Roy Grotz: Éiere mir op déi virdrun ugeschwaten Themebléck ze schwätze kommen, géif ech gär ufänken mat e puer kuerze Säz déi ech Iech froen och kuerz einfach hannen um Enn fäerdeg ze maachen.
Wann ech de Bommeleeërprozess suivéieren, denken ech...
Marc Spautz: ... datt et Zäit gëtt, datt de Bommeleeërprozess mat Opklärung, zum Schluss kënnt.
Roy Grotz: Sozial Selektivitéit ass fir mech...
Marc Spautz: ... wichteg, datt een och kuckt fir eng selektiv Politik kënnen ze maachen.
Roy Grotz: An der Familljepolitik besteet Spuerpotential well...
Marc Spautz: ... nëmmen deelweis Spuerpotential, well et däerf een et net nëmmen alleng op Familljepolitik kucken, mä do sinn aner Politikfelder déi mateneen agräifen an dat muss ee gemeinsam kucken.
Roy Grotz: Dorop komme mir nach ze schwätzen. D’CSV wäert bei den nächste Wahlen...
Marc Spautz: ... sech dru ginn fir och nach déi stäerkst Partei hei am Lëtzebuerger Land ze bleiwen.
Roy Grotz: A wa bei deene Wahlen déi Gréng géinge gewannen, wier d’CSV bereet ...
Marc Spautz: ... et ass net am lëtzebuerger System üblech eng Koalitiounsausso ze maachen. Mä selbstverständlech schwätzt d’CSV mat alle Parteien, wollt dat och lescht Kéiers maachen, mä weder déi Gréng nach déi Blo waren dozou bereet.
Roy Grotz: Notéiert. En Duebelagent an der Chamber ass fir mech ...
Marc Spautz: ... et muss ee sech just d’Fro stellen ob dat d’Roll vun engem Fonctionnaire an Ambassadeur ass.
Roy Grotz: De Marathon géif ech mat maachen wann...
Marc Spautz: ... oh ech loossen do menger Fra de Virtrëtt.
Roy Grotz: Voilà. Merci fir dës puer Aussoen, déi eis och e gewësse roude Fuedem duerch d’Emissioun solle ginn.
Ech weess net wéi et Iech geet Här Spautz, mä irgendwéi erliewe mir dach cocasse Wochen. Mat bal dagdeeglech neie Revelatiounen wou ee sech freet, a wat kënnt lo nach dobäi. Alt nees war gëscht kee Briefing fir d’Press vum Staatsminister nom Regierungsrot. E Premier deen déi rezent Aktualitéit vu SREL a Bommeleeër awer sou kommentéiert:
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hunn d’Flemm mat där Saach, well ech och mierken, datt et mir och terribel Schued, well ech mech och net an enger Aart a Weis ka behuelen, datt ech op all Nouvelle déi kënnt direkt eng Reaktioun ginn, sauf hunn ech dat ugefaang ze maachen wann de Staatsminister oder de Ministère d’État selwer direkt oder indirekt belaascht ginn, dorop muss ech elo all Kéier per Communiqué reagéieren. Mä esou wéi déi ganz Affär leeft, mécht se mech ganz verdrësslech.
Roy Grotz: Verdrësslech seet de Staatsminister, mécht se Iech et och?
Marc Spautz: Majo, ech mengen éischtens fir dat wat de Staatsminister gesot huet, ech kennen en elo schonn déi Zäit ir en Staatsminister war, en huet sech ëmmer agesat am Intérêt vum Land. Op all Poste wou e war. An datt en da verdrësslech ka sinn mat deem wat all Dag beim Bommeleeër oder an all deene Geschichten eraus kënnt, dat ass net gutt. Mä et ass awer och genau sou gutt, an ech mengen deen Ausdrock deen hutt Dir elo net bruecht, mä dat ënnersträicht de Staatsminister awer och all Kéiers, datt et wichteg ass, datt deen Dossier opgekläert gëtt. Mä et stellt een sech heiansdo haut Froen, firwat Leit déi elo op emol mat neie Saache kommen, firwat déi di elo 22 Joer oder nach méi fir sech behalen hunn an elo op emol all Kéiers Neies kënnt. Dat ass eng Fro déi een sech awer als Aussenstehenden duerchaus däerf stellen.
Roy Grotz: Wien mengt Dir domat konkret elo?
Marc Spautz: Ma ech héieren dann all Owend, wann ech emol déi Reportage kucken déi bei Iech oder och bei Äre Kollegen iwwert d’Antenn ginn, dann héiert een all Kéiers erëm vun neie Leit déi sech gemellt hunn. Do muss een sech awer d’Fro stellen, firwat hunn déi Leit esou laang gewaart bis se sech gemellt hunn an och heiansdo muss een sech d’Fro stellen, wat d’Valeur ass vun deene Meldungen, vun deene Leit déi sech mellen, ob dat wierklech ass fir der Justiz ze hëllefen Kloerheet an den Dossier ze bréngen oder ob dat net och heiansdo awer e bësse méi vläicht och vu Leit ass, déi mengen si missten sech perséinlech aneschters dohinner stellen.
Roy Grotz: Dir schwätzt elo vun den Zeien an Aussoen [gëtt ënnerbrach]
Marc Spautz: Nee, ech ginn nëmmen dat Beispill mat där Foto déi deemools komm ass. Do ass eng Foto komm wou Leit sollen drop sinn, wou herno awer déi richteg Leit op der Foto waren sech gemellt hunn. Déi Leit ware jo och e bësse schlecht drun. Si gesinn hiert Bild an der Zeitung mat engem aneren Numm drënner. An dat si jo awer alles komesch Geschichten. Do muss een sech och d’Fro stellen, ob dat net hätt kënne virdrun nogefrot ginn. Ech denken un den Här Kramer, deen do komm ass als Zeien sech selwer gemellt huet. Wou dann herno vun der Famill gesot gëtt, dat ass net méiglech wat eise Brudder dozou seet. Dat sinn awer alles cocasse Situatiounen mengen ech déi et weder der Verteidegung, nach der Uklo an deem ganzen Dossier méi einfach maachen.
Roy Grotz: Dir schwätzt vun der Foto. Dat war Ösling 1984, dee Manöver deemools. Dir schwätzt elo just vun Zeien. Ech hätt awer gär e Wuert iwwert déi politesch Kredibilitéit. Well déi schéngt awer déi lescht Wochen massiv d’Baach agaang ze sinn. Och d’Vertrauen dat d’Leit iwwerhaapt nach an d’Politik kënnen hunn.
Marc Spautz: Ech mengen et ass verständlech fir all Mënsch, datt een op emol kann sech Froe stellen. Dat dauert elo schonn zéch Joren. Fir net ze soen Joerzéngten. An elo gëtt och nach eng Vermëschung gemaach mat dem Dossier vum SREL. Datt dann d’Leit e bëssen d’Vertrauen an d’Institutioune kënne verléieren fannen ech normal an ech mengen, datt et d’Aufgab ass vun den sämtleche politesche Parteien, ob dat Oppositioun ass oder Majoritéit, zesumme mat den néidegen Instanzen och duerfir ze suergen, datt mir endlech deen Dossier gekläert kréien, well nëmmen iwwert déi Aart a Weis ass et méiglech och bei de Leit dobaussen rëm déi Kredibilitéit ze kréien déi d’Politik och brauch.
Roy Grotz: Wann et dann nach méiglech ass. Ausso steet géint Ausso, zum Beispill bei Explikatiounen déi rezent de Procureur général Roby Biever an den deemolege Justizminister Frieden gemaach hunn. Reprochen géint de Minister Frieden huet den Här Biever och nach emol gëscht an der Kommissioun widderholl. D’DP stellt d’Vertrauensfro gär an der Chamber d’nächst Woch. Wär et net Zäit fir mea culpa, éierlech transparent Explikatiounen, Excusen vläicht och?
Marc Spautz: Also ech mengen wann een e Feeler gemaach huet, kann ee sech entschëllegen, mä ech weess awer net wou de Feeler do soll sinn. Datt vläicht an der Kommunikatioun laanschtenee geschwat ginn ass, dat ass eng Méiglechkeet. Mä dat wat ech awer och ënnersträichen, an ech hunn et nach virdrun héieren wéi ech heihinner komm sinn, wou Dir och nach eng Kéier am Wocheréckbléck bruecht hutt, wou de Roby Biever awer ënnerstrach huet, datt och de Minister Luc Frieden ni zu him gesot huet, hien misst dee Prozess stoppen, hie soll ophalen mat där Enquête. Dat hunn ech, nach eng Kéier souwuel haut an der Zeitung geliest wéi och nach virdrun op Ärer Antenn héieren mat engem Live Auszuch vum Roby Biever selwer, datt do Kommunikatiounsproblemer waren, dat schéngt de Fall gewiescht ze sinn. Mä et ass op alle Fall net esou fir elo ze soen, de Luc Frieden hätt probéiert sech do anzemëschen. [Inaudible] wou ech mir och nach d’Fro stellen, de Luc Frieden war déi Zäit vum Bommeleeërprozess, wann ech richteg informéiert sinn, an Amerika op der Universitéit an huet och fir Iech do als Freelance Reportage gemaach.
Roy Grotz: Jo, dat wäert him jo och net geschuet hunn, denke mir. Mä en hätt regelméisseg awer, souwuel bei der Madame Woltz wéi beim Här Biever intervenéiert. Dat regelméissegt, dat heescht jo awer, ech wëll net, datt een Dossier vläicht au bout weider gefouert gëtt. An dat muss jo dann e Politiker assuméieren. Och wann et Joren duerno ass an en huet d’Justiz a Ressort net méi ënnert sech.
Marc Spautz: Also ech mengen, datt et kann, de Luc Frieden sech déi Fro gestallt huet ob net och nach aner wichteg Dossieren do leien, dat ass mengen ech eng berechtegt Fro déi s de och nach als Minister nach ëmmer kanns soen. Well du wäers jo och, ech stelle fest, ech hunn zwar e ganzt anert Departement wéi deen do, mä wou s de alt Bréiwer kriss vun de Leit, wou d’Leit sech d’Fro stellen, firwat maacht Dir net virun, firwat da kënnt kee Stullgang a mäin Dossier. An duerfir mengen ech, datt et vläicht e Kommunikatiounsproblem war tëschent dem deemolege Justizminister an zwëschent dem Procureur. Mä ech mengen, an ech verstinn zwar och, datt eng Oppositioun do probéiert dat elo vläicht méi héich ze spillen wéi et ass. Mä do décidéiert e Méinden de Moien d’Conférence des présidents dodriwwer wéi dat soll elo an deem Dossier am Parlament viru goen. Ech sinn op alle Fall der Meenung, an de Luc Frieden huet et selwer gesot an de Roby Biever huet et ënnerstrach, datt hien ni zu him gesot huet e soll d’Enquête stoppen.
Roy Grotz: Dat heescht, déi Fro no Récktrëtt, Dir hutt se ugeschwat, déi vu jonke Gréngen nach de Moien, Lénk, ADR a Juso gestallt gëtt, sot Dir, dat ass e legitimt Spill. Ech hu virdrun no Excusen gefrot. Sollt een net awer mol vläicht op dee Wee iwwerhaapt goen?
Marc Spautz: Also, ob et ee legitimt Spill ass no Récktrëtt vun engem Minister ze froen,
dat ass eng aner Geschicht. Mä ech mengen wat awer sécher ass, datt an enger Demokratie wéi mir eng Demokratie sinn, do huet jiddwereen am Parlament seng Aufgab ze spillen. Dat ass fir d’Majoritéit sou gutt wéi fir d’Oppositioun sou. An datt da Jugendorganisatiounen, ech ka mech och erënneren zu menger Zäit als aktive Member bei der CSV-Jugend hu mir och alt Récktrëtter vu Ministere gefuerdert. Dat ass och héchstwahrscheinlech d’Aufgab vun de Jugendorganisatiounen. Mä datt et wichteg ass, datt mir déi Situatioun opklären. Datt et wichteg ass, datt mir erëm Vertrauen an d’Politik zeréck gewannen, ech mengen dat ass ganz kloer. De Staatsminister huet och nach wéivill mol nach ënnerstrach, dat ass de But dee mir uginn. An ech sinn net der Meenung, datt dat do gehéiert fir do vun engem Récktrëtt ze schwätzen.
Roy Grotz: Excusen vum Minister Frieden?
Marc Spautz: Nee, ech mengen et muss een elo mol ofwaarden wat d’nächst Woch, déi Diskussioun am Parlament ofwaarden. An ech wëll net deem virgräifen wat d’nächst Woch am Parlament ass. E Méinden de Moien kënnt d’Conférence des présidents um 09.00 Auer zesummen an do wäerten déi festleeën ob dat déi nächst Woch nach an den Ordre du jour kënnt. Si setze jo do den Ordre du jour op. An da solle mir deem elo net virgräifen wat an där Debatt eraus kënnt.
Roy Grotz: Mä dee SREL, déi donkel Donkelkammer do déi schéngt jo eppes awer wéi een Electron libre gewiescht ze sinn. Mat zum Beispill engem Marco Mille dee wéi et schéngt dee Service jo e wéineg no sengem Gutdünken façonnéiert huet. Alles dat och ënnert der Tutelle vum Staatsminister.
Marc Spautz: Ech menge beim SREL an dat ass och an deenen ëffentleche Sitzungen déi an der Enquêtekommissioun waren, ech mengen et war de Ben Fayot deen dat eng Kéier ënnerstrach huet, datt et och emol wichteg ass, all Kéiers den historesche Kontext hirzestellen. An do hunn ech heiansdo d’Gefill, datt do och Vermëschunge gemaach ginn vun de jeeweilegen Zäiten. Et misst ee mol fir d’éischt kucken 1948 bis 1990, wou nach de kale Krich do war, wou Diskussiounen wéi Nato-Doppelbeschluss an atomar Oprüstung ëmmer am Mëttelpunkt stoungen. Wat bis dohinner geschitt ass. Ech mengen do wier et wichteg, datt een dat opklärt awer am Zesummenhang och mat Historiker. Historiker déi sech och nach un de politesche Kontext vun deemools erënneren. Datt mir nach eng Mauer haten, datt mir nach de soi-disant Feind bei der Berliner Mauer stoen haten, respektiv bei der Spaltung vun Däitschland.
Datt een da muss kucken wat vun 1990 bis 1994 geschitt ass, wou een net dierf vergiessen, datt mir do de Balkan-Krich haten, wou Jugoslawien ausernee gefall ass, wou do och ganz vill Problemer waren. Wou mir awer alleguerten, ech mengen Dir sou gutt wéi mir, wou mir ugefaangen hunn an den Osten ze reesen, wou mir gekuckt hunn wat alles sech do géif entwéckelen an den Terrorismus och eng manner wichteg Roll gespillt huet.
An dann 2001 mam 9/11 wou op emol een sech erëm bewosst ginn ass, wat en awer wierklech do lass wier, an datt do awer direkt gehandelt ginn ass an datt e Gesetz iwwert de Geheimdéngscht komm ass, wat jo säit 2004 besteet a wou jo de Premier eng Responsabilitéit huet a wou jo och déi Kommissioun agesat ginn ass vum Parlament. Mä wann ee seet vum Electron libre, sot Dir, ech mengen et sinn och gëschter verschidden Deputéiert déi et gesot hunn, wann een dat héiert wat déi eenzel Zeien, déi bis elo ëffentlech gehéiert gi sinn - vun deenen net ëffentleche schwätze mir jo net - mä vun deenen ëffentlechen gehéiert gi sinn, dann ass d’Geschicht all Kéiers eng aner. A wann een 3x do war, dann huet een 3 verschidde Varianten vun deene Leit gezielt kritt. Dat ass net gutt. Weder fir déi Leit, nach fir d’Politik, nach fir déi Leit déi sollten déi Kontroll dodriwwer ausüben.
Mä ech kennen de Jean-Claude Juncker gutt genuch, datt deen net op d’Iddi komm ass fir do zum Mille an och duerno zum Hoffmann oder och elo zum Här Heck ze soen, hei dat an dat ass et. Mä déi féieren als Direkter dee Betrib an et ass hien als ieweschten Déngschthär dee mol muss bei verschidden Aktiounen aschreiten, mä et ass awer net d’Aufgab vum Staatsminister fir sech an d’Alldagsgeschäft vun iergendenger Administratioun anzeféieren. Well ech kënnt mir och net virstellen, obwuel een ka matenee vergläichen, datt all Minister deen irgendwéi eng Administratioun ënnert sech huet, all Administratioun am Detail all Dag misst begleeden, well da wier et dem Jean-Claude net méiglech gewiescht, déi Politik op europäeschem Niveau am Intérêt vum Land ze maachen déi hien awer elo all déi Jore mécht.
Roy Grotz: Ebe just, well en do vill ze schaffen hat. Mä Här Spautz, wann ee Service sech awer sou selbstänneg mécht. Am Ausland mengen ech, wären da scho laang politesch Konsequenze gezu ginn. Et muss ee sech et jo awer virun Aen féieren, mir schwätzen hei och vun Oflauschtere vum Staatsminister, eventuell dem Grand-Duc. Dat ass jo awer ongeheierlech bal.
Marc Spautz: Ma do muss ee jo nach eng Kéier wéi gesot, den Här Mille war schonn do ir d’Gesetz vun 2004 do war. Mam Gesetz vun 2004 ass jo déi Kontrollmoossnam komm. Et ass jo do d’Enquêtekommissioun souwuel wéi d’SREL-Kommissioun déi se kontrolléiert selwer, déi gesot hunn, et musse Reforme kommen. Dat Gesetz vun 2004 geet eis net duer. Mir mussen aner Kontrollméiglechkeete kréien. Mir mussen och d’Méiglechkeet kréien, an dat verstinn ech ganz gutt, ech hat, ech war eng Zäitchen och mat an där Kommissioun mat dran, datt een och vu vir eran mol gesot kritt wat alles de SREL dru schafft do, fréier Protokoller kritt een ëmmer eng Kéier am Nachhinein kréie mir déi, hu mir där an der Kommissioun dohinner geluecht kritt. Mä och bei deenen aneren Aktivitéiten, datt do och vill méi proaktiv muss vun der Direktioun souwuel d’Parlament wéi och den ieweschten Déngschtchef informéiert ginn iwwert all déi Detailer.
Ech wëll awer och ënnersträichen, och den Här Mille huet gëscht nach eng Kéier gesot, ech mengen souguer och op Ärer Antenn, ech hunn et op alle Fall do héieren, wou e gesot huet, jo et kënnt duerchaus sinn, och wann hien den Direkter gewiescht wier, datt do nach aner verschidde Leit hiren eegenen Agenda gehat hätten an hir eegen Dossieren gefouert hunn. Ech mengen dat dierf een awer och net doraus vergiessen, da muss een och kucken wéi een dat komplett am neien, an en anere Kader kann era bréngen, datt sou Saachen net méi kënne geschéien. Dat soll jo eng vun den Aufgabe sinn déi d’Kontroll-, d’Enquêtekommissioun kritt hat vum Parlament, wou se gesot kritt hunn an enger Motioun, si missten analyséieren wat schif gaangen ass a si missten och gläichzäiteg kucken wat ee kënnt verbesseren, datt dat net méi virkënnt.
An da wëll ech och ënnersträichen, och am Koalitiounsaccord war ofgemaach ginn, dass eng Reform vum Geheimdéngscht - dat war laang ir mir d’Diskussioun haten wat alles am Geheimdéngscht elo op d’Tapéit komm ass, wat sécherlech net gutt ass - datt mir missten eng Reform innerhalb vum Geheimdéngscht maachen. Stoung och scho virdrun am Koalitiounsaccord an d’Regierung hat och schonn dru geschafft.
Roy Grotz: Dat heescht Är Ministeren vun Ärer Bluttgrupp, Frieden a Juncker an Ären Aen hunn alles richteg gemaach a genuch sech agemëscht an hannerfrot?
Marc Spautz: Ob se sech genuch agemëscht hunn, ech mengen et muss ee mol fir d’éischt wann d’Vertrauensverhältnis zu engem Déngschtchef do ass, dann ass et net fir all Dag den Déngschtchef ze hannerfroen, hues de dat gemaach oder net, well da seet den Déngschtchef och ee Moment, wa kee Vertrauen méi vis-à-vis vu menger Persoun do ass, dann hu mir e Problem.
Ech mengen nodeem de Staatsminister informéiert ginn ass, datt en ofgelauschtert ginn ass vu sengem Direkter, vun deem Service, huet en direkt d’parlamentaresch, de President vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun an d’Bild gesat. Huet deem gesot, datt dat geschitt ass. Duerno sinn och d’Fraktiounspresidenten, déi hunn et zwar net ze lauschtere kritt, mä déi hunn et awer duerno och gesot kritt, an dunn ass gesot ginn, mir ginn elo net direkt domat eraus an de Public, an duerno huet den Här Mille jo och de Service verlooss.
D’Fro déi sech stellt natierlech, dat ass och wann een dodraus eng gréisser Geschicht mécht ob een domat a) dem Land dénglech ass, ob een domat deem Service de Renseignement dénglech ass ob d’Vertrauensverhältnis vun deenen aneren Déngschter zu Lëtzebuerg nach besteet. Mä datt mir eis awer och eens sinn, dat wat mir elo opféieren déi lescht 6 Méint, dat ass nach méi schlëmm an deem Vertrauensverhältnis wéi dat wat geschitt wier wann ee vläicht méi ferm duerchgegraff hätt.
Roy Grotz: Hätt Dir da léiwer gehat et wier net driwwer geschwat ginn, sou wéi elo driwwer bericht gëtt. Mir liese jo och bal all Woch an Zeitungen. Da sinn erëm Autoen déi iergendwou, Transaktiounen déi dann och ganz imaginativ sinn, gemaach ginn. Da geet et ëm georgesch Affären, ëm Konten, Elf, Kongo an sou weider an sou weider. Hätt Dir léiwer gehat dat wier dann elo net op d’Tapéit komm?
Marc Spautz: Ah, ech sinn der Meenung, datt et gutt ass, datt et op d’Tapéit kënnt. Mä ech stelle mir déi Fro, firwat déi Zeien déi do gehéiert ginn an deene Sitzungen, all Kéiers awer wierklech musse Saachen aus der Nues raus gezu kréien, respektiv datt Dir oder Är Kollegen vun anere Medienanstalten musse mat der neier Nouvelle kommen, fir datt d’Enquêtekommissioun d’Méiglechkeet huet fir déi Zeien dann rëm ze froen.
Wat ech net verstinn, ob déi Leit déi awer wierklech wéi laang jo och déi Aufgab haten, déi jo do vereedegt Beamte waren an deem Geheimdéngscht, firwat déi net vu vir era gesot hunn, wéi se déi éischte Kéier gehéiert gi sinn, déi zweete Kéier, elo déi drëtte Kéier, elo wëssen se jo nach ëmmer net, an ech menge de President vun der Enquêtekommissioun, den Alex Bodry, huet gëschter nach eng Kéier gesot wéi en den Appell gemaach huet un deen Zeie vu gëschter: Elo sot eis endlech d’Wourecht komplett. Well et ass dach vill méi kloer an et kann ee vill méi séier an uerdentlech schaffen wann se direkt géife mat all deem kommen. Well fréier oder spéider fënnt een et jo souwisou raus. Ma da sollen s’et elo soen an op den Dësch leeën amplaz all Kéiers erëm eng Kéier ëmmer nëmmen dat ze soen wou grad eng Piste do ass, wou eng Upak do ass. Dat wier vill méi fair am Intérêt vun hinne selwer. Et géif hinnen déngen, et géif dem Land déngen an et géif virun allem deem Service déngen wou se awer selwer laang Joren dra geschafft hunn.
Roy Grotz: Mä wéi gesot d’Kredibilitéit vun der Politik alleng schonn duerch d’Längt vun Ären Aussoen, kann ech mir virstellen, déi leid jo awer ënnert sou Saachen, datt d’Politik dat do net méi am Grëff hat. Definitiv.
Marc Spautz: Also, datt d’Kredibilitéit vun der Politik duerch déi Geschicht, souwuel déi vum Bommeleeër wéi déi wat hei mam Geheimdéngscht geschitt, net grad gewonnen huet, ech mengen dat ass kloer. Mir hu vill u Kredibilitéit verluer an et wier wichteg, datt mir a) déi zwee Dossieren gekläert kréien. Deen een ass d’Justiz amgaang, bei deem anere muss ee sech lues awer sécher d’Fro stellen, ob et och net do ass, datt d’Justiz muss iwwerhuelen an datt mir dann och d’Méiglechkeet hunn erëm déi Aufgaben ze maachen déi mir prioritär ze maachen hunn laut de gesetzlechen Texter, wann dat do alles net geschitt wär. An da weess ech awer och, datt et laang Jore wäert daueren, bis mir dat Vertrauen wat mir op deenen doten Terrainen verspillt hunn, datt mir dat bei de Leit wäerten erëm gewannen. An dat kann Joerzéngten daueren bis een dat erëm eng Kéier riicht gebéit hunn wat do u Vertraue verluer gaangen ass.
Roy Grotz: Da si mir eis do jo eens. D’Quittung wäert bei de Wahle vläicht kommen?
Marc Spautz: Bei de Wahlen wäerten d’Leit doudsécher net begeeschtert vu Freed an d’Hänn klappen fir alles dat wat do geschitt ass.
Roy Grotz: Mir hunn elo laang iwwert déi doten Dossieren geschwat. Komme mir elo mol op Är spezifesch ze schwätzen. Dir hutt, mir hunn et virdru gesot, nëmmen nach knapp 1 Joer Zäit fir Jalonen ze setzen an Äre Ministèren. D’Leit op der Strooss, déi mir gefrot hunn, ginn Iech dëst mat op de Wee:
Interventioun(O-Toun): Et ass e bësse schwéier, ech weess et net, well ech si selwer vu Schëffleng. Wat en nach ze schaffe kritt? Ech kann et éischtens mol, dat kann ech net beäntwerten, well ech net weess wat en iwwerhaapt nach ze schaffen huet. An de Familljeministère ass och ëmmer e Ministère gewiescht dee mech ni sou direkt concernéiert huet an duerfir weess ech och net richteg wat deen, dee virdrun do war, wat deen a sengem Programm hat a wat dee bis elo geschafft huet a wat nach ze schaffe bleift.
Interventioun(O-Toun): Ech hoffen mol, datt e méi op déi jonk Familljen ageet wéi bis elo an datt déi méi ënnerstëtzt ginn wann se Projeten hunn, wéi Bauen zum Beispill.
Interventioun(O-Toun): Ech mengen et ass irgendwéi net méi ganz vill ze maachen bei eis. Mengen ech emol. Ech weess et net. Ech hoffen net.
Interventioun(O-Toun): De Marc Spautz géif ech soen, wär kee schlechte Kärel, well ech war och frou mat sengem Papp, dee war jo och aus dëser Géigend hei. Deen huet säint gemeet an ech géif soen e géif eppes zustane bréngen.
Roy Grotz: Voilà, d’Interviewe goufen wéi et schéngt am Minett opgeholl Här Spautz. Ech héieren do e bëssen raus, et bleift Aarbecht ze maachen. Mir sinn zwar op dem richtege Wee. Komm ech soen elo mol einfach, ech hat Iech et virdru scho gefrot, déi sozial Selektivitéit. Dat dréinen un deene Schrauwen. Mir musse jo och spueren. Dat ass kloer. Dir hutt ee vun deenen käschtenintensivsten Ministèren. D’Famill. Sozial Selektivitéit. Ass nach Spuerpotential dran. Dir hat mir gesot: jo, mä!
Marc Spautz: Jo, ech menge bei der sozialer Selektivitéit, dat dierf een net alleng op d’Famill kucken, et muss ee kucken, an dat ass d’Regierung och amgaang ze maachen an dat ass jo och schonn ugekënnegt ginn, do gräife jo och verschidde Saachen aneneen iwwer. Dat eent sinn d’Allocations familliales, dat anert ass d’Allocation de maternité postnatale, prénatale. Alles dat zesummen. An dat däerf een net alleng nëmmen un deenen Zomme festmaachen, mä et muss een och gläichzäiteg kucken wat an der Steierpolitik lass ass an et muss een och nach gläichzäiteg kucken wat an der Subventiounspolitik vum Logement lass ass.
An et kann net sinn, datt mir op engem Punkt d’Schrauwen e bëssen zoudréinen an domatten d’Leit och nach eng Kéier an der Ketten hannendrun 2, 3 a 4 mol strofen. An duerfir ass et ebe wichteg, an dat huet d’Regierung jo och ugekënnegt, datt dat net méi méiglech ass, nach all déi Reformen ze maachen nach virun de Wahlen, mä datt et wichteg ass, datt mir eng Steierreform maachen well do och steierlech ganz vill muss ugepasst ginn un déi jeeweileg Moossnamen.
De Marco Schank huet e Projet iwwert d’Wunnengsbäihëllefen op den Instanzewee ginn. An dat muss een alles zesumme kucken mat deem wat an der Famill lass ass. Well et ass wéi dee Mann an Äre Froe gesot huet, et ass wichteg, datt mir och bei deene jonke Familljen d’Méiglechkeet ginn sech een Eegenheem ze schafen. An duerfir muss och déi Wunnengsbaupolitik mat der Familljepolitik, mat der Ënnerstëtzung vun de Familljen aneneen iwwergräifen.
Roy Grotz: A mir hunn d’Leit direkt nach gefrot wou kann een dann spueren effektiv?
Interventioun(O-Toun): Do soll een am Fong geholl net spueren, gell. Wéinst eise Kanner oder wéinst eisen Enkelkanner. Also mengen ech emol sollt een net spueren irgendwéi.
Interventioun(O-Toun): Dat ass schwéier ze soen. Do muss vill gespuert ginn, awer wéi, dat kann ech och net richteg soen. Awer et muss vill gespuert ginn.
Interventioun(O-Toun): Wéi d’Kannergeld am Beispill. Déi wou sou vill verdéngen, manner Kannergeld kréien wéi déi aner wou manner verdéngen.
Interventioun(O-Toun): Wa mir iergendwou de Geldkrunn missten zoudréinen wär dat awer doudsécher dee leschten dee mir missten zoudréinen. Oder Famill a Soziales géif ech soen, dat wär awer dee leschte Krunn dee mir missten zoudréinen, well do géifen et awer héchstwahrscheinlech aner Krinn sinn déi vill éischter missten zougedréint ginn iert mir bei déi do Solutioun géife kommen.
Interventioun(O-Toun): Wat géife mir spueren? Ech weess et net. Sou vill Saache wou muss gespuert ginn, a ganz vill Saache muss gespuert ginn. Mä bei de Kanner net. An och net bei de Renten.
Interventioun(O-Toun): Op jidder Fall net spuere bei Sozialpolitik. Et ginn aner Plaze wou ee méi ka spueren. Et gëtt jo ëmmer geschwat vum gedeckelten Index oder soss bei de Steieren fir déi méi déck Verdénger. Do kënnt een nach eppes maachen. Ansonsten och bei eise Politiker. Beispill Frankräich. Mol en Drëttel manner wär och méiglech.
Roy Grotz: Voilà ausser d’Politiker, elo mol dee gedeckelten sozialen Index. Kënnt deen dann Här Spautz?
Marc Spautz: Also ech mengen, datt déi Partei déi wou ech d’Éier hunn och an der Regierung ze sëtzen, d’CSV huet e Beschloss geholl, datt mir gesot hunn, mir musse bei der Indexpolitik fir d’Wahlen vun 2014 eng kloer Ausso maachen. De gedeckelten Index kënnt an dëser Legislaturperiod sécher net. Mir hunn en Accord mat de Sozialpartner, fir datt all Kéiers am Oktober eng Indextranche ausbezuelt gëtt. Dat zielt sou gutt fir d’Joer 2013 op den 1. Oktober wéi och fir d’Joer 2014. An och 2015 si mir an engem aner Geschehen. An do ass et un deene sämtleche Parteien déi elo an d’Wahle ginn am Mee 2014 fir ze soen wéi et mam Index weider geet. An d’CSV wäert do ganz kloer kommen, datt mir an der sozialer Selektivitéit an och beim Index mussen déi néideg Adaptatioune maachen, well mir och mussen, an et ass och an Ärem Interview ervir komm, et muss een och den Ënnerscheed maachen tëschent de Besserverdénger an de Mannerverdénger. Mä ech mengen den Haaptproblem dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn mam Terme Besserverdénger a Mannerguttverdénger dat ass wou ass.... [gëtt ënnerbrach]
Roy Grotz: Et muss chiffréiert ginn.
Marc Spautz: ... de Sockel. Wou ass dee Sockel? Wou gesinn déi eenzel Leit sech erëm? An ech hunn heiansdo d’Gefill, datt et ganz vill Ënnerstëtzung gëtt fir ze soen, mir mussen dat aféieren, mä datt et awer nach grousse Sträit wäert ginn wou mir dann driwwer schwätzen ass dat bei 3x de Mindestloun, bei 4x de Mindestloun? Oder fir a Chifferen ze schaffen, ass dat bei 5.000, bei 6.000 oder bei 7.000 Euro? Oder ass dat eréischt bei 10.000 Euro wou d’Leit verstinn ënnert dem Besserverdénger? Ech hunn heiansdo d’Gefill, an dat soll elo net béis kléngen, datt jiddweree mengt, a wann een 1 Euro weider huet wéi ech, do geet deen Décken un awer nach net bei mir selwer. An et ass do mengen ech, wou mir déi gréissten Debatt mengen ech, an der Gesellschaft kréien. Wou ass déi Grenz mat besser a manner gutt verdéngen?
Roy Grotz: Zitt Dir se dann, déi dote Linn? A gitt Dir Zuele vir am Wahlprogramm?
Marc Spautz: Also ech sinn der Meenung, datt d’CSV, an sou wéi mir eis dat och virgeholl hunn, datt mir wäerten an dem Wahlprogramm ganz kloer soen, eng ganz kloer Ausso dozou maachen wou fir eis déi jeeweileg Barrièren sinn. Well et ass nëmmen op déi Aart a Weis wou een och ka kloer an däitlech soen, wat kascht et, wat bréngt et a wat ass den Intérêt deen do hannendru stécht. An duerfir wier et och wichteg, datt mir dat maachen. An ech ginn dovun aus, datt mir dat an eisem Wahlprogramm wäerte stoen hunn.
Roy Grotz: D’LSAP géif éischter net mat op deen dote Wee goen. Dat ass Iech scho kloer?
Marc Spautz: Jo ech mengen d’LSAP huet eng Ausso gemaach wat den Index ubelaangt, mä wann ee schwätzt vun engem Seuil zéien ass et jo net nëmme beim Index wou dee Seuil muss gezu ginn, mä d’Leit hunn et jo nach eng Kéier ënnerstrach. Bei deene besser Verdénger. Et muss ee sech mol insgesamt eens ginn. Onofhängeg dovun ob een do schwätzt vun den Héichten oder net. Onofhängeg dovun, datt ee seet, ab wéini ass een en Décken a wéini ass ee keen Décken. Datt een dat och eng Kéier ganz kloer definéiert. An ech mengen dat ass awer eng Diskussioun déi ee misst queesch duerch d’Parteie féieren. Onofhängeg elo dovun ob dat dann herno als Basis geholl gëtt fir de gedeckelten Index oder fir soss iergend eppes. Mä, datt een sech awer mol do eens gëtt, datt een och ëmmer weess, datt een dee selwechte Vokabuläre gebraucht. Well fir, deemno wien Dir frot, ass ebe wéi gesot dee Plafong bei 3.000 Euro. Wann Dir een anere frot ass e bei 6.000 Euro. An et ass duerfir wou et wichteg ass, datt een déi Saach awer och global am Land diskutéiert mat sämtleche politesche Partner. Awer och virun allem, an dat mengen ech ass ganz wichteg, mat de Sozialpartner, mat de Gewerkschaften a mam Patronat, datt mir och do op mannst wat de Vokabuläre ubelaangt, déi selwecht Sprooch schwätzen.
Roy Grotz: Da wär et jo gutt wann et virun de Wahlen nach géif esou ee Sozialdësch, eng Tripartite beienee kommen.
Marc Spautz: Also ech sinn ëmmer der Meenung, datt et gutt ass wann nach eng Tripartite beienee kënnt. Eng Tripartite muss net ëmmer herno an engem Schwanengesang, also en eenheetleche Gesang iwwergoen. Mä datt et ëmmer muss méiglech sinn, datt déi 3 Partner sech regelméisseg un en Dësch sëtzen. Dat ass wichteg am Intérêt vum Land an dat huet d’Geschicht gewisen.
Roy Grotz: Mir maache kee Schwanegesang, mä direkt eise Journal.
[Noriichten]
Roy Grotz:Effektiv Här Spautz, mir hu just iwwert méiglech Piste geschwat wou ee kéint spueren oder déi sozial Transferte vläicht an aner Bunne lenken, zum Beispill duerch ee Staffelen vum Kannergeld, froen ech mol. D'Kannergeld gouf 2006 jo desindexéiert. Et sinn awer Käschte vu bal 1 Milliard d'Joer. Do wier awer eppes ze maachen, oder?
Marc Spautz:Ech menge bei der Desindexatioun vum Kannergeld däerf ee jo, dat gëtt ëmmer grouss dohinnergestallt, datt dat net richteg gewiescht wier. Ech mengen dat ass ee Beschloss gewiescht deen deemools an der Tripartite geholl ginn ass. A wat dofir am Plaz gemaach ginn ass, dat ass datt mir gesot hunn, mir géifen duerno ufänken z'investéieren a Maisons relais. Mir géife probéieren, wat eis zwar nach net gelongen ass, iwwerall flächendeckend déi Maisons relais opzeriichten, fir domatter méi Kanner och déi Méiglechkeet ze ginn do ënnerdaach ze kommen, well jo ëmmer méi Elteren zu zwee schaffe ginn. Elo weess ech, datt dat plazeweis kontestéiert gëtt a) mir géifen zevill a Maisons relaisen bréngen, déi aner reklaméieren, datt mir elo missten dat opschaffen, déi Retarden déi mir hätte beim Kannergeld. Mä et ass awer kloer, et kann een déi Suen net zweemol ausginn. Et ass eng Décisioun gefall 2006, déi 2009 am Koalitiounsprogramm bestätegt ginn ass, datt mir dee Wee géife weidergoen am Kader vun de Maisons relais. An dat si mir am gaang ze maachen. An dat huet méi kascht wéi dat wat déi Desindexéierung vum Kannergeld bruecht huet. An dat muss een ëmmer erëm ënnersträichen: dat war ee Choix dee geholl ginn ass, dee mir zesumme geholl hunn an der Tripartite deemools Regierung, Patronat an d'Gewerkschaften fir ze soe mir maachen dat a gläichzäiteg bidde mir dann dat aner un, fir der gesellschaftlecher Entwécklung vu Lëtzebuerg Rechnung ze droen, datt ëmmer méi Leit zu zwee schaffe ginn an datt et ëmmer méi Problemer gi si bei de Kanner. An dat ass jo dee Wee dee mir gaange sinn an dee mir gemaach hunn.
Roy Grotz:Dat heescht déi Doctrine “ee Kand ass ee Kand�? an déi Zomm déi et dofir gëtt, déi bleift bestoen, dat Staffelen ass keng gutt Piste?
Marc Spautz: Et kann een och iwwert d'Piste vun der Staffelung nokucken, mä dann däerf een dat net alleng kucke beim Kannergeld. Da muss een och vläicht kucke, wéi ass d'Compositioun vum Ménage? Ass dat ee Ménage monoparental, ass dat ee Ménage mat zwee Partner? Dat muss een dann alles vergläichen. Dat kann een net alleng maachen iwwert de Wee vum Kannergeld, mä do muss een och de steierlechen Aspekt, do muss een och kucke wat bei de Steiere geschitt. An et däerf een och gläichzäiteg all déi aner Saachen net aus den Aen verléieren, wou jo de Logement schonns am gaangen ass ëmzedréinen, fir och do ze soen, datt och do deem Faktor muss Rechnung gedroe ginn. Et huet kee Wäert op där enger Plaz un enger Schrauf ze dréinen, ouni dat kohärent och bei deenen anere Schrauwe mat unzepassen, dat ze berücksichtegen.
Roy Grotz: Hutt Dir dann Iddie vu Schrauwen, wa mir vu spuere schwätzen an Äre Ressorte, ouni sech dout ze spueren an ouni deen héije sozialen Niveau, dat Netz dat mir a sech hunn no ënnen ze revidéieren?
Marc Spautz:Ech menge wann Dir sot, no ënne revidéieren, da weess ech net ob dat dee richtegen Terme ass.
Et muss ee kucken ob mir dat méi sozial gerecht kënne maachen. Ech mengen, et ass wichteg, ee Kand ass ee Kand, da léisst sech zum Beispill d'Fro féieren, misst net fir all Kand dat selwecht Kannergeld ausbezuelt ginn? Dir wësst mir hunn eng Staffelung, fir d’éischt Kand, zweet Kand, drëtt Kand an da kënnt all Kéiers een anere Montant hannendrun. Dat sinn alles Saachen déi ee muss kënnen diskutéieren, mä déi muss een diskutéieren zesumme mat de Sozialpartner, well och an der Kannergeldkeess, dat gëtt oft vergiess, do sëtzen och d'Patronen an d'Gewerkschafte mat um Dësch fir do déi Diskussiounen ze féieren.
Et kann ee sech d'Fro stellen, wat fir eng Weeër een do ka goen. An ech ka mir do ganz villes virstellen. Mä dat muss een awer fir d'éischt ausrechnen, duerchrechnen. Et muss ee mat de Partner diskutéieren an da muss een och de Leit soen, am Virfeld ganz kloer, an dat och am Virfeld vu Wahlen, a wat fir eng Richtung ee ka goen, datt d'Leit och wësse, wat geschitt an datt si net mat der Kaz am Sak herno do stinn an net wësse wou et higeet. Dat ass deen ee Volet.
Deen zweete Volet ass deen, dee jo ëmmer erëm kënnt, firwat da besteieren se net einfach all déi Moossnamen? D'Besteierung vun deene Moossname wier doudsécher och eng Méiglechkeet an och eng gerecht Méiglechkeet, mä do muss ee sech awer och bewosst sinn, datt et do nach technesch Hürde gëtt an da muss een och kucken, an dat ass awer ugeklongen, datt een dat wäert kucken, wa mir an der nächster Period d'Méiglechkeet kréien nach dobäi ze sinn - wou ech zwar dovun ausginn, op alle Fall ech wäert alles maache fir dorun ze schaffen - fir och an der Steierpolitik verschidden Ännerungen ze maachen, an huet da vläicht d'Méiglechkeet déi Facteuren aneschters oder méi ze berücksichtege wéi biswell, wéi dat bis elo de Fall war um steierlech Plang.
Roy Grotz:Wéi eng Facteuren genee?
Marc Spautz:Majo ech mengen et muss ee kënne soen ob een net seet, et heescht ëmmer erëm, kënne si net einfach d'Kannergeld besteieren? An da géifen déi déi vill verdéngen, déi kréien ebe manner ënnert dem Stréch eraus an anerer kréie manner ënnert dem Stréch eraus. Elo wësse mir awer, datt mir de Moment technesch Schwieregkeeten hunn, dat ënnert anerem net op d'Résidenten zeréckzeféieren ass [gëtt ënnerbrach]
Roy Grotz: Et geet ëm d'Frontalieren.
Marc Spautz: Mä et geet virun allem drëm, well mir ee Marché hu, vun de Frontalieren, wou mir da kéinten dozou féieren, datt deemno wat mir géife maachen an där Besteierung déi Residente méi schlecht behandele wéi d'Frontalieren. An dat kann et jo awer och net sinn. An datt een do muss kucke, wat fir eng Adaptatiounen een do ka maachen. An réischt wann een dat alles duerchduecht huet, duerchgerechent huet vu vir bis hannen, da wäerte mir och soen, hei dat do ass dat wat mir als CSV gären hätten an dann huet och de Wieler d'Méiglechkeet ze soen a wat fir eng Richtung et geet.
Roy Grotz:D'Kannergeld ass dat eent, den Accueil ass dat anert. D'Zuel vun de Plazen an de Structures d'accueil huet sech zanter 2004 verfënneffacht. Dir wëllt un der Qualitéit vun deene Strukture schaffen, hutt Dir gesot. Ass se den Ament dann därmoosse schlecht?
Marc Spautz:Nee, sou kann een et net soen, datt se schlecht ass. Mä et muss ee wëssen, mir hunn an deem Secteur esouvill ëffentlech Träger an esouvill net ëffentlech Träger. Mir hu ronn 37% wou ëffentlech Träger sinn. Dat heescht wou d'Gemeng oder de Ministère mat dran ass, déi iwwert de konventionéierte Wee lafen. An dann hu mir fir de Rescht de Privatsecteur, deen och ganz vill Saache mécht, wou een awer och muss ënnersträichen, och de Privatsecteur, do gëtt kontrolléiert vum Familljeministère, ob do all Kéiers d'Dispositiounen agehale ginn oder net. Datselwecht ass bei den Dageselteren: och do gëtt gekuckt an do mussen d'Leit och een Agreement hu vum Familljeministère, wou och verschidde Konditiounen anzehale sinn. A wann deen Agreement net deem entsprécht wéi et geschitt, kann een och an enger Konsequenz den Agreement deem dat ewechhuelen.
Wou et eis drëm geet, dat ass, datt et net ka sinn, datt geographesch Ënnerscheeder gemaach ginn, datt et wichteg ass, datt iwwerall alles wat d'Betreiung ubelaangt, alles wat d'Iessen ubelaangt, alles wat den Entourage ubelaangt, datt deen och eng Kéier kann harmoniséiert ginn. Et stellt ee fest, do wou elo alles de Moment nei gebaut gëtt, huet een do aner Méiglechkeete wéi do wou ee muss ëmbauen.
Dann däerf een net vergiessen, datt mir déi Plans périscolaires zesummen och mam Enseignement maachen, fir och do de Kanner eng aner Méiglechkeet ze ginn vum Ënnerdaach a vun der Betreiung, datt et och do méiglech ass, datt déi zwee Partnere schaffe ginn. Dat wäerte mir och an deem Stade wäerte mir kucken déi Qualitéit nach weider kënnen ze verbesseren, respektiv déi Qualitéiten och ze halen, fir datt net op eemol do op deene falsche Punkten déi falsch Mesurë geholl ginn.
Roy Grotz:Eent vun de Gesetzer war wuel am dackste biswell an de Legislaturperioden ofgeännert gouf, sinn d'Dispositiounen iwwert den RMG. Där Ännerunge ginn et wuel och nees ënnert Ärer Tutelle, am beschten nach virun de Wahlen. Dir wëllt d’Bénéficiairë vum RMG besser integréieren, ouni awer d'Zomm erofzesetzen. [Inaudible] zum Beispill fir den RMG fir eng Koppel mat zwee Kanner, déi den Ament bei ronn 3090 Euro läit. Ass dat esou?
Marc Spautz:Also beim RMG muss ee soen, datt mir am RMG mussen diskutéieren a beim RMG, an dat bedaueren ech, do gëtt ëmmer erëm vun alle Säite mat ënnerschiddleche Chiffere geschwat. Dofir ass et och wichteg mol eng Kéier z'ënnersträichen, datt 3,5% vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg indirekt mam RMG mussen auskommen. Dat sinn 10.000 Stéit an dat sinn 20.000 Leit déi RMG Bezéier sinn.
Do muss een awer wëssen, datt wann een dat esou seet, do si 56% dat si Stéit mat enger Persoun, et sinn 18% Allengerzéier, 16% sinn zwee Erwuessener mat Kanner an 10% sinn zwee Erwuessener ouni Kanner. Dat ass de ganze Chiffer deen et gëtt. An et muss een och wëssen, datt just bei 38% vun all deene Leit déi den RMG kréien, déi just alleng vum RMG liewen, plus d'Kannergeld oder d'Deierungszoulag, déi et dann nach gëtt.
An all di aner, déi ginn awer och nach gläichzäiteg enger berufflecher Aktivitéit no. Well am RMG gëtt jo gekuckt, wann de Stot net genuch huet, da kann een eng Demande maachen, fir ee Complément ze kréien. An och dat wëlle mir vereinfachen. Mir wëssen net, ob et ëmmer gutt ass, deen administrative Wee, deen déi Leit do musse maachen.
Et däerf een och net vergiessen, datt och schonn haut Leit a Beschäftegungsmoossnam sinn, déi am RMG sinn, datt déi och schonn obligéiert sinn eppes nozegoen. Ech wëll just soen, datt fir de Mount Abrëll 2.123 Leit déi RMG kréien, datt déi och schonn an enger Beschäftegungsmesure deelgeholl hunn. Déi Mesurë muss een den Ënnerscheed maachen tëschent deem wou si fir allgemeng Déngschtleeschtungen ënnerwee sinn, respektiv do wou si och mat engem Kontrakt gekuckt ginn. Ech mengen är Kollege vun der Tëlee haten nach dës Woch ee Reportage driwwer, wat do alles gemaach gëtt. Och do sinn et 326 Leit déi mat engem Stage en Entreprise ënnerwee sinn, et sinn der 1.076 déi eng Utilité collective maachen, dat heescht déi vun engem ëffentlechen Träger erugeholl gi sinn. An nach déi déi an der Insertion professionelle sinn, dat sinn der 2.123, esou datt mir een Taux d'activation hunn vun all deenen déi am RMG sinn vun 66%. Et geet drëm fir deen och nach kënnen eropzesetzen.
Da geet et och drëm déi Leit déi am SNAS sinn, dat heescht déi an der Action sociale sinn, déi am allerënneschten Niveau sinn, datt mir och do deene Leit hëllefen erëm eng Kéier op d'Féiss ze kommen, op d'Been ze kommen. Déi musse sech gläichzäiteg bei eis ëmmer mellen. Si musse sech och gläichzäiteg ëmmer erëm melle bei der ADEM, fir datt mir do och Weeër fanne wéi mir deene Leit kënnen hëllefen. Well do geet et net alleng duer fir deene finanziell ze hëllefen, mä do geet et och drëm fir deene ze hëllefe gegebenefalls een Daach iwwert dem Kapp ze kréien. Do geet et och drëm fir mol eng Kéier erëm allgemeng d’Regelen déi een an der Gesellschaft muss maachen, fir déi z'applizéieren an och deene soll een hëllefen, awer net nëmmen hëllefen a Geldleeschtungen, mä och duerch Berodung, datt mir se begleeden, datt mir hinnen d'Chance ginn erëm op den normale Wee op den normalen Aarbechtsmaart zeréckzekommen.
Roy Grotz:Wéi ass d'Iddi vum Staatsminister fir RMG Bénéficiairen och un Aarbechten d'utilité publique, wéi zum Beispill a Gemengen erunzezéien? Kann een dat nach méi afuerdere vun deene Leit?
Marc Spautz:Ech menge mir hunn jo, ech hunn Iech jo de Chiffer genannt, datt mir der scho vill dran hunn, mä et ass kloer, an dat ass och dat wat mir gemaach hunn, mir hunn d'Gemengen ugeschriwwen, alleguerten déi sollen eis, hir Responsabel nach eng Kéier soe vum RMGen, wat fir eng Méiglechkeeten et nach ginn, datt mir och do kucke wat fir eng Leit mir kënnen beim RMG erunzéien oder net.
Mä wat leider falsch ass, dat ass och déi Diskussioun déi heiansdo dobausse gefouert gëtt: alleguerten déi Leit di am RMG sinn, déi profitéieren nach vun hei a vun do. Ech wëll nëmme soe wéi déi Geschicht gratis Transport oder vum Chèques service, dat huet guer näischt mam RMG ze dinn, mä do hänkt et dovun of wéivill Dir verdéngt. Do kënnen och Leit déi net am RMG sinn, kënnen op hiren Office social goen a kënnen do och Hëllefe kréien fir mam Bus ze fueren an och nach aner Aiden. Mä et ass vläicht datt déi Aiden net bekannt genuch sinn. Mir hu jo eng Reform gemaach gehat vun den Offices socialen, déi gedroen huet mä datt et do och wichteg ass vun eis nach méi op déi Ënnerstëtzungen hinzeweisen.
Mä et ass net esou fir automatesch ze soen, wann s du den RMG hues, hues du dat och alles gratis. Och do ginn net aner Seuilen an déi ginn och zesumme mam Office social festgestallt.
An da gläichzäiteg wëlle mir, wa mir déi Reform maache vum RMG, well mir deen och kucke, wat ass den individuellen Deel, wat brauch ee fir Loyer ze bezuelen, wat brauch ee fir am Liewe kënne ze bestoen. An datt een dann do och kann déi néideg Adaptatiounen virhuelen. Wann do verschidde Leit sech carrément weigeren ëmmer erëm ze soen, ech wëll dat net, oder ech wëll net dohinner goen, mä et däerf een awer net soen, all RMG Bezéier wier ee Profiteur. Mä et ass wéi iwwerall, et ginn iwwerall där enger an där anerer an et däerf een net verallgemengeren. Wann ee mol deen een oder deen anere kennt. Ech kann der och genuch nennen, déi net dovu profitéieren. Datt et eis ni wäert geléngen een 100%eg gerechte System ze maachen, wou mir nëmme Leit hunn déi net dovu profitéieren, dovu sinn ech och iwwerzeegt. Et wäerten der ëmmer e puer ginn déi probéiere mat all Mëttelen derlaanscht ze kommen.
Roy Grotz:Dir hutt d'Beschäftegungsinitiativen ugeschwat, dat sinn där enger, där gudder, an dësem Fall, wann een esou mol wëll huelen, déi beim OPE Projet “Ile aux clowns�? schaffen, eng Initiative déi jo den Ament an der Schwief ass. Dir hutt gëscht am Ministerrot dës Décisioun geholl d'Initiative net falen ze loossen. Et war jo och ee groussen Appell op Facebook ënnert anerem. Elo misst awer eng ASBL als neien Träger geschaf ginn. Wéi soll dee Montage konkret ausgesinn? Dir sidd ee vun deenen 3 concernéierte Ministeren.
Marc Spautz:Also éischtens muss ech mol soen, datt ni d'Absicht bestanen huet bei der Regierung, datt d'Ile aux clowns näischt soll geschéien. Et muss een och wëssen, datt déi Ministèren réischt am Laf vun dëser Woch och den Dossier kritt hu vun deene betraffene Leit déi och doru geschafft hunn. Mä wou et drëm geet ass manner och elo nom Finanzement ze kucken, mä et ass richteg wéi Dir gesot hutt, well de Finanzement dee steet plus ou moins, et geet drëm fir eng ASBL ze fannen wou si een Ënnerdaach fannen. Dat heescht bis elo war d'Ile aux clowns beim Objectif plein emploi iwwert Archipel dobannen. Datt mir elo zesumme kucken, de Minister vun der Santé, well si jo virun allem och bei d'Gesondheetsberuffer eraginn, awer och de Minister vun der Aarbecht, dee bis elo iwwert d'OPE dat Ganzt gemaach huet. An een dee vergiess ginn ass, dat ass de Minister vun der Économie solidaire, och deen ass mat dran, plus d'Famille. Do gesi mar, net mar mä e Méinden de Mëtteg ass eng Sitzung um Niveau vun de Conseilleren, wou gekuckt gëtt, datt mir eng Struktur schafen, wou souwuel aus dem Senioreberäich wéi aus dem Jugendberäich, wéi aus dem Spidolsberäich Träger mat dra sinn, wou dann och herno d'Ile aux Clowns wäert ugesiddelt ginn an datt mir och kucken esou séier wéi méiglech virunzekommen. Mä ech wëll ënnersträichen, mir hunn eréischt d'Dossiere kritt, den 3. Juni datéiert, wou déi vun den Organisatioune fortgeschéckt si ginn. Ech verstinn d'Opreegung bei de Leit, well ech muss soe si maachen eng wäertvoll Aarbecht, eng gutt Aarbecht, esouwuel am Jugendberäich wéi och bei deenen eelere Leit an dofir ass et och net de Wëlle vun der Regierung se falen ze loossen. Et geet elo drëm déi Struktur ze schafe wou si da kënnen als Clowns ugesiddelt ginn. Mä et ass och wichteg, datt si dann zesummebleiwen an net datt si auserneefalen a verschidde Richtungen. Dat wier keng gutt Saach fir d'Iwwerliewe fir der Ile aux clowns.
Roy Grotz:Hëllef ass ee gutt Stéchwuert. Nach séier vläicht um Enn vun der Emissioun komme mir bei Äre Ministère vun der Kooperatioun ze schwätzen Här Spautz. Lëtzebuerg war jo an der Lescht éischter negativ an den internationalen Nouvellen, ech soe just Ofschafen Bankgeheimnis, Steieroasen an esou weider. Dobäi si mir jo awer ee gudde Schüler wat d'Entwécklungszesummenaarbecht ugeet. Dir wëllt déi Hëllef, déi Lëtzebuerger Hëllef méi visibel maachen?
Marc Spautz:Also ech mengen éischtens ass mol z'ënnersträichen, datt Lëtzebuerg nach ob dat ugefaange war beim Jean-Louis Schiltz, virdrun nach beim Charles Goerens, beim Robert Goebbels oder och beim Marie-Josée Jacobs, ëmmer een héije Stellewäert hei am Land hat. Et däerf een net vergiessen, datt Lëtzebuerg mat dat éischt war déi déi 0,7% erreecht hunn. Mir sinn haut op 1%. et si verschidde Länner déi wëlle ee Club des 0,7 grënnen. Ech mengen d'Norweger a mir kéinten de Club vun 1% grënnen, wou mir bereet sinn an déi Entwécklungshëllef eran ze ginn. D'Entwécklungshëllef ass jo och ëmmer ee Punkt, déi eng Leit sinn 100%eg dovunner iwwerzeegt. An dat ass dat wat ech an der Politik feststellen, datt mat Ausnam vun enger Partei, déi gesot hunn et misst een zeréck op 0,7, mä si hunn net gesot et misst een alles stoppen, se alleguerte wëlle bei dem 1% bleiwen.
Roy Grotz:Rappeléiert eis nach eng Kéier wien dat war.
Marc Spautz: Et war den ADR dee gesot huet mir sollen zeréck op 0,7, mä all déi aner hu gesot, mir kënne roueg bei dem 1% bleiwen. Et ass wichteg, datt een Entwécklungshëllef mécht. D'Entwécklungshëllef muss een un den Aide au Développement erënneren. Dat sinn déi wou jo ganz vill ONGen, och eng ONG déi Iech nosteet, ganz aktiv ass, déi cofinanzéiert ginn.
Dann hu mir awer och Aides humanitaires, dat ass dat wou de Staat alleng mécht, wou de Staat seet, hei dat si Suen déi mir un déi jeeweileg Organisatiounen ginn fir an humanitär Katastrofe kënnen ze reagéieren. Do wëlle mir hei zu Lëtzebuerg weiderfueren. Mir wëlle bei de Partnerlänner, do ass eent oder dat anert wou mir nach eng Kéier mussen driwwer nodenken, sinn déi net elo wäit genuch développéiert. Datt ee sech kann zeréckzéien an da kann een nei Länner mat bäihuelen. Do ass et wichteg, datt mir dat bäibehalen. Dat war och eng vu mengen éischten Aktiounen, Entrevuen déi ech hat, fir mat dem Cercle des ONGs zesummenzekommen, fir ganz kloer ze soen, datt weder ech nach d'Regierung drun denkt iergendeppes an der Entwécklungshëllefpolitik ze änneren, wat post-2015 ubelaangt.
Wann do elo deen neie Plang kënnt, do wäert Lëtzebuerg op alle Fall alles maache fir op deem 1% ze bleiwen. An Dir hutt jo och selwer matkritt, datt mir och wéi lo déi jeeweileg Instanzen hei waren, datt déi alleguerte Lëtzebuerg doran ee gudden Zeugnis ausgestallt hunn.
Ech wëll awer och soen, datt mir och zesumme wëlle mam Ministère vum Développement, datt mir so och zesumme wäerte mat hinne sensibiliséieren, well et och wichteg ass, datt wann een Développement an deene Länner mécht, datt een dat och no den ëmweltpolitesche Critèrë mécht. Well een net nëmme ka soen, hei mir wëllen eppes dohanne maachen, mä et soll een et och maache sou wéi een et selwer gären hätt, och no den ëmweltpolitesche Moossnamen an och do wäerte mir d'Kollege mat abannen.
Roy Grotz:Déi lescht Minutte wëlle mir huele fir de Marc Spautz eng Kéier e bësse méi privat: “hart aber herzlich�? esou huet Iech d'Revue charakteriséiert. Gesitt Dir Iech och als ee wou ee weess wou een drun ass, een dee schlecht engem eppes ka virmaachen?
Marc Spautz:Also ech mengen, datt ee bei mir ëmmer weess wou een drun ass. Dat ass op alle Fall bis elo all dee Wee deen ech gemaach hunn. Ech hu vläicht villes a mengem Liewe virgeworf kritt, ech hunn och sécher Munches vläicht manner gutt gemaach wéi aner Saachen, mä et wousst een awer bis elo awer nach egal a wat fir enger Situatioun ëmmer wou ee mat mir dru war an dat wäert sech och net änneren.
Roy Grotz: An der Kooperatioun do sidd Dir um Niveau vum Ausseministère mat villen Diplomaten beieneen, een Ëmgang eppes wat Iech läit oder éischt schwéierfällt? Et ass jo awer eng bësse speziell Welt.
Marc Spautz:Also éischtens muss ech soen, datt ech och an deene sämtleche Ministèren tiptop Mataarbechter hunn, mä datt et een aneren Ëmgang op där enger Plaz ass wéi op där anere Plaz, ech mengen dat läit an der Natur vun der Saach, mä et ass op alles Fall ganz interessant an ech léieren och all Dag och do nach ëmmer bäi.
Roy Grotz:Vill ass an der Lescht, a mir hunn och driwwer geschwat, iwwert d'Finanze vu Beschäftegungsinitiativen a vun de Gewerkschafte Rieds gaangen. Dir waart iwwer laang Joere beim LCGB och berufflech aktiv. Ären onfräiwëllegen Départ genee wéi dee vum Aly Kaes war éischter mouvementéiert. Bleift do nach ëmmer ee batteren Nogeschmaach?
Marc Spautz:Also ech mengen, wat war dat war. Et soll een all déi Saache soll een, also ech maachen et op alle Fall esou, ech sinn nach ëmmer, ech stinn nach ëmmer zum LCGB an ech halen zum LCGB an ech wäert dat och ni verleegnen. Et huet mol eng Kéier ee Sproch geheescht, verzeie jo vergiessen ni. An ech kann dat och vläicht an deem dote Kontext esou soen.
Roy Grotz:Äishockey, dat schéngt Iech ze leien? Mir hunn Iech mol op esou enger Foto gesinn. Do gëtt mat haarde Bandagë gekämpft. Huet dat Iech biswell gehollef an der Politik?
Marc Spautz:Dat huet mir ganz vill gehollef, wéi ech an der Jugend och ugefaangen hunn, wou ech leider elo zanter scho bal 20 Joer net méi ka spillen, well ech d'Zäit net méi hunn, mä et huet mech ëmmer terribel impressionéiert a wat virun allem och war, et war een haarde Sport, mä et war awer och gläichzäiteg ee Sport mat ganz vill Teamgeescht an all déi Kollegen déi ech am Äishockey kennegeléiert hunn hei zu Lëtzebuerg oder am Ausland, déi zielen och haut nach zu mengem Frëndeskreess, well déi Kollegialitéit déi do geschafe ginn ass, déi halen och iwwer Generatiounen ewech.
Roy Grotz: Ee klengt Stéck Musek vun Iech gewënscht fir opzehalen.
Et geet hei net esou ëm Conquest of Paradise, mä ëm Vangelis. Déi douce Kläng läit Iech dat? Entspaant Dir esou oder?
Marc Spautz: Et ass eng vun de Méiglechkeete fir ze entspanen. Et hänkt ëmmer dovun of a wat fir enger Stëmmung een ass, wat fir eng Musek een da lauschtert an deemno wéi hektesch den Dag war, ass Vangelis eng vun deene Méiglechkeete wou een dann och mol eng Kéier kann ofschalten.
Roy Grotz:Ech wënschen Iech där doter Momenter an där anerer. Vill Courage nach fir dat lescht Joer an ee gudde Wahlkampf géif ech soen Här Spautz.
Marc Spautz:Ech soen Iech villmools Merci Här Grotz datt ech konnt hei sinn an ech wäert och alles maache fir déi nächst 11 Méint déi mir nach bleiwen dat ze maache wat am Intérêt vum Land ass. Villmools Merci.