Passioun ginn, déi mir immens vill Freed mécht. Et ass am Fong mäin Hobby fir déi Autoen ze sammelen, a mech e bëssen dorëm ze këmmeren.

Max Theis: Dat si jo deelweis Autoen, déi elo net onbedéngt bei e Sozialist passen, just fir de Rolls Royce ze nennen, zum Beispill?

Etienne Schneider: Jo, mä dat ass déi üblech Klassendiskussioun [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: E Sozialist dee vill verdéngt dierf d’Suen och ausginn, oder wéi?

Etienne Schneider: Lauschtert emol, an der Sozialistescher Partei si vill Leit déi vill verdéngen, et sinn der och déi manner verdéngen do. Mä ech mengen, fir den Discours esou ze halen datt ee seet, e Sozialist muss mat engem Clio [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat hunn ech net gemaach.

Etienne Schneider: Neen, neen, mä dat ass awer dat wat ëmmer dobaussen duergestallt gëtt, datt e Sozialist muss mat engem Clio fueren an ee vun der DP, dee ka mat engem Maybach fueren. Dat ass jo komplette Quatsch [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Gëtt et där dann een an der DP?

Etienne Schneider: Ech weess net, ob et där ee gëtt.

Max Theis: Et goufen emol Gerüchter.

Etienne Schneider: Op déi loossen ech mech elo net an, mä ech mengen einfach, datt dat eng Diskussioun ass déi iwwerflësseg ass.

Mir liewen hautdesdaags an enger Zäit, wou een net muss, ech soen elo emol, am Blaumann dorëmmer lafe fir sozialistesche Wirtschaftsminister kënnen an dierfen ze ginn.

Max Theis: An en neien Hobby hutt Dir och. Sport, Dir maacht ganz vill Sport elo?

Etienne Schneider: Jo, ech maachen all Dag Sport. Ech hu virun engem Joer domat ugefaangen, an ech ginn all Moien um halwer 7, ier ech op de Büro ginn, ginn ech an de Sport, Fitness maachen. Ech hunn elo zënter e puer Méint ugefaangen ze boxen, dat hëlleft mir vläicht och a mengem neie Mandat. Mä dat ass esou eng Liewenshygiène déi ech mir ginn hunn, an déi ech och net wëll opginn, och net elo als Minister.

Max Theis: Etienne Schneider, Merci datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt, an eng glécklech Hand da fir de Rescht vun der Legislatur.

Etienne Schneider: Déi kann ech brauchen.

Membre du gouvernement

SCHNEIDER Étienne

Date de l'événement

11.02.2012

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview