Dernière modification le
Jean Asselborn au sujet de la candidature luxembourgeoise pour un siège non permanent au Conseil de sécurité de l'ONU
Maurice Molitor: Et kënnt net schrecklech dacks vir, datt en UNO-Generalsekretär hei zu Lëtzebuerg passéiert. Wann de Ban Ki Moon grad och nach elo kënnt, an dësem Moment, wou jo vill Rieds geet iwwert d'lëtzebuerger Kandidatur fir e Sëtz am Sécherheetsrot, als wat muss een dat deiten? Als e Préjugé favorable?
Jean Asselborn: Am Prinzip ass et esou, datt de Generalsekretär vun der UNO sech ëmmer raus hält aus de Kandidaturen an hie wäert dat och hei maachen. Allerdéngs muss ech soen, datt ech ganz frou sinn, datt de Ban Ki Moon op Lëtzebuerg kënnt.
Maurice Molitor: Dir hutt perséinlech och eng gutt Relatioun mat him?
Jean Asselborn: Jo. Hie war mäi Kolleg wéi hien Ausseminister war vu Südkorea. Hien ass 2006 gewielt ginn an ech hunn deemools och scho gemengt, datt hien de richtege Mann wier. Ech hunn him gehollef an Europa, och verschiddentlech außerhalb vun Europa. Dat war direkt no eiser Présidence. Hien huet dat och ni vergiess an hien huet mir och gesot, virun eiser Wahl géif hien op Lëtzebuerg kommen. Ech hat déi Invitatioun virun annerhallwem Joer geschéckt an ech si ganz frou, datt hien elo den Owend hei ukënnt.
Maurice Molitor: Voilà, mar ass hien also do. Vläicht e puer Wuert Explikatioun iert mir weider schwätzen. Den UNO-Weltsécherheetsrot huet 15 Memberen. 5 permanenter, d'USA, Russland, China, Frankräich a Groussbritannien; an 10 net-permanenter déi all Kéiers fir 2 Joer gewielt ginn. Lëtzebuerg ass also Kandidat fir esou een net-permanente Sëtz an de Joren 2013 an 2014 ze iwwerhuelen. Déi Kandidatur gouf schonn am Mäerz 2001 vun Ärer Virgängerin Lydie Polfer annoncéiert. Am Hierscht elo wäert d'Generalversammlung vun der UNO dann tranchéieren. Déi net-permanent Plazen am Sécherheetsrot sinn no geografesche Critèrë verdeelt, fir datt all – wann ech esou ka soen – Weltregioun och hire Vertrieder do huet. Mir sinn an engem Grupp mat westeuropäeschen an anere Länner, dozou gehéieren zum Beispill Kanada oder och Australien nieft den Europäer, natierlech. Wien sinn dann eis Konkurrente fir 2013 an 2014?
Jean Asselborn: Mir sinn déi éischt gewiescht, wéi Dir gesot hutt, 2001, déi eng Kandidatur gestallt hunn. Dunn, 2002, ass Finnland bäikomm. Dunn hate mir nach ëmmer e "clean slate", wéi dat op amerikanesch oder op englesch heescht. An 2008 huet Australien sech décidéiert an huet geduecht, déi kleng Lëtzebuerger an déi kleng Finnen, déi packe mir. Also si mer elo zu 3 fir 2 Plazen. Lëtzebuerg ass net Kandidat géint een, weder géint Australien nach géint Finnland. Mir si Kandidat fir eis.
A vläicht e Wuert firwat, datt mir Kandidat sinn. Et ass bal eng Flicht, fir Lëtzebuerg, fir Kandidat ze sinn. Dir wësst vläicht, datt d'UNO gegrënnt ginn ass vun 51 Länner, 1945, a nëmme 5 Länner déi deemools dobäi waren, wéi d'UNO gegrënnt ginn ass, waren nach net am Conseil de sécurité. Dat ass Saudi-Arabien, et ass d'Dominikanesch Republik, et ass Haiti, et ass El Salvador a Lëtzebuerg. Saudi-Arabien ass och elo Kandidat fir spéider. Just an der Paranthèse: Et gëtt elo scho Kandidature fir d'Joer 2043. Do gesidd Dir, datt dat…[gëtt ënnerbrach]
Maurice Molitor: Firwat hu mir bis elo dann nach ni déi Kandidatur gestallt? War dat aus enger Bescheidenheet eraus, sou nom Motto, dat ass vläicht awer eng Nummer ze grouss fir eis?
Jean Asselborn: Neen, dat mengen ech net. Ech fannen et richteg, datt mir dat gemaach hunn, 2001. Et geet jo elo drëm fir dann och eng Chance sech ze ginn fir den Essai ze réaliséieren. Wann Dir wësst, Här Molitor, datt mir als Lëtzebuerg, an doropper solle mir houfreg sinn, datt mir bei deenen 193 Länner vun der UNO, wat de reguläre Budget ugeet, déi 59. Contributeure sinn. Wat de Peace-Building – also friddenserhalende – Budget ugeet, si mir déi 39. An ech wëll Iech net mat Zuele bombardéieren, mä just soen, datt esou grouss Programmer wéi zum Beispill bei der OMS si mir den 13. Contributeur op der Welt. Bei der UNWRA, dat heescht d'Hëllef fir d'Palästinenser, si mir déi 15. Beim PNUD, dat heescht de ganze Programm fir den Développement, si mir déi 18. A bei de Réfugiéen op der Welt – fir do ze hëllefen – si mir déi 19. Dat ass jo gewuess, net eleng an dëser Regierung oder an där virdrun, mä dat ass an de Joerzéngte gewuess. Dat heescht mir sinn e Land wat net nëmmen schwätzt vun dem Multilateralismus, mä wat dat och en musique setzt. Mir hëllefen. Genau wéi mir iwwerzeegten Europäer sinn an eise politesche Positiounen, sou si mir och iwwerzeegte Leit déi un d'UNO gleewen. Och wann an der UNO, grad wéi an der Europäescher Unioun, et dacks en Hickhack gëtt.
Maurice Molitor: Dacks gëtt eisen Image jo dach awer op dee vum Steierparadies, op dee vun der Steieroase, reduzéiert. Dat heescht, déi Kandidatur ass fir Iech och eppes esou wéi eng Imagecampagne, kann een esou soen?
Jean Asselborn: Selbstverständlech Här Molitor. Ech mengen, Lëtzebuerg ass net nëmmen ee Land wat mat Finanzen ze dinn huet oder mat Stol ze dinn huet. Mir hunn aner Avantagen. An ech mengen deen Avantage dee mir och no bausse musse bréngen ass, datt mir vun där Plus-Value, déi mir hei jo alleguerte geschaf hunn nom Krich, datt mir och e Stéck dovunner verdeelen. Ech menge mir huelen net nëmmen, mir ginn och. An dat ass eppes wou mir konnten an där Campagne a Géigende vun der Welt kommen, wou mir soss ni hikommen, außerhalb elo vun deene méi klasseschen Destinatiounen, ech menge China, Russland, Amerika an esou weider: an Afrika, an Asien, a Latäinamerika. Do konnte mir Lëtzebuerg presentéieren als e Land wat sech engagéiert, sou wéi ech gesot hunn, unhand vun deene Programmer vun der UNO, mat eiser Kooperatiounshëllef, mä awer och, datt mir jo a verschiddene Missiounen vun der Europäescher Unioun och präsent sinn. Ech mengen, dat ass eppes wat eis gutt deet. Mir si kee Land wat nëmmen hëllt – a mir hu jo vill kritt – mä wat och eppes gëtt. Wann een esou e Land ass, dann ass et a méngen Aen och eng Flicht fir sech ze stellen fir dee wichtegste Gremium an den Nations Unies, nämlech de Conseil de sécurité.
An aller Bescheidenheet muss een och ëmmer soen, datt d'Luuchten net aus ginn, wa mir net gewielt ginn. Mä trotzdem kéinte mir och do eisen Apport bréngen. Mir hunn 11 Présidencë vun der Europäescher Unioun bewältegt. Am Conseil de sécurité, mengen ech, géife mir absolut och kënnen eis Fra an eise Mann stellen fir do eng gutt Aarbecht ze maachen, am Intérêt vun der UNO.
Maurice Molitor: Investitioun huet natierlech e Präis. Wéi de Generalsekretär vun der CGFP viru kuerzem proposéiert huet, déi Suen ze spueren amplaz de Gehälteraccord a Fro ze stellen, do hutt Dir zimlech sauer réagéiert. Mä wat kascht et dann? Wéivill Leit mussen agestallt ginn? Wat ass de Budget, d'Envergure vun esou enger Geschicht?
Jean Asselborn: D'CGFP seet natierlech wat se wëllt. Mä ech hunn do réagéiert, well d'Leit dobausse kéinte mengen, domatter kéinte mir Milliounen a Millioune spueren. Dat ass et jo net.
Während 2 Joer hate mir en extrae Kredit vun 150.000 Euro, ronn 120.000 oder 150.000 Euro. Ech hunn et elo net méi am Kapp. Deen hu mir elo déi 2 Joer virun der Kandidatur, fir verschidden Approchen zu deene Leit a Länner, déi ofstëmmen. Net fir déi ze bestiechen, selbstverständlech! Mä fir hinne Lëtzebuerg ze weisen, fir datt ech och ka Lëtzebuerg presentéiere goen. Dat hu mir.
An dann kommen d’Déplacmenter dobäi. E lëtzebuerger Ausseminister, an hoffen ech och an Zukunft, ass net een, dee just tëschent Clairefontaine a Gouvy an Traben-Trabach säin Aktiounsfeld huet, mä deen och eist Land no baussen op de Radar setzt, wann ech esou däerf soen. An dat maachen ech, onofhängeg vum Conseil de sécurité.
Ech ginn zum Beispill elo d’nächst Woch op d’Staatsvisite an Däitschland. Ech muss da fir 1 Dag op Brunei fléien, well do d'asiatesch Länner mat den europäesche Länner zesumme sinn. Conseil de sécurité hin oder hir, ech muss dohinner fueren an ech profitéieren natierlech dann dovunner fir selbstverständlech och do fir eis ze plädéieren. De Premier an ech ginn zesummen op Chicago op den NATO-Sommet am Mee. Ech profitéieren dovunner fir dann nach en Dag drun ze hänken zu New York a fir zum Beispill d’Ambassadeure vun der Francophonie ze gesinn. Dat ass jo eppes wat dann natierlech an deem Kontext och vläicht deen een Dag, deen ech méi do bleiwen, e wéineg Sue kascht. Mä dat däerf een net op deen Niveau bréngen! Well wann een et op deen Niveau bréngt, da mengen ech, da läit ee komplett nieft der Plaque.
Maurice Molitor: Mä wa mir dee Sëtz da kréichen, wat géif dat bedeiten? Wier dat een Effort?
Jean Asselborn: Mir sinn esou bescheiden, datt mir soen, komm loosse mir d'Ofstëmmung ofwaarden. Déi ass am Oktober. Mir wieren dann vum éischte Januar 2013 un Member a mir profitéieren da vun deene Méint, déi dann tëscht dem Oktober an dem 1. Januar leien fir eis ze équipéieren. Mir rechnen, ongeféier, datt mir eng 12 Leit, Universitären, zu New York bräichten. Déi géifen agestallt ginn als CDD. An déi Leit kéinte mir herno och benotzen, asetzen fir eis Présidence vun der Europäescher Unioun, déi och 2015, also gläich uschléissend, op eis duerkënnt.
Mir mussen natierlech dann och versichen eis gescheit anzedeelen an och z'équipéieren, soudatt mir déi Aarbecht déi mir dann unzegoen hunn, och meeschteren. Mä do ass et mir net baang. Mir hunn immens Erfahrung doranner. Eis Diplomate sinn alleguerte flexibel. Déi sinn och an allen Domainer – ob dat Kooperatioun ass, ob et Défense ass, ob et Diplomatie ass, ob et déi wirtschaftlech Approche ass – wëssen se wat se ze dinn hunn. Mir kënnen natierlech och Leit, zum Beispill, déi elo just a Pensioun gaange sinn, kéinte mir fir déi Zäit och froen fir eis ze hëllefen. An dat maachen déi och, do si scho Kontakter gelaf.
Mä déi Décisioun huele mir nach. De geneen Datum ass den 18. Oktober nom Vote.
Ech wëll Iech och soen, datt ech och dem Grand-Duc e grousse Merci soen. Hie kënnt dëst Joer extra op New York fir an der Assemblée générale, am September, fir Lëtzebuerg ze schwätzen. A mir maachen och selbstverständlech dann dat, wat och all Land mécht déi Kandidat sinn: eng Réceptioun. Ech wäert och an där Woch da virun deem Vote effektiv da vill präsent sinn zu New York fir ze kucken, déijéineg déi nach zögeren, ze iwwerzeegen. Mir fänken elo net un, Här Molitor, Kandidaten ze sichen. Mir hunn elo geschafft all déi Joren. Virun allem no der Présidence, no 2005. Mä mir hu geschafft an Dir wäert gesinn, mir blaméieren eis net.
Maurice Molitor: Dat heescht, Dir wësst wéi d'Ofstëmmung ausgeet, iert se ass? Sidd Dir amgaang quasi eng kleng Lëscht opzestellen: déi hu mir op eiser Säit an déi net?
Jean Asselborn: Jo, selbstverständlech. Et sinn 193 Länner an der UNO, dovunner musse mir 129 Stëmme kréien. A mir hunn eng Lëscht. Zum Beispill, déi einfachst Lëschte sinn folgend: et kënnt ee Land bei eis – ech nenne keent, well dat soll ee strategesch fir sech halen – déi soe, mir si Kandidat 2016/2017, kënnt Dir eis d'Stëmm ginn? A mir sinn da Kandidat 2013-14. Da maache mir een Échange de vote. An där hu mir eng Zuel, déi lues a lues iwwer 3stelleg gëtt. An duerfir géif ech mengen, datt mir also do gudd stinn. An dann hu mir Länner déi eis gutt gesënnt sinn: déi mengen zum Beispill, datt eis Kooperatiounspolitik, oder och eis diplomatesch Beméiungen, déi mir zu Bréissel maachen, datt déi an déi richteg Richtung ginn, an déi da soen, mir brauchen e Land wéi Lëtzebuerg am Conseil de sécurité. Dat kënnt alles zesummen. Ech soen Iech, dat ass eng ganz Maschinerie, déi een och e wéineg muss kennen. Déi Sëtz si scho gefrot. Well ech hunn Iech gesot, datt schonn haut, 2012, scho fir 2043 Kandidature virleien.
Maurice Molitor: Woura besteet iwwerhaapt d'Aarbecht vun deem Sëcherheetsrot? En trëtt jo ëmmer dann op an der Aktualitéit, wa grouss Krise a Konflikter ausbriechen. Ex-Jugoslawien denken ech, Irak an sou virun, den Noen Osten... Regelméisseg mat Résolutiounen, mat Sanctiounen... Mä am Alldag?
Jean Asselborn: De Conseil de sécurité ass d'Haaptorgan vun der UNO an ouni de Conseil de sécurité leeft net vill. Dat muss ee gesinn. D’Assemblée générale kann à l'unanimité praktesch Décisiounen huelen, minus 1 Stëmm. Mä juristesch huet et net déi Portée, déi de Conseil de sécurité huet. Huelt Libyen. An der Saach Libyen huet jo de Conseil de sécurité de "Go" ginn fir eng No-fly-zone anzestellen a fir d'Protectioun vun der ziviller Bevëlkerung a Libyen.
Dir wësst, fir dat elo mol drastesch duerzestellen: wien ass am Conseil de sécurté mam Droit de véto? Dat sinn déi Länner déi nom 2. Weltkrich d'Atombomm haten. Dat ass esou! China ass herno dobäi komm – et war jo Taiwan – mä et sinn déi Länner déi d'Atombomm hunn. Ob dat elo richteg oder falsch ass. Dat ass eng grouss Fro. Mä dobäi sinn dann 10 Länner déi all 5 Joer nei gewielt ginn, déi also changéieren. Si sinn also am Conseil de sécurité zu 15 Länner. Mä wat wichteg ass, dat ass natierlech folgendes: déi, déi den Droit de véto hunn. 1 Land – Russland, Frankräich, England, Amerika oder China – kann am Conseil de sécurté blockéieren. Duerch hiert Vetorecht.
Maurice Molitor: Dat kënnen net-permanent Memberen natierlech net.
Jean Asselborn: Dat kënnen net-permanent Memberen net an duerfir si jo Bestriewunge gewiescht dat ze änneren. Dat wësst Dir vläicht. 2005 ware mir ganz no bäi. Do war de Joschka Fischer, deen eng Reform proposéiert hat an déi ass eigentlech nëmme just gescheitert – dat muss een haut och wëssen – well d'Afrikaner sech net eens gi sinn ob 2 Plazen. Dat war Egypten déi Zäit, et war Nigeria an et war Südafrika. Do war eigentlech kee Konsens ze fannen, wéi dat dacks ass fir d'Reform vum Conseil de sécurité.
Ech wëll och soen, datt de Conseil de sécurité an der Europäescher Unioun tabu ass. Et gëtt net driwwer geschwat. Et gëtt net iwwert d'Reform vum Conseil de sécurité an der Europäescher Unioun geschwat. Ideal wier et jo, wa mir et géife fäerdeg bréngen, datt d'Europäesch Unioun 1 Sëtz hätt, 1! Mä d'Politik vum Conseil de sécurité ass eng Politik déi sech, loosse mir soen, de jure, onofhängeg vun europäeschen Décisiounen ofspillt. Dir hutt Frankräich, Dir hutt England. Déi 2 Länner ginn do hier Positioun och net op. An duerfir: sou laang wéi mir 2 Länner aus der Europäescher Unioun am Conseil de sécurité hunn, sou laang – wann ech dat och dierf drastesch soen – kréie mir keng gemeinsam europäesch Politik, déi op der Gemeinschaftsmethod baséiert ass. D'Englänner, d'Fransousen, d'Amerikaner, d'Russen an d'Chinesen differenzéiere sech jo eigentlech vill méi staark an der Aussepolitik wéi heiansdo an der Innepolitik. D'Intérêten déi se hunn, déi si gewéinlech op enger aussepolitescher geschichtlecher Basis verankert.
Maurice Molitor: Eng lescht Fro vläicht nach: et muss een natierlech Faarf bekennen wann een am Weltsécherheetsrot sëtzt. Och a kriddleche Momenter wou et vläicht méi kammoud wier séng Meenung ze verstoppen. Kann et och geféierlech sinn an deem Gremium ze sinn?
Jean Asselborn: Also, wësst Dir, déi Zäite sinn eriwwer – an ech hoffen och souguer an der lëtzebuerger Mentalitéit – datt och e klengt Land, wat awer Member ass vun der Europäescher Unioun, kann eng verstoppten Aussepolitik hunn. Mir mussen och an der Aussepolitik Fuerf bekennen.
Maurice Molitor: Souwisou.
Jean Asselborn: Jo, dat hängt dovunner of. Dat ass vläicht an der Vergaangenheet e wéineg anescht gewiescht. Ech schwätzen elo "Vergaangenheet", wëll heeschen virum Krich oder vläicht direkt nom Krich! Mä ech ka mir nëmme virstellen, datt e Land wat wëllt souverän sinn an Eescht geholl ginn, datt dat och aussepolitesch Positiounen huet am Moyen Orient, an Afrika, par rapport zum Iran, par rapport zu Nordkorea an esou weider, déi op enger Linn sinn mat der Meenung, déi an deem Land eben dominéiert. Mir achséiere jo awer ganz dacks eis Aussepolitik op eben eng Vue, eng integréiert europäesch Vue. An ouni Europa hätte mir keng Aussepolitik! Ech mengen esou einfach ass et och. Mir kënne jo nëmme just eis aussepolitesch profiléieren – an domatter och Lëtzebuerg op de Radar setzen – well mir Member si vun der europäescher Unioun. Wa mir dat net wären, dann hätte mir wéi d'Province de Luxembourg vläicht en Handelsreesende fir eis zu Longwy a vläicht nach zu Maria Laach ze verkafen, mä awer net eng tatsächlech Daseinsberechtegung.
Maurice Molitor: Obe, den 18. Oktober hat Dir gesot!
Jean Asselborn: Den 18. Oktober!
Maurice Molitor: Waarde mir of. Merci villmools op jidder Fall, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Merci och.