Jean-Claude Juncker au sujet des élections anticipées

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg, Här Ewald.

Eric Ewald: Erlaabt mir, ier mir zu deem reng nationale Volet kommen, eng Fro am Zesummenhank ebe mat Europa. No der Flüchtlingstragedie viru Lampedusa koum et gëschter, mir hunn et elo grad héieren, viru Malta zu engem neien Ongléck, dat op d’mannst 34 Leit net sollen iwwerlieft hunn. Muss d’EU virum Hannergrond vun deenen Dramen hir Flüchtlingspolitik iwwerdenken? D’Kommissioun zu Bréissel schéngt dat jo an d’A ze faassen.

Jean-Claude Juncker: Wann een déi Biller gesäit, a sech virstellt wat op deene Schëffer geschitt ier se ënnerginn, a während deem wou se ënnerginn, da gëtt een traureg, an et ass ee revoltéiert.

Ech mengen, Europa muss sech als een dach awer relativ räiche Kontinent opmaache fir Flüchtlingen aus der Welt. Mä et ass natierlech eng illusoresch Opfaassung fir ze mengen, Europa kéint dee Problem do integral léisen. Ech mengen zwar, datt mir méi kéinte maachen, well de Flüchtlingen ass jo net gehollef, kuckt emol, wa se an Europa kommen, si bleiwe friem, si si jo net do doheem, si wësse jo net richteg wou se hikommen. An et wier méi sënnvoll, mir géifen de Leit do hëllefe wou de Misère entsteet, nämlech an hire Länner, an hire Wüstenabschnitter, an hire Bëscher. Dat maache mir als kleng Lëtzebuerger.

Mir ginn 1% vun eisem nationale Räichtum all Joer an déi Deeler vun der Welt, wou et néideg ass, datt d’Leit gehollef kréien. Ech sinn ëmmer houfreg drop Premier vun engem Land ze sinn dat 1% vu sengem nationale Räichtum gëtt, an deelt, statt Premier vun engem Land ze sinn, wéi vill vun eisen Noperen, déi 1% vun hirem nationale Räichtum mat Waffenexporter verdéngen, woumat se déi Leit, déi schonn onglécklech sinn, nach méi onglécklech maachen. An da liwwert Däitschland Chemikalien a Syrien, an doraus gi chemesch Waffe gemaach, a mir mussen hëllefe bezuelen, datt déi Waffen onschiedlech gemaach ginn. D’franséisch Arméi zerschéisst franséisch Waffesystemer a Libyen. Et ass lamentabel.

Mir sollen de Leit do hëllefe wou se Hëllef brauchen, statt se an e méi grousst Ongléck nach ze schécken.

Eric Ewald: Eriwwer dann op Lëtzebuerg. Fir op den Ausgankspunkt vun de Wahle vu muer aacht Deeg zeréckzekommen, war den 10. Juli dee bis ewell battersten Dag an Ärer politescher Carrière?

Jean-Claude Juncker: Dat kann ech esou emol nach guer net formuléieren.

Ech hunn a mengem politesche Liewe scho Situatiounen erlieft déi méi ustrengend waren, well een do méi Angscht hat e Feeler ze maachen. Wéi mir d’Banken, d’BGL an d’BIL, hu musse retten, anescht kann een dat jo net nennen; wéi ech an Europa zesumme mat aneren domat beschäftegt war dofir ze suergen, virun engem Joer genee, fir datt den Euro net géif bei der Däiwel goen, datt d’Eurozon net géif platzen, dat war eigentlech méi intellektuelle Stress.

Dës Kéier war et méi, wat een an der Politik jo net esou dacks huet, Gefillsstress, well ech mech einfach mat der Positioun, déi Eenzelner an der Chamber geholl hunn, nodeem ech mech do erkläert hat, net konnt versöhnen. Dat war eng mënschlech Enttäuschung, mä ech kann net dobäi stoe bleiwen.

Eric Ewald: Hat Dir mat dem Saz, Deeg virdrun op der Chambertribün, Dir géift keen anere gesinn, deen an der Geheimdéngschtaffär Responsabilitéit kéint iwwerhuelen, net vläicht eng ze grouss – tëscht Gänseféissercher – Erwaardungshaltung eropbeschwuer? Konnt dat am Klima vun deem Moment net esou gedeit ginn, Responsabilitéit iwwerhuelen, bedeit Feeler agesinn, ass gläich Démissioun?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat soen ech mir haut och, well ech ënnerschat hat, datt der eigentlecher Dimensioun vun de Wierder keng Beuechtung méi géing zoubruecht ginn. Wann ee seet, ech si responsabel fir eppes, well ech keng aner Ministeren, obschonn ech dat hätt kënne maachen, an anerer – d’Kontrollkommissioun vun der Chamber – wollt mat do dran zéien, well dat, hunn ech fonnt, net glafwierdeg wier, hunn ech festgestallt, datt d’Annoncéieren, datt ech géif Responsabilitéiten iwwerhuelen, fir vill Leit geheescht huet, jiddwerfalls am politesche Raum, ech géif démissionéieren. Dann hätt ech direkt démissionéiert.

An ech wollt mech awer virum Land erklären, an hunn dat och gemaach, Feeler zouginn, well ech hu jo Feeler gemaach, an och gewisen, wann ech Feelentwécklunge festgestallt hunn, wat ech gemaach hu fir déi anzestellen, a wat ech verfügt hunn, wann ech kann esou soen, fir sécherzestellen, datt déi sech net géife widderhuelen.

Dat heescht, ech war responsabel, an ech hu meng Responsabilitéit och iwwerholl, andeem ech dofir gesuergt hunn, datt bestëmmte Saachen, déi jo nëmmen e puer Beamte vum Geheimdéngscht betreffen an net de Geheimdéngscht selwer, in corpore, datt ech déi ofgestallt hunn.

An d’Annoncéieren dovun, datt ee Responsabilitéit géif iwwerhuelen, ass gläichbedeitend gi mat Démissioun.

Wësst Dir, wann ech soen, ech iwwerhuele meng Responsabilitéit, an ech verstinn déi esou, datt ech démissionéieren, da soen ech dat ëmmer an engem Saz. Mir haten 2005 e Referendum iwwer d’europäesch Verfassung. Deen hunn ech ausgehandelt – net alleng, do waren och Ausseministeren dobäi – an dunn hunn ech gesot, wann d’Lëtzebuerger awer dat zeréckweisen, dann démissionéieren ech. Dunn hunn ech Responsabilitéit an Démissioun an engem [gëtt ënnerbrach]

Eric Ewald: Otemzuch.

Jean-Claude Juncker: An engem Otemzuch, voilà, gesot. An deemools ass mir gesot ginn, ech géif, doduerch datt ech dat soen, d’Land wëllen erpressen. Wéi ech dat och maachen, maachen ech et falsch.

Eric Ewald: De 5. Juli musst Dir dach scho gespuert hu wat géif vun der LSAP kommen. Virum Ministerrot waren den Ausseminister Jean Asselborn an de Parteipresident Alex Bodry bei Iech. D’sozialistesch Ministere gesi sech duerno am Ausseministère, ier se an de Ministerrot kommen, ier Nomëttes de Fraktiounschef Lucien Lux no der décisiver Sëtzung vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht seet, et misst zu engem Neiufank kommen.

D’Kuliss fir de Schlussakt vum Drama 5 Deeg drop war dee Moment dach awer kloer opgebaut, oder?

Jean-Claude Juncker: Also, datt ech virum Ministerrot heiansdo Kollege vun dem Koalitiounspartner a mengem Büro emfänken, dat ass näischt Ongewéinleches, besonnesch net de Vize-Premier, mat deem ech d’ailleurs 9 Joer laang ganz gutt zesummegeschafft hunn.

An deene Sëtzungen huet kee vun der LSAP meng Démissioun gefrot. Et huet ni ee meng Démissioun gefrot, wann ech dobäi war.

Eric Ewald: An der Nuance huet et jo virgëschter op der Télé bei Iech geheescht, datt Dir dat do ebe gesot hutt. D’LSAP seet awer, ënnert anerem hire Spëtzekandidat, et wier am Ministerrot doriwwer Rieds gaangen, datt dir kollektiv géift zerécktrieden, oder sollt zerécktrieden.

Jean-Claude Juncker: Dat seet just de Spëtzekandidat vun der LSAP, dat seet net all Minister vun der LSAP.

D’Kontrovers – dat ass awer eng futile an eng iwwerflësseg – geet drëm, wat an deem Regierungsrot stattfonnt huet. D’Regel ass, bis elo emol jiddwerfalls hei gewiescht, mä et gëtt jo alles anescht gemaach, datt een aus dem Ministerrot net schwätzt, soss kann ee jo net méi normal fonctionnéieren.

Ech hunn déi Motioun, déi d’LSAP an der Chamber abruecht huet, am Ministerrot net gewise kritt. An där Motioun stoung, wéi ech kuerz virun dem Ufank vun der Chamberssëtzung gemierkt hunn, datt ech misst meng perséinlech Konsequenzen zéien, dat heescht jo also d’Démissioun – wa gesot ginn ass, dat effektiv wouer, all d’Ministere géifen zerécktrieden, dann ass dat eppes wat mir net ageliicht huet, well ech weess iwwerhaapt net, firwat datt de Sportsminister soll zerécktriede wéinst engem Skandal, well dat war jo een, a wéinst där Affär, an dat war eng Affär, vum Geheimdéngscht. Also ass et just dorëm gaangen, datt ech sollt meng Wallis paken. An ech hu gesot, dat maachen ech ofhängeg vum Verlaf vun der Chamberdebatt, wou ech mech explizéieren.

An ech géif och d’Leit bieden drun ze denken, wat se dee Mëtteg virun der Televisioun erlieft hunn. Et hu jo 10.000den, wann ech dat richteg gesinn hunn, déi Debatt gekuckt. An dëser Deeg gëtt d’Chamberbliedchen ausgedeelt, wou déi Debatten nach eng Kéier nozeliese sinn, an da mengen ech, da ka jiddweree sech och nach eng Kéier im Nachhinein e Bild maache vun deem eigentleche Verlaf vun där Debatt, déi en fait keng war.

Eric Ewald: Dat heescht, Dir hutt déi Motioun wierklech just eréischt an der Chamber gesinn, an net, wéi och alt emol d’Rumeur ass, déi Moies, den 10. Moies presentéiert kritt?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll jo net och ufänken aus dem Regierungsrot ze schwätzen. Mä wann ee mech obligéiert dat ze maachen, muss ech soen, datt ech am Regierungsrot selwer, während der Sëtzung vum Regierungsrot, déi Motioun net gewise kritt hunn, well och eng Rei vu Kollege gesot hunn, si wéissten net wat an där Motioun géif stoen. Ech hunn déi ganz kuerz virum Ufank vun der Chamberssëtzung kritt, an dunn hunn ech och nach gemengt, déi kéint ee jo net esou abréngen, wann ech meng Erklärunge bis ginn hätt. Ma enfin, d’Leit sollen dat noliesen.

Eric Ewald: Hat an der CSV vläicht einfach keen dru gegleeft, datt d’LSAP Iech den 10. Juli d’Vertrauen entzéie kéint, nodeems kuerz virdrun de fréiere Justiz- a Policeminister Luc Frieden an engem anere Kontext nach duerchgewonk gi war? Hat Dir an Är Partei gemengt, d’Sozialiste géifen de Mond dann nach eng Kéier spëtzen, ma op en Neits net päifen?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech hunn näischt mat de Mondartikulatioune vun anere Leit ze dinn. Ech sinn net zoustänneg dofir fir erauszefannen, wéini datt se de Mond spëtzen, a wéini datt se päifen. Dat muss jiddwereen mat sengem musikalesche Selbstverständnis an Aklang bréngen.

Mir hu mat de Sozialisten an deene leschten 30 Joer 25 Joer regéiert. Ech muss soen, op eng gutt Aart a Weis. Et si vill Sozialistekollegen, déi an der Regierung waren, dat si gutt perséinlech Frënn, déi meescht dovu bleiwen et och.

Wat mech gehäit huet, dat ass dee mënschlechen Ëmgang. Mä wann ech dat soen, well d’Leit jo mengen, et hätt ee keng Gefiller, da gëtt gesot, esou elo wëll de Juncker erëm an d’Afferroll schlüpfen. Dat wëll ech net. Mä ech war einfach enttäuscht.

Eric Ewald: Wollten d’Sozialisten dann [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Déi wësse jo wien ech sinn, déi hu mech jo erlieft. Déi wësse jo wéi ech denken, wéi ech fonctionnéieren a ville Beräicher vun der Politik, y compris an der Gesellschaftspolitik, an an alle Froen déi d’ëffentlech Fräiheeten ubelaangen. A fir dann e Bild vun engem hëllefen ze entwäerfen, dat net deem entsprécht wat se 25 Joer laang erlieft hunn, dat huet mech einfach traureg gemaach.

Eric Ewald: Huet d’LSAP dann an engem gewëssene Mooss der vox populi noginn, déi, nodeems d’Sozialisten eben dem Luc Frieden d’Vertraue geschenkt haten, der Meenung waren d’Sozialisten hätte kee Courage? Wollte se dann eben un Iech en Exempel statuéieren, wéi déi Däitsch soen?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt ech mech mat där Fro muss beschäftegen.

Eric Ewald: Als CSV-Spëtzekandidat gouft Dir doropshi plebiszitéiert, a spéitstens um Nationalkongress zu Jonglënster huet ee gesinn, datt déi Orange prett wiere fir de Kampf, an d’Reie fest hannert hirem Chef stéingen. Spéitstens zanterhier, soe se, ass Wahlkampf.

Kënnt deen Iech an der Ausernanersetzung mat de wichtege Sujeten, déi eis no Zukunft betreffen, och esou langweileg vir wéi ville Journalistekollegen an interesséierten Observateuren?

Jean-Claude Juncker: Kuckt emol, ech hunn deen Ausdrock Wahlkampf net gären. An enger Demokratie, wou d’Parteie sech matenee moossen op Grond vu Programmer, op Grond och vu personelle Offerten, et geet jo net ëm dee Kampf, mä et geet ëm eng Ausernanersetzung – dat Wuert hutt Dir dankeswäerterweis och an Är Fro mat afléisse gelooss – et geet ëm eng Ausernanersetzung tëscht Positiounen an tëscht Leit.

Déi Wahlausernanersetzung – elo hat ech selwer bal Wahlkampf gesot – beschäftegt sech mat enger Rei vu Froen déi vun essentiellem Zouschnëtt sinn: Logement, Staatsfinanzen, Aarbechtslosegkeet, wirtschaftlech Entwécklung an esou virun. Et sinn awer [gëtt ënnerbrach]

Eric Ewald: Genuch an der Déift?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt net richteg nogegraff, net nogefrot, net iwwerpréift, net gecheckt wat deen een a wat deen anere seet. An da feelen eng Rei vu Sujeten.

Ech sinn impressionéiert, muss ech soen, mä vläicht sinn ech do deforméiert, well ech 8 Joer laang den Eurogrupp presidéiert hunn, datt mir iwwerhaapt net iwwer europäesch Geldpolitik schwätzen, datt mir eis net mat der Fro auserneesetzen, wéi geet dat dann elo viru mat deem Euro do an deenen nächste Joeren?

Lëtzebuerg ass wahrscheinlech dat eenzegt Land, dat ee Wahlkampf féiert, wou net iwwer d’Méiglechkeet vun engem drëtte Griichelandprogramm geschwat gëtt. Zu Lëtzebuerg fënnt keng Iwwerpréiwung statt, ob dann dat wat mir virun engem a virun zwee Joer gemaach hunn, wat den Euro gerett huet – an dofir wëll ech mech iwweregens net entschëllegen, datt ech mech dorëms bekëmmert hunn – ob dat da richteg oder falsch war.

Heiansdo gëtt gesot, d’Situatioun an den sougenannte Programmlänner, Griicheland an anerer, déi wier schlëmm, an do wier déi falsch Politik gemaach ginn. Et gëtt awer ni gesot, wat fir eng aner Politik datt hätt solle gemaach ginn. A wat ech do gemaach hunn, zesumme mat aneren, awer net mat ganz villen, fir Griicheland an der Eurozon ze halen, géint de Wëlle vun enger Majoritéit vun Europäer an och vu Lëtzebuerger, fir ze verhënneren, datt net eng international Finanzmaartspekulatioun géint dat nächst schwaacht Land géif kommen; fir verhënnert ze hunn, datt den Euro net explodéiert; fir dofir gesuergt ze hunn, datt den Euro haut méi stabil ass wéi en nach virun engem Joer war; fir dofir gesuergt ze hunn, zesumme mat aneren, mä net mat ganz villen, datt déi Länner, déi Programmlänner haut d’Halschent vun deenen Zënse bezuele mussen déi se bezuelt hunn, an domat eng Berouegung vun der ekonomescher Situatioun a vun der Währungsausernanersetzung an der Welt erbäigefouert hunn, dofir wëll ech mech net entschëllegen.

Et nervt mech, éierlech gesot, quitt datt ech dat verstinn, well ëmmer gesot gëtt, mir brauchen e Vollzäit-Staatsminister. Wësst Dir, e Vollzäit-Staatsminister, deen huet sech ëm d’Währung vun de Lëtzebuerger ze bekëmmeren, well wann den Euro explodéiert wier, dann hätte mir haut de belsche Frang oder déi däitsch Mark. Ech hu léiwer den Euro.

Eric Ewald: An deem Zesummenhank hu mir, wou Dir dat Europäescht an d’Geldfroen, déi europäesch, uschwätzt, eng Fro erakritt vun engem Nolauschterer.

Den Här Fassbender vun Zéisseng freet: “Ech wollt den Här Juncker emol froen, ob et stëmmt, datt mir als Lëtzebuerger déi sinn, déi am meeschte pro Kapp abezuelen, 373 Euro, an den ESM, also den Europäesche Stabilitéitsmechanissem. Holland géif do 100 Euro manner pro Kapp bezuelen, an och all déi aner Länner vill manner. Wann deem esou ass, wéi ass dat méiglech?�?

Jean-Claude Juncker: Dat ass richteg wat den Här Fassbender seet, a wat ech och schonn e puer Mol ausgefouert hunn.

Pro Kapp, net an der globaler Zomm, net am Gesamtvolumen, mä pro Kapp, well mir sinn och net zu esou vill wéi déi aner, bezuele mir am meeschten an, wann dann déi Suen ofgeruff ginn, déi an den ESM sollen abezuelt ginn. Dat kléngt elo e bëssen technesch, dat ass nach net a vollem Ëmfang geschitt.

An dat ass net anormal, well mir sinn dat Land an Europa mat deem héchste pro Kapp-Akommes, gemooss um Bruttoinlandprodukt. Et kann een net, obschonn ech deen Ausdrock net gären hunn, dat räichste Land an Europa sinn, a mat am mannste bezuelen. Et ass eng logesch Konsequenz aus eisem nationale Räichtum, an aus dem pro Kapp-Akommes wat mir hei am Land hunn.

Ech reege mech doriwwer och heiansdo op wann ech an Däitschland schwätzen, wat ech awer scho méi laang net gemaach hunn, well déi Däitsch jo esou maache wéi wa si de Misère vun der ganzer Welt ze droen hätten. Mir bezuelen als eenzel Lëtzebuerger däitlech méi, wann dann d’Suen alleguer ofgeruff ginn, wéi déi Däitsch a mir bekloen eis awer net esou staark.

Eric Ewald: Den Här Müller vu Mamer hat eng Fro am Zesummenhank mat de Reserven. Den Här freet sech, oder hält fest, datt Norwegen a gudde Joeren e Fonds souverain ugeluecht hunn. Firwat hunn eis Regierungen dat net a gudde Joere gemaach?, freet den Här.

Jean-Claude Juncker: Mir hunn dat net an där Form gemaach wéi d’Norweger, déi hu jo d’Suen op d’Säit geluecht, hire souveräne Fong, dee sech speist aus dem Uelegakommes, wat awer d’Norweger net dru gehënnert huet hir Regierung ofzewielen, niewebäi bemierkt.

Mir hunn dat net an der Form vun engem souveräne Fong gemaach, mä mir hunn tëscht 1995 an 2008 4,5 Milliarden Euro, déi mir méi erakritt hunn, net ausginn andeem mir Konsumausgaben, oder exzessiv Sozialausgaben domat finanzéiert hätten, mä mir hunn déi 4,5 Milliarden Euro geholl fir eis Investitiounsfongen ze dotéieren. Dat ass kee souveräne Fong, mä dat si kleng Fongen déi mir gebraucht hu fir eis Investitiounen op engem héijen Niveau ze halen. Dat heescht, mir hunn déi Suen iergendwéi gehortet an enger Gréissenuerdnung vun 300 Milliounen d’Joer am Duerchschnëtt, an hunn domat eis Investitioune bezuelt.

A mir hunn en héijen Investitiounsbudget, 1,8 Milliarden Euro ronn, dat sinn 3,8% vun eisem Bruttoinlandprodukt. An der Moyenne vun der Eurozon ginn d’Länner 2,3% aus, an Däitschland gi se 1,1% aus. Wa mir esou wéineg géifen investéiere wéi d’Eurozon an der Moyenne, géife mir 500 Milliounen Euro d’Joer spueren. Wa mir esou wéineg géifen investéiere wéi déi Däitsch, géife mir eng Milliard Euro d’Joer spueren, an hätten iwwerhaapt keen Defizit am Staatsbudget.

Mä dat maache mir, well mir d’Land wëlle virbereeden op d’Zukunft, well mir wëllen eng Infrastruktur hannerloossen, respektiv virbereeden, déi wirtschaftsoptimal an zweckdénglech fir d’Leit a fir d’Akommessituatioun vun de Leit déngen.

Also. mir hunn net dat selwecht gemaach wéi Norwegen, mä mir hunn eppes Ähnleches ënnert anerer Form gemaach, doduerch datt mir déi 4,5 Milliarden net einfach esou zack-zack ausginn hunn, mä wéi gesot, eis Investitiounen an de Schoulen, an de Stroossen, am Eisebunnsnetz, op anere Plazen ubruecht hunn.

Eric Ewald: Komme mir zeréck bei déi wichteg Sujeten, déi eis no Zukunft betreffen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dat do war eis no Zukunft.

Eric Ewald: Natierlech. Déi méi reng national och. De Minus u Recetten aus dem Commerce électronique, wéi kann deen opgefaange ginn? Dat räisst jo awer en déift Lach dat muss zougeschott ginn. Alleng d’Hausse vun der TVA, wéi héich se och ëmmer ausfält, geet dofir jo wuel net duer. Mussen da vläicht nach aner Steierhaussen hier?

Jean-Claude Juncker: Also et ass ein weites Feld, fir mam Fontane ze schwätzen.

Ech wëll fir d’éischt emol soen, datt déi Einnamen, déi mir iwwer den elektroneschen Handel kritt hunn, an déi wiesentlech méi grouss a breet gi si wéi mir dat erwaart haten, déi hunn eis an de Krisejoere gehollef eng sougenannten antizyklesch Budgetspolitik ze maachen, déi doranner bestanen huet, datt mir d’Schwächung vun der privater Nofro ersat hunn duerch eng Stäerkung vun der ëffentlecher Nofro. Mir hu méi Suen an d’Hand geholl fir d’wirtschaftlech Situatioun ze stabiliséieren, wéi dat an normale Joeren néideg gewiescht wier a méiglech gewiescht wier. An dat hu mir zum Deel jo mat deenen Einnamen aus dem elektroneschen Handel bezuelt.

Also, wa mir déi net gehat hätten, dann hätte mir haut e Budgetsdefizit, wa mir déi selwecht Politik gemaach hätten – vläicht hätte mir se dann net kënne maachen – dee wiesentlech méi grouss wier wéi en ass.

A wéi ech mech beméit hunn déi Firmen op Lëtzebuerg ze kréien, dat war eng Operatioun déi haaptsächlech vum Finanzministère gesteiert ginn ass, hätt ech awer net gemengt, datt mir eng Kéier esou vill Sue géife kréien, an déi kréie mir, well och eis Infrastruktur an deem Beräich wiesentlech verbessert ginn ass, eben duerch déi récklagefinanzéiert Investitiounen an deem Beräich.

Elo falen déi Suen ewech – déi falen iwweregens net ganz ewech, et weess en net wat netto iwwereg bleift. Wann ech dat vergläiche mat 2003-2004, da bleift nach ëmmer e substantiellen Deel méi an der Staatskeess, wéi dat wat mir 2003 ouni d’Einname vum elektroneschen Handel an der Staatskeess haten.

An dat kënne mir net nëmmen opfänken duerch eng Erhéijung vun der TVA, dat muss een opfänken duerch eng duebel Démarche, eng Weiderféierung vun der Konsolidéierungsstrategie vun den ëffentleche Finanzen, weider aspueren do wou se net konjunkturaknéckend wierken, an dann eben duerch eng moderat Erhéijung vun der TVA, déi esou muss sinn, datt mir déi nidderegst TVA, och aus Grënn vun interregionalem Commerce, an Europa hunn, an datt deen ënneschten TVA-Saz, 3% op de Liewensmëttelen, op Kannerschong, Kannerkleeder, etc., datt dee bestoe bleift.

Ech soen nach eng Kéier, déi TVA-Hausse déi kann net déi ganz Kompensatioun leeschten. A wa mir dat géife probéieren, da misste mir d’TVA ze vill héich héijen, an dat hätt negativ Impakter op d’Inflatiounsprofiléierung vun deenen nächste Joeren. An dofir maache mir et net wéi déi Däitsch 2005, wou d’SPD gesot hat – heiansdo maachen aner Parteien dat no – mir wëlle keng TVA-Erhéijung, a wou d’CDU gesot hat, mir hätte gären eng TVA-Erhéijung vun 2%. A wéi se sech eens waren, hu se eng vun 3% gemaach. Mä dat maache mir net.

Eric Ewald: Doniewent wäert d’Finanzplaz an Zukunft net méi déi dominant Roll spillen, ënnert anerem duerch d’Ewechfale vum Bankgeheimnis.

Dir sot op der Télé, mir wieren och net um Enn vum, mä nach laang an der Kris. Huet de Wahlkampf dorop schonn déi richteg Äntwerte ginn, och wann et vläicht kee Wonnermëttel an Allheilmëttel gëtt?

Jean-Claude Juncker: Also, ech mengen net, datt d’Ewechfale vum Bankgeheimnis verheerend Konsequenzen op der Finanzplaz produzéiert. Mir maachen do deen internationalen Trend mat, deen all grouss Finanzplaze musse matmaachen, deen doranner besteet fir d’Bankgeheimnis fir d’Auslänner zu Lëtzebuerg – fir d’Lëtzebuerger bleift et jo bestoen – ofzeschafen an duerch en automateschen Informatiounsaustausch ze ersetzen. Dat maachen déi aner och. A mir kënnen eis deem Trend net entgéint stellen, soss gi mir ofgeschnidde vun de wiesentleche Finanzsträng, déi duerch d’Welt gezu ginn. A mir mussen dofir suergen, datt déi virun duerch eist Land verlafen, soss kucke mir no, anstatt datt mir haut dobäi si wann d’Politik aktiv gestalt gëtt.

Mir sinn, wat d’Kris ubelaangt, an der Situatioun – ech muss dat emol eng Kéier soen, ech soen dat net ganz dacks, ech muss mir dat emol mierke fir den On Tour – mir si besser duerch d’Kris komm wéi alleguer déi aner Länner. Ech kenne kee Land wat esou wéineg Dramatesches an der Kris erlieft huet wéi Lëtzebuerg. Mir sti jo nach do mat engem ganz nidderege Budgetsdefizit, dee mir zwar ze héich erschéngt, mat enger niddereger Staatsverscholdung, déi ass 25%, a wann ech dat wat mir fir d’Banke gemaach hunn, eraushuelen, da kënnt se an d’Géigend vun 20%, während deem d’duerchschnëttlech Verscholdungsquot an der Eurozon 95% ass.

Also, mir sti relativ gutt do, awer net gutt do. Mir mussen also virun dru schaffe fir eis Staatsfinanzen ze konsolidéieren. Dat kann net anescht sinn.

Mir sinn nach ëmmer an der Kris. Et sinn der jo vill ginn déi lescht Joeren déi gesot hunn, mir wieren net an der Kris. Dat hunn ech ëmmer spektakulär fonnt, datt dat gesot ginn ass. Esou wéi wa mir hei an der Watt géife sëtzen, an d’Stierm déi géife laanscht goen, ouni datt d’Watt géif bougéieren. Dat ass net esou.

Mir sinn nach an der Kris. Mir sinn um richtege Wee, mä mir sinn nach net iwwer de Bierg. Et muss een och an deenen nächste 5 Joer spueren.

Eric Ewald: Stinn d’Lëtzebuerger net ebe vun 2015 u vläicht virun deem battersten Deel vun der Kris?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net ausschléissen, obschonn ech net mengen, datt d’Kris sech géif verschäerfen. Mä mir musse virufuere mat eiser Spuerpolitik, an dat wäert net ouni Affer goen an deene verschiddenste Kompartimenter vun der Politik a vun der Gesellschaft.

A meng grouss Suerg dëser Deeg ass probéieren erauszefanne wat da geschitt wann an Amerika dat geschitt wat amgaangen ass sech virzebereeden: wann Amerika muss Faillite erklären. An och wann d’Amerikaner et fäerdeg bréngen, esou verstänneg wäerte se jo sinn, elo hir Scholdegrenz opzehiewen an da fir 6 Woche Rou ze hunn, da fänkt et erëm eng Kéier vu vir un.

Wann dat geschitt, datt Amerika senge Verflichtungen net méi kann nokommen, da komme mir an eng Kris eran déi wiesentlech méi déif ass wéi déi Kris aus där mir eis elo lues a lues erausbewegen. Et gëtt total ënnerschat, wat fir eng Inzidenz, wat fir eng massiv Impaktbildung sech aus deenen amerikaneschen Evenementer ënnert Form vu krisenhafte Verlängerungserscheinungen an Europa an zu Lëtzebuerg erginn. An dat mécht mir ganz vill Suergen. Et kann ee bal keng Prognos maache bis ee weess wéi deen amerikanesche Problem geléist gëtt.

Eric Ewald: Domat wiere mir och schonn an der halschent vum “Background�? ukomm. Mir héieren de Journal, an duerno geet et da virun an deem “Background�? mam Invité, dem Staatsminister Jean-Claude Juncker.

[Noriichteniwwerbléck vum Corinne Folscheid]

Eric Ewald: An Invité ass nach ëmmer de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Den 20. Oktober ugeschwat – mat wat fir engem Zil gitt Dir an dës Wahlen, an Zuele chiffréiert? Op der Télé sot Dir virgëschter, iwwer 22 Sëtz wiert Dir net enttäuscht, och wann dat schwéier wier am aktuelle Klima. Dat ass och eng Aart a Weis fir d’Wieler ze mobiliséieren.

Jean-Claude Juncker: Mir ginn an déi Wahlen an der Hoffnung, vläicht och an der Erwaardung, datt mir déi stäerkste Partei bleiwen.

Ech mengen, et wier enorm schwéier, och vu de ganzen atmosphäresche Kontext, fir nach eng Kéier esou en aussergewéinlecht gutt Wahlresultat ze maachen, esouwuel meng Partei wéi ech och selwer, wéi dat déi leschte Kéier de Fall war. Mä eis historesch Moyenne, wann een nom Krich ufänkt, dat ass 21, 22 Sëtz. An dat wier schonn eppes woumat ech, vu de Kontext, zefridde wier. Mä ech hätt awer gäre méi.

Eric Ewald: Op der Télé hat Dir och gemengt, et wier net garantéiert, datt d’CSV déi stäerkste Partei géing bleiwen. Wéi irreell ass déi Skepsis, bei enger Avance déi leschte Kéier vun 13 Sëtz op deen zweeten?

Jean-Claude Juncker: Dat war en aussergewéinlech gutt Wahlresultat, dat sech erkläert huet aus dem Kontext och vun deemools. Dat war méi eng grouss Distanz par rapport zu deenen anere politesche Konkurrenten, wéi dat jeemools virdru war. 2 Mol méi Sëtz ze hu wéi deen nächst Folgenden, dat hate mir an där Form nach net zu Lëtzebuerg.

Mä ech sinn net vermiesse genuch fir ze mengen, et kéint ee vu Wahl zu Wahl dat selwecht reproduzéieren. D'Leit décidéieren an d’Leit hunn esou villes héieren, Richteges an och vill Falsches déi lescht Méint, datt ech ebe mengen, datt mir dës Kéier et méi schwéier hunn. Ech wëll jo hei keen Zweckoptimismus verbreeden a mir an d’eegen Täsch léien, mä mir mussen eis op d’hënnescht Féiss stellen. Do sti mir och de Moment.

Eric Ewald: Aus dem rezente Politmonitor vun TNS-Ilres fir RTL an d’Lëtzebuerger Wort goung ënnert anerem ervir, datt d’Populatioun massiv u Vertrauen an d’Politik verluer huet. Fäert Dir, datt dat sech e Sonndeg 8 Deeg duerch eng helle Wull wäiss Ziedelen ausdréckt? A wat wëllt Dir maache fir deem Vertrauensverloscht entgéint ze wierken?

Jean-Claude Juncker: Déi verschidden Affären an den Ëmgank, och de publizisteschen Ëmgank an de politeschen Ëmgank mat deenen Affären; déi Tatsaach datt mir an enger Wirtschaftskris stiechen, datt mir e Budgetsdefizit hunn, wat net üblech ass zu Lëtzebuerg, obscho mir zënter 2002 een hunn, also och ënnert enger anerer Koalitioun, CSV-LSAP, een haten – an deemools war en, 2004, iwweregens méi héich wéi 2012 an 2013 – aus der Tatsaach eraus datt mir d’Problemer um Aarbechtsmaart net richteg an de Grëff kréien, ergëtt sech eng Gesamtsituatioun wou et natierlech esou logescherweis muss sinn, datt d’Leit fannen, datt d’Politik net alles dat liwwert wat se vun der Politik erwaarden. Dat ass heiheem esou, dat ass am Ausland net anescht.

An da muss een duerch politesch Leeschtungen, duerch en oppent Gespréich iwwer déi reell Situatioun vun der Problemlag zu Lëtzebuerg, probéieren dat Vertrauen erëmzekréien.

Woubäi ech gäre géif soen, ech, deen ech esou Sondagen net ganz staark gleewen, datt wann een d’Leit, natierlech nodeem eng Regierung de facto zeréckgetrueden ass, freet ob se Vertrauen an d’Regierung hunn, an da kënnt déi Regierung nëmmen op 51%, ech soen, awer nach op 51%, weist jo, datt dat Froe sinn déi eigentlech net solle gestallt ginn. Wa se mech ugeruff hätten a gefrot hätten, hutt Dir Vertrauen an d’Regierung, hätt ech gesot, ech hu kee Vertrauen an d’Regierung, an ech sinn dran.

Eric Ewald: D’Haaptsuerge vun de Leit sinn, wann een déi Jonk freet, d’Wunnen, a fir déi eppes manner Jonk de Chômage.

Dir waart selwer joerelaang Aarbechtsminister. Wa mir elo op de Volet Chômage kucken, wat muss an Ären Aen do geschéie fir dee Chômage gedréckt ze kréien? Brauch et net an der Haaptsaach eng besser Éducatioun fir déi Jonk? A goufen an deem Sënn mat de Schoulreforme vun de leschte Joeren déi richteg Akzenter gesat?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, déi Schoulreformen déi gemaach gi sinn – déi si jo vun engem Minister gemaach ginn, vun enger Ministesch, enger gudder Ministesch gemaach ginn, déi net bei eis an der Partei ass – déi ginn tendenziell an déi richteg Richtung.

Eist Land huet sech esou onwahrscheinlech geännert, seng Soziologie huet esou de Kopplabunz geschloen, datt Schoulreformen dréngend noutwenneg waren. Do kann een, wat d’Grondschoul ubelaangt, periodesch bilanzéieren, dat muss gemaach ginn, an ass och esou geplangt. An d’Sekundarschoulreform muss een an de breede Linne selbstverständlech esou maache wéi se virgeluecht ginn ass.

Mä et ass e bëssen einfach, ëmmer d’Schoul responsabel ze maache fir d’Problemer. Esou laang wéi d’CSV den Éducatiounsminister gestallt huet, dunn hunn déi aner Parteien natierlech ëmmer gesot, d’CSV wier Schold un der Jugendaarbechtslosegkeet, déi däitlech méi niddereg deemools war, well eis Schoulpolitik falsch wier. An d’Schoulpolitik ass eng schwiereg Saach, an de Schoulminister, deen huet ee vun deenen ondankbarste Posten, deen et an der Regierung gëtt. Ech si mat deem zefridde wat do gemaach ginn ass, quitt datt een nach e bësse kann dru réckelen, mä net allze vill. An ech hunn déi Reformen och ëmmer ënnerstëtzt.

A mir mussen eben elo léieren um Aarbechtsmaart, datt mir vläicht déi Moossnamen, déi mir fir déi Jonk hunn, an där hu mir vill, datt een déi an enger eenzelner Moossnam zesumme bündelt, wou ee kann de Betriber déi cumuléiert Hëllef zur Verfügung stellen, déi se brauche fir bereet ze si fir jonk Leit, déi hei am Land wunnen, anzestellen. Doriwwer ass ze diskutéieren, an doriwwer gëtt et och vill Iddien. An dat kann een och an enger Politik aus engem Goss, menger Ansiicht no, zesummeféieren.

A mir mussen dofir suergen, datt wann d’Leit keng Qualifikatioun hu wa se aus der Schoul kommen – an där Leit gëtt et jo, obschonn d’Zuel vun de Leit déi ouni Diplom d’Schoul verlooss hunn an deene leschte Joere vu 14% op 9% zeréckgaangen ass – datt déi Leit déi keng Qualifikatioun hunn, eben och musse bereet sinn déi Aarbechtsplazen unzehuele fir déi keng besonnesch Qualifikatioun gefrot gëtt, anstatt datt mir déi Aarbechtskräfte ganz oft an d’Ausland siche ginn.

Mir mussen erëm léieren, déi Aarbecht déi hei am Land ass och mat Leit déi hei am Land wunnen ze maachen. An et ass besser, d’Leit déi keng Qualifikatioun hunn, aus deene verschiddenste Grënn, huelen esou Aarbechtsplazen un, sinn an der Aarbechtswelt dran, qualifizéiere sech op der Plaz, dat ass an allen Hisiichte besser, wéi datt se einfach doheem sëtzen a keng Aarbecht hunn.

Aarbechtslosegkeet bekämpft een duerch Aarbecht, bekämpft een net duerch Näischtmaachen.

Eric Ewald: Komme mir zum CSV-Aktiounsprogramm, dee viru ronn annerhallwer Woch an de Bréifboîten uechter d’Land gelant ass. Do heescht et zum Beispill am Kapitel “Zesummen entscheeden�?, d’Wahlrecht op nationalem Plang bléif de Lëtzebuerger virbehalen. Ass dat dann net éischter alleng entscheeden, amplaz zesummen?

Jean-Claude Juncker: Et ass eng, mengen ech, falsch Opfaassung fir ze mengen, datt een nëmmen dann u politeschen Entscheedungen deelhëlt, wann een iwwer d’Wahlrecht verfügt. Et gëtt aner Institutiounen, aner Kreeser an deene politesch Décisioune falen, oder virbereet ginn, wou och ganz vill net-Lëtzebuerger bedeelegt sinn.

Mä mir sinn awer der Opfaassung, nodeem mir d’duebel Nationalitéit agefouert hunn 2009, datt dat den ideale Wee ass fir déi déi bei eis kommen a vu méi wäit hier sinn, fir sech Zougank, wann ech dat dierf esou soen, zur lëtzebuerger Nationalitéit ze ginn, an domat och zum Wahlrecht.

Et si 25.000 Leit, déi zënter 2009 d’duebel Nationalitéit ugeholl hunn, also och Lëtzebuerger sinn. Et ass, wéi wann eng grouss Stad méi déi nächste Kéier géif mat wiele goen. A mir halen dat fir de gudde Wee a wëllen och net duerch eng Iwwerdimensionéierung vun där Debatt dozou bäidroen, datt mir an der Endkonsequenz eng falsch Debatt kréien, déi där géif gläichen déi mir 1991, 1992 haten, wéi mir d’Wahlrecht bei de Gemengewahle fir d’EU-Bierger opgemaach hunn. Et sinn der vill déi hunn d’Heftegkeet vun där Debatt vergiess, ech net.

Eric Ewald: D’Fonction publique ugeschwat. Do schreift Dir, d’Gehälterpolitik kéint nëmme moderat sinn. Heescht dat, datt et fir d’Staatsbeamte manner bäigëtt wéi mat hirer Gewerkschaft, der CGFP, festgehalen?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn erstmaleg zënter dem Krichsenn eng Period vu 5 Joer hannert eis, wou d’ëffentlech Fonctioun keng Gehälteropbesserung kritt huet. Et sinn och Leit an anere Secteuren hei am Land, déi awer eng Gehälteropbesserung kritt hunn, mä awer natierlech net jiddwereen, an dofir hate mir d’Léin agefruer.

An elo maache mir eng eenheetlech Prime vun 0,9%, an duerno eng Punktwäerterhéijung vun 2.2%, an déi déi Prime agebaut gëtt, also eng vun 1,3%, an dann hu mir eng Period vu 7 Joer wou d’Leit déi beim Staat schaffen am Endeffekt 1,3% an der Pai bäikritt hunn. Dat ass déi nidderegst Lounsteigerung déi et an iergendenger ëffentlecher Fonctioun an Europa ginn huet.

A mir kombinéieren dat jo, net well mir dat onbedéngt wollte maachen, mä well dat zäitgläich sech ofgespillt huet, mat enger grousser Strukturreform an der ëffentlecher Fonctioun, déi Suen aspuert. Déi Reform, déi Strukturreform bei de Staatsbeamten, an der Fonction publique, an dee Lounaccord zeechent sech duerch Budgetsneutralitéit aus. An déi Strukturreform beim Staat zeechent sech duerch grouss Aspuerungen an den nächsten 10, 15 Joer aus.

Eric Ewald: Am Kapitel “Zesumme schaffen�? gëtt vum sozialen Dialog geschwat, deen e Stabilitéitsfacteur fir déi ganz Wirtschaft wier. Wéi wëllt dir de Patient Sozialdialog, deen zanter enger Zäit schonn am Koma läit, dann erëm mat Liewen erfëllen? Allerspéitstens beim Thema Index leien d’Meenunge vun de Gewerkschaften a vum Patronat jo awer Liichtjoeren auserneen.

Jean-Claude Juncker: Jo, déi leien auserneen. Mä fir meng Partei zielt wat mir gesot hunn a wat mir och all déi Joere gemaach hunn, datt mir un der Indexéierung festhalen. Aus deem ganz einfache Grond, datt 50% vun deene Leit déi hei am Land schaffen net an engem Betrib sinn deen ënnert Kollektivvertrag läit, an da géifen de Risiko lafe vun der Inflatioun hir Léin opgefriess ze kréien. An dofir ass d’Indexéierung noutwenneg, déi jo en Inflatiounsausgläich ass a keng effektiv Gehaltssteigerung, quitt datt d’Betriber heiansdo Schwieregkeeten hu se ze bezuelen. Dorunner hale mir fest.

De Sozialdialog deen ass e bësse manner intensiv ginn, well mir an der Tripartite 2010 net virukomm sinn. Do hunn ech dat ersat duerch bilateral Verhandlunge mat de Patronen a mat de Gewerkschaften. Wa mir dat an der Tripartite gemaach hätten, dat Resultat cumuléiert an der Tripartite erbäigefouert hätten, géif jiddweree soen, de Sozialmodell fonctionnéiert. An d’Regierung wollt jo an der Sozialmodellsmethod bleiwen. An dat muss een natierlech reaniméieren.

2011 huet den OGB-L, an deelweis och déi aner Gewerkschaften, décidéiert fir net an d’Tripartite-Sitzungen ze kommen. Dann dierf ee sech och net driwwer bekloen, datt de Sozialdialog net esou hefteg war wéi fréier.

Eric Ewald: An den OGB-L gleeft Iech net esou richteg wat den Index ugeet. Wat hutt Dir him ze äntwerten?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn do geliest, datt de President vum OGB-L gesot huet, vun deenen 9 Parteien déi géife mat an d’Wahle goen, géif et eng Partei ginn déi dierft een net stëmmen, an dat wier d’CSV. Hien huet dat, mengen ech, um Index festgemaach, andeem hien einfach d’Wierklechkeet op de Kapp stellt. Mir wëllen den Index jo net ofschafen.

Den OGB-L huet domat ee vu senge Basisprinzipien definitiv verlooss, deen doranner bestanen huet, datt e parteipolitesch neutral wier. Wann een oprifft, eng Partei net ze wielen, dann ass een net méi parteipolitesch neutral. An emol ugeholl, déi Partei géif an der Regierung bleiwen, et muss ee jo de Sozialdialog, deen ee jo wëll relancéieren, mat deene Leit do vun der CSV maachen.

Ech fannen dat ee sech-an-de-Wahlkampf-mëschen, wat mir an där Form nach net kannt hunn.

Net den OGB-L décidéiert hei am Land, wie vun de Leit gewielt gëtt. Iwwerhaapt gëtt d’Land net regéiert vun de Gewerkschaften a vun aneren Interesseverbänn. D’Leit décidéiere wie wielt, an den OGB-L soll sech aus deene Gespréicher eraushalen. Wat géif den Här Reding da soen, wann ech de Mëtteg géif hei soen, well jo elo Sozialwahlen och am November sinn, vun all deene Gewerkschaften, déi sech do géife presentéieren, wier et eng Gewerkschaft, déi een net dierft wielen, an dat wier den OGB-L? Also, jiddweree soll a sengem Couloir schwammen, an net esou planschen, datt en herno als Eenzege selwer naass ass.

Ech hunn dat absolut net gutt fonnt, wat den OGB-L gemaach huet. D’Gewerkschafte solle sech aus der Politik eraushalen. Déi kënnen natierlech hir Fuerderungskatalogen opstellen, och virun de Wahlen. Mä si sollen hir Memberen – am OGB-L si jo och vill Leit déi an der CSV sinn, oder d’CSV wielen – si sollen déi Leit a Rou loossen. Déi sinn erwuesse genuch fir net vum Här Reding a vun anere gesot ze kréien, wat si ze maachen hunn. Si solle sech ëm hir Saache bekëmmeren.

Eric Ewald: Dir wëllt, wann een zum Kapitel “Zesumme wuessen�? kënnt, eng global Steierreform an d’A faassen. Wat bedeit dat konkret fir deen Eenzelnen dobaussen? Kréien dann déi vill zitéiert méi breet Schëllere méi ze droen, an déi méi schmuel manner?

Jean-Claude Juncker: Et muss een d’Steierlandschaft zu Lëtzebuerg kennen. 40% vun den Haushalter bezuele keng Steieren. 50% vun den Haushalter an der Belsch an an Däitschland, an a Frankräich, déi zu Lëtzebuerg Loun a Gehalt bezéien, bezuele keng Steieren. Mä 2% vun allen Haushalter déi Steiere bezuelen zu Lëtzebuerg bezuele 25% vun de Steieren. Dat heescht, 1/50stel vun de Steierzueler bezilt ee Véierel vun de Steieren, wat also weist, trotz noutwennegen Ännerungen déi kënne kommen, datt awer déi breet Schëllere méi droen.

Elo musse mir kucken, bei enger globaler Steierreform, datt mir dee sougenannte Mëttelstandsbauch ofgeflaacht kréien – “Mëttelschicht�?, dat ass en Ausdrock deen ech haassen, d’Lëtzebuerger sinn net a Schichten anzedeelen, et si Leit déi alleguer déi selwecht Dignitéit hunn, op räich oder aarm – dat hu mir ganz dacks, ganz vill a ganz staark gemaach bei de Steierreformen 2001, 2002 an 2009, do ass et zu enger Offlaachung vun deem sougenannte Mëttelstandsbauch komm.

A wann een dat wëll weider maachen, well de Spëtzesteiersaz bei eis relativ héich gräift, och wann en net esou héich ass wéi an deenen anere Länner, da kann een dat nëmme maachen, doduerch datt ee sech intensiv iwwer d’Ofschafe vun enger Rei vun Abattementen, an ähnlech gelagerten Instrumenter ënnerhält, fir datt een déi Geldzomm zur Verfügung kritt, déi e brauch fir déi Glättung vum Steiertarif ze maachen. An déi Sue kritt een net, doduerch datt een de Spëtzesteiersaz fir Leit iwwer 400.000 Euro versteierbart Akommes d’Joer héicht, déi kritt een och net duerch eng nees-Aféierung vun der Verméigenssteier. Dat gëtt keng Finanzvolumina déi duergeet fir esou eng Reform ze maachen. Dat geet nëmmen an der Kombinatioun mat der Iwwerpréiwung vun de steierlechen Ofschreiwunge fir Privatpersounen.

Ech verspriechen iwweregens net, ech als solchen, eng massiv Ofsenkung vun der Steierlaascht op de physesche Persounen. Dat ass bei aktueller Haushaltslag a bei aktueller Wirtschaftslag net dran.

Eric Ewald: Komme mir ewech vum Aktiounsprogramm eriwwer bei de Feierkrop, dee gëschter geschriwwen huet, Dir hätt Iech besonnesch gutt preparéiert fir déi grouss Table-ronde op Télé Lëtzebuerg muer den Owend. Dir hätt dofir bei der Inspection générale des Finances eng Opstellung gefrot iwwer eventuell Ongereimtheeten am Budget vum Wirtschaftsministère. Science Fiction? Realitéit?

Jean-Claude Juncker: Dat Üblecht. Et gëtt normal Verwaltungsvirgäng ëminterpretéiert an eng Wahlkampfhëllef, déi d’Verwaltung mir géif zoukomme loosse fir gutt duerch déi Wahlen ze kommen. Ech kommen och ouni d’Verwaltung gutt duerch déi Wahlen. An ech hunn net ganz gär, wa Spëtzebeamten a ganz Administratioune beschëllegt ginn, einfach esou, just engem zu Déngschten ze sinn.

Ech kréie vun der Finanzinspektioun – ech si jo awer Staatsminister hei am Land, ech dierf jo awer nach mat Verwaltunge schwätzen, an ech sinn Tresorsminister, ech dierf also och mat Finanzverwaltunge schwätzen – regelméisseg, well ech dat brauch, dat ass mäin Handwierksgeschier, Tableauen, Tabellen an Opstellunge gemaach iwwer d’Evolutioun vun eenzelne Kompartimenter vun de Staatsfinanzen. An dat ass och elo an dësem Zesummenhank geschitt. Dat ass näischt Ongewéinleches.

Ech kréien am Joer, ech weess net, honnerten esou Informatiounen, déi ech kréien, oder déi ech nofroen. Dat huet mam Wahlkampf näischt ze dinn. An et huet jo och keen eppes ze verstoppen. Et brauch also kee sech ze erféieren.

Eric Ewald: Elo hutt Dir d’Wuert Wahlkampf awer gebraucht.

Jean-Claude Juncker: Dat ass well Dir esou streng gekuckt hutt.

Eric Ewald: Bei de Kollege vun der Télé hat Dir virgëschter och betount, datt Dir ënnert anerem op Grond vum Verlaf vun deem Wahlkampf no engem Koalitiounspartner géift kucken.

J ean-Claude Juncker: Elo hutt Dir awer "Wahlkampf" gesot.

Eric Ewald: Elo hunn ech et gesot. Muss sech d’LSAP dofir méi Suerge maache wéi d’DP an Déi Gréng?

Jean-Claude Juncker: Neen, mä ech sinn net revanchistesch opgeluecht. Ech hu jo gesot, datt ech esou laang Joere mat der LSAP, ugefaangen 1984 a mengem Fall, gutt zesummegeschafft hunn. An ech hu mir vill Frëndschafte gemaach, a vill Komplizitéite gemaach. An ech hunn ni, meng Partei och net, probéiert, dee méi klenge Koalitiounspartner ze dominéieren an ze laminéieren. Et regéiert ee jo net géinteneen, et regéiert ee mateneen. An dann ass et un de Leit fir driwwer ze befanne wéi déi nächst Koalitioun ausgesäit.

Just hätt ech Schwieregkeeten d’Iddi gutt ze fannen, wann ee vu vireran esou informell, esou am Gespréich Weeër sicht fir laanscht déi, falls se et da bleift, stäerkste Partei ze komme fir eng Koalitioun zu dräi géint een ze maachen. Dat ass keng gutt Approche.

Mir dierfen d’Land net géint ee regéieren. Mir mussen op Grond vum Wieleroptrag, déi zwee dann, zesummen zum Beschte vum Land probéieren ze regéieren.

Eric Ewald: Op Grond vun der Geheimdéngschtaffär koum et zu deene Wahlen, déi mir an 8 Deeg wäerten hunn.

Um Nationalkongress sot Dir, Dir wéilt kee Premier sinn, dee sech nëmme géif mat Geheimdéngschtsaache befaassen. Dir sot och, datt dee Minister, deen dat zukënfteg a sengen Attributiounen hätt, misst no deem SREL kucken. Heescht dat vläicht implizit, datt de Staatsminister, och wann Dir et wäert, an Zukunft de SREL net méi a sengen Attributiounen hätt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn als Reaktioun op de Saz, deen doranner bestanen huet fir ze soen, de Staatsminister bekëmmert sech net ëm de Geheimdéngscht, mä ëm vill aner Saachen, dont Europa, statt sech ëm eis Saachen heiheem ze bekëmmeren, gesot, ech géif dem Land kee Staatsminister wënschen deem seng Haaptaktivitéit géif doranner bestoen, sech ëm de Geheimdéngscht ze bekëmmeren. Dat mécht iwweregens kee Regierungschef a kengem ordonnéierte Land vun der Welt.

Ech hu mech ëm dee Geheimdéngscht an deene Rayone bekëmmert wou Sécherheetsfroe fir d’Land sech gestallt hunn, Terrorismusbekämpfung, Waffenexport. Mä mir exportéiere keng Waffen, mir hunn awer eng Finanzplaz an e Flughafen, deen ee muss am A behalen. Ech hu mech ëm d’Observatioun duerch eise Geheimdéngscht vun deenen auslännesche Geheimdéngschter bekëmmert, déi sech hei am Land ophalen. Ech hu mech also op Prioritéite fixéiert, an net all Geheimdéngschtagent ronderëm d’Auer nogelaf. Dat kann ech net, dat ka keen.

Ech sinn awer absolut net dogéint, well jo de Geheimdéngscht och an der politescher Observatioun net täteg ass, obscho jo vill Leit dat einfach net gleewen, an dat jo och näischt bréngt, an dat jo och méi midd mécht wéi gesond, guer net dogéint, datt een anere Minister zoustänneg gëtt fir de Geheimdéngscht.

Also, ech hunn aner Interessen an der Politik wéi politesche Chef vun engem Geheimdéngscht ze sinn, wou et ganz schwéier ass, an all Land vun der Welt, deem seng Kontroll sécherzestellen.

Kuckt Iech emol all déi Geheimdéngschtskandaler un déi mir de Moment hunn. D’Amerikaner lauschteren, an d’Englänner an d’Kanadier lauschteren d’ganz Welt of. Et huet nach keen dem Obama säi Récktrëtt gefrot, deen dat awer wahrscheinlech weess, à moins datt deen och esou lamentabel ass wéi ech. An Däitschland bekloe mir 10 oder 12 Doudeger an deem sougenannten NSU-Prozess, well d’Geheimdéngschter net fonctionnéiert hunn. Huet da schonn een de Récktrëtt vun der Madame Merkel gefrot?

Also hätt ech gären, datt een dat mat rouegem Kapp kuckt. A wann et ee gëtt dee fräiwëlleg wëll de Geheimdéngscht déi nächste Kéier iwwerhuelen, am Fall wou ech nach géif Staatsminister bleiwen, wat jo net sécher steet, da wieren ech mech net dogéint, an ech wënschen him vill Freed a vill Spaass, an och, datt hie seng Verantwortung dann iwwerhëlt a perséinlech Konsequenzen zitt, wa keng perséinlech Konsequenzen ze zéie sinn.

Eric Ewald: Géift Dir den Nolauschterer zum Schluss an enger halwer Minutt wëllen erklären, firwat si e Sonndeg 8 Deeg d’CSV sollte wielen a keng aner Partie. D’Zäit leeft.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung, datt d’CSV eng Garantie fir Stabilitéit ass, obschonn déi lescht Méint net esou ausgesinn hunn, wéi wa mir eng stabil Regierung gehat hätten.

Ech sinn der Meenung, datt mir als CSV Wichteges an Onwichteges esou zesummeféiere kënnen, datt d’Interesselag vun der Allgemengheet a vum allgemengen Interessen am beschte gewahrt ass.

Ech sinn der Meenung, datt d’Leit sollen d’CSV stëmmen, eis hir Stëmm ginn, fir datt mir eis Stëmm an Europa behalen, well wa mir do nach just op engem Schleidersëtz sëtzen a regelméisseg ewechfuere wann déi grouss Décisioune geholl ginn, da geet et dem Land méi schlecht.

Eric Ewald: Dat ware 36 Sekonnen. Dat war ganz gutt.

Jean-Claude Juncker: Ech entschëllege mech fir déi 6 Sekonnen.

Eric Ewald: Dat war et fir de “Background�? vun haut. Villmools Merci Iech, Här Juncker, fir d’Präsenz de Mëtteg hei am Studio.

Jean-Claude Juncker: Merci.