Camille Gira au sujet du logement, de l'aménagement du territoire et de la mobilité

"Mir mussen de Flächeverbrauch reduzéieren, soss renne mir riicht an eng Mauer"

Interview vum Roy Grotz:

“Background – am Gespréich”, haut mam Camille Gira. Här Gira, gudde Mëtteg.

Camille Gira: Gudde Mëtteg.

Roy Grotz: Dir sidd emol net mam Vëlo op de Kierchbierg komm, hunn ech gesinn. Heescht dat datt och e Grénge Politiker net ganz kann op den Auto verzichten? D’Wieder ass och schlecht haut.

Camille Gira: Jo, dat wier dann e bësse wäit gewiescht bei deem Wieder och do. Ech sinn awer dofir mam Elektroauto hei, dee mat gréngem Stroum bedriwwe gëtt. Ech mengen dat kann awer och e Grénge Staatssekretär veräntwerten.

Roy Grotz: Mir kommen duerno nach drop ze schwätzen. Mä dat bréngt mech drop, Dir hat eng Iddi fir Firmenautoen am Speziellen ze taxéieren, zesumme mam Fränz Bausch hat Dir dat nach agereecht. Haalt Dir nach ëmmer dorunner fest?

Camille Gira: Ech mengen dat ass eng Iddi, déi een an deem ganze Steierpak, wou d’Regierung amgaangen ass nozedenken, déi och an deenen nächste Méint wäert diskutéiert ginn, an och iergendwann eng Kéier der Ëffentlechkeet virgestallt ginn, eng Iddi iwwer déi ee muss diskutéieren. Mir kënnen, wa mir wëllen, eng aner Transportpolitik wëllen aféieren, net nëmmen Infrastrukture schwätzen, mir mussen och iwwer dat steierlecht Ëmfeld diskutéieren, an dozou gehéiert esou eng Iddi fir eng aner Besteierung vun de Betribsautoen, haaptsächlech eng Besteierung déi a Richtung geet fir och d’Firmen dozou unzereege méi ekologesch Autoe fir hire Mataarbechter a Mataarbechterinnen zur Verfügung ze stellen, ass déi Iddi sécherlech sënnvoll.

Mir stelle fest an de Statistiken datt déi Leit, déi e Privatauto kafen, amgaange sinn ëmmer méi ekologesch Autoen, ënnert Anführungszeichen, wann een esou ka soen, ze kafen, mä datt bei de Firmenautoen awer nach ëmmer mëttel an och nach méi grouss Autoe kaaft ginn. An da sollt ee sécher am Kader vun der Steierreform doriwwer diskutéieren ob een dat net ka korrekt ajustéieren.

Roy Grotz: An Däitschland gëtt zum Beispill d’nächst Woch d’PKW-Maut virgestallt. Esou e Péage-System op lëtzebuerger Stroossen, Autobunnen, ass dat denkbar?

Camille Gira: Also ass net virgesinn, stoung weder an eisem Wahlprogramm, steet och guer net am Regierungsprogramm. Ech menge wann ee sech d’Stroossennetz zu Lëtzebuerg ukuckt, da kann ech mir net virstellen, esouguer wann een dat politesch géing wëllen, wat net de Fall ass, datt een dat technesch sollt hikréien. Eis Distanze si vill ze vill kleng. A wann ee weess mat wéivill Schwieregkeeten an Däitschland, an och an anere Länner iwwerhaapt déi LKW-Maut scho belaascht war, da mécht dat kee Sënn iwwer esou eng Iddi zu Lëtzebuerg ze diskutéieren.

Roy Grotz: Iwwer d’Mobilitéit komme mir souwisou nach duerno ze schwätzen.

Dir sidd mat Ärem Elektroauto oder mam Vëlo dëser Deeg vill ënnerwee. Dir stellt de Leit, mir hunn et virdrun nach an der Publicitéit héieren, déi 4 Plans sectoriels den Ament vir. Laang, laang Joere war op déi Konzepter gewaart ginn. D’Gemenge musse se jo och an hire PAG integréieren. Dir waart selwer Fluglotsen. Wou lotst Dir d’Lëtzebuerger dann elo gären hin?

Camille Gira: Mir musse Lëtzebuerg an eng aner Richtung lotsen. Mir hunn déi lescht 30 Joer Lëtzebuerg schlecht geplangt, fir net ze soen, iwwerhaapt net geplangt. Mir hunn net koordinéiert d’Fonctioune Wunnen, Schaffen, Fräizäit zesummebruecht. Am Géigendeel, déi Problemer déi mir hunn, déi Verkéiersproblemer, mä awer och d’Zersidlung an d’Zerschneidung vun eiser Landschaft, kënnt haaptsächlech duerch ee Phänomen.

Zënter datt den Auto omnipresent ass, hu mir eigentlech systematesch déi Grondfonctioune getrennt. Mir wunnen alleguer um Punkt “A”, mir ginn op de Punkt “B” schaffen, mir ginn op de Punkt “C” akafen, a mir verbrénge wa méiglech d’Fräizäit och nach um Punkt “D”. A wat eigentlech geduecht war, datt jiddweree Liewensqualitéit hätt, féiert haut dozou datt jiddweree mam Auto deem anere virun der Viischterdier hin a hier fiert fir déi klengst Besoinen ze erfëllen.

An dat muss anescht ginn, an ech mengen, dozou sinn déi 4 Plans sectoriels e ganz wichtegt Instrument. Do gëtt jo probéiert déi 4 Fonctiounen erëm beieneen ze bréngen, Lëtzebuerg besser ze plangen, manner ze zersidelen.

Ech mengen ee Chiffer, dee ganz, dat wat falsch gelaf ass gutt zum Ausdrock bréngt, eis Populatioun ass an deene leschte 40 Joer em 44% geklommen, mä mir hunn awer dofir 200% méi Fläch gebraucht. Dat kënne mir eis net méi erlaben. De Professer Ewringmann, dee vill fir Lëtzebuerg an och fréier Regierunge geschafft huet, huet eng Kéier ausgerechent, wa mir esou weiderfueren, dann ass bis 2050 en Drëttel vu Lëtzebuerg zersidelt, mat Betong zougemaach. Ech mengen an esou engem Land wëllt kee liewen, an dofir musse mir géigesteieren.

Roy Grotz: An awer muss ee jo weider bauen. Et gëtt weider aménagéiert an deem Sënn. Et sinn och Aktivitéitszone virgesinn, dat ass jo och e Plan sectoriel deen den Ament debattéiert gëtt. Wéi geet dat dann Hand an Hand wa mir awer, jo och d’Gemengenautonomie spillt jo och nach an deem Ganzen. D’PAGë gi wuel openeen ofgestëmmt, an da kommen nach d’partikular Intérêten. Wéi kritt een dat alles ënnert een Hutt?

Camille Gira: Ech mengen d’Iddi ass jo datt wa mir zum Beispill vum Wunnengsbau schwätzen, datt virun allem soll an Zukunft Wunnraum an deene Gemengen entstoen, déi zentral leien, déi och Zentralfonctiounen hunn, respektiv an hirer Regioun eng Fonctioun huet.

Mir hu festgestallt, datt an deene leschte Joeren a Joerzéngten haaptsächlech déi kleng Landgemengen zevill gewuess sinn. Or et huet een awer vill Landgemengen, déi ganz schlecht un den ëffentlechen Transport ugebonne sinn, déi vläicht net méi déi néideg Servicer hunn, Épicerie, Bäcker an esou weider, vun Centre médical an aneren Infrastrukturen, déi awer néideg si fir deeglecht Liewen, guer net ze schwätzen. An dann ass d’Resultat dat wat ech elo éinescht gesot hunn, da gëtt, fir déi klengste Besoine muss een den Auto huelen. An dofir soll an deenen nächste Joeren a Joerzéngte prioritär an deenen iwwer 40 prioritäre Gemenge Wunnraum geschafe ginn. Dat heescht net, datt elo, wéi eenzel Leit dat wëllen duerstellen, datt elo eng absolut Brems an de ländleche Gemengen ageluegt gëtt, bei Leiwen net, si solle just méi lues wuessen, si sollen hire Wuesstem kontrolléieren, a si sollen innerhalb vun hirer Gemenge haaptsächlech ee Sidlungsschwéierpunkt maachen, an dann do net nëmmen de Gros vun de Wunnenge konzentréieren, mä och nach de Gros vun de Servicer.

Doniewent ass awer gekuckt ginn, datt déi Aktivitéitszonen, déi elo geluegt sinn, datt déi dann awer wa méiglech gutt ugeschloss sinn, sief et un d’Stroossennetz, a sief et, wat nach besser ass, un d’Eisebunnsnetz. An dann ass eppes wat ganz wichteg ass, a wat an der Vergaangenheet immens schif gaangen ass, datt mir an deenen eenzelne Gemengen, oder komm mir soen och nach Regiounen, e besseren Equiliber tëscht Aarbechtsplazen a Wunnen fannen. Ech ginn Iech zwee Beispiller.

Dat sinn d’Gemenge Leideleng a Contern. Do sinn an deene leschte Joeren, Joerzéngten Dausenden Aarbechtsplaze geschafe ginn, mä awer net deementspriechend Wunnhaiser an –appartementer, mam Resultat datt praktesch all Mënsch mam Auto op déi Aarbechtsplazen do fiert. Elo leien déi Gemengen an déi Industriezon nach relativ ofgeleeën. An dat sinn alles Entwécklungen, déi kënnen net méi esou stattfannen, well soss gi mir wierklech am Verkéier ënner, an dann hu mir geschwë keng Plaz méi fir déi mënschlech Aktivitéiten an deenen nächste Joeren a Joerzéngten ze plangen.

Also sécherlech wäert Lëtzebuerg och nach an deenen nächste Joeren a Joerzéngte wuessen, mä mir mussen de Flächeverbrauch reduzéieren, soss renne mir riicht an eng Mauer.

Roy Grotz: Wéi war dann de Feedback an deene Versammlungen? Et ware jo ganz vill Leit do bis dato. Mir hunn et héieren, e Méindeg steet nach eng aus. Et ass och kontrovers diskutéiert ginn.

Camille Gira: Also ech muss soen, ech sinn immens frou iwwer dat wat do amgaangen ass ze geschéien. Dat do war jo en Exercice fir eis. Ech muss och soen, ech mengen et ass och bestëmmt fir d’éischt datt 5 Regierungsmembere praktesch eng ganz Woch ënnerwee si fir mat de Leit iwwer d’Zukunft vum Land ze schwätzen. Et kann ee vläicht soen, dat do ass elo net méi “Juncker on tour” fir Stëmme fir d’CSV ze sammelen, mä “Government on tour” fir mat de Leit zesummen iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze schwätzen. Mä ech, mir sinn awer all iwwerrascht, wéi vill Leit datt kommen, an awer och wéi sachlech ee ka mat Leit, mat enger grousser Zuel vu Leit diskutéieren. Natierlech, an dat hu mir eis och guer net erwaart, ass net all Mënsch d’accord mat allem wat do presentéiert gëtt. Mä wann ech awer kucke wéi flott déi Diskussiounsronne waren, da kréien ech awer dat bestätegt wat ech och ëmmer um lokale Plang erlieft hunn zu Biekerech, et ass net esou datt d’Leit net interesséiert sinn un deem wat an hirem Land geschitt.

Mä wann ee gären hätt datt d’Leit matschwätzen, dann dierf een net erwaarden, datt d’Leit bei ee selwer kommen, da muss een als Politiker, als Politikerin seng Responsabilitéit huelen, bei d’Leit goen, an da muss et awer och kloer sinn, datt een de Leit keng Geschichte verzielt, an da muss et och kloer sinn, datt net vun uewen elo iergendeppes décidéiert ass, an elo ginn de Leit nach just, kréie se nach just Informatiounen, da muss et och kloer sinn, datt nach e Matsproocherecht do ass. An dat, mengen ech, hunn d’Leit awer kloer verstanen hei bei de Plans sectoriels. Jiddwereen ass elo gebieden, a mir wënschen eis ganz vill Kommentaren zu deene Plans sectoriels. D’Leit hu jo nach Zäit bis den 11. August, d’Gemengen hu 4 Méint Zäit. A mir hunn eis elo schonn organiséiert an eise Ministère fir all Asproch deen elo kënnt, nozegoen, a wa Remarque kommen, déi pertinent sinn, da landen déi bestëmmt net am Pabeierkuerf, mä da gëtt sech zesummegesat, en intensiven Austauschprozess tëscht alle Ministèren, an da wäerte sécherlech och, eng Rei Awänn wäerte berücksichtegt ginn.

Mir kënnen net déi grouss Philosophie, déi hannert deene 4 Pläng stinn, ech mengen, déi steet, an déi kann een och net méi réckelen, mä awer mir si frou fir all Kritik. Op jiddwer Fall, et war ganz ustrengend déi Ochsentour do, wann ech muss soen, mä déi Stëmmung déi do war, och no de Réuniounen, déi ass ganz flott. An esou stelle mir eis och déi nächst 5 Joer den Dialog mat de Bierger a Biergerinne vir.

Roy Grotz: An esou wäit ech weess, geet et jo am Éislek jo esouguer nach weider am Hierscht, wou nach Réunioune geplangt sinn.

Dir sidd esou eng gewinnt, ech denken un déi och ganz animéiert zu Esch, wou et em d’Asphaltfabrik Monkeler gaangen ass. Wou ass deen Dossier drun?

Camille Gira: Deen Dossier ass op där enger Säit do, datt een elo gesäit, wann een dolaanscht fiert, datt, well den Entrepreneur eng Genehmegung vu mir huet, an eng vun der Stad Schëffleng, amgaangen ass seng Fabrik opzeriichten.

Ech wëll awer betounen, datt de Mérite vun all deenen, déi am Ufank géint déi Fabrik ass, de Mérite vun deenen ass, datt déi Fabrik, déi haut do opgeriicht gëtt, näischt méi mat där ze dinn huet, déi nach virun zwee Joer geplangt war. Mir hu ganz streng Oplagen der Firma ginn.

Dann hu mir op där anerer Säit jo festgestallt gehat, datt an där Industriezon 4 Betriber waren, déi keng Kommodoautorisatioun haten. Et war och nach esou datt grad déi Betriber am meeschte Stëbs, am meeschte Knascht op de Stroosse gemaach hunn. Deenen hu mir d’Handwierk geluegt. Et ass net datt mir se elo definitiv zougemaach hunn, mä mir hu se gedoen en uerdentleche Kommodosdossier eranzeginn, mir hunn hinnen direkt Oplage ginn an enger Transitiounsphas, datt se de Minimum vu Konditioune sollten afaassen. Dat huet dozou geféiert, a jiddwereen deen d’Industriezon virdru kannt huet an elo, muss unerkennen, datt do wiesentlech Verbesserunge komm sinn.

Dann ass selbstverständlech nach, an dat ass jo elo en Zoufall, dobäi komm, datt op där anerer Säit den Tipp gerëtscht ass, an dofir nach manner Camionen do erafueren.

Mä ech mengen d’Situatioun op der Plaz huet sech no eisem Asaz wiesentlech verbessert, mä den Dossier ass net um Enn. Am Hierscht ginn normalerweis d’Aarbechten u fir op där Kräizung do, déi relativ geféierlech ass, Ampelanlagen opzeriichten, an d’Leit vum Ponts & Chaussées sinn intensiv dobäi e Projet auszeschaffen, dee ganzen Échangeur do, deen net nëmmen do op där do Kräizung iwwerlaascht ass, mä insgesamt ze analyséieren. An an deem Kontext hu si e ganz kloeren Optrag fir eng zweet Sortie an Entrée an de Monkeler ze maachen, esou datt ech ganz optimistesch sinn, datt wann nach eng Zäitchen an d’Land gezunn ass, datt sech déi Situatioun wiesentlech verbessert huet.

Roy Grotz: Elo muss ech mech awer froen, wéi 4 Betriber da kënnen ouni Kommodoautorisatioun do schaffe gelooss ginn?

Camille Gira: Bein, dat muss ee sech wierklech froen. Et muss ee sech och froen, ob dann awer déi Gemengen, op deenen hirem Territoire dann déi Industriezon do läit, ëmmer hir ganz Responsabilitéit iwwerholl huet. Et muss ee soen, datt mir an der Verwaltung net Leit genuch hunn, fir vu moies bis owens, vun Huldang bis op Rëmeleng sämtlech Betriber kontrolléieren ze goen. Mä ech kann awer konfirméieren, datt all kéiers wann d’Ëmweltverwaltung, sief et vun enger Gemeng, sief et vun enger Privatpersoun eng Reklamatioun kritt, da gi mir där Saach no. A mir wäerten och an Zukunft dofir suergen, datt esou Saache wéi dat do wa méiglech net méi virkommen.

Roy Grotz: Kritt Dir där vill vu Leit, déi Saachen observéieren, Saache gesinn? Ech denken och elo un d’Ofholzen zum Beispill am Éislek. Ech denken hei um Findel wou Betong an de Bësch lafe gelooss gouf. Sinn d’Leit reaktiv a sech, an hëllefe mat?

Camille Gira: Also ech mengen datt d’Leit ganz reaktiv sinn. Ech hunn och e bëssen dat Gefill, well mir elo als Gréng an der Regierung sinn, erwaarde se sech och vläicht méi en oppent Ouer fir genee esou Dossieren. Mir maachen dat och. An och deen aneren Dossier, deen Dir erwänt hutt, Findel. Do huet d’Ëmweltministesch jo prompt an direkt reagéiert, och an anere Fäll. Och do kann ech konfirméieren, datt nach deen Dag selwer, wou d’Leit sech bei eis mellen, ginn d’Courrieren un déi néideg Verwaltungen, a mir ginn all Saach no, a wa mir Illegalitéiten entdecken, da wäerte mir och déi néideg Schrëtt ënnerhuelen.

Roy Grotz: Elo kann ee sech froen, Dir hutt et selwer ugeschwat, déi Gréng sinn an der Regierung, wat ass elo Gréng Politik? De Jacques Neiens war mam RTL-Mikro ënnerwee, an huet d’Leit emol gefrot ob si dann dee gréngen Touch an der Regierungsaarbecht gesinn, a wat dat da soll sinn.

Reportage vum Jacques Neiens:

Verschidde Passanten: Also ech soen emol esou. Fir si muss se duerchgesat ginn, well an der nächster Regierung si se net méi dran.

Et ka sinn, mä ech befaasse mech net esou intensiv mat Politik, dofir. Ech si guer net esou richteg au Courant.

Bein, si si jo awer um gudde Wee, si hu jo schonn e puer Saache méi fäerdeg bruecht wéi déi Blo, soe mir emol einfach elo esou. A wat se bis elo gemaach hunn, fannen ech datt déi Gréng richteg Gas ginn an där Richtung.

Ils ne sont pas assez nombreux. Ils n’ont pas assez de force envers la politique luxembourgeoise, envers le gouvernement. Donc, de ce côté-là je pense qu’ils n’ont pas vraiment autant de force que ça.

Verschidde Punkte kréie se sécher duerchgesat, wéi zum Beispill beim Tram.

Ech weess net wierklech wat si elo, bis elo scho bruecht hunn. Dofir kann ech dat net beuerteelen.

Do enthalen ech mech léiwer.

Ech mengen aner Parteien, wéi d’CSV oder d’DP déi probéieren och e gudden Undeel fir nohalteg d’Ekonomie ze gestalten. An ech mengen net datt mat enger Partei, déi just dorëm sech besuergt, Schrëtt weider gemaach ginn.

Déi diktéieren, déi diktéieren d’ganz Regierung, si stinn all ënnert deenen hirer Schlapp. Ech huelen u si gi mam Kapp duerch d’Mauer.

Roy Grotz: Abee Merci. Här Gira, wat mir do héieren hunn, also e bëssen dat eent an dat anert. Stitt Dir, déi aner ënnert Ärer Schlapp? Gidd Dir mam Kapp duerch d’Mauer? Wéi leeft dat Bestiednes dann zu dräi?

Camille Gira: Neen, wierklech net. Ech muss soen, datt déi Aarbecht mir an och mengen dräi Grénge Kollegen a Kolleginnen, mä ech menge jiddwerengem an där Équipe do immens Spaass mécht.

Ech menge wat wierklech geännert huet zur virechter Regierung, wou awer eng Persoun immens dominant war iwwer dat wat do geschitt ass. Dat hei ass wierklech eng Équipe. An ech selwer fille mech immens wuel do, och meng Gréng Kollegen. Et ass an Tëschenzäit schonn eng kollegial Équipe, wou selbstverständlech iwwer Inhalter diskutéiert gëtt, mir hunn och scho gestridden, mä et spiert ee wierklech eng gemeinschaftlech Volontéit fir dat Land hei no vir ze bréngen, fir eng Rei Dossieren, déi an deene leschte Joeren a Joerzéngte wierklech net ugepaakt si ginn, ze maachen.

A wann een dann nach e Premierminister huet wéi den Xavier Bettel, dee wierklech méi nolauschtert wéi selwer schwätzt wa mir zesumme sinn, deen eng immens Sensibilitéit huet fir ze mierke wéini datt et un him ass fir anzegräifen, fir déi néideg Kompromëssléisunge virzestellen, ech muss soen, et ass e ganz haarden Job, mä mir mécht et immens vill Spaass.

A wat ech immens respektéieren, a meng Kollegen a Kolleginnen och, mir hunn ni dat Gefill als Gréng, déi jo awer nëmmen d’Halschent vun den Deputéierte wéi déi aner zwou Parteien hunn, e mannerwäertege Partner ze sinn.

Dat hei ass eng Équipe vun dräi Parteien, wou jiddwereen deen anere mat senge Susceptibilitéiten unerkennt, wou ee weess, datt do aner Wieler a Wielerinnen hannendru stinn, aner Prioritéiten hunn. Also ech si ganz optimistesch wa mir nach 4 an en halleft Joer esou weiderfueren, dann hu mir eng ganz Rei Saachen ugepaakt, och Léisunge fir Lëtzebuerg fonnt, an eng nei Dynamik fir Lëtzebuerg higeluegt.

Roy Grotz: Da kommt mir kucke vläicht elo net grad esou wäit, mä an den Hierscht eran. Net méi spéit wéi e Freideg huet de Staatsminister, Dir hutt hie just ernimmt, en décke Pak u Mesuren a sech annoncéiert, strukturell Reformen, och Mesure fir d’TVA-Hausse ofzefiederen. Op wat ka sech d’Land do astellen?

Camille Gira: Also et muss ee jo soen, datt mir eng schwéier Ierfschaft ugetrueden hunn. Wann een eng Rei CSV-Politiker esou héiert, da mengt ee jo déi hätten eis do e rouden Teppech hannerlooss, a mir bräichten nëmme weider ze marschéieren.

Ech wëll drun erënneren, datt mir eng ganz Rei schwiereg Dossieren hannerlooss kritt hunn. Mir hunn de Moment e strukturellen Defizit am Staatsbudget vu 500, 600 Milliounen. Mir kréien, d’nächst Joer gëtt domat gerechent, datt wann déi nei Legislatioun iwwer d’TVA a Kraaft trëtt, nach eng Kéier 600, 700 Millioune wäerte feelen. An da geet et net mat Geplänkels duer, et geet net duer mam Épiciersbic hei oder do déi eng oder aner Millioun anzespueren, mä mir musse strukturell Saache maachen. An do wëlle mir eis och net dränge loossen.

Wann een dat do wëllt maachen, wann een net einfach lénks a riets e puer Millioune wëllt spueren, da muss een dat jo studéieren, da muss een e Pak ficeléieren, dee virun allem gerecht muss sinn, deen eng gerecht Opdeelung tëschent Salariéen an Entreprisen ass, tëscht Loun a Kapital. An et muss virun allem an deem Sënn gerecht sinn, datt mir déi, déi elo scho schlecht dru sinn an eiser Gesellschaft, an där gëtt et, dat kann ech Iech bezeien als fréiere Buergermeeschter, méi wéi mir heiansdo mengen zu Lëtzebuerg. Virun allem musse mir bei allem wat mir wëlle maachen, musse mir oppassen, datt mir net wierklech déi Falsch treffen. An dat, do kann een net aus der Hëft schéissen. An do muss een e Pak ficeléieren.

Dozou gehéiert niewent der TVA, déi jo décidéiert ass, eng gréisser Steierreform. Och do hu mir zwou Verwaltunge virfonnt, d’Steierverwaltung, an Douane an Accisen, déi awer nu wierklech bei Leiwen net esou opgestallt si wéi ech mir dat zum Beispill erwaart hätt, fir Pronostiken ze maachen, Prognosen an esou weider. Do muss nach gefeilt ginn. An da ginn eng Rei Saachen zesumme getässelt.

Mir mussen an de Sozialtransferten, an den Allocations familiales, ech mengen dat huet d’Familljeministesch schonn ugedeit, mir musse kucken déi an d’21. Joerhonnert ze bréngen. Déi Allocatiounen hu jo nach vill mat deem ale Familjemodell ze dinn, wou de Mann schaffe gaangen ass, d’Fra bleift doheem, an do musse mir kucken, datt esou eng Famill zwee, dräi Kanner ka grousszéien. Dat ass jo d’Situatioun net méi hei.

Ech mengen, Dir kënnt an eisem Koalitiounsaccord eng Rei Grondprinzipie liesen. Méi Sachleeschtungen, manner Geldleeschtungen, méi gezilt, a da wierklech deenen hëllefen, déi et brauchen.

Ech weess, datt vill Leit soen, dat Schlagwuert vun der sozialer Selektivitéit, dat kann een no ënnen an no uewen, no lénks an no riets gebrauchen. Ech hunn den Här Urbé vun der Caritas dës Woch op Ärer Antenn héieren, dee sech do Suerge mécht. Mä ech menge schonn datt een awer ka beweise wéi eng Leit een trëfft mat enger Mesure a wéi eng net. An ech mengen datt awer elo dat Beispill vun de Studenteboursen awer e gutt Beispill ass, fir ze weisen, datt dës Regierung wëllt ophale mat der Stränz Geld iwwer Land ze verdeelen, an do eng ganz Rei Leit vill Geld kréien, déi et wierklech net onbedéngt esou brauchen. An dann hu mir net méi Geld genuch fir deene Leit, déi wierklech schlecht dru sinn, ze hëllefen. Dat ass d’Grondphilosophie. An da mat, ënnert deene Grondprinzipie wäert dann och dee Package do geschnürt ginn. Erwaart elo net vu mir datt ech Iech haut do Saache schonn devoiléieren. Et ass ze fréi. A mir loossen eis och do net drécke bis dee ganze Pak ficeléiert ass, an da wäerten déi responsabel Ministeren a Ministeschen Iech dat zum gegebenen Zäitpunkt scho matdeelen.

Roy Grotz: Dir devoiléiert awer vläicht wéi Dir Iech d’Steierreform am ökologesche Sënn virstellt? Ech mengen, ech hunn am Wahlprogramm an Erënnerung datt ech geliest hunn, Dir wéilt e Konzept mat der Uni ausschaffen bannent den nächsten zwee Joer, wann Dir an der Regierung wiert. Dat wousst Dir nach net wéi Dir dat verfaasst hutt. Bleift Dir do dobäi? Ass dat nach ëmmer d’Iddi? An ass eng Steierreform iwwerhaapt ökologesch auszeriichten?

Camille Gira: Also et ass jo esou datt déi Gréng Ministeren a Ministeschen elo net méi dee Grénge Wahlprogramm ëmsetzen, mä de Koalitiounsaccord. Am Koalitiounsaccord ass keng Rieds vun enger ökologescher Steierreform. Dat wäert awer net verhënneren, datt mir och do iwwer déi Thematik setzen.

Mir misste grondsätzlech vun enger Mannerbesteierung vun der Aarbecht hikommen, wa mir gären de Chômage wëllen erofsetzen, a méi enger staarker Besteierung vu Ressourcen an Energie zum Beispill. Elo musse mir kucken ob mir do eenzel Saachen hikréien an deem Kontext.

Eppes wat mir awer schonn usazweis gemaach hunn, an ech menge wat och de Finanzminister als Optrag kritt huet, datt e systematesch de Budget soll duerchforste wou et onekologesch Subsidë gëtt. Eng Steierreform heescht jo net nëmmen nei Steieren aféieren, mä besteet och do dran datt mir wierklech Subside fir eng Rei Aktivitéiten, fir eng Rei Techniken net méi solle bezuelen, well se net méi zäitgeméiss sinn. Ech ginn Iech e Beispill.

Mir hunn op Staats- a Gemengenniveau an deene leschte Joeren a Joerzéngte massiv Geld an d’Erweiderung vum Gasréseau duerch Lëtzebuerg gemaach. Elo muss ee sech froen, ass dat nach zäitgeméiss? Wann een duerch den Ukraine Konflikt erlieft wéi mir erpressbar sinn vum Här Putin, da muss ee sech froen, ob et net Héichzäit gëtt, datt mir eng ganz aner Energiepolitik maachen. Dat do sinn Iddien, déi mir als Gréng méi generell an der Regierung wäerten diskutéiert ginn. An ech sinn iwwerzeegt, datt mir och do e gudden Equiliber kënne kréien, an datt eng Rei Iddien, déi vun eis kommen, och Nidderschlag wäerten do fannen.

Roy Grotz: Bauen a wunnen ass eppes anescht Wichteges, wat jo och mat Steieren ze dinn huet. D’Reform vun der Grondsteier, bleift et do dobäi, gëtt déi ëmgesat? Gëtt a sech de reelle Wäert vu Grond a Buedem nei considéréiert mat där hei Regierung?

Camille Gira: Also de Prinzip fir un d’Grondsteier ze goen, ech mengen deen ass acquis. Ech weess awer selwer, well ech mech zur Zäit als Buergermeeschter, an och als Member vun der Intérieurskommissioun vun der Chamber des öftere mat deem Thema beschäftegt hunn, an och emol Publikatiounen do driwwer geliest hunn, dat gëtt net einfach, dat ass eng komplex Matière.

Mä et ass net normal datt bei deenen Immobiliëpräisser, bei deene Grondstéckspräisser wierklech déi do Revenuen esou niddereg besteiert sinn. Ech mengen a kengem Secteur ass an deene leschten 20, 30 Joer esou vill verdéngt gi wéi an deem do Beräich. A mir hunn insgesamt dat Gefill datt awer déi Steieren, déi an d’Gemengekeesen, an an d’Staatskeesen aus deem do Secteur komm sinn, eigentlech net proportional sinn zu deem wat do wierklech verdéngt ginn ass an deene leschte Joeren. An do muss ee jo och nach soen, datt do ganz vill an oft verdéngt ginn ass mat Spekulatioun.

An ech mengen, ech hu guer kee Problem wann een driwwer nodenkt, datt déi Leit, déi ganz vill schaffen, sech mat ganz vill Asaz, an och en héije Risiko hunn, datt een do wierklech muss oppassen, datt een deenen d’Loscht net hëlt esou vill Asaz ze bréngen. Mä mir mussen awer driwwer nodenke kënnen ob een net Leit, déi eigentlech guer kee Mérite hunn, wann haut eng gréng Wiss zu enger Bauplaz mutéiert, ob een do net sollt driwwer nodenken, datt een iwwer d’Grondsteier, oder aner Mechanismen dofir suergt, datt awer bësse méi en héijen Deel wierklech der Allgemengheet soll zegutt kommen.

Roy Grotz: Merci elo emol fir déi do Explikatiounen. Déi éischt Halschent ass scho bal gedoen, Här Gira. Op bauen a wunnen, Mobilitéit, d’Omnibus-Gesetz an de Personnage Camille Gira komme mir dann direkt nom Journal ze schwätzen.

[Mëttesjournal]

Roy Grotz: Camille Gira, mir hate virdrun iwwert déi Gréng Politik Rieds an Dir hutt a sech e ganz zefriddenen Androck gemaach. An der Regierungsaarbecht, do hutt Dir awer scho misste Personal auswiesselen, wann och net an der Regierung, mä an der Chamber. D'Christiane Wickler zitt sech zréck. Sou fréi sou Personalchangementer sinn awer net ëmmer gutt, och wann een natierlech d'perséinlech Motivatioun vun der Madame Wickler kann novollzéien.

Camille Gira: Jo, et ass Schued, datt d'Madame Wickler net an der Chamber ka bleiwen. Ech muss soen, si ass fir eis Gréng eng immens Beräicherung, well si net dee klassesche Parcours gemaach huet fir bei eis Member ze ginn, well si och vläicht aus engem Milieu kënnt, dee vläicht manner representéiert ass. Si ass all Dag un der ekonomescher Front, huet awer hire ganze Betrib an eng nohalteg Direktioun ëmgestallt a si huet eis an deene Méint wou si bei eis ass ganz vill nei Impulser bruecht.

Ech verstinn der Madame Wickler hir Decisioun, ech kenne si schonn 30 Joer, a wa si eppes mécht, da mécht si dat net zu 100% mä zu 200%. A si huet leider misse feststellen, datt dee ganze Betrib geréieren an dann nach zu 200% an der Chamber sëtzen, datt dat wierklech net machbar ass.

Si hätt sech et jo kënnen einfach maachen, an an d'Chamber hir Pai ofsëtze goen. Dat wollt si net. Mir respektéieren déi Decisioun do. Et ass awer och esou, datt d'Madame Wickler lo der grénger Partei net verluer gaangen ass. Si bleift weiderhin an eisen Aarbechtsgruppen a si wäert méi wéi eng Kéier, wann et ëm déi wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg geet, wann et ëm Mëttelstandspolitik geet, wäert si sécherlech dobäi sinn a weiderhi ganz staark Impulser erabréngen.

An de Gérard Anzia, dee kennen ech schonn 30 Joer laang, an dat ass och e Mann vum Terrain, an anere Beräicher. Dee weess wou de Schung dréckt an de Schoulen. Deen huet Erfahrung um lokalen a regionale Plang, an dat ass sécherlech e ganz, ganz gudde Mann fir eis no vir ze bréngen.

Roy Grotz: Also nëmme gutt Personal dat do noréckelt.

Komme mir dann op Äre Ressort nach eng Kéier ze schwätzen. Am Tageblatt haut kënnt den Inneminister Kersch op d'Reformen ze schwätzen mat deenen 10 Gesetzer amendéiert ginn, dat ënnert dem ambitiéisen Numm vun deem Omnibus-Gesetz. Do schéngt keng, awer och guer keng Viraarbecht vun der virechter Regierung geschitt gewiescht ze sinn, dat op d‘mannst wann ee lo deem Interview vum Här Kersch wëllt gleewen.

Camille Gira: Also, ech kann dat confirméieren. Alles wat den Här Kersch eis gewisen huet ass de Bewäis, datt ausser déi puer Iddien déi do zirkuléiert sinn an der aler Regierung, iwwerhaapt keng Viraarbecht gemaach gouf.

Et ass och e weidere Bewäis, wéi d'CSV an deene leschte 7 Méint immens geblöfft huet, wa si behaapt huet, do wier alles preparéiert gewiescht. Och an aneren Dossieren hu mir net dat virfonnt wat d'Leit behaapt hunn.

Mä Omnibus-Gesetz, mengen ech muss ech wierklech soen, do huet den Dan Kersch eng super Aarbecht gemaach. Ech weess net wéi vill Dosende Reuniounen tëscht eenzelne Verwaltungen, Ministèren, och eis selwer, waren.

An dat dat awer lo sou séier kann op ee Punkt bruecht ginn, datt dat kann deposéiert ginn, huet och mat der ganz neier Aart a Weis vun dëser Regierung ze dinn. Déi al Regierung, dat kréie mir awer lénks a riets confirméiert, do huet all Minister fir sech geschafft. Dat berühmt Silosdenken. Dat war net nëmmen an de Verwaltungen, mä bis uewen hin an d'Spëtzt. A genau dat ass anescht ginn.

Ech hunn Iech lo éinescht geschwat vun deem Equipëgeescht, dat ass net nëmme freides am Regierungsrot, mä dat ass och tëscht deenen eenzelne Ministèren. Mir souzen immens oft zesummen. An och bei deem hei Gesetz huet den Dan Kersch dat immens gutt fäerdeg bruecht a mir hu vun eiser Säit eng Rei Punkten do erabruecht, awer dat ass alles am Konsens geschitt. Och do huet kee sech elo gedréckt gefillt. An déi Saachen déi mir abruecht hunn, déi bréngen dobausse fir eis Clienten, wann ee sou däerf soen, d'Betriber, d'Privatleit an d'Gemengen, administrativ Verbesserungen, mä mir hunn awer um Fong, wat de Schutz vun der Ëmwelt an de Ressourcen ubelaangt, net missten noginn. An ech mengen, dat ass jo dat wéi mir wëllen hikommen.

Roy Grotz: Ebe just: Baugenehmegungen, Iwwerschwemmungszonen, domat sidd Dir also direkt och vun den administrative Vereinfachungen an deem grousse Gesetz concernéiert. Ebe just, wéi Dir sot, wéi kënnt een da lo de Bierger wierklech reell entgéint, um Terrain, an hiren dagdeeglechen Demarchen?

Camille Gira: Ma Dir hutt lo ee Beispill gesot: déi aktuell Legislatioun iwwert d'Héichwaasserschutzzonen, dat si Règlements grand-ducaux. An an deenen Zonen däerf ee lo iwwerhaapt näischt méi maachen. Et wäert elo eng nei Generatioun vun Héichwaassergeforekaarte kommen, déi wuel nach ëmmer weise wou d'Waasser wäert hilafen, wa mir eng honnertjäreg Iwwerschwemmung kréien, an där wäerte leider an Zukunft nach kommen, mä mir hunn awer lo eng aner Philosophie, eng aner Demarche: an Zukunft, wann een a sou engem Gebitt läit, ass net en totale Blockage, mä et muss ee selbstverständlech bei eiser Waasserverwaltung eng Demande froen.

Mä wann een da kann noweisen, datt ee weder deem ieweschten Noper nach deem ënneschten Noper schuet, a wann ee kann noweisen, datt dat Waasser wat een eventuell duerch dee Bau verdrängt, iwwert eng aner Kompenséierungsmoossnam kann opgefaange ginn, da kann an Zukunft erëm a sou Gebidder gebaut ginn.

Ech ginn Iech ee Beispill: ech war lo schonn e puer Mol mam François Bausch an de Comité politique Nordstad. Wa mir an der Nordstad wëlle weiderkommen, wa jeemools eppes aus där Zentralachs sollt ginn, dann ass dat do en immens wichtege Fortschrëtt, datt mir deen Déblocage do kréien, well soss brauche mir nach an deenen nächste Joren iwwert d'Nordstad net ze diskutéieren. Mir wäerten dat doten den 18. Juni virstelle goen an dann ass do ee ganz konkret Beispill wou mir elo endlech weiderkommen.

Et kommen awer och fir de Rescht nach aus eisem Gebitt eng ganz Rei Vereinfachungen dobäi. Eist Waasserwirtschaftsamt gëtt wierklech iwwerschott mat Demanden an hirem Beräich. Mir kréie lo Leit bäi fir déi Situatioun ze verbesseren, mä mir wäerten awer och eng Zort Waasserdemande 4, e bësse wéi et am Kommodosgesetz ass, wou ee keng Demande méi muss maachen, mä wou ee just deklaréiert wat ee mécht, dat si klenger Aleef an d'Waasser an esou weider, an da féiere mir Stéchprouwen duerch. Och do wäert fir jiddweree wiesentlech Vereinfachunge kommen.

Roy Grotz: Am Éislek gesi mir se besonnesch an deem dote Sënn: d'Wandmillen, an dat ass jo een Deel och vun der Politik déi d'Regierung wëll maachen, méi op erneierbar Energië setzen. Den Entwécklungsplang Wandmillen, wou ass deen drun?

Camille Gira: Dat ass en anert Beispill wou mir am Environnement festgestallt hunn, datt do en totale Blockage war, ënnert anerem awer och well den delegéierten Ëmweltminister net de Courage hat fir deen Dossier do unzegoen.

Ech hunn d'nächst Woch nach mat de Leit vun dem Naturschutz bei eis, awer och mat Investisseuren, notamment der SEO an hirer Firma Soler, hu mir Reunioun. Ech hunn awer och dobäi den Direkter vum Flughafen agelueden, well mir hu fir d'Entwécklung vun de Wandmillen net nëmmen de Problem, datt mir mussen oppassen op d'Natura 2000 Gebidder, mä mir hunn och e Problem deen zesummenhänkt mat der Aviatioun. Et gëtt jo dee berühmte Radar H3, deen am Éislek soll opgeriicht ginn, an et gëtt och, wann ee méi an de Süde bei d'Stad kënnt, gëtt et ee Problem mat Aflugschneisen a sou weider a sou fort.

Et ass alt erëm ee Beispill, datt do net ee Regierungsmember an der Vergaangenheet Responsabilitéit geholl huet an all déi Administratiounen an all déi Partner zesummebruecht huet.

Mir maachen dat lo d'nächst Woch an ech si ganz optimistesch, datt mir bis Enn des Joers eng Kaart kënne publizéieren, wou dann all potential Investisseure wësse wou si d'Fangere solle wa méiglech dovu loossen, well et entweder Natura 2000 Gebidder sinn oder well do den Airspace ass deen een net ka stéieren duerch Wandmillen. An da sinn ech fest iwwerzeegt, wann ech duerch eng Rei Reunioune mat potentiellen Investisseure weess, datt do eng ganz Rei Projeten an der Pipeline sinn, da sinn ech mir sécher, datt an dëser Legislaturperiod wiesentlech méi Wandmille wäerten opgeriicht gi wéi an där leschter.

Roy Grotz: Bleiwe mir bei Energie, Ressourcen. All Dag erstécke mir am Beruffstraffic. D'maximal Belaaschtung ass och op der Schinn bal erreecht. Wéi ass et mat der Kilometerpauschal? Wann een déi géif ëmmodeléieren, da kéint ee jo en Incentive setzen a sech, fir bewosst op den Auto ze verzichten.

Camille Gira: Dat ass eng Iddi déi och um Dësch läit. Wann ee wëll e Paradigmewiessel hunn, wann ee gär hätt, datt d'Leit wierklech hir Gewunnechten änneren, da muss eng Regierung kohärent Messagen no bausse ginn. An och do ass vun deem fréieren Infrastrukturminister keen eendeitege Message komm. En huet wuel ganz vill preparéiert fir z'investéieren an den ëffentlechen Transport, gläichzäiteg ass awer och ëmmer erëm vum Ausbau vun der Autobunn op Arel an op Thionville geschwat ginn.

Ech mengen, et ass lo scho kloer, datt dës Regierung e ganz klore Paradigmewiessel gemaach huet, an datt fir eis den ëffentlechen Transport absolut Virrang huet. Dat heescht net, datt mir keng Stroosse méi bauen. Do wou der néideg si ginn der gebaut. Mä de Message ass kloer.

A wann ee gär hätt, datt d'Leit ëmklammen, dann däerf een och net méi de Message ginn, datt ee seet, ma gitt roueg op Ëlwen wunnen a gitt an d'Stad schaffen an da bezuele mir Iech iwwert d'Kilometerpauschal och nach de Bensin.

Dat ass eng Iddi, déi sécherlech och wäert diskutéiert ginn an deem grousse Pak vun deem mir lo éinescht geschwat hunn. An da muss ee kucke wou mir do landen. Do muss een oppassen, datt een zum Beispill Léisunge fënnt fir Schichtaarbechter a sou weider a sou fort, déi wierklech net kënnen den ëffentlechen Transport huelen. Och do muss een oppasse wien een do trefft.

Mä do muss ee jo och soen, dat ass jo de Moment och relativ ongerecht, well deejéinege mam Mindestloun dee wäit muss fueren a keng Steiere bezilt, deen huet guer näischt vun där Kilometerpauschal, och do kann ee sech vläicht een anere Modell formen.

Dozou gehéiert dann awer och, an dat ass grondsätzlech eis Politik, sou laang wéi mir awer net iwwerall gutt Alternative fir den ëffentlechen Transport hunn, kënne mir wierklech d'Leit net an déi Richtung do bréngen. Ech mengen, et kann ee réischt mat méi repressive Saache komme wann eng Alternativ do ass.

Do ass villes geschitt. Den Tram ass op de Schinnen, den Arrêt Pont Rouge kënnt an Dir hutt vläicht matkritt, datt ech mam François Bausch virun 2 Dee op Arel war. An dat ass mengen ech ee gutt Beispill wéi eis Politik ass. Mir hunn decidéiert, de 6 spuregen Ausbau vun der Areler Autobunn net ze maachen. Dat hätt e Verméige kascht an Dir kënnt Iech virstellen, joerelaang Stauen op där Streck. Mä wat maache mir lo? Mir hu lo Kontakt mam Areler Buergermeeschter, deen eng super Iddi huet. An et geet lo Rieds vun engem Park an Ride dee mëttel- a laangfristeg eventuell eng Kéier 10.000 Autoe virun Arel opfänkt. A wann dat eppes gëtt, da si mir och bereet do ze investéieren. Mä deen Invest, wann en da sollt zustane kommen, dat wäert nëmmen e minimale Prozentsaz si vun deem. A stellt Iech vir, Dir hätt moies 10.000 Autoe manner op der Areler Autobunn, dann hu mir eppes fir d'Ëmwelt gemaach, mir hunn eppes fir d'Liewensqualitéit vun de Leit gemaach a mir hu Lëtzebuerg nach en Heedegeld gespuert.

Roy Grotz: Déi Emissioun hei heescht jo „Background – am Gespréich“, dat huet natierlech och säi Grond. Mir wëllen och e Stéck, eppes vum Camille Gira vläicht gewuer ginn, wat d'Leit net wëssen, eppes Privates. Dir waart tëscht 1977 an 1994 Fluchlotse. Mir hunn dat schonn héieren, datt Dir an deem dote Fach dra sidd. Ass déi Passioun fir dee Beruff nach ëmmer do?

Camille Gira: Ech hu jo lo déi glécklech Situatioun, mäi Büro am 15. Stack um Kierchbierg ze hunn.

Roy Grotz: Do sidd Dir och e bësse Fluchlotse.

Camille Gira: An och nach no Süden. An ech kann op meng fréier Aarbechtskollegen an op meng éischt Aarbechtsplaz vun uewen erof kucken, wat ech mir ni sou virgestallt hat. An ech gi ganz gären zou, all Kéiers wann e Cargolux Jumbo oder soss e gréissere Fliger kënnt, da kucken ech awer zur Fënster eraus, well dat awer schonn e ganz flotte Beruff war, e ganz spezielle Beruff. Ech hunn och do e bësse Verantwortung huele geléiert. Ech hunn och do e bësse geléiert, datt ee sech net ënner Drock soll setze loossen. An dee Beruff ass ee ganz schéine Beruff an ech sinn immens frou, datt ee vu menge Jongen decidéiert huet dee selwechte Beruff ze ergräifen.

Roy Grotz: Kommt mir lauschtere lo nach eemol ganz kuerz wat d'Leit zum Camille Gira dobausse soten.

Mann (O-Toun): Dee kennen ech net.

Fra (O-Toun): Ech weess et net, ech kann Iech dorop net äntweren, well ech net genuch am Bild sinn

Fra (O-Toun): Neen, net extra vill

Mann (O-Toun): Am Fong, also ech hunn net vill héieren, mä ech géing soen, datt e sech awer Méi gëtt fir déi Saach, jo, datt en net einfach sou do sëtzt fir näischt ze maachen.

Roy Grotz: Jo, Dir sëtzt net einfach do fir näischt ze maachen, mengt den Här. Ass dat sou, jo?

Camille Gira: Ech mengen, ech souz 30 Joer net an der Gemeng fir näischt ze maachen an ech hunn och net Wëlles 5 Joer hei am Regierungsrot an am Ministère ze sëtzen. An ech mengen, an deene puer Méint wou ech do sinn, hunn ech jo och schonn e puer kriddeleg Dossieren ugepaakt.

Roy Grotz: Wat war dann dat Kriddelegst a sech?

Camille Gira: Deen Owend do zu Esch, dee war net gemittlech, mä ech mengen, et ass fir mech evident – ech hunn 30 Joer laang sou Politik gemaach an der Gemeng an ech hunn och fest Wëlles sou Politik an deenen nächste 5 Joer ze maachen – et kann net sinn, datt 1.000 Leit eng Petitioun géint e Projet ënnerschreiwen an dann ass e Staatssekretär oder e Minister do, deen de Projet wuel verbessert, mä dann awer de Projet zouléisst. Ech fannen, dann ass et déi verdammte Flicht vun deem responsabele Politiker bei d'Leit ze goen an ze erklären, firwat datt en déi Decisioun geholl huet, och wann en da vläicht en desagreabelen Owend wäert verbréngen.

Mä ënnert dem Stréch mengen ech, ass dat do déi eenzeg Aart a Weis wéi mir d'Leit rëm bei d'Politik bréngen. An dat do ass déi beschten Aart a Weis fir d'Waasser vun de Mille vun de Populisten ewech ze huelen. Well Gerüchter entstinn nëmme wann déi Politiker déi un der Muecht si sech net dem Débat, der Kritik vun de Leit stellen. An dofir wäert dës Regierung an där Hisiicht och e ganz anere Suivi un den Dag leeën. Ech mengen, dat hu mir scho bewisen. Och aner Ministere si schonn un d'Front gaangen an dat zeechent sécherlech dës Regierung aus an differenzéiert se vun där vu virdrun.

Roy Grotz: Dir hutt gesot, bal 3 Joerzéngten an der Gemeng Biekerech aktiv, Dir stoungt och e bëssen un der Wéi vun där Regionalwährung dem Beki. Deem schéngt et den Ament net esou gutt ze goen oder?

Camille Gira: Do ass eng Duerstellung gemaach gi vun deem wat am Réidener Gemengerot war. Ech sinn e bëssen iwwerrascht, datt de Réidener Gemengerot eng Fro beäntwert, déi anscheinend keen him gestallt huet. Ech muss och soen, datt bis elo de Réidener Gemengerot nach keen Euro an de Projet Beki gestach huet, dofir wäert sécherlech d'Zukunft vun deem Projet net vun der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Réiden ofhänken. Ech bedaueren awer, datt grad d'Gemeng Réiden net erkannt huet, datt dee Projet do grad hire Geschäftsleit immens zegutt kënnt.

Mä dem Beki geet et gutt. 157.000 sinn der schonn an Ëmlaf bruecht ginn an deem annerhallwe Joer, mä d'Ënnerstëtzung war gefrot gi fir dem Max Hilbert, dem Zentralbankchef vum Beki, fir deem seng hallef Pai eventuell vum Syndikat, datt do eng Ënnerstëtzung kënnt. Ech kennen d'Detailer net wéi et weidergeet an ech si ganz optimistesch, datt de Beki och wäert déi dote Kritik iwwerliewen.

Roy Grotz: Da komme mir net laanscht d'Fro, natierlech, d'WM, Dir wäert se och e bësse mat suivéieren, Tip Argentinien-Belsch den Owend?

Camille Gira: Also ech géing mir jo wënschen, datt eis belsch Nopere géinge wannen. Ech fannen, datt déi eng ganz gutt Equipe, eng ganz sympathesch Equipe hunn. An ech kréien iwwert d'Jugend vu Biekerech mat, datt wann d'Belsch spillen zu Arel op der grousser Plaz der Däiwel lass ass. A vläicht fënnt d'Belsch och rëm iwwert hir Futtballsequipe zu enger gewësser Unitéit a kritt och domat an der Belsch enger Rei Populisten en Deel Waasser vun der Millen ewechgeholl.

Roy Grotz: Holland-Costa Rica, idem, och do kloer?

Camille Gira: Jo, ech mengen, datt ee jo, et steet ee vläicht den Nopeschlänner méi no. Et ass jo flott, datt awer eis 4 Nopeschlänner, wann ech d'Hollänner mat eranhuelen, datt déi sou wäit ginn. Vläicht schwéngt jo och do d'Qualitéit vun deem Futtball eng Kéier op Lëtzebuerg eriwwer, a wie weess, ob eis Equipe dann net och eng Kéier nach ka Wonner bewierken.

Roy Grotz: Da sot eis nach séier wou et an d'Vakanz geet dëst Joer?

Camille Gira: Mir ginn an déi baltesch Länner. Mir maachen do eng Rondrees, fuere mam Zuch an dem Schëff dohin, fir schonn ënnerwee Vakanz kënnen ze maachen a si gespaant wéi dann d'Welt do uewen ausgesäit. Länner déi aus dem fréieren Ostblock kommen, déi wierklech eng schwiereg Situatioun an der Noperschaft vu Russland hunn a kucke wéi d'Welt do ausgesäit. Iwwert en europäesche Projet hunn ech do Leit aus Estland kennegeléiert an dat wäert eis och Geleeënheet ginn, menger Fra a mir, déi Leit besichen ze goen, wat jo ëmmer ganz anescht ass wéi wann ee just als Tourist doropper geet.

Roy Grotz: Ma da wënschen ech Iech lo schonn eng schéi Vakanz a Merci fir d'Kommen haut.

 

Camille Gira: Merci och.

Dernière mise à jour