Jean Asselborn au sujet de l'affaire d'espionnage des services secrets américains NSA

Lynn Gaspar: Et dierf ee sech net alles am Numm vum Kampf géint den Terrorismus erlaben. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn am RTL Interview als Reaktioun op d’Spionage vun europäesche Gebaier duerch den amerikanesche Geheimdéngscht.

Jean Asselborn: Ech fannen dass et extrem grav ass, wann dat sech als wouer erausstellt - an ech mengen de Spiegel wäert net do liichtfankeg déi Nouvellen do an d’Welt gesat hunn - dann affektéiert dat natierlech d’Vertrauen vun der europäescher Diplomatie mat den USA. Dat éischt wat ee muss festhalen, dat ass datt déi Services de renseignements vun den Amerikaner net ënner Kontroll sinn. Kontroll, déi digne ass vun enger Demokratie. An et weist och rëm eng kéier, datt déi Obsessioun, alles ënnert deem Begrëff lutte contre le terrorisme, datt do praktesch elo alles erlaabt wier. Ech mengen, do geet et ëm d’Essenz vun der Demokratie, vun der Protektioun vun de Fräiheeten, an déi dierfen net en cause gesat ginn. Mee dat hei ass een Zeechen, datt wierklech et an eng Richtung geet, déi net tolerabel ass.