Jean Asselborn au sujet de la conférence sur la Somalie à Londres

Jean Asselborn: D'lescht Joer ware mir nach ëmmer an där Transitiounsphase. Dir wësst, Somalia ass e Land wat 20 Joer Biergerkrich hanneru sech huet. De Wonsch war jo fir am August 2012 d'Transitiounen ofzeschléissen an dann ze kucken, ob een et ka fäerdeg bréngen eng provisoresch Verfassung op d'Been ze kréien. Dann och eng Constituante en marche ze setzen. Dann de President ze wielen an dann och seng Zäitchen ze gi fir déi nächst Wahlen – dat ass 2016. All dat ass d'lescht Joer geschitt.

France Ewen: D'Themen op der Konferenz hei zu London waren d'Justiz, déi politesch Stabilitéit, ëffentlech Finanzen wéi och d'Sécherheet am Land.

Jean Asselborn: Virun allem wat d'Sécuritéit ugeet, do ass de Wonsch do – ähnlech wéi dat och bei Afghanistan ass – fir datt Somalier selwer d'Sécuritéit assuréieren, an dofir brauche se selbstverständlech eng Force armée, well se nach Terrorismus hunn, a si brauchen eng Police. An do hu virun allem d'USA an d'Tierkei, nieft den Englänner, ganz staark matgepledged, also Suen ugekënnegt. Mir als Lëtzebuerger och. Mir hu 500.000 Euro ugekënnegt fir eben op deem Niveau – deen dee wichtegsten ass, fir datt et iwwerhaapt eng Kéier kann erëm e stabele Staat ginn – fir datt mir do hëllefen.

France Ewen: Ee grousse Problem a Somalia bleift awer de Manktem un engem Justizsystem. Virun allem d'Gewalt géint d'Frae gëtt esou oft net poursuivéiert, esou de lëtzebuerger Ausseminister.

Jean Asselborn: A kengem Land vun der Welt hunn d'Fraen et eigentlech esou schwéier fir duerch d'Liewen ze kommen. D'Kanner och. D'Violatioune sinn op der Tagesordnung. Net nëmme vun der Al Shabaab, mä och vun de Forces armées. An dacks gëtt dat nach net considéréiert, gëtt guer net poursuivéiert an ech mengen ee vun de Ziler vun der Konferenz ass fir wierklech, wat d'Justiz ugeet, datt déi Impunitéit – virun allem och bei der Gewalt géint d'Fraen – zu Enn bruecht gëtt.

France Ewen: Zanter 2006 huet Lëtzebuerg sech mat 4,5 Milliounen Euro bedeelegt fir Somalia ze ënnerstëtzen. Lëtzebuerg stellt och schonn zanter e puer Joer 2 Fligeren zur Verfügung déi de maritime Raum vu Somalia géint Piraten iwwerwaachen.

Dernière mise à jour