Jean Asselborn au sujet de la Syrie

Eric Ewald: Fir de Jean Asselborn wier den Asaz vu Sarin, sollt et dozou komm sinn, ganz schlëmm. De Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie ass allerdéngs virsiichteg. Besonnesch wann hien un de Wonsch vu Frankräich a Groussbritannien denkt, fir Waffen un d’syresch Rebellen ze liwweren.

Jean Asselborn: Mir wëllen als lëtzebuerger Regierung, iert mir do kënnen eng definitiv Conclusioun zéien, natierlech op internationale Conclusiounen eis Appréciatioun ofginn. Dat zweet wat ee muss soen, dat ass, déi rout Linn, déi jo fixéiert ginn ass vum President Obama, déi huet bis elo huet nach keen an der Europäescher Unioun fixéiert, wat dat heescht. Wann dir 10 Joer iech zréck versetzt an dir wësst wat dat ee Spektakel war vu Massevernichtungswaffen par rapport zum Irak. Wann dir och wësst, datt haut kloer bewisen ass, datt dat eigentlech erfonnt war, datt dat net op der Realitéit baséiert ass a wat aus där falscher Conclusioun entstan ass, soen ech, datt mir immens mussen oppassen, datt mir do net falsch Conclusiounen zéien.

Eric Ewald: Dem Ausseminister no missten onofhängeg Gremien beleeën, datt Gëftgas a Syrien agesat gouf. An et misst een oppassen, sech net dreiwen ze loosse vu Paräis a London. Eng international Militärinterventioun misst legal sinn, dat heescht:

Jean Asselborn: Et muss e Mandat vum Conseil de sécurité do leien. Dat ass eng Positioun, déi een virun allem och als Land wéi Lëtzebuerg an als Europäesch Unioun, wann ech esou dierf soen, ni dierf a Fro stellen.

Eric Ewald: Et leien net all d’Optiounen um Dësch, seet de Jean Asselborn, well fir eng militäresch Interventioun a Syrien wier e Mandat vum UNO Sécherheetsrot néideg, wat de Moment net do ass. Dat war d’Lëtzebuerger Positioun vun Ufank un.

Jean Asselborn: Mir hunn alles mat ënnerstëtzt fir Drock ze maachen, fir dass effektiv de Generalsekretär Ban Ki-moon ee Mandat kritt fir eben eng Delegatioun vun onofhängegen Spezialisten, fir déi ze mandatéieren an Syrien eran ze goen an do z’ënnersichen.

Membre du gouvernement

ASSELBORN Jean

Date de l'événement

05.06.2013

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview