Jean Asselborn au sujet de la conférence de paix pour la Syrie

"Ech mengen, wat een erwaarde kann, dat ass éischtens emol, datt se allen zwee op engem Dësch sëtze bleiwen, déi eng Partei an déi aner. Zweetens, datt, dat nennt een op Englesch confidence building measures, also dat heescht, datt lues a lues versicht gëtt, vläicht emol lokal Cessez-le-feu auszehandelen, datt déi humanitär Hëllefe kënnen dohinner kommen."

Roy Grotz: Mat géigesäitegen Accusatiounen an esouguer Beleidegungen, déi zu engem Eclat gefouert hunn, goung gëschter d’Syrien-Friddenskonferenz zu Montreux op en Enn. Wéi ze erwaarde souze sech d’feindlech gesënnt Campen eng éischte Kéier um Verhandlungsdësch géintiwwer. D’Atmosphär war gespaant. Kee Jota wëll den Assad-Regime u senger Politik änneren, déi vun der syrescher Oppositioun fir déi 130.000 Doudeger responsabel gemaach gëtt, déi de Biergerkrich bis ewell gefuerdert huet.

A senger Interventioun gëschter zu Montreux huet de lëtzebuerger Ausseminister gefuerdert, datt d’Léisung nëmme kéint eng politesch sinn, dat wier och dem Jean Asselborn no d’Erausfuerderung vun de Verhandlungen, déi muer da richteg sollen zu Genève lancéiert ginn.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen, wat een erwaarde kann, dat ass éischtens emol, datt se allen zwee op engem Dësch sëtze bleiwen, déi eng Partei an déi aner. Zweetens, datt, dat nennt een op Englesch confidence building measures, also dat heescht, datt lues a lues versicht gëtt, vläicht emol lokal Cessez-le-feu auszehandelen, datt déi humanitär Hëllefe kënnen dohinner kommen. Dann an enger zweeter Phas sech eens ze ginn, datt alleguer déi Organisatiounen déi Gewalt uwennen a Syrien, datt déi d’Land musse verloossen, an dann dat Drëtt, dat ass eng Iwwergangsregierung, doriwwer schwätze wéi een dat kéint fäerdeg bréngen. Mam Assad geet dat net.

Roy Grotz: Op Basis vun engem géigesäitegen Accord misst dem Jean Asselborn no eng Iwwergangsregierung zu Damaskus d’Soe kréien. Hien huet och rappeléiert, datt et a Syrien elo déi uergst Flüchtlingskris zanter dem Zweete Weltkrich ass.

Dernière mise à jour