Interview de fin d'année du Premier ministre Xavier Bettel

Caroline Mart: Gudden Owend Här Staatsminister. Neie Staatsminister, neie Stil, ass dat mannst wat ee muss soen. Et gëtt sécher méi gekusst, méi gelaacht. Sidd Dir eng Frohnatur? 

Xavier Bettel: Ech si vun Natur aus ee ganz positive Mënsch. Ech laache gären. Ech sinn och gäre mat Leit zesummen déi och gäre laachen. Mä Dir hutt do wierklech ee “best of” am Fong vun engem Charakterzuch, dee mäin ass, dee gäre mat de Leit ass, dee gäre laacht an deen och iwwert sech selwer laache kann. 

Caroline Mart: Also et war net schwéier Extraiten ze fannen, muss ech Iech soen. Et ass jo net evident an d'Foussstapfe vun engem Jean-Claude Juncker ze trieden. Virun engem Joer stoung hien hei do. Ass dat eppes wat esouguer ee Virdeel ass an enger gewëssen Hisiicht, wann een sou quasi d'Antithes ass? 

Xavier Bettel: Et ass kee Virdeel an et ass keen Nodeel. Et ass einfach een anere Stil, et ass een anere Personnage, et ass een anere Charakter. Ech appréciéieren a schätzen den Här Juncker fir de Mënsch an ech si wéi ech sinn. An et huet kee Wäert, datt ech eng aner Roll oder probéieren aneschters ze sinn, fir da méi no probéieren un de fréiere Staatsminister ze kommen. Ech sinn esou an ech hunn elo 40 Joer probéiert, meng Mamm huet a menger Jugend probéiert, mä ech sinn esou. 

Caroline Mart: Ok. Klassesch hu mir esou d'Joer Revue passéiere gelooss, dat maache mir elo selbstverständlech net, esou laang sidd Dir nach net am Amt, mä mir spillen awer eng ganz Partie Extraiten eran, Extraiten zum Deel vun Iech, awer och net vun Iech, mä awer och där typescher. 

Xavier Bettel (O-Toun): Ech hat net domatter gerechent. De Wieler huet mir de 7. Juni [2009, n.d.l.r.] ee supert Resultat ginn, ech mengen ech sinn och immens frou doriwwer an dat heescht, datt ech mat de Kollege probéieren déi nächst 5 Joer de Leit ze erkläre wat eis Visioune sinn.  

Ech si wierklech ganz iwwerrascht iwwert d'Resultat, mä et ass d'Resultat vun enger mega Equipe. 

Caroline Mart: Ganz iwwerrascht, dat ass eppes, dat kënnt och immens oft. Dat heescht, Dir sidd esou dee Kandidat, deen zwar Kandidat ass, mä net wierklech Kandidat, op mannst net fir Staatsminister an da sidd Dir et awer ginn. Et sinn der déi Iech nosoen, dat ass esou eng Strategie, et ass een esou de Feinen am Hannergrond an ëmmer esou e bësse sou candide. Ass dat d'Erfollegsrezept Bettel? 

Xavier Bettel: Nee, mäin, ech sinn 99 fir d'éischt mat an d'Wahle gaangen, do hat ech wierklech net gerechent gewielt ze ginn. 2004 huet meng Partei ee ganz schlecht Resultat gemaach. Mir si vu 15 op 10 Sëtz erofkomm. Ech sinn nees gewielt ginn. Ech hat och net gemengt, datt ech op eng Kéier géif esou ee Sprong no vir maachen, vun 10 op 4. An dunn 2009 sinn ech deen Éischte gi bei de Chamberswahlen, mir hate kee Spëtzekandidat, domatter hat ech och net gerechent, well ech hat awer ee Paul Helminger, ech hat ee Lydie Polfer, een Anne Brasseur, ee Colette Flesch bei eis op der Lëscht. Du sinn d'Gemengewahle komm. Ech wor net Spëtzekandidat, den Här Helminger wor Spëtzekandidat. Ech hunn awer méi Stëmme kritt wéi de Paul Helminger, du sinn ech Buergermeeschter ginn. Dat wor och net geplangt. Et ass alles e bësse méi séier, ech hat gehofft eng Kéier dat kënnen ze maachen. An ech muss Iech soen, bei de leschte Chamberswahlen, den éischten am Zentrum ze gi mat esouvill Stëmmen, hat ech och net gerechent an datt d'DP géif vun 9 Sëtz op 13 eropkommen hat ech och net gerechent. Dat heescht, et ass schonn, d'Hoffnung ass do, mä et wor net lo d'Zil wat ech mir gesat hat fir déi doten Échéancen. An dat si positiv Iwwerraschungen. 

Caroline Mart: Jo. International muss Dir Iech jo nach richteg Ären Numm maachen. De Virwëtz ass grouss. Am Kader vum Sommet ass och schonn, de Quotidien huet een Interview gemaach mam Quentin Dickinson, dat ass den Europachef vu Radio France, dat ass jo net egal ween. An dee sot, et sollt een Iech net ënnerschätzen, et wier schonn esou eng kleng Bluttspur hannendrun, Dir wiert scho Vatermörder, ebe vum Paul Helminger an elo vum Jean-Claude Juncker gewiescht. Wat sot Dir dann dozou? Éischter de Brutus wéi de Candide? 

Xavier Bettel: Ech sinn deen deen dat vum Bierger, ee Mandat kritt huet an dat dann och ausübt. Wann ee mat a Wahle geet ass et net wéi bei den Olympesche Spiller, just dobäi ze sinn. Selbstverständlech wann ee Verantwortung iwwerhuele soll, da soll een dat och maachen. Ech si keen, ech hunn nach ni, ech, et deet wéi, muss ech Iech zwar éierlech soen, wann een esou eppes liest wéi wann een elo esou ee Killer wär. Ech hu Spaass mat deem wat ech maachen, ech maachen et och immens gären, ech maachen alles esou gutt wéi ech et ka maachen. Dowéinster deet et wéi wann een d'Gefill huet, datt een ee Vatermörder wär, ech sinn dat net. 

Caroline Mart: No der Aussendefinitioun d'Selbstdefinitioun. 

Xavier Bettel (O-Toun): Et ass virun allem och mäi Charakter, wann eppes mir net geet soen ech et, mä ech sinn och deen deen awer seet, ech sinn deen deen de Wahlowend déi Lénk félicitéiert huet. Et seet jiddwereen, du kanns déi dach net félicitéieren. Ma déi hunn ee supert Resultat gemaach, komm mir sinn éierlech. An datt ech dowéinst als Enfant terrible bezeechent si ginn, ech weess et scho laang, also datt ech net onbedéngt an ee Format passe wéi verschidden aner Leit, mä ech maachen et gären. 

Caroline Mart: Enfant terrible, aneschters wéi déi aner. De Franz-Josef Strauss huet eng Kéier gesot everybodies darling is everybodies „Depp“. Bon hien huet dat wahrscheinlech och aus Näid gesot, well fir den everybodies Darling hat hien nun definitiv net d'Format. Mä d'Popularitéit, dat datt een, et mierkt ee jo och bei Iech, Dir hutt och gäre wann d'Leit Iech gären hunn. Lo sidd Dir awer an engem Amt wou et net méi esou einfach wäert si populär ze sinn. Et huet ee jo och scho gesinn, am neiste Politbarometer sidd Dir ëmmer nach op 80%, dat ass ganz héich, mä et geet scho liicht erof. Sidd Dir doropper preparéiert? 

Xavier Bettel: Also ech muss Iech soen, datt déi Barometeren déi mir hei hunn, et kann een de Lëtzebuerger wierklech Merci soe fir d'Vertraue wat si engem schenken, well gleeft mir am Ausland géife si dreeme fir d'Halschent vun deem wat mir hei hunn ze kréien. Ech si mir bewosst, datt déi nächst 5 Joer keng flott Joere ginn, virun allem wann ech d'Finanzlag kucken an d'Schold déi mir hunn an do gi Mesure geholl wou Sue musse gespuert ginn. Wou mir net méi esou kënne mat der Strenz déi Politik weiderfuere sou wéi se gemaach ginn ass an dat gefält, d'Leit verstinn et vläicht, mä et gefält kengem. Et ass bestëmmt net mat Freed wann een engem ukënnegt, datt dat heiten erofgesat gëtt oder datt do vläicht eppes ewechgeholl gëtt. Mä et ass awer am Interêt, ech hu léiwer wësst Dir, datt meng Sondagë schlecht ginn an datt ech awer déi wichteg Mesuren duerchzéien, wéi datt ech nëmme probéieren ee gudde Sondage ze hunn a mat 80 oder 85% a 5 Joer an d'Wahlen ze goen andeems ech d'Land an därselwechter precairer Situatioun gelooss hu wéi se am Moment ass. Dann hunn ech léiwer manner gutt Sondagen. 

Caroline Mart: Dir hutt d'Wahlen ugeschwat, komm mir kucken nach eng Kéier zeréck op den 20. Oktober. 

Xavier Bettel (O-Toun): Ech muss och soen Här Juncker, datt ech d'Gefill hat, op eng Kéier, datt et Ärer Partei méi drëms gaangen ass un der Muecht ze bleiwen, wéi selwer an d'Politik ze goen, well wéi op eng Kéier d'Diskussioun komm ass, wier da keng Partei bereet fir mat der CSV an d'Koalitioun ze goen ouni den Här Juncker als Staatsminister, do hunn ech dat ondezent fonnt, hunn ech dat ondezent fonnt.  

Caroline Mart: Tja, wie war et dann? Ee Moment hat een esou d'Gefill Dir wësst et jo, Dir géingt et soen. 

Xavier Bettel: Ech weess et, ech, et sinn, et ass net u mir ze soen wie mir dat ugebueden huet, et ass net dezent fir elo ze soen, hei deen doten huet mir ugeruff, deen doten huet mir ugeruff fir mir ze soen si géifen eng Koalitioun ouni de Jean-Claude Juncker maachen. Ech fanne wann een als Spëtzekandidat en Här Juncker mathëlt, dann ass et net fir no de Wahlen ze soen, lo maache mir eng Koalitioun ouni de Jean-Claude Juncker, d'Haaptsaach mir bleiwen dobäi. Ech soen Iech et nach eng Kéier, ech verstoppen et net, ech hunn et vun CSV Säite proposéiert kritt. Ech si keen, deen elo wëll mam Fanger op ee weisen a soen dat wor deen do, deen do, deen do. Dee musst Dir elo, dat wor deen, de Brutus. 

Caroline Mart: Ok. Dir kënnt awer novollzéien, datt si sech esou schwéierdinn mam Verloscht vun der Muecht an der CSV? 

Xavier Bettel: Wësst Dir, d'Land ass net mat enger Partei bestuet. Et ass ee Resultat erauskomm an et ass och eng Majoritéit erauskomm. Et sinn 32 Sëtz an der Chamber, mä dat wat mir méi Suerge mécht, datt d'Partei nach ëmmer net verstanen huet, firwat kee mat hinne wëll eng Koalitioun agoen an dat ass do wou ech mengen dat wäert seng Zäitchen daueren, wou dann d'Partei och brauch fir ze verstoen hei firwat, wou ass de Problem, firwat wëll kee mat eis an eng Koalitioun goen. 

Caroline Mart: Ass ee vun de Grënn bei Iech och gewiescht, datt Dir mol net mat hinne schwätze wollt, well Dir net vergiess hutt wéi ee Präis et ka si wann ee Juniorpartner ass vun der CSV? 

Xavier Bettel: Ech mengen d'LSAP huet bewisen, datt een och als Juniorpartner net verléiert, well d'LSAP ass op 13 Sëtz. 

Caroline Mart: D'DP hat awer deemools verluer. 

Xavier Bettel: Ah mir kruten eng voll geläffelt, mir si vu 15 op 10 erofgefall, dat steet fest. De Fait ass ganz einfach, wéi wëllt Dir, mat deene Leit wou mir lo säit Jore probéieren ze soen datt verschidde Saachen net ginn, ob dat an der SREL Affär war, ob dat an deene verschiddenen Dossieren déi mir haten, déi net agesäit, datt si Feeler gemaach huet, ze soen, hei lo fuere mir mat deem selwechte weider, Haaptsaach mir sinn an enger Koalitioun mat hinnen. Mir wäerten déi nächst 5 Joer Saache musse sträichen, déi dës Partei och agefouert huet an et wier immens schwéier gewiescht mat deenen dat och kënnen ze maachen. A mir wësse pertinemment, datt mir dann, wa mir d'Koalitiounsverhandlungen ugefaangen hätten, da wier gesot ginn, dach mir sinn averstanen, averstanen, averstanen an soubal een dann awer am Regierungsrot sëtzt soen Dir hutt 13 Sëtz mir hunn der 23, ok? An dat wollte mir net. An et kann een net nëmmen, wësst Dir déi ganz SREL Affär an déi Sitzung am Juli huet am Fong déi 3 Parteien zesummebruecht. Déi 3 Parteie sinn do méi no unenee komm, well si gesinn hunn, datt et awer zu Lëtzebuerg eppes aneschters muss geschéie fir déi nächst Joren. 

Caroline Mart: An Dir hutt Iech deemools scho gesot, wann et duergeet, dann zéie mir et duerch zu 3? 

Xavier Bettel: Nee, bei eis an der Partei wor och keng Diskussioun driwwer, well bei eis war einfach de Fait, eng Dräier, et wor eng Optioun, mä et huet ee misse kucken. 

Caroline Mart: Et ass jo och eng Zuel op d'Optioun gesat ginn, et war jo awer kloer deen Owend, datt mat 32 war kloer ... 

Xavier Bettel: Also mat 31 hätte mir gesot souwisou et géif net goen. Dat wat fir eis wichteg war, dat ass mol de Wahlowend ofzewaarden fir ze kucken, et hat jo kee gemengt, datt d'LSAP géif status quo bleiwen. Fir eis am Kapp wor d'CSV verléiert ee Sëtz bis zwee maximal, mir wannen ee bis zwee Sëtz an d'LSAP verléiert [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: An d'Iwwerraschung war éischter, datt déi Gréng verluer hunn? 

Xavier Bettel: Nee, d'Iwwerraschung wor fir d'éischt, datt mir gewonnen hunn, datt mir mol 4 Sëtz bäikritt hunn. Dat wor mol déi grouss Iwwerraschung, datt ech esou ee supert Resultat gemaach hunn an datt d’CSV am Fong dee grousse Verléierer och vun de Wahle war. Déi Gréng hunn och ee Sëtz verluer, domatter hat och kee gerechent, mä wéi gesot, dat heitent ass eng Majoritéit déi sech fonnt huet an déi nächst 5 Joer wäert och déi Politik am Interêt vum Land och maachen. 

Caroline Mart: An an Zukunft Koalitiounsaussoen oder net, dat ass jo eppes wat och diskutéiert ginn ass, wäert Dir do dofir oder sot Dir, nee mat deem System dee mir hu brauche mir dat net? 

Xavier Bettel: Ech wëll Iech just soen, dee Projet dee mir elo maachen, wou mir wierklech probéiere Lëtzebuerg nees op eng Bunn ze bréngen, fir datt et weiderkënnt, fir datt eis Économie gestäerkt gëtt, fir datt de Chômage erofgeet, fir datt d'Leit eng Schoulformatioun kréien déi richteg ass, ass kee Programm fir déi nächst puer Méint. Dat heescht mir musse kucke wou mir a 4 Joer 5 Joer dru sinn a wa mir mierken, datt nach Aarbecht do ass, hunn ech kee Problem perséinlech, mä et ass net u mir alleng ze décidéieren, datt ee seet, hei mir missten nach, wann et geet, weidermaachen, fir dëst Land nees op déi richteg Schinn ze kréien. 

Xavier Bettel: Dir schwätzt elo vun Ambitioune vun der Regierung, schwätze mir ee Moment vun Ären Ambitiounen. Well éiergäizeg dat sidd Dir. 

Xavier Bettel (O-Toun 1999): Selbstverständlech wäerte mir elo net ufänke probéieren alles op d'Kopp ze geheien. Dat ass net eis Missioun. Ech menge mir sinn do lo mol fir ze léieren, mir lauschteren no, mir schaffen awer mat an et ass dodrëms wou et zielt. Mir wäerten net elo d'Champione si vum Drajäize, vu Perturbatiounen, loin de là. Mir wëllen au contraire konstruktiv Aarbecht maachen a probéieren, net een neie Wand, mä awer och vläicht nei Iddien an d'Kommissioune matzebréngen a vläicht och an d'Chamber. Wann een 120 Aen huet déi op ee kucken, ech mengen dat muss een och léieren. Ech si 26 Joer al elo, ech hunn nach Zäit, mä et ass een Challenge an een Challenge soll engem keng Angscht maachen. 

Caroline Mart: Jo d'Fransouse soen hutt Dir awer dorunner geduecht, heiansdo beim Raséieren, fir eng Kéier Staatsminister ze ginn? 

Xavier Bettel: Nee. 

Caroline Mart: Nee? 

Xavier Bettel: Nee, dat doten ass awer genial. 

Caroline Mart: Gedreemt? 

Xavier Bettel: Nee och net. Dat doten, wat genial ass ,dat si jo elo scho 14 Joer hir an ech hätt haut datselwecht kënne soe wéi deemools, op verschidde Punkten. 

Caroline Mart: Wat gëtt awer dat Amt, well eppes ass jo kloer, Dir sidd nëmmen an déi Regierung gaangen, well Dir Staatsminister gi sidd. Dir hutt gesot, Minister kënnt net a Fro. Soss wäert Dir um Knuedler bliwwen, Dir hutt dat immens gäre gemaach. Wat gëtt dann dat Amt vum Staatsminister, wat keen anert Amt gëtt? 

Xavier Bettel: Et ass am Fong wéi de Buergermeeschter op där enger Säit, datt een eng Equipe leet, datt een eng Equipe leet. Et ass selbstverständlech eng aner Equipe, et ass eng Nationaléquipë an et sinn international Obligatiounen déi ech virdrun net hat. Ech ka mech erënneren, wéi ech lo op de Sommet war virun e puer Wochen zu Bréissel [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Do komme mir nach drop, jo. 

Xavier Bettel: Ah bon, dat ass eppes Onwahrscheinleches, well do verteidegt een ee ganzt Land, do verteidegt een net eng Stad, ee Quartier, do geet et ëm d'Zukunft vun engem Land, dat heescht et sinn nei Missiounen. Dat wat et mat sech bréngt, et sinn net nëmmen agreabel Saachen, well et si Sécherheetsfroen wou dann och sech stellen an dat sinn déi Saachen déi manner agreabel sinn. Mä de Rescht. 

Caroline Mart: Ma wat ass de Kick? Ech schwätzen net vun dem Désagréabelen, soss mécht een et jo net. Wat ass dat Reizvollt fir Iech? 

Xavier Bettel: Einfach an enger Equipe esou ze schaffen wéi ech et virdrun och gemaach hunn. Also ech soen Iech ganz éierlech, ech sinn een Équipemënsch, ob dat zum Beispill de Pressebriefing ass, déi mir elo zu 3 [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Mä ob ee Chef ass an der Equipe oder net, mécht jo awer een Ënnerscheed. 

Xavier Bettel: Jo well een do Impulser ka ginn, déi ee vläicht net op enger anerer Plaz ka ginn a well ech eben esouvill Freed hat do wou ech virdru war, hat ech och gesot, datt ech just bereet wier déi opzeginn fir op där anerer Plaz dat kënnen ze maachen. Et ass net, datt ech elo een Ego hunn dee seet, ech wëll net d'zweet Gei oder d'drëtt Gei spillen. Mä wann een een Engagement geholl huet, da mécht een dat och. 

Caroline Mart: An als Chef muss ee jo och heiansdo tranchéieren. Am Moment mierkt een, et ass eng enorm Kollegialitéit, et ass nach eng Euphorie do, dat ass jo och schéin, et sief Iech och gegënnt, mä Dir wësst och, datt dat net iwwer 5 Joer wäert halen, datt onweigerlech Konflikter kommen, déi kommen ob een zu 2 oder zu 3 ass. An dann iergendwéini muss een tranchéieren. Dat ass de Chef. Wat sinn dann déi Saachen wou Dir sot, dat ass Chefsaach, do tranchéieren ech? 

Xavier Bettel: Dir sot et muss ee schonn zu 2 oder zu 3, heiansdo alleng, dat heescht an enger Partei intern muss ee schonn tranchéieren, ech si jo och Parteipresident gewiescht. Ob een zu 2 oder zu 3 ass, et ass net Chefsache wou ech selwer tranchéieren, et ass einfach en bon père de famille oder als wéi Dir et wëllt dann eben nennen, wou ech mengen, datt een als Responsabelen vun enger Politik, als Staatsminister Responsabilitéit ze droen huet. A wann ech mengen datt eppes gutt ass, da soen ech dat, wann ech awer mengen, datt eppes net gutt ass, dann ass et net gutt. An deem lo Mount wou ech lo am Amt sinn, muss ech Iech soen, datt ech och verschidde Kollege gesot hunn, sou geet et oder esou geet et net. Ech hunn do keng Angscht, ech maachen dat wat ech fir richteg fannen. 

Caroline Mart: Dir hutt jo gesot Dir wëllt aneschters schaffen och, net nëmmen aner Saache maachen, aneschters schaffen, aneschters drugoen, géint déi Silosmentalitéit. Eemol de Mount sollen se alleguerten zesummekommen an da beschwätzen, sou quasi ee Lageplang. Gëtt dat ëffentlech gemaach? Dir wëllt jo och méi transparent sinn. 

Xavier Bettel: Wat nennt Dir elo ëffentlech? 

Caroline Mart: Ma jo d'Resultat vun deem quasi deem Point dann eemol de Mount wou een drun ass? Gëtt dat der Ëffentlechkeet bekannt gemaach? 

Xavier Bettel: Ah selbstverständlech, dat ass jo kee Geheimnis, mir wëlle jo och zum Beispill d'Direktesch vun der ADEM bei eis ruffe fir de Point ze maachen iwwert d'Aarbechtspolitik, mir wëllen och iwwert d'Finanzpolitik wou mir dru sinn mat de Finanzen, mir wëllen och dat am Logement maachen. An do wëll ech dann och ee mol am Mount duerno um Pressebriefing, dee mir jo och maachen, dann de Minister mathuelen, deen dann de Point mat mécht. De Pressebriefing ass net dem Staatsminister seng Ried, wou deen dann erkläert wéi en d'Woch emfonnt huet. 

Caroline Mart: Dat heescht dat bleift dann och zu dräi. 

Xavier Bettel: Ah nee, dat kann och zu 4 sinn, et kann och zu 2 sinn. Ech hat eng Kéier den Här Gira just eng Kéier dobäi, et hänkt ëmmer vum Sujet of. Wann ech näischt hunn wou ech wierklech mer soen, dat doten ass immens wichteg fir matzedeelen, da sinn ech vläicht alleng go. Mä et ass einfach datt ech fannen, datt dee Minister deen de Projet de loi ausgeschafft huet, deen un engem Projet de loi sech investéiert huet, och d'Recht huet dat kënnen och ze presentéieren an net um Staatsminister alleng deen dat ze maachen hätt. 

Caroline Mart: Ech hu schonn d'Euphorie ugeschwat, si gëtt natierlech net bei jiddwerengem gedeelt, et ass och schonn e bësselche Skepsis do. 

Paul Henri Meyers (O-Toun): Dat wat ganz am Ufank wéi de Xavier Bettel do war an eigentlech duerch seng Spontanitéit, duerch och déi Aart a Weis wéi en opgetrueden ass, ass en eigentlech, dat muss ech riicht eraus soen, vu ville Leit och an der Politik e bëssen als Liichtgewiicht consideréiert ginn. Dat heescht et war spontan eppes an d'Welt gesat ginn, mä et war vläicht net am Fong duerchduecht, wéi kann ech dat dann och duerchzéien. Meng Meenung huet sech e wéineg geännert, mä si huet sech am wiesentlechen net geännert. Well et sinn eng Rei Froen déi hien, awer hien net alleng, och déi nei Koalitioun ugekënnegt huet, wou si dann awer op eemol d'Saach aneschters wëlle presentéieren. Den Dialog ass zwar ugekënnegt, mä en huet eigentlech bis elo néierens stattfonnt. Déi wiesentlech Fro ass fir mech, wéi kommunizéiert een no baussen a wéi bréngt een et fäerdeg déi Iddien déi een huet mat deenen aneren ze deelen an och se bei aneren, aner Leit z'iwwerzeegen dovun. Dofir muss een och mat deenen anere Leiden doriwwer schwätzen. 

Caroline Mart: De Paul Henri Meyers gehéiert jo incontestabel zu deene groussen Experte wat d'Froe vu Konstitutioun betrëfft. Dir waart och traureg, datt en déi zoustänneg Chamberkommissioun, d'Présidence, ofgelehnt huet, souvill där Verfassungsexperten hu mir jo net, si si rar geséint, mir brauche se. Ass dat dat Oflehne vun där Présidence, mengt Dir, datt dat och dat ass, wat e sot, net genuch Dialog, ass net genuch mat him geschwat ginn? Sinn do Ängschten déi Dir nach ofbaue musst? 

Xavier Bettel: E seet et jo am Fong selwer, e wäerft eis vir mir hätten net genuch Dialog, mä e refuséiert d'Presidentschaft vun enger Kommissioun unzehuelen wou een am Dialog hätt kënnen zesummeschaffen. Dat heescht et ass e bëssen zweedäiteg eigentlech dat wat den Här Meyers seet. Den Här Meyers ass eng Persoun déi ech immens respektéieren fir säi Wëssen och a Verfassungsfroen an et ass ee ganz gudde Jurist, et ass een CSV Mann awer. An datt deen elo direkt seet en ass esou zefridde mat där neier Regierung, hätt mech och e bësse gewonnert. Mä wéi gesot mir hunn, ob dat de Koalitiounsaccord ass, ob dat sou ass wéi mir d'Piècen public gemaach hunn, ob et elo ass wéi mir de Pressebriefing maachen, ob et esou ass wéi mir wierklech an der Transparenz wëllen och schaffen, mir sinn lo knapps ee Mount am Amt an da kréie mir schonn de Virworf gemaach mir hätten net alles duerchgesat, mir hunn nach vill Woche virun eis a vill Méint an nach Joren. 

Caroline Mart: Et ass jo awer net fir d'éischt esou e bëssen dee Reproche fir Iech ze soen sou ee Liichtgewiicht oder Form jo, mä wou ass de Fong. Ass dat eppes wat Iech blesséiert oder sot Dir Iech, et ass vläicht esouguer ee Virdeel, da ginn ech ënnerschat an ech weisen hinne wat derhannert stécht? 

Xavier Bettel: Ech gesinn dat virum Buergermeeschterposten. Do hu ganz vill Leit gesot, jo de Xavier dat ass ee léiwe Jong, mä dee kann dat net. A wéi ech Buergermeeschter gi sinn, do si jo och d'Sondagen, wann Dir vun deene schwätzt, do koum ech do ëmmer tëscht 40 a 50%, sinn ech bis op 89% eropgaangen. Dat heescht, datt ech als Buergermeeschter, wou ech d’Verantwortung geschenkt kritt hu vum Bierger, d'Méiglechkeet hat och ze beweisen, datt de Bettel vläicht laacht, mä datt wann een och gutt gelaunt ass, een awer och ka vill schaffen. An dat ass eppes, ech huelen et net iwwel wann deen Een oder deen Anere vläicht léiwer een huet deen lo manner gutt drop ass an deen éischter da laang Gesiichter schneit, ech kann dat net. An ech wëll awer just soen, datt een och ka gutt gelaunt sinn awer och ka gutt schaffen an net well ee gutt gelaunt ass, datt een automatesch dann ee Poids plume ass. Ech hu wéi gesot an der Gemeng meng Aarbecht gemaach a wann ech haut kucke wéi ech virun e puer Wochen hu mussen d'Gemeng verloossen, wéi d'Reaktiounen a verschidde Servicer waren, et huet mer Freed gemaach, well et huet bewisen, datt ech awer déi richteg Politik gemaach hu mat deene Leit. 

Caroline Mart: Dir hutt Europa schonn ugeschwat éinescht. Dir sot Dir wéilt ee Premier sinn deen heiheem fir d'éischt mol Premier ass, mä Europa ass ganz ganz kloer enorm wichteg. An deen éischte groussen EU-Rendezvous deen hat Dir direkt, direkt an d'kaalt Waasser, direkt eng Feierprouf. 

Xavier Bettel (O-Toun): Wann ech lo géif soen, datt ech net opgereegt wier, da géif ech léien.

Dierf een dat soen, et ass mäin éischten? Dierf ee soe wat dobanne geschwat gëtt oder net?

Dat ass kee Leckerli fir dat doten ze négociéieren. Et ass keen deen hei mam Hummer kënnt fir deem aneren op de Kapp ze schloen.

De franséische President wor deen éischten dee gesot huet, hei lo huelen ech dech mat an lo stellen ech der deen Een an deen Anere vir.

Ech mengen et ass selbstverständlech ee wichtege Moment a mengem Liewen an ech si mir och bewosst wéi eng Verantwortung ech haut hunn. 

Caroline Mart: Et ass awer nach eng aner Liga, oder? 

Xavier Bettel: Ah et ass impressionant. Also déi éischte Kéier wou ech do erakomm sinn, et ass wéi, wësst Dir an eng Schoulklass wou ee fir d'éischt kënnt an et weess een net wou seng Bänk ass, et huet ee seng Mapp am Grapp an da geet een dohin an dunn hunn ech meng Plaz gesicht an du wéi gesot, de François Hollande ass direkt bei mech komm, well ech deen dës Woch scho gesinn hat an du sot en, allez Xavier, viens je vais te présenter les uns et les autres an en huet mir d'Leit virgestallt an Owes an dann den Dag drop, du wor et awer scho vill besser. Bon ech hunn d'Dossiere gutt kannt an deen Dag drop wor dee méi heavyen Dag, wou et fir Lëtzebuerg wichteg war a wou ech och keen einfache Moment hat, well verschidde Leit wierklech mat enormem Drock op Lëtzebuerg ausgeübt hunn an [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Notamment England. 

Xavier Bettel: Notamment England, jo England huet do, et geet ëm d'Zënsbesteierungsdirective wou mir am Fong schonn décidéiert hunn am leschte Conseil, datt mir géifen Enn des Joers eis gréng Lut ginn a wou awer gesot gëtt et géif och mat 5 anere Länner, dont d'Schwäiz negociéiert ginn. An dat huet bis haut net stattfonnt. Da kommen ech an d'Sitzung an da seet d'Kommissioun zu mir, jo mä et ass awer keng Konditioun, et ass gesot ginn et wier Enn des Joers an ech hu misse probéieren ze erklären, datt ech awer gären ee Rapport hätt. Well domatter hunn ech et awer fäerdegbruecht, datt d'Kommissioun elo d'Bringschuld huet. Dat heescht d'Kommissioun muss lo fir den nächste Conseil am Mäerz eis weisen, datt mat der Schwäiz diskutéiert ginn ass an datt et an déi Richtung och geet. An da komme mir net derlaanscht. Et ass scho jo gesot ginn, mä et ass wéi gesot, mir sinn do en survie. 

Caroline Mart: Dat heescht et ass am Fong an der Haaptsaach ass lo mol Zäit gewonne ginn, well Dir hutt et ugeschwat, si si gezwonge mat der Schwäiz ze verhandelen, mä wat d'Resultat dovunner ass, dovunner steet näischt am Text, dat ass och net bindend, dat heescht et kann awer ganz gutt sinn, datt Lëtzebuerg op de Wee geet, laang virun der Schwäiz an dat ass jo net onbedéngt gënschteg fir eis Finanzplaz. 

Xavier Bettel: Jo, also déi éischt Saach déi ee muss wëssen ass datt mir mat Éisterräich déi zwee eenzeg Länner waren déi do blockéiert hunn an datt d'leschte Kéier am Mee ausgehandelt ginn ass, datt Negociatioune mat deene 5 Länner sollte gemaach ginn. Et stoung net datt et Resultat gebonne wär. Dat heescht am Text stoung dran, mat 5 Länner géif diskutéiert ginn an et misst virum Dezember 2013 ugeholl ginn. Mir sinn Dezember 2013. Et ass mat 4 Länner geschwat ginn, ausser mat der Schwäiz. D'Schwäiz huet nämlech virun 2 Woche réischt den Accord ginn, fir iwwerhaapt kënnen unzefänken ze négociéieren. De Problem deen ech hunn, ech hätt elo kënnen, an dat ass och wat den Englänner mir gesot huet, d'Schwäizer hu jo gréng Lut ginn. Et steet jo néierens dran, Dir misst ee Resultat hunn. Et ass jo net d'Resultat gebonnen, firwat zitt Dir dat nach an d'Längt, wéi wat a wou? An ech hunn dowéinst mam Här Barroso a mam Här Van Rompuy ausgemaach, mir hätte gären am Mäerz ee Rapport. Wa si eis just soen am Mäerz, mir hunn d'Schwäizer gesinn, déi si ganz léif, dat geet mir net duer, da blockéieren ech weider. Mä wa mir am Mäerz [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Wéi laang kann een dann sou weider blockéieren? 

Xavier Bettel: Oh net méi laang. 

Caroline Mart: Well d'Éisterräicher si jo awer och schonn net méi grad esou staark an hirem Widderstand? 

Xavier Bettel: Also wa mir do net insistéiert hätten, da weess ech net op d'Éisterräicher net schonn ëmgefall wieren. Dat Eenzegt wat ass, ass, mir hunn et awer fäerdeg bruecht, erënnert Iech nach virun e puer Méint wou Lëtzebuerg nees iwwerall an der Press international do stoung, wéi wa mir d'Plaz wieren wou nëmmen hei knaschtegt Geld géif propper gemaach ginn an hei wier d'Plaz fir d'Fraude fiscal an etc an etc. Mir hunn et fäerdeg bruecht, no dësem Conseil, Zäit ze wannen, eng Konditioun opzestellen an datt néierens an der Press am Moment Lëtzebuerg am Kräizfeier steet, wéi wa mir nees déi Plaz wieren, déi just sou Gelder géifen hei geréieren. 

Caroline Mart: Dat heescht mir sinn net méi am Schmuddeleck. Mä wéi staark ass sou ee klengt Land wéi Lëtzebuerg iwwerhaapt nach? Bon mir hate klassesch hate mir fréier déi Vermëttlerroll. Dir kënnt déi sécher och nach spillen. D'Villsproochegkeet an esou weider dat dréit dozou bäi. Mä wéi een Impakt huet iwwerhaapt nach dat klengt Lëtzebuerg? Lo sidd Dir fein opgeholl ginn. Kloer Dir sidd deen Neien. Mä wéivill weie mir nach? 

Xavier Bettel: Dat hänkt vum Dossier of. Wësst Dir mat haten och d'Verteidegungspolitik, do hunn ech mech erausgehalen. Fir do ze soe wat d'Englänner, d'Fransousen oder déi Däitsch ënnert sech décidéieren, wie wat do ka maachen, do halen ech mech als Lëtzebuerg éischter zeréck. Mä wann et Froe sinn déi fir Lëtzebuerg wichteg sinn, da si mir do. An do waren awer zum Beispill och a verschidden Texter Propositioune vun deem Engen, vun deem Aneren, wou eist klengt Lëtzebuerg, dee klenge Xavier Bettel do als klengen Neien souguer Textvirschléi gemaach huet, obwuel et net fir eis war, well ech awer du geduecht hunn, datt dat eng Compréhensioun wier, déi dann de béide Parteie géing entgéintkommen. 

Caroline Mart: Lëtzebuerg huet jo virun allem och dofir ee staarkt Gewiicht gehat, incontestabel, well de Jean-Claude Juncker d'Europapolitik iwwert Jorzéngten esou staark geprägt huet. Et gëtt ganz ganz vill spekuléiert lo an an deene Spekulatiounen, wann een heiheem sou d'Artikele liest, also sou Successioun entweder vum Här Van Rompuy oder d'Successioun vum Här Barroso, dat heescht entweder d’Présidence oder d'Présidence vun der Kommissioun, ass dat effektiv esou einfach wéi wann ee kéint eraussichen, datt den Här Juncker d'Kompetenze huet stellt jo keen a Fro, mä an der Politik geet et jo net onbedéngt ëmmer nëmmen no Kompetenzen an no Mérite. Do sinn nach aner Critèren. Wéi realistesch a wéi gutt haalt Dir dann iwwerhaapt d'Chancen, datt nach eng Kéier ee Lëtzebuerger op ee Spëtzeposte kënnt? 

Xavier Bettel: Also wéi gesot, [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Datt Dir et ënnerstëtzt an d’Regierung jo. 

Xavier Bettel: et sinn e puer Facteuren. Déi éischt sinn d'Resultat vun den Europawahlen. D'Europawahlen, ob elo d'Sozialisten oder [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: déi Konservativ oder [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: also d'Chrëschtdemokraten ob déi vir sinn oder d'Sozialiste vir sinn. Well duerno, dat kuckt een dann duerno wie President vun der Kommissioun gëtt, selon le résultat. Da muss ee kucke wann dat da bis ass, ob dann den Här Schulz, deen ass jo Spëtzekandidat vun de Sozialisten an et héiert ee jo wéi wann den Här Juncker Spëtzekandidat kéint si fir d'Chrëschtdemokraten, dat heescht datt dann ee Package gemaach gëtt, deen ee kritt dat eent deen anere kritt dat anert. Mä an deem Grupp, an deem europäesche Grupp ass eng Persoun déi ganz staark ass, dat ass d'Madame Merkel. A wann d'Madame Merkel mengt, datt den Här Juncker ee gudde Kandidat ass, dann huet e grouss Chancen et kënnen ze ginn. Wann d'Madame Merkel dat net mengt, dann huet e keng grouss Chancen. D'Madame Merkel mécht do an deem Europäeschen, bei de Chrëschtdemokraten ee grousse Poids. Ech weess, datt den Här Barnier net onintresséiert ass, ech weess datt den Här Tusk net onintresséiert wier, ech weess, datt d'Madame Reding net äntwert ob si intresséiert ass oder net. Ech weess, datt si och lo just viru Chrëschtdag gesot huet, datt si Spëtzekandidat wär vun der CSV. Wéi gesot, ech kann Iech just soen, datt wann den Här Juncker gefrot gëtt fir President vun der Kommissioun oder vum Conseil ze ginn, dës Regierung net am Wee steet an au contraire ënnerstëtzt. Ech wëll awer just soen, ech akzeptéieren net, datt et sou ausgesäit wéi wa mir frou wieren fir dem Här Juncker esou eng Porte de secours ze ginn oder au contraire op den Tapis roulant ze setze fir e lass ze ginn. 

Caroline Mart: Nee mä Kloertext ass ob den Här Juncker déi nächst 5 Joer dann lo hei Oppositiounschef ass oder an Europa geet, hänkt also an der Haaptsaach vun der Madame Merkel of? 

Xavier Bettel: En gros. 

Caroline Mart: Europa ass dat Eent [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: An d'Resultat awer vun den Europawahlen. 

Caroline Mart: Kloer. Europa ass dat Eent, Lëtzebuerg dat Anert. Och do si wichteg Décisiounen. No Ärer Regierungserklärung hu sech vill Kritiker ugehéiert wéi Dir fréier. 

Xavier Bettel (O-Toun): Et ass nach ganz vill ze maachen, wéi gesot ganz vill Ziler, wéineg Weeër wéi dohinner an da musse mir lo eens gi fir probéieren ze verstoe wat en domatter gemengt huet.  

Caroline Mart: Tjo dat gëtt Iech och virgeheit, dee Flou, datt een een Zil upeilt, datt een awer nach net weess wouhinner. Ass dat dat éiwegt Spill tëscht Majoritéit an Oppositioun? Oder huet et och domatter ze dinn, datt et a Krisenzäiten einfach vill méi schwéier ass konkret ze ginn, well et da forcément och onpopulär gëtt? 

Xavier Bettel: Also fir d'éischt den éischte Punkt ass, Oppositioun a Majoritéit ass déi üblech Regel, et ass rar datt eng Oppositiounspartei d'Majoritéitspartei lueft fir eng Erklärung oder fir ee Budget. Dat ass esou an der Politik. Mä wéi gesot wa konstruktiv oder positiv Kritiken do sinn, da soll een dat och maachen. An ech muss och soen, datt den Här Juncker och an der Regierungserklärung, och wann hie seet dat wiere seng Iddien gewiescht, déi gutt fannen. Fir mech ass et einfach wichteg, datt een, mir hunn eis Ziler gesat, do si verschidde Saachen an dat ass dat wat ech och, ech hunn dee Reproche gemaach kritt, wou mir gesot kritt hunn, ma da sot eis ganz genau wéivill dat gëtt. Dat kann een haut net. Mir hunn zu Lëtzebuerg net d'Instrumenter fir kënnen auszerechne wat eng Mesure mat sech bréngt a vu Konsequenze mat sech huet. Dir hutt verschidde Saache wou een d'Steierschrauf dann opdréint. Da kritt ee vläicht Suen eran, mä et weess een net wat dat vu Repercussioune kann hunn. Mir haten och eng Diskussioun jo iwwert d'Kannergeld, wou mir jo gesot hunn, dat misst ee vläicht rechnen, wéi wat wou, dunn ass direkt scho gesot ginn, d'Kannergeld gëtt erofgesat. Mir wëllen lo mol ganz genau ausrechne wat den Impakt ass. Et wor eng Persoun déi zum Beispill gesot huet et muss een d'Kannergeld besteieren. Mä dann trefft ee just déi Leit, déi Kannergeld kréien. Ass dat dat wat ee wëllt? Ech muss Iech soen, perséinlech nee. Do muss a soll een all déi Saachen ausrechnen an dat kann een net an 3 Woche maachen. 

Caroline Mart: De Jean-Claude Juncker sot och, datt ganz vill vun deem wat Dir sot leschten Enns geknäipt ass, dat heescht vun der CSV geknäipt an déi éischt Décisioun ass och scho kommentéiert ginn, datt dat voll an der Continuitéit ass, ob dat elo Cargolux ass, ob dat Finanzplaz ass, genau déiselwecht Linn. Ass dat elo einfach Realpolitik? 

Xavier Bettel: Also et sinn e puer Saachen: déi éischt Saach ass, datt geknäipt ginn ass vum CSV Programm, d'CSV ass ëmmer déi lescht Partei déi hire Programm unhëlt an ech weess, datt si op hirem Kongress eise Programm zum Beispill haten, wou si dann déi eng oder aner Saach och kommentéiert hunn. Ech wëll elo net polemesch ginn an deem engen oder deem anere virwäerfe wéi e säi Programm och schreift. Nee tatsächlech et gi verschidde Rezepter déi een och gemeinsam huet. Et ass jo, et si Parteien déi hu jo aner Saachen an déi eng oder déi aner Richtung ginn, dat muss een och akzeptéieren [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Mä grad am Dossier wou Dir schaarf kritiséiert hutt virdrun. 

Xavier Bettel: D'Cargolux hu mir, d'Cargolux den Deal dee mir hu mat de Chineese war, war just eng Saach vun Transparenz. Mir hunn net den Deal schaarf kritiséiert, souguer als Oppositioun. Wat virdru war, wou een Informatiounen net kritt huet, den Här Bausch huet et jo fäerdegbruecht, datt souguer d'Gewerkschaften manner kritesch ware vis-à-vis vun deem Deal wéi et virdru war. D'Bankeplaz, jo do si mir an der Continuitéit. Mir hunn do och schonn deemools wéi mir Problemer haten, wéi déi Kris hei war, do hu mir gehollef als Oppositioun och déi Mesuren ze huelen, fir datt verschidde Banken nach haut kënnen do sinn, soss wieren déi Banken zougemaach ginn. Dat ass eng Politik mengen ech wou ech och weess, datt ech déi nächst Jore kann op eng CSV zielen, wann et wichteg ass, well mir do wierklech alleguerte an eng Richtung och wëlle goen. 

Caroline Mart: Mä Dir sidd jo awer ugetruede fir ze soe mir maache bestëmmte Saachen aneschters, mir wëllen awer ee gewësse System sprengen an och wann eng Partei sou laang un der Muecht ass, da kommen do bestëmmte Mechanismen déi net ëmmer gesond sinn, et ass vum CSV-Staat Rieds gaangen. D'Bierger ginn Iech ee Vertrauensvirschoss, am Moment ass d'Confiance ganz grouss an déi nei Regierung, mä dat Vertraue kann och séier verluer goen, ënnert anerem wann een d'Gefill huet de System ass leschten Enns awer deeselwechten, zum Beispill wann et ëm d'Posteverdeelung geet a jee nodeem no wéi enge Critèren Poste verdeelt ginn. Vill kritiséiert gouf zum Beispill d'Nominatioun, an dat ass jo vun der Regierung ausgaangen, vum Lucien Lux an de Staatsrot. 

Xavier Bettel: Also ech, de Lucien Lux huet Mesurë geholl déi net grad populär sinn. Datt de Lucien Lux dofir de Buhmann muss sinn vun der Natioun ass net akzeptabel. De Lucien Lux huet a senge Kompetenzen eng gewëssen Experienz an ass och een deen net ze ënnerschätzen ass a soziale Froen. En huet dat och nees eng Kéier bewise bei de Koalitiounsverhandlungen. 

Caroline Mart: Bei de Wahlen ass e just elo wierklech ofgewielt ginn. 

Xavier Bettel: Jo en ass ofgewielt ginn, well en och vläicht dann eben net dee populärste Politiker war. Dat wat elo ass, wësst Dir, Dir schwätzt vum CSV Staat, ech sinn an de Ministère erakomm, ech hunn eng Rëtsch vu Leit déi wore mat der CSV mat an d'Wahlen, ob dat op lokalem Niveau ass, ob dat op engem aneren Niveau ass. Ech hu keen erausgehäit, ech hu keen Service petite cuillère Villeroy et Boch kreéiert, neen. Déi Leit sinn nach do an ech kucke fir mat deene Leit och eens ze ginn. Ech hunn hinne just gesot, ech vertrauen Iech a respektéiert dat och, enttäuscht mech net. Mä ech wëll net, wann een elo mengt CSV- Staat ass einfach fir elo eng Hexejuegd ze maachen, all déi Leit déi eng Parteikaart hu wëllen eraus ze eekelen, dat ass net de Fall. 

Bei de Plazen, bei de Posten, ass dat do gewiescht. Déi do war fräi. Mir kënnen awer och net elo während Méint laang waarden fir eng Prozedur ze maachen, ech weess datt et un der Regierung war een ze nennen an do ass d’Kandidatur vum Lucien Lux abordéiert ginn. An et soll een awer och ni vergiessen, wësst Dir, et kann och eng Situatioun entstoen beim Lucien Lux, wou et, wou ech frou sinn, datt seng Partei him och do déi do Méiglechkeet ginn huet an d’Regierung dat och mat ënnerstétzt huet. 

Caroline Mart: Bon, komm mir Kucke mol d’Suen, d’Spueren. Dat ass jo dat allerwichtegst. Dir sot, mir wëlle manner mat méi maachen, d’geet jo och kaum anescht. Well et ass manner do, Also méi mat manner maachen – schéine Lapsus. Wat ass d’Zäitschinn? D’Zäitschinn ass jo enorm wichteg. Dir sot elo, mir musse fir d’éischt emol rechnen, dat hutt Dir jo grad nach eng kéier erkläert, well alles jo och Konsequenzen huet, déi ee vläicht am  Virfeld net weess. Dat ass jo och eng gutt Approche fir ze soen, mir rechnen fir d’éischt alles duerch, iert mir eis iergend een Zil setzen, iert mir an d’Ëffentlechkeet ginn. Dee Screening, dat Rechnen, dat kann 1 Joer 1,5 Joer daueren. Mir gi vu 5 Joer Legislatioun [sic!] aus. Dat lescht Joer kënne mir och schonn kierzen. Well am Wahlkampf d’lescht Joer ass jo schonn quasi Wahlkampf agelaut. Do ginn och seelen nach relativ onpopulär Moossnahmen oder richteg Moossnahme geholl. Dat heescht, déi Zäitschinn ass immens enk. Mir schwätzen vun 2,5    3 Joer wou effektiv Politik gemaacht gëtt. Dat ass net laang fir dat wat Dir Iech als Zil gesat hutt, well d’Lat no der Déclaratioun, déi läit jo awer enorm héich. 

Xavier Bettel: Firwat sot Dir datt een dat lescht Joer keng Politik méi dierf maachen? 

Caroline Mart: Aus Erfahrung datt et seelen ass, datt eng Regierung higeet an nach ganz [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Ech hunn Iech jo gesot [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Jo da kucke mir, da kucke mir gär. 

Xavier Bettel: Mir hu bis den Dag, mir hunn den Dag bis virun de Wahlen d’Méiglechkeet déi Politik ze maachen, déi mir richteg fannen. 

Caroline Mart: OK. Awer d’Zäitschinn. Et bleift trotzdem de Spillraum, egal wéi, seguer wa mir dat lescht Joer elo raus huelen. Déi 1,5 Joer, also et si keng 5 Joer. 

Xavier Bettel: Do si mir eis eens. Mir wësse jo datt mir 2015 e Problem kréien mat 1,5 Milliard, déi eis feelen. Dat heescht mir mussen elo 2014 eis déi Moyenen ginn fir 2014 dat alles auszerechnen, datt een am Budget 2015 schonn dat do kann mat eran huelen. Dat heescht, mir ginn eis elo e gutt Joer fir dat do alles kënnen ze maachen, mee wéi gesot, elo déi nächst 2   3 Méint sinn wierklech och do fir zesummen déi Konten och ze kucken, e Screening schonn liicht unzefänke, mee mir kënnen net alles duerchféieren, dat wier net méiglech. 

Caroline Mart: Mee kënnt Dir eis e puer konkret Piste soen? Dir hutt jo ganz oft schonn de Verglach gemaacht. Dir hutt den Exercice gemaacht an der Stad Lëtzebuerg. Elo kann een natierlech net eng Haaptstad vergläiche mat engem ganze Land, mee trotzdem. Déi 10 Prozent Funktionementskäschten, déi een erof kritt. Wou gesitt Dir d’Pisten? Gitt eis konkret, einfach nëmmen esou 3 4 5 Ideeën. 

Xavier Bettel: Ech hunn Iech, ech hat Iech schonn d’lescht kéier gesot, an der Sendung, datt mir dat zum Beispill hunn mam Bausparvertrag, dat ass e konkrete Fall [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Just Stéchwierder. 

Xavier Bettel: ...dat ass e Fall. Et sinn, déi ganz Subsiden muss een eng kéier kucken, am Logement, ob déi richteg gebraucht ginn. Et soll een eng Selektivitéit an de Subside maachen. Et soll een eng kéier bei de Mammerente kucken, ob déi kumulativ mat enger Witwerent net iwwer e gewësse Seuil ginn, ob een do, et muss een alles, mee gleeft mir et nach eng kéier, wann ech Iech elo géif ganz genau soen, hunn ech, géif ech mech selwer beléien. Well ech der Meenung sinn, datt een net soll pauschal soen, elo hu mir esou vill Sue gespuert, wa mir dat do maachen. Well mir pertinemment net wëssen wat d’Repercussioun ka sinn. Ech hunn Iech virdrun d’Beispill ginn, och vun der Besteierung vum Kannergeld. Et ass eng Idee do gewiescht fir d’Besteierung vum Kannergeld. Wa mir d’Kannergeld besteieren, treffe mir just déi Leit, déi d’Kannergeld kréien an déi et jo am Fong brauchen. Ass dat richteg oder net richteg? Dat si wierklech, dowéinst huelt mir et net béiss, wann ech elo net an den Detail ginn. Mee mir solle wierklech all déi Mesuren à tête reposée ausrechne loossen, mat deenen Instrumenter déi mir mol net hunn, am Moment. Am Moment hu mir mol net déi Outilen fir kënnen dat do sérieux ze maachen. 

Caroline Mart: Wa mir bei Staat sinn ass et nëmmen e Sprong bei d’Staatsbeamten. Dir halt Iech un dat wat ausgehandelt gouf, sot Dir. Mee Dir hutt awer och an engem Interview scho gesot, mir mussen awer elo just kucken, 2015, wann dat elo wierklech e schrecklecht Joer gëtt, da musse mir kucken. Wat heescht dat, da musse mir kucken? 

Xavier Bettel: Also, mir sinn der Meenung gewiescht, an Dir hutt  dat jo och am Koalitiounsaccord dra stoen, datt den, déi Hausse, déi 2015 virgesinn ass, deemno, wann et net ze finanzéieren ass, da muss et postponed ginn, da gëtt et eben méi spéit gemaacht. Dat eenzegt wat och ass, et ass jo eng kéier eng Reform vum Statut, an eng kéier eng Gehälterreform. A fir eis sinn déi 2 net dissociabel. Dir hutt verschidde Leit, déi gesot hunn, hei elo gitt Dir emol d’Suen an dono kuckt Dir mam Statut. Dat kënnt net a Fro. Dat heescht de Statut muss gemaacht ginn a wann  de Statut gemaacht gëtt kann och d’Gehälterreform gemaacht ginn. Et ka net sinn, datt déi 2 Saache getrennt ginn. Well ech weess pertinemment, wa mir déi 2 trennen, da kréie mir doudsécher dat eent net méi dono och duerch. 

Dat wat och ass, mir hunn och gesot datt de Punktwäert déi nächst 5 Joer net wäert änneren. Dat sinn all déi Detailer, déi mir elo fäerdeg, wou mir eis eens gi sinn. Mee wéi gesot, de Koalitiounsaccord ass kee Parteiprogramm. Eise Parteiprogramm hat nach eppes anescht virgesinn. 

Caroline Mart: Wou spueren ass déi grouss Fro. Déi hat d’DP de Bierger gestalt. Do war eng Campagne lancéiert ginn. An mir lauschtere mol: 

Xavier Bettel (O-Toun 2010 am Interview mam Frank Goetz; et d’goung ëm den Index): Mir si net hermetesch wann d’Diskussiounen dozou kommen, wéi, wann e misst moduléiert ginn, wéi, wat a wou. Mee firwat frot Dir eis elo mat 9 Sëtz, datt mir soen, datt d’Leit reagéieren? 

Frank Goetz (O-Toun): Well Dir elo hei sëtzt an natierlech [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel (O-Toun): Dat ass awer einfach. Firwat frot Dir déi aner net? 

Frank Goetz (O-Toun): Wa se hei sëtze froe mir se och. 

Xavier Bettel (O-Toun): Mir soen hei mat 9 Sëtz, mir hu 9 Sëtz kritt an de Wahlen, Här Goetz. D’CSV huet der 26. Wann ech et nach 10 mol muss soen. Solle mir dat Land regéieren? Da loosst eis direkt de Ministère, da kënne mir iech muer eng Tripartite féieren an da soe mir wat d’Léisunge sinn, déi d’DP gären hätt. 

Frank Goetz (O-Toun): Dir kënnt jo Ideeën ginn, dofir sidd Dir jo och hei. 

Xavier Bettel (O-Toun): Ma selbstverständlech. 

Caroline Mart: Deemools goung nach Rieds iwwer de moduléierten Index. Dat ass een Thema. Mee elo, sidd dir net méi zu 9, dir sidd zu 13. An zu 3 sidd dir zu 32. Dat heescht, elo sidd dir an der Verantwortung. Dat éischt wat emol kloer ass, et kënnt eng Steierhausse op eis duer. TVA. Do huet et awer och e bëssen gedauert, et huet gedauert bis d’Somme kloer war, also et ass gesot ginn, mir bleiwen déi niddregst. Elo ass awer emol de Chiffer vu 15 op 17, dat schéngt jo acquis ze sinn. 

Xavier Bettel: Also et ass dat wou mir am Moment ausrechnen [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Oder upeilt. 

Xavier Bettel: loossen wat dat [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: wat dat bedeit. Dann [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Déi nidderegst, de Super taux réduit soll och bleiwen. 

Caroline Mart: Jo, et ass jo net déi sozialste Steier. Déi Gréng zum Beispill hate sech jo och vehement an der Wahlcampagne dogéint gewiert fir ze soen, dat do dat trëfft déi Kleng méi staark. Do hat dir keng Bedenken? Oder kann ee sech keng Bedenke leeschten? 

Xavier Bettel: Et soll een da kucken. Ech soen Iech et nach eng kéier, wann d’TVA ass, mir hunn déi niddregst an Europa. Wann een déi héicht. Ech kréien zum Beispill da verschidde Leit déi mir soen, jo, si ass méi niddreg wéi déi aner, mee mir sinn awer nach méi deier wéi déi aner. Bon, mir hunn e Coût, dat muss een och alles arechnen. Mee Dir wëss, datt et zum Beispill och eng Allocation à la vie chère gëtt, oder esou Saachen. Da muss ee kucken wéi een deene Schwächsten an der Gesellschaft awer entgéintkommen fir [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: dat offierderen. 

Xavier Bettel: dat ofzefierderen. 

Caroline Mart: A firwat scho méi fréi? Well fir d’éischt , bah, 2015 fält den elektroneschen Handel also d’Recette dovun jo ewech. Dann haten d’Leit sech drop agestallt, bon, da kënnt dann och d’TVA-Hausse 2015. Elo sot Dir, eventuell schonn dëst Joer, schonn 2014. 

Xavier Bettel: Et ass méiglech datt, et gëtt jo net direkt vun haut op muer gemaacht. Et ass jo och eng Phase transitoire. D’Maschinne mussen ëmprogramméiert ginn. Dat Ganzt muss och, point de vue Comptabilitéit muss gemaacht ginn. Dat heescht, et ass méiglech datt et virun der grousser Vakanz gemaacht gëtt fir datt et schonn September oder Oktober antrëtt. Mee wéi gesot, ech waarden elo am Januar, Februar, Mäerz wäerte mir dat do alles rechnen, a bei der Présentatioun vum Budget wäert dat dann och presentéiert ginn. 

Caroline Mart: Jo, Dir hat deemools an der Oppositioun hat Dir gesot, d’Leit si bereet ze spueren. Da wäert Dir jo elo gesinn ob d’Leit effektiv esou bereet sinn ze spueren. Mee et ass jo eng grondsätzlech Debatt, wou een et mécht. Keen soll [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Et ass net nëmme spueren Madame Mart. Et ass net nëmme spueren. Dat wat ass, d’Leit sinn sech bewosst, datt mir net méi esou kënne weider liewe wéi mir am Moment liewen. Mir hunn 1,5 Millard Euro Defizit. Mir kënne maachen wéi wa nach näischt geschitt wier. Mir kënnen d’Strausspolitik maachen. Kapp an de Buedem. An da kucke mir, wéini et weider geet. An da kucke mir, an e puer Joer, wa mir guer näischt méi hunn, wa mir de Sozialstaat net méi kënne bezuelen, wa mir keng Schoul méi kënne bauen, wa mir keng Strooss méi kënne bauen. Dann hu mir e Problem. An ech sinn der Meenung, et soll een de Leit erkläre wou Problemer sinn. Et soll ee beim Staat elo mol fir d’éischt ufänken, et soll een elo, am Plaz de Leit ze soen, mir spueren, musse bei eis spueren, an da muss ee Mix gemaacht ginn, an deem mir nei Betrieber op Lëtzebuerg kréien fir datt nei Suen era kommen a wéi gesot, aner, eng aner selektiv Politik maachen am Plaz mat der Stränz [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: A jee nodeem wéi et geet, jo awer dann och nach aner Steierhaussen. Et kënnt jo souwisou eng Steierreform. An aner Steierhaussen si jo awer absolut realistesch an deenen nächste 5 Joer. 

Xavier Bettel: Loosst, Dir probéiert, mee wéi gesot, ech soen Iech nach eng kéier, loosst eis elo déi nächst [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Dir schléisst jo awer och net aus. Dir [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Mir schléissen näischt aus, ee et ass dat lescht Zil. Dat ass dat Lescht wat mir wëlle maachen. Mir wëllen net direkt schonn domat ufänken. Dir hutt verschidde Leit, déi hätten am Léifsten et géif een elo bei der Steierschrauf de Krunn opdréinen, well ee weess, datt dann d’Suen, well do rechent een einfach. Mee et soll een och kucken, wat geschitt wann een eng Steier erhéijt. 

Caroline Mart: D’Oppositioun huet och schonn zu de Finanzen sech geäussert. 

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Dir musst eis net erklären firwat datt Dir net Finanzminister gi sidd.  

Etienne Schneider (O-Toun) Dat ass richteg. 

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Et géif mir schonn duergoen, wann Dir eis géift soen, ob Dir et hätt wëlle ginn. 

Etienne Schneider (O-Toun): Dat war, dat war, Här Juncker, dat war definitiv, definitiv eng Optioun. Dir wëllt jo hei, Dir wëllt jo hei elo maache wéi wa keen dee Finanzministère gewollt hätt. Et ass iwwerhaapt net de Sujet. Dat war iwwerhaapt ni de Punkt. Iwwerhaapt net, jiddwerfall [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel (O-Toun): Loosst Iech net vum Här Juncker provozéieren. 

Etienne Schneider (O-Toun): Oh Mamm neen, do muss nach méi kommen. 

Caroline Mart: Et gëtt nach méi lëschteg, ne? Stell Dir Iech op e bësse méi ee rauen Toun, e bësse méi vill méi Schlagabtausch an? 

Xavier Bettel: On verra. Also, ech si lo net deen dee sech freet wann een Buttek huet. Ech mengen, an dësen Zäiten wier et wichteg wa mir zesummen hale géifen. 

Caroline Mart: Mee datt Iech näischt geschenkt wäert ginn, dorop stellt Dir Iech an? 

Xavier Bettel: Jo, dat ass ee sech bewosst. Mee wéi gesot,  ech mengen et ass méi wichteg wéi jee an dësem Land, datt een d’Leit zesummen hält an net d’Leit probéiert ze trennen. 

Caroline Mart: Iwwer d’Persoun vum Här Gramegna wollt ech elo net schwätzen, mee d’Tatsaach  [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Et ass awer Schued, well et ass wierklech eng exzellent Persoun. 

Caroline Mart: Jo, mee dat hutt Dir schonn esou oft gesot, ech mengen dat ass an Tëschenzäit ukomm. De Profil, Économist a Jurist an [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: An Diplomat. 

Caroline Mart: An Diplomat, voilà. Dat hutt Dir alles schonn oft gesot, mee d’Fro ass, wéi eng Signalwierkung huet dat no baussen? Dir hutt jo seguer erkläert, den Alain Kinsch, de Patron vun Ernst&Young, dee war jo och mat an de Verhandlungen, de Koalitiounsverhandlungen derbäi. Dir hutt seguer erkläert, et hätt hien och kënne sinn. Dat heescht, dat wier dann nach ee komplett vu Bausse gewiescht. Wéi ee Signal ass dat bei de Leit fir ze soen, et ass awer u sech keen vun de Politiker, kee vun de gewielte Politiker, deen dat wichtegt Amt wëll huelen. 

Xavier Bettel: Also, Dir schwätzt vu Baussen. Déi Leit si net vu Bausse, déi Leit si bei eis an der Partei. Ob dat och den Här Kinsch ass, mat deem ech scho Joeren laang an engem Groupe de travail iwwer d’Wirtschaft zesumme schaffen. Wat awer ass, déi Leit sinn net an der éischter Linn. Déi si vläicht et mat an d’Wahle gaangen, si vläicht net déi déi jiddereen kennt. Mee mir hunn eben d’Chance, eng Rëtscht vu Leit ze hunn, déi bereet sinn, bei eis an der Partei aktiv matzeschaffen. An ech fannen et kee schlechte Signal. Och wat een nennt Société civile oder Leit vu Baussen ze huelen. D’muss een, ech hu jo léiwer een, deen gutt, a wou ech mir soen, als Formateur, dat do ass dee richtegen Mann op der richteger Plaz fir deen do Ministère ze féieren, wéi ze soen, elo muss ech d’Wahlresultat kucken, a wien kéint dann do a Fro kommen a wien kéint dat da maachen? Ech mengen, et muss ee kënnen als Formateur [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Dat gëtt awer soss bei der Zesummesetzung vun der Regierung, gëtt dat zum Deel awer gekuckt, do ginn och Bezierker gekuckt, do gëtt no Genderlogik gekuckt. 

Xavier Bettel: Den Här Juncker ass esou an d’Regierung komm. Den Här Werner ass esou an d’Regierung komm. D’Madame Hansen ass esou an d’Regierung komm. An et si jo awer net déi schlechste Leit gewiescht. 

Caroline Mart: Datt den Här Kinsch declinéiert huet, d’Offer, läit wahrscheinlech och dorunner, datt en emfindlech Aboussen gehat hätt an deem wat e verdéngt. Wann een och e bëssen esou d’Zesummesetzung an der Chamber kuckt, et sinn nach relativ vill Juristen, et si ganz wéineg Leit déi vun der Finanzplaz kommen, ganz wéineg Experten. Wann een awer elo kuckt wouvun mir elo liewen, dann ass et kloer datt et wichteg ass, awer och grad do eng Expertise ze hunn. Ass dat ee vun de Problemer, datt déi Leit einfach keen Interesse hunn, sech an der Politik z’engagéieren? Vu de Gehälterdécalage? 

Xavier Bettel: Si sinn interesséiert, mee vläicht net fir an der éischter Linn ze bleiwen. An déi Leit sinn, ech soen Iech et nach eng kéier, mir hunn eng Rëtsch vu Leit bei eis an der Partei, déi aktiv matschaffen a verschidde Gremien, mee déi dann net déi sinn, déi haut virun Iech stinn, et si net déi, déi och op eng Table ronde ginn, mee déi awer konstruktiv matschaffen. A wéi gesot, et ass awer just traureg, wéi ob der aner Säit och. Dir schwätzt vun deem do. Aarbechter an der Chamber, och keng. Et soll een net nëmmen no uewen kucken, et soll een einfach sech d’Fro sollen, firwat eng ganz Rëtsch vun sozioprofessionellen Kategorien an der Chamber net vertruede sinn. 

Caroline Mart: A wann een dann elo d’Zesummesetzung kuckt, mir hunn elo ganz vill vun Experten geschwat, déi hier Justificatioun hunn, well se einfach hier Expertise mat era bréngen fir de Posten ze féieren. Wann ee kuckt, d’Zesummesetzung vun der Regierung, do sinn awer eng ganz Partie Leit, déi elo wierklech net behaapte kënnen, si wieren Experten an deem an deem Fach. Vläicht politesch scho geschoult, aner mol net esou onbedéngt. Wat braucht et am Fong, fir e gudde Minister ze sinn? Dir waart jo Formateur, dat heescht, Dir hutt d’Équipe zesumme gestalt, quitte datt all Partei fir sech jo décidéiere kann. Wat sinn déi Critère wou Dir sot, dat do mécht de Politiker aus? Wann et net just d’Fachwëssen ass. 

Xavier Bettel: Also ech muss Iech  soen, ech ka fir meng Partei schwätzen, ech ka net fir déi aner schwätzen. Déi aner hu jo hier Critèren, firwat se deem engen oder deem aneren déi Verantwortung da ginn hunn. Ech sinn der Meenung gewiescht, datt déi Leit, déi op deene Posten sinn wou se elo sinn, déi sinn, déi mat där Energie a mat der Loscht, déi een och huet. Ech hunn d’Motivatioun, wësst Dir, ech sinn och net, ech si Ministre des Cultes an ech si Ministre des Médias et de la Communication, ech hunn dat ni studéiert – dach, also Kierchenrecht hunn ech a Griicheland e bësse studéiert – mee soss sinn ech awer och net. Ech mengen datt wann ee motivéiert ass, an eng Matière kann sech aschaffen, dat ass dat selwecht wéi als Buergermeeschter, da mécht een et och schonn, ech wëll et soe gutt, mee da mécht een et op jidder Fall scho besser wéi wann een sech net fir eng Matière interesséiert. An ech muss Iech éierlech soen, datt ech déi Leit, do wou se sinn, ech weess datt verschidde Leit e bëssen iwwerrascht waren datt dann d’Maggy Nagel op d’Kultur kënnt, da si Leit, déi iwwerrascht sinn, datt vläicht d’Corinne Cahen an d’Famill kënnt oder et si Leit déi iwwerrascht waren, datt de Claude Meisch net d’Finanzen hat, wéi gesot, dat do ass de Choix, deen ech gemaach hunn mat deene Leit wou ech iwwerzeecht sinn, datt dat déi richteg Leit op där Plaz och ass. 

Caroline Mart: Kee Minister ass esou haart kritiséiert ginn, notamment vun deenen 3 Parteien, deenen Dir elo virstitt, wéi de Finanzminister. Elo gëtt offensichtlech awer staark an der Kontinuitéit vun deem geschafft wat hien gemaacht huet. Wat hien grad esou dierft freeën wéi d’Tatsaach datt Lëtzebuerg säin Tripple A Rating behale konnt. 

Luc Frieden (O-Toun): Ech ka nëmmen wënschen, datt déi nei Regierung dat och behält. An datt de Staatsminister sech ka widdersetzen deenen, déi wëllen Steieraugmentatiounen maachen oder déi, déi wëllen op eng reng national Aart a Weis d’Problemer léisen. Mir mussen opbleiwen fir auslännesch Investisseuren. Mir mussen wirtschaftlech Rahmebedingungen hunn, fir datt auslännescht Kapital op Lëtzebuerg kënnt. Dat brauche mir op der Finanzplaz, an dofir hoffen ech och, datt se och op deem wee weiderfueren, fir déi international auszebreeden. An do dierfen et keng Tensiounen an der Koalitioun ginn, déi tëscht deenen déi méi wirtschaftsfrëndlech sinn an deenen déi, wéi mir dat an der Vergaangenheet heiansdo gespuert hunn, wollten einfach aus ideologeschen Grënn d’Steieren héijen. 

Caroline Mart: Do ass de Message awer ganz kloer: huelt Iech an uecht virun de Sozialisten. 

Xavier Bettel: Et huet een d’Gefill, wéi wann den Här Frieden op jidder Fall déi Politik, déi hien pronéiert huet, net hätt kënnen duerchsetzen. Mee ech weess net ob et “attention aux socialistes” oder “attention à l’ancien Premier ministre”. Well deen huet, ech weess net wien e blockéiert huet. 

Caroline Mart: Selwer hutt Dir awer vrun net all zevill laanger Zäit eng kritesch Siicht och vun der LSAP gehat: 

Xavier Bettel (O-Toun 2009): Et sinn d’Sozialisten déi gären hätten, datt mir Steieren hunn. Datt mir méi héich Steiere kréien. Datt mir am Sozialstaat nëmme näischt sollen drun réckele goen. Datt mir vläicht seguer eng Ierfschaftssteier huet jo den OGBL gesot, sollen aféieren, etc., etc. An op där aner Säit d’CSV, déi seet, mir mussen keng Steiererhéijung maachen, well soss si mir net attraktiv. Wou solle mir higoen? Wien weess wou mir higinn? Ech weess net wéi laang dës Koalitioun hält. Wann se op jidder Fall dee Message dee se ginn hunn an de Budgetsdebatten, dat war wierklech, hei, wien huet de Monopol vum Häerz? Dat war déi grouss Fro. Ass dat d’CSV oder déi Rout? Ech hätt gären och e gewëssen Monopol vum Gehier. Ech wier och frou wa se net nëmmen géife froen, wien en Häerz lénks oder riets huet mee och wien Gehier huet, fir Léisungen ze fannen. 

Caroline Mart: D’Gehier, dat musst Dir elo beweisen, mee d’Iwwerraschung dass Dir mat der LSAP, fäert Dir net, fäert Dir se och dofir net, well u sech de Vizepremier a Wirtschaftsminister jo een zimlech liberale Profil huet. A wann een esou kuckt, déi berühmte Querschläger vun der LSAP,  deen een, deen ass elo mat am Boot, den Dan Kersch, d’Vera Spautz ass wahrscheinlech relativ ausgelaascht zu Esch, oder kënnt do vun der Basis awer Neies erop? Well déi Themen Räichesteier, Verméigenssteier stounge jo am Wahlprogramm, si sinn zwar séier fale gelooss ginn, mee et huet vläicht et jiddereen se vergiess an der LSAP. 

Xavier Bettel: Jo mee se sinn jo awer net am Koalitiounsaccord. De Koalitiounsaccord ass awer, an et ass fir d’éischt, wou bei der LSAP keen dogéint gestëmmt huet. Dat heescht, d’Leit sinn awer averstan mat deem Koalitiounsaccord. An ech hunn et och scho virdru gesot, e Koalitiounsaccord ass keen Parteiprogramm. Ech hunn och eis verschidde Punkte sinn net an engem Koalitiounsaccord sou wéi mir se virun de Wahlen proposéiert hunn, dat ass eben esou an enger Koalitioun. Wou jiddereen e bësse Waasser a säin Wäin muss schëdden. 

Caroline Mart: Mir ass esou vill ass vun Ideologie Rieds gaangen. Wéi géing Dir dann iwwerhaapt Liberalismus, liberal sinn, 2014 definéieren? 

Xavier Bettel: Also, ech kann et net méi héieren, wa verschidde Leit mengen, datt Liberalismus heescht, dat ass just d’Politik fir déi Déck, dat ass falsch. Liberalismus ass eng Politik fir déi Leit, déi bereet sinn eng Verantwortung z’iwwerhuelen. Egal ob wéi engem Niveau. Een deen sozial schwaach ass, muss Loscht hunn aus senger Précaritéit eraus ze kommen,. E soll net als eenzeg Zil hunn, an där précairer Situatioun wëllen ze bleiwen. Een deen, deen méi investéiert wéi een aneren, méi schafft wéi een aneren, muss och kënnen méi profitéieren vis-à-vis vun deem, deen dat huet. Ech sinn och een, an ech weess datt dat net jidderengem gefält, ech sinn der Meenung datt alles ëffentlech Schoule sollte sinn, well d’Schoul déi Plaz ass wou jidderengem déi Potentialer gëtt, déi een dann och ka fräi setzen fir déi richteg Formatioun a Professioun dann och kënne ze kréien. Mee fir mech ass dat Liberalismus, an dat ass bei Gesellschaftsfroen, de Mënsch, deen ass deen Entscheedungen hëlt, an net de Staat deen décidéiert. 

Caroline Mart: Do komme mir nach drop. Mee Dir hutt mat der éischter Äntwert, hutt Dir mir d’Stéchwuert geliwwert. Well Dir hutt am selwegten Interview hutt Dir och iwwer den RMG geschwat. 

Xavier Bettel (O-Toun): Wann ech e jonke Kärel hunn vu 17 Joer, wann ech dee froen, wat wëllste dann herno maachen?, an e seet mir, ech hätt gäre den RMG wéi mäi Papp, dat deet mech baschten. Dat deet mech baschten. Wou sinn deem seng Perspektiven? Wou ass deem seng Loscht a seng Motivatioun? Ass dat dat Lëtzebuerg, wat mir wëllen? Ech net. 

Caroline Mart: Mee wat maacht Dir? Motivatioun kann een net kafen, wann een se vu sech aus net huet, wat maacht Dir? Maacht Dir Drock, maacht Dir Kontrollen, kierzt Dir d’Leeschtung? 

Xavier Bettel: Den RMG soll ganz, also am Ament huet een de SNAS an d’ADEM. Fir mech mussen déi zwee méi no mateneen schaffen. Een deen am RMG ass soll Perspektiven hunn, eng Aarbecht ze kréien, eng Aarbecht, e soll wëssen datt e, wann e Moies opsteet, eppes kann och fäerdeg bréngen. Ech wëll net datt den RMG eng Fatalitéit ass. Ech kann et net méi héieren zu Lëtzebuerg, datt verschidde Leit soen, den RMG ass eng Fatalitéit. Mir hu verschidde Leit, déi hunn e gewëssen Alter. Mir hu verschidde Leit déi hunn, physesch kënnen se net méi. Deene leit muss een hëllefen. Mee een dee mir seet, an dee ausrechent, Madame Mart, an et si verschidde Leit, déi rechnen aus, ob et sech rentéiert nach hei zu Lëtzebuerg schaffen ze goen, am Verglach vun der Pai, am Verglach wat se kënne soss kréien, wa se net schaffen, do ass e Problem. An dat hu mir jo och am Koalitiounsaccord. Mir si seguer attackéiert ginn vum Här Juncker op deem do Punkt, well mir der Meenung sinn, datt een dat soll analyséieren. Dann déi Effets pervers, et si verschidde Leit, déi hunn eng Wunneng, eng sozial Wunneng, a wann d’Kand da gäre schaffen geet an d’Kand doheem wunnt, an datt dat dobäi gerechent gëtt, an de Loyer gehéicht gëtt datt se net méi kënne bleiwen, et si verschidde Leit déi dann de Kanner soen, elo geess du net schaffen. Dat mécht mech krank. Ech hunn et deemools gesot, an et mécht mech ëmmer nach krank. 

Caroline Mart: Eng ganz grouss Diskussioun, dat ass jo, Däitschland gëtt ëmmer als Beispill genannt, firwat et esou vir ass an senger Wirtschaftsleeschtung. An dat ass net zulescht jo drop zréck ze féieren op déi berühmten Agenda, ëmstridden Agenda vum Gerhard Schröder a säin Fördern und Fordern. Wou hien och higaangen ass an als Sozialist Sozialleeschtungen zimlech drastesch gekierzt huet. Wéi wäit, wann Dir sot, mir maachen e Screening, mir kucken, et ass jo elo einfach ze soen, et soll keen ënnen drënner falen a mir hëllefe jidderengem, mee wéi wäit wier Dir bereet och dat Fordern, eventuell bestëmmten Sozialleeschtungen ze kierzen wa sech Saachen erausstellen als Abus. Wéi wäit wëll Dir do goen? 

Xavier Bettel: Ma wéi gesot, do wëlle mir mol an eng Richtung goen, fir datt een fordert, eng Realitéit gëtt. An et ass, ech hunn et jo scho virdun gesot, datt d’Leit net de Reflex hunn fir ze soen, rentéiert et sech nach. Wësst Dir, wann een alleng sech schonn d’Fro stellt, ass eppes Perverses am System. Alleng d’Fro sech ze stellen, rentéiert et sech ze schaffen? Dat ass net gutt. 

Caroline Mart: De Chômage ass ee vun de ganz grousse Problemer. Dir wëllt en ugoen, zemools och de Jugendchômage. Dir hat an Ärem Parteiprogramm, hat Dir d’Idee ze kucken, datt méi Jonker an Aarbecht kommen, vun engem méi nidderegen Mindestloun fir Jonker. Bon, dat ass net zréckbehale ginn. Dir wëllt awer Flexibiliséieren vum Aarbechstrecht zu engem gewëssen Deel och mat CDD, datt dat awer méi liicht soll sinn. Dat ass eppes wou Äre Virgänger quasi ëmmer gesot huet: nëmmen iwwer meng Läich. Keng Flexibiliséierung. A wou och d’Gewerkschafte wahrscheinlech ganz genee wäerte kucken an en zolitte Widderstand riskéiert ze kommen, wann Dir do d’Dier opmaacht. 

Xavier Bettel: Wéi mengt Dir dat, d’Dier opmaacht? 

Caroline Mart: Fir d’Flexibiliséieren vum Aarbechtsrecht. 

Xavier Bettel: Jo. Mir sinn der Meenung, datt et verschidden Texter ginn, hautdesdaags, déi d’Kreatioun seguer vun Aarbechtsplazen blockéieren. Dat heescht, Mir si schonn der Meenung, datt et verschidde Punkten gëtt, bei der Durée vum temps de travail, bei der Zuel wéi Dir rechent wéivill Aarbecht Dir hutt an enger Woch oder an engem Mount. Beim Crédit-temps, datt et bei den CDD, kumulativ CDDen, datt mir do heiansdo duerch eis Gesetzgebung selwer d’Kreatioun vu verschidden Aarbechtsplazen blockéieren. Dowéinst, et ass net datt mir wëllen d’Dier opmaachen. Et ass einfach, dat ass awer nees typesch! Et dierf een nëmmen näischt änneren. Well wann een e bëssen ännert, da kéint vläicht eppes méi dru kommen. Dës Regierung ass mat ambitiéisen Projeten a mat Visioune komm fir do ze änneren. Mir gesinn datt mir een Chômagetaux hunn, deen héich ass. Do soll een net schonn d’Entrée soen, dat do wëlle mir alles net. A wann Dir elo sot, hei d’Dier opmaachen, wat ass, da mécht een alles zou. Dat ass ëmmer dat wat ech reprochéieren. Dat ass genau dat wat ech Iech virdru gesot hunn. Et wier mat enger Partei hei zu Lëtzebuerg net méiglech verschidde Mesuren ze huelen, well déi einfach kristalliséiert sinn, an einfach soen, alles wat mir déi lescht 100 Joer gemaacht hunn ass richteg an ännert nëmme näischt. 

Caroline Mart: Dir wëllt awer och d’Tripartite rëm beliewen, de berühmtenen lëtzebuerger Modell. De Sozialdialog. Sou einfach wäert dat och net ginn. Den Alvin Sold hat schonn an engem Leitartikel gesot, déi wierklech Oppositioun, déi kënnt vu Säite vun de Gewerkschaften. Och esou eng Drohung. An esou einfach wäert et net sinn mat Gewerkschaften se sëtzen, wann een déi Zesummesetzung weess a wa si och wëssen, wien bei Iech rondrëm de Koalitiounsdësch souz. Dat Bild vu Patronatspartei, dat hänkt Iech jo awer un. 

Xavier Bettel: Also ech hunn eng Equipe do rondrëm deen Koalitiounsdësch gehat, vu Leit, aus der Zivilgesellschaft. Leit déi Kompetenzen haten. Ech hu keen Gewerkschaftler bei mir an der éischter Rei deen de Fanger erausgestreckt huet fir ze soen, hei ech géif gären dobäi sinn, bei de Koalitiounsverhandlungen. Ech kann net fir déi aner zwou Parteie schwätzen. 

Caroline Mart: Wat Dir awer wëllt maachen, dat ass de Sozialdialog, dat ass dat eent, dat anert dat ass den Dialog mat de Bierger. Dir wëllt méi Biergerbedeelegung iwwer de Wee vun Referenden. Dat ass eppes wou Dir sot, 4 Referenden mol, déi Dir an Aussiicht gestalt hutt. Auslännerwahlrecht, Wahlrecht ab 16, Mandatsbeschränkung vun de Ministeren a Finanzement vun de Culten. Ginn déi 4 zesumme gestalt? 

Xavier Bettel: Jo, also, wéi gesot, mir wëllen [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: Well do sinn jo ganz wichteger dobäi an do sinn der dobäi wou ee sech freet, Wahlrecht ab 16, ass dat elo wierklech eng Fro [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Do muss ee sech d’Fro stellen. Dat do, dofir et steet jo, et ass net limitativ. Et ass och méiglech datt do dat eent erausgeholl gëtt an eppes anescht era kënnt. Et soll een awer och net vergiessen, datt eng Rëtsch vun deenen Saachen och an der Verfassung stinn. A fir d’Verfassung ze änneren, brauch een eng zwee Drëttel Majoritéit. A wann déi d’Majoritéit am Moment an der Chamber net huet, ass et un Bierger da vläicht och kënnen ze décidéieren. An Dir hutt och scho virdrun vum Dialog geschwat. Jo, Dialogue social ass ganz wichteg. A wann ech kucken, well Dir hutt virdru vun der Cargolux geschwat. Wéi déi Affär am Dialog mat de Gewerkschaften konnt awer op déi richteg Bunn kommen, sinn ech berouegt. 

Caroline Mart: Vläicht manner berouegt wann Dir drun denkt wéi den Dialog elo an Zukunft, Dir sidd jo Minister vun de Culten, well do spiert een jo awer schonn e gewëssen Widderstand, dee sech reegt bei der Kierch: 

Erny Gillen (O-Toun): Wat d’Fro vun Nationalfeierdag ugeet, si mir och erstaunt, datt dee Fait accompli elo sou no Bausse gedroe gëtt, ouni datt mat all deene Concernéierten geschwat ginn ass. A mir denken op alle Fall, datt et eigenaarteg ass, datt eng Koalitioun, déi net emol op 50% vun de Stëmmen alleguer kann zielen, grouss Majoritéiten vun dësem Land einfach iwwergeet. Dat gëllt notamment och fir de Reliounsunterricht.  

De neie Regierungschef sot, hien wéilt kee Kulturkampf. Eh bien, mir wëllen och keen a mir hunn och keen ugefaangen. 

Caroline Mart: Wëlle keen, klengt awer e bësse wéi eng Krichserkläerung, ne? 

Xavier Bettel: Also, ech muss Iech zwou Saache soen. Déi éischt Saach ass, datt den Här Gillen seet, mir hätte keng Legitimitéit, fannen ech déplacéiert. Fannen ech déplacéiert. An ech mengen, hien soll sech wierklech iwwerleeën, ob 32 Sëtz keng Legitimitéit ass. A fir ufänke Parteipolitik ze maachen ass bestëmmt net dat Richtegt vu Säite vun engem Generalvikar. An da fir ze soen, ech wëll keen Kulturkrich, hien och net, mee hien huet net ugefaangen, wéilt jo heeschen, datt ech scho mat engem Kulturkrich ugefaangen hätt, fannen ech och net richteg. Ech hunn mam Här Gillen Rendezvous elo am Januar. An ech wëll och mat deenen anere Culten zesumme kommen fir datt mir kucken, fir déi verschidde Saachen, déi och am Koalitiounsaccord stinn, ze maachen. Datt da gesot gëtt, de Bistum wier iwwerrascht iwwer den Te Deum. Mir hunn den Te Deum, mir hunn ni gesot, den Te Deum géif ofgeschaaft ginn. An ech kann et scho net méi héieren, wa verschidde Leit soen, den Te Deum géif ofgeschaaft ginn. Mir hu gesot, mir hätte gären eng zivil Zeremonie virum Te Deum. Wat wichteg ass, datt keng reliéis Zeremonie den Haaptakt ass, mee eng zivil Zeremonie. Wou ass do de Problem? 

Dann, ech kréie Petitiounen Heem geschéckt. Ech kréie Mailen Heem geschéckt. Ech wéilt d’Relioun an de Schoule verbidden. Wien huet dat gesot? Keen. Mir hu just gesot, mir hätte gären e Wäerteunterrecht, well am Moment hutt Dir oder d’Morale laïque oder de Reliounsunterricht, a mir kucken aus deenen zwee e Wäerteunterricht ze maachen, deen dann och gehale gëtt. 

Wa niewebäi nach ee seng Kanner wëll an de Reliounsunterricht schécken kann deen dat ganz gäre maachen. Mir sinn och bereet d’Lokalitéiten zur Verfügung ze stellen. An datt dann iwwer d’Finanzement, sinn ech perséinlech, perséinlech soen ech nach eng kéier, der Meenung, datt ee misst iwwerleeën ob eng Kierchesteier, wou dann ugekräizt gëtt, fir wéi ee Culte ee wéivill wëll ginn, net méi richteg wier, wéi datt aus engem gemeinsamen Dëppen einfach fir d’Culten bezuelt ginn. 

Mee wéi gesot, [gëtt ënnerbrach] 

Caroline Mart: An Dir sidd zouversiichtlech datt d’Lëtzebuerger jee nodeem wéi mat op deen do Wee ginn? Grad wat de Finanzement betrëfft. 

Xavier Bettel: Et ass hire Choix. 

Caroline Mart: Et ass op alle Fall e kontroverst Thema. Net manner kontrovers ass awer dat anert Thema vum Referendum, nämlech d’Auslännerwahlrecht: 

Claude Wiseler (O-Toun): Ech warnen awer fir genau iwwer dee Sujet e Referendum ze maachen, well dat allen Populisten, well dat allen Xenophoben eng grouss Dier opmécht, en einfache Sujet um Plateau servéiert. An dat kann hei d’Atmosphär zu Lëtzebuerg richteg vergëften. 

Caroline Mart: Hutt Dir keng Angscht, datt d’Land gespléckt gëtt? Iwwer déi Fro. 

Xavier Bettel: Mir mussen driwwer diskutéiere kënnen. Wa mir net driwwer diskutéieren, gëtt et gespléckt. Ech gesinn an der Stad Lëtzebuerg, bal 70 Prozent net Lëtzebuerger, dat heescht een Drëttel vun der Populatioun huet nach en, mol net en Drëttel vun der Populatioun huet e lëtzebuerger Pass. Zwee Drëttel hunn en net. Et soll een driwwer diskutéieren a kucken wéi een et mécht. Et gëtt op där enger Säit d’Nationalitéitegesetz wou ee muss änneren, an op där aner Säit soll een eng Diskussioun hunn. An dat och an engem Referendum stellen loossen. 

Caroline Mart: Just wéi wëll Dir d’Leit iwwerzeegen? Well wann een jo elo kuckt, da frot Dir d’Leit leschten Enns, datt se deem zoustëmmen, datt hiren eegenen Afloss zréckgeet. Dat heescht, ech ginn eppes op. Dat ginn ech jo nëmmen op, wann ech d’Gefill hunn, datt ech awer iergendwéi ee Gewënn dovun hunn. 

Xavier Bettel: Firwat? Ech kann dat net méi héieren, datt ee seet, wann ee bereet ass an enger Gesellschaft ze soen, mir sinn eis jo bewosst, datt wa mir haut dat lëtzebuerger Land si wat mir sinn, wa mir kucke wéivill de Räichtum vun eisem Land, kënnt net nëmme vun de Lëtzebuerger. Dat ass zesumme gemaacht ginn, och mat de net Lëtzebuerger. Andeem ee seet, hei e net Lëtzebuerger kann a verschidde Conditiounen, also a mengen Aen, soll een d’Lëtzebuerger Nationalitéit facilitéieren andeem ee méi kuerz mécht an deen deen e net Lëtzebuerger Pass wëll a just stëmme wëll, datt dat méi laang ass. Mee, wéi gesot, et ass net, dat ass meng perséinlech Meenung. Do musse mir an der Koalitioun driwwer diskutéieren. An do soll och e Referendum driwwer gemaacht ginn. Ech gleewe kaum datt de Lëtzebuerger ausrechent, wann ech “Nee” stëmmen, wat kréien ech méi, a wann ech “Jo” stëmmen, wat kréien ech manner. Wa mir esou schonn a Wahle ginn, fannen ech net gutt. 

Caroline Mart: Mee et ass awer en erëm rop kommen elo a Krisenzäiten, iwwerall an Europa, vun de Rietsparteien. Datt friemefeindlech Téin ëmmer méi salonfäeg ginn, dat ass jo awer ee Phänomen, deen Dir och feststellt. Wéi wäit mécht en Iech Angscht, a wéi wäit kann deen awer och eng kéier zu Lëtzebuerg ukommen? Bis elo si mir jo nach relativ verschount dovunner. 

Xavier Bettel: Jo, wa mir net driwwer diskutéieren riskéiert en eng kéier ze kommen. Mir musse driwwer diskutéieren. Wann et verschidde Sujeten zu Lëtzebuerg ginn wou een net driwwer schwätzt well een Angscht huet datt vläicht Reaktioune kënne kommen, da kommen déi well mir net driwwer geschwat hunn. 

Caroline Mart: Et sinn ëmmer nees Parallelen gezu ginn an der Lescht mat der sozialliberaler Koalitioun vu 1974. Ech ginn elo net groussaarteg historesch Vergläicher zéien. Mee eppes wat kloer ass, deemools sinn gesellschaftspolitesch Verännerunge gemaacht ginn, ouni CSV, déi esou net méiglech waren. An Dir sot datt et och Froe ginn wou de Staat sech eraus ze halen huet. 

Xavier Bettel (O-Toun 2001): Et ass net um Staat ze décidéieren, wien mat wiem zesummen dierf liewen a kann liewen. Et ass um Mënsch ze décidéieren an et ass um Staat an un de Politiker, d’Evolutioun vun der Gesellschaft nozelauschteren an dorop ze reagéieren. 

Caroline Mart: Ech huelen un, zu där Ausso stitt Dir selbstverständlech nach komplett. Mee d’CSV war jo awer bereet op de Wee matzegoen, well 2014 ass jo net 1974. Wat sinn dann déi gesellschaftspolitesch Verännerungen, déi mat enger CSV net méiglech waren, a wou der sot, dat kënne mir awer elo zu 3? 

Xavier Bettel: Ma déi éischt, do war ech ganz iwwerrascht, datt den Här Juncker elo op eemol seet, hien wier net dogéint, dat ass d’Ofdreiwungsgesetz. Mir hunn een Ofdreiwungsgesetz, wou mir nach wierklech dra gepiddelt hunn. Mir hu keng anstänneg Reform gemaacht mat där zweeter Consultatioun. Dat soll een änneren. De Reliounsunterricht, et soll een och net vergiessen, well et mécht ee jo wéi wann just eng Partei, d’CSV hat jo zum Beispill fir de Lycée och proposéiert, dat och ze maachen. Mam Mariage, mir si weiderkomm, mee ech hunn elo schonn d’Gefill gehat, an dat ass bei der Verfassungsreform, datt schonn d’Oppositioun sech elo Reserven hält. Déi hu gesot, jo deemools war den Här Meyers President, dofir, et ass an eng aner Richtung gaangen, wéi déi déi mir elo gären hunn. Dat heescht, ech, komm mir waarden elo mol of, bis déi Froen och gestalt ginn, an datt een da kuckt, wéi se da reagéieren. 

Caroline Mart: Hutt Dir d’Gefill, datt d’Gesellschaft sech awer staark verännert huet? Mir si jo elo an enger Situatioun déi een sech 1974 sécher net gedreemt hätt. Bekennend homosexuell jo net nëmmen de Staatsminister, mee och nach de Vizepremier. Ass dat elo e gutt Zeechen, datt mir an der Normalitéit ukomm sinn? Oder, ech wëll elo net op zimlech schlecht Wuertspiller hei agoen, déi et scho gi sinn, mee, wéi wäit sinn awer homophobe Tendenzen trotzdem nach do? An fäert Dir, datt do och iergendwann eng kéier d’Pendel zréckschloe kann. Oder géing Dir soen, mir sinn haut an enger Normalitéit ukomm? 

Xavier Bettel: Jo an Neen. Op der enger Säit mengen ech, d’Leit hunn eis net gewielt oder net gewielt well mir esou sinn. Et ass esou, ech kann et net änneren. Also ech maache meng Aarbecht ob ech elo hetero oder homo sinn, dat ännert näischt. Ech kréien zimlech béis anonym Bréiwer wou ech wierklech ënner der Gürtellinn, wou d’Leit mol net de Courage hunn z’ënnerschreiwen. Ech géif hinne jo gären äntweren, datt mir kënnen en Dialog, dee Courage hu se net. Mee ech kréien nach regelméisseg anonym Bréiwer. Mee wann se anonym ass, dat beweist, wéi eng Stäerkt den Auteur huet, wann en net bereet ass eng Äntwert ze kréien. Et ass een Dialogue de sourds. 

Caroline Mart: An allgemeng an der Gesellschaft, hutt Dir awer den Androck, datt mir do lues awer sécher op engem Wee sinn, deen och ofgeséchert ass? 

Xavier Bettel: Ech hunn elo virun zwou Wochen zum Beispill e Message kritt, deen huet mir immens vill Freed gemaacht. Et ass eng Persoun, e jonke Kärel dee mir geschriwwen huet a mir gesot huet, en huet säin Coming out bei sengen Elteren gemaacht, well duerch eben Leit wéi den Etienne oder wéi ech, d’Akzeptanz méi grouss ginn ass. Well d’Leit sech soen, gesäiste, du kanns, du muss net wannste schwul bass mat der Jupe a geschminkt rondrëm lafen. Du muss net déi Clichéen, déi jo verschidde Leit gären hätten, wéi wann een nëmmen dat eent oder dat anert kéint sinn. Ech fannen, et muss een jiddereen respektéieren, sou wéi e lieft, mee déi Clichéen sollen alleguer ophalen.

Ech kann mech erënneren, wéi ech menger Mamm gesot hunn, datt ech schwul wier, do huet si schonn direkt vun Aids geschwat, si huet vun hei oder vun do geschwat. Mee dat waren déi Clichéen vun deemools. An ech si frou datt mir elo mol deene Clichéen lass sinn, an datt een och beweise kann, datt och wann een homosexuell ass, een Gefiller kann hunn a frou mat engem sinn an eng Bezéiung opbauen. 

Caroline Mart: Dir hutt selwer ganz vill dozou bäigedroen datt et déi Normaliséierung konnt ginn. Eben d’Aart a Weis wéi Dir domat ëmgaange sidd. An dat net eréischt elo: 

Xavier Bettel (O-Toun 2011): D’Leit wielen jo e Bilan, d’Leit wielen eng Persoun, d’Leit wielen een Engagement. An ech mengen, iwwerhaapt déi Fro, wann een elo gemengt huet, ech géif de Fackelzug de Nationalfeierdag duerch eng Gay Pride ersetzen, also, ech mengen dat ass Quatsch. Ech si vläicht méi sensibel wéi een aneren, mee ech menge wierklech, datt d’Sexualitéit vun engem Politiker eng Privatsaach ass.  

Dat schéinst ass an enger Bezéiung ze wëssen, datt ech op ee kann zielen. Wann ech owes Heem kommen an et ass mir net gutt gaangen am Dag, dann hunn ech een dee mir seet, hei, wat ass da geschitt, an e lauschtert mir no a mir kucken wéi et kéint besser goen. An de Contraire och, wann ech mech freeën, wann ech em uruffen an hien ass nach méi happy wéi ech. An et ass einfach ze wëssen, wann een e Co-équipier huet, wou een de Wee zesumme mécht am Liewen. An dat ass de Gauthier wou ech mech wuel fille, wou ech verléift sinn an nach ëmmer wéi den éischten Dag, an ech ka just jidderengem just wënschen datt en a senger Bezéiung esou glécklech ka sinn, wéi ech et, also hoffentlech nach laang sinn. 

Caroline Mart: Tjo, glécklech an zefridde sinn ass sécher eng gutt Ausgangspositioun, och fir seng Aarbecht unzegoen, eng schwiereg Aarbecht. Dir hutt selwer, Uganks vum Interview gesot, Dir wiert Iech bewosst, datt et schwéier Zäite ginn, ustrengend Zäite ginn, eng ganz nei Etapp an Ärem Liewen. Wéi wäit mengt Dir datt dat Amt Iech wäert veränneren? 

Xavier Bettel: Ech hunn eppes scho gemaacht wéi ech Buergermeeschter war, an dat maachen ech och elo weider als Staatsminister, dat ass zum Beispill a menger Bezéiung, datt sech de Gauthier ëm den Agenda këmmert. Dat heescht, alles wat Invitatioune sinn, déi kuckt de Gauthier ob mir ginn oder net ginn, hien këmmert sech och ëm [inaudible], ech mierken datt ech international vill méi Verflichtungen hunn. 

Caroline Mart: Jo, mee ech mengen elo méi d’Persoun. Ech mengen och, also et ass jo kloer datt d’Leit zum Deel och schonn anescht op Iech duerginn. Et ass jo eppes anescht, engem Buergermeeschter, deem seet een éischter nach Bonjour Här Buergermeeschter, Staatsminister ass jo schonn rëm eppes driwwer. Dat heescht, Dir kritt eppes anescht rëmgespigelt. Wéi wäit wäert dat Är Persoun veränneren? Oder mengt Dir datt Dir do eng Basis hutt, déi mécht, datt Dir [gëtt ënnerbrach] 

Xavier Bettel: Also mäi Charakter selwer kann ech net veränneren. Deen ass esou, an, ech hunn. Dat eenzegt wat ech hoffen, ass datt d’Leit net falsch ginn. Well ech elo Staatsminister ginn, op eng kéier d’Leit een anert Behuelen an da mengen si missten anescht mat mir sinn D’Leit solle soen, wat geet a wat net geet. Ech brauch dat esou. Also dass, dat géif mir wéi doen, wann ech géif mierken, op eng kéier, datt d’Leit net méi natierlech mat mir sinn, well...Mee d’Leit si sou léif. Also ech muss Iech éierlech gesot soen, wann ech an de Buttek akafe ginn, an d’Leit soen, hei kënne mir eng Photo maachen, kënne mir hei oder kënne mir do? D’Leit sinn einfach wierklech, ech sinn einfach frou well ech mierken datt ech, ech brauch dat, ech hunn dat och schonn deemools als Affekot gebraucht. Ech sinn e Mënsch, ech brauch de Kontakt mam Bierger. 

Caroline Mart: Dat heescht, de Kontakt, dee bleift? 

Xavier Bettel: Ech kann dat net anescht. 

Caroline Mart: Dir gitt weider raus akafen an op de Maart an op alles. 

Xavier Bettel: A gären. 

Caroline Mart: Traditionell um Enn vun dësem Interview ass et dann de Moment wou de Staatsminister och der groussherzoglecher Famill wënscht. Net nëmmen dem Vollek. A propos groussherzoglech Famill, do stoung jo och an eenzelnen Wahlprogrammer an an der Campagne waren jo och Discussiounen opkomm rondrëm d’Finanzen vum Haff oder och de Rôle vum Staatschef. De Jean-Claude Juncker sot an der Wahlcampagne, de Grand-Duc muss de Grand-Duc bleiwen. Wat seet de Staatsminister? 

Xavier Bettel: De Grand-Duc bleift de Grand-Duc. Et steet och net zur Discussioun an zur Debatt fir datt mir de System zu Lëtzebuerg sollten änneren. Ech mengen mat deenen Reformen déi gemaacht gi sinn, mir hu jo gemierkt bei der Euthanasie, datt mir e System haten, wou de Grand-Duc am Fong nach alles ze soen hat. Haut ass dat net méi de Fall. En ënnerschreift nach, also e mécht d’Promulgatioun vun Texter an net, e sanktionéiert se net méi. Dat war e wichtegen Schratt an déi richteg Richtung. An ech mengen mat där Situatioun déi mir elo hunn ass et och déi richteg Situatioun. 

Caroline Mart: Ma da si mir elo um Enn ukomm. Ech soe villmools Merci an iwwerloossen Iech dann d’Wënsch. 

Xavier Bettel: Ma ech soen Iech Merci, ech soen och de Lëtzebuerger wënschen ech all Guddes fir dat neit Joer. Der Famille grand-ducale och. Mee virun allem eng gutt Gesondheet. Dat ass dat Wichtegst. A flott Momenter mat de Leit déi der gären hutt.

Dernière mise à jour