Dan Kersch au sujet du volet enseignement de la réforme dans la fonction publique

"Et gëtt méi konkret gekuckt, ob ee wierklech Postë brauch, oder net"

"Et sinn zwee Problemer déi op eis duerkommen. Dat eent ass de vun der Bewäertung, wéi maache mir dat konkret? Musse mir Léisunge fannen, an zwar séier Léisunge fannen, nach an Zäit vun dësem Joer. An dat anert ass d’Problematik vun de Posten am Enseignement, wou mir soen, wann e kollektiven Effort gemaach gëtt vun der ganzer Fonction publique, da muss dat sech och am Enseignement iergendwou widderspigelen. A wa mir net gären hätten, datt et op d’Qualitéit vum Unterrecht geet, nämlech doduerch datt mir d’Klasseneffektiver an d’Luucht setzen, da musse mir aner Weeër sichen."

Claude Zeimetz (RTL Radio Lëtzebuerg):Hutt Dir de Widderstand vum Terrain ënnerschat, oder sidd Dir bewosst net virum Ofschloss vun de Verhandlungen iwwer d’Reform an de Gehälteraccord un d’Enseignante mat deenen do Iddien erugetrueden?

Dan Kersch: Neen, fir d’éischt wëll ech jo emol soen, vu Verhandlunge kann zu dësem Zäitpunkt iwwerhaapt keng Rieds ginn. Mir haten elo emol eng éischt Kontaktopnam, wou mir mat deene 4 Gewerkschaften aus dem Enseignement getrennt zesummen diskutéiert hunn, iwwer engersäits d’Ëmsetzung vum Rahmenaccord mat der CGFP am Enseignement. Do geet et selbstverständlech ëm d’Bewäertung. An zweetens iwwer d’Problematik vun de Posten.

Dir wësst, datt d’Regierung gesot huet, an dofir huet se och Applaus kritt, si wéilt emol fir d’éischt bei sech selwer ufänke mat spueren. Et ass och gesot ginn, datt fir d’Joer 2014 150 nei Postë beim Staat solle bäikommen. Et ass gewousst, datt e groussen Deel dovunner an den Enseignement wäert afléissen. An ech schwätzen hei ganz bewosst vun neie Posten.

Elo wëlle mir konkret kucke wéi dat an Zukunft ka bewerkstellegt ginn. Mir wëssen, datt dat do eng Problematik ass, déi eis nach weider wäert beschäftegen. Engersäits ginn d’Stonnen, d’Léierstonnen am Enseignement gebraucht, anerersäits wëlle mir awer spueren. An dofir hate mir gemengt, et kéint ee mat deene 4 Gewerkschaften nach eng Kéier iwwer déi zwee Problemer diskutéieren, éischtens d’Ëmsetzung, wéi gesot, vum Accord CGFP am Enseignement, an zweetens iwwer d’Problematik vun de Posten.

Datt d’Reaktiounen elo esou si wéi se komm sinn, iwwerrascht mech zum Deel, well ech den Androck awer hat, datt während de Verhandlungsronne selwer de Wand net esou haart geblosen huet wéi dat elo dobaussen ausgesäit.

Claude Zeimetz: Kann een dann déi budgetär Iwwerleeunge mat der geplangter Bewäertung iwwerhaapt verknäppen? Ginn do net zwou Saache matenee vermëscht?

Dan Kersch: Ech mengen, et ginn zwou Problematiken, do hutt Dir Recht. Mir hu just gemengt, et soll ee fairerweis de Gewerkschafte soen, mir si bereet hei an engem Beräich de Gewerkschaften entgéint ze kommen, wat d’Bewäertung ugeet. Dir wësst, datt dat eng vun deene groussen Diskussioune war, wéi een déi Bewäertung kéint am Enseignement ëmsetzen.

Déi eng Gewerkschaft huet sech vu vireran do dogéint gewiert, huet dat als Wierk vum Däiwel praktesch dohinner gestallt. Eng aner Gewerkschaft, där hir Mammegewerkschaft och ëmmer gesot huet, nämlech d’CGFP, d’Bewäertung wier eppes wat u sech näischt Positives wier, an déi geet haut dohinner – an dat ass dann awer en neie Moment – a seet, d’Bewäertung wier u sech eppes Guddes a géif de Beruff opwäerten. Dat hate mir bis elo nach net héieren. Mir huelen dat och esou zur Kenntnis, a kucken dann natierlech an där komplizéierter Situatioun, wou vu verschiddene Säiten awer och verschidde Positioune kommen, domat eens ze ginn. Wéi déi Bewäertung herno am Enseignement wäert ausgesinn, ass op jiddwerfalls eppes wat mir musse séier mat de Gewerkschaften diskutéieren.

An da kënnt déi zweet Problematik. Do hutt Dir Recht, et huet net direkt e Lien, mä trotzdem, mengen ech, kann een awer zesummen diskutéieren: wa soll e kollektiven Effort gemaach gi vun Aspuerunge bei Posten, da kann dat net sinn, datt dat den Enseignement absolut net erfaasst. An dofir war d’Iddi – iwweregens gouf dat esou duergestallt, mir wéilten elo d’Tâche erhéijen, an op där anerer Säit och nach un d’Altersdéchargë goen. Dat waren zwou Pisten déi diskutéiert gi sinn, awer getrennt vuneneen. Et ass ni gesot ginn, déi zwou misste komplementär kommen.

Ech erënneren och hei nach eng Kéier drun, Dir hutt et selwer gesot an Ärem Virspann, déi Altersdéchargen, déi fänken am Enseignement scho mat 45 Joer un. An der traditioneller Fonction publique ass dat net de Fall, do fänkt dat vill méi spéit un. An dobaussen, wëll ech soen, d’Leit aus dem Privatsecteur sech géife freeën, wann iwwerhaapt iwwer Altersdéchargë géif geschwat ginn.

Claude Zeimetz: Mir kommen awer elo nach eng Kéier op d’Bewäertung och zeréck. Déi soll also kollektiv elo geschéien. Wéi kann ee sech dat dann an der Praxis virstellen? Ginn elo d’Enseignante vun enger Schoul kollektiv bewäert, vun enger Klass, oder engem Fach? Dat ass jo awer och guer net esou einfach. A wat seet dat iwwerhaapt aus?

Dan Kersch: An deem fréieren Accord, deen déi virecht Regierung mat der CGFP Gewerkschaft vum Enseignement fonnt hat, do ass gesot ginn, datt déi Mitarbeitergespräche, déi an der Fonction publique traditionell individuell gefouert ginn, datt déi och do misste kollektiv gefouert ginn. An dat war den Usaz.

Mir hunn alt gemengt, datt dat, wann et bei de Mitarbeitergespräche sollt kollektiv geschéien, datt een also och déi Bewäertung kéint kollektiv maachen. Wann dat eng Iddi ass déi de Gewerkschaften absolut net schmaacht, da si mir och bereet doriwwer ze diskutéieren, wéi mir dat konkret anescht maachen.

Et ass hei net esou gewiescht, datt d’Regierung dohinner gaangen ass mat engem fäerdege Konzept, dat dohinner geluecht hätt, a gesot hätt, hei Vogel, friss oder stirb. Esou war et net.

Mir hu gesot, et gëtt eng Rei vu Pisten, déi mir wollten zesummen diskutéieren. Et sinn zwee Problemer déi op eis duerkommen. Dat eent ass de vun der Bewäertung, wéi maache mir dat konkret? Musse mir Léisunge fannen, an zwar séier Léisunge fannen, nach an Zäit vun dësem Joer. An dat anert ass d’Problematik vun de Posten am Enseignement, wou mir soen, wann e kollektiven Effort gemaach gëtt vun der ganzer Fonction publique, da muss dat sech och am Enseignement iergendwou widderspigelen. A wa mir net gären hätten, datt et op d’Qualitéit vum Unterrecht geet, nämlech doduerch datt mir d’Klasseneffektiver an d’Luucht setzen, da musse mir aner Weeër sichen.

Méi huet d’Regierung zu dësem Zäitpunkt net gesot.

An ech sinn iwwerzeegt, wann d’Woge sech elo erëm e bësse geglätt hunn, da fanne mir och Méiglechkeete fir dat an engem verstännege Rahmen ze diskutéieren.

Claude Zeimetz: Wäert d’Regierung dann och an anere Beräicher vun der Fonction publique do nach mat neie Proposë kommen, oder ass do den Enseignement eng Ausnam?

Dan Kersch: Ech wëll iwwerhaapt hei soen, dat hei ass iwwerhaapt keng nei Propos an deem Sënn. Ech mengen, wat den Accord ugeet, ass et kloer, d’Bewäertung kënnt, a si kënnt iwwerall, si kënnt allegéiert.

A wann Dir mir schonn d’Geleeënheet gitt, da wëll ech awer och nach eng Kéier eppes kloer stellen. Et ass elo net esou gewiescht, datt d’CGFP do hätt missten en heroesche Kampf féiere fir d’Regierung ze iwwerzeegen de System vun der Bewäertung ze allegéieren. Déi Propositiounen déi elo an deem neie Rahmenaccord stinn, déi mir elo viru kuerzem zesummen diskutéiert hunn, a mengen ech och eis eens gi sinn, dat si Propositiounen déi komme vun A-Z vun der Regierung. Dir gesitt also, dës Regierung lauschtert schonn no wat dobausse geschwat gëtt, wat aus dem Secteur selwer kënnt, a kann dann och séier reagéieren.

Claude Zeimetz: Mä et soll jo och, an anere Beräicher elo vum Staat soll jo och Personal agespuert ginn.

Dan Kersch: Bon, ech mengen, et ass evident, datt wa mir soen, mir kënnen nëmme méi 150 Posten – nei Posten, ech schwätzen ëmmer nëmme vun neie Postë beim Staat – an engem Joer schafen, bei virdrun enger Moyenne déi loung iwwer 300, dann heescht dat, datt a ganz ville vun de Verwaltunge mussen Aspuerunge gemaach ginn.

Claude Zeimetz: A wou zum Beispill, nach ganz kuerz, ganz konkret?

Dan Kersch: Datt also Posten déi soss ugefrot gi sinn, an och accordéiert gi sinn, elo méi schwéier wäerten accordéiert ginn, an datt ganz genee gekuckt gëtt, wou gëtt dann eppes gebraucht, oder kann een net Synergië mat anere Servicer schafen? Et gëtt also méi konkret gekuckt, ob ee wierklech Postë brauch, oder net.

A genee déi Diskussioune féiere mir och am Enseignement, genee sou wéi an allen anere Beräicher vun der Fonction publique.

An eng vun de Pisten déi mir gëschter wollten uschwätzen, dat war déi vun den Altersdéchargen. Méi war et net. An dat soll een och net anescht duerstellen.

Claude Zeimetz: Dir kënnt elo kee konkret Beispill gi wou soss nach wäerte Posten agespuert ginn? Ganz kuerz, wann ech gelift.

Dan Kersch: Ech mengen, mir kucken all eenzelne Posten, dat hate mir och gesot, ass e berechtegt, oder ass en net berechtegt. Wann e berechtegt ass, gëtt en zougestanen a wann en net berechtegt ass, gëtt en net zougestanen.

Claude Zeimetz: Dan Kersch, da soen ech Merci fir den Interview de Moien.

Dan Kersch: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour