Etienne Schneider: Gudde Mëtteg Här Theis.
Max Theis: Mir mussen d’Fënsteren grouss opmaachen an de Mief aus de leschte Joren erausloossen. Déi Ausso war déi lescht Woche méi dacks ze héiere vun Iech. Lo ass et awer esou, datt d'LSAP mat an der muffeger Stuff souz. Firwat goufen dann déi Zäit keng Fënsteren opgerappt?
Etienne Schneider: Ma ech mengen et muss ee jo gesinn wou dee ganze Mief hierkoum, wou déi ganz Skandaler hierkoumen. Dat waren, zumindest déi lescht 6 Méint hu mir eis jo just nach mat Skandaler beschäftegt an et waren all Kéiers Skandaler - Cargolux-Affär, SREL, Bommeleeër an alles Méigleches - wou d'CSV implizéiert war an net d'LSAP. A mir hu jo dee Moment wéi et zu där Diskussioun koum am Parlament, dat war mengen ech den 13. Juni, wou et drëm gaangen ass, datt den Här Frieden als Justizminister soll Afloss geholl hunn op de Procureur général de l’État, do ware mir um Punkt fir effektiv aus där Koalitioun auszetrieden, well mir gesot hunn, dat do geet net, dat ass kee Rechtsstat méi wann d'Gewaltentrennung net respektéiert gëtt. Deen Dag selwer huet awer dunn den Här Biver moies eng Déclaratioun gemaach, datt dat awer net esou wier, fir mëttes erëm eng Kéier de Contraire ze soen. Mä bon, de Fait war awer dunn deen, datt dat kee Grond du war fir d'Demissioun vum Här Frieden ze froen, respektiv aus där Regierung erauszegoen.
Max Theis: Dat heescht dee Mief ass rezent dann an Ären Aen?
Etienne Schneider: Dee Mief ass effektiv rezent an duerno koum jo déi SREL Affaire an ech erënneren dann och drun, datt deen Dag, den 13. Juni, de Premierminister, de Jean-Claude Juncker selwer gesot huet, datt hien an där ganzer SREL-Affär responsabel wär, datt e seng Responsabilitéit och géing huelen, well e keen anere géing fannen, deem en déi Responsabilitéit kéint ginn. Och ass et awer esou, datt en e puer Woche méi spéit, hat en ee Responsabele fonnt, nämlech do wéi en op eemol d'LSAP duergestallt huet, wéi wa si him hätt wéilten de Fouss stellen, fir esou iwwert dee Wee an eng Opferroll ze kommen, fir besser an Neiwahlen eranzegoen. An ech fannen, datt dat vun der CSV en général, mä och vum Premierminister eng extrem enttäuschend Haltung war.
Max Theis: Op déi Deeg am Juli wollt ech herno nach eng Kéier ze schwätze kommen. Mä Dir sidd jo ugetruede fir de Jean-Claude Juncker vum Troun ze stoussen. Den Ament sëtzt Dir nach zesummen an der Regierung. Wéi ass dat Verhältnis dann? Kënnt Dir Iech nach an d'Ae kucken oder?
Etienne Schneider: Jo selbstverständlech. Ech mengen fir d'alleréischt sinn ech net ugetruede fir de Jean-Claude Juncker vum Troun ze stoussen ze stierzen [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Dir wëllt Premier ginn.
Etienne Schneider: Voilà ech trieden einfach u mat menger Partei, mat der LSAP, fir déi Wahlen ze wannen. A folglech, wann ee se wënnt, wann ee se géing wannen, dann huet een natierlech och de Premierminister. Also vun do hir huet dat näischt Perséinleches ze dinn mam Jean-Claude Juncker an ech mengen och, datt mir Allenzwee professionell genuch sinn, fir dat als politesche Match ze gesinn, deen et jo ass. Et geet hei ëm d'Zukunft vun deem Land. A mir hunn e bëssen aner Vuen wéi d'CSV an ech wollt dat mol eng Kéier kloer duerstellen an och eng Kéier kloer duerstellen, doduerch datt ech soen, ech wéilt d'Majoritéit hei uféieren an deem Land. Einfach mol eng Kéier de Bierger ze bedenke ginn, datt et och ouni d'CSV geet an deem Land. Et huet ee jo ganz oft awer eng Approche bei de Leit, déi mengen ouni d'CSV géing dat Land hei ënnergoen. An ech menge ganz einfach, datt dat net de Fall ass. An ech kann Iech bestätegen no annerhallwem Joer an der Regierung, datt dat sécher net de Fall ass.
Max Theis: Dir sidd zudéifst enttäuscht vum Jean-Claude Juncker, gitt Dir an engem Artikel am Land vu gëschter zitéiert. Ass dat Wahlkampf oder Eescht?
Etienne Schneider: Nee dat ass ganz, dat ass wierklech Eescht an ech soen Iech och firwat. Ech hunn et virdru kuerz ugeschnidden. Mir waren als Koalitioun, CSV an LSAP, waren eens, datt mir géingen Neiwahlen ausruffen, datt mir géinge gemeinsam zerécktrieden. Firwat? Ma well déi Skandaler, well virun allem dee SREL Skandal dozou gefouert huet, datt de Jean-Claude Juncker deklaréiert huet e misst d'Responsabilitéit huelen. A wat heescht Responsabilitéit anescht wéi zerécktrieden? Mir hunn him fairerweis ugebueden, komm mir triede gemeinsam als Regierung zeréck, da stees de net alleng do a mir maachen Neiwahlen a mir maachen de Wee fräi fir de Bierger, datt dee kann décidéiere wéi d'Land soll weidergoen. Well hätte mir et net gemaach, ech wëll just nach eng Kéier un déi vergëften Atmosphär am Land erënneren, déi mir haten, mir wäre jo gedriwwe gi bis zum normale Wahltermin de Mee d'nächst Joer. Do wär jo am Land ee komplette Blockage gewiescht an ech mengen dat wär net gutt fir d'Land gewiescht. Dofir si mir eis eens ginn, ënner Partner, ënner Koalitiounspartner, datt mir géingen an Neiwahle goen. Deen Dag selwer wou dat dann alles an der Chamber sollt décidéiert ginn, deen Dag hate mir nach Regierungsrot just virdrun. An an deem Regierungsrot ass iwwert eng Motioun diskutéiert ginn, déi sollt dann déposéiert ginn, fir datt et zu Neiwahle kënnt, eng Motioun déi seet, ok hei sinn eng Rei Saachen schifgelaf an de Premier hëlt d'Responsabilitéit dofir a mir trieden insgesamt als Regierung zeréck, fir de Wee fräizemaache fir Neiwahlen. Dunn huet awer op eemol de Premier déi Motioun net gutt fonnt. Do hu mir, un engem Saz houng et, deen hien net gutt fonnt huet. Do hu mir hin an hir gedoktert an du ware mir mat kenger Versioun d'accord. Finalement hunn ech zu ëm gesot, ma jo Jean-Claude, da so du eis wéis du de Saz gär häss, well finalement ass et egal wat genee an där Motioun steet. Et geet drëm, datt mir zesummen, solidaresch zerécktrieden an Neiwahle maachen. An en ass net doropper agaangen. An en ass bewosst net doropper agaangen, well e schonn am Kapp hat, datt en, wann en deen dote Schrëtt mécht, déi dote Responsabilitéit hëlt, datt en da gewëssermoosse säin Échec muss zouginn. Dofir huet e seng Strategie geännert. En ass an d'Parlament gaangen, en huet eis net gesot wat e géing am Parlament ziele. Dat heescht mir souzen als Regierung do, ouni ze wësse wat hannen erauskënnt an dunn huet en et jo esou gedréit, datt hien d'Opfer ass an datt kee Mënsch hie versteet an datt och keen him nolauschtert a fir herno nach virun de Kameraen ze soen, déi béis LSAP huet mir no esou ville Joren de Fouss gesat. Ech hunn dat extrem onfair fonnt, no allem wéi mir him entgéint komm sinn. Well d'LSAP, keen ee Minister vun der LSAP hätt Grond gehat zeréckzetrieden. Ech wëll erënneren, datt all déi Saachen op Responsabilitéit vum Premierminister sinn an net op déi vun LSAP Ministeren. An dofir sinn ech enttäuscht. Mä bon dat sinn Enttäuschungen déi een an der Politik ebe muss mat a Kaf huelen, dont acte.
Max Theis: Quitte datt en net méi an der Regierung war, hätt ee Jeannot Krecké eventuell och missen zerécktrieden?
Etienne Schneider: Firwat hätt dee missen zerécktrieden?
Max Theis: Wéinst deene ganze SREL-Affären, Cargolux, wat elo [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Mä an der SREL Affär war de Jeannot Krecké iwwerhaapt net concernéiert an an der Cargolux och net. Ech mengen do ass jo villes geschwat ginn an der Zäit. Do war jo probéiert ginn him Saachen unzehänken, do ass jo awer néierens eppes erauskomm. Ech mengen déi Enquêtekommissioun, déi huet jo dat doten alles opgeschafft an do ass jo an deene ganze Rapporten iwwerhaapt näischt esou erauskomm. Dat ware vill Gerüchter déi zirkuléiert sinn, déi an d'Welt gesat gi sinn, mä et huet sech awer erausgestallt, datt definitiv näischt dodru war.
Max Theis: Wou Dir dat elo beschriwwen hutt, dee ganzen Szenario am Juli, wéi dat gaangen ass, sidd Dir am Endeffket ausgetrickst ginn vum Premier?
Etienne Schneider: Also absolut. Ech gesinn et esou. Mir hunn am gudde Glawen, datt mir solidaresch mat him wieren, gesot, mir géingen da mat him zesummentrieden als ganz Regierung solidaresch, fir dann och propper als Koalitioun an dee Wahlkampf ze goen. An hien huet herno d'Blat wollten ëmdréien, fir eben an déi Opferroll ze kommen. An ech mengen et mierkt ee jo och un dem Wahlkampf vun der CSV, datt et just dorëms geet, dat Ammemärchen do weider um Liewen ze halen, datt mir si verroden hätten. An ech fannen dat einfach onfair. An och wann een a politesch schwieregen Zäiten ass, respektiv wann ee muss fäerte vläicht fir säi Pouvoir, da mécht een esou eppes awer net. Dat ass ee Stil politique, Här Theis, deen ech net wëll, dee mir zuwidder ass an dofir hunn ech och eng ganz Rei Propositioune gemaach a mengen Wahlprogramm, an eisem Wahlprogramm, wat d'Wahlgesetz ugeet. Dofir wëll ech och Limitatioune vu Mandater, vu Ministeschmandater, Anti-cumulen vu verschiddene Mandater. Aus deem einfach Grond, well ech net wëll, datt Politiker esou un hire Still pechen. Si sollen deen Job als Minister net gesinn als een Job deens de wa méiglech häls bis de iergendwann eng Kéier selwer décidéiers an d'Pensioun ze goen, mä als Missioun, als Optrag vum Vollek, deen op begrenzten Zäit ass. An ech sinn dovun ofgesinn och der Meenung, datt een an der Politik, grad esou wéi och op villen anere Beruffer an 10 Joer seng beschten Eeër geluecht huet an datt et ëmmer erëm gutt ass ee Wiessel ze hunn an ëmmer erëm gutt ass nei Leit an nei Iddien mat eran ze huelen an eng Regierung, fir virunzekommen als Land. An ech hunn e bëssen dat Gefill an ech hunn et net nëmmen e bëssen, datt mir an deem Land hei ee gewëssene Stëllstand hunn, datt mir d'Erausfuerderungen déi sech eis stellen, duerch souvill Jore Kris, datt mir déi net sérieux uginn.
Max Theis: Fir nach eng Kéier kuerz bei der Debatt ronderëm de SREL-Rapport ze bleiwen, et gi ganz vill Leit déi et komesch fannen, datt d'Regierung net zeréckgetrueden ass. Dir hutt dat elo just beschriwwen. Et ass och am Endeffekt net iwwert d’Motiounen ofgestëmmt ginn, d'Parlament besteet nach esou wéi et war. Ass dat awer net e bëssen eng komesch Situatioun an där ganzer Saach?
Etienne Schneider: Ma absolut ass et eng komesch Situatioun. An datt et herno guer net méi zu engem Vote vu Motioune koum huet domat ze dinn, datt de Chamberpresident direkt d'Klack gelaut huet, nodeems de Premier geschwat hat an domat war d'Sitzung opgehuewen. Ob dat ee Coup monté war oder net, wëll ech elo dem Chamberpresident net ënnerstellen. Mä et ass natierlech eng ongesond Situatioun a mir fillen eis och net wuel an där Situatioun.
Max Theis: Mä et ginn och Leit déi soen, d'LSAP Ministeren hätte jo kënnen zerécktrieden deen Dag duerno, aus Protest.
Etienne Schneider: Jo mä wat hätt dat bruecht? Dann hätte mir elo d'Feld fräi gelooss fir d'CSV Ministeren, well de Jean-Claude Juncker huet eis gesot, wann Dir wëllt alleng zerécktrieden, da maacht Dir dat, mir regéiere weider. An dat kann et och net sinn. Ech wëll och just vläicht drop hiweisen, och wann d'Regierung als Ganzt zeréckgetruede wär, wär si fonctionnel am Amt bliwwe bis déi nei do ass. Dir kënnt jo net einfach esou 6 Méint laang ee Land ouni iergendeng Regierung hunn. Also et hätt a sech, an der Saach näischt geännert. Mä vun der Form hir ass et net propper wéi et gelaf ass, mä mir hate keen Afloss drop, well mir jo net wousste wat dem Premier seng Strategie wär, bis zum leschte Moment, bis mir et selwer, grad wéi Dir [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Bis zum batteren Enn.
Etienne Schneider: Voilà, bis zum batteren Enn, wéi mir et da grad wéi dir matkritt hunn an der Chamber selwer. An ech muss Iech soen, da fillt ee sech als Minister vun enger Regierung awer zimlech fir domm verkaaft, wann een am Parlament selwer op eemol matkritt, datt de Premier sech komplett desolidariséiert vu sengem Koalitiounspartner an dann a sengen Interviewen an an all sengen Optrëtter et just ëmdréint a seet, mir hätten eis vun him desolidariséiert. Ech fannen dat net fair.
Max Theis: Fir muncheree war et iwwerraschend, datt Dir iwwerhaapt an och esou séier als Spëtzekandidat genannt gouf vun Ärer Partei. Wéi ass dat dann intern gaangen? War dat een haarde Match géint de Jean Asselborn oder wéi muss ee sech dat virstellen?
Etienne Schneider: Nee dat war iwwerhaapt keen haarde Match. Wësst Dir, ech kennen déi Partei ganz laang. An ech weess aus där Zäit wou ech nach [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: 95 sidd Dir, mengen ech, Member ginn, ne?
Etienne Schneider: Dat ass méiglech jo. Jo 95 jo. Ech weess déi Zäit wou ech Fraktiounssekretär war vun der LSAP, do hunn ech nach matkritt wéi all déi politesch Magouillen ëmmer gaange sinn [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Magouillen?
Etienne Schneider: Majo, wou een deen aneren ausgetrickst huet oder ausgespillt huet, fir ee Posten ze kréien an een aneren, datt deen en net kritt. An dat ass ebe mengen ech an all Partei esou an dat ass eppes wat mir ëmmer zuwidder war, fir ëmmer déi Saachen hannenerëm ze maachen an da Komplotter ze hunn an da sech Leit ze organiséieren, déi an déi eng Richtung zéien an dann herno Kampfofstëmmungen. Alles dat, ech hunn dat ni gutt fonnt als Partei, well ech dee Franc-parler am léifsten hunn. Ech hunn am léifste wann ech engem eppes ze soen hunn, datt ech ëm et ënner 4 Aen soen. An dat war hei och de Fall. Wéi ech meng Analys gemaach hunn, vun all deem wou mir elo just geschwat hunn, hunn ech gemengt, datt mir als Partei, wa mir wierklech deen Neiufank wëlle maachen, wa mir wëllen d'Fënsteren an deem Land opmaachen an eng Kéier lëften an d'Land moderniséieren, datt mir dat och musse mat neie Gesiichter maachen. An ech hu mir ee Rendezvous geholl beim Asselborns Jang deemools a si bei hien an de Büro gaangen a mir hunn 2 Stonnen doriwwer diskutéiert. Ech ginn och zou, ech mengen hie war am Ufank iwwerrascht, datt ech him déi do Propositioun gemaach hunn. Hien huet sech e bësse Bedenkzäit gelooss. Do hu mir eis eng Kéier ënner Kollegen als Ministeren zesumme mam Partei-, mam Fraktiounspresident zesummegesat. Mir hunn dat dunn nach eng Kéier diskutéiert. Dunn huet d'Fraktioun ouni eis Präsenz, also ouni déi vum Jean Asselborn a vu mir och nach eng Kéier driwwer diskutéiert. A mir hunn eis Owes Rendezvous ginn beim Mady Delvaux am Gaart fir Conclusiounen ze zéien an do ass de Jean Asselborn mat e bësse Retard komm, well en ass mam Vëlo komm an e sot, hien hätt sech dat do elo alles gutt iwwerluecht an hie géif och mengen, datt dat do dee beschte Wee wär, datt mir de Renouveau och an der Partei maachen. Esou datt mir dat a Frëndschaft gemaach hunn an innerhalb vun 2 Deeg alles iwwert d'Bühn haten, ouni Sträit ze kréien. An ech sinn immens frou doriwwer an ech sinn och dem Jang immens dankbar, datt e wierklech dee Reflex hat fir ze soen, ok ech sinn och elo laang dobäi a mir mussen als Partei een Neiufank woen. An deen hu mir gemaach an ech mengen, datt dat och ganz gutt ugeholl ginn ass vum Kongress. Ech war selwer erféiert fir mat 99% gewielt ze ginn. Dat ass ee Resultat dat ee bei der LSAP net gewinnt ass. Och eise Wahlprogramm ass mat 100% ugeholl ginn. Och dat ass eppes wat et an eiser Geschicht nach net ginn ass. Dat heescht mir si wierklech motivéiert fir Responsabilitéit an deem Land hei ze huelen a fir dat Land hei ze verbesseren.
Max Theis: D'CSV gëtt net midd ze soen, datt den Zesummenhalt an der Partei gestäerkt gouf duerch déi ganz Saachen, och vill nei Memberen dobäi komm sinn. Ass dat och eppes wat Dir als Vollekspartei hutt?
Etienne Schneider: Absolut, bei eis ass et och esou, datt mir eng ganz Rei nei Membere kruten. Ech war dës Lescht nach bei mengem Zänndokter, deen, wou ech den Numm net nennen, mä dee mir sot, ech sinn an enger anerer Partei, mä ech wielen dës Kéier definitiv LSAP. Well ech wëll, datt dee Wiessel kënnt an ech wëll, datt dat doten ophéiert an datt déi Iwwerhieflechkeet och an déi Suprematie vun enger CSV an deem Land hei, datt déi eng Kéier een Enn kritt. An ech hu permanent Leit déi mech kontaktéieren, well si wëlle Member ginn, och natierlech aner Kollegen, déi dat hunn an ech fannen dat flott. Mir hu wierklech eng super motivéiert Basis. Mir hunn ee super Team wat eis Kandidaten ugeet, déi wierklech um Dill sinn an déi dee Message wëllen eriwwerbréngen, datt mir einfach dat Land eng Kéier wëlle moderniséieren, nei maachen, nei Zukunftschancen bidden, esouwuel deene Jonken, mä och der Économie een neie Schwonk ginn an déi eeler Leit, déi eeler Generatiounen ofsécheren. Ech mengen och déi maache sech ganz vill Suergen wat mat hire Renten ass, wat mat der Gesondheet ass, wat mat der Fleegeversécherung ass. A mir wëllen och dat garantéieren. Mäi Prinzip ass ganz einfach deen, ech si Wirtschaftsminister an ech kréien ëmmer gesot ech wär een neoliberale oder liberale Wirtschaftsminister. Mä ech gesinn dat mol net als Schimpfwort. Et ass einfach esou, datt mir an deem Land hei mussen d'Sue verdéngen ier mir se kënne verdeelen. A mir mussen, an do ginn ech einfach net midd, och an der Regierung net midd dat ze plädéieren, mir mussen erëm méi kompetitiv ginn, fir méi Croissance ze schafen, doduercher méi Emploi ze hunn, duerch den Emploi natierlech och méi Steieren ze hunn, duerch d'Betriber méi Steieren ze hunn an alles dat just aus engem Grond, nämlech fir eise Sozialstaat ze erhalen, fir de Leit dat Liewe kënne weider ze bidden, wat mir hinnen elo bidden. An ouni dat, ouni déi Économie déi dréit, ouni déi Entreprisen déi Mehrwert schafen, ouni déi Leit, déi vill Leit déi schaffen a Steiere bezuelen, kréie mir dat net hin. Mä d’Économie a sech ass kee Selbstzweck. Et geet just drëm mir mussen iergendwou d'Suen hier hunn fir deen Staat hei ze finanzéieren. An do hunn ech eng ganz Rei Iddien an do hunn ech allerdéngs och gemierkt an der vergaangener Zäit an der Regierung, datt meng Iddie ganz oft op daf Ouere stoussen, wann et zum Beispill drëm geet Reformen ze maachen, Prozeduren ze erliichteren, ofzeschafen. Ëmmer do kréien ech ënner 4 Aen gesot, jo dat ass jo alles net esou schlecht, mä dat kënne mir awer alles net maachen, well soss muss ech deem engen [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Mä firwat? Firwat net?
Etienne Schneider: Ma jo well ech ginn Iech ee ganz einfacht Beispill, ech hunn am Mäerz dëst Joer, do ass nach iwwerhaapt net vu Wahle Rieds gaangen, hunn ech dem Premierminister dee längste Bréif geschriwwen, deen ech am engem Liewe geschriwwen hunn. Et war ee sérieuxe Bréif, wou ech him op 21 Säiten eng Rei Iddie ginn hunn, wéi ee kéint Prozeduren ofschafen, wéi ee kéint Prozedure vereinfachen, fir datt de Floss méi einfach gëtt, datt et méi einfach erëm gëtt fir d’Économie hei fir sech ze développéieren, fir Betriber unzesidelen. Ech ginn Iech, ech hunn d'ailleurs ni een Accusé de réception kritt an et ass och näischt dovunner ëmgesat ginn. Well gesot gëtt, jo mä da muss den Ëmweltminister do eppes maachen, de Landesplanungsminister muss dann do Waasser a säi Wäin schëdden an esou weider. An dat ass einfach ee Problem. Mir mussen eis eens ginn, no 5 Joer Kris, mir sinn elo am 5. Joer wou mir an der Moyenne ronn eng Milliard d'Joer Defizit am Budget hunn, musse mir eis awer elo eens ginn, datt et net weider ka goen ëmmer nëmme Scholden ze maachen. Also musse mir do upake wou mir kënnen eppes erreechen, nämlech do, eis Prozeduren, d'Land vun de kuerze Weeër erëm eng Kéier ze ginn. A wéi gesot do hunn ech eng ganz Rei Iddie gehat an all Minister sëtzt op sengem Ressort an et gesäit keen dat grousst Ganzt. Dat ass mäi Problem.
Ech menge mir mussen als Regierung eng éischt Prioritéit hunn, nämlech rëm eng Croissance schafen. Croissance schafen an dann dierfe keng Politike riets a lénks gemaach ginn, déi deem zuwidderlafen. Dat ass am Fong mäin Haaptsouci. Et geet mir iwwerhaapt net drëm an der Ëmwelt ofzebauen oder soss eppes. Mä alleng schonn nëmmen Prozeduren vereinfachen, déi iwwerflësseg sinn, respektiv net nach weider Prozeduren drop tässelen. Mir hunn elo gëschter hate mir erëm ee Fall an der Regierung, wou erëm eng Kéier sollt iwwert een Amendement zu engem Gesetz erëm eng Kéier Prozedure verschäerft ginn, déi ech allerdéngs elo mol konnt bremsen, an der Hoffnung, datt mir eis dann d'nächst Woch eenege fir dat sinn ze loossen. An et ass einfach dee Reflex muss een hunn: wat ass am Intérêt vun dësem Land, wat ass am Intérêt vun der Économie, fir datt mir dat Land kënnen esou bäibehale wéi mir et hunn an dee Reflex dee feelt mir hei.
Max Theis: Dir hutt Äre liberalen Touch virdru selwer ugeschwat. Dir hutt och mol gesot, de Lucien Lux wär Äert soziaalt Gewëssen. Hutt Dir näischt esou oder?
Etienne Schneider: Dat huet de Lucien Lux gesot. Lauschtert, ech brauch kee soziaalt Gewëssen an deem Sënn, ech sinn, mengen ech, een extrem sozial denkende Mënsch. Ech kommen och aus engem Haus, aus enger Famill wou dat ëmmer de Fall war. Ech weess genee och wéi et ass wann ee muss mat enger klenger Pai eens ginn, well dat och bei mengen Elteren de Fall war, déi Aarbechter waren an déi mat 3 Kanner och hu musse kucken iwwert d'Ronnen ze kommen. Vun dohier brauch ech dat net. Mä ech muss Iech awer soen, datt ech mam Lucien Lux ganz gutt zesummeschaffen, well hien eng enorm Experienz huet a mir ganz oft kann Tuyaue ginn an Domainer wou ech manner bewandert war. Ech mengen einfach, datt dat mir an der leschter Zäit gehollef huet an dofir sinn ech him och dankbar.
Max Theis: Dir hutt keen einfache Stand mat Ärer Ambitioun. Wann een d'Leit freet, mir hu jo ee grousse Sondage zesumme mam Wort maache gelooss. Wann een d'Leit freet wien Premier soll ginn, ass de Jean-Claude Juncker un éischter Plaz mat 47%. Bei de leschte Wahlen waren et nach 68%, de Xavier Bettel 19% an da kommt Dir mat 16. Dat ass net onbedéngt motivant, ne?
Etienne Schneider: Oh dach. Wësst Dir, een LSAP Spëtzekandidat, dee leschten deen hat 8%. Vun dohier hu mir scho mol ee gudde Schrëtt gemaacht. An da wëll ech awer och soen, wann de Jean-Claude Juncker nach 47% Zoustëmmung huet, dann ass eng Majoritéit vum Land déi hien net méi als Premier wëllt.
Max Theis: Wat mécht Iech dann zum bessere Premier?
Etienne Schneider: Ma jo, ebe genee dat wat ech gesot hunn: nei Iddien a wëlle wierklech eppes bougéieren. D'Dynamik hu fir eppes ze bougéieren. An ech gesinn einfach an der Regierung, datt dat net de Fall ass. An ech gesinn dat eben och beim Jean-Claude Juncker, datt hie mir zwar, wann ech ënner 4 Aen mat him schwätzen, datt hie mir op ville Punkte Recht gëtt, mä à la base geschitt dann awer näischt. An dat ass eppes wat mech nervös mécht. Wa mir wësse, mir hu Problemer a wa mir wësse mir hu Léisungen, mä wa mir se net uginn. An dat ass, mengen ech, ee Problem.
Ech kommen awer och op Är Prozenter do zeréck. Ech menge wat d'Leit natierlech och zu Lëtzebuerg e bësse schockéiert huet an engem gewësse Sënn, dat ass, datt ech soen, hei, ech trieden u géint de Jean-Claude Juncker, deen ech respektéieren, ganz kloer. Mä et muss awer erlaabt sinn an deem Land hei och ze soen, och een anere ka Premier ginn an deem Land. Ech erënneren Iech drun, wéi de Pierre Werner net méi Premier war, do huet d'ganzt Land gemengt d'Welt géing ënnergoen. Do ass den Här Santer komm an et ass awer weidergaangen. Nom Här Santer hu se all gesot a wat soll dee jonke Spunt, den Här Juncker hat deemools 40 Joer wéi e Premier ginn ass, wat soll dat da ginn? Lo wëllt keen e méi goe loossen. Also ech mengen einfach, datt een do net esou konservativ dierf sinn an datt ee jidderengem eng Chance soll ginn. Mä 30 Joer ininterrompu an enger Regierung, dovun 18 Joer Premierminister, ech mengen dat gëtt et a kengem demokratesche Land. An dofir mengen ech einfach, datt et och gesond wär fir do mol eng Alternance ze hunn.
Max Theis: Mir hu mol d'Leit op der Strooss gefrot, wat si dann dovunner géifen hale wann Dir géift Premier ginn. Mir lauschtere mol eran.
Biergerin (O-Toun): Also ech sinn ee Capellener an de Juncker, dat ass, e wunnt net wäit vu mir ewech an ech wielen deen.
Biergerin (O-Toun): Jo firwat net.
Biergerin (O-Toun): Jo firwat net.
Bierger (O-Toun): Jo.
Biergerin (O-Toun): Jo ech denken en ass duerchaus kompetent. En huet dat jo scho bewisen a senger Fonctioun als Minister.
Biergerin (O-Toun): Ech kennen e ganz perséinlech an et ass ee Kolleg vu mir. Ech ka schlecht eppes géint e soen, well ech weess am Fong net wat.
Biergerin (O-Toun): Ech mengen, et weess kee wien de Premier gëtt.
Biergerin (O-Toun): Jo ech mengen, dee Mann ass och kapabel. Firwat net?
Bierger (O-Toun): Nee, eigentlech net.
Bierger (O-Toun): Ech mengen de Mann deen ass kompetent fir esou een Job ze maachen, jo.
Bierger (O-Toun): Ech halen net vill dovunner.
Bierger (O-Toun): Nee.
Max Theis: Voilà.
Etienne Schneider: Do hätt ech jo lo mol eng Majoritéit gehat, wann ech dat richteg matgezielt hunn.
Max Theis: Net representativ niewebäi gesot, wéi ëmmer, jo dat sinn awer positiv Reaktiounen och deelweis.
Etienne Schneider: Ech menge jo och, de Wahlkampf geet jo och elo réischt un. Mir hunn elo laang gezunn, wou keen offizielle Wahlkampf ass a mir kréie jo elo déi Débaten, haut fänke mir jo mat Iech un. Et kommen der jo nach eng ganz Rei. An da sollen d'Leit sech ee Bild maachen. Ech hunn elo geliest an Äre Sondagen, datt d'Halschent vun de Leit sech réischt wëll déi lescht Woch oder déi lescht 2 Wochen décidéieren. An ech menge bis dohin ass jo nach Zäit. An d'Leit sollen einfach décidéieren ob si deen deen do lo 30 Joer ass, nach bis 35 Joer wëllen dat loossen oder ob se wierklech mengen, datt et awer vläicht Zäit wier un enger neier Generatioun vu Politiker, déi den Élan hunn, déi Iddien hunn an déi motivéiert si fir dat ze maachen.
Max Theis: Wat kréien d'Leit da mat Iech? Eng Dräier oder géift Dir nach eng Kéier mat der CSV?
Etienne Schneider: Ech mengen dat hänkt just vun de Leit of.
Max Theis: Géift Dir nach eng Kéier mat der CSV goen?
Etienne Schneider: Ech soen Iech Folgendes: ech gi mat där Partei oder mat deene Parteien déi bereet sinn dat Land mat ze moderniséieren, am Intérêt vun de Leit déi hei liewen. Ech hunn dat, mengen ech, virdru gesot, ech maachen jo kee Wahlkampf géint d'CSV. Ech maachen ee Wahlkampf fir d'LSAP fir d'Iddie vun der LSAP a fir den Neiufank vun dësem Land. Wann eng CSV bereet ass eng ganz Rei Konzessiounen ze maachen an och mat op déi Moderniséierung vun deem Land hei op dee Wee ze goen, da gesinn ech och kee Problem fir mat enger CSV eng Koalitioun ze maachen. Mä eng 3er Koalitioun ass grad esou gutt méiglech. Ech mengen datt [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Gouf et dann do scho Gespréicher? Do ginn et Rumeuren.
Etienne Schneider: Wësst Dir Gespréicher, d'Leit menge mir géingen eis elo aspären an do grouss Diskussioune féieren. Dir wësst, datt Lëtzebuerg kleng ass an datt all déi Leit sech permanent begéinen an datt ee weess ob ee Sympathie mateneen huet oder net. Et gëtt mat Sécherheet hu mir scho mol an de Couloire geschwat a gesot, dat do wär eng Optioun. Well et muss ee jo wësse, wéi stinn di aner. Ass dann do eng Méiglechkeet do? An ech gesi bei jidderengem, datt do eng Offenheet ass fir eppes Neies ze maachen an da musse mir kucken ob d'Wieler dobaussen dat och esou gesinn.
Max Theis: Ganz kuerz nach: wann Dir géift Premier ginn an enger 3er Koalitioun, da misst Dir jo Iech selwer beim Wuert huelen a Leit wéi Mars Di Bartolomeo a Jean Asselborn, Nicolas Schmit géifen net méi Minister ginn.
Etienne Schneider: Also meng Ausso am Wahlprogramm oder eiser Partei hir Ausso am Wahlprogramm ass jo déi vun den zwee Mandater. Bon zwee Mandater sinn 10 Joer. Vu datt mir elo éischter wiele ginn, huet nach kee vun deene 10 Joer, dat mol virausgeschéckt, mä et feelt awer net méi vill, dat ass ganz richteg. Ech soen Iech Folgendes: ech wëll dat Wahlgesetz änneren. An zwar esou, datt mir an Zukunft dat doten net méi hunn, datt mir 10 Joer hunn, Minister, an dann ass et fäerdeg. Mä mir soten awer och, mir hunn eng ganz Rei Froen déi mir de Leit wëlle stellen, wat d'Wahlgesetz ugeet, awer och wat d'Verfassung ugeet. Mir wëllen, datt d'Leit do matdiskutéieren. An dofir wëlle mir ee Referendum maachen an d'Leit froe fir hir Meenung. Wann d'Leit där Meenung sinn, datt mir dat maachen, da maache mir dat, mä Dir wësst awer och, et ass ee Wahlgesetz. Mir kënnen net réckwierkend dat änneren. Mä mir mussen iergendwou eng Kéier ufänken. A wa mir haut ufänken ze soen, ok ab haut sinn et 10 Joer, dann hu mir an 10 Joer spéitstens hu mir dee Roulement permanent lafen [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Dat heescht déi 3 Ministere kréien eng Schounfrist an deem Sënn?
Etienne Schneider: Déi kréien, ben, kuckt einfach och hire Parcours, déi ee super Parcours gemaach hunn, déi och iergendwann eng Kéier fräiwëlleg ginn, well se och a Richtung Pensiounsalter kommen, vun dohier wäerte si mat Sécherheet keng 10 Joer méi maache wëllen. Ech mengen net datt si sech dat undinn.
Max Theis: Etienne Schneider, et ass geschwënn Zäit fir de Journal, dofir maache mir elo Plaz.
[Noriichten]
Här Schneider, Dir hutt elo am Journal d’Attack, soen ech elo mol, vum Generalsekretär vun der CSV, Laurent Zeimet, héieren. An Ärer Zäit als Regierungsbeamte wiert Dir mam Rolls Royce vu Conseil zu Conseil gefuer. Wat äntwert Dir dann dorop?
Etienne Schneider: Ech kann dorop just de Kapp rëselen. Ech hunn definitiv keng Loscht op esou e bëllege Wahlkampf. Entweder et huet een Argumenter an deem Wahlkampf oder et soll een sech säin Otem spueren.
Datt ech mam Rolls Royce a Verwaltungsréit gefuer sinn, dat ass jo sou eppes vu Kabes. D’Leit wëssen, zanter datt ech Minister sinn, hunn ech dat an engem vu mengen éischten Interviewen och um RTL, op der Télé och gesot a gewisen, datt ech ebe Collectionneur vun alen Autoen sinn. Dat sinn all Autoen déi kee Verméige kaschten, mä déi mir einfach Spaass maache se ze sammelen. Ech hunn där der lo 3, an 1 mat mengem Brudder zesummen. An dat ass et. Méi ass et net. Fir dat elo ze huelen als Argument géint mech a fir domat déi éiweg Diskussioun ze maachen, e Sozialist muss jo aarm sinn, soss ass et kee richtege Sozialist, dat ass jo kompletten Kabes.
Dat ass dat selwecht wéi wann ech géing behaapten, een deen an der CSV ass, dee misst all Sonnden an d’Mass goen. Also, wësst Dir, dat do ass en Niveau vu Wahlkampf op dee loossen ech mech net eran. Deen ass einfach onwierdeg. Mä bon, déi Leit déi dat mengen, déi sollen dat da sou maachen.
Max Theis: Fir bei Ärem perséinleche Budget kuerz ze bleiwen. Wann een de Rumeure gleeft, hutt Dir jo och als Beamten déi Zäit méi verdéngt wéi elo als Minister. Firwat maacht Dir dat dann iwwerhaapt, dee ganzen ... ?
Etienne Schneider: Dat ass effektiv richteg. Ech hunn, doduercher datt ech héije Beamte war, mä datt ech awer och President vun Enovos war, vu CREOS, SEO an der SNCI, do eng ganz Rei Betriber geleet hunn, nach niewebäi am Fong, hunn ech natierlech immens gutt Geld verdéngt. Ech hunn d’Halschent vu menger Pai verluer wéi ech Minister gi sinn.
An ech hunn och direkt als Minister gesot, ech wéilt kee Verwaltungsrotsposten. Ech hunn och deemools deen, deen ech hätt kéinten huelen, vun der ArcelorMittal, refuséiert, well ech wëll neutral sinn. Ech wëll meng Décisiounen neutral huelen an ech wëll net vun iergend engem ofhängeg sinn. An ech soen Iech, Sue si mir definitiv net wichteg.
A wann den Här Zeimet elo seet, ech hätt just Loscht op Muecht, da mengen ech, dann ass et just dat hire Problem. Si hunn absolut keng Loscht d’Muecht ofzeginn an dofir féiere se elo sou e Wahlkampf. Et ass Schued, mä ech mengen d’Leit déi verstinn dat do och dobaussen an déi maache sech hir Meenung selwer.
Max Theis: Mir hunn elo vill iwwer d’Vergaangenheet geschwat, wéi dat alles am Juli gaangen ass, iwwer eventuell Koalitiounen a sou weider. Elo wollt ech mol e bëssen op d’Inhalter kommen. Äre Wahlprogramm ass jo leschte Méindeg unanime ugeholl ginn. „Loscht op muer“ ass Äre Wahlprogramm iwwerschriwwen. Doranner gëtt zum Beispill e moderne Staat gefuerdert. Dir proposéiert carrément eng déifgräifend Staatsreform. Wat verstitt Dir dann dorënner?
Etienne Schneider:Mir mussen eng ganz Rei Saachen an deem Land hei ännere fir wierklech eis ze erneieren, fir méi modern ze ginn.
Mir wëllen natierlech, ech mengen den Ausléiser vun deem ganzen ass dee SREL-Bericht. Mir mussen dee SREL komplett reforméieren, sou wéi et och vun der Kommissioun virgeschloen ass. Mir wëllen awer och d’Onofhängegkeet vun der Justiz garantéieren, an de Conseil national de la Justice aféieren, en ieweschte Geriichtshaff aféieren, fir de Leit méi Justice kënnen ze bidden.
Mä mir wëllen awer och, an dat hu mir kuerz ugeschwat, eist Wahlgesetz komplett änneren, andeem mir soen, hei mir maachen eng Limitatioun vun de Ministeschmandater op 2 Mandater a mir suergen dofir, datt een net méi Buergermeeschter ka sinn, plus Deputéierten, plus dann nach als Buergermeeschter X Cumulen huet niewelaanscht. Et soll een Deputéierte si fir dat ganzt Land an net just fir seng Gemeng oder dee Streech aus deem ee kënnt. Ech mengen, dat géing och vill méi gesond Débaten an d’Chamber bréngen.
Mir wëllen d’Unzuel vun de Ministere reduzéieren an eventuell och déi vun den Deputéierten, well mir mengen, datt mir och mat manner eens kënne ginn.
Mir wëllen e Referendum aféieren. Wat mir ganz wichteg fannen, net nëmmen elo wat d’Verfassungsreform ass. Wou mir contrairement zu deene Gréngen net wëlle mat engem fäerdegen Text bei d’Leit goen a soen, hei, Vogel friss oder stirb. Mä mir wëlle bei d’Leit goe mat enger Rei Sujeten a mat hinnen déi diskutéieren a froen, wat haalt Dir dovun, fir déi da kënnen an eis nei Verfassung anzebannen.
Bon, mir wëllen och Paritéit op de Lëschten hunn. Mir hu se selwer net fäerdeg bruecht dës Kéier. A mir stinn awer dozou, datt ee muss higoen an Zukunft dat obligatoresch maachen. Datt ee bei enger nächster Wahl ka soen, et musse mindestens 40% Fraen op, also Fraen, respektiv Leit vun engem Geschlecht op enger Lëscht sinn a bei der nächster Wahl duerno muss all Lëscht mindestens 50% hunn. Dat heescht vu 60 Kandidate mussen 30 weiblecher an 30 männlecher [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Wéi kredibel ass dat dann, wann een dat mol net selwer [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Ma de Problem ass deen, ech mengen do maachen ech gären e mea culpa, datt mir déi 50% net hikritt hunn, mä well mir net genuch Fraen opgebaut hunn. Well iwwerall op all deene Positioune sëtze Männer. An doduerch datt mir zum Beispill higinn a Ministeschmandater limitéieren, kréie mir vill méi Roulement, och an der Regierung, dat heescht, méi Leit déi no uewe réckelen. Doduerch datt mir d’Cumulen ophalen tëscht de Mandater kréie mir vill méi fräi Posten. Dat heescht, mir hu vill méi Moyene fir Leit ze begeeschtere fir mat an der Politik mat ze schaffen. Well elo, wéi ass et dann elo? Wann Dir haut wëllt Deputéierte ginn an Dir sidd net grad Promi an doduerch hutt Dir vläicht e Bonus.
Max Theis: Och dat déngt jo näischt, hu mir virdrun am Sondage héieren.
Etienne Schneider: Voilà, och dat schéngt jo näischt ze déngen. Mä ugeholl Dir wëllt dat maachen, mä da sidd Dir dach haut gezwongen 30 Joer op all Dëppefest ze goen, Thüringer z’iessen, fir iergendwann esou bekannt ze ginn, datt Dir genuch Kräizer hanner Ärem Numm hutt fir an déi Chamber ze kommen. Well och esou wéineg Posten ze vergi sinn; well permanent déi selwecht Leit op deene selwechte Posten sëtzen.
Just fir et nach eng Kéier ze soen: de Jean-Claude Juncker ass Minister ginn, do hat ech 11 Joer. Verstitt Dir?
An esou kréie mir ni e Renouveau. An dofir soen ech, mir mussen och déi Paritéit hikréien. A wa mir d’Parteie forcéieren et ze maachen, da kréie mir dat och hin.
Ech soe just eent. Fir mech gëtt et ee Prinzip. D’Frae stellen d’Halschent vun der Populatioun an deem Land a si sollen och d’Halschent vun der Muecht an deem Land hunn. Point à la ligne. An do wëll ech hikommen an 2 Etappen. An ech mengen, datt dat awer duerchaus am Intérêt och vum Land wier.
Max Theis: D’Trennung vu Kirch a Staat ass och ee vun den éischte Sujeten deen een an Ärem Programm begéint. Wéi eescht mengt Dir et dann elo?
Etienne Schneider: Majo, ganz eescht. Ech soen Iech direkt, eng Trennung vu Kierch a Staat kréie mir beschtefalls hi mat enger Dräierkoalitioun, well mat enger CSV an der Regierung hutt Dir jo elo gemierkt, datt dat definitiv net geet.
Max Theis: De Wäerteunterricht ass jo elo awer [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Jo, et ass ebe genee dat wat ech enger CSV reprochéieren. De Reliounsunterrecht an der Schoul wëlle mir schonn éiweg net méi. Mir soen, mir sollen e Wäerteunterricht hunn a soss näischt. Elo mierkt d’CSV, mir mussen eis e bësse moderniséieren, a lo gi se hin a soen, majo, et ass gutt, am Lycée maache mir da kee Reliounsunterrecht méi.
Mä wou ass dann den Ënnerscheed? Firwat maache mir am Lycée da keen an an der Primärschoul hale mir en nach bäi? Ëmmer déi Trippelschrëtt. Dat laangt Zéien, datt een 10, 15 Joer mat hinnen amgaang ass eng Reform ze maachen.
Dat selwecht gëllt fir d’Homoehe, Adoptioun an déi Saachen. 15, 20 Joer amgaang bis ee si dann och sou wäit beweegt huet, datt se fortschrëttlech sinn a soen, et ass gutt da gi mir mat op dee Wee.
An dat sinn einfach Saachen wou ech soen, do si mir am Land blockéiert an dat kann alles méi schnell goen.
Ech soen Iech just zur Trennung vu Kierch a Staat. Do brauch een eng Verfassungsännerung a fir eng Verfassungsännerung brauch een eng 2/3 Majoritéit. Fir op dee Wee ze goen, gëtt et just eng Dräierkoalitioun. Anescht kréie mir dat net hin. De Reliounsunterrecht aus der Schoul, dee kréie mir esou raus. Do brauche mir keng [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Kënnt eng Kierchesteier mat Iech?
Etienne Schneider: Majo lauschtert mol, d’Kierche mussen da kucke wéi se sech finanzéieren. Dat ass dann hire Business.
Ech menge just, datt mir higinn, an dat wëlle mir wierklech maachen, higinn an e Referendum bei de Leit maachen. Mir wëllen d’Leit, d’Lëtzebuerger, dobausse froen, sidd Dir fir eng Trennung vu Kierch a Staat? Mir wëllen hinnen erkläre wat dat heescht. Dat heescht jo net, datt mir d’Kierch verdamen. Mä mir sinn awer haut an enger Situatioun wou all méiglech Reliounen eis als Regierung froen, déi wëllen och hire Reliounsunterrecht an der Schoul. Mä wa mir fäerdeg sinn, maache mir nach just Reliounsunterrecht an der Schoul.
An dofir soen, ech et gëtt just eng Léisung: mir huelen e komplett raus. Dann ass et fir jiddwereen d’selwecht an d’Relioun soll eng Privatsaach sinn, a jiddweree kann do da maache wéi e wëll.
Max Theis: A Saache Steieren: an Ärem Programm solle breet Schëllere méi belaascht ginn. Parallel soll eis Steierlandschaft attraktiv bleiwen. Wat heescht dat da konkret?
Etienne Schneider: Konkret heescht dat, datt mir elo 5 Joer laang all Joer an der Moyenne 1 Milliard Defizit hunn. Datt ab 2015 duerch d’Ewechfale vum Commerce électronique nach eng Kéier 600 bis 700 Milliounen Defizit zousätzlech dobäi kommen. Dat heescht, mir kréien e finanzielle Problem, definitiv.
Max Theis: Mir hunn e jo.
Etienne Schneider: Mir hunn e schonn, mä mir hunn e relativ gutt nach am Grëff aus deem einfache Grond, well mir Reserven haten, respektiv nach keng héich Staatsschold hate par rapport zu anere Leit.
Mä mir mussen elo definitiv agéieren. An ech soen Iech, dat alleréischt, et gëtt keng Steiererhéijungen ier mir net alles gekuckt hu wéi mir kënne spueren, ouni de Leit mussen an d’Täsch ze gräifen. An do gëtt et eng ganz Rei Saachen. Ech hunn, zanter ech Minister sinn, schwätzen ech mam Finanzminister driwwer fir d’Budgetspolitik ze moderniséieren, fir e zero-base-budgeting anzeféieren. Wou all Joer all [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Komplizéierten Ausdrock.
Etienne Schneider: Ech weess, et ass komplizéiert. Ech probéieren et einfach ze erklären.
Mä wou Dir all Joer all Budgetsartikel analyséiert, kuckt, wat huet déi Ausgab dann d’lescht Joer bruecht, a brauche mir déi definitiv d’nächst Joer nach. Mir hunn eng Situatioun wou, wann Dir eng Kéier e Posten am Budget hutt, eng Ausgab hutt, déi gëtt dann einfach kontinuéierlech vu Joer zu Joer weider gefouert, ob Dir se braucht oder net. An do ass sou vill Geld ze spueren.
En zweete Punkt ass méi bëlleg bauen. Mir baue jo nach ëmmer wéi wa mir net wéisste wou mir mat de Suen iwwerall sollten higoen. Do mengen ech musse mir [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: De Staat mengt Dir lo [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: De Staat, jo, selbstverständlech. An den ëffentleche Bauten musse mir drastesch zréck schrauwen. Mir hu jo elo Experimenter gemaach mat Schoulen déi mir vill méi bëlleg baue wéi anerer. Do musse mir nach vill méi wäit dran era goen. Ech erënneren Iech un eng Nordstrooss. Ech mengen, et ass déi deierst Strooss déi et op der ganzer Welt gëtt.
Max Theis: An nach ëmmer net fäerdeg.
Etienne Schneider: An nach ëmmer net fäerdeg. Ech mengen, dat si Saachen déi kënne mir eis einfach net méi leeschten. Do musse mir méi kleng Bréidercher baken, ouni datt een domat de Leit wéi deet.
Max Theis: Mä zum Beispill d’Nordstrooss, dat war jo och de Robert Goebbels déi Zäit. Et ass jo net wéi wann [gëtt ënnerbrach]
Etienne Schneider: Jo, an der Rei. Wéi hie se décidéiert huet, du war se nach en anere Budget wéi se lo ass. Duerch déi Délaien, duerch déi Prozeduren, duerch déi Oplagen déi koumen ass déi Nordstrooss sou vill méi deier ginn, wéi se eigentlech hätt sollen.
Dann, eis ganz Subsidiegesetzgebung. Mir gi Subsidë fir dat eent a fir säi Contraire. Mir ginn op 3 Plaze Subsidë fir déi selwecht Saach. Do ass extrem vill Geld ze spueren. An dofir wëll ech dat komplett reforméieren, datt mir all déi Subsiden eng Kéier op de Leescht huelen a kucken, ob se éischtens nach Sënn maachen an ob zweetens Saachen net 2 an 3 Mol subsidiéiert ginn. Och do, mengen ech, ass Geld ze spueren.
Dann d’sozial Selektivitéit vun eisen Ausgaben. Zum Beispill am Kannerbonus, wou mir soen, mir kënnen an deenen Zäiten an deene mir sinn net méi higoen an de Kannerbonus och nach jiddwerengem d’selwecht ginn, egal wat e verdéngt an egal wéi d’Kompositioun vu sengem Ménage ass.
Ech mengen, wa mir déi do Saache scho maachen, hu mir kengem wierklech wéi gedoen a scho mol ganz vill Sue gespuert.
Max Theis: An eng Räichesteier wëllt Dir och.
Etienne Schneider: Voilà, da wëlle mir eng Räichesteier aféieren. Bon, mir nenne se Räichesteier. Mä sou eng [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Wien ass da räich?
Etienne Schneider: Dat kléngt no Katastrof, mä dat ass et awer net. Ech erkläre mech.
Mir hunn zu Lëtzebuerg e Problem mam Mëttelstandsbockel. Dat heescht, datt d’Leit vill ze vill fréi um Spëtzesteiersaz sinn. Dat heescht, mir wëllen deen ofschwächen. Dat heescht, datt all déi Leit e bësse manner Steieren och bezuele fir deen ofzeschwächen. Mä dann hänke mir hannendrun eng Tranche dru vu 45% ab 400.000 Euro fir e Ménage, also wou 2 Leit schaffe ginn ab 400.000 Euro versteierbart Akommes. An ech mengen, datt een dat ka maachen, an datt een do och deene Leit déi concernéiert sinn net ze vill Effort offuerdert, well ech einfach der Meenung sinn, datt speziell an Zäite wou et eis schlecht geet breet Schëlleren ebe méi mussen droe wéi schmuel Schëlleren.
Max Theis: De Chômage dann, deen ass sou héich wéi nach ni, mat 7%. 2009 huet Är Partei dee Ministère iwwerholl. Wat ass da schif gelaf?
Etienne Schneider: Et ass näischt am Ministère schif gelaf. De Problem ass an eiser Ekonomie.
Ech mengen, Dir hutt an deene leschte Jore matkritt, datt eng ganz Rei industriell Betriber, virun allem, zou maachen; datt awer och op der Bankeplaz, duerch d’Opginn vum Bankgeheimnis ab 2015, datt do scho ganz vill Restrukturatiounen amgaang sinn, duerch déi international Bankekris och, do sinn am Bankesecteur iwwer 2.000 Emploie verluer gaang. Dat dierf een net vergiessen. An der Industrie och, well eng Industrie déi à faible Valeur ajoutée produzéiert, kënne mir zu Lëtzebuerg net méi laang halen. Do si mir jo amgaang ebe just, dat wat ech all Dag maachen, eis Ekonomie ze diversifizéieren, méi an den Hi-Tech Beräich, méi an de Beräich wou mir och eng Chance hu mat eben eisen héije Léin, déi mir zu Lëtzebuerg hunn.
Mir hunn zu Lëtzebuerg am Chômage ee grousse Problem: mir schafe méi Aarbechtsplaze wéi mir Chômeuren hunn. Mir schafen an der Moyenne, trotz Kris, all Joer 7.000 nei Aarbechtsplazen. Mir hu 17.000 Chômeuren, mä mir schafe 7.000 Aarbechtsplaze pro Joer. Da misst ee jo soen, innerhalb vun 2, 3 Joer misst een déi jo all lass sinn. Mä dat ass awer net de Fall.
Firwat? Ma ee Grond ass deen, datt d’Halschent vun eise Chômeure guer keng Qualifikatioun hunn. An dofir ass den Nicolas Schmit jo amgaang déi Adem ze reforméiere fir ze soen, ma mir mussen déi Leit forméieren, deenen Zousazformatioune ginn, fir datt se op déi Emploie passen déi mir ginn.
De Logistiksecteur ass dofir ee vun deene 4 Diversifikatiounssecteuren dee mir immens um Häerz läit. Firwat? Ma well dee massiv Aarbechtsplaze schaaft fir Leit mat wéineg Qualifikatioun.
Ech hunn de Bilan elo gezunn. Alleng zanter mir décidéiert hunn de Logistiksecteur esou auszebauen 2006, mäi Virgänger war dat, bis haut hu mir schonn 2.000 nei Aarbechtsplazen dora geschaf. An ech sinn iwwerzeegt, datt mir nach 3.000 bis 5.000 nei Aarbechtsplazen do kënne schafen, fir eben och deene Leit eng Chance ze ginn.
Max Theis: Och Résidenten.
Etienne Schneider: An dann dierf een och eppes net vergiessen. Ee Véierel vun alle Chômeuren déi mir hunn, déi waren ni zu Lëtzebuerg an enger Schoul. Dat sinn Immigranten déi op Lëtzebuerg komm sinn. Déi hunn also iwwerhaapt keng Formatioun. Do ass et extrem schwéier fir déi an eng Aarbecht ze kréien, zemol wou do och nach d’Sproochebarrière ass. Ganz oft schwätzen déi iwwerhaapt keng Sprooch. An dofir ass et natierlech en immense Kampf fir dat ze maachen.
Mä ech soen Iech, mir mussen deene jonke Leit Zukunftsperspektive bidden. Dofir hu mir och gesot, mir géingen eng Jugendgarantie ginn. Dat heescht, e Jonken dee vun der Schoul kënnt, deen net innerhalb vu 4 Méint en Job huet, dee kritt vun eis garantéiert, datt mir him entweder en Job ubidden oder zumindest eng Fortbildung ubidden, fir datt e kann op en Job passen.
Well wësst Dir, wann dir als jonke Mënsch vun der Schoul kommt an dir schreift honnerten Demanden an Dir kritt net mol e Virstellungsgespréich, geschweige denn oft kritt Dir mol keen Accusé de réception, da fillt Dir Iech wierklech immens schlecht. A wann Dir dat Gefill kritt als jonke Mënsch, datt Dir net gebraucht gëtt an enger Gesellschaft, dat ass mat Sécherheet kee gutt Gefill. An do musse mir urappen.
An ech sinn do wierklech ganz zouversiichtlech, datt mir mat deene Weeër déi den Nicolas Schmit mat senger Reform vun der Adem ageluecht huet a mat der Diversifizéierung vun eiser Ekonomie, dat kombinéiert, an d’Schoul, d’Schoulpolitik, dat alles kombinéiert, datt mir dat dote kënne packen.
Ech ginn Iech eng lescht Zuel. Mir hunn 2,2% nei Aarbechtsplaze geschaf am Joer 2012. Dovu sinn nëmmen 0,5% u Résidenten gaang. Also 0,5% u Leit déi zu Lëtzebuerg liewen. All de Rescht sinn u Frontalieren gaang. An och do musse mir usetzen. Mir mussen dofir suergen, datt déi Aarbechtsplazen déi mir hei schafen, datt déi och prioritär deene Leit déi hei zu Lëtzebuerg liewen zegutt kommen. Soss kréie mir dee Chômage ni an de Grëff.
An ech froe mech heiansdo, firwat ech duerch d’ganz Welt renne Betriber siche fir ze hei ze implantéieren, wann ech herno gesinn, datt vun 100 Leit déi agestallt ginn, der 10 Leit vu Lëtzebuerg sinn. Do musse mir usetzen. An ech mengen, datt mir eng Rei Konzepter hunn, an datt mir dat doten an de Grëff kënne kréien.
Max Theis: D’Wirtschaft ass net gewuess déi lescht 5 Joer. Dir hutt en 10-Punkte Programm an Ärem Wahlprogramm stoe fir d’Wirtschaft ze relancéieren. Wat sinn dann do, ech soen elo mol, d’Stéchwierder doraus?
Etienne Schneider: Ech soen Iech jo ganz kloer, mir musse mol mat eppes ufänken, dat ass déi Reform vun de Prozeduren.
Kuckt de Logistiksecteur, wou ech elo 2.000 Aarbechtsplaze geschaf hunn. Mä fir iwwerhaapt domat unzekomme ware mir 7 Joer an de Prozedure fir en Terrain, dee fréiere WSA-Site zu Beetebuerg-Diddeleng, fir deen ze reklasséiere fir do déi PAGen, déi PAPen, alles dat ze reklasséieren, fir d’Ëmweltverträglechkeetsstudien ze maachen, all déi Étuden déi een dann ebe muss maachen. An dann hu jo d’Leit erëm e Recht op Asproch an alles Méigleches.
Dat heescht, wann Dir dee Site nach gesitt, do stounge jo just giel bleche Këschten do. Do war kee Bam, do war kee Gras, do war iwwerhaapt näischt.
Mä fir esou e Site einfach ëmzebauen an e Logistikhub, an e Logistiksite, 7 Joer Prozeduren! Dat kann net sinn! Dat kann net méi sinn! Dat ass eng vun eise gréisste Kränkten déi mir hei an deem Land hunn. An ech mengen einfach, datt mir definitiv do mussen ufänken.
An ech hu Wëlles, wann ech déi Wahle sollt gewannen, direkt eng Task force anzesetzen, um Niveau vun der Regierung, wou een déi héchste Beamten zesumme sicht, well et ass jo alles gewosst wat misst reforméiert ginn. All méiglech, Fédération des artisans, UEL, Fedil an alleguerten hu se Pabeiere gemaach wou si mengen, datt et haakt.
Ma komm, mir setzen eis dohin, mir huelen eng Task force, déi beschte Beamten aus dem Staat, an déi kréie vun der Regierung gesot, hei dat an dat an dat gëtt elo ëmgesat.
An all Mount soen ech Iech, kommen déi an de Regierungsrot viru versammelter Regierung a soe wéi wäit se sinn. A si soe wou et klemmt. An da muss d’Regierung décidéieren, ok, da musse mir do dat Gesetz änneren, da musse mir do dat Reglement änneren, fir datt mir viru kommen. Anescht soen ech Iech, kréie mir kee Schwonk méi an déi Ekonomie.
Max Theis: Stéchwuert Index, RMG – wou geet et do mat Iech hin?
Etienne Schneider: Et ass ganz kloer, datt mir zum Index stinn. Mat eis gëtt net um Index gefréckelt. Mir soen, datt, sou laang wéi mir an där Krisesituatioun sinn an där mir sinn – an et ass eng schwéier Kris, dat dierf een net verkennen – bleiwe mir bei där Indexregelung déi mir elo hunn, wou mir soen, et gëtt maximal eng Index-, oder et gëtt eng Indextranche pro Joer. Fäerdeg. An déi gëtt da mat Retard ausbezuelt, sou wéi elo. Ech mengen, déi déi elo am Oktober ausbezuelt ginn ass, oder gëtt, déi ass jo am Februar erfall a si gëtt eréischt elo ausbezuelt.
Dat hëlleft all Betrib. Well all Betrib huet dovun e Gain fir méi kompetitiv ze ginn.
Eng Deckelung, zu wat féiert déi? Eng Deckelung, d’CSV ech hat eng Kéier mat hirem President geschwat, dee mir gesot huet si géinge vun 2,5 [gëtt ënnerbrach]
Max Theis: Et ass jo keng Rieds méi dovunner.
Etienne Schneider: Jo, elo ass keng Rieds méi, well se mierken, datt dat net populär ass, mä si soen awer, mir diskutéieren da mat de Sozialpartner no de Wahlen driwwer, wéi mir dat maachen.
Or, kann ech just eppes feststellen. D’Sozialpartner sinn der jo 3. Dat ass jo d’Patronat, d’Gewerkschaften an d’Regierung. D’Gewerkschaften hu ganz kloer gesot, et kënnt iwwerhaapt net a Fro. Mä mat wiem wëlle se dann nach diskutéieren? Just mam Patronat?
An da froen ech mech jo wierklech, wann ech de Jean-Claude Juncker gesi Betriber besiche goen, wat e jo éischter rare mécht, mä bon, e mécht dat jo elo, da bei den Här Dennewald geet, deen dann och senges Zeechens President vun der Fedil ass, a wann ech da liesen an der Zeitung, datt si och iwwer Index geschwat hunn, an dann 2 Deeg drop gesinn ech den Här Dennewald als President vun der Fedil soen, den Index misst ofgeschaf ginn, da froen ech mech, ma wat hunn déi 2 matenee geschwat?
Wann ech dann de Fraktiounspresident vun der CSV bei Iech op der Télé gesinn, deen da schwadronéiert a seet, si géinge elo mol kucken an d’Wahlen ofwaarden an da géing ee sech zesumme setze fir ze kucken, wou een den Index deckelt, da kann ech mir ganz gutt virstellen, wou dat soll higoen.
An ech warne just dofir. Wa mir ufänken den Index ze deckelen, haut bei 2,5 Mol, dann ass e muer nach 1,5 Mol an iwwermuer hu mir e ganz ofgeschaf. A mir wëllen dat net.
50% vun de Leit zu Lëtzebuerg hu kee Kollektivvertrag. Wann déi net wéinstens deen Index hätten, da géingen déi ni matgeholl ginn an der Lounmass. Déi kriite jo ni fräiwëlleg Augmentatiounen.
An ech a meng Partei, mir wëllen net an eng Zwouklassegesellschaft kommen. Stellt Iech vir, 10 Joer laang, no 10 Joer keen Index, déi eng Halschent vun der Populatioun déi ni eng Augmentatioun kréien an déi aner déi duerch hire Kollektivvertrag wéinstens eng kréien. Da kréie mir wierklech eng Zwouklassegesellschaft, sou wéi mir se an alle Länner hunn, an déi wëll ech net.
An da soen ech Iech awer nach ee Saz: mir mussen dofir suergen, datt d’Kollektivverträg flächendeckend ugebuede ginn. Dat ass Punkt eent.
An dann awer nach eng Erfahrung als Wirtschaftsminister: an alle Wirtschaftsmissiounen déi ech duerch d’ganzt Welt maachen, huet net eemol ee Betrib den Index ugeschwat. Dat war net eemol een Argument fir iergend ee Betrib fir net op Lëtzebuerg ze kommen.
Et ass au contraire déi sozial Stabilitéit an eisem Land déi d’Betriber interesséiert. Net permanent Streiken ze hunn, eng zefridde Populatioun ze hunn. Leit déi gär schaffe kommen ze hunn.
An dofir soen ech Iech ass den Index wichteg. An dofir soen ech Iech, wäerte mir net dru goen. De soziale Fridden huet e Präis an dee muss ee bezuelen. A mir wäerten dofir suergen.
Max Theis: Etienne Schneider, eis Stonn ass leider ëm. Et war interessant. Et stinn nach 4 interessant Wochen an d’Haus. Ech soen Iech Merci, datt Dir haut bei eis komm sidd.
Etienne Schneider: Ech soen Iech Merci.