Marc Spautz a sujet des familles et de l'éducation des enfants

An d’Parteiprogrammer déi beschäftege sech natierlech mat de Kanner a mat hiren Elteren. D’Eltere kucken net méi genuch no hire Kanner, a mir ginn en onglécklecht Land wann dat esou weidergeet, esou sot de Premier virun enger décker Woch um CSV-Kongress. Marc Spautz, fir dee Sujet ze verdéiwe sidd Dir elo am Studio. Gudde Moien,

Marc Spautz: Gudde Moien, Här Theis.

Max Theis: Här Spautz, kann een dann allgemeng behaapten, d’Leit géifen net méi genuch no hire Kanner kucken?

Marc Spautz: Ech géif net soen, datt allgemeng gesot d’Elteren net méi no hire Kanner kucken. Et muss een och déi Ausso vum Premier an de Kontext vun enger ganzer Kongressried stellen.

Mir stelle fest, datt mir am Jugendberäich verschidde Problemer hunn, well do net méi den néidegen Accompagnement vun de Kanner do ass. Mä dat soll een awer net generaliséieren, well am Allgemenge muss ee soen, datt eis Kanner gutt opgehuewe sinn, an datt mir gutt Strukturen hunn. Mä et ginn ëmmer Fäll déi negativ opfalen.

Max Theis: Mä et ass gesot ginn, d’Leit géife sech ze vill op de Staat verloosse fir d’Erzéiung vun de Kanner, sief et Maisons relais, Schoulen an esou weider. Ass dat da wierklech e Problem?

Marc Spautz: E Problem dee mir feststellen, an dat kritt Dir jo och esouwuel an de Maisons relais wéi och an de Schoulen – mä ech wëll ëmmer soen, dat ass nach laang net d’Majoritéit, mä et ass éischter eng Minoritéit – wou ee mierkt, datt do net méi déi, wat d’Héiflechkeet, wat den Ëmgank ubelaangt. An et ass awer net d’Aufgab gewiescht, weder vun der Schoul nach vum Staat, fir eng Erzéiung ze maachen, Jo, awer net fir emol d’Grondregele vum Liewe bäizebréngen. An dat muss een awer leider feststellen, datt dat plazeweis de Fall ass.

Max Theis: Wat wëllt Dir dann do ënnerhuele fir dat ze änneren?

Marc Spautz: Eng vun deene Saachen déi jo scho geschitt ass, mir hunn déi Maisons relais, wou mir jo wëssen, och wann dat net déi richteg Plaz ass, well et wier éischter wichteg, datt d’Grondregelen och schonn doheem bäibruecht gi wieren, mä datt déi Maisons relais mat dozou bäidroe wäerten, fir datt d’Kanner en anert Fundament kréien, datt mir et do och fäerdegbréngen, datt d’Kanner och déi Betreiung kréien, bei deenen engen ass et, well d’Eltere mussen zu zwee schaffe goen, bei aneren ass et awer och heiansdo gutt. Do ass ëmmer d’Diskussioun opkomm, ob all Schichte sollen an déi Maisons relais kommen, datt do awer och eng sozial Mixitéit ass. Well och déi sozial Benodeelegt, et ass jo awer besser si gesinn och en uerdentlech geregelt Liewen, wéi wa se iergendwéi doheem alles ofkucke wat se do gesinn. Och där Fäll gëtt et, an do muss een och scho schéi brav déi zwou Saachen trennen.

Max Theis: Dir wëllt elo finanziell Ureizer schafen. Wann een d’Prime fir d’Gebuert zum Beispill wëll, muss ee Course matmaachen, heescht et an ärem Wahlprogramm. Wat sinn dat da fir Coursen?

Marc Spautz: Ech wëll net soen, mir missten nei Primë schafen, dat si Primen déi och haut scho ginn. Et ass ebe just, datt mir soen, datt een och do muss bei déi Assistantë goe fir verschidde Grondregele gewisen ze kréien. Dat si schonn Angeboter déi et haut gëtt. An och haut scho fir déi Prime ze kréien, musst Dir verschidde Bedéngungen erfëllen, musst Dir d’Impfunge maache mat de Kanner. Esou datt do awer och eng Grondbasis muss sinn, och e Grondwësse sinn, wéi ech mat mengem Kand muss ëmgoen.

Max Theis: Och wat d’Erzéiung ugeet?

Marc Spautz: D’Erzéiung ass nach ëmmer d’Aufgab vun der Famill. An do ass et net, datt mir un Erzéiungsproblemer ginn, mä mir weisen awer drop hi wat a punkto Hygiène ass, a wat op alles muss beim Kand opgepasst ginn.

Well ech muss Iech soen, ech hunn dat elo an deene 6 Méint gemierkt wou ech do sinn, do kritt Dir heiansdo Courrieren a Saachen ze gesinn, déi ee sech soss net ka virstellen. Wou een och weess, wou do iergend ee Manque ass, wou net no deene Kanner heiansdo doheem esou gekuckt gëtt, wéi et misst sinn.

Max Theis: Wéi intensiv sinn déi Coursen dann? Ass dat en Eltereführerschäin, oder wéi muss ee sech dat virstellen?

Marc Spautz: Ech wëll net soen, datt et en Eltereführerschäin ass, mä et ass, wat haut och schonn d’Ligue médico-sociale an anerer ubidde vu Kannercoursen. Wéi kann ech mat engem Kand ëmgoen? Op wat muss ech alles oppassen? A wa mir jo och matkréien, wat alles heiansdo mat Kanner doheem geschitt, net nëmmen am Ausland, mä och hei zu Lëtzebuerg, wou heiansdo Problemer sinn, wéi Leit mat engem Puppelchen ëmginn, well se net gewinnt waren, datt se do op alle Fall déi Grondregele musse bäibruecht kréien.

Max Theis: Ass dann och genuch Suivi do fir iwwerhaapt matzekréie wa Saachen a Famillje schiflafen?

Marc Spautz: Majo, virun allem gesäit een dat jo och bei de Kannerdokteren, déi jo och verschidde Saachen oft signaliséieren, datt dat och nëmme geet wann dee ganze Réseau fonctionnéiert, dat heescht, souwuel wat d’Kannerdokteren ubelaangt, wat d’Schoulmedezin ubelaangt, datt och do déi Informatiounen ëmmer fléissen, fir datt mir do verschidde Saache kënnen op de Läim kommen, an datt mir do och kënnen dofir suergen, datt de Kanner näischt geschitt.

Max Theis: Ee Mëttel fir méi Präsenz vun den Elteren doheem ze suergen ass jo de Congé parental, dee mir hei am Land hunn, fir Männer wéi fir Fraen. Besonnesch Männer, kéint een do net och méi Loscht un hire Kanner maachen? An de skandinavesche Länner ass dat dat Normaalst vun der Welt, hei ass een éischter en Exot, wann een als Mann an de Congé parental geet?

Marc Spautz: Den Exot war et bei der Aféierung. Ech géif awer an Zwëschenzäit net méi soen, et wier en Exot. Mir stelle fest [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Et ginn awer vill Leit, vill Männer, déi soen, ech kann dat net, mäi Patron wëll dat net.

Marc Spautz: Mir stellen awer fest, datt d’Unzuel vun de Männer déi op de Congé parental zréckgräifen ëmmer méi grouss gëtt. Mä dat ass ganz kloer, dat ass nach ëmmer och eng Mentalitéitsgeschicht. Dat ass deen éischte Punkt.

An deen zweete Punkt, an do musse mir och méi sensibiliséieren, an de Käpp vu verschidde Leit gëtt dat, wann ech an de Congé parental ginn, nach ëmmer gekuckt, da maachen ech mir en Nodeel, da maachen ech net méi déi Carrière am Betrib déi et gëtt. An do ass et heiansdo an ëffentleche Betriber méi einfach do an de Congé parental ze komme wéi an de Privatbetriber. An do ass et och wichteg, datt mir eng Sensibiliséierung maachen, och bei de Betriber, datt dat iwwerhaapt keng Nodeeler mat sech bréngt. Dir hutt de Modell vu Skandinavien gewisen. Och a Skandinavien stelle mir jo fest, datt dat eng positiv Saach ass, eng positiv Auswierkung huet esouwuel op d’Kand wéi och op de Betrib.

Max Theis: De Congé soll och flexibiliséiert ginn. Ënner wéi enger Form soll dat da goen?

Marc Spautz: Mä datt mir och wëlle kucken, datt net alles esou starr ass. Mir hunn de Moment d’Méiglechkeet vu 6 Méint an 12 Méint, mä datt mir och do eis wëlle mat de Sozialpartner zesummesetze fir ze kucken, ob mir net och nach aner Forme vum Congé parental kënne maachen, fir dat méi flexibel ze stellen, fir dat och de Gegebenheeten, esouwuel vum Betrib, wéi vun der Famill, kënne besser unzepassen. Mä dat wëlle mir maachen am Dialog, zesumme mat de Sozialpartner.

Max Theis: De Premier huet d’Zukunft vum Congé parental e bëssen a Fro gestallt, och um Kongress, wéinst der Exportabilitéit. Wou läit dann do de Problem?

Marc Spautz: Majo d’Diskussiounen, do muss een ëmmer wëssen, datt alles wat budgetiséiert ass an de Familljenzoulagen, deemno wat et bedeit an der Exportabilitéit, da musse mir vläicht verschidden Adaptatioune virhuelen [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: En ass jo elo schonn och fir d’Frontalieren, oder aner EU-Memberlänner gëtt et en.

Marc Spautz: Jo, mä Dir musst oppassen, an de Familljenzoulage si verschidde Saachen déi ginn exportéiert, et si verschidde Saachen déi ginn de Moment nach net exportéiert, wou mir awer wëssen, datt Prozesser unhängeg sinn, a wou mir do déi néideg Adaptatiounen duerno musse maachen. An da kann et duerchaus sinn, datt mir och un den Niveauen eppes mussen änneren, well de Su kënnt Dir net 2 Mol ausginn. An dofir ass et och beim Staat net anescht, datt mir da musse kucke wat fir eng Adaptatioune mir musse virhuelen.

Max Theis: Mä zum Beispill beim Congé parental, u wat gëtt dann do geduecht?

Marc Spautz: De Congé parental gesinn ech elo direkt, et muss ee kucke wéi et méiglech ass mam hallef schaffe goen, an hallef doheem sinn, ob een do muss Adaptatioune maachen. Mä ech gesinn direkt de Moment, an éischter Phas, datt net alleng beim Congé parental de Problem ass, mä éischter bei verschiddenen anere Mesuren, déi ee muss kontrolléieren.

Max Theis: Déi Familljeleeschtungen, géif ech se elo emol gruppéiert nennen, do wëllt Dir méi eng grouss sozial Selektivitéit kréien, dat steet jo och an Ärem Wahlprogramm. Wat heescht dat dann? Kritt een da manner Kannergeld, oder gëtt dat sozial gestaffelt, oder wat muss ee sech dorënner virstellen?

Marc Spautz: Et muss een dat Ganzt eng Kéier kucken, an dat dierf een net alleng op d’Kannergeld bezéien, et muss een op sämtlech Familljeleeschtunge bezéien.

Mir hunn nach d’Chance gehat, am Juli hu mir nach e Projet de loi, wou mir och iwwer d’Qualitéit schwätze vun deem wat an der Kannerbetreiung ass, och do hu mir schonn eng Aart Selektivitéit mat abruecht, wou d’Revenuë vun den Eltere mat berücksichtegt ginn an Zukunft, wat de Chèque service ubelaangt. Dat ass schonn eng Pist vun der sozialer Selektivitéit.

An dann dierf een dat Ganzt och net lassgeléist kucke vun de Steieren. A mir sinn eis jo och eens, datt eppes muss bei de Steiere geschéien. Et kann een net nëmmen dat beim Kannergeld kucken. Beim Kannergeld sinn ech der Meenung, datt dat ëmmer soll bleiwen. E Kand ass e Kand. Mä et sinn och nach aner Moossnamen do, an datt een dat Ganzt muss kucken, mat de Primen déi et am Wunnengsbau gëtt, mat de Primen déi et an de Steiere gëtt, mat deem wat am Kannergeld ass. Dat muss e globaalt Konzept sinn.

Well et kann net sinn, datt een op där enger Säit de Leit e Frang oder en Euro bäigëtt, oder ewechhëlt, an op där anerer Säit se nach eng Kéier matbestrooft. Dat muss e ganze Filet ginn. An et ass wichteg datt mir dat esouwuel an der Steierpolitik, wéi an der Primëpolitik, wéi an der Familljepolitik matenee kombinéieren.

Max Theis: Indexéierung vum Kannergeld?

Marc Spautz: D’Indexéierung ass 2006 an der Tripartite ofgeschaaft ginn, well mir gesot hunn, mir géifen déi Suen huele fir aner Mesuren ze maachen. A wann ee kuckt, wann ech elo nëmmen de Chèque service huelen, do si mir elo an der Zwëschenzäit bei 264 Milliounen ukomm, esou datt dat am Fong déi Valeur ass, déi virdru bei der Indexatioun vum Kannergeld gewiescht wier, esouguer dat nach largement dépasséiert.

Max Theis: Ganz kuerz nach: Dir sidd jo och Kooperatiounsminister. De Cercle vun den ONGen huet elo eng Analys vun de Wahlprogrammer gemaach, kritiséiert, datt bei der CSV just 5 Zeilen iwwer d’Kooperatioun dra virkommen. Ass dee Sujet an dësen Zäiten net esou wichteg?

Marc Spautz: Wann ech de Wahlprogramm vun der CSV kucken, gesinn ech datt et méi wéi 5 Zeile sinn, wou mir eis mat der Kooperatiounspolitik beschäftegen. Ech war och e bëssen iwwerrascht iwwer déi haart Aussoe vun dem Cercle des ONG. Ech war nach kuerz virdru mat den ONGen zesummen. Ech hat d’Chance, e Mëttwoch zu New York dobäi ze si wou d’post-Ziler fir 2015 verhandelt gi sinn. An am Virfeld haten d’ONGen eis e Programm iwwerginn. An et ass och dee Programm dee mir Wëlles hunn ëmzesetzen. Ech war e bëssen iwwer verschidden Aussoen déi elo gemaach gi sinn iwwerrascht.

Mä et muss een ëmmer am Dialog kucken déi Saachen ze léisen. An et ass fir eis wichteg, als CSV, datt mir och op deem Wee, an an där Politik déi mir an der Kooperatioun bis elo gemaach hunn, datt mir déi och wëlle weiderféieren.

Max Theis: De Familljeminister Marc Spautz, a Kooperatiounsminister. Merci, datt Dir de Moien am Studio waart.

Marc Spautz: Villmools Merci!

Membre du gouvernement

SPAUTZ Marc

Date de l'événement

01.10.2013

Type(s)

gouv:tags_type_event/interview