Françoise Hetto-Gaasch au sujet du développement du tourisme au Grand-Duché

Frank Kuffer: Tourismus zu Lëtzebuerg. Vläicht virop eng Kéier an Zuelen. Wéivill Leit kommen dann esou an d’Ländchen, an hunn déi Zuelen an de leschte Joeren zou-, oder éischter ofgeholl?

Françoise Hetto-Gaasch: Also mir haten d’lescht Joer, 2012, 2,2 Milliounen Iwwernuechtungen, dat war e Plus vun 1%. Dat Joer virdrun hate mir och e Plus registréiert, an do virdru ware mir awer wierklech däitlech an enger Baisse. Dat heescht, et huet sech déi lescht Joeren eppes gedoen, an doriwwer freeë mir eis natierlech.

Frank Kuffer: Wann een awer elo deen neieste Rapport vum World economic forum kuckt, da kéint ee behaapten, datt den Tourismus zu Lëtzebuerg schlecht do steet. Mir si vun der 15. op déi 23. Plaz zeréckgefall. Ass d’Situatioun esou schlecht, oder wéi kann een dat erklären?

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech hu mech och selwer domat beschäftegt, well ech war erféiert wéi ech dat gesinn hunn, mä dat muss een, mengen ech, e bësse relativiséieren.

Mir hunn, wa mir kucken, mir haten déi leschte Kéier virun zwee Joer, wéi dee Kompetitivindex do gemaach ginn ass, hate mir 5,08, mir sinn elo op 4,93. Dat ass also eng Differenz vun 0,15. A wann een elo dee kuckt wou dat sech do erëmspillt, wou déi aner Länner leien, dat heescht alleguer déi Länner, déi d’leschte Kéier just hannert eis loungen, déi hunn eis dës Kéier iwwerholl. Mä do schwätze mir vu minimale Chifferen. Dat ass net ganz vill. Ech hunn awer trotzdem gekuckt wourunner datt et läit. Wou leie mir dann ënnert 5, well dat ass jo dat wat ausschlaggebend ass? An dat sinn déi Saache wou ech och net midd ginn ze soen, wou mir mussen eis verbesseren.

Mir hunn zum Beispill, wat si bedaueren, et si jo verschidde Saachen déi gekuckt ginn, ech mengen, et gëtt gekuckt wéi ass et mat der Stabilitéit, wéi ass et mat der Sécherheet am Land, wéi ass et mat der Propretéit, wéi ass mat [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Frëndlechkeet.

Françoise Hetto-Gaasch: Präis-Leeschtungsverhältnis, Frëndlechkeet. All déi Saache gi gekuckt. Och wat hu mir als kulturelle Patrimoine unzebidden, wéi gesäit et mat eiser Natur aus, mat der Nohaltegkeet? A mir hunn a ganz, ganz ville Punkte ganz gutt ofgeschnidden, an an e puer Punkten do si mir net esou gutt wéi déi aner Länner. Ech picken déi eraus.

Ënnert anerem gëtt do gesot, mir hätte keng richteg kloer, fiabel Statistiken. Dat ass richteg. An ech bedaueren dat och, an ech sinn och dofir immens frou datt mir ab dem 1. Abrëll, elo dëst Joer, déi Fiches d’hébergements, wou ech deemools nach selwer Rapportrice war vum Gesetz, ginn déi endlech obligatoresch. Dat heescht, d’Hotelieren, déi mussen, an och d’Campingsbedreiwer, an och d’Leit déi d’Jugendherbegen exploitéieren, déi mussen dat ausfëllen.

An et ass och nëmmen esou wéi mir kënne richteg fiabel Statistike kréien. Fir ze kucke vu wou kommen d’Leit hier, firwat komme se heihinner, wéi laang bleiwe se, wat erwaarde se sech vun deem Land? An dat sinn déi Saache wou mir einfach brauchen.

Wou hu mir nach net gutt ofgeschnidden? Zum Beispill soe se, wa se de Flugtransport analyséieren, do si mir och net gutt, do hu mir nëmmen eng 4,1. Wat fir mech sech do erausliest, mir brauche méi Volen, mir brauche méi Destinatiounen, mir hunn zevill eesäiteg hei wou operéiert gëtt. Dann [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Och vläicht Bëllegfluggesellschaften, do hat Dir eng Kéier ugeschwat, do war dat eng grouss Polemik ginn.

Françoise Hetto-Gaasch: Do ass eng grouss Polemik ginn, ech menge mëttlerweil hu mir jo zwou nei Fluggesellschaften déi heihinner kommen, wou ech awer weess, datt d’Leit dobausse sech driwwer freeën.

Ech menge mir liewen an engem concurrentiellen Ëmfeld, da mussen déi aner Fluggesellschafte sech adaptéieren, wann een do nach wëllt mathalen.

Dann eppes wou ech erstaunt war driwwer. Mir hunn anscheinend net genuch, ech soen dat elo, Bancomaten, da wëssen d’Leit wat dat ass. Ech mengen do ass nach drun ze schaffen, dat ass jo näischt elo wat esou terribel komplizéiert ass, wann dat e Wonsch soll sinn. An da, wou mir och näischt kënnen drun änneren, mir hunn un UNESCO-Patrimoine hu mir nëmmen zwee Stéck, wou aner Länner der 15, 20, 40 hunn, wou mir an deem Sënn einfach och net kënne mat concurrencéieren.

Bon, wann een déi Saachen elo e bësse kuckt, an et vergläicht een dat da mat deenen anere Länner, déi eis iwwerholl hunn, dat sinn Norwegen, Dänemark, Portugal, Irland, Belsch a Finnland. Jo, déi hunn eis einfach do mat e puer Saachen iwwerholl. An dofir mengen ech och datt dat elo net dramatesch ass.

Mir mussen eis einfach druginn, a weider op Qualitéit setzen, well ech denken, datt d’Qualitéit dat ass, wat eis am Fong geholl par rapport zu anere Länner auszeechent. Qualitéit an den Infrastrukturen, awer ganz sécher och Qualitéit am Service.

Frank Kuffer: Wéi schneide mir da mat Frëndlechkeet a Präisser of?

Françoise Hetto-Gaasch: Ma guer net esou schlecht. Bei der Frëndlechkeet, also wéi d’Leit emfaange ginn, gutt, ech hat dat och gekuckt, also do leie mir och iwwer 5. Wou ech awer der Meenung sinn, perséinlech der Meenung sinn, datt mir awer nach kënne weider Effortë maache fir einfach och den Touristen d’Gefill ze ginn, egal vu wou se kommen, hei mir si frou wann dir bei eis kommt, mir huelen iech mat oppenen Äerm op, an dir sollt iech hei bei eis esou wuel fille wéi nëmme méiglech.

Frank Kuffer: Bëlleg si mir net?

Françoise Hetto-Gaasch: Präis-Leeschtungsverhältnis si mir net gutt. Bon, ech mengen et ass net d’Hôtellerie wou een do vläicht muss kucken, mä ech denken éischter d’Restauratioun, wou ganz sécher de Präis, de Rapport qualité-prix net ëmmer klappt. Woubäi ee muss wëssen, datt mir eng immens niddereg TVA hunn.

Frank Kuffer: An der Étude ass och gekuckt gi wéivill vum Staatsbudget fir den Tourismus reservéiert ass, an do sti mir ganz schlecht, do hunn ech awer och gesinn, op Plaz 86 vun 140, mengen ech.

Ass den Tourismus e bëssen d’Stéifkand vum Minister Frieden a sengem Budget? Hätt Dir do gäre méi? Jiddwereen hätt gäre méi.

Françoise Hetto-Gaasch: Ah jo, natierlech, natierlech hätt ech gäre méi. Ech muss awer soen, ech war awer d’lescht Joer scho ganz frou datt mir do net op daf Ouere gestouss sinn. Mir hunn d’lescht Joer fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg, also fir den ONT 1,4 Millioune méi Sue kritt wéi mir bis elo haten. Esou vill Suen hat den ONT nach ni fir Promotioun ze maachen.

An ech mengen datt och de Finanzminister, awer och de Staatsminister erkannt huet, datt mir eis hei kënne mam Tourismus e Standbeen zillen, wou mir och eis dobaussen eisen Image de marque kënne verbesseren.

Well wann Dir elo kuckt, all déi aner Länner déi elo virun eis komm sinn, déi hu jo och erkannt, datt den Tourismus Potential huet. An ech mengen datt mir einfach mussen dorop setzen, an all eis Kräfte bündele fir datt mir erëm do kënnen ophuelen.

Frank Kuffer: Wann een Tourist seng Vakanz plangt, wat géif Dir him da soe firwat e grad Lëtzebuerg soll als Destinatioun wielen? Wat hu mir dann?

Françoise Hetto-Gaasch: Bein, de neie Slogan gefält mir eigentlech ganz gutt, dee vum ONT, si soe jo “Unexpected Luxembourg�?. Dee seet am Fong geholl alles. Et ass kleng mat villen Iwwerraschungen, an d’Iwwerraschung ass déi enorm Diversitéit déi mir hunn op deem klenge Raum.

Mir leien zentral an Europa, du bass vun hei aus an zwou Stonnen an deene gréisste Stied, an den Haaptstied. Mir hunn, wat e ganz groussen Atout ass, en terribel séieren Handling um Flughafen. Wann Dir an d’Vakanz gitt, Dir fuert iwwer Frankfurt, iwwer Paräis, wéivill Zäit datt mir do verléieren, wa mir op engem Flughafe sinn. Dat hues de hei zu Lëtzebuerg net. Ass fir déi Leit, déi keng laang Vakanze kënne maachen, ganz sécher e Virdeel.

Dann hu mir en terribel flotten, interessante Patrimoine culturel, e Patrimoine gastronomique, wou ech mengen datt mir eis och kënnte vill méi nach domat bretzen. Mir sinn deen eenzege Grand-Duché deen et gëtt. Mir hunn eng phantastesch Natur, Sécherheet, Hygiène. An da mengen ech eppes wou mir net oft genuch drun denken, dat ass de Fait datt mir esou vill Sprooche schwätzen. Dat heescht d’Leit déi bei eis kommen, déi kréien ganz dacks an hirer Sprooch geäntwert. An dat hu mir jo awer net onbedéngt, wa mir elo an d’Ausland ginn.

Frank Kuffer: Neierdéngs och Chinesesch.

Françoise Hetto-Gaasch: Do musse mir nach e bëssen Efforte maachen. Ech weess awer datt eng ganz Partie Geschäftsleit sech do Hëllefe siche ginn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: En Internetsite gëtt et jo och op Chinesesch.

Françoise Hetto-Gaasch: En Internetsite gëtt et, jo voilà, et ass och ganz flott datt déi Leit sech kënnen do driwwer informéieren. Elo weess ech awer och datt mir Guiden hunn, a Leit hunn, déi sech bereet erklären an d’Geschäfter ze goe fir do ebe mat de chinesesche Clienten eben ze schwätzen.

Frank Kuffer: Sinn déi verschidde Regiounen och ganz ënnerschiddlech vläicht spezialiséiert och?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, also ech denke schonn datt all Regioun spezifesch ass, mä mir si jo e bëssen dovunner erofkomm, datt mir wëlle Lëtzebuerg elo iwwer d’Regiounen dobausse verkafen. Dofir si mir einfach ze kleng. Mir maachen dat Ganzt éischter thematesch. An et muss een awer soen, all Regioun huet sech Spezifizitéit.

Wann s de d’Ardenne kucks, déi sinn einfach duerch d’Topographie si si eenzegaarteg. Du hues d’Musel mat de Wäibierger, mat der Musel, mat der ganzer Wäinkultur. Du hues de Mëllerdall, wou mir de Mëllerdall Trail hunn, wou mir immens vill Leit kënnen ulakelen. Du hues d’Stad selwer, déi fir sech en Atout ass. Dann dee ganze Süden, wou mir och elo en ORT hunn, wou et immens vill ze entdecke gëtt.

An ech géif mir einfach wënschen, datt eis Leit selwer och emol géifen e bësse méi sech fir hiert Land interesséieren, an da si mir nämlech och capabel de Leit, wa se eis dobaussen eng Fro stellen, wou se sollen higoen, e puer gutt Tuyauxen ze ginn.

Frank Kuffer: Maachen d’Lëtzebuerger Vakanz doheem?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, awer vläicht net esou vill wéi se dat kéinte maachen.

Frank Kuffer: Jo, mir kennen alles, oder villes.

Françoise Hetto-Gaasch: Ass et esou, oh da maachen ech awer elo emol en Test. Waart Dir dann emol schonn eng Kéier an der Grompelscheier, Här Kuffer?

Frank Kuffer: Jo.

Françoise Hetto-Gaasch: Wonnerbar. Wéi ass et da mam Aquarium zu Waasserbëlleg?

Frank Kuffer: Do war ech nach net.

Françoise Hetto-Gaasch: Wéi ass et da mam Fonds de Gras? Wéi ass mat dem... [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Fonds de Gras war ech och schonn.

Françoise Hetto-Gaasch:...Kloterpark do uewen zu Veianen, den Indian Forest?

Frank Kuffer: Ech hunn awer scho vill gemaach, gesinn ech.

Françoise Hetto-Gaasch: D’Koffermin zu Stolzembuerg?

Frank Kuffer: Neen, okay. Gutt, et bleift nach villes ze entdecken.

Françoise Hetto-Gaasch: Et bleift nach e bëssen ze entdecken.

Frank Kuffer: Mä à propos Regiounen, fir nach eng Kéier dorop zeréckzekommen. Spillen d’Naturparken och eng wichteg Roll am Tourismus zu Lëtzebuerg, oder éischter net?

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech denken datt d’Naturparken e unique selling proposition kënne sinn, fir dobaussen eist Land duerzestellen. Ganz sécher, ech menge mir hunn en Naturpark do uewen am Norden, et gëtt elo driwwer geschwat fir en Naturpark am Mëllerdall ze maachen, et gëtt driwwer geschwat en Naturpark op der Musel ze maachen.

Et muss een natierlech kucken, datt herno net ganz Lëtzebuerg Naturpark ass, wéi een dat opdeelt, wou hält een och op Naturparken ze maachen? Well ech weess datt zum Beispill op der Musel do heftegst Diskussioune sinn, well se net verstinn, datt dat Ganzt sollt zum Beispill hanner Réimech ophalen. Da soen déi aner Gemengen, déi nach hannendru kommen, a mir dann? Ech mengen do muss ee kucken.

Ganz sécher ass et Natur, an ech denken datt et eng Complementaritéit ass zu eisen ORTen, déi mir an de Regiounen hunn.

Frank Kuffer: Wéi verkeeft Lëtzebuerg sech no baussen, a wien verkeeft Lëtzebuerg no baussen? Gitt Dir op Foiren, maachen dat déi verschidden Touristebüroen, wéi geet dat?

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, also mir hunn, engersäits ass et jo schonn emol den ONT deen den Haaptverantwortlechen ass fir d’Promotioun vu Lëtzebuerg ze maachen. Mir hunn eng ganz Partie Foirë wou mir ginn, wou ganz vu virera festgeluegt gëtt, wou mir higinn, zesumme mam ONT, zesummen awer och mat eise Partner. Wa mir an Asien ginn, do ginn Roadshowen op der Plaz organiséiert. Also ech mengen do leeft scho ganz vill an deem Beräich.

An da ganz interessant, an dat ass jo och eng vun den Erklärungen, wou mir gesot hunn, mir fueren zeréck mat eisen Agences touristiques am Ausland, well mir denken, datt mir déi Leit besser kënnen hei zu Lëtzebuerg affektéieren, a virun allem well mir dann Tour operatoren, an iwwerhaapt Journalisten am léifsten op Lëtzebuerg invitéiere fir datt se sech selwer kënnen e Bild sur place maachen. Well nëmmen een deen dat eng Kéier selwer gesinn huet, dee weess och wat en dann herno a sengem Bericht soll verkafen.

Frank Kuffer: Den Tour de France, mir haten dat zwar schonn eng Kéier ugeschwat viru kuerzer Zäit, mä bréngt dat wierklech eppes?

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech menge schonn datt dat eppes bréngt. Dat bréngt, éischtens ass dat eng Saach och vun Notoriétéit, besonnesch bei de Fransousen, wou mir awer mierken, datt déi Clientèle amgaangen ass ze wuessen.

Mir hunn, du hues natierlech keng richteg gräifbar Chifferen, mir kënne just feststellen datt déi Zäit, wou mir ënnerwee sinn, an och nach déi Zäit duerno, wou mir jo masseg Gadgeten verdeele mam “Visite Luxembourg.com�? drop, datt mir do ganz vill Cliquen hunn op eiser Internetsäit. Dat heescht, d’Leit ginn awer kucken, si gi sech awer iwwer Lëtzebuerg informéieren.

Frank Kuffer: Dat heescht an deem Kontext, bedauert Dir dann och datt eis Ambassadeuren am Ament e bëssen hannendru fueren? Den Andy deen net esou gutt drop ass, de Frank dee gedopt war oder och net, mä op jiddwer Fall emol gespaart ass.

Françoise Hetto-Gaasch: Bon, also ech hu jo ëmmer vun Ufank u gesot, mir ginn elo net mat, well mir dräi Lëtzebuerger an der Course hunn, oder zwee Lëtzebuerger [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et mécht awer ëmmer gutt.

Françoise Hetto-Gaasch: Et mécht ëmmer gutt. Et ass ëmmer flott wann s de da kanns soen, voilà dat sinn eis Jongen, déi vir fueren. Ech mengen datt et eis haaptsächlech drëms geet vun deene 15 Millioune Mënschen ze profitéieren, déi do laanscht d’Stroosse stinn, wou mir wëssen datt 39% just nëmme komme wéinst de Gadgeten, wéinst der Karawan.

Frank Kuffer: Wat feelt Lëtzebuerg dann nach als Attraktioun, als Magnéit.

Françoise Hetto-Gaasch: E Mier zum Beispill

Frank Kuffer: E Mier, gutt, dat kréie mir wahrscheinlech, dat gëtt méi schwéier.

Françoise Hetto-Gaasch: Dat gëtt ganz schwéier, jo.

Frank Kuffer: Mä Dir hat emol eng Kéier vun engem Fräizäitpark geschwat. Dat kléngt dach gutt, esou eppes wéi esou eng Aart Centerpark, fir emol ze nennen.

Françoise Hetto-Gaasch: Jo, also mir hunn hei zu Lëtzebuerg ganz vill flott Hôtelen, mir hunn Hôtele wou nach misst e bëssen investéiert ginn, mä mir hunn eigentlech net genuch fir Familljen, ausser d’Jugendherbergen, déi ganz flott sinn. Mä mir hunn näischt Richteges fir Famillje mat Kanner, an dofir, ech hunn et einfach u mengem Beispill geholl, wéi eis Kanner kleng waren, mir si ganz vill an Centerparken, oder op Pierre & Vacances gaangen, well dat dat Idealt ass wann s de kleng Kanner hues. A mir hunn näischt esou hei.

Dofir war meng Iddi, da komm mir bréngen esou eppes op Lëtzebuerg. Mir hunn och schonn do eis Fühler iwwerall ausgestreckt. De Problem ass, datt mir e ganzt grousst zesummenhängend Areal brauche fir datt déi Leit iwwerhaapt kommen. Dir wësst, si sinn elo op de Bostalsee gaangen, do hu se déi Fläch. Mir hunn hei verschidde Gemengen, déi wuel interesséiert wieren, mä déi awer net déi Hektaren hunn, déi ee Pierre & Vacances oder e Centerpark géing brauchen.

Frank Kuffer: Schued.

Françoise Hetto-Gaasch: Ech ginn et awer net op. An ech hat, de Moien hate mir nach Leit vun der Natur an Ëmwelt bei eis wéinst engem anere Projet. An do ass d’Iddi opkomm, wann een da géing higoen, an et géif ee besteeënd Campingen, déi vläicht net méi esou gutt fonctionnéieren, ëmfonctionnéieren an esou kleng Vakanzendierfercher mat esou Holzhaiserscher, fir emol iwwer dee Wee iwwerhaapt emol unzefänken.

Frank Kuffer: Mä och do muss awer eng Attraktioun dann dobäi sinn. Et gehéiert jo awer dann eppes dobäi. Et geet net duer mat deenen Haisercher [gëtt ënnerbrach]

Françoise Hetto-Gaasch: Et geet net duer mat deenen Haisercher, mä Dir hutt, zum Beispill an der Belsch an a Frankräich hutt Dir matten am Bësch, hutt Dir esou kleng Infrastrukture, kleng holzen Haisercher. An déi sinn da schéi verspreet, jiddwereen huet seng Rou fir sech, an iergendwou op enger zentraler Plaz do ass dann eng Schwämm, do kënnen d’Leit sech begéinen. Dat heescht, dat ass eppes, wou s de awer och kanns higoe wann s de deng Rou sichst, wou s de net onbedéngt wëlls de groussen Trulala ronderëm hunn.

Frank Kuffer: Ganz aktuell nach zu Lëtzebuerg, d’Fëmmgesetz, an da war do och d’Diskussioun iwwer d’Hënn am Restaurant. Sinn dat Saachen déi och een Afloss op d’Touristen hunn? Komme se dowéinst, oder dowéinst och grad net?

Françoise Hetto-Gaasch: Also Muppen am Restaurant. Ech mengen do si mir jo amgaangen ze kucken, do sinn, d’Horesca déi ass jo do opgefuerdert ginn iwwer d’Modalitéiten nozedenken, wéi een dierf, a wou een dierf, a wéi de Restaurateur sech dann och soll dat no baussen duerstellen.

Ech perséinlech sinn der Meenung datt wann en Hond gutt gezilt ass, wann e roueg ass, wann en ënnert dem Dësch läit, datt dee roueg kann an e Restaurant erakommen. Mir hu selwer e Mupp, mir sichen och eis Vakanzendestinatioun ëmmer esou eraus datt mir e kënne mat an den Hôtel huelen. Wa mir en net kënne mathuelen, da gi mir net dohinner.

Ech menge schonn datt dat eppes ass wat en Tourist interesséiert. An Dir musst jo och wëssen, wann Dir Ären Hond matbruecht hutt heihinner, an Dir sidd bis hei, an Dir wëllt iesse goen, an da kritt Dir gesot, neen, du dierfs en net mat eranhuelen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Da gitt Dir net, jo.

Françoise Hetto-Gaasch: Wat sollen déi Leit da maache mam Hond? Si kënnen e jo net dobaussen ustrécken.

Frank Kuffer: Mam Fëmmgesetz awer nach kuerz vläicht. An de Bistroten do kënnt dat jo sécher. Dir hat Iech ee Moment agesat datt et am Casino net sollt kommen. Sidd Dir elo, wéi ass Är Positioun do zu deem Fëmmgesetz?

Françoise Hetto-Gaasch: Bein, also am Casino war jo deemools gesot ginn, si hu jo ganz vill investéiert an déi Anlag fir den Damp am Fong geholl erauszekréien, datt do sollt gekuckt ginn, wann een dat da géif oftrennen, datt dat eben deen Deel wier wou dann dierft gefëmmt ginn, an an dem Rescht vum Casino dierf net gefëmmt ginn.

Frank Kuffer: Et ass awer elo net esou virgesinn.

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech muss Iech éierlech soen, ech hu mech elo net méi mam Casino beschäftegt, well mir déi lescht Zäit ëmmer erëm Froe gestallt kritt hunn, wat maache mir mat deene klenge Bopebistroten. An dofir hu mir eis elo intensiv em déi gekëmmert. An esou wéi ech de Conseil d’État verstinn, ass dee jo net esou mat där Saach d’accord.

Frank Kuffer: Villmools Merci datt Dir komm sidd, Madame Minister. Wësst Dir scho wou Dir an d’Vakanz gitt dëst Joer? Maacht Dir och alt heiansdo awer Vakanz zu Lëtzebuerg?

Françoise Hetto-Gaasch: Also ech wäert dëse Weekend Vakanz heiheem zu Lëtzebuerg maachen. Ech ginn dann emol eis schéin Hôtelen testen, a fir de Rescht gi mir an d’Bierger am Summer.

Frank Kuffer: Merci fir de Besuch am Studio, an eng gutt Touristesaison wënsche mir dann alle Leit déi domat ze dinn hunn.

Membre du gouvernement

HETTO-GAASCH Françoise

Date de l'événement

26.03.2013

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview