Eric Ewald: Déi lescht Woch hunn Iech de Romain Biwer an de Romain Binsfeld, déi zwee ex-Administrateurs délégués vun Objectif plein emploi virum Hannergrond vum Enn vun OPE schaarf kritiséiert. An engem oppene Bréif un all d'Bierger vum Land huet et zum Beispill geheescht Dir hätt Objectif plein emploi "elendeg wéi eng waarm Gromper fale gelooss". Wat sot Dir zu deene Virwërf?
Romain Schneider: Zu deene Virwërf kann een soen, datt et fir mech de Moment net drëm geet fir hei Responsabilitéiten ze sichen, mä et geet mir ëm d'Saach. Et geet mir virun allem drëm, fir dat wat d'Iddi vun OPE war, mat deenen eenzelne CIGLen, mat deenen eenzelnen CIGRen a CIGSen hannendrun, datt déi och viru Bestand wäerten halen, a virun allem prioritär mir kucken, datt mir déi Leit opfänken déi hei an enger Beschäftegung waren, an enger temporärer Beschäftegung meeschtens.
Dofir ass et och flott an ass et gutt, datt virun allem d'Gemengen bereet waren dës Aktiounen zesumme mat dem Ministère du Travail virun ze féieren, esou datt all d'Bénéficiairë konnten opgefaang ginn an dëse Strukturen. An et gëllt och elo, d'Haaptstruktur, och d'Leit aus der Struktur, OPE selwer, opzefänken, ze kucke wou och hir Experienz an hir Kompetenze kënnen de Moment do agesat ginn, fir virun allem och d'Iddi vum OPE virun ze féieren.
Eric Ewald: Et gouf Iech ënner anerem virgehäit, virun de versammelten Équipen de Mond vollgeholl ze hu mat Verspriechen. Hutt Dir Iech an deem Sënn eppes ze reprochéieren?
Romain Schneider: Neen, ech mengen net, datt ech mir eppes ze reprochéieren hunn. Ech hu vun Ufank un gesot, datt mir d'Économie solidaire et sociale hei zu Lëtzebuerg wëlle verankeren, datt mir se wëllen erforschen, an datt mir konkret an der Praxis wëlle Saachen ëmsetzen.
An ech mengen, ech wëll virun allem net joerelaang ideologesch Gespréicher féieren. Et geet mir drëm fir d'Économie solidaire engersäits ze verankeren, dat esouwuel gesetzlech ze verankeren, wéi doniewent awer och eng Rei vu flotten Initiativen ze starten déi an der Praxis lafen.
An do mengen ech, wann ech mäi Bilan maachen, de Bilan deen ech maache mat enger Équipe vun 2 Leit déi a mengem Ministère schaffen, zesummen mam Minister eng flott Équipe, déi awer dynamesch virgeet, hu mir an där kuerzer Zäit, mäi Ministère war funktionell ab Abrëll 2010, hu mir immens vill erreecht.
Ech ziele ganz kuerz op: engersäits hu mir zesumme bruecht, datt mir e Prozess entwéckelt hunn, wou mir zesumme mat allen Acteuren, souwuel aus dem Beräich vun der Économie solidaire, vun de Beschäftegungsinitiativen, awer och anere Cooperativen etc. eng Diskussioun gefouert hunn, awer och mam Patronat dobäi, mat de staatleche Verwaltungen, datt mir virun allem hei probéiert hunn e Konzept opzestellen, wéi gi mir un d'Économie solidaire hei zu Lëtzebuerg erun a wéi erstelle mir en Aktiounsplang?
An dësen Aktiounsplang hu mir virgestallt, mat 4 Prioritéiten. An déi Prioritéite si mir amgaang ëmzesetzen. Déi éischt ass déi, d’Visibilitéit vun der Économie solidaire zu Lëtzebuerg ze weisen. Déi zweet ass déi eng Plattform ze schafen, dat heescht eng Zort Unioun vun den eenzelnen Acteuren an der Économie solidaire hei zu Lëtzebuerg, déi esou genannten ULES. Am Juli wäert déi sech grënnen, wäert sech offiziell da constituéieren, leider mat dem OPE net dobäi, déi och am Cours vun deem Prozess, virun allem och aus ideologesche Gedanken, net dobäi bliwwe sinn. Dat huet mir och deemools Leed gedoen, et deet mir haut nach Leed.
Hannendrun wäerte mir och de Statut juridique fir eng nei Sociétéit ze grënnen, déi de Bedierfnesser vun der Économie solidaire méi entsprécht. An dann, wéi gesot, an der Praxis maache mir fir d'zweete Kéier elo de Projet “1, 2, 3 go social�? zesumme mat der Chambre de commerce, do wou mir an der Praxis weisen wat d'Économie solidaire bedeit a wat se och fir Aarbechtsplaze ka schafen. Virun allem an engem schwéieren Ëmfeld wou mir de Moment sinn.
Eric Ewald: Hutt Dir dann am Zesummenhang mat der Faillite vum OPE vläicht och Feelere gemaach als Politik? Konkret: gouf eventuell ze laang nogekuckt?
Romain Schneider: Bon, ech mengen neen. Et war eigentlech vun Ufank u kloer, datt mir déi ganz Beschäftegungsinitiative missten virun allem eng Kéier engem Audit ënnerleeën, fir ze kucken och engersäits wéi se opgebaut ginn, wéi se virun allem och finanzéiert géife ginn.
An ech mengen hei ass et jo kloer, an ech mengen et ass dat jo och wat den Aarbechtsminister de Moment um Blat huet an och ëmsetzt, datt ee kloer Regelen huet. Wéi vill Leit kritt ee fir Leit déi Bénéficiaire sinn? Wéi vill Geld kritt ee fir Encadranten? Wat kritt ee fir Frais de fonctionnement? An ech mengen, dee Kader deen ass elo kloer. Dat huet eng gewëssen Zäit gebraucht bis een déi ganz Strukturen analyséiert hat, mä ech mengen, elo ass en en place an elo kann en ëmgesat ginn.
Ech sinn ëmmer dovun ausgaangen, vun Ufank u wéi ech den Departement vun der Économie solidaire krut – an dee kennen ech relativ gutt, well ech jo 20 Joer Préposé vum Aarbechtsamt war zu Woltz, an doniewent och selwer eigentlech an engem CIGRe vu Woltz opgewuess sinn, an och do d'Économie solidaire, soe mir emol esou, am Kader vun enger Beschäftegungsinitiativ kenne geléiert hunn – mengen ech war et virun allem och wichteg, datt een hei de Message eraus ginn huet, mir wëllen zesummen dat maachen a mir wëllen en drëtt Standbeen an eiser Wirtschaft bréngen, niewent der klassescher Économie, niewent dem Staatsapparat soen ech emol esou, de Servicer déi vun do geleescht ginn, wëlle mir eng Économie solidaire sociale déi verschidden Déngschter, e gewëssen Impact sociétal eis als Mehrwäert bréngt, an doduerch och eng nei Création d'emplois fir verschidde Sparte vu Leit, fir Leit déi méi schwaach sinn, déi mussen op den Aarbechtsmaart zréck kommen, déi mussen encadréiert ginn, ze schafen.
Eric Ewald: Am Juli 2009 schreiwen de Romain Biwer an de Romain Binsfeld, housch et an der Regierungserklärung vum Premier Jean-Claude Juncker, d'Solidarwirtschaft kriit en neie Stellewäert, an dëse Politikberäich géif an Zukunft als eng wiesentlech Aufgab vun der Regierung begraff ginn. Ass et dozou an deem Mooss komm wéi och Dir Iech dat deemools virgestallt hat?
Romain Schneider: Jo, also wann ech haut elo de Bilan maachen, soen ech Jo. Wann ech dee vläicht virun 2 Joer gemaach hätt, dann hätt ech gesot, dat ass e schwierege Wee dohinner, well mir alleguerten hu missten ganz vill Recherche maachen, eis ganz vill misse kucken, de Perimeter virun allem och ze definéieren, wat ass Économie solidaire? Dofir hu mir deen och ganz breet opgemaach.
Mä wann ech haut kucken, an ech hat viru kuerzem am Abrëll eng Entrevue mat mengem franséische Ministerkolleg, de Benoît Hamon a Frankräich – iwweregens: Lëtzebuerg a Frankräich sinn déi eenzeg Länner an Europa déi e Minister vun der Économie solidaire hunn – do hu mir eisen Austausch gemaach vun engersäits eiser Ausriichtung a virun allem och wéi mir un d'Économie solidaire eru ginn. A mir hu gesinn, datt mir eigentlech genau déi selwecht Linn haten, an eigentlech och domat op der Linn vun der europäescher Kommissioun leien, an och op den Bilanen déi gemaach goufen, respektiv och op den Ausriichtungen déi d'OCDE festgeluecht hunn, wéi een un de Beräich vun der Solidarwirtschaft soll eru goen.
Eric Ewald: War Lëtzebuerg dann, wéi d'Administrateurs délégués et an deem oppene Bréif schreiwen, mat OPE op internationalem Plang Virreider um Gebitt vun der Solidarwirtschaft? A wa Jo, firwat ass de Projet dann awer an d'Mauer gaangen?
Romain Schneider: Also, wat de Beräich vun der Solidarwirtschaft ubetrëfft op europäeschem Niveau, muss ee soen, datt dee grousse Player an deen eenzege Player op europäeschem Niveau deen d'Solidarwirtschaft dobausse kenne geleiert huet, an och hei zu Lëtzebuerg ugefaangen huet ze recherchéieren an och konkret ze diskutéieren, an och, an dat stëmmt, a virun allem och an de Wahlprogramm eran ze kréien, dat schreiwen se jo och an hirem Bréif, an doniewent, wat dann och den Input war fir en an de Regierungsprogramm ze kréien, dat war OPE ganz kloer. Mat hannendrun hirer Struktur, der INEES déi op europäeschem Niveau ganz vill Aarbecht gemaach huet.
An et ass eben an deem Beräich wou och mäi Ministère si iwwer all déi Zäit ënnerstëtzt huet. Ënnerstëtzt huet, souwuel duerch finanziell Moyenen, virun allem och duerch moralesch Hëllef, virun allem och duerch eise Staff dee gehollef huet permanent déi Kontakter an Europa an am Ausland, iwwer Europa eraus, och virun allem Kanada, de Quebec, dee jo och eng ganz laang Traditioun an der Économie solidaire huet, ze kréien. A ganz kloer, do war eng ganz kloer flott Aufgab déi geleescht gouf, an et ass eigentlech Schued, datt dat doten net kann esou viru gefouert ginn. Mä ech mengen, do muss een awer kucke wou dat hir kënnt, a wéi effektiv dann och zum Schluss déi doten Aufgab bis zum Schluss gemaach gouf.
Mä nach eng Kéier, iergendwann muss een ophale mat ideologesche Gespréicher, ideologeschen Ausriichtungen. Do muss da konkret gi ginn. A mir kënnen net ëmmer nëmmen an de loftleere Raum schwätzen. Mir musse konkret eppes op d'Blat bréngen a konkret eppes an der Praxis ëmsetzen.
Eric Ewald: Firwat ass de Projet dann an d'Mauer gaangen? Gouf do en ze vill grousse Waasserkapp eventuell opgebaut?
Romain Schneider: Bon, ech mengen net nëmmen deen, mä ech menge virun allem muss een och kucken, datt ee sech bei alle Gedanken déi een huet, bei allen Iddien déi een huet, datt ee sech muss opmaachen. An datt een dat och, mengen ech, muss gesinn, datt e ganze Secteur och ka mat schwätzen. Datt een do an engem Secteur, sou wéi mir et ugaange sinn, am Partenariat, mat engem Pakt eigentlech mat all deenen anere Partner sech d'Identifikatioun gëtt. Wat ass d'Économie solidaire a wou soll se higoen? Datt ee sech also och Ziler gëtt an enger Definitioun déi kuerzfristeg ass, a mir net kënne soen, an 20 Joer soll et dat dote ginn. Datt eigentlech jiddwereen, och de Bierger dobaussen, séier an einfach kann noverfollege wat d'Économie solidaire och hei zu Lëtzebuerg bedeit.
Eric Ewald: Wat fir e Fazit zitt Dir als zoustännege Minister aus där Affär OPE? Wat kann a muss een an Zukunft op deem Gebitt anescht maachen? Oder ass d'Solidarwirtschaft mam Doud vun Objectif plein emploi zu Lëtzebuerg quasi gestuerwen?
Romain Schneider: Neen, ech menge grad net. An ech mengen, grad op deene Remarquen déi ech Iech gemaach hu wat eise Plan d'action betrëfft ,an deene 4 Beräicher si mir méi lieweg wéi jee virdrun.
Et ass Schued, datt een Acteur net méi dobäi ass, mä dat verhënnert jo net, datt all déi Sous-Acteuren déi de Moment entstane sinn iwwer déi CIGLen a CIGRen déi sech de Moment kreéiert hunn, elo och kënne virun an där Struktur dobäi sinn. A si wäerte mat Sécherheet dobäi sinn, well och do exzellent Kontakter lafen. Well d'Iddi ass jo eigentlech, wat d'Beschäftegungsinitiativen ass, déi selwecht déi reportéiert gouf. A wat d'Économie solidaire ubetrëfft mengen ech, hunn ech gesot, datt ee virun allem den Know how dee besteet muss kucken an neie Strukturen, respektiv a bestehende Strukturen mat anzebannen, fir datt dat net verluere geet.
Eric Ewald: Gi mir dann eriwwer bei e Politikfeld wou Dir “vollwäertegen" Minister sidd, obwuel ee jo nëmme vum Departement ministériel des Sports schwätzt.
Am Sport ass elo sou lues Zäit, wou an deenen eenzelne Championater Coupendécisioune falen. Gëschter Owend waart Dir d'Coupe-Finale am Fussball kucken, ier den Owend en absoluten Highlight um Programm steet, nämlech déi éischt europäesch Coupe-Finale iwwerhaapt vun enger lëtzebuerger Équipe. Hutt Dir d'Hänn scho fiicht an Erwaardung vum Match Handball Esch géint SKA Minsk?
Romain Schneider: Dir hutt Recht, datt ech sécher net nëmmen d'Hänn fiicht hunn, mä datt et eigentlech och schonn e bëssen am Kierper brennt, well Dir wësst, datt ech selwer Sportler war, an datt ëmmer eng gewëssen Opreegung do war, souwuel als Sportler, ech mengen, Dir selwer och kennt déi Gefiller do, an déi huet een och als Supporter. An dat ass eigentlech egal, ob een aus där Sportaart oder aus enger anerer kënnt.
A virun allem ass hei, mengen ech, fir den Handball Esch, net nëmme fir seng Spiller, mä dee ganze Staff hannendrun, all seng Supporter, an ech menge generell fir d'lëtzebuerger Sportsfamill eng wahnsinns-Erfahrung déi mir matmaachen. Mir spillen eng éischte Kéier an enger europäescher Coupe-Finale, dem Challenge Cup hei, eng Final. An eng Final géint eng top-Équipe, géint Minsk. An alles dat soll virun allem, net nëmme fir d'Spiller, mä och fir alles ronderëm, an do gehéiert och de Sportsminister dobäi, en Erliefnes sinn. An et soll e bësse fir si eng Kiischt op de Kuch si vun deem wat se déi ganz Saison geleescht hunn.
Eric Ewald: Wat sot Dir dann eben zum Parcours vun deenen Escher, virun allem zum Réckmatch an den Halleffinale vun deem Challenge-Cup virun engem knappe Mount zu Lalleng géint d'Rumänen vu Suceava? An der Ambiance do, do waart Dir jo selwer do? Dat war phaseweis phänomenal vun der Ambiance hier.
Romain Schneider: Jo, do huet virun allem gespillt, datt een hei, an dat fënnt ee ganz seelen erëm hei zu Lëtzebuerg, um Terrain, well mir als Lëtzebuerger awer eng gewëssen zréckhalend Mentalitéit hunn, mä dat heite war zu Esch en Hexekessel dee mir eigentlech do erëmfonnt hunn ,an enger Hal mat 800-900 Leit déi präsent waren. An ech mengen. dat war déi Persoun méi um Terrain, dee Mann méi um Terrain deen Esch gebraucht huet géint eng ganz staark spillend awer rumänesch Équipe, mat lauter Profien awer dobäi. Mat 2-3 ganz staarken eenzel Kënner dobäi. An dat hei ass nëmme gaangen iwwer eng staark Équipëleeschtung, Verschiddener hu sécher erausgestanen hunn, virun allem och den Escher Goalkeep, deen eng formidabel Leeschtung bruecht huet, da kënnt alles dobäi. Da kënnt d'Euphorie dobäi. Herno kënnt selbstverständlech och d'Chance dobäi. Eng Chance och erzwéngt ee sech nëmme wann een dru gleeft dat ze maachen, an déi Escher hu vun der éischter Sekonn un dru gegleeft.
Eric Ewald: Dee Rendezvous vun den Owend ass da knapp Schnéi vu gëschter wann 2 Deeg nom Retour-Match vun den Escher Handballer zu Minsk hei am Land d'Ouvertureszeremonie vun de Spiller vun de klenge Länner ass. De Slogan vun deene Spiller ass jo: Are you ready for the games? De Kolleg Franky Hippert hat dozou e Méinden en Tëscheruff gemaach an dee mir, wann Dir wëllt, bis era lauschteren.
Franky Hippert (O-Toun): Deen Androck, deen ech scho virun 2 Joer a Liechtenstein op de leschte Spiller vun de klenge Länner krut, do wou d'Editioun déi a 14 Deeg hei am Land ufänkt vum lëtzebuerger Comité olympique virgestallt gouf, huet sech bis elo dramatescherweis méi wéi confirméiert. Deen Androck war, datt déi Responsabel – an dat hu mir an de leschte Wochen a Méint och scho méi dacks gesot – kee Plang haten an, och wann et elo scho quasi ze spéit ass, hunn wat d'Vermaartung vun hirem Evenement ugeet. Hutt Dir schonn iergendwou an de leschte Wochen an Deeg Fändelen, Plakater, Flyeren oder soss Gadgete gesinn déi d'Spiller vun de klenge Länner hei am Land alauden? Ech net. Mir si J-14. Fir J-100 hat een d'Geleeënheet scho verpasst, déi breet Ëffentlechkeet op dëst Evenement opmierksam ze maachen. Bei J-50 war och alles roueg. A bis haut ass och net vill bis näischt geschitt. Virun engem Mount goufe mir vertréischt, et géif nach eng grouss Offensiv wat d'Publicitéit ugeet kommen. Also, ech wëll net besserwësseresch kléngen, mä fir déi Offensiv nom Evenement ze starten ass vläicht e bësse spéit.
Eric Ewald: Huet de COSL, wéi de Kolleg aus der Sportsredaktioun et um Enn resüméiert huet, ech zitéieren: “et bis elo fäerdeg bruecht dat Evenement zu deem ze degradéieren wat et u sech vläicht wierklech ass. Nämlech zu enger zweet- bis drëttklasseger Manifestatioun?�?
Romain Schneider: Ech mengen net, datt d'Spiller vun de klenge Länner eng zweet- oder drëttklasseg Manifestatioun ass. Fir Lëtzebuerg op jiddwer Fall ass et eng éischtklasseg Manifestatioun, déi virun allem eis hëlleft, de Sportlerinnen a Sportler, mä virun allem och där ganzer lëtzebuerger Sportswelt sech ze positionéieren, ze kucke wou se stinn, an deenen eenzelne Sportaarte sech ze moossen.
Fir verschidden Athletinnen an Athlete bedeit dat eigentlech d’Consécratioun vun hirer Carrière. Fir anerer ass et d'Sprangbriet fir nei international Carrière ze maachen, esouguer Weltcarrière ze maachen, wa mir gesi wien alles un dëse Spiller vun deene klenge Länner an deene leschten Editiounen deelgeholl huet.
An ech mengen, de Franky Hippert huet en Opruff gemaach hei eigentlech fir ze soen, hei mir mussen nach dobausse méi bekannt maachen, datt d'Spiller vun deene klenge Länner hei zu Lëtzebuerg sinn. Bon ech mengen, hei huet den Organisatiounsprogramm sech eng Zort Rakéit opgebaut, déi se elo wäert probéieren, an där nächster Woch virun allem, ze lancéieren. Dann och mat där Beflaggung déi hei ugeschwat gouf vum Franky Hippert doniewent, virun allem och an de Medien méi Präsenz. An ech mengen, da muss ee kucken, datt dat Féiwer och iwwergräift op déi lëtzebuerger Bevëlkerung.
An ech menge schonn, datt et wäert iwwergräifen. Well mir hu jo och gesinn, datt eng ganz Rei vu flotten Inputer an de leschten Deeg waren, wou eigentlech virwëtzeg gemaach drop gouf, wat entsteet dann elo während deene Spiller vun de klenge Länner. An ech mengen, ech si schonn zouversiichtlech, datt mir och net nëmmen e flotte Rendezvous um Sportsniveau, mä datt virun allem och d’Zuschauer wäerte kommen, souwuel aus dem Inland wéi och aus dem Ausland.
Eric Ewald: Mä Hand op d'Häerz, hätt déi Rakéit net awer missten e bëssen éischter gezünnt ginn? Et ka jo awer schlecht sinn, datt Leit dobaussen elo, wann een am Gespréich mat hinnen ass, net wëssen datt an 10 Deeg dat grousst Sportsevenement zu Lëtzebuerg ass.
Romain Schneider: Bon, dat war eng Virgehensweis déi vum Organisatiounscomité esou festgeluecht war. Ech mengen, et kann een ëmmer selbstverständlech iwwer Marketing diskutéieren. Wat ass elo de richtege Moment fir et ze maachen? Et war eng Pressekonferenz gewiescht. Dat war 100 Deeg ier déi Spiller vun de klenge Länner gestart hunn. Dat war en Zäitpunkt mengen ech, wou ee sech am Prinzip iwwer d'Media, d'Press konnt eigentlech e Bild maachen, wat geschitt hei zu Lëtzebuerg. Dat gouf och gemaach. An ech mengen, vun do aus hätt d'Bevëlkerung sech eigentlech kënnen [ondäitlech]
Wat Dir elo sot ass, dat eigentlech méi pousséiert ze maachen. Bon ech mengen, dat war eng Strategie déi entwéckelt gouf, déi net där entsprach huet a wou een elo en anere Wee geet fir dat méi pousséiert an deene leschten Deeg ze maachen.
Eric Ewald: A wéiwäit hat Dir perséinlech an der lescht Kontakt mat de Leit vum COSL, fir si eventuell op déi net-Vermaartung vun de Spiller unzeschwätzen?
Romain Schneider: Et ass esou, wann ech de President gesinn, an ech menge mir hunn e ganz gutt Verhältnis mateneen, well mir e kuerzen Drot ëmmer mateneen hunn, diskutéiert ee selbstverständlech doriwwer. Mä ech mengen, et ass ganz kloer, datt och hie ganz roueg bleift an där Saach a seet, datt dat doten e Plang ass dee si vun A-Z wäerten duerchzéien, an och dohannert stinn esou wéi et gelaf ass.
Eric Ewald: Wa mir elo dat rengt Sportlecht kucken. Wéi optimistesch kuckt Dir, J-10 elo, op déi Spiller? Ass de lëtzebuerger Sport gutt opgestallt fir dat Evenement?
Romain Schneider: Jo, de lëtzebuerger Sport ass gutt opgestallt. Et gouf ganz gutt preparéiert an deene leschte Méint, leschte Wochen, an deene leschten Deeg elo nach wou d'Athletinnen an d'Athlete sech probéiert hunn esou opzestellen, datt se international kënne mathalen.
Jiddweree wäert och probéiere während deene Spiller u seng Grenzen ze goen. Wann do, bedéngt duerch d’Leeschtungen, Médaillen eraussprangen, desto besser. Mä mäi Message ass eigentlech ëmmer dee gewiescht, jiddweree soll kucken, datt e seng perséinlech Grenzen, seng perséinlech Leeschtunge verbessert. Dann huet e säin Job hei gemaach. An da virun allem als Lëtzebuerger esou optrieden, datt e fair a gerecht a senge Wettkämpf ass, dann hu mir als Lëtzebuerg mat eise Sportlerinnen a Sportler e flott Bild ofginn.
Eric Ewald: 10 Sportaarte stinn um Programm. Vu wat fir enger Sportaart erwaart Dir Iech am meeschten? Och Médaillen? Vläicht vum Schwammen? Wann een elo d'olympesch Spiller vun zejoert als Basis hëlt.
Romain Schneider: Et ass kloer, datt Schwamme mat Sécherheet eng vun deene Sportaarten ass, wou mir jo och konnte virun allem och bei der Olympiad zu London exzellent Resultater maachen, mä och bei deenen aneren, selbstverständlech um Vëlo. Um Vëlo ware mir nach all Kéiers bei de Spiller vun deene klenge Länner war eis Équipe nach ëmmer dobäi wann et bei d'Verdeelung goung vu Gold, Sëlwer a Bronze. Ganz dacks déi 3 souguer déi mir kritt hunn.
Bon, d'Konkurrenz ass och hei e bësse méi grouss ginn, virun allem och am Mountainbike, wou d'Zypriote relativ staark sinn, mä och an deenen anere Beräicher wéi am Judo, wéi och an den Équipësportaarten, wou mir ëmmer heiheem spillen, a wou mir och hoffen, datt mir virun allem vill Zuschauer am Réck hunn an do vläicht soll een eng kleng Remarque maachen. Dat ass vläicht an der Kommunikatioun net esou eriwwer komm.
All déi Spiller hei, all déi Manifestatiounen, all déi Wettkämpf déi stattfanne si gratis fir d'Leit dobaussen. Dofir, jiddweree kann alles besiche goen. Et ass och nach näischt esou voll an esou ausverkaaft, respektiv esou besat oder virprogramméiert, datt een net méi era kéim. Dofir en Opruff: et ass gratis, kommt dohinner. Dat Eenzegt dat ze bezuelen ass, dat ass d'Ouverture, déi jo wierklech eng Show gëtt, an hei bezilt ee 25 € fir dobäi ze sinn. Mä dat ass et och wierklech wäert, well ech mengen all Ouverture vu Spiller, et ass net dat wat zu London war, sécher wäert d'Queen net hei aus dem Helikopter sprangen a wäert och den James Bond net hei optrieden. Mä et ass awer eng flott Show déi hei opgestallt gëtt.
Eric Ewald: An d'autant plus fält et jo an d'Päischtvakanz nach. Wär et vermessen drop ze hoffen oder ze erwaarden, datt eis Sportler bei de Spiller heiheem d'Nummer 1 am Medaillespigel ginn?
Romain Schneider: Wa mir kucke wéi et déi leschte Kéier a Liechtenstein war, wou mir d'Nummer 2 waren, a wou mir eigentlech mëttes nach bei der Liichtathletik d'Nummer 1 waren an eréischt du vun den Zyprioten iwwerholl goufen, mengen ech si selbstverständlech berechtegt Chancen, datt mir dat kënnen erreechen.
Et muss een awer kucke wéi déi Spiller oflafen, well an esou Spiller ass et jo ëmmer eng gewëssen Dynamik déi an der Équipe entsteet. Dofir gëllt et virun allem och am Ufank unzekommen. Well da kënnt eigentlech déi Medaillendynamik och, déi ech elo emol sou nennen, mat. An da mengen ech kritt een och dee Spirit vun eisem Team Lëtzebuerg, wéi mir et jo nennen, och eriwwer.
Eric Ewald: Wann een elo kuckt, 1995 waren déi éischt Spiller vun de klenge Länner zu Lëtzebuerg. Dat ass elo dann 18 Joer hier. Wat virun allem opfält, wann een zréckdenkt un déi Zäit, dat ass, datt d'Infrastrukture ganz anerer sinn.
Romain Schneider: Wéi mir déi éischt Spiller hei haten, du war eis Coque grad net fäerdeg. An haut hu mir natierlech d'Coque fäerdeg, an do hu mir e Prunkstéck do stoen, wou jo och 5 Disziplinne wäerte stattfannen. An dann eben all déi aner fanne statt op frëschen Infrastrukturen vun der Stad Lëtzebuerg, respektiv och zu Déifferdeng; fannen also iwwerall do statt wou mir an deene leschte Joeren investéiert hunn.
De Staat, awer net nëmmen de Staat, mä virun allem och d'Gemengen ,déi jo och ëmmer e groussen Deel matdroen, dat heescht, d'ëffentlech Hand huet immens vill an de Sport, Infrastrukturen investéiert, an déi kënne mir effektiv och weisen no baussen, virun allem eise Gäscht, an erlaben och eise Sportler, souwuel am Training wéi och an der Competitioun, gutt do ze stoen.
An ech mengen, esou Spiller vun de klenge Länner ass dann och ëmmer bëssen e Beweis, eng Méiglechkeet fir déi doten ze weisen. Et ass eigentlech Schued, datt mir dee Projet, dee mir jo lo ugeféiert hunn, vun der Erneierung vum Stade Josy Bartel, nach net fäerdeg hunn, well soss kéint een och d'Erëffnung esou organiséieren, datt een net misst drop hoffen, datt gutt Wieder wier, an datt mir hoffen, datt et virun allem net reent.
Eric Ewald: An deen Invest vun deem Dir geschwat hutt, dee geet jo virun. Viru kuerzem gouf am Ministerrot e weidere 5-Joresplang fir de Sport mat enger Dotatioun vun 100 Milliounen Euro guttgeheescht. Wat feelt dann no deem 5-Joresplang? Ass dann awer d'Wiss souwäit ofgedeckt?
Romain Schneider: Dat ass an deem 5-Joresplang, deen 10. dee mir elo erstellen, och eng vun den Aufgaben. Sécher ass eng ganz Rei vu konkrete Projeten do, mä doniewent sëtze mir eis zesumme mam SIGI, fir eng Datebank do, fir ze kucken, wat gëtt et un Infrastrukturen hei zu Lëtzebuerg, wou feelen der, wou mussen der erneiert ginn an deenen nächste Joeren a wou musse mir virun allem eis och op d'Säit leeën, Finanzen, déi mir mat Zäit eigentlech Renovéierungsaarbechte maachen.
An ech mengen, do wäerte mir e Bilan maache fir dat dann och public ze weisen, datt och d’Allgemengheet gesäit, datt och d’Ëffentlechkeet et gesäit a wéi engem Zoustand eis Infrastrukture sinn a wou mir nach effektiv wäiss Flecken op eiser Kaart hunn.
Eric Ewald: Waren de Sportlycée, dee jo neierdéngs e festen Daach iwwer dem Kapp huet, an d'Sportsectioun vun der Arméi Instrumenter déi de Sport an de leschte Joeren am Land esou viru bruecht hu wéi et sech och vun Iech erwaart gouf?
Romain Schneider: Jo, also ganz kloer. Ech mengen, d'Sectioun Sport-Arméi ass zanter laangem e flott Instrument. A wann ee gesäit d'Zuel vun de Sportlerinnen a Sportler déi de Moment do sinn, déi ass stänneg um klammen. An doniewent natierlech fir jiddweree mengen ech en Dram fir dee Sportlycée ze kréien, net nëmmen als Annexe vun engem Lycée, mä virun allem elo an engem eegene Lycée, deen ausgeriicht ass op Sport virun allem, mat och den Infrastrukturen dobäi, déi mir jo och fäerdeg hunn, a wou déi nächst, déi vun der Sportshal, respektiv déi vum Internat nach wäerte kommen. An ech mengen, dann hu mir en Instrument dat eise Sport wäert viru bréngen a virun allem um internationalen Niveau wäert viru bréngen.
Eric Ewald: Viru ronn 2 Méint war de COSL President Invité an dëser Emissioun. Op d'Fro, ob de Sport a sengen Aen an der Gesellschaft dee Stellewäert hätt deen e misst hunn, oder ob et e bëssen e Stéifkand vun der Politik wär, sot den André Hoffmann dee Moment.
André Hoffmann (O-Toun): Ech menge schonn, datt et e bëssen nach e Stéifkand ass. Et ass e klengen Ausdrock dovunner, datt mir kee Sportsministère hunn, mä de Sport nach ugehaangen ass an der Éducatioun [...]
Eric Ewald: Deelt Dir déi Vue vum COSL-President a sidd Dir zum Beispill dofir, datt et an der nächster Regierung en eegestännege Sportministère gëtt?
Romain Schneider: Ech mengen, datt ech mech de Moment och gutt erëmklappen als en Departement du Sport. Selbstverständlech ass et ëmmer flott, wann een en eegene Ministère huet, mä ech mengen net, datt dat vill ännert un der Ausriichtung vun der Regierung an der Attitude vun der Regierung par rapport zum Sport. Well wa mir awer gesi wat mir alles schonn of konnten haken an dem Regierungsprogramm, wat mir fir de Sport virgesinn hunn. An alles dat wat nach um Wee ass, an dat gëtt jo net nëmmen vum Sportsminister duerchgezunn, mä dat muss jo autoriséiert ginn vun der Regierung, an ech muss soen, datt ech zu alle Momenten ëmmer erëm Appui hat fir déi dote Politik kënne virun ze féieren.
Eric Ewald: Viru geet et also an eiser Emissioun Background am Gespréich mam Minister Romain Schneider. Mir ware beim Sport kuerz virum Ufank vum Journal stoe bliwwen. Dir waart och a Saache Sport elo an der Lescht ganz vill ënnerwee, ënnert anerem zu Montreal bei der WADA wou et ëm d'Lutte géint den Doping am Sport goung. Dir sidd jo do nei an dat Gremium erakomm fir souzesoen Europa ze vertrieden. Wat war dat fir een éischte Kontakt deen Dir dohannen hat?
Romain Schneider: Also ech menge wéi ech dohinner geflu sinn war dat natierlech eng Erwaardung, wat kënnt op een duer. Ech muss awer soen, nodeems ech dee ganzen Dag an och deen Dag virdrun an de Preparatiounen dobäi war, muss ech soen, datt een awer een anert Bild vun der WADA kritt, wat awer een Organ ass wat strukturéiert opgebaut ass, mat ëmmerhi 60 Leit déi an dëser Institutioun schaffen, eng Institutioun déi jo virun allem finanzéiert gëtt aus staatleche Gelder, also vun Autorités publiques anerersäits vum Sportsmouvement. An et muss ee soe mengen ech, datt mir virun allem als Europa och gutt vertruede sinn, datt mir virun allem eng franséisch Ministesch hunn déi direkt am Comité exécutif ass an derniewent am Foundation board mam belsche Sportsminister, mam russesche Sportsminister mat der Présidence, dat heescht der ieweschter Présidence an dem Lëtzebuerger Sportsminister awer am ganze 5 Leit hunn déi Europa do vertrieden a wou mir och mengen ech eis kloer ofgestëmmt hunn, datt mir eng kloer europäesch Positioun all Kéiers anhuelen an ech mengen dat ass och wichteg an dat ass och ganz gutt ukomm bei der WADA, datt Europa aus engem Mond do schwätzt am Kampf géint den Doping.
Eric Ewald: Den Doping war jo leider och an de leschte Méint zu Lëtzebuerg ee Sujet, mat ënnert anerem den Affairen déi virun der ALAD traitéiert gi sinn vum Frank Schleck an elo rezent vum Claudine Schaul. Sidd Dir als Minister weider fir eng absolut null Toleranzpolitik op deem Gebitt? D'Fro ass mengen ech séier beäntwert.
Romain Schneider: Jo ech menge si ass séier beäntwert, well wann dat net null Toleranz wier, ech mengen da géing ech mech och net op Weltniveau an op europäeschem Niveau asetze fir de Kampf géint den Doping. Well ech mengen et geet nëmmen esou. Entweder hu mir null oder mir maachen op, well dertëschent gëtt et näischt. Well e bëssen Doping gëtt et net. Et gëtt entweder keen oder et ass Doping do. An dofir mengen ech musse mir eis och zesummendinn an hei mengen ech ass et och wichteg an dat war och de Message deen aus dem Kongress erauskoum vun der WADA, datt et muss eng Eenegung ginn an och een Zesummestoe ginn zwëschen engersäits den Autorités publiques an de Sportsmouvementer an datt mir zesummen dee Kampf géint den Doping maachen an net niewenteneen oder géinteneen. Dat kann et net sinn. Do sinn an der leschter Zäit och eng Rei vu Gespréicher gelaf, eng Rei vun Artikele zirkuléiert. Dat ass et net an do hunn och 15 Ministeren aus Europa awer och doriwwer eraus een Appell un d'WADA gemaach fir si an där doter Linn virun ze stäerken a virun allem ze soen, mir brauchen eng staark WADA am Kampf géint den Doping.
Eric Ewald: Dir hutt, nodeems de Frank Schleck fir ee Joer gespaart gouf, vun der lëtzebuerger Autoritéit, hutt Dir Iech demonstrativ awer souzesoen hannert e gestallt, gesot Dir géift e weider ënnerstëtzen. Wéi geet dat da beieneen? Et kann ee jo awer schlecht soen, datt wann een ee Joer gespaart gëtt, dat do wéi Dir elo grad sot näischt war.
Romain Schneider: Bon ech mengen et ass jo engersäits jo mol esou, datt de Frank Schleck net wéinst Doping gespaart gouf. Ech mengen dat ass jo ganz kloer aus dem Uerteel erausgaangen. An ech mengen no där Spär déi en hat an aus deem Mëssgeschéck dat do geschitt ass, aus deem Fait deen do war an deen du veruerteelt gouf an ee Joer Spär ass et mengen ech duerno de Sportler mengen ech deen erëm u sech kämpft fir seng sportlech Carrière virunzeféieren. An ech mengen och dat ass de Geescht vum Sport, fir duerno erëm ze kommen. An eigentlech erëm ze probéieren erëm op deem Niveau ze kommen. Selbstverständlech mat där null Toleranz déi elo spillt wéi virdrun och.
Eric Ewald: Schwätze mir um Enn nach e bëssen iwwert d'Landwirtschaft. Wéi sinn Är Relatioune mat der neier CSV Ministesch a fréierer Direktesch vun der Ackerbauschoul Martine Hansen?
Romain Schneider: Ech mengen Dir hutt mech als Landwirtschaftsminister ugeschwat. Do hat ech jo ganz vill Kontakter scho mat hir. Well si jo eben Direktesch vun der Ackerbauschoul war. Ech mengen déi Kontakter déi mir do hate waren ëmmer méi wéi korrekt. Ech menge mir kennen eis jo och privat, well si jo och aus mengem Eck do uewen hierkënnt. Mä virun allem och op soen ech mol esou op politesch institutioneller Zesummenaarbecht déi stattfonnt huet, war et ëmmer eng ganz korrekt an déi virun allem ëm d'Saach ëmmer goung an déi virun allem ëmmer probéiert huet d'Landwirtschaft esou ze pousséiere wéi se muss pousséiert ginn.
Eric Ewald: Hutt Dir da mat hir net eng eescht Konkurrentin fir de Poste vum Landwirtschaftsminister kritt, spréch mengt Dir datt d'CSV dee Ministère vläicht d'nächst Joer zeréck wéilt, sollt d'Martine Hansen bei de Wahle gutt ofschneiden?
Romain Schneider: Bon ech mengen dat ass nach wäit fir elo déi nei Ressorten ze verdeelen. Ech mengen ech wäert probéieren bis d'Enn vun dëser Legislaturperiod meng Aarbecht als Landwirtschaftsminister esou gutt ze maache wéi ech dat mengen. An ech mengen de Moment gëtt dat dobaussen appréciéiert wéi ech un déi Saach erugaange sinn an ech mengen duerno muss ee kucke wéi éischtens déi Regierung zesummegesat ass an och wéi d'Ressorte wäerte verdeelt ginn. Op jidder Fall muss ech soen, war ech mat Sécherheet iwwerrascht wéi ech de Landwirtschaftsministère krut, mat Wäibau dobäi, mat ländlech Entwécklung. An der Tëschenzäit fillen ech mech ganz wuel esou datt ech mat Sécherheet och, wann dat eng Kéier de Fall wier, meng Argumenter wäert bréngen , fir viru kënne Landwirtschaftsminister ze bleiwen.
Eric Ewald: Mä net nëmme fir den Norden, mä och fir d'CSV ass d'Landwirtschaft jo awer esou ze soen ee Corebusiness.
Romain Schneider: Bon ech mengen et ass ganz kloer, datt ganz vill CSV Politiker, virun allem och Organisatiounen an der Landwirtschaft aktiv sinn. Iwweregens muss ech soen, datt een do ee ganz gutt Verhältnis och kann opbauen, eng ganz gutt Zesummenaarbecht kann opbauen, well an ech mengen dat ass awer jiddwerengem kloer, et virun allem ëm d'Saach geet. Et ass virun allem eng ganz schwiereg Situatioun grad an der Landwirtschaft, an der Économie iwweregens och, mä an der Landwirtschaft wou mir de Moment dru sinn an do ass et net den Zäitraum wou mir kënne spillen a wou mir kënne géintenee schaffen. Mir musse matenee schaffen, fir och an Zukunft eng Sécurité alimentaire ze hunn, esouwuel a Quantitéit an a Qualitéit, déi deem gerecht gëtt wat mir hei brauchen.
Eric Ewald: Op europäeschem Plang sinn de Moment d'Diskussiounen iwwert eng Reform vun enger gemeinsamer Agrarpolitik déck am gaangen. Do schéngt nom Conseil vun dëser Woch ee Véierel vum Wee ongeféier gemaach ze sinn. Ginn d'Entwécklunge vu bis elo, wann een esou wëllt, fir Lëtzebuerg an déi richteg Direktioun? Net nëmmen aus Ärer Siicht, mä och aus der Siicht vun de Baueren.
Romain Schneider: Ech mengen et ass esou, datt mir eng nei gemeinsam Agrarpolitik no 2013 wäerte kréien, erëm fir 7 Joer. Ech si jo ëmmer der Meenung, datt dat misst méi wäit sinn. Ech sinn der Meenung, datt ee misst wéi an der Économie bei Investissement méi wéi 7 Joer plangen. Et plangt ee 15 Joer, 20 Joer. Ech weess awer och, datt dat um institutionelle Wee net geet, datt mir all Kéiers Wahlen do dertëschent hu mat neien Ausriichtungen. Dofir kréie mir elo eng vu 7 Joer. An ech mengen, datt mir probéiert hunn hei zu Lëtzebuerg eng Landwirtschaft ze entwéckelen, déi all Kéiers där vun den europäesche Virgaben natierlech entsprécht. An dat probéiere mir dann och all Kéier ëmzesetzen. A mir sinn de Moment am gaangen mat dem Beruff och ze diskutéiere wéi mir déi Virgaben an deenen eenzelne Punkten och elo konkret kënnen eriwwerbréngen. Datt mir an Zukunft also och viru Leit behalen déi et als ee Sënn gesinn, datt si sech virun investéieren, fir Bauer ze spillen, fir Wënzer ze spillen, fir Gäertner ze spillen. An do musse mir eng Rumm opstellen a virun allem geet et mir och dorëm, datt mir virun allem eng ganz Partie Saache fir déi Jonk maachen an datt et fir Jonker och weider interessant ass entweder een Haff ze iwwerhuelen, respektiv an dëse flotte Beruff eranzeklammen.
Eric Ewald: déi Jonk ugeschwat, gëtt et genuch Nowuess an der Landwirtschaft?
Romain Schneider: Also ech muss soen, datt ech an deene leschte Méint, virun allem och am Virfeld vun den Débaten iwwert d'Agrarpolitik eng ganz Rei vu Jonker hat, déi ech konnt kontaktéieren, déi och interesséiert sinn de Beruff ze maachen an déi déi een do begéint sinn der virun allem och, mengen ech, déi erkannt hunn, datt et an der Zukunft wichteg ass, datt d'Landwirtschaft een anere Stellewäert dobausse kritt, och an eiser Gesellschaft, datt si sech aneschters presentéiert a genau dat ass et jo och wat déi nei PAG eigentlech seet. Si seet net nëmme méi, d'Landwirtschaft ass do fir genuch ze produzéieren, fir Qualitéit ze produzéieren mat engem ugemessenen Akommes fir de Bauer dobäi. Mir mussen och derniewent nohalteg schaffen, mussen d'Ressources naturelles schounen, Waasser, Ëmwelt, Natur, alles dat gehéiert dozou a mir musse virun allem och d'ländlech Entwécklung viru pousséieren. An ech mengen hei fanne mir eng ganz Rei vu Jonken, awer och aneren Acteuren, déi hei wëlle mat un deem Seel zéien.
Eric Ewald: Heescht dat, datt ee vläicht vun där méi traditioneller Landwirtschaft an noer Zukunft e bësse méi och op Bio-Landwirtschaft muss eriwwergoen? Ass dat eng ugeduechte Richtung?
Romain Schneider: Also ech menge mir hunn hei zu Lëtzebuerg eng Richtung ugeduecht, datt mir einfach all Landwirtschaft kënnen erëmfannen. Mir wäerten op där enger Säit déi traditionell Landwirtschaft erëmfannen, awer elo adaptéiert iwwert déi nei PAG. Mir wäerten derniewent d'Biolandwirtschaft erëmfannen, do wou mir jo een Aktiounsplang hunn, fir déi och ze pousséieren. A mir wäerten och extensiv Landwirtschaft erëmfannen. Déi 3 mengen ech hunn hei zu Lëtzebuerg hir Plaz. An déi kënne och agéieren, kënnen agéieren an deene Kaderen déi si sinn. Mä eppes ass ganz kloer, ëmmer méi gëtt et wichteg fir de Konsument dobaussen, datt en d'Tracabilitéit kann zeréckverfollege vun de Produkter. A mir hunn och grad elo gemierkt an deene Skandaler déi ee gesinn huet, sief et nëmme Päerdsfleesch an der Lasagne etc., alles dat huet ëmmer erëm gewisen, datt de Konsument gäre weess vu wou kënnt meng Wuer, wou gouf se verschafft a wou kann ech se kafen. A wann een déi Chaîne kann zeréckverfolgen, ech mengen do ass een op der gewonnener Säit.
Eric Ewald: Wat d'Mëllechkris ugeet schéngt op deem Gebitt e bësse Rou ze sinn. Dogéint hunn eben, Dir hutt se elo grad ugeschwat, déi rezent Fleeschskandaler der Landwirtschaft wuel zougesat. Wat héiert Dir do vun Doléancë vu Säite vun de Baueren?
Romain Schneider: Jo bon ech menge wat engersäits de Mëllechpräis ubetrëfft, mengen ech, do ass et richteg, wéi ech 2009 ugefaangen hunn als Minister, am Juli, do hate mir am September direkt eng Mëllechkris gehat, mat Präisser déi wann ee kann esou soe verréckt waren, vun 21 Cents. An der Tëschenzäit mengen ech si mir op engem Niveau deen awer ganz korrekt ass, deen ëm déi 35 Cents läit. Fir mech 30 35 ass korrekt . Vun do hir kann ee soen, datt d'Präisser an der Rei sinn, mä et muss een engersäits net nëmmen d'Präisser ëmmer kucken, déi ganz gutt sinn an deene eenzelne Beräicher, an der Mëllech am Fleesch an an de Kären hu mir de Moment lo wou gutt Präisser do sinn. Mä op där anerer Säit ginn net d'Dépensen- an do muss ee virun allem oppassen an dat ass och deen Appel wou ëmmer erëm mir un d'Acteuren aus der Landwirtschaft maachen, datt een d'Produktiounskäschte probéiert niddereg ze halen. Do sprécht Energie, do sprécht Waasser mat, do sprécht selbstverständlech an dat ass dee wou mir ëmmer d'Hand drop halen ze soen investéiert richteg, iwwerleet ob alles richteg investéiert, ob dir net ze héich investéiert. Ass dat och wierklech am Betrib ugepasst. An dat gëtt ee Ganzt an dann huet ee Recetten an Dépensen an da muss dobäi eng positiv Zuel herno erauskommen, esou einfach ass et am Prinzip.
Eric Ewald: Da spillt bei de Baueren natierlech och vläicht méi wéi an anere Beruffer d'Wieder eng ganz grouss Roll. Elo war et an de leschte Wochen net onbedéngt esou dat ganz gutt Wieder. Wéi sinn do d'Echoen déi Dir elo scho vun de Bauere kritt? Huet dat schonn een Impakt eventuell op dat wat d'Qualitéit vun de Käre kéint sinn?
Romain Schneider: bon ech hu jo an deene Joere wou ech elo Minister si scho bal alles matgemaach: Mëllechkris dat éischt Joer, dat zweet Joer Dréchenheet, dat drëtt Joer zevill Netzt. Esou datt mir dëst Joer bis elo eigentlech gutt ugefaangen hunn. Wann nee mat de Wënzer schwätzt an och mat de Bauere schwätzt, mengen ech, ass an deene meeschte Géigenden, et ginn ëmmer Ausnamen, eigentlech ee Wieder do wat ganz korrekt war. Zum richtege Moment mengen ech huet et gereent. Zum richtege Moment gouf et e bësse méi waarm. An ech mengen de Moment kënnt natierlech elo eng Zäit wou et effektiv erëm den Ëmschwonk muss kommen. Mä wann deen elo nach géing kommen, dann hätte mir eigentlech eng optimal Preparatioun op d'Saison gehat an da kënnte mir effektiv och vläicht méi ee rouegt Joer ugoen.
Eric Ewald: Wat ass zum Beiestierwen ze soen? Do gouf jo elo festgehalen ,datt u sech sollt op verschidde Pestizidien net méi zeréckgegraff ginn. Wéi ass Är Positioun dozou?
Romain Schneider: ech mengen do ass déi Lëtzebuerger Positioun ëmmer ganz ferme gewiescht, datt mir och ganz kloer soen, datt mir fir de Schutz vun de Beie musse sinn, well et ass jo net nëmmen de Schutz vun de Beien, mä et ass de Schutz vun der ganzer Biodiversitéit déi hannendrun, dee ganzen Zyklus deen eigentlech an eiser Natur leeft, déi um Spill steet an ech menge mir hu ganz kloer hei net ofgewaart bis elo dat neit Reglement iwwert d'Neonikotinitiden wäert komme vu Bréissel aus, mä mir hunn am Virfeld schonns Recommandatiounen erausginn esouwuel un d'Bauere wéi och un den Handel, si sollen elo schonns op déi 3 Wierkstoffer déi an deene Beezmëttele sinn verzichten, esou datt mir eigentlech präventiv hei probéiert hunn ze schaffen.
Eric Ewald: Wéi géift Dir allgemeng Är Relatioune mat de Bauerevertriedungen och hei am Land gesinn de Moment?
Romain Schneider: Also ech mengen ech hu vun Ufank un deen jo awer e bëssen ënner Gänseféisercher een Neukömmling an där Matière war, och wann ech vum Land kommen, weess wat eng Kou ass, wat ee Schwäin ass, wou ee mat engem Trakter fiert an net mat engem Trakter fiert, mengen ech ass et esou, datt ech virun allem probéiert hunn an der Praxis dat Ganzt kennen ze léieren, nodeems ech déi technesch Beräicher, den technesche Kader gesinn hunn, goung et mir drëm mat de Baueren ze schwätzen an ech muss soen, datt dat ganz positiv opgeholl gouf a virun allem och den Dialog eigentlech mat hinnen ze maachen ass och do och wa selbstverständlech ganz kloer ass, datt si hir Interessie vertrieden an datt si hir Positiounen hunn, ass dat eng loyal Positioun. Mä derniewent muss ech awer soen, datt ëmmer erëm Oppenheet do ass fir awer zu konkrete Resultater ze kommen.
Eric Ewald: Komme mir um Enn vun der Emissioun nach e bëssen zu deem méi privaten Deel. Wat bleift dem Romain Schneider nach un Zäit nieft dem Ministerjob, vläicht u Fräizäit fir gewëssen Aktivitéiten ze maachen? Dir waart Sportler. Huet dee Sport nach ëmmer an der Fräizäit esou kleng bemooss wéi si och ëmmer ass dee Stellewäert, net méi grad, mä ongeféier ee wéi dee fréier?
Romain Schneider: Also eng huet sécher net méi dee wéi fréier. Dat ass ganz kloer. Ech mengen et ass awer esou, datt d'Zäit méi enk ginn ass, méi knapp ginn ass, datt een déi méi kloer muss plangen. Am Kapp hunn ech immens vill Plaz fir Sport nach ze maachen, well ech et gäre maachen, och wann ech haut vläicht een anere maache wéi soss. Ech fuere ganz gäre Vëlo, dat wësst Dir, well virun allem och d'Gelenker net méi esou erlaben aner Sportaarten ze maachen, mä et ass effektiv et muss ee sech schonn déi Rendezvouse fest an den Agenda dra schreiwen. Dat hunn ech och gemaach, leider huet de Moment dobaussen d'Wieder net matgespillt, esou datt et ganz wéineg Kilometer bis elo goufen. Ech probéieren awer esou vill wéi méiglech dat kënnen ze maachen, well ech mengen och dat gehéiert zu engem Politikerliewen dobäi, niewent dem Schaffe muss een en Ausgläich hunn, well an engem Ausgläich fënnt ee virun allem och Gedanken, fënnt een Iddien, fënnt ee Rou an de Sport ass do an dofir trieden ech jo och dofir an, datt mir de Sport och viru pousséieren an der Politik, an eiser Gesellschaft, ass dee beschte Moyen fir eigentlech gesond ze bleiwen a virun allem doniewent och Kraaft ze hu fir am Beruff ze schaffen.
Eric Ewald: Dir waart Fussballer. Hutt Dir nach Zäit fir all Sonnden oder all zweete Sonnden Äre Club vum Häerz kucken ze goe, Wolz?
Romain Schneider: Also ech hu mir et all Kéier Ufanks der Saison schreiwen ech mir d'Matcher an, probéieren och esouvill wéi méiglech dat ze maachen. Dat ass och, dat geléngt mir och relativ dacks, net ëmmer. Et ass net ganz gutt fir meng Nerven, dat muss ech éierlech soen ,well ech awer nach ëmmer mam Häerz voll dobäi sinn an eigentlech heiansdo léiwer géing matspillen. Bon et gëtt och, et war an et gëtt eng schwéier Saison, een Enn vun der Saison fir de Veräin. Do huet een och iwwert déi ganz Zäit elo Héichten an Déifte konnte matmaachen, Saachen déi mir och wierklech net gefall hunn, wou ech mech hu missen zeréckhalen eben och als Sportsminister. Mä ech si frou, datt d’Équipe hei den Dréi krut an der Réckronn an datt si virun allem elo korrekt a fair optrëtt an s dat vläicht nach méi wichteg, wéi datt se d'Plaz an der Nationaldivisioun behält.
Eric Ewald: Dir hutt Iech och ee Lidd gewënscht, wéi dat fir all Invité de Fall ass. Dir hutt Iech fir „we are the champions“ vu Queen, Dir hutt dat erausgewielt. Firwat grad dee Choix?
Romain Schneider: Also ech menge well ech aus dem Sport kommen, war dat natierlech ëmmer den Highlight, wann een iergendwéi Champion gouf oder iergendeppes gewonnen huet, da koum dat dote Lidd an dat war och ëmmer mat vill Freed an dat ass mat villen Erënnerunge verbonnen. An ech weess jo och mengen ech ,datt mir dat flott Lidd och op eisen Héichpunkter vum Sport dëse Weekend wäerten héieren. Mir hunn an Handball den Owend, esou datt do mengen ech och eigentlech hei de Krees zougeet.
Eric Ewald: Mir lauschteren eran.
Eric Ewald: Voilà dat war dat musikalescht Schlusswuert vun der Emissioun. Romain Schneider, iwwermar ass dann nach ee grousse Rendezvous fir d’Wëltzer, d'Gënzefest
Romain Schneider: Jo ech mengen dat gëtt och ee flotte Weekend. Ech mengen dës Kéier gëtt et méi een heemesche Weekend an ech wäert kucken, datt ech de Sonndeg, virun allem de Méindeg benotzen fir op d'Gënzefest ze goen, ëmmer ee Rendezvous wat eng Traditioun ass a wou ech hoffen, datt et och eng Traditioun bleift. Dofir d'Invitatioun wann Dir mir erlaabt vun dëser Plaz aus vill Leit solle kommen, well et ass derwäert op Wolz ze kommen de Päischtweekend a virun allem de Päischtméindeg fir d’Wëltzer Gënzefest ze gesinn.
Eric Ewald: An der Hoffnung, datt d'Wieder matspillt.
Romain Schneider: Selbstverständlech
Eric Ewald: Dat war et fir de Background vun huet. Merci fir d'Nolauschteren an ee schéinen Dag nach.
Romain Schneider: Merci och.