Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.
Guy Kaiser: Dir waart e Mëttwoch Owend an Äre Conclusiounen nom Débat vu 7 Stonnen zimlech verbattert. Loosse mir eis déi lescht 40 Sekonnen dovunner ulauschteren:
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hätt et mir ni virstellen kënnen, datt ausgerechent d’sozialistesch Partei mir géif e Fouss stellen, hätt ech mir a 25 Joer Zesummenaarbecht net kënne virstellen. Ech stellen awer fest, datt an der Motioun vun der sozialistescher Partei net op dat agaang gëtt wat ech gesot hunn, mä dat, ënner Form vu Motioun kënnt, wat souwisou geplangt war. Well dat esou ass, sinn ech der Meenung - mä ech hunn näischt doriwwer ze soen - datt mir eis Debatt eigentlech kënnen ophalen. Ech convoquéieren d’Regierung fir muer de Moien 10 Auer a ginn duerno an de Palais fir dem Grand-Duc Neiwahlen virzeschloen.
Guy Kaiser: An deem Saz, oder an deene Sätz ass jo munches dran. Waart Dir da wierklech iwwerrascht, datt d’Sozialisten Iech géifen politesch fale loossen? Ëmmerhin war jo eigentlech schonns dee Freideg virdrun villes gesot ginn vum Koalitiounspartner.
Jean-Claude Juncker: Iwwerrascht war ech an deem Sënn net, datt ech och mir d’Meenung gebilt hat, datt mir missten Neiwahle kréien fir e bëssen eis erëm mat de richtege Problemer vum Land ze beschäftegen. Woubäi déi Geheimdéngschtaffär och e Problem ass mat deem ee sech huet musse beschäftegen. Mä ech hat gemengt, no mengen Erläuterungen déi ech a menger bal 2 Stonne laanger Ried zu deenen eenzelne Virwërf ginn hat, déi mir gemaach gi sinn, datt een wuel kënnt Neiwahlen envisagéieren - dat war keng Iwwerraschung - mä ech war e bëssen iwwerrascht iwwert den Text vun der sozialistescher Motioun, deen esou redigéiert war wéi wann ech virdru keng Erklärunge ginn hätt. A wann ee mierkt, datt een 2 Stonne laang schwätzt a Punkt fir Punkt ageet op dat wat engem virgeworf gëtt, da kann ee raisonabelerweis dovun ausgoen, datt sech och intensiv mat deenen Äntwerten och Punkt fir Punkt beschäftegt gëtt, an dat ass net geschitt an dat war meng Enttäuschung.
Guy Kaiser: Op jiddwerfall goufe mat deene Sätz d’Sozialisten als déi dohinner gestallt déi Iech gekippt hunn.
Jean-Claude Juncker: Dat war net meng Absicht. Dat war eng Beschreiwung vun deem wat geschitt ass. Gott sei Dank koum jo déi Chamber TV an d’Leit hunn, wéi ech weess, zu vill meng Ried nogelauschtert an hunn och observéiert wat duerno geschitt ass an dat war einfach d’Endbeschreiwung vun enger Debatt vu 7 Stonnen wou ech 2 Stonne fir näischt geschwat hunn.
Guy Kaiser: Op alle Fall huet Är Partei nach deen nämmlechten Dag, also dee Mëttwoch de Slogan rausginn, “mir mam Premier�?. Héiert sech e bësselchen un wéi, elo weise mir deenen et déi eise Líder Máximo a Schwieregkeete bruecht hunn [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Dat ass den Här Castro.
Guy Kaiser: Dir waart jo ëmmer, Här Juncker, e Magnéit fir Stëmmen ze kréien. Riskéieren déi nächst Wochen net komplett fokusséiert ze ginn op entweder fir oder géint de Jean-Claude Juncker?
Jean-Claude Juncker: Also ech mengen net, datt meng Partei mat deem Slogan, “mir mam Premier�? an d’Wahle wäert goen. Et ass jo keng Wahl ob de Jean-Claude Juncker méi oder manner Stëmme kritt wéi déi leschte Kéier. Dat ass souwisou relativ schwiereg fir der méi ze kréien. Ech hunn och eigentlech d’Gefill, datt et eng falsch Presentatioun vun der Ausernanersetzung am Wahlkampf, wéi dat leider Gottes heescht, soll sinn fir Persounen an de Mëttelpunkt ze stellen. Et geet hei ëm d’Festleeën vun der Marschroute fir déi nächst 5 Joer. An doriwwer sollt dach [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Mä laanscht d’Persoun Juncker komme mir awer net. Ech mengen Dir sidd 18 Joer Staatsminister, Dir maacht 30 Joer Politik, also laanscht d’Persoun Juncker ass schwéier ze kommen.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech sinn do.
Guy Kaiser: Ech hunn Är Ried vun e Mëttwoch andächteg nogelauschtert. Si gouf vill Explikatiounen firwat munches schif gelaf ass. Si gouf och Abléck an d’Persoun Juncker, wat och net onwichteg ass. Déi Explikatioune verbonne mat Ärem Talent fir d’Rhetorik déi mir kennen, hu villes an een anert Liicht gesat, ma d’Fro vun der Responsabilitéit ass fir eng Majoritéit an der Chamber awer nach ëmmer net gekläert.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä d’Fro vun der Responsabilitéit ass jo eng wichteg Fro. Dir hutt éinescht am Ufank vun eisem Gespréich gesot, ech hätt Feeler gemaach, mä ech wär net verantwortlech. Esou hutt Dir dat resüméiert. Ech mengen, esou kuerz kann een dat net resüméieren. Ech hu gesot, datt ech meng Verantwortung géif droen an ech hunn erkläert an der Chamber un Hand vun deene Virwërf déi mir gemaach gi sinn, datt mäin Ëmgang mat deem wat de Grond, wat een zu deene Virwërf gefouert huet, esou war, datt ech all Kéier wann ech e Feelfonctionnéiere festgestallt hunn, agegraff hunn an déi agestallt hunn an ausserdem de Geheimdéngscht intern reforméiert hunn op ganz, ganz ville Punkten. Mä ech hu fonnt, wéinst der Aart a Weis wéi ech mat deem Feelverhale wat et plazeweis jo ginn huet, ëmgaange sinn, sech géifen d’Grënn duerfir erginn firwat, datt ech, obwuel verantwortlech, net wéinst där Verantwortung, déi ech awer wouer geholl hunn, misst zeréck trieden. An doraus - déi Debatt ass eigentlech net gefouert ginn. Et ass gesot ginn, trëtt en zréck oder trëtt en net zréck? An ech hunn erkläert, wéi ech ëmgaange sinn mat deenen Affären a gemengt, wéinst der Form vun deem Ëmgang mat den Affären, déi geschitt sinn, wier keng Ursaach do fir zeréck ze trieden. Duerfir ass déi Debatt e bësse verfälscht.
Guy Kaiser: Et kënnt ee jo lo soen bei deem engen oder aneren, wéi soll ech et nennen, Tëschefall, kënnt een duerch d’Fanger kucken, well et ware jo Fäll dobäi déi ware manner schlëmm. Allerdéngs goufen et där Tëschefäll, där Incidenten awer eng ganz Partie.
Jean-Claude Juncker: Jo, et sinn der eng ganz Partie ginn an déi sinn ëmmer op 2, 3 Agenten vum Geheimdéngscht zeréck ze féieren. Net op dee ganze Geheimdéngscht dee jo eng wäertvoll Aarbecht mécht, wat jo och an der Chamber festgestallt ginn ass. En huet zwar de Moment Schwieregkeeten senger Aarbecht nozekommen, well déi Informatiounen déi eis zougedro ginn, virun allem déi aus dem Ausland, déi mir dringend brauchen, e bësse méi späerlech de Moment kommen wéi dat fréier de Fall war. Ech hu jo och eng Rei vu Feeler zouginn nodeem nach dee selwechten Dag gemengt gi war ech géif mech fir onfeelbar halen. Dat hunn ech ni gemaach an iwweregens och schonn dacks am Liewe bewisen, datt ech nu wierklech net onfeelbar sinn. Mä et huet keng Majoritéit an der Chamber sech duerfir ausgeschwat, datt d’Regierung misst zréck trieden. Ënnert anerem well jo een allgemenge Konsens leschten Enns ënnert de Parteie war, datt et besser wier mir géifen nei wiele goen.
Guy Kaiser: Dir hutt Iech e Mëttwoch och ënnert anerem mat der Remarque verdeedegt, wann ech menge Beamten elo soen, maacht dat, da kann ech als Staatsminister oder als responsabele Minister vum Geheimdéngscht oder vu wat fir engem Service och ëmmer net permanent kontrolléieren ob se dat dann och wierklech gemaach hunn. Dat gouf Iech e Mëttwoch net onbedéngt gutt gehalen. Ech hu mol spontan dorunner geduecht, datt et sech bei deene Leit, Agenten, wien och ëmmer, sech ëm vereedegt Fonctionnairen handelt. Dat mécht d’Saach u sech jo eigentlech nach méi schlëmm. Déi si vereedegt an Dir hutt näischt ënnerholl.
Jean-Claude Juncker: Jo, sou einfach kann een dat, wann Dir erlaabt, dat och net presentéieren. Wann ech festgestallt hunn, datt de Geheimdéngscht mat enger Operatioun beschäftegt war, déi éischter eng polizeilech Aufgab war wéi eng geheimdéngschtlech, hunn ech duerfir gesuergt, datt déi Operatiounen agestallt gi sinn. Heiansdo muss de Geheimdéngscht eng Operatioun ufänken déi wierklech no geheimdéngschtlechen Erfuerdernisse rifft, an da gëtt ënnerwee festgestallt, dat ass net esou. Ech kann net ee Beamten, vereedegt oder net vereedegt, mä an dësem Fall vereedegt, bestrofen, well am Ufank vun enger Affär gemengt gëtt, déi wär sécherheetspolitesch relevant. Dat kënnt an der Welt, wou jo relativ vill iwwer Geheimdéngschter geschwat gëtt de Moment, ech weess net, wéivill Dausend mol den Dag fir, datt de Geheimdéngscht anlässlech vun enger Affär déi fir eng Geheimdéngschtaffär gehal gëtt, op emol éischter an de Beräich vun de polizeilechen Ermëttlunge kënnt an da muss en sech zeréck zéien. An duerfir hunn ech gesuergt an ech kann déi, déi do op enger falscher Pist waren, déi se fir richteg agestuuft hunn, net duerfir responsabel maachen.
Aner Elementer vum Dossier sinn esou, datt ech mir natierlech Virwërf maachen. Zum Beispill ginn ech vum deemolegen Direkter vum Geheimdéngscht mat enger Auer wéi d’ganzt Land an e gutt Stéck iwwert d’Land eraus entretemps weess, opgeholl. Do hätt ech effektiv an der Nobetruechtung missen eng Disziplinaraktioun maachen, déi ech jo net gemaach hunn, well ech gefaart hunn, datt mir dann international, iwwert d’Zesummenaarbecht, mat deenen aneren Déngscht ubelaangt, géif drënner leiden. Fir de Rescht sinn ech ëmmer dovun ausgaang, notamment a mengem Ëmgang mat héije Beamten - an ech hat dees Ëmgang a mengem Liewe jo vill - datt wann een deene seet, dat do geet net, haalt elo domat op, datt dat dann och geschitt. Dat maachen ech mir och zum Virworf, datt ech de Suivi vun mengen Instruktiounen net iwwerwaacht hunn. Mä dat musst Dir Iech awer och sou virstellen, datt dat relativ schwiereg ass. Ech kann net all Dag nofroen, maacht dir dat dann och elo net méi wat ech gesot hunn, datt dir net méi dierft maachen. Oder bekëmmert dir iech ëm déi Affär vun där ech gesot hunn, dir misst iech ëm déi Affär bekëmmeren. Woubäi ech där Instruktiounen net vill ginn hunn, datt se sech solle mat enger Affär beschäftegen, well si kennen d’Virgäng an ech kennen déi Virgäng net. An ech hat ëmmer deen héije Staatsbeamten géintiwwer - de Beamten iwwerhaapt, ech hat och eigentlech ni e Problem domat - een natierlecht Vertrauen entgéint bruecht. Ech kann net liewen an engem Klima vu Mësstrauen a vun ëmmer Nofroen a vun kengem richteg gleewe wat e mer seet. Ech sinn einfach drop ugewisen, datt dat wat ech gesot kréien, dat wat ech geschriwwe kréien, datt dat wat ech gewise kréien, esou ass an net anescht. Do sinn ech mënschlech schlecht drun.
Ausserdem sinn ech contrairement zu deem wat, mengen ech, déi meeschte Leit am Land bal mengen a wat ech eigentlech net dierft richteg soen, kee ganz strenge Chef. Ech schaffe gären an engem vertrauensvolle Klima zesummen am Interessi vun der Saach an ech huelen och net gären d’Brout ewech, well ech kann och kengem d’Brout ginn.
Guy Kaiser: Mä hei handelt et sech ëm de Geheimdéngscht. Wat kann een dann do maachen fir dat doten an Zukunft ze ënnerbannen? Kontroll muss jo awer trotzdem vergréissert, verstäerkt ginn. Onofhängeg wien herno soll Staatsminister sinn.
Jean-Claude Juncker:Jo, Kontroll, mä et ass jo och net sécher, datt de Staatsminister dee soll sinn dee sech mam Geheimdéngscht soll beschäftegen. An aner Länner maachen d’Justizministeren dat oder d’Inneministeren dat. Et huet souguer am Ausland heiansdo iwwerrascht, datt zu Lëtzebuerg de Regierungschef dat alleng mécht, ouni d’Hëllef vun aneren, wat am Ausland néierens de Fall ass, mä mir si jo e klengt Land. Duerfir ass gemengt ginn, dat wier méiglech. Et gëtt kee Geheimdéngscht vun der Welt - den Alex Bodry huet dat och an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort de leschte Mëttwoch festgestallt - wou d’Kontroll, och déi parlamentaresch Kontroll, honnertprozenteg fonctionnéiert. Et brauch ee jo nëmmen d’Aktualitéit ze kucken fir ze gesinn, datt dat net esou ass. An Däitschland freet hallef Däitschland sech, oder méi wéi hallef Däitschland sech, ob déi däitsch Regierung eppes wosst vun den Aktivitéiten vum amerikanesche Geheimdéngscht wat d’Oflauschteren an d’Kontrolléiere vun den eenzelne Virgäng ubelaangt. Also dat ass ganz schwéier déi Kontroll ze maachen. Well Geheimdéngschter och vu sech selwer den Androck hunn, si misste geheim bleiwen. Dat ass net esou, datt déi Pressekonferenzen halen fir iwwert hir Aktivitéiten ze berichten. An ee vun de Kollateralschied vun der ganzer Geheimdéngschtaffär a vun der Aart a Weis fir se opzeschaffen ass jo, datt de Moment alleguer déi Kreeser déi mir zu Lëtzebuerg observéieren och wëssen, datt se elo observéiert ginn. An dat ass e schlëmme kollaterale Schued. [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Kann ech dann do vläicht eng Klamer opmaachen, Här Staatsminister?
Jean-Claude Juncker: Ech wollt nach just soen, ech hat virgeschlo scho viru Méint, datt een am Ministère d’État oder eben an deem Ministère wou de Geheimdéngscht ugesidelt ass, misst e Geheimdéngschtbeoptragten hunn, deen sech wierklech de ganzen Dag kënnt ëm déi Affär bekëmmeren. Mä wann deen net gesot kritt wat lass ass, wann dee belu gëtt oder nëmmen hallef Wourechten servéiert kritt, da fënnt en déi och net ohne Weiteres eraus.
Guy Kaiser: Wat de Fall vun NSA betrëfft. Hutt Dir do dann elo mam lëtzebuerger Geheimdéngscht schonn driwwer geschwat?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn doriwwer mam lëtzebuerger Geheimdéngscht geschwat, also mam Direkter vum Geheimdéngscht - am Prinzip ënnerhalen ech mech just mam Direkter an net mat eenzelnen Agenten. A wann eenzel Agente bei mech komme fir mir eppes ze soen, dann hunn ech se ëmmer erëm zréck bei den Direkter geschéckt - an ech hunn den Direkter gefrot, ob eise Geheimdéngscht mat NSA eppes ze dinn huet an et gëtt mir ënnert alle méigleche Formen assuréiert, dat wier net de Fall. Ech hunn och der Enquêtekommissioun e Bréif doriwwer geschriwwe gehat, datt dat net de Fall wier. Ech hoffen och, datt dat stëmmt an ech gleewen och deem neien Direkter vum Geheimdéngscht, datt dat stëmmt wann e mir seet, mir hu keng Spurenelementer fonnt déi drop hiweisen, datt d’Amerikaner a mir an deem Zesummenhang matenee kooperéiert hunn.
Guy Kaiser: Da musse mir dat elo gleewen, gell?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech gleewen et jiddwerfalls.
Guy Kaiser: Jo.
Jean-Claude Juncker: Ech kann en awer och elo all 3 Deeg uruffen a soen, hutt Dir mir wierklech d’Wourecht gesot.
Guy Kaiser: Dir hutt um Enn vun engem Débat leschte Mëttwoch, dee kee richtegen war, gesot, ech proposéieren dem Grand-Duc Neiwahlen. Domatter war d’Sëtzung quasi direkt duerno opgehuewen. Zu engem Vote vun deenen 2 Motiounen koum et net. War dat vergiess ginn, war et e geschéckte Schachzoch vun Iech?
Jean-Claude Juncker:Ech hu gesot - dat hutt Dir éinescht jo gentilerweis virgespillt – ech sinn der Meenung, hunn ech gesot, datt mir elo eis Debatt kënnten ophalen, mä ech hunn doriwwer näischt ze bestëmmen. D’Chamber ass net mat der Debatt viru gefuer. An ech hunn dat jo net einfach aus mir gesot, datt mir dem Grand-Duc sollen Neiwahlen virschloen. Doriwwer hu mir eis an der Regierung an ënnert de politesche Parteien jo grosso modo schonn eens gewiescht. Dat war also fir keen eng Iwwerraschung. Duerfir konnt et jo eigentlech och kengem den Otem verschloen.
Guy Kaiser: Fir beim Grand-Duc ze bleiwen. Ginn et objektiv Elementer déi dem Grand-Duc et erlaben d’Parlament opzeléisen?
Jean-Claude Juncker: De Grand-Duc huet laut Verfassung à tout moment d’Recht d’Chamber opzeléisen. E brauch säi Choix souguer net ze begrënnen. Allerdéngs kann de Grand-Duc aus allengeger Kraaft d’Chamber net opléisen. E brauch do ëmmer de Contreseing vum Staatsminister. An de Grond fir Neiwahlen ze maachen ass einfach deen, datt duerch d’Beschäftegung mat dëser Affär wéi och mat der Affär Léiweng-Wickreng vun där eigentlech kee richteg weess wéi se ausgaang ass, wann ech dat richteg gesinn, zevill Attentioun ewech geholl ginn ass vun den eigentleche Problemer vum Land. Et ass eigentlech de Moment gewiescht wou ee sech huet musse Froen iwwert d’Plénitude vun der Gouvernance zu Lëtzebuerg stellen. Woubäi ech nach eng Kéier wëll soen, datt ech mat kengem ka rose sinn, datt déi Geheimdéngschtaffär och behandelt ginn ass. Well een normale Virgang am Staatsapparat war et jo net dee mir hei ze bewäerten haten.
Guy Kaiser: Als Journalist hunn ech mir regelméisseg d’Fro gestallt, firwat kommen verschidden Informatiounen zu engem ganz bestëmmten Zäitpunkt. An der parlamentarescher Kontrollkommissioun sëtze jo all d’Fraktiounschefen, also vu Majoritéit an Oppositioun. Déi woussten am Prinzip alleguerten zanter dem 9. Juli 2009 Bescheed, datt dat ominéist Gespréich tëschent Iech an dem Här Mille enregistréiert gi war. An anere Wierder, d’Politik wosst wäit virun der Ëffentlechkeet Bescheed. An also stellen ech mir d’Fro, wisou koumen déi Informatiounen sträppweis un d’Ëffentlechkeet?
Jean-Claude Juncker: Ech wëll soen, datt Membere vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun jo net eréischt am Juli 2009 vun där Enregistrementsaktioun gewuer si ginn, mä den Här Goerens, dee war éischter informéiert, dee war deemools President vun där Kommissioun an deen huet och - sou hat ech dat mat him ofgemaach an sou huet en et och gemaach - déi aner Fraktiounspresidenten déi an där parlamentarescher Kontrollkommissioun sëtzen virum 9. Juni doriwwer informéiert, bis de 5 Juni, pardon. Mir hate just eng parlamentaresch Kontrollkommissioun, mä d’Informatiounen déi war bekannt. A firwat, datt RTL da bemol am November mengen ech, war dat, vum Joer 2012 mat deem Virgang un d’Ëffentlechkeet gaang ass, jo dat kënnt Dir eigentlech besser wësse wéi ech. Dat weess ech net.
Guy Kaiser: Dir hat mol eng Kéier op engem Kongress vun de Strippenzieher geschwat.
Jean-Claude Juncker: Dat ass wahrscheinlech net nëmmen eng Déformation professionnelle déi ech duerch den Ëmgang mat Geheimdéngschter mir zougeluecht hunn. Ech froe mech ëmmer, wann eng Informatioun public gemaach gëtt, dogéint kann ee sech jo net wieren, dann ass keng richteg Fro doriwwer ze stellen firwat datt se public gemaach gëtt. Et ass ëmmer eng Fro doriwwer ze stellen, firwat datt se dee Moment - well d’Informatioun jo scho méi al ass - public gemaach gëtt. An do kann ech mir net richteg virstellen, datt dat aus heiterem Himmel geschitt. Aus dem heiteren Himmel fale selten Stären erof déi engem wéi dinn.
Guy Kaiser: Bon, elo gi mir wielen. Wahrscheinlech den 20. Oktober. Dir sidd zanter en Donneschden nei-ale Spëtzekandidat vun der CSV. D’Chance besteet, fir anerer ass et wuel e Risque, datt Dir erëm gewielt gitt. D’Sozialisten hunn Iech enttäuscht, Iech e Fouss gesat, wéi Dir gesot hutt. Ass do eng nei Zesummenaarbecht iwwerhaapt nach méiglech?
Jean-Claude Juncker: Also ech verbrénge meng Zäit net mat 2 Saachen. Ech verbrénge meng Zäit net domat fir bei deem Evenement wat do am Parlament geschitt ass, bei där Net-Debatt stoen ze bleiwen. Dat ass geschitt, dat huelen ech zur Kenntnis. An da muss ee mam Liewe viru fueren. Ech verbrénge meng Zäit net domat fir elo 3 Méint laang op d’Kollege vun der sozialistescher Partei ze klappen. Ech hu keng Loscht fir esou e Wahlkampf ze féieren. An ech vergiessen och net, datt ech a variabelste Fonctioune 25 Joer gutt mat där Partei zesumme geschafft hunn. Ech späizen net op déi Vergaangenheet. Mä ech sinn och keen naive Jong. Mä de Wieler ass et, dee leschten Enns de Parteien - a fir d’éischt emol de Grand-Duc - d’Kaarten an d’Hand gëtt déi fir déi nächst 5 Joer auszeleeë sinn. An ech si weder Grand-Duc nach vertrieden ech d’Wieler alleguer.
Guy Kaiser: Bon deen neie Spëtzekandidat bei de Sozialisten heescht emol Etienne Schneider. E sot am RTL Interview, d’Genossen hätte Courage gewisen e Minimum vun Rechtsstaat ze retten.
Etienne Schneider (O-Toun): Dat Spill war fir mech zwar duerchsiichteg. Ech hu mir dat scho laang geduecht, datt se doropper auszilen. Mä no all deene Problemer déi se haten, all deene Katastrofen, déi awer vun CSV-Säit koumen - ech erënneren un dem Luc Frieden seng Dossieren, ech erënneren un de Michel Wolter dee sech mat der Press uleet, ech erënneren un déi ganz SREL-Affären fir déi awer leider nëmmen een responsabel ass an dat ass de Jean-Claude Juncker och wann hien dat net wëll agesinn - da kann een awer net herno higoen a soen, et ass deene béise Sozialisten hir Schold, datt mir elo nei wiele ginn oder éischter wiele ginn. Ech mengen einfach, datt d’Sozialisten hei de Courage hate fir e Minimum vu Rechtsstaat awer nach wëllen ze retten. An dat ass ganz couragéiert fir ze soen, ma komm mir ginn dem Wieler d’Recht zréck ze décidéieren wou dat Land an Zukunft soll higoen. Ech mengen elo net déi Wahlen virzezéien, dat hätt d’Land definitiv blockéiert bis an de nächste Mee. An ech mengen och Dir als Press hätt d’Regierung weider gejot. Sou sinn d’Fronte kloer. De Wieler huet d’fräi Wiel wat e wëll maachen an e kann sech drop baséieren wat elo déi verschidde Parteien ëm ubidden fir d’Zukunft.
Guy Kaiser: Also d’Regierungsaarbechten sou resüméiert: LSAP top, d’CSV flop?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn elo grad gesot, ech géif meng Zäit net domat verbréngen fir e Wahlkampf - woubäi ech dat Wuert Wahlkampf net gären hunn - déi Wahlausernanersetzung prioritär géint d’Sozialisten ze féieren. Och wann den Här Schneider elo den Androck gëtt, dat vu senger Säit aus esou ze gesinn, datt ee muss haaptsächlech op d’CSV an op de Premier klappen. Dat maachen ech net mat. Ausserdem ass jo d’Fro net gewiescht, datt mir keng Neiwahle géifen hunn. D’Fro ass, ob een Neiwahle mécht, well de Staatsminister scheinbar seng Verantwortung net iwwerholl huet. An ech soen nach eng Kéier, ech hunn meng Verantwortung iwwerholl, ech hu gepréift wat ech richteg a wat ech falsch gemaach hunn an ech hunn an deem wat ech gemaach hunn kee Grond gesinn fir zréck ze trieden. Dat ass eppes anescht wéi sech der Verantwortung net ze stellen. Ech hunn eng Analys gemaach vun deem wat geschitt ass. Ech hunn dee Rapport vun der Enquêtekommissioun geliest wou einfach, an dat hunn ech an der Debatt gesot, e ganze Koup Saachen dra sinn, déi net richteg sinn.
Ech ginn Iech e Beispill, dat ass elo net extrem wichteg, mä awer. Well Dir och déi Fro éinescht behandelt hutt. Et ass mir gesot ginn, ech hätt jo kënnen iwwerpréiwen ob de Chef vum Geheimdéngscht, den Direkter vum Geheimdéngscht d’parlamentaresch Kontrollkommissioun iwwert alles informéiert hätt. Dat hunn ech jo deem a Präsenz vum éischte President vun der Kontrollkommissioun, dem Henri Grethen opgefuerdert ze maachen. An da gëtt gesot, an deem Rapport vun der Kommissioun, ech hätt jo un Hand vun de Procès verbaux kënnen iwwerpréiwen ob den Direkter dat dann ausgefouert hätt wat ech gesot hunn. Just, datt ech déi Procès verbaux net kritt hunn wann ech net selwer an enger Sitzung war. Wéi ech och aner Rapporten[gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Ass dat sou Usus, wann ee selwer net an der [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob dat Usus ass, mä an där Kommissioun war et op jiddwer Fall Usus, datt nëmmen deen de Sitzungsbericht kritt huet, deen an der Sitzung dobäi war. Sou konnt ech also net iwwerpréiwen, ob dat ausgefouert ginn ass wat ech gesot hunn. Mä am Rapport vun der Kommissioun steet awer, ech hätt déi Procès verbaux kritt. Ech hunn se awer net kritt. Et ginn aner Noten zitéiert, déi ech soll kritt hunn, déi ech och net kritt hunn, mat deenen ech awer dann konfrontéiert ginn am Bericht. An duerfir hunn ech mir jo eng gewëssen Zäit geholl fir op alles dat ze äntwerten. Wann den Här Schneider seet, deen ech par ailleurs estiméieren, et wier drëm gaang e Minimum vu Rechtsstaat duerchzesetzen, da fannen ech dat eng onglécklech Ausdrocksaart a –weis. Et gëtt ëmmer drëm fir e Maximum vu Rechtsstaat duerchzesetzen.
Guy Kaiser: Wahrscheinlech äntwert Dir mir elo op déi nächste Fro, Dir hätt aner Saachen ze dinn wéi [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Dir kennt schonn déi nächst Fro, ech kennen se nach net.
Guy Kaiser: Bon, mol kucken wat Dir mir drop äntwert. Hutt Dir net d’Impressioun, do géing probéiert ginn mat enger Dräierkoalitioun d’CSV an d’Oppositioun ze schécken?
Jean-Claude Juncker: Also, ech denken doriwwer manner no wéi déi 3 aner déi dat vläicht Wëlles hunn, doriwwer nodenken. Et bleift leschten Enns dobäi, datt d’Leit am Oktober wiele ginn an datt se dann d’parlamentaresch Kräfteverhältnis festleeën. An ech ka mir duerchaus virstellen, datt déi 3 aner Parteien probéieren eng Dräierkoalitioun ze maachen, wat ech keng gutt Saach géif fannen, well schonn eng Zweeërkoalitioun ass schwéier ze féieren [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: En Donneschdeg Owend hutt Dir gesot, mir si gutt opgestallt, mä et gëtt déi Kéier méi schwéier fir d’Wahlen ze gewannen.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech mengen et gëtt méi schwéier aus 2 Grënn. Déi Geheimdéngschtaffär, déi huet jo meng Partei méi affektéiert an der ëffentlecher Duerstellung wéi aner Parteien, obschonn och aner Parteien mat eenzelne Virgäng ze dinn haten. An ech sinn natierlech och beschiedegt. Ech kann dat jo net verkennen. Ech si jo net op de Kapp gefall. Ech weess jo, datt et vill Leit gëtt, déi op emol ugefaang hunn mir net méi ze trauen an ze vertrauen. An dat ass eng Laascht un där ech u sech schwéier droen, datt et wahrscheinlech e ganze Koup vu Leit am Land gëtt déi virdrun fonnt hunn, ech géif meng Saach gutt maachen, opgrond vun dëser Affär mengen, si kënnte mir net méi an deem selwechte Mooss vertrauen. Wann ee Regierungschef awer ass, da brauch een e grousst Vertrauen, wäit iwwert de Wielercorps vu senger eegener Partei eraus. An et gëtt, zweetens - an dat ass eng wichteg Fro, also eng déi mech quält - déi aner Fro ass, mir hunn déi leschte Kéier aussergewéinlech gutt ofgeschnidden. Mir hunn 2 Mol méi Deputéiert wéi déi zweetsstäerkst Fraktioun an der Chamber [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Dat war bedengt och well Dir déi 4 Reschtsëz krut hat, déi leschte Kéier.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä mir hunn se awer kritt. An déi aner hu se net kritt. A mir hunn 38% kritt an deen Nächstfolgenden huet 23% kritt. Dat ass eng Differenz [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Mä Dir gitt mir Recht, d’Chancë fir déi nach eng Kéier ze kréien, déi 4 Reschtsëtz, déi ass net schrecklech grouss.
Jean-Claude Juncker: Déi Chance wier net grouss gewiescht bei normale Wahlen an déi ass natierlech bei Wahlen, déi kuerz no dëser Geheimdéngschtaffär passéieren, déi Wahlchancë vun der CSV sinn net méi grouss ginn. Duerfir gëtt dat ganz schwéier. Ausserdem renne mir un géint eng Front déi sech fonnt huet bei verschiddene Geleeënheeten vun deenen anere Parteien alleguer zesummen. Dat ass an der Demokratie net verbueden, mä dat muss een einfach feststellen, datt dat sou ass. An ech hunn och net den Androck, datt d’CSV vun der lëtzebuerger Press besonnesch frëndlech géif de Moment gekuckt ginn. Wat awer och erëm dat perfekt Recht vun der Press ass, duerfir ass et jo gutt, datt mir de Wieler froen wat e mengt, datt an den nächste 5 Joer misst geschéien, fir datt eist Land op der Strooss bleift.
Guy Kaiser: Déi éischt Halschent vun eiser Emissioun ass schonn erlaanscht. De Staatsminister huet et fäerdeg bruecht, wann Dir scho vun der Press schwätzt, datt et fir d’Journalisten dëst Joer kee Summerlach wäert ginn. Ech weess net ob ech Iech duerfir soll Merci soen.
Jean-Claude Juncker: Ech hunn net esou vill Matleed mat Iech wéi Dir es normalerweis mat mir hutt.
Guy Kaiser: Nom Geheimdéngscht solle jo aner Sujeten thematiséiert ginn déi wichteg sinn am Interessi vum Land an doriwwer diskutéiere mir dann ausféierlech am zweeten Deel.
[Noriichteniwwerbléck vum Corinne Folscheid]
Guy Kaiser: Dës Regierung, also déi déi nach en Fonction ass bis den 8. Oktober, hat et net einfach. Et gouf eng gehéireg international Kris, d’Sue spruddelen net méi esou liicht, d’Finanzplaz ännert sech, d’Recetten aus dem elektroneschen Handel ginn an 2 Joer zréck an d’Sozialpartner waren zerstridden. An der CSV selwer gouf et zejoert och Gestreits, beim Opstelle vum Staatsbudget, an d’Situatioun vun den ëffentleche Staatsfinanze soll net onbedéngt besser ginn; dat anert Joer soll den Defizit zwar bei 0,6% vum PIB leien, ma déi 2 Joer drop bei 1,3%.
D’Regierung krut virgehäit, net nëmme vun der politescher Oppositioun, ma och vu Patronatsorganisatiounen, net genuch ze ënnerhuelen d’Land fit fir d’Zukunft ze maachen. Wéi wëllt Dir dat an Zukunft änneren, Här Juncker?
Jean-Claude Juncker: Andeem ee fir d’éischt emol hannerfreet ,ob dat wat déi Kreeser déi soen, d’Regierung wier net an Topform gewiescht, ob déi Recht hunn.
Et ass net esou, datt keng Zukunftschantieren ugeluecht gi wieren, notamment wat déi wirtschaftlech an déi finanzwirtschaftlech Diversizifizéierung vum Land ubelaangt. Do si mir a ganz ville Secteuren ënnerwee.
Mir hu massiv op eng Erhéijung vun de Kreditmass fir d’Fuerschung an d’Innovatioun zu Lëtzebuerg gesat, wat en essentiellen Zukunftschantier ass. Well mir musse jo wëssen, datt wa mir net probéieren d’Zukunft optimal virzebereeden, doduerch datt mir se virdenken, datt mir se dann ni wäerten an deem Mooss erreeche wéi ee se muss treffen, wa se do ass, déi Zukunft.
An dat selwecht zielt fir de Beräich vun der Logistik; fir eng onwahrscheinlech Rediversifizéierung vun der Finanzplaz; esou datt ech dee Virworf net einfach esou stoe ka loossen, och net wann ech bedenke wat mir, wat jo en totalen neie Beräich vu lëtzebuerger politeschem Handelen ass, am Beräich vun der Universitéit alles gemaach hunn.
Datt eenzel Kreeser gär am Soziale méi radikal Moossname gesinn hunn, dat mag wuel sinn. Woubäi ee ganz gutt muss oppassen, datt wann een zum falsche Moment op der falscher Plaz Aschnëtter mécht, datt dat kuerzfristeg vläicht eng Ofsenkung um Budgetsdefizit ka mat sech bréngen, mä awer kuerz duerno wirtschaftlech a sozial Verwäerfunge mat sech bréngt, deenen hir Reparatur dann däitlech méi deier gëtt.
A mir liewen an der Kris. D’Eurozon verléiert dëst Joer 0,6% vu sengem wirtschaftleche Gewiicht; Frankräich, eisen éischten Noper, 0,2%; Däitschland wiisst just mat 0,3%. Mir kréien et also op eise klasseschen Exportmäert ganz schwéier. An da muss een oppassen, datt een net op der falscher Plaz kierzt, och wann dat dann ausgesäit wéi wann ee géif kräfteg duerchregéieren. Et kann ee kräfteg duerchregéieren, an 2 Joer duerno duerchfalen.
Guy Kaiser: An Ärer Partei selwer gouf jo awer och dacks den Terme vun der sozialer Selektivitéit benotzt. Dat war emol, virun 8, 10 Méint, war dat e grousst Wuert, wat dacks an de Mond geholl gouf. Geschitt ass awer näischt. Mä sidd Dir dann net awer [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass awer net ganz richteg, Här Kaiser, datt näischt geschitt ass. Et ass jo zu Ëmstellungen an eenzelnen Deelberäicher vum Sozialfeld komm, déi och an der Zäit hefteg kritiséiert gi sinn.
Mir hunn 2006 – dat ass an där Legislaturperiod virdru gewiescht, mä dat wierkt bis haut no – d’Kannergeld beispillsweis, wat keng liicht Décisioun war, déi hu mir awer an der Tripartite mat de Partner geholl, desindexéiert fir méi Suen zur Verfügung ze hu fir d’Kannerbetreiung hei am Land auszebauen. An dat ass jo ee Spannungsfeld vun individueller Zukunftsgestaltung, déi Aart a Weis wéi ee säi Beruffsliewen a säi Familljeliewe kann optimal, oder jiddwerfalls besser mateneen an Aklang bréngen.
Et si Kreditter gestrach ginn a bal alle Beräicher, mä awer net esou drastesch, datt mir Schwieregkeete gehat hätte fir sozial betruecht um Enn vum Mount eens ze ginn.
Et gëtt awer scho vill Leit am Land déi Schwieregkeeten hunn um Enn vum Mount eens ze ginn [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Déi solle jo och déi Sue kréien, Här Staatsminister. Mä et sinn awer och Leit [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Jo, jo, mä dat ass esou liicht gesot. Ech ginn Iech emol ee Beispill, enfin, et ass net liicht gesot, Dir hutt Iech dat gutt iwwerluecht ier Dir et gesot hutt.
Mä wann een zum Beispill seet, vun engem gewëssene Betrag Akommes u kritt een nëmme méi d’Halschent vum Kannergeld, oder et kritt een iwwerhaapt kee Kannergeld méi; wann een 10.000 Euro de Mount verdéngt, brauch een dat net onbedéngt. Mä do stelle sech aner Froen, déi nenne mir déi horizontal Froen. Et gëtt zwee Leit déi si bestuet a si hu keng Kanner. An da gëtt et zwee Leit déi si bestuet an déi hu Kanner. Ass et net d’Aufgab vum Staat dofir ze suergen, datt déi déi Kanner hunn e Stéck méi vum Staat kréie wéi déi déi keng Kanner hunn?
Wann een also beim Kannergeld kierze geet, da gesäit dat op den éischten Abléck gutt aus, mä et muss ee sech mat deem aneren Argument beschäftegen. An dofir sinn dat méi schwiereg Froe wéi einfach nëmme budgetär Froen.
Mä richteg ass et, datt mir jo fir de Budget 2013 en zweete Konsolidéierungspak op de Wee geschéckt hunn. A richteg bleift et, bei aller Ugestrengtheet vun de Staatsfinanzen, a bei aller Verengung vun de Staatsfinanzen, datt mir awer eng budgetär Situatioun hunn, déi sech extrem comparabel vergläicht mat deem wat mir am Ausland hunn. Dat wäert an Zukunft net esou bleiwen, an dofir wier et gutt, wann d’Leit géife sech net vu falsche Prophéite joe loossen an deenen nächsten 3 Méint.
Ech kann aus menger Verantwortung eraus kengem grouss Wahlversprieche maache fir déi nächst 5 Joer. Dat geet net!
Guy Kaiser: Virun e puer Méint, oder engem Joer, ech weess et net méi genee, do hutt Dir vum gedeckelten Index geschwat, an Dir hutt gesot, dat ass da fir déi nächst Wahllegislatur. Déi ass elo virgezu ginn. Ass dat elo e Sujet fir an d’Campagne ze goen?
Jean-Claude Juncker: Datt iwwer d’Indexfro muss diskutéiert ginn ass jo, denken ech, a kenger Partei ëmstridden. Mir kënnen net ohne Weiteres erëm zu deem alen Indexsystem erëmkommen, dee mir haten. Een deen dat versprécht [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Mä gitt Dir mat där do Propositioun an d’Campagne?
Jean-Claude Juncker: Dat ass déi Geschicht vum gedeckelten Index, déi eng Sendung fir sech alleng erzwéngt. Dat muss an de Wahlprogramm vu menger Partei kommen, fir datt mir domat kënnen an d’Wahle goen. Dat ass eng Propositioun déi ech gemaach hunn, ech hat se an der Tripartite gemaach, ech hat se op engem Parteikongress gemaach. Mä meng Partei ass elo domat beschäftegt, oder fänkt elo domat un, hire Wahlprogramm opzestellen, an da muss ee kucken, ob dat Agank an dee Wahlprogramm fënnt.
Ech sinn der Meenung, datt et a Krisenzäiten, net an normalen Zäiten, mä a Krisenzäiten net gutt ass, wann deen ee bei enger Indextranche 400 Euro bäikritt, an deen anere kritt 40 Euro bäi.
Wësst Dir, eng interessant Geschicht déi ech mir nawell gär ukucken, dat ass Sonndes Mëttes op eiser Televisioun, op RTL, do gëtt den Hei-Elei vu virun 30 Joer ëmmer widderholl [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Do gesinn ech mech och heiansdo dran.
Jean-Claude Juncker: Jo, Dir gesitt och elo nach gutt aus. Mä Dir hat d’Hoer méi laang déi Zäit.
Guy Kaiser: An Dir hat se nach net grad esou gro.
Jean-Claude Juncker: Wann ech mech do kucken, da soen ech mir och, bon, ob dat esou eng gutt Iddi war fir Politik ze maachen, wann s de gesäis wéi s de elo ausgesäis, an deemools ausgesinn hues, da wier et besser gewiescht, ech hätt méi Fräizäitsport bedriwwe wéi geschafft.
Mä déi Sendunge si ganz interessant. Ech hunn déi gekuckt wou gewise ginn ass, wat den 1. Mee 1983 alles vun de Gewerkschafte verlaangt ginn ass. Mir hunn elo keng Zäit driwwer ze schwätzen, mä dat ass net wäit vun deem ewech, wat ech elo iwwer den Index soen.
Guy Kaiser: Et widderhëlt sech alles dat.
Jean-Claude Juncker: Et widderhëlt sech alles, mä haut soen anerer et wéi deemools, an déi déi et deemools et gesot hunn, wëllen haut näischt méi dovu wëssen.
Guy Kaiser: Et ass identesch mam eventuelle Streik deen et hätt sollen dëst Joer ginn am Bausecteur. Do war et 100%eg identesch virun 20 Joer.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä virun 20 Joer, oder virun ech weess net wéi vill Joer, do hate mir e Streik vun de Plätterchersleeër, deen ech hu missten [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Dat war zur Chefsache déclaréiert ginn.
Jean-Claude Juncker: Jo, do hunn ech alles gemaach fir dee Streik ze verhënneren. Du sollte mir e Streik bei der Luxair hunn, du hu mir dee verhënnert kritt. Du sollte mir e Streik bei de Sécherheetstransportfirmen hunn, no deene schrecklechen Iwwerfäll op d’Geldtransporter. Also, alles war schonn do. An datt elo am Bau net gestreikt gëtt, ass gutt, well soss hätt ech mech och erëm missten dorëms bekëmmeren, wat ech awer och gemaach hätt.
Guy Kaiser: 2012 ass eis Wirtschaft ëm 0,3% gewuess. Fir dëst Joer geet de Stabilitéitsprogramm vun engem Wuesstem aus vun 1%. Ass dat net nach ze vill optimistesch?
Jean-Claude Juncker: Dat ass ouni all Zweiwel eng optimistesch Vue. Déi gëtt awer gedeelt, esouwuel vun der Bréisseler Kommissioun wéi vun aneren internationalen Organisatiounen.
Mir mussen eis ustrenge fir op deen 1% ze kommen. Mä 1% ass och am lëtzebuergesche Kontext net ganz vill.
Also, wa mir viru Joere gesot hunn, virun 2, 3 Joer gesot hunn, mir hätten eng Wirtschaftskris, da si mir jo ugerannt eigentlech géint eng Wand vu Kriseverneiner. An entretemps stellt sech eraus, och wéinst deem ganz schlëmmen Uwuesse vun der Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg, datt mir awer vun der Kris erwëscht gi sinn. Net an deem selwechte Mooss wéi aner Länner, dat huet mat der Regierung ze dinn, dat huet mat objektiven Ëmstänn ze dinn. Mä et ass net esou, datt d’Kris zu Lëtzebuerg net ukomm wier.
Guy Kaiser: Dir sicht Iech jo nawell gär vun Zäit zu Zäit Sloganen eraus déi gutt eriwwer kommen.
Jean-Claude Juncker: Neen, ech siche se net eraus, si fale mir an.
Guy Kaiser: Gutt, si kommen awer gutt eriwwer. Dir hutt zum Beispill geschwat vun de breede Schëlleren, déi méi ze droen hu wéi déi méi schmuel Schëlleren.
D’Stéit bezuelen an der Tëschenzäit awer vill méi Steiere wéi d’Betriber, si maachen 51,5% aus vun de Steieren, d’Betriber nëmmen 33%. Geet d’CSV mat enger Steierreform an d’Campagne?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen, mir brauchen an der nächster Legislaturperiod eng Steierreform. Dat gëtt e schwieregt Unterfangen. Ech hunn a mengem Liewen als Finanzminister der e puer gemaach, dovun eng ganz grouss.
Dat ass noutwenneg, datt mir iwwer nei Equilibere bei der steierlecher Belaaschtung nodenken. Woubäi ee sech net all ze vill dierf dovu beandrocke loossen, datt physesch Leit elo esou een héije Prozentsaz Steiere méi bezuele wéi d’Betriber, well mir hu vill physesch Leit a vill Stéit zu Lëtzebuerg bäikritt. Mir hu vill Aarbechtsplaze geschaaft. Et ass normal, datt do méi en héije Steierertrag ufält.
A Krisenzäiten ass et och net anormal, datt d’Betriber manner Steiere bezuelen, well si verdénge manner, si maache manner Bénéfice.
Et muss ee ganz genee kucken, wat een da bei der Besteierung vun de physesche Persounen zréckbehält. D’TVA ass eng Steier déi op de physesche Persoune läit, mä dee gréissten Deel vun der TVA gëtt entretemps vun eenzelne Betriber bezuelt. Dofir ass dat e schwieregt Feld, wou ee muss detailléiert driwwer schwätzen.
Guy Kaiser: Wa mir bei der TVA sinn: den elektroneschen Handel fält jo an den nächsten 2 Joer zu engem gudden Deel aus. Déi Perte muss opgefaange ginn. Soll do d’TVA eropgesat ginn, a wa Jo, hutt Dir schonn eng Ahnung em wéi vill Prozent?
Jean-Claude Juncker: Ech hu bei dem État de la Nation am Numm vun den 2 Regierungsparteie gesot, datt mir d’TVA missten an där nächster Legislaturperiod héije fir deen Ausfall [gëtt ënnerbrach]
Guy Kaiser: Jo, an Dir hutt Iech nach net festgeluecht do?
Jean-Claude Juncker: An ech hu mech do, an de Finanzminister och nach net, net op ee Prozentsaz festgeluecht. Mä mir probéieren, datt mir et ëmmer esou hikréien, datt mir déi nidderegst TVA an Europa behalen – wat den Normalsaz, de Regelsaz ubelaangt, hu mir déi nidderegst TVA an Europa – an datt mir och, wat d’TVA-Besteierung vun den Grondnahrungsmëttelen ubelaangt, datt mir do niddereg bleiwen.
Do gesinn ech schonn e grousse Spillraum – Spillraum ass kee gutt Wuert – e groussen Handlungsraum virun eis, datt mir awer déi indirekt Besteierung relativ niddereg halen.
Mä datt d’TVA an där nächster Legislaturperiod muss klammen, dat steet ausser Fro.
Guy Kaiser: E grousse Sujet ass jo och d’Simplification administrative. Déi gouf dës Woch an deem Kontext nawell zimlech staark vun deene Grénge kritiséiert. Hei d’Aussoe vum François Bausch;
François Bausch(O-Toun): Mir hu festgestallt a villen Étuden, an dat gëtt och an de Wirtschaftskreeser extrem beklot, datt mir an Tëschenzäit e groussen Atout zu Lëtzebuerg verluer hunn, nämlech deen, datt mir kënne schnell reagéieren, an datt am Fong mir eng Administratioun hunn, déi awer net ëmmer méi esou schnell reagéiert, datt mir ze vill schwéierfälleg Administratiounen hunn. An dat war vum Premierminister 2009 bei der Bildung vun der Regierung zur Chefsaach gemaach ginn.
Do ass an deene 5 Joer d’Resultat wierklech näischt dobäi erauskomm. En huet et emol net fäerdeg bruecht, eng Kéier d’Acteuren un den Dësch ze bréngen, fir driwwer ze diskutéieren.
Guy Kaiser: Här Juncker, ass dat tatsächlech méi komplizéiert wéi geduecht?
Jean-Claude Juncker: Dat ass éischtens komplizéiert, mä et ass net méi komplizéiert wéi geduecht.
Ech wëll zu där Fro administrativ Vereinfachung soen, datt ech nawell net onfrou driwwer wier, wann ee géif bei der Wouerecht da bleiwen.
Mir hunn iwwer 260 Moossname getraff, déi administrativ Vereinfachungen a Verbesserunge bruecht hunn. Dat wäert déi Ministesch, d’Octavie Modert, déi dat am Wiesentleche gemaach huet, och an deenen nächsten Deeg emol nach eng Kéier duerstellen. 260 administrativ Vereinfachungen.
Mir hunn an deem Beräich deen d’Betriber ubelaangt d’Commodo-Regelunge verschlankt, där Gestalt datt mir 2009 nach 178 Deeg gebraucht hu fir eng Commodo-Autorisatioun an der Klasse I ze ginn, do si mir entretemps op 120 Deeg ofgefall.
Ech hat eng Table ronde mat alle Betribssparten – Handwierk, Commerce, Banken, Industrie – de 26. oder 29. Mee ofgehalen, iwwer déi ech nach iwwerhaapt net konnt communiquéieren, wou mir eis mat de Vertrieder vun de Betriber op eng helle Wull vu Moossname gëeenegt hunn, iwwer déi virdrun Dissens bestanen huet. Do besteet elo Konsens tëscht der Wirtschaft an de politesch Verantwortlechen.
Ech hunn d’Kollegen an der Regierung ugeschriwwe mat de Resultater vun deene Gespréicher. A leider ass et eben elo net méi dozou komm, datt mir eis mat rouegem Kapp nach doriwwer konnten ënnerhalen. Mä dat si Prozesser déi lafen.
Fir also ze soen, et ass Null dobäi erauskomm, dat kann een nëmme soen, wann ee sech net mam Thema beschäftegt huet.
Guy Kaiser: En anere grousse Problem, Här Staatsminister, dat ass d’Aarbechtslosegkeet. Dir hutt et schonn eng Kéier ganz kuerz ugeschnidden. D’Situatioun gouf ënner der CSV/LSAP-Regierung jo elo net onbedéngt besser, am Contraire, si ass méi schlecht ginn. Wat kann een do maachen?
Jean-Claude Juncker: Also fir d’éischt emol muss ee gesinn, datt, wa mir eis mam Ausland vergläichen, eis Staatsschold jo nach relativ niddereg ass, an och net esou séier ugeklommen ass wéi dat an aneren, och Nopeschlänner, de Fall war, esou datt mir net hu missten drastesch Moossnamen huele wat d’Indemniséierung vum Chômage ubelaangt. E groussen Deel vun eisem méi grousse Budgetsproblem kënnt jo vun der Tatsaach hier, datt mir wiesentlech méi Geldzommen hu mussen an Uschlag brénge fir de Chômage kënnen ze indemniséieren, vun deene Leit also déi am Chômage sinn.
Dat Zweet ass, datt an deene leschte Joere un de Systemer vun der Insertioun an der Réinsertioun vu Leit déi keng Aarbecht hunn, op dem Aarbechtsmaart villes probéiert ginn ass.
Ech sinn der Meenung, datt een an deenen nächste Joere muss driwwer nodenken, ob een Instrumenter déi mir hunn net kann an deem Sënn verschlanken, datt mir déi Hëllefen déi mir de Betriber an de Leit gi méi optimal zesummeféieren; anstatt datt mir 30 Moosnamen hunn, eng grouss Moossnam huelen, déi eis et erlaabt méi séier virunzekommen.
Mir mussen ouni all Zweiwel iwwer d’Zumutbarkeetsregelen nodenken, wéini dierf een eng Aarbechtsplaz ofleenen, a wéini net. Doriwwer hu mir jo och am État de la Nation zum Ausdrock bruecht wat eis Meenung do ass.
Guy Kaiser: Mä mir hunn u sech iwwer 350.000 Aarbechtsplazen. Dat misst jo eigentlech duergoe fir jiddwereen, an awer geet et net duer. Dir hutt schonn e puer Mol drop higewisen, d’Aarbecht misst erëm méi en, wéi soll ech soen, gesellschaftleche Wäert hunn.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech gehéieren zu deenen, mä dat ass eben almoudesch fir dat ze soen, déi fannen, datt mir e bësse flénk a keck – ma keck schéngt jo déi nei charakterlech Dimensioun ze sinn déi ee muss hu fir an der Politik eppes kënnen ze bewierken – mir ginn e bëssen onmanéierlech mat der Aarbecht ëm, well mir hei zu Lëtzebuerg oft mengen, et géif Aarbecht ginn déi wier fir eis, an et géif Aarbecht ginn déi wier fir déi Aner, an eis da gläichzäiteg och nach driwwer opreegen, datt vill anerer bei eis schaffe kommen.
All Aarbecht déi gemaach gëtt, ass wäert gemaach ze ginn. A wann ech keng Aarbecht hunn, a wann ech och nach keng Qualifikatioun hunn, wat jo heiansdo och op objektiv Elementer zréckzeféieren ass, datt ee keng Qualifikatioun huet, da muss ee fir eng Zäit laang am Liewen déi Aarbecht unhuelen, déi do ass. Ouni domat eng Politik géint déi Leit ze féieren déi keng Aarbecht hunn.
Mä et gëtt awer och zu Lëtzebuerg vill Aarbechtsplazen, déi mir net besat kréien, déi mir duerchaus kéinte besetzen. An da gëtt et e ganze Koup aner Aarbechtsplaze wou mir net déi richteg Leit hunn.
A vu datt et déi klassesch Industrie net méi gëtt, a vu datt mir op eng Industrie ugewisen si déi Mehrwäert schöpfe wäert an den nächste Joeren, also eng héichqualitativ orientéiert Industrie, muss ee wëssen, datt mir déi Qualifikatiounen am eegene Land ganz oft net hunn. An dofir musse mir och Aarbechtskräften aus dem Ausland op Lëtzebuerg komme loossen, wat och mat sech bréngt, datt mir bei der Besteierung vu méi héije Gehälter och mussen oppassen, datt mir deen Avantage dee mir do hunn, datt mir net esou héich besteiere wéi dat am Ausland de Fall ass, datt mir deen net verléieren.
Ech war 17 Joer Aarbechtsminister, an ech hunn den Aarbechtsministère verlooss, do hate mir eng Aarbechtslosegkeet vun 2,9%, mir hunn eng vu 6% haut.
Wann en CSV-Minister Aarbechtsminister bliwwe wier, da géif deen dofir schëlleg gemaach ginn. Ech maachen de sozialisteschen Aarbechtsminister net dofir schëlleg.
Guy Kaiser: Fonction publique nach zum Schluss: dat ass eng Reform ënner der Tutelle vun der CSV, déi entaméiert ass, mä nach net ofgeschloss.
D’CGFP erënnert an hirer leschter Publikatioun, datt se ëmmer nach Problemer huet mat der Evaluatioun, mat de sou genannte Mitarbeitergespräche, mat der Reform vum Stage, etc. Denkt Dir, datt Dir dat op en Enn kënnt féieren?
Jean-Claude Juncker: Elo hu mir jo emol fir d’éischt Wahlen. Da muss een an der Regierung bleiwe fir déi Reform kënnen op en Enn ze féieren.
Mä datt déi Reform awer muss kommen, schéngt mir evident. Dat ass eng Moderniséierung vun der ëffentlecher Fonctioun, déi sech net géint d’Beamtenschaft riicht, mä déi awer eng Rei vu Prinzipien an d’Gestioun vum ëffentleche Personal abréngt, déi absolut noutwenneg sinn an Zäite wéi dësen. Si wieren et schonn éischter gewiescht.
Et ass ganz schwiereg, déi Reform. D’CSV war mat engem Wahlverspriechen ugetrueden, nämlech wou mir gesot hunn, mir géifen d’Ufanksgehälter beim Staat ëm 20% ofsenken, fir datt mir méi Margë géife kréie wat d’Personalpolitik beim Staat ubelaangt. Dat huet eise Koalitiounspartner net matgemaach, dofir muss een aner Méiglechkeete sichen. De Courage läit net ëmmer do wou ee mengt.
Guy Kaiser: Mä grad an esou engem schwieregen Dossier wéi dat do, ass wahrscheinlech fir déi nächst 3 Méint sech net vill ze erwaarden, oder, fir déi Gespréicher ze féieren?
Jean-Claude Juncker: Neen, enfin et ka sinn, datt déi zoustänneg Ministeren doriwwer nach Gespréicher féieren, fir datt déi nächst Regierung, wa se untrëtt, am Vollbesëtz vun den Erkenntnisser, a vun Informatiounen ass. Mä et geschitt gesetzesméisseg natierlech näischt an deem Beräich virun de Wahlen.
Guy Kaiser: Eis Zäit ass eriwwer. Mir hunn de Jean-Claude [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ech hoffen net.
Guy Kaiser: Dach, radioméisseg ass se eriwwer. Mir hunn de Jean-Claude Juncker héieren, nach-Staatsminister, an deen als Spëtzekandidat fir seng Partei d’Land wëll weider regéieren. Här Juncker, Merci fir Är Aussoen.
Jean-Claude Juncker: Merci och.
Guy Kaiser: Mir héieren eis op dëser Antenn erëm, spéitstens um Wahlowend, wann en dann ass, den 20. Oktober. Just de Fall gesat, nach ganz kuerz, et géing schlecht ausgoe fir d’CSV, géingt Dir dann als Oppositiounsleader an d’Chamber goen?
Jean-Claude Juncker: Ma dann ass dat erëm eng Décisioun, déi meng Partei ze huelen huet.
Et gëtt ëmmer esou gemaach wéi wann d’CSV nëmmen aus engem Mann géif bestoen, dat ass net esou. Ech ginn da jiddwerfalls Deputéierten, wann ech net méi an d’Regierung kommen. Et ass jo och keng Onéier fir Deputéierten ze sinn. Mä bis dohinner, bis mir dat wëssen, ass jo nach Vakanz. An ech géif gär, wann Dir erlaabt, deene ville Leit, déi mir an deene leschte Wochen, a besonnesch déi lescht 2 Deeg geschriwwen hunn, Merci soe fir déi Sympathie déi se do zum Ausdrock bruecht hunn. Et ass leider net dran, weder no bannen nach no baussen, jiddwerengem op déi Bréiwer, déi mir awer guttgedoen hunn, ze äntwerten. An ech géif gär de Leit alleguer roueg, an, jo, wann et ka sinn, och besënnlech Vakanzen wënschen. Denkt net un d’Wahlen, et gëtt der genuch déi drun denken.
Guy Kaiser: Also, Dir hutt elo dëse Leit via Radio Lëtzebuerg geäntwert. Dann awer nach eng allerlescht Fro. Sollt Dir erëmgewielt ginn, maacht Dir dann d’ganz Legislaturperiod fäerdeg?
Jean-Claude Juncker: All Kéier wann ech mech zu Wahle stellen, gëtt gefrot, ob dat mir eigentlech Eescht gemengt ass.
2004 huet jiddweree gesot, déi aner Parteie radikal behaapt, et wier schonn ofgemaach, datt ech géif Kommissiounspresident ginn. No de Wahlen, déi mir gewonnen haten als CSV, hunn alleguer déi aner Regierungschefe mech gefrot, elo hätte mir d’Wahle jo gewonnen, elo kéint ech jo da Kommissiounspresident ginn. Dunn hunn ech deene gesot, ech kann d’Leit awer net un der Nues erëmféieren. Ech hu gesot, ech géif Premier bleiwe wann ech mat menger Partei géif gutt gewielt ginn, ech hunn dat Wahlverspriechen agehalen. An déi aner hunn net drop higewisen, datt se sech geiert haten.
Da sinn ech fir aner Posten ëmmer erëm am Gespréich, dat ass esou. A wann ech mech zu enger Wahl mellen, da gëtt sech gefrot, ass et deem Eescht gemengt?
Et ass mir wierklech Eescht gemengt. Ech hu Loscht fir zu Lëtzebuerg ze schaffen. Dat wat ech an Europa maachen, dat huet ëmmer och mat Lëtzebuerg ze dinn. Ech hunn dat guer net gär, datt déi zwou Saachen ëmmer erëm ausernee gerappt ginn. Den Euro ass schliisslech och eis Währung, a wann d’Eurozon ausernee geflu wier, an ech hunn dozou bäigedroen datt se dat net ass, da wier et Lëtzebuerg net gutt gaange bei dem Zersplittere vun der Währungszon.
Neen, neen, neen, ech kandidéiere fir zu Lëtzebuerg meng Aarbecht ze maachen. An ech maache mir net all ze vill Illusiounen iwwer déi Chancen déi sech do presentéieren. Mä déi déi sech presentéieren, déi wëll ech notze fir, fir kënnen emol en almoudeschen Ausdrock ze gebrauchen, am Intérêt vum Land kënne weider ze schaffen.
Guy Kaiser: An domat maache mir dës Émissioun dann definitiv zou. Bonne Chance, Här Juncker, an och all deenen anere Kandidaten déi sech an dëse Wochen opstelle fir mat an d’Course.
Dat war et fir dëse leschte “Background�?, Stonne virun der grousser Vakanz. D’Rentrée op Radio Lëtzebuerg ass den 9. September. Éischte Background da Samschdes de 14. September.
Jean-Claude Juncker: Hutt Dir esou laang Vakanz, bis den 9. September?
Guy Kaiser: Just wat eis Grille betrëfft. Eis Leit, déi schaffen awer nach.
Jean-Claude Juncker: Ganz gutt.
Guy Kaiser: Tréischt Iech, bei eis gëtt geschafft.
Jean-Claude Juncker: Dat ass gutt ze héieren. Ech gleewen et och.
Guy Kaiser: Merci, an domat e schéine Weekend.