Jean Asselborn au sujet de la Turquie

Jean Asselborn: Allerdéngs muss een selbstverständlech oppassen zu Istanbul. Et soll ee sech vläicht ewech halen vun der Taksim-Plaz. Leider ass et esou, datt déi meescht international Hotellen ëm déi Plaz sinn, mee, ech mengen do soll een absolut oppassen.

Wat Ankara ugeet, dat ass jo elo keen sou richtegen, loosse mir soen, keen Unzéiungspunkt wou effektiv vill Touristen higinn. Mee och do an den Owesstonnen, grad och wéi haut, sinn erëm Mouvementer wou Demonstratiounen stattfannen. An do mengen ech soll een och selbstverständlech versichen dat z’évitéieren.

Wat all déi aner Stied ugeet – ech hu grad nach mat eiser Ambassade geschwat – do dierft den Ament op jidder Fall kee Problem sinn. Wëssend natierlech, datt déi Situatioun zu all Moment änneren kann. Mee mir hoffen op jidder Fall fir d’Tierkei, datt Stabilitéit erëm kënnt.

Guy Kaiser: Här Asselborn, Dir sidd Ausseminister. Wat ass dann elo Är politesch Aschätzung vun der ablackleger Situatioun dohannen?

Jean Asselborn: Ech fannen, deen deen déi politesch Lag am beschte resüméiert huet, dat ass mäin fréieren Kolleg Ausseminister vun der Tierkei, den Abdullah Gül, deen elo President ass vun der Tierkei. Hien huet gesot, d’Tierkei muss weisen, datt et eng offen Gesellschaft ass. D’Tierkei ass eng Demokratie, et ass e Rechtsstaat. A wann ech dierf dobäifügen, da wëll ech soen, datt an engem Rechtsstaat selbstverständlech autokratesch Tendenzen vun enger Regierung net hier Plaz hunn. Dass déi Leit déi op der Strooss sinn keng Staatsfeinden sinn, och keng Rebellen sinn. An dass een an der Tierkei muss de Courage an och d’Energie hunn – an ech wënschen dat der Regierung an der Tierkei, an allen Autoritéiten an der Tierkei – fir deenen nozelauschteren déi op d’Strooss ginn. Déi ginn net vu Muttwëll op d’Strooss. Do sinn Revendikatiounen, déi gestalt ginn am Kader vun der Rechtsstaatlechkeet a vun der Demokratie, déi sollen eescht geholl ginn.

Membre du gouvernement

ASSELBORN Jean

Date de l'événement

04.06.2013

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview