François Bausch au sujet du profil du nouveau PDG pour l’entreprise Cargolux

"Et ass eng Persoun, ech hunn dat schonn ëmmer gesot, déi menger Meenung no misst e puer Charakteristiken hunn: déi misst éischtens emol natierlech eng gewësse Führungsstäerkt hunn an der Entreprise. Si muss natierlech awer och en oppent Ouer hu fir wat an der Praxis leeft, si muss gutt kommunizéiere kënne mat de Leit."

François Bausch: Bis Mëtt Februar soll wierklech de Kandidat also ausgesicht sinn.

An et ass esou, datt, wéi gesot, déi Firma, déi wäert elo déi Viraarbecht leeschten. All d’Kandidaturen déi do erakommen, déi ginn op Häerz an Niere gepréift. An onofhängeg gëtt vun deene kloer op Basis vun engem Profil, deen am Kontrakt festgeluecht ass, ganz am Detail gëtt dann eng Bewäertung gemaach. An dann hëlt de Verwaltungsrot vun der Cargolux déi Decisioun en Fonctioun vun där ganzer Prozedur. Wéi gesot, an deenen nächste Woche bis spéitstens Mëtt Februar soll dat alles lafen.

Jean-Claude Franck: Et si jo och schonn Nimm déi zirkuléieren. Kënnt Dir dann awer versécheren, datt jiddwereen déi selwecht Chance kritt an där Prozedur, datt also net schonn en Accord elo am Virfeld tëscht Lëtzebuerg a China geholl ginn ass?

François Bausch: Neen, dat kann ech Iech garantéieren, dat wier jo kee Sënn elo. Also, et ass net u mir, un der Regierung déi Decisioun ze huelen. An ech mengen, Nimm sinn der an deene leschte Woche schonn ëmmer zirkuléiert. An all Mënsch ka sech och mellen, mä déi kréien all déi nämmlecht Chance, a si ginn alleguer, en Fonctioun, wéi gesot, vun engem ganz präzise Profil deen erstallt ass schonn, ginn herno déi Kandidaturen déi erakomme gekuckt, gi getest, gi gepréift wéi dat sech gehéiert. An dann hëlt de Verwaltungsrot vun der Cargolux d’Decisioun. Dat ass jo net d’Regierung, déi déi Decisioun hëlt, mä de Verwaltungsrot vun der Cargolux.

Jean-Claude Franck: Wéi wichteg ass et dann, Ärer Meenung no, datt e gudde Generaldirekter elo genannt a fonnt gëtt fir d’Zukunft vun der Cargolux?

François Bausch: Ah, ech géing scho soen, datt dat ganz wichteg ass.

Ech mengen, éischtens, déi Firma ass elo schonn eng länger Zäit nëmme mat engem Intérimaire, dat ass net gesond fir esou eng Gesellschaft. An dofir ass et och wichteg, wéi gesot, datt et awer relativ séier geet.

Et ass eng Persoun, ech hunn dat schonn ëmmer gesot, déi menger Meenung no misst e puer Charakteristiken hunn: déi misst éischtens emol natierlech eng gewësse Führungsstäerkt hunn an der Entreprise. Si muss natierlech awer och en oppent Ouer hu fir wat an der Praxis leeft, si muss gutt kommunizéiere kënne mat de Leit. An ech mengen, dat sinn alles Atouten déi wichteg sinn. An natierlech dohannert stoen, hannert där Richtung an déi d’Gesellschaft elo geet, versichen de Maximum ze maachen, datt dat Ganzt eng Reussite gëtt am Interêt vun der Gesellschaft.

An ech mengen, dat sinn, esou gesot, elo a ganz kuerzer Beschreiwung, dat wat och do festgehalen ass an deene Critèren. An ech mengen, op Basis dovunner ass et scho wichteg, datt do eng ganz gutt Persoun fonnt gëtt. An ech hoffen, datt d’Gesellschaft dat hikritt.

Dernière mise à jour