Étienne Schneider invité de l'émission "Background am Gespréich"

Roy Grotz: Gudde Mëtteg an Ärer Emissioun RTL Background, wou de Mëtteg de Wirtschaftsminister Etienne Schneider eisen Invité ass. Gudde Mëtteg Här Schneider.

Etienne Schneider: Ee schéine gudde Mëtteg.

Roy Grotz: Här Schneider Dir sidd also eent vun de Gesiichter vun där neier Politikergeneratioun, jovial, optimistesch, esou kommt Dir eriwwer, eppes wat an de morose Krisenzäite sécher net vun Onnëtz ass, wann een der Économie nees wëll Vertrauen zeréckginn an dorëms geet et jo. Ma Dir hutt all Dag zech Dossieren um Dësch, déi sécher och Suerge bereeden. Nach gëschter jo d'Nouvelle vun Entloossunge bei RBC an och dem méiglechen Zoumaache vun den Drotstroosse bei Arcelor-Mittal, dat gouf jo dementéiert. Wat mécht Iech dann den Ament déi meeschte Suergen?

Etienne Schneider: Ben soe mir mol esou, mir hu virun allem een immens groussen Challenge. Mir wëssen, datt mat all deem wat op der Finanzplaz geschitt an an den nächste Méint a Joren nach wäert geschéien, datt mir do nach eng ganz Rei negativ Nouvellë wäerte kréien an deenen nächste Méint a Joere wéi gesot. An den Challenge ass a mengen Aen, datt mir eis schnell genuch diversifizéiert kréien, datt mir schnell genuch déi Secteuren, op déi mir wëlle setzen, fir eben d'Land e bësse vun der Finanzplaz ewech ze kréien, fir dat opzefänke wat op der Finanzplaz verluer geet, fir dat eben esou schnell wéi méiglech un d'Rullen ze kréien. An ech mengen do hu mir eng ganz kloer Strategie. 4 Pilieren ze développéieren: d'Ecotechnologien, d'Biotechnologien, den ICT Secteur, wou mir schonn extrem erfollegräich sinn an natierlech och de Logistiksecteur, deen och an deem leschte Joer extrem virukomm ass. An ech mengen den Challenge ass einfach deen esou schnell wéi méiglech do virun ze kommen, datt mir do déi Aarbechtsplaze schafen, déi mir op där anerer Säit zum Deel wäerte verléieren.

Roy Grotz: Hutt Dir d'Gefill dann, dat dat an där Mesure, am Volume iwwerhaapt méiglech ass mat deene Secteuren déi Dir uschwätzt?

Etienne Schneider: Ma jo Dir hutt elo just vun RBC Dexia geschwat. Just fir Iech ee Beispill ze ginn, ech hunn dës Woch 2 Firme gesinn déi am Beräich ICT an déi aner am Beräich Logistik wëlle weider Aktivitéiten hei zu Lëtzebuerg maachen an déi fänken am Fong vum Emploi genee déi Zuel op, déi elo bei RBC Dexia am Raum steet, déi do soll verluer goen. Also vun dohier, zum Deel geschitt dat schonn. D'Fro ass herno méi nach déi mat de steierleche Recetten, ob déi opzefänke sinn. An do hunn ech e bësse meng Zweiwel.

Roy Grotz: Dorop komme mir nach ze schwätzen. Wéi eng Betriber dat sinn, wéi eng Beräicher ICT, Logistik, kënnt Dir eis dat vläicht soen?

Etienne Schneider: Also Logistik ass, huet mat Air Cargo ze dinn zum Deel an deen aneren ass nach ze frësch fir en ze nennen, mä si sinn awer décidéiert heihin ze kommen an déi schafen iwwert 100 Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg.

Roy Grotz: Ee vun den Traditiounsbetriber zu Lëtzebuerg sécherlech, an deen hunn ech ugeschwat, ArcelorMittal, do hutt Dir eng wichteg Reunioun, déi den nächsten Dënschdeg an d'Haus steet, zu Bréissel, mat de Frënn Wirtschaftsministeren aus der Belsch a Frankräich an dem Här Lakshmi Mittal, deen Dir op mannst convoquéiert hutt. Kënnt en?

Etienne Schneider: Dat ass eng gutt Fro. Ech mengen, datt et vun der Symbolik hir zumindest ee ganz schlecht Zeeche wär, wann en net kéim. Ech mengen einfach, datt et Respekt wär vis-à-vis vun deenen 3 Regierungen, déi wierklech betraff si vun deene Reaménagementer bei ArcelorMittal. Ech géing einfach mol soen et géing zur Héiflechkeet gehéiere fir dohinner ze kommen. Ob en elo kënnt oder net, weess ech net, dat ass mir nach net bekannt. Et geet mir d'ailleurs och net drëm fir do Mittal Bashing ze maachen, fir op den Här Mittal ze schloen. Mä et geet mir drëm, mat menge Kollegen zesummen, aus dem Frankräich an aus der Belsch erauszefanne, wat ass da seng Strategie fir d'Siderurgie an Europa. Well dat ass awer ee Secteur dee fir Europa wichteg ass an dee fir eis 3 Länner extrem wichteg ass. An do geet et einfach drëm mat him ze kucken, wou soll et higoen an awer och ze kucke wou kënne mir him hëllefen, wou kënne mir ArcelorMittal hëllefen, wou kënne mir der Siderurgie en général hëllefen, fir datt si déi schwéier Period déi si de Moment duerchlieft, datt se déi ka packen.

Roy Grotz: Ass dee Siège mengt Dir, iwwerhaapt dann nach zu Lëtzebuerg ze halen, wa mir wëssen, datt jo elo schonn ee Gebai a sech désaffectéiert gouf?

Etienne Schneider: Also ech mengen, datt de Siège de Moment zumindest net a Fro gestallt ass. Déi Décisioun fir d'Gebai um Rousegäertchen zouzemaache war vun der Symbolik eng Katastrof. Ech mengen all Lëtzebuerger ass verwuess mat där Stolindustrie a mat deem Gebai. A fir dat zouzemaachen, dat ass natierlech vun der Symbolik hir net positiv. Et ass awer och esou, datt an deem Risegebai nëmme méi 20 Leit geschafft hunn. Vun do hir ass et einfach vun der Efficacitéit hir fir ee Betrib normal, datt en esou eng Décisioun hëlt. An da musst Dir och wëssen, dat ass ee weltwäite Betrib wou iwwerall gekierzt gëtt, wou iwwerall musse Mesurë geholl gi fir ze spueren an da wëlle si sech natierlech och net nosoe loosse wat de Moment awer de Fall ass, zu Lëtzebuerg géinge si jo awer nach ëmmer an engem Schlass wunnen. A bon dat ass och eng Symbolik. Mä ech mengen awer einfach, datt déi Décisioun geholl ginn ass, ass no ze vollzéien. Et muss een ebe just elo kucken, datt dat Gebai eng Reaffectatioun kritt déi deem Gebai och gerecht gëtt, respektiv déi positiv ka sinn.

Roy Grotz: Ebe just, mengt Dir dann den Här Mittal a säi Betrib, seng Direktioun missten iwwerhaapt nach Égard par rapport zu Lëtzebuerg huelen? Hu mir iwwerhaapt do nach eng wichteg Stëmm matzeschwätzen?

Etienne Schneider: Ech mengen et dierf een net vergiessen, datt mir nach Wierker hei zu Lëtzebuerg hunn, ënnert anerem Déifferdeng a Belval, déi extrem produktiv sinn, déi fir si wierklech ganz wichteg sinn an hirer Strategie, an hirer Kompetitivitéit, dofir ginn ech net dovunner aus, datt ArcelorMittal vun haut op mar géing décidéiere Lëtzebuerg ze verloossen. Mir hu jo och an deem Accord Lux 2016 hu mir jo ausgehandelt, datt weider investéiert gëtt an de Standuert Lëtzebuerg. Mir hu ronn 400 Milliounen Euro ausgehandelt, dovu ginn, sinn 200 Milliounen am gaange realiséiert ze ginn. Déi aner 200 ginn dëst Joer definitiv dann décidéiert, do waarde mir also op d'Äntwert. Mir hunn et awer och esou gemaach, dat ass och eng Inventioun, datt mir gesot hunn, ma mir huelen Engagementer vu Säite vum Staat, awer nëmmen esou laang wéi dir och Är Engagementer haalt wat är Investitiounen ugeet. An dee Moment wou si géingen décidéieren déi 400 Milliounen net z’investéieren, kéint mir och décidéieren erëm op eis Engagementer zeréckzekommen. Vun do hir mengen ech hu mir relativ gutt geschafft. Mir hunn een Accord deen équilibréiert ass. A wann ech vergläichen, just fir Iech dat als Beispill ze soen, no all deem Tapage politique deen am Frankräich gemaach ginn ass, mat drohe fir d'Saachen, hir Wierker ze nationaliséieren [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Den Här Montebourg notamment.

Etienne Schneider: den Här Montebourg notamment, fir hir Wierker ze nationaliséieren, de President vun der Republik dee sech ageschalt huet, de Premierminister dee sech ageschalt huet. Finalement si se erauskomm mat Investitioune vun 186 Milliounen, woubäi de Gros nëmme Maintenance nach ass. Dat heescht, da mengen ech, datt mir awer och als klengt Land mat 400 Milliounen Investitiounen gutt hei geschafft hunn, fir deen doten Accord hinzekréien.

Roy Grotz: Nationaliséiere vu Siten, ass dat keen Thema, esou wéi déi Lénk et nach gëschter gefrot hunn?

Etienne Schneider: Nee also definitiv net. Ech menge jiddereen dee mat der Économie eppes ze dinn huet, dee weess, datt wa mir als klengt Land eemol nëmmen dat Wuert an de Mond huelen, datt mir wéilten e Betrib nationaliséieren, da brauche mir net méi an d'Ausland ze goe fir iergendwellech Investoren ze fannen, déi heihi kéimen. Dir dierft net vergiessen, datt 95% vun alle Betriber déi hei sinn, ass friemt Kapital. A wa mir déi verschrecke mat esou Initiativen, jo dann ass de Standuert Lëtzebuerg mar dout. An dofir mengen ech ass et och onvirsiichteg vun deene Lénke fir esou eppes ze fuerderen, well et carrément irealistesch och ass.

Roy Grotz: Drotstroossen méiglecherweis, datt déi kéinten zougemaach ginn, dat bleift also bei der Rumeur an Dir hutt dovunner esou näischt héieren.

Etienne Schneider: Bis elo ass et eng Rumeur. Mir hunn dat natierlech gëschter nogefrot bei ArcelorMittal a mir hunn dat gesot kritt wat Dir och gesot krut, datt dat doten eng Rumeur ass.

Roy Grotz: Dir erwaart Iech also eppes vun deene Gespréicher den nächsten Dënschdeg. Eng kloer Zouso vläicht fir de Site Lëtzebuerg vum Här Mittal?

Etienne Schneider: Also ech mengen net, datt et en Dënschden ëm deen een oder deen anere Site geet. Et geet drëm d'Strategie fir Europa ze kucken. Wat ass déi europäesch Strategie vun der Siderurgie a speziell wat eis Länner ugeet ebe vun ArcelorMittal? Pour le reste mengen ech ass et ganz wichteg, datt mir an Europa eis endlech eng gemeinsam Industriepolitik ginn. Well déi feelt komplett. Ech hunn dat doten elo puermol am Conseil compétitivité zu Bréissel virbruecht, datt ech gesot hunn, mir brauchen eng Industriepolitik. Mir kucken no wéi eis Industrie hei an Europa futti geet. Duerch wat? Mä duerch d'Globaliséierung, duerch d'oppe Mäert. Mir hunn all déi, ech soen elo mol Industrien déi banal Produite produzéieren [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Mat net héije Margen.

Etienne Schneider: ...mat wéinege Margen, mat ganz nidderege Margen, well d'Konkurrenz eben immens grouss ass, well egal wou op der Welt déi Produite kënne produzéiert ginn. Déi hunn hei ee reelle Problem fir ze iwwerliewen. An da kënnt dobäi, datt se net kompetitiv méi sinn, aus dem ganz einfache Grond well d'Europäesch Unioun eng ganz Rei Standarden entwéckelt huet. Dat heescht mir hu ganz héich Ëmweltstandarden, mir hu ganz héich sozial Standarden. Déi mussen all respektéiert ginn. Dat kascht natierlech alles Geld, dat mécht déi Entreprisen natierlech net méi kompetitiv par rapport zu deenen Entreprisen déi déiselwecht Produiten zum Beispill an Asie produzéieren. Elo weess ech awer och, an ech mengen dat wëll keen, datt mir elo géingen higoen an déi Ëmweltstandarden oder Sozialstandarden ofleeën, respektiv opginn. Dat wëlle mir net. Mä da solle mir eis awer de Courage an de Grapp huelen a soen, ma mir fixéiere fir déi Industrien déi wierklech a Gefor sinn, fixéiere mir Mindeststandarden, déi Firme musse respektéiere wa si wëllen an Europa exportéieren.

Roy Grotz: Ee Label da quasi?

Etienne Schneider: Eng Aart Label, dee muss respektéiert ginn. Wou ee seet, hei et gëtt Minimumnorme vun Ëmweltnormen déi musse respektéiert ginn, ee Minimum u Sozialnormen déi musse respektéiert ginn, fir datt Dir kënnt fräi op den europäesche Marché exportéieren. D'ailleurs maachen d'Amerikaner net vill aneres. Wann ech héieren, wann ech esou Propose maache si verschidde Länner, de Gros vun de Länner ass d'ailleurs menger Meenung, datt een dat misst maachen. Et sinn awer aner Länner déi wëllen dat net. D'Englänner wëllen et net, well si et aus Prinzip net wëllen. Déi Däitsch wëllen et net, well de Gros vun hiren Exporter ausserhalb vun Europa geet a well si fäerten, doduerch da Sanktiounen an deene Länner ze kréien. De Punkt ass awer deen, datt mir mussen eppes maachen. Mir brauchen eng gemeinsam europäesch Industriepolitik. Well wa mir déi net hunn, wa mir eis déi net ginn, da verléiere mir d'Industrie. A wa si bis eng Kéier fort ass kënnt si ni méi erëm, an dat kënne mir eis net erlaben.

Roy Grotz: Fir Lëtzebuerg, den Haut comité pour le développement de l'industrie ass ugeduecht. Wéini kënnt dee Gremium zesummen, wat soll e maachen?

Etienne Schneider: Ma jo et ass esou, datt ech déi Créatioun dovunner op den Ordre du jour gesat hu vun dem nächste Regierungsrot, datt en dann décidéiert gëtt an datt en dann direkt duerno eng éischt Reunioun wäert zesummekommen. Ech maachen dat mat mengem Kolleg Luc Frieden zesummen, well d'Finanzen, d'Steierpolitik och ee wichtegen Deel ass an deem Gremium. An dann, an deem Gremium selwer, maache mir punktuell, ruffe mir verschidde Leit, verschidde Ministeren, déi eben an deene jeeweilege Beräicher kompetent sinn, awer och Gewerkschaftler, respektiv Leit aus dem Privatsecteur, aus der Industrie, ëm déi et jo och geet. A mir ruffen déi zu deene verschiddenen Themefelder zesummen a probéieren eng Rei Iddien ze entwéckelen, déi mir wëllen dann och zu Lëtzebuerg ëmsetzen, fir der Industrie een neien Driff ze ginn.

Roy Grotz: Ass et net schonn ze spéit dësen Ament fir dat do?

Etienne Schneider: Et ass ni ze spéit Här Grotz. Il n'est jamais trop tard pour bien faire an ech mengen dat ass och mäi Prinzip. Mir mussen dat dote maachen. Ech hunn och d'ailleurs aus deem dote Grond ugefrot an der Chamber kënnen ee groussen Débat ze maachen iwwert d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Économie an iwwert d'Croissance. Firwat wëll ech dat maachen? Mä aus deem einfache Grond, wa mir elo d'Situatioun kucken an där mir sinn, mir sinn elo am Sozialwahlkampf. Deen huet voll ugefaangen. Dofir weess ech, datt et immens schwéier gëtt mat Gewerkschaften a verschiddene Punkte Kompromësser ze fannen, fir zum Beispill eng Rei Reformen ze maachen. Well wann déi eng Gewerkschaft géing soen, domat si mir d'accord, géing déi aner Gewerkschaft natierlech op si klappen a soen, dir verdeedegt d’Intérête vun äre Memberen net genuch. Dee Wahlkampf, dee wäert natierlech goe bis zum Schluss a wat e méi zum Schluss kënnt, wat et méi sauer gëtt, also bis November. Duerno ass deen anere Wahlkampf am gaangen. An ech soen einfach, mir kënnen eis net erlaben als Land an där Kris an där mir sinn, datt mir elo annerhalleft Joer Stëllstand hunn an näischt géinge maachen. Dofir hunn ech ebe just deen Débat ugefrot, dofir hunn ech och ugefrot deen Débat zesumme mam Luc Frieden an der Chamber ze maachen. Den Nicolas Schmit mécht parallel een Débat iwwert d'Aarbechtspolitik, d'Aarbechtsmaartpolitik fir ze kucken, ma wat sinn dann déi Punkte wou mir ee Konsens fannen, wou mir nach elo kënnen eppes urappen, wou mir elo nach kënne Reforme maachen. A mir schwieft vir, datt mir d'Conclusiounen dovun an ee Sammelgesetz géinge maachen, an ee Kompetitivitéitsgesetz géinge bréngen, wou mir dann eng Rei aner Gesetzer iwwert dat Gesetz géingen ofänneren, fir eben eis e bësse méi Sputt ze ginn, fir eis e bësse méi Élan nach eng kéier ze ginn an der Wirtschaftspolitik an dat eben en attendant vun deenen nächste Wahlen. An da mengen ech misst déi nächst Regierung kucke wéi si weidergeet, respektiv op wéi enge Pisten datt si weiderschafft.

Roy Grotz: Wat fir eng Piliere kéinten dat da sinn, wann Dir vun deem Gesetz do schwätzt? Wieren dat steierlech Mesuren zum Beispill, déi avantagéis fir Betriber wieren?

Etienne Schneider: Dat kënne steierlech Mesurë sinn, et kënnen eng ganz Rei aner, et kënnen Aarbechtsmaartmesurë sinn. Mir mussen och iwwert den Index schwätzen. Mir wëssen alleguer, datt den Index net méi geännert gëtt, bis elo d'Wahle sinn. Do huet déi heite Regierung een Accord. Si huet jo eng Modulatioun gemaach an déi gëllt bis 2014. Mä wat no 2014 mam Index geschitt dat muss een och diskutéieren. Gitt mol dovun aus, datt keng Partei am Wahlkampf derlaanscht kënnt hir Positioun zum Index präiszeginn, well dat ass jo awer eppes wat de Bierger dobaussen interesséiert. Mä dat ass een Deel. D'Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, ech denken do speziell un d'POTen, Plans d'organisation du travail [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Déi ze rigide sinn.

Etienne Schneider: Déi ze rigide sinn oder wou d'Période de référence ze kuerz ass. Dat si Saachen iwwert déi ee ka schwätzen. D'Prozeduren. Ech mengen de Premierminister huet jo eng Table ronde ugekënnegt. Déi ass am gaang ausgeschafft ze ginn. Dir wësst och, datt de Premierminister a leschter Zäit relativ vill aner Problemer hat, esou datt e sech net konnt 100 Prozent dorëm këmmeren. Mä ech huelen awer un, datt dat elo an den nächste Woche geschitt, datt mir do och zu Conclusioune kommen. Dat ass ee Punkt.

Ech ginn Iech een anert Beispill an de Prozeduren. Dir hutt zum Beispill Commodosoplagen déi een immens vereinfache kéint. Wou een einfach géing soen, ma mir ginn eng Rei Norme vir, déi musse respektéiert ginn. Mä da muss een awer net ee Joer waarde bis ee seng Autorisatioun kritt, bis d'Prozeduren duerchlaf sinn, mä et muss ee just herno iwwert ee Gutachter noweisen, datt een déi Prozeduren respektiv déi Normen agehalen huet. Alles dat kéint villes vereinfachen, villes méi schnell bougéiere loossen an ech mengen doru solle mir schaffen.

Roy Grotz: Wéi kritt een dat do da ronn ouni dat Soziaalt, dat Ärer Partei an Iech jo awer wichteg ass, fir dat net ze afferen, respektiv och d'Uleies da vun de Gewerkschafte mat an d'Boot ze huelen. Zum Beispill eng Tripartite an der Preparatioun fir déi doten Debatte an der Chamber?

Etienne Schneider: Also ech wëll mol eppes fir d'éischt soen. Et geet mir speziell, menger Partei speziell jo absolut net drëm iergendwéi dee Sozialstaat hei futti ze maachen. Et geet eis just drëm en esou ze reforméieren, datt e viabel bleift, datt mir kënnen nach laang mat engem anstännegen héijen Niveau vu Sozialstaat weiderfueren. Ech muss soen, datt ech do eng extrem gutt Collaboratioun hu mam Lucien Lux, deen am Fong mäi soziaalt Gewëssen ass, an deem Dossier, mat deem ech ganz vill diskutéieren a ganz laang diskutéieren, ebe just wéi eng Punkten, wou keen ee Schrauwen usetzen, fir verschidde Saachen ze reforméieren, ze verbesseren am Sozialstaat och ouni, also fir d’Économie ze verbesseren ouni de Sozialstaat wierklech a Fro ze stellen. Selektivitéit ass eng Fro. Aner Sujeten déi een awer och muss kucken, dat sinn déi wéi een d'Leit dozou kritt, datt si och erëm eng Aarbecht unhuele wa si eng offréiert kréien.

Ech ginn Iech ee Beispill. Mir hunn ee grousst Geschäft wat an der Groussgaass an der Stad elo opgemaach huet, ee Kleedergeschäft, déi hunn 20 Mataarbechter gebraucht fir d'Vente ze maachen. Or, vu datt dat awer en héijen Niveau vu Geschäft ass, soten déi, mir brauche Leit, mir hätte gär 20 Leit, déi wéinstens eng 13e oder eng 1ère hunn. Si hu beim Arbeitsamt nogefrot. Déi hunn dann eng ganz Rei Lëtzebuerger kritt, déi eben eng 13e oder eng 1ère hunn, awer keen Job hunn. An déi hunn alleguerten ofgesot. Déi hunn alleguerten ofgesot well si soen, ma ech hunn dach eng 1ère, ech ginn dach net an ee Geschäft schaffen. An dat ass ee System, dat kënne mir esou net méi weiderfueren. Vun deenen 20 Leit ass elo ee Résident luxembourgeois, déi 19 aner sinn erëm Frontalieren. An ech mengen do läit ee groussen Challenge.

Wat nëtzt et dem Land wann ech Entreprisë siche ginn, déi och op Lëtzebuerg kommen, déi hei Aarbechtsplaze schafen, wann d'Lëtzebuerger se net wëllen huelen, respektiv déi Leit déi hei wunnen se net wëllen huelen, well si zum Deel menge si wäre sech ze Schued dofir, zum aneren Deel well hir Formatioun net passt. Ech mengen dat ass een aneren Challenge. D'Leit an déi Direktioun och orientéiere wou mir d'Aarbechtsplaze kreéieren. Ech mengen et huet kee Wäert sech elo massiv ze lancéiere fir herno wëllen op eng Bankplaz schaffen ze goen, wann ee gesäit, datt et do éischter ee Recul ass vun Emploi. Also muss ee kucken, mä wat sinn dann déi 4 Secteuren déi de Staat am gaangen ass ze développéieren? Da komm ech orientéiere meng Jugend, meng jonk Leit dohinner. Ecotechnologie, Biotechnologie, Recherche ass ee ganz grousse Secteur. ICT, Logistik, dat sinn d'Zukunftssecteure vu Lëtzebuerg. A wa mir wëllen, datt et eppes bréngt, datt mir do Dausenden Aarbechtsplaze schafen, ma da musse mir och déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen an déi eventuell hei am Chômage sinn, da musse mir déi och op déi Plaze kréien.

Roy Grotz: An d'Interaktioun wahrscheinlech dann Éducatiounsministère, Educatioun, ADEM an eben d'Plazen déi opstinn. Sozial Selektivitéit Här Schneider, dat héiere mir esou dacks och déi leschte Méint, datt muss eppes geschéien, datt d'Selektivitéit en Faveur vun deenen déi et néideg hu soll bestoe bleiwen, anerer kéinten eppes ofginn. An dësen Zäite misst et jo awer dann duergoen mam Message un den Dësch sech ze setzen, mat der Familljeministesch hei en l’occurence an dann eppes ze maachen, oder? Einfach maachen.

Etienne Schneider: Also et ass jo esou, datt mir an der Regierung regelméisseg doriwwer schwätzen, datt mir och eng Rei Iddien hu wat ee kéint maachen. Datt mir jo och am Kader vum Budget verschidde Packagë gemaach hunn, d'lescht Joer, dëst Joer. Elo si mir am gaang schonn ze diskutéiere wat mir da fir d'nächst Joer wëlle maachen. An do ass och Selektivitéit natierlech erëm ee Sujet. Ech ginn Iech ee Beispill: alleng dee ganze Beräich Kannergeld kascht de Staat iwwert eng Milliard Euro d'Joer. Dat ass immens vill Geld. Elo kann ee soen, mir maachen dat einfach esou weider. Mä et kann een och soen, mir kucken eis dat elo mol selektiv un. Kucken eis un, ass et nach ëmmer richteg, datt jiddereen, egal wat e verdéngt, dat selwecht Kannergeld kritt. Dat war jo bis elo ëmmer d'Philosophie, mä an Zäite vun eidele Keese muss een och déi Philosophie och eng Kéier a Fro stellen. An ech mengen, datt Selektivitéit an deem do Beräich zum Beispill ee groussen Avantage hätt, et géing d'Kompetitivitéit net bremsen. Dat heescht wann ech engem deen 10000 Euro verdéngt, wann ech deem 100 Euro manner Kannergeld ginn, dofir gëtt deen net 100 Euro manner an de Konsum. E spuert da vläicht 100 Euro manner oder e keeft am Ausland sech, e geet eng Kéier manner an d'Vakanz an d'Ausland, wat och ëmmer. Mä ech mengen awer net, datt doduerch d'Kompetitivitéit bei eis géing a Gefor geroden. An dat sinn awer Saachen, Pisten déi ee muss diskutéieren. Et kéint een natierlech och op een anere Wee goen a soen, ma mir maachen eng Contributioun déi jidderee muss bezuele fir d'Kannergeld ënnert anerem da géigen ze finanzéieren. Do ginn et eng Rei Pisten. Mir sinn am gaang déi ze diskutéieren an ech huelen un, wann net dës Regierung wäert eng Rei Conclusiounen huelen, da muss zumindest d'nächst Joer déi Regierung déi dann am Amt ass eng Rei Conclusiounen zéien.

Roy Grotz: Dat och vläit iwwert den Index? Dir hutt en ugeschwat. Wuerekuerf änneren, deckelen. Sinn dat Sujeten fir d'Sozialisten? Kann doriwwer geschwat ginn?

Etienne Schneider: Also ech si jo vum Prinzip hir der Meenung, datt ee muss iwwert alles schwätzen. Et muss een herno net alles maachen, mä et muss een awer à même sinn an éierlech genuch si fir all Sujeten eng Kéier op den Dësch ze leeën. A se dann alleguerten unzediskutéieren an dann herno muss ee sech ee Pak zesummestellen. Ee Pak dee Sënn mécht, ee Pak deen d'Kompetitivitéit, deen d'Croissance net zevill a Gefor bréngt. Well Dir wësst iwwerall wou gespuert gëtt, wou manner Suen ausgi ginn, huet dat natierlech eng negativ Influenz op d'Croissance vun der Économie. Also et muss een et intelligent ugoen. A fir eppes kënnen intelligent unzegoen, muss ee mol ganz large diskutéieren, ganz large sech alles ukucken, eng Kéier alles a Fro stellen an da Conclusiounen huelen.

Roy Grotz: Mä fir Iech ass et awer kloer, de System bleift bestoen, mä d'Form dovun?

Etienne Schneider: Gitt mol dovun aus, datt wann d'Sozialisten an der Regierung sinn, datt den Index net ofgeschaf gëtt. Dat mir e musse reforméieren, dat ass evident. A wéi eng Richtung, datt mir e reforméieren, do si mir an der Partei intern selwer amgaang driwwer ze diskutéieren a wéi eng Richtungen et geet. A mir wäerte mat Sécherheet mat Zäite soe wou mir als LSAP datt et misst higoen. Déi aner Parteie wäerten dat dann och op hirer Säit maachen.

Roy Grotz: Hutt Dir eng Preferenz, zum Beispill, wéi deckelen?

Etienne Schneider: Ech hu Preferenzen, mä Dir wësst, datt dat ee sensibele Sujet ass. Dofir wäert ech Iech meng Preferenz haut net matdeelen. Mä et wäert awer net méi all ze laang dauere bis Dir se héiert.

Roy Grotz: Dir wëllt och nach Member an der Partei bleiwen iwwert muer eraus?

Etienne Schneider: Absolut, mä esou schlëmm ass meng Partei net, datt si mech géing erausgeheie well ech meng Meenung géing soen. Da wär et net déi Partei déi ech kennen.

Roy Grotz: D'lescht Joer hutt Dir op dëser Plaz, du waart Dir e puer Deeg offiziell am Amt, och iwwert d'Prozedure geschwat an do hutt Dir eis eng Piste virginn, déi huet d'lescht Joer esou geklongen:

Etienne Schneider (O-Toun / 2012): Ech soe mir. Datt mir ëmmer probéieren par le bas ze maachen an et muss een et par le haut maachen. Et muss een einfach als Minister muss ee sech do naass maachen. Et muss ee soen, esou elo setze mir eis einfach eng Kéier e puer Deeg zesummen an elo schaffe mir dorunner. Mir huelen eis héchste Beamten a Mataarbechter fir dat doten ze klären, well mir kënne vill Etudë maachen. Ech soen Iech d'Intelligenz läit am Staat selwer. Mir hunn déi Leit all do sëtzen. Déi wëssen alleguer firwat Saache ginn a firwat se net ginn. Mä si brauchen eng politesch Guidance déi seet, sou elo maache mir dat. Well do si jo och vill Beamten déi soen, ech hale mech strikt un d'Reglement a si interpretéieren et léiwer nach méi enk, fir op der sécherer Säit ze sinn, wann eng Kéier eppes schief geet, fir datt si sech da kee Reproche musse gefale loossen. An do muss einfach d'Politik dann hir Responsabilitéit huelen a soen, sou elo maache mir et an Zukunft esou a wann dann eng schief geet, da sinn ech politesch responsabel an du als Beamten net. An ech mengen do muss een einfach Weeër fannen.

Roy Grotz: Voilà, dat war virun engem Joer Här Schneider. Wou sti mir dann elo?

Etienne Schneider: Ma jo ech hunn déi do Diskussioun déi ech bei Iech hei um Dësch gefouert hunn, déi hunn ech natierlech och an der Regierung gefouert an de Premierminister huet déi och opgegraff an du jo och deen Dësch annoncéiert iwwert d'Prozeduren, iwwert d'Simplification administrative [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dee war awer nach net zesummen, ne.

Etienne Schneider: Dach dee gëtt intern gëtt déi preparéiert. Also do sinn eng ganz Rei Preparatiounen déi am gaange sinn. Elo kënnt dee gläich eng Kéier offiziell an da gëtt eng offiziell Ronn gemaach an da ginn do Conclusiounen draus gezunn. Ech menge wat ech entretemps mengen ech awer erreecht hunn, dat ass datt jidderee sech bewosst ass, och an der Regierung, jidderee sech bewosst ass, datt d’Kompetitivitéit vum Land ass net alleng d'Charge vum Wirtschaftsminister. D’Kompetitivitéit hänkt och vum Ëmweltminister of, hänkt och vum Landesplanungsminister of, hänkt och vum Bauteminister of, hänkt och vum Gesondheets- vum Sozialminister, vum Aarbechtsminister an esou weider of. An ech mengen do si mir eis entretemps eens, datt dat de Fall ass an datt do jidderee säint muss dozou bäidroen. An dat wat ech deemools gesot hunn, hunn ech zumindest bei mir am Haus ëmgesat. Bei mir sinn eng ganz Rei Prozedure vereinfacht ginn. Mir sinn, mengen ech, ee Ministère deen extrem schnell reagéiert, deen extrem gutt funktionéiert. D'ailleurs wëll ech dann och mengem Team vun hei aus ee grousse Merci soen, well ech éischtens mol immens gutt opgeholl gi sinn als fréiere Beamten, deen eben elo Minister ass an zweetens well mir immens frëndschaftlech an eng immens positiv Zesummenaarbecht hunn. Mä ech mengen awer fir zeréckzekommen op de Sujet, datt déi Table ronde, wann déi elo zesumme kënnt, da muss déi elo Conclusiounen zéien an da musse mir déi ëmsetzen. Well mir hunn net méi all ze laang Zäit bis zu de Wahlen an et wär wéi gesot Schued wa mir géinge bis 2014 waarde fir do eng Rei Conclusiounen ze zéien. D'ailleurs wäerten eng Rei vun deene Punkten och afléissen an deen Débat deen ech an der Chamber wäert lancéieren.

Roy Grotz: Ech hunn drop gewaart wéini dat Wuert esou schéin, eng Kéier sot, Kompetitivitéit, 22 Minutten huet et gedauert. Do hutt Dir et lo effektiv gesot. Dozou gehéieren awer och Infrastrukturen an dozou gehéieren dann erëm Investissementer. Ass nach Sputt do fir déi ze maachen?

Etienne Schneider: Also et ass absolut Sputt. Ech mengen, datt dee Staat hei komplett handlungsfäeg ass. Just fir Iech ze soen, datt mir 3,7 % vun eisem PIB nach ëmmer investéieren als Staat. Dat ass enorm. Dat ass bedeitend méi wéi eisen Defizit. Dat ass iwweregens d'gëlle Regel, déi international esou unerkannt gëtt. Mir leien do wäit driwwer, wat extrem positiv ass. Doriwwer eraus hunn ech awer gesot, et geet net duer, datt just de Staat hei investéiert. Mir mussen och kucke mat deene Gesellschaften an deenen de Staat Participatiounen huet, respektiv déi dem Staat gehéieren, mat deenen zesummen eng Aart Marshallplang opzestellen, fir Investitiounen an eis Infrastrukturen fir déi nächst Joren.

Roy Grotz: Post, Creos, déi.

Etienne Schneider: D'Post gehéiert dozou, d'Enovos gehéiert dozou, d'Creos gehéiert dozou, d'SEO gehéiert dozou, d'Logistik, de ganze Logistiksecteur, déi Investitiounen déi mir do maachen, meng Dépensen déi ech maachen am Beräich vun den Aiden fir Recherche, Développement, all déi Saachen zesummen. Dofir sinn ech am gaangen elo ee Package ze bündelen. Ech maachen esou ze soen ee klenge Marshallplang fir Lëtzebuerg, fir Lëtzebuerg fit ze maachen, fir dee Moment wou d’Économie erëm unzitt, datt mir da prett si mat top Infrastrukturen.

Ech hunn elo ee Montant zesummen an dee wäert ech deemnächst communiquéieren, vu ronn 2,5 Milliard Euro, déi mir zesumme mat deenen dote Gesellschafte wäerten an nei Infrastrukturen, a verbessert Infrastrukturen fir de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg an den nächste 5 Joer investéieren. Dobäi hunn ech nach guer net agerechent dem Claude Wiseler seng Investitiounen an d'Schinnennetz an an d'Stroossennetz. Dat kënnt nach do dobäi.

Also mir sinn absolut handlungsfäeg a mir sinn am gaangen dat Land hei top ze maachen. Ech ginn Iech do ee Beispill. De ganzen ICT Beräich, virun 10 Joer ware mir do néierens. Mir haten iwwerhaapt keng Infrastruktur déi den Numm Infrastruktur verdéngt hätt. Do huet d'Regierung décidéiert massiv wëllen an dee Secteur z'investéieren. Wat si och gemaach huet. An haut ass et esou, datt all déi Gesellschaften déi haut an deem ICT Beräich zu Lëtzebuerg sinn, speziell déi wéi Amazon an anerer, déi wéint der TVAs Regelung heihi komm sinn, mä déi soe mir haut, ma mir sinn deemools si mir wéint der TVA heihikomm a muer wann d'TVA fält, bleiwe mir wéinst der Infrastruktur déi Dir en place gesat hutt. Mir hunn do ee rise Succès gehat. Alleng den E-Commerce huet eis d'lescht Joer, also 2012 Recetten an der TVA bruecht vu 720 Milliounen Euro. Dat ass enorm. Natierlech ass et och enorm wann een drun denkt, datt dat zum gréissten Deel verluer geet. Dat heescht mir mussen elo Gas ginn fir dat doten erëm kënnen opzefänken, esouwuel wéi ech virdru ganz am Ufank gesot hu finanziell musse mir dat opfänken, mir mussen dat opfänke wat op der Finanzplaz verluergeet a mir mussen et emploisméisseg opfänken.

Roy Grotz: Gas ginn ass ee gudde Sujet. Mir mussen och Gas gi virun den Nouvellen um halwer, Här Schneider. Duerno héiere mir eis erëm, och de Privatmënsch Schneider. Mir schwätzen iwwert d'Oppositioun an Är Partei natierlech, an dat, wéi gesot, no den Nouvellë vun halwer.

[Noriichten]

Roy Grotz: Gudde Mëtteg nach eemol Här Minister.

Etienne Schneider: Gudde Mëtteg.

Roy Grotz: Gëscht hu mir de fréiere SREL Mataarbechter Frank Schneider - et ass jo keng Famill mat Iech?...

Etienne Schneider: Nee, et ass net Famill.

Roy Grotz: Nee, ...an der Chamber héieren aussoen. Dobäi ass och dacks den Terme - an dofir wollt ech Iech dat froe - vum Schutz, vun der Protectioun vum Patrimoine économique gefall. Och Dir hutt mam Här Kemmer, fir en net ze nennen, ee fréiere SREL Mann an Ärem Ministère. Mengt Dir, sinn Enquêten op deem geheimdéngschtlechen Niveau virun, zum Beispill, Wirtschaftsmissiounen iwwerhaapt nach néideg, nodeem mir wësse wat eraus oder net erauskoum no Missioune wéi Nordirak oder Libyen?

Etienne Schneider: Fir d'alleréischt wëll ech soen, datt déi Missioun déi an den Irak stattfonnt hat, datt dat eng war, déi eben ausgemaach war vu mengem Virgänger mat dem SREL, wou awer de Jeannot Krecké no der Missioun sot, dat do bréngt näischt. Alleng d'Accessibilitéit vun där Géigend ass onméiglech an och d'Sécherheet ass do net wierklech gewährleescht, esou datt de Jeannot Krecké duerno direkt gesot huet, dat do bréngt näischt, dat maache mir net weider.

Zu där Missioun a Libyen ass et net komm, well de Jeannot Krecké deemools gesot huet, do ass nämlech, Dir kënnt Iech erënneren, déi Geschicht gewiescht mat deene Schwësteren, deene bulgaresche Schwësteren. An do ass vum Wirtschaftsminister aus gesot ginn, mir ginn net ënnert esou Konditiounen an esou ee Land.

Kuba war de Wirtschaftsministère iwwerhaapt ni. Déi eenzeg Rees wou e war, dat war Angola. Déi gëtt jo och ëmmer genannt, mä dat war eng komplett normal Wirtschaftsmissioun zesumme mat der Chambre de Commerce. Klammer zou.

Fir zeréckzekommen, Zesummenaarbecht tëscht engem Wirtschaftsministère an dem SREL. D'Iddi koum op, respektiv d’ Nécessitéit koum op wéi 2004 ee Changement koum an der Logik wou géinge Wirtschaftsmissioune gemaach ginn. Well 2004 ass iwwerluecht gi fir Wirtschaftsmissiounen an déi Géigende vun der Welt ze schécke wou wierklech Developpement ass. Dat war Russland, dat ass och nach ëmmer Russland. Dat ass Asien, dat ass China, dat sinn aner Länner. An do ass et eben einfach wichteg gewiescht ze wësse mat wiem ee sech do aléisst. Well de Wirtschaftsministère déi Kompetenz iwwerhaapt net hat, ass zesummegeschafft gi mam SREL, fir eben erauszefannen, ma jo mat deenen Entreprisë wou mir eis do gesinn, mat deene Leit, mat deenen Oligarchë wou mir eis do treffen, sinn dat Leit déi an der Rei sinn, sinn dat Leit déi net onbedéngt hiert Geld verdéngt hunn duerch Saachen déi illegal sinn? Dat wollte mir wëssen an do ass déi Zesummenaarbecht zustane komm. Dunn huet déi Zesummenaarbecht awer eigentlech ëmmer méi eng Nues kritt, datt se eigentlech net vill bruecht huet, well dat wat mir gebraucht hunn, dat war Wirtschaftskompetenz an net onbedéngt geheimdéngschtlech Aktivitéiten. An du war deen André Kemmer, vun deem Dir geschwat hutt, deen eng Zäit am SREL geschafft huet, duerno bei d'Police judiciaire gewiesselt huet an duerno ass e vu mengem Virgänger agestallt gi bei eis um Ministère. Do war awer net méi d'Logik fir geheimdénschtlech Enquêten ze maachen. Do war just d'Logik déi, wirtschaftlech Enquêten ze maachen. Dat heescht alles wat open source ass, also alles wat fräi zougänglech ass, ze recoltéieren, zesummen ze sammelen, eng Wirtschaftsintelligenz opzebauen, fir datt ee weess mat wéi enge Firmen ee wou ze dinn huet.

Roy Grotz: Geschitt dat nach haut?

Etienne Schneider: Dat ass eppes, dat ass eng ganz normal Aarbecht déi haut nach ëmmer geschitt an ech mengen déi muss een och maachen. Op där anerer Säit een zweete Volet vun där Aarbecht ass déi, déi Entreprisen déi mat eis op Wirtschaftsmissioune ginn, déi mat eis a China ginn, a Russland ginn oder wou och ëmmer, fir deene Coursen ze ginn, op wat si mussen oppassen. Wéi si mussen oppassen, datt hire Patrimoine hinnen net geklaut gëtt. Ech ginn Iech ee banaalt Beispill: Dir gitt, mar decidéiert Dir Äre Produit a China ze produzéieren. Wat musst Dir maachen, fir datt Dir net riskéiert, datt iwwermar nieft Ärer Fabrik d'Chinesen deen dote Produit kopéiert hunn an en do produzéieren an Dir Äre Betrib zougemaach kritt?

All déi Saachen, Propriété intellectuelle, all déi Saachen, all déi Formatiounen hu mir de Betriber ginn an déi waren extrem dankbar dofir. Vun do hir mengen ech, ass dat ee wichtege Volet. Mä deen huet mat geheimdéngschtlechen Aktiounen absolut näischt ze dinn.

Roy Grotz: Dir hutt d'Oligarchen ugeschwat, déi russesch Suen, déi a sech och heihinner sollten drainéiert ginn. Mir wëssen, datt de Jeannot Krecké gutt Relatioune mat deene Milieuen, deene Wirtschaftsmilieuen hat, och während Wirtschaftsmissioune geknäppt huet. Bon elo geet da Rieds awer vun Écouten déi zum Deel eben och aus Ärem Ministère op esou Leit lancéiert goufen, notamment och den aktuelle Premier aus Georgien Ivanishvilli. Nimm wéi Alexander Lebedev oder Vitali Malkine, en Här dee jo och eng Villa um Boulevard de la Pétrusse huet. Waren déi néideg? Sinn esou Écouten op Leit nach néideg?

Etienne Schneider: Also ech mengen, ech kann Iech wierklech net soen aus wéi engem Grond wat do gemaach ginn ass, well ech mat deenen Dossieren deemools definitiv näischt ze dinn hat. Ech wëll mech awer elo hei aus näischt erausrieden. Den Haaptpunkt war, an dat huet de Jeannot Krecké mir nach confirméiert, war fir ze kucken, déi Leit déi hu versprach Aktivitéiten hei ze maachen an déi géingen hei Leit astellen, déi géingen hei Büroen opmaachen an déi géingen net nëmmen iergendeng Bidonsaktivitéit hei maache fir kënnen hir Suen heihinzebréngen. An do war den Haaptpunkt eben ze kucken, ze observéieren ob dat och ass. Kucken, ginn et déi Büroen, ginn do Leit an an aus, wunnen do Leit, schaffen do Leit? Dat war am Fong den Hannergrond. Dat ass awer duerno net méi gemaach ginn an ech soen Iech éierlech, wéi ech Minister gi sinn, fir mech sinn déi Saachen net a Fro komm. Wann ech un engem Zweiwel hunn, da loossen ech et léiwer sinn. Mä déi doten Aktivitéite maachen ech net. Well spéitstens elo wou esou eppes dann opkënnt a wou dann esou Nimm genannt ginn, huet ee méi Schued wéi ee je kéint erëm gutmaachen. Also vun do hir mengen ech ass dat eppes wat ee soll si loossen.

Roy Grotz: Déi Aarbechte vun der Enquêtekommissioun schätzt Dir awer als wichteg an?

Etienne Schneider: Ech mengen, datt déi Aarbecht vun der Enquêtekommissioun wichteg ass fir einfach Uerdnung an deen Dossier ze kréien. Ech mengen, datt an deem ganzen Dossier jo net esouvill drun ass wéi datt et eng Risewull an deem Tirang ass, datt dat relativ schlecht organiséiert ass an datt do e bësse jidderee gemaach huet wat e wollt. An ech mengen dat ass eppes, dat muss een erëm hikréien. Och déi Kooperatioun zwëschen dem SREL an der Chamberkommissioun déi muss méi déifgräifend, méi wäitgoend sinn. An da mengen ech misst dat doten erëm ze regele sinn. Elo de risegrousse Skandal, muss ech Iech soen, hunn ech elo nach net gesinn.

Roy Grotz: D'Oppositioun huet dee bei Léiweng-Wickreng gesinn, do gouf eng Enquêtekommissioun gefrot. Déi ass net etabléiert ginn. Wéi eng Politik animéiert iwwerhaapt fir Iech de Moment d'Oppositioun? Et schéngt jo - an ech sot Léiweng-Wickreng - probéiert ze ginn d’Démarchen vu Ministere schlecht ze maachen, d'Regierung an d'Defensiv ze setzen. Dat alles an engem Pre-Wahljoer. Geet déi Rechnung op?

Etienne Schneider: Ech weess net ob se op geet. Ech mengen einfach datt d'Leit dobausse jo och musse matkréie wat hei leeft. Mir hunn, mir sinn an enger Situatioun wou ee weess, all Partei weess, datt fir den nächste Wahlkampf gëtt et näischt ze verdeelen. Mir sinn an enger schwéierer Zäit, mir sinn am fënnefte Joer vun der Kris. Mir mussen héchstens Sacrificë permanent de Leit froen a mir hunn näischt ze verdeelen. Also wéi soll een als Oppositioun ee Wahlkampf gewannen, wou een décemment näischt verdeele kann? Et probéiert een natierlech dann och vu sengen eegene Schwächten ofzelenken, well een och selwer keng Konzepter huet, mat Skandaler. Do gi jo Skandaler héichgespillt. Kuckt déi ganz Affaire Léiweng-Wickreng, wat jo do Ënnerstellunge vu Korruptioun a vun all méiglechem komm ass. Finalement ass iwwerhaapt näischt dobäi erauskomm. Et huet awer och ni méi ee sech entschëllegt dofir, fir alles wat verschidde Politiker aneren do virgeworf hunn. Dat ass deen dote Punkt.

Elo gëtt aus där Affaire SREL natierlech eng Risegeschicht gemaach an ech huelen un, datt déi nächst Affaire, entre Guillemets, schonn an der Preparatioun ass. Ech gesinn et wierklech esou als Oflenkung vu senger eegener Initiativlosegkeet, vu senger eegener Ideelosegkeet. Kuckt mol, elo si mir 5 Joer an der Kris. Eng liberal Partei - ech hunn dat schonn eng Kéier gesot - eng liberal Partei, déi jo eigentlech wëll sech de Mantel undi vun der Kompetenz a Wirtschaftsfroen, huet a 5 Joer net eng eenzeg Gesetzespropositioun an der Chamber erabruecht, fir och nëmmen iergendeppes ze änneren, fir datt d'Kompetitivitéit vun eiser Économie besser gëtt, net eng eenzeg Propositioun. An dat sinn awer Zoustänn wou ech mir soen, ma merde, firwat ass een dann am Parlament? Dofir ass ee gewielt. Et soll ee Propositioune maachen, et soll ee Gesetzespropositioune maachen, fir ze weisen, datt een awer och eng Kompetenz huet. Dat sinn alles Saache, vun deene Gréngen héieren ech an deem Domaine iwwerhaapt näischt, mä all Kéier wann iergendwou ee klenge Pepin ass, da gëtt dat grouss opgezunn an et gëtt probéiert eben iwwert seng eege Schwächten ewechzetäuschen. Bon dat ass ee Spill, dat ass eben esou, an der Politik. Mech mécht dat e bëssen traureg.

Ech hu léiwer, datt mir konstruktiv matenee schaffen. Dofir maachen ech och ebe gär, genee aus deem Grond deen Débat an der Chamber iwwert d'Kompetitivitéit, wou jidderee soll seng Iddie soen a wou mir da sollen zesumme kucke, wat kënne mir dann elo festhalen am Intérêt vum Land. Well finalement si mir all nëmmen do fir am Intérêt vum Land a vu senge Bierger ze schaffen.

Roy Grotz: Den Här Bettel sot, e géif mat gesondem Mënscheverstand wëllen agéieren, dees géif ville Ministeren oder Amtsträger quasi ofgoen.

Etienne Schneider: Also soe mir mol esou, de gesonde Mënscheverstand mengen ech ass eng ganz wichteg Saach, mä de gesonde Mënscheverstand geet net duer fir aus enger Wirtschaftskris ze kommen. Dir musst op Dossiere schaffen, Dir musst haart schaffen, Dir musst vill ronderëm reese fir nei Aktivitéiten op Lëtzebuerg ze kréien. Dat ass dat wat mir musse maachen. Mir mussen op den Dossiere schaffen. Mir mussen an de Fong vun der Saach goen an dat diskutéieren. De gesonde Mënscheverstand, datt een dee muss hunn, mengen ech ass evident, mä et muss een och Substanz derhannert hunn. An dat ass dat wat wichteg ass an dat ass dat wat ech mengen, wat der Oppositioun e bëssen ofgeet.

Roy Grotz: Dir, Här Schneider an domat vläicht nach ee leschte Block, wou mir e bëssen iwwert Iech schwätzen, sidd ni direkt an d'Chamber gewielt ginn. Dir hutt awer eng kommunalpolitesch Carrière hannert Iech, sidd also elo Minister. De Posten, mengen ech, mécht Iech Spaass, Dir straalt dat op mannst esou aus. An awer, an dat ass eng interessant Ausso, plädéiert Dir fir eng Limitatioun vum Ministeschmandat, respektiv och wat de Cumul vun de Posten ugeet. Firwat? Soll et net zu Amtsmiddegkeet kommen? Fäert Dir dat e bëssen?

Etienne Schneider: Also ofgesinn dovunner, wann ech elo kucken no engem Joer, wat dat bedeit Minister ze sinn, wéi een Opwand et ass, wat dat vun engem ofverlaangt, mengen ech einfach, datt een, wann een et sérieux mécht a voll duerchzitt, Dag an Dag aus, datt een dat net méi wéi 10 Joer kann engem undoen. Ech mengen awer, datt et generell vill méi gesond wär fir eis Demokratie wann een déi Mandater géing limitéieren op 2 Mandater, fir eben och ze assuréieren, datt een net erëmgewielt gëtt just an der Perspektive fir déi nächste Kéier erëm erëmgewielt ze ginn. Ech erkläre mech. Ech wëll, datt ee ka soen, ok mäin éischt Mandat brauch ech fir wierklech an allen Dossieren ze sinn, fir wierklech Kontakter ze hunn, ze wësse wou et soll higoen a mäin zweet Mandat, do maachen ech dat wat ech wierklech dann och menge wat wichteg ass a wat am Intérêt vum Land ass an net am Intérêt dovun ass, datt ech soll erëmgewielt ginn. Ech mengen, datt dat ee wichtege Punkt ass.

Een anere Punkt ass awer och dee vun der Politikverdrossenheet iwwert déi ëmmer geschwat gëtt. Wësst Dir, wann Dir ni ee Roulement uewen un der Spëtzt hutt, weder am Parlament nach an der Regierung, da kritt Dir jo och keng jonk Leit motivéiert fir op dee Wee ze goe Politik ze maachen. Wann Dir musst 30 Joer laang op sämtleche Dëppefester gewiescht sinn, fir iergendwann eng Kéier d'Chance ze hunn an eng Chamber gewielt ze ginn an dann nach x Joren do musst sinn, fir da vläicht eng Kéier an déi Regierung ze kommen, da sinn awer vill Leit déi sech dat zweemol iwwerleeën, ob si sech dora wëlle lancéieren. Ech mengen d'ailleurs och, datt den Iwwergang tëschent Regierung oder Politik a Privatsecteur, datt dee vill méi fléissend muss sinn. Do muss vill méi Austausch sinn.

Roy Grotz: Dee Flux gëtt et elo bal net.

Etienne Schneider: Dee Flux gëtt et net a mat all deene Skandalitissen déi mir do hunn, wou Saachen opgebauscht ginn respektiv zum Deel esouguer erfonnt ginn, déi iwwerhaapt net sinn, gëtt dat jo nach ëmmer méi strikt. Mir schwätze jo elo vu Code de Deontologie a vu wéi enger Distanz datt d'Politik muss hunn zu der Wirtschaft. Ma wa mir dat maachen, da si mir finalement net méi anescht wéi all eis Konkurrenzlänner. Dat war jo bis elo ëmmer eise Virdeel, als Lëtzebuerg. Firwat si mir zu engem vun deene räichste Länner vun der Welt ginn? Ma éischtens well déi Leit déi an der Regierung waren net déi leschten Daboe waren an zweetens well mir kuerz Weeër hunn a well mir eben dee Kontakt hu vun der Wirtschaft zur Politik. Well mir alles arrangéiert hu wat huet mussen arrangéiert ginn, fir datt Secteure sech konnten développéieren, fir datt Entreprisë konnten op Lëtzebuerg kommen. An dat ass, ech soen Iech dat Här Grotz, iwwerall wou ech ginn, mat all auslännesche Betrib mat deem ech ze dinn hunn, dat éischt wat si mir soen, dat ass eben déi direkt Approche déi dës Regierung huet. Déi Méiglechkeet schnell mat héchste Vertrieder an der Regierung zesummen ze kommen an do seng Problemer ze léisen. Wa mir awer elo Maueren iwwerall wëllen opbauen, well mir mengen do kéint iergendwann eng Kéier iergendeen vun iergendeppes profitéieren, da soen ech Iech, da maache mir de Lëtzebuerger Modell futti an da solle mir eis net wonneren, wa mir net aus der Kris do erauskommen.

Ech plädéiere ganz gäre fir ee Code de déontologie an ech sinn absolut iwwerzeegt, datt een eng ganz Rei Limite muss anhalen. Speziell esou Geschichte mat Kadoen an esou Saachen. Dat brauch ech alles net. Dat brauch kee Mënsch. Dat brauch kee Mënsch. Ech soen Iech d'ailleurs, wann ech op Wirtschaftsmissioune sinn an da kritt een esou offiziell Kadoen, déi stinn herno bei mir an den Archiven, well dat meeschtens horribel Saache sinn déi mol kee Mënsch wëll. Mä et wär een Affront wann ee se net géing unhuelen vis-à-vis vun deene Länner, vun deene Leit. Mä bon, dovun zeréck mengen ech einfach, mir dierfen eis eis Modell Lëtzebuerg net futti riede loossen, well soss kréie mir ee reelle Problem.

Roy Grotz: Elo däerft Dir Äert Lidd usoen. Wësst Dir nach wat Dir gewielt hutt? D'lescht Joer war et „Jetzt wird wieder in déi Hände gespuckt“

Etienne Schneider: Jo, eigentlech géing ech dat Lidd jo nach ëmmer wëlle wënschen, mä ech mengen dat wär iwwerdriwwen, dofir hunn ech mir Gossip „Move in the right direction“ gewielt, well ech mengen et ass genee dat wat mir musse maachen, an déi richteg Richtung ze goen.

[Musék gëtt agespillt]

Roy Grotz: Voilà Gossip also, de Liddwonsch vum Etienne Schneider, firwat?

Etienne Schneider: Wéinst dem Titel „move in the right direction“ well ech einfach mengen, datt et dat ass wat mir musse maachen. Mir hunn eng kloer Linn wou mir wëllen hin, fir déi Économie erëm op d'Been ze kréien an elo musse mir dohin, elo musse mir all Hiewelen a Bewegung setzen, fir dat och ze packen.

Roy Grotz: Et bleiwen nëmmen nach 16 Méint fir ze iwwerzeege bis d'Wahlen, vläicht nach e bësse manner wa se am Mee wieren. Hutt Dir dat ronn bruecht, mengt Dir?

Etienne Schneider: Also ech weess net ob ech d'Leit iwwerzeegt kréien a 16 Méint. Ech mengen, datt ech alles wäert maache fir si z'iwwerzeegen. Ech wëll och virun allem d'Leit esou wäit kréien, datt si e bëssen hir Lethargie och opginn. Ech mengen déi fett Joren an deene mir waren, déi sinn eriwwer. Mir hate soss ëmmer nëmme Krisen, déi hunn 2 Joer gedauert, maximal, an dann ass et erëm biergop gaangen. Elo si mir an engem komplett anere Kontext. Mir sinn an enger kombinéierter Kris zwëschen Eurokris, Wirtschaftskris a Finanzkris, déi en plus nach weltwäit ass oder zumindest an Europa an och zum Deel an den USA ass, wat eis ee Riseproblem mécht. An dofir musse mir eben, mir musse méi flexibel ginn, mir mussen eis bougéieren an ech sinn awer och iwwerzeegt datt mir dat maachen. Ech mengen, datt d'Leit dobaussen awer lues a lues verstanen hunn, datt et net esou evident ass. D'Regierung huet probéiert esou gutt wéi méiglech dat Schëff duerch d'Kris ze kréien an ech mengen, datt et eis och gelongen ass. Wann ech kucken, wann ech eis Zuele vergläiche par rapport zum Ausland, dann hu mir dat Schëff hei wierklech ganz gutt duerch d'Kris bis elo bruecht. Ech weess, datt eng Rei Mesure geholl gi sinn, déi d'Leit net all glécklech maachen, mä dat ass eben esou. Mir sinn an engem Solidarmodell wou mir alleguerte mussen upake wann et eben eng Kéier wéi deet. An ech mengen dofir ass, meng Partei passt eben och doropper op, datt dat sozial ausgewogen ass an datt mir eben de Sozialstaat esou gutt wéi méiglech schützen an en net opginn, mä en awer trotzdem reforméieren.

Roy Grotz: Dir hutt Iech also gutt duerchgeboxt, dat ass de Sujet. Boxt Dir nach?

Etienne Schneider: Boxen hunn ech opginn, well ech mir heiansdo dobäi wéigedoen hunn, mä ech ginn awer nach all Dag an de Fitness.

Roy Grotz: Dat heescht dat haalt Dir Iech bäi. Och mat Ären Autoen, mat den Oldtimer, fuert Dir nach doruechter?

Etienne Schneider: Nee, also mat den Oldtimeren hunn ech leider net méi ganz vill Geleeënheet. Ech war just am Summer eng Kéier wéi mäi Chauffeur am Congé war, do sinn ech mat engem vu mengen Oldtimer déi 2 Woche gefuer. Pour le reste hunn ech awer keng Zäit gehat domat ze fueren.

Roy Grotz: Dat heescht, Dir hutt esou een ausgelaaschtenen Dag, datt net méi fir ganz vill bleift. De Wirtschaftsminister ass ëmmer ënnerwee, ass dat esou?

Etienne Schneider: De Wirtschaftsminister ass ëmmer ënnerwee an, jo, d'Deeg si laang, esou datt eigentlech net ganz vill iwwereg bleift fir Fräizäit. Dat ass Schued. Dofir profitéieren ech och vun hei, fir mech bei menger Famill a menge Kollegen ze entschëllege fir all déi Kéieren wou ech muss ofsoen, respektiv wou ech keng Zäit hunn. Mä iergendwann gëtt dat jo och vläicht erëm besser.

Roy Grotz: An elo gitt Dir kachen?

Etienne Schneider: A lo ginn ech kachen, jo. Ech ginn elo ee Chrëschtdagsmenu kachen, well ech hat fir Chrëschtdag eng Rei Frënn invitéiert, hunn dat awer och aus terminleche Grënn missen annuléieren an elo ass deen éischten Termin wou et mir geet, dat heescht haut den Owend gëtt et bei mir ee Chrëschtdagsmenu fir 12 Leit an ech ginn elo eng Dinde maachen, jo.

Roy Grotz: Da wënsche mir Iech, datt dat Iech och gutt geléngt.

Etienne Schneider: Hoffen ech och.

Roy Grotz: Mir soen Iech Merci, datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt. Merci fir d'Explikatiounen a weiderhin dann nach vill Succès bei Äre Missiounen.

Etienne Schneider: Villmools Merci, dat kann ech gebrauchen.