Dernière modification le
Claude Meisch à l'émission "Background - am Gespréich" d'RTL Radio Lëtzebuerg "D’Schoul zu Lëtzebuerg huet ganz vill Erausfuerderungen ze schëlleren"
Interview vum Carine Lemmer (RTL Radio Lëtzebuerg):
Jo, gudde Mëtteg, Här Meisch.
<Geräisch vun enger Schell> Dat Geräisch héieren zanter dëser Woch nees d’Schüler an d’Enseignanten, dat no 8 Woche Vakanz. Kënnt Dir Iech nach kuerz un Är Zäit an der Schoul erënneren?
Claude Meisch: Natierlech huet een nach Erënnerungen, an et stellt een eigentlech fest, datt déi gutt Erënnerungen iergendzwousch bliwwe sinn, datt déi gutt Momenter, déi flott Momenter, wou een inspiréiert ginn ass vun Enseignanten eigentlech, déi engem säi Liewenswee och vläicht e bësse mat herno geprägt hunn. Natierlech och déi eng oder déi aner Kéier wou een emol eng Kéier eng gestiicht hat. Dat si Saachen déi engem oft an Erënnerung komm sinn. A mat der Zäit, mat der Distanz huet een awer gemierkt, datt dat wat ee vläicht als Schüler emol un der Schoul gestéiert huet, dat ass awer iergendzwousch verschwonnen, muss ech soen.
Carine Lemmer: De Premier Xavier Bettel sot Uganks der Woch bei eis am Interview, et misst ee sech d’Fro stellen, ob d’Schoul nach modern genuch, nach gutt genuch wier. Ass se dann och gutt genuch?
Claude Meisch: D’Schoul zu Lëtzebuerg huet ganz vill Erausfuerderungen ze schëlleren. An ech denken, datt mir am Liicht vun deenen Erausfuerderungen exzellent Resultater heiansdo hunn. A mir schwätzen eigentlech ëmmer nëmmen iwwer dat wat net klappt an der Schoul, dat ass en Thema, mä kucken awer net wat klappt.
An ech schwätzen zum Beispill mat mengen europäesche Ministerkollegen, déi komme bei mech a soen, wéi maacht dir dat? Wéi maacht dir dat mat deene ville Sproochen? Wéi maacht dir dat mat där heterogener Populatioun? Wéi maacht dir dat mat deene sozialen Ënnerscheeder, déi dir och an d’Schoul erakritt? Dat sinn nämlech Sujeten, ganz oft am Ausland och. A mir ginn als Land awer do scho wouergeholl als e Land wat schonn e Stéck méi wäit ass.
Mir lamentéieren also oft hei zu Lëtzebuerg, iwwer d’Schoul, iwwer dat wat nach net klappt, an dat gëtt et och, do gëtt et Punkten, a mir wäerten de Mëtteg nach oft genuch doropper kënnen zeréckkommen. Mä et ass ganz, ganz villes wat klappt. An Dank dem Engagement vu villen Enseignanten, vu villen Elteren, an och all deenen déi zoustänneg sinn a Responsabilitéit hu fir d’Schoul.
Carine Lemmer: Also, gutt genuch ass se dann net, awer net esou schlecht dann?
Claude Meisch: Et muss ee kucken an der Schoul, wat fir eng Erausfuerderungen huet een?
Mir hunn zu Lëtzebuerg eng Situatioun, datt mir ganz vill Sproochen doheem schwätzen. Mir hunn eng Situatioun wou doheem méi Kanner haut déi an d’Schoul komme kee Lëtzebuergesch méi schwätzen, wéi Lëtzebuergesch doheem schwätzen. An d’Schoul ass awer eigentlech nach ëmmer e bëssen esou opgestallt, virun allem wat de Sproochenunterrecht ubelaangt, wéi virun 30, 40 Joer, wou d’Situatioun eigentlech esou war, datt doheem jiddweree Lëtzebuergesch geschwat huet. Dofir musse mir e Stéck wäit besser ginn.
Mir mierke jo och an de Pisa-Etuden, a ganz villen aneren Étudë wou mir Evaluatioun maachen, datt mir et net fäerdeg brénge sozial Ongläichheeten iwwer d’Schoul auszegläichen. Mir sinn do net alleng. Aner Länner, mengen ech, hunn déi selwecht Erausfuerderungen.
A mir hunn eis eigentlech elo, mat dëser Regierung, och mat der Conceptioun vun deem neie Ministère, méi Méiglechkeete ginn, well mir Schoul a Kannerbetreiung méi no beienee réckelen, a well mir endlech Kannerbetreiung och net méi nëmmen als dat gesinn, wou mir en place setzen, fir datt Elteren zu zwee kënne schaffe goen – dat ass een Aspekt dovunner – mä wou mir awer och probéieren do de Kanner wierklech eppes mat op de Wee ze ginn, a se nach méi fréi, an nach besser, an dofir mengen ech einfach méi zilgeriicht, herno och kënnen op d’Schoul ze preparéieren.
Carine Lemmer: Dir hutt d’Sproochen ugeschwat. Wat muss sech dann als alleréischt änneren? Also, nennt wann ech gelift kuerz den Haaptpunkt wou Dir wëllt usetzen. Sinn dat d’Sproochen?
Claude Meisch: Kuckt, an der Educatioun gëtt et keng einfach Äntwerten, an et gëtt net den Haaptpunkt, et ginn heiansdo méi Punkten. Mä sécherlech ass dat déi grouss Erausfuerderung hei zu Lëtzebuerg.
Mir hunn eng Situatioun wou mir eng multilingual Gesellschaft hunn, déi nach ëmmer méi multilingual gëtt, well mir méi multikulturell och ginn, well mir eng Aarbechtswelt hunn, déi eigentlech net méi der Aarbechtswelt vu virun 30, 40 Joer och entsprécht. Dofir musse mir méi Sproochen hei am Land vermëttelen, och de Kanner weiderhi vermëttelen. Well d’Kanner awer net déi selwecht Sprooch doheem schwätzen, ass dat natierlech eng ganz grouss Erausfuerderung fir eng ëffentlech Schoul, déi awer och eigentlech en eenheetleche System nach ëmmer soll duerstellen, fir dat do ze meeschteren. Dofir wëlle mir méi fréi ufänken.
Mir schwätze jo haut schonn, datt mir och Sproochevermëttlung – an dat mengen ech net datt mir do géife wierklech Schoul halen, a Vocabulaire, a Regelen, Grammairesregelen, an Orthographiesregelen an der Crèche solle léieren – mä andeems mir d’Familiariséiere mat enger Sprooch schonn an der Crèche ufänken, fir datt mir net herno d’Situatioun hu wéi se haut ass, an e bësse paradox ass, wou mir eigentlech monolingual Crèchen hunn, déi awer op eng multilingual Schoul, an duerno op eng multilingual Gesellschaft solle preparéieren. Mir mussen also och schonn an der Crèche emol déi eng oder déi aner Sprooch méi erabréngen.
Carine Lemmer: Dorop komme mir nach méi spéit ze schwätzen. Dir wëllt d’Eltere méi mat abezéien, sot Dir op Ärer Rentrées-Pressekonferenz. Dat heescht, momentan si se op ville Plazen net genuch mat abezunn? U wiem läit dat dann, un den Elteren oder um System, respektiv den Enseignanten?
Claude Meisch: Et geet mir bei der Elterenaarbecht ëm zwee Punkten. Dat éischt ass sécherlech, datt een en Dialogpartner huet. D’Eltere mussen, mengen ech, gehéiert ginn. A mir hunn am Fondamental elo eng Struktur wou se automatesch mat dobäi sinn, wann et ëm d’Schoulorganisatioun geet, wann et ëm Froen, ganz konkret Froen an der Schoul geet. Déi Struktur, mengen ech, musse mir och elo iwwersetzen an de Secondaire eran. Ech hätt och gären eng national representativ Elterevereenegung, datt de Minister weess u wie wennen ech mech fir ze froen, wéi gesinn d’Elteren deen do Problem. Dat ass deen een Aspekt.
Deen aneren, deen awer op d’mannst grad esou wichteg ass, dat ass, datt mir vermëttelt kréien, datt d’Elteren eng Verantwortung hunn. An oft gi mir jo Messagen, déi esou opgefaasst gi wéi wa mir d’Eltere gären aus der Schoul eraus hätten, datt mir soen, bréngt är Kanner nach méi fréi an d’Schoul, an an d’Kannerbetreiung, an dir bräicht eigentlech manner dofir ze suergen, datt är Kanner herno de Wee iwwer d’Educatioun och an d’Gesellschaft era fannen. An dat ass falsch. Dee Message musse mir, mengen ech, och eng Kéier revidéieren.
Elo sinn ech een, dee ganz fir Kannerbetreiung ass, an datt mir dat propper a qualitativ héichwäerteg ubidden, mä ech hätt awer gären, datt mir et fäerdeg bréngen, datt d’Elteren och do vermëttelt kréie wat hir Aufgab an der Educatioun weiderhi soll bleiwen.
Well wann doheem net iwwer Hausaufgabe geschwat gëtt, wann net iwwer Schoul geschwat gëtt, wann et keen Thema ass och wat an der Crèche lass war, dann hunn d’Kanner ganz schnell d’Gefill, datt alles wichteg ass, mä Schoul net wichteg ass. An dat ass de falsche Message.
An dofir hätte mir gären, datt mir iwwer e puer Weeër, iwwer de Kontakt vun den Enseignanten, an och den Éducatricen, mat den Elteren eigentlech do eng Rei vu Messagë kënnen eriwwerbréngen; datt mir awer och méi systematesch Initiativen ënnerstëtzen, wéi Eltereschoul, wéi Familiy learning, wou mir den Elteren nach eng Kéier rappeléieren, wat an dem ganzen edukative Prozess, an am Prozess vun der Erzéiung och hir Aufgab muss bleiwen.
Carine Lemmer: Den Enseignant soll dann och gestäerkt ginn. Seng Ausbildung soll sech änneren. Et kënnt en neit Institut, en neie Stage an der Grondschoul. Wat ännert sech da konkret fir d’Enseignanten?
Claude Meisch: Eis ass opgefall, an eis net alleng, virun allem wann een eng ganz Rei vun international Bildungsstudien och kuckt, datt Strukturreformen alleng, esou wéi se och gemaach goufen, a wéi der och sécherlech nach noutwenneg sinn, datt déi alleng net zum Resultat féieren.
Mir hunn zum Beispill eng Reform iwwer d’Formation professionnelle gemaach, do kommen elo déi éischt Generatioun vu Schüler eraus. Mat, niewent all deenen organisatoresche Problemer, wou mir do haten, a wou mir och nach mussen usetzen, mierke mir awer, datt d’Resultater eigentlech déi selwecht bliwwe si wéi virun där Reform. Dat heescht, wa mir alleng un der Struktur schaffen, dann ännert sech näischt.
Mir mussen also et fäerdeg bréngen, datt sech am Klassesall eppes ännert, datt sech an der Relatioun tëschent dem Enseignant an dem Schüler eppes ännert, datt iwwerhaapt emol eng Relatioun besteet, datt den Enseignant net an d’Klass erakënnt, e proppert Tafelbild ofliwwert, et eng Kéier propper erkläert an dann erëm geet. E Schüler, mengen ech, brauch eng Relatioun zu engem Mënsch, wann e selwer eppes wëllt léieren, wann e selwer eppes fir interessant muss fannen, fir déi Matière och iergendzwousch da kënne wouer ze huelen, an a sech opzesaugen. An e muss och d’Wichtegkeet vun engem Fach kënne spieren, a verstoen. An dat sinn och Punkten, wou den Enseignant muss mat vermëttelen.
Dofir wëlle mir ganz staark an zukënftege Reforme bei den Enseignanten usetzen. Dir hutt et ugeschwat. Mir schafen en neit Formatiounsinstitut.
Mä och do kënnt et net nëmmen drop un, datt mir dat schafen, och do musse mir kucken, wat fir eng Formatioun bidde mir dann herno un. Hei geet et jo elo net ëm d’Grondausbildung vun den Enseignanten, hei geet et ëm d’Weiderbildung, et geet awer och ëm den neie Stage, dee mir wëllen aféieren, fir wierklech och den Iwwergank vun der Grondausbildung an de Beruff eran, d’Enseignanten nach besser ze begleeden, an op den Alldag, an op déi alldeeglech Erausfuerderungen an der Schoul méi staark do kënnen anzegoen.
Ech denken och, datt mir eis nach mussen eng Kéier d’Fro stellen, wat soll den Enseignant wierklech duerstellen? Ass et den Expert an enger Matière? Ass et den Expert an der Mathematik, oder am Franséischen, oder an der Biologie? Oder ass et e Léierexpert? Ech tendéieren éischter dozou fir ze soen, et ass den Expert vum Léieren a vum Enseignéieren, wéi datt et elo wierklech de groussen Expert, de grousse Spezialist an der Matière muss sinn.
Natierlech muss hie seng Matière beherrschen. An dofir wëll ech och mat der Uni Lëtzebuerg Diskussioune féiere fir d’Schafung vun engem Master, e Master in Secondary Education, wou een eigentlech e Bachelor a sengem Fach dann huet, wou een herno wëllt enseignéieren. Dat kann an der Mathematik zum Beispill sinn, et kann och eng Sprooch sinn, oder en anert Fach. An dann als Master herno awer da wierklech dann de Léierprozess geléiert huet, an do eigentlech geléiert huet wéi ee seng Matière eriwwer bréngt. Dorëms geet et jo eigentlech an der Schoul an am Klassesall.
Do sinn nach eng Rei vu Verännerungen déi wäerten op eis duerkommen. An ech denken, datt mir do wierklech Afloss kënnen hunn op d’Qualitéit vum Enseignement.
Carine Lemmer: Et kënnt jo dann op den Enseignant un, vun him hänkt de Succès vun de Schüler of. Dir haalt et dann do e bësse mam John Hattie, e bekannte Pädagog an Erzéiungswëssenschaftler, deen eben eng Meta-Etude gemaach huet, wat de Succès vum Léieren ausmécht. Jo, kéint ee sech da grouss Reforme vum System, iwwer déi jo och laang a breet dann hei am Land diskutéiert gëtt, oder gestridde gëtt, net einfach spueren?
Claude Meisch: Neen, ech mengen net, datt ee sech se ka spueren, mä alleng gi se net duer. Mir mussen och de System no vir bréngen.
Ech denken, datt mir ganz vill Wäert a méi Wäert nach mussen an Zukunft drop leeën, op Autonomie vun de Schoulen. Dat ass sécherlech och eng strukturell Reform déi noutwenneg ass, fir datt awer Decisiounen och herno kënnen um Terrain geholl ginn, datt déi Acteuren an der Schoul déi Problemer gesinn, an déi Problemer sinn net iwwerall d’selwecht, datt déi och hir Äntwert op déi Problemer kënne besser fannen.
Dat gëllt am Fondamental, wou mir wëllen de Plan de réussite scolaire, dee jo elo an eng zweet Generatioun geet, dee schonn iwwerschafft ginn ass, nach eng Kéier wëllen op de Leescht huele fir wierklech en zentraalt Element vun der Schoulentwécklung doraus ze maachen. A mir wëssen, datt de Plan de réussite scolaire vun de Schoule selwer opgestallt gëtt.
Ech denken awer och, datt mir da musse méi Ressourcen zum Beispill dra ginn, fir datt et wierklech en Element vun der Schoulsteierung gëtt, vun der Schoulentwécklung gëtt. Haut huet de Minister d’Méiglechkeet déi sämtlech Plans de réussite scolaire duerch d’Land an all de Schoule mat 500 Schoulstonne pro Woch ze ënnerstëtzen, dat sinn net emol 4 Stonne pro Schoul, déi een do kann zousätzlech Ressourcen an eng Schoul gi fir dat ëmzesetzen. Do musse mir sécherlech och als Ministère nach e groussen Effort maachen.
An dann, bei der Secondairesreform do wäerte mir sécherlech och ganz staark Wäert op Autonomie leeë vun de Gebaier. Dat kann eng administrativ Autonomie sinn, déi zum Beispill sech doranner kann erëmspigelen, datt eng Direktioun méi Méiglechkeeten huet och deen een oder aneren Enseignant ze rekrutéieren, well een e gewëssene Profil och vum Enseignant vläicht brauch, fir gewësse Projeten och, an enger gewëssen Orientatioun vun der Schoul kënnen ëmzesetzen.
Dat soll awer och eng pädagogesch Autonomie sinn, wou mir Sujete wéi Orientatioun, wéi Tutorat a Schoulentwécklung och méi staark an där Autonomie nach wëlle verankeren.
Carine Lemmer: D’Tâche vun den Enseignante soll jo dann och iwwerkuckt ginn. Et war Rieds, datt Déchargë kéinte gestrach ginn, wat de Proffe forcément net immens gefält. Altersdéchargen déi kéinten ewechfalen. Gëtt et do en neien Ament?
Claude Meisch: Mir sinn an der Situatioun, datt mir quasi pro Joer 300 zousätzlech Enseignante misste rekrutéiere fir de Rythmus vun haut a vun de leschte Joere kënne weider ze schreiwen. Dat stellt awer eng Rei vu Problemer duer, net nëmmen, seet d’Gesamtregierung, datt den Effektiv beim Gesamtstaat net an deem do Mooss kann uklammen, an et kann och net esou sinn, datt all Fonctionnairesposten dee bäikënnt fir d’Educatioun reservéiert ass, och wann dat eng grouss national politesch Prioritéit och vun der Regierung ass.
An op där anerer Säit musse mir jo awer och kucken, wéi vill Enseignante kënne mir rekrutéieren, wéi vill ginn der ausgebilt, a wéi vill packen dann zum Beispill och den Examen am Fondamental, de Concoursexamen, a wéi vill brénge mir dann och iwwer de Stage am Secondaire herno dozou, wierklech als qualifizéierten Enseignant kënne Schoul ze halen? Do muss een also och d’Realitéit kucken.
An ech denke schonn, datt mir déi eng oder déi aner Mesure mussen huele fir, jo, fir där Croissance vun de Posten, ech soen net, datt manner Leit an de Schoul herno schaffen, well dat geet zu Lëtzebuerg sécherlech net, well mir sinn e Land wat wiisst, a mir kréie Joer fir Joer méi Kanner an d’Schoul, mä datt mir do den Uwuess vun den Enseignantsposten e bësse besser gesteiert kréien.
Ech denken awer net, datt mir déi Diskussioun iwwer d’Tâche nëmmen am Liicht solle féiere vun Ekonomien déi vläicht ze maache sinn, oder vu manner Posten déi solle geschafe ginn. Mir mussen och nach eng Kéier kucken, wéi brénge mir et fäerdeg, datt mir d’Zäit déi den Enseignant verbréngt fir d’Schoul, datt déi Zäit méi am Kontakt mam Schüler och ass, an datt mir vläicht manner administrativ Aufgaben op den Enseignant leeën, datt mir vläicht manner déi opgeblosen Concertatiounsstrukturen do weider féieren, mä datt mir dem Enseignant wierklech erëm d’Geleeënheet ginn an d’Schoul ze goen, an datt mir och vläicht doduerch eng Situatioun herno hunn, datt mir manner verschidden, ech denke virun allem am Fondamental, manner verschidden Enseignantë bei der Kanner hunn. Well e Kand wat iwwer d’Woch mat 4 verschiddenen Enseignanten ze dinn huet, do gëtt et ganz schwéier och eng Bezéiung zu deenen Enseignanten do opzebauen.
A wann dann nach een, fir datt de Stonneplang herno soll opgoen, muss erakomme fir eng oder zwou Stonnen ze halen, dee kritt eigentlech do déi Bezéiung net opgebaut déi ee brauch tëschent dem Enseignant an tëschent dem Schüler, fir gutt kënne Schoul ze halen.
Dat sinn also och pädagogesch Aspekter, déi mir sollte beliichte mat der Tâche.
Dir hutt gesot, datt ech eng Preferenz hätt fir d’Altersdéchargen zur Diskussioun ze stellen, se ofzeschafen, se no hannen ze verréckelen. Dat ass sécherlech eng vun de Méiglechkeeten nach ëmmer. Ech hunn de Gewerkschaften dat gesot. D’Reaktioun war wéineg enthousiastesch. Mir hunn awer sécherlech och nach aner Méiglechkeeten. An ech wäert deemnächst nach eng Kéier d’Gewerkschafte begéine fir eng Rei vun anere Proposen ze maachen. An da muss ee kucken, ob et dee Wee ass deen ech initialement proposéiert hat, oder ob mir net aner, vläicht nach méi intelligent Weeër do kënne fannen.
Carine Lemmer: Dëst Joer hunn dann och 60% vun de Kandidaten den Exame fir Schoulmeeschter net gepackt. Dat huet och bei Iech am Ministère fir e liichte Schock gesuergt. Op den Examen, op d’mannst, waren déi meescht also net genuch preparéiert?
Claude Meisch: Et soll jo eigentlech och keen Exame sinn, wou ee sech elo op den Exame just preparéiert, dat heescht, eng Matière verinnerlecht, an dann deen Dag vum Examen erëm zeréck gëtt. Et soll ee wierklech weisen, ob een an der ganzer Bandbreet vun deem wat en Enseignant muss leeschten, ob een deenen Ufuerderungen do gerecht gëtt.
Schockéiert huet mech perséinlech virun allem, datt et eben net Niewesächlechkeete waren, wat déi schlecht Resultater verursaacht huet, mä datt et wierklech deen Exame war wou et ëm pädagogesch Froe geet, wou et ëm Didaktik geet, wou et da wierklech ëm Schoulhale gaangen ass, datt mir do ganz vill Kandidatinnen a Kandidaten haten déi duerchgefall sinn. Mir wäerten also nach eng Kéier mussen eis Grondausbildung méi sérieux ukucken.
Bon, mir hunn och festgestallt, datt déi déi d’Grondausbildung op der Uni Lëtzebuerg gemaach hunn, datt déi besser ofgeschnidden hunn – nach ëmmer net wierklech gutt awer ofgeschnidden hunn – wéi déi déi aus dem Ausland komm sinn, wat vläicht och verständlech ass, well d’Uni Lëtzebuerg jo awer sécherlech méi geziilt op d’Erausfuerderungen a lëtzebuerger Schoule preparéiert, wéi wann ech elo meng Formatioun an der Belsch, oder an der Schwäiz maachen.
An da muss ee vläicht och nach eng Kéier d’Analys maachen, jo, wat ass virdrun am ganze Parcours, am ganze Parcours scolaire vun deene Kandidaten och do geschitt, datt se eigentlech där Aufgab do net gewuess sinn?
Carine Lemmer: Et gouf och dat béist Gerücht, et wier vläicht e bëssen Absiicht, datt esou vill et net gepackt hätten; Chargéë wiere jo méi bëlleg. Do ass awer näischt drun?
Claude Meisch: Neen, also mir hu sécherlech net un enger Schrauf do gedréint fir elo ze soen, elo hätte mir der dës Kéier gär 60% déi duerchfalen. Dat ass et net, dat kann et och net sinn.
Mir hunn eng Saach geännert am Examen par rapport zu de Joere virdrun, dat ass wouer. Et muss een elo d’Analys nach eng Kéier maachen, ob dat eng Ursaach och ka si fir dat iwwerdriwwe schlecht Resultat vun dësem Joer, dat ass, datt fréier de Kandidat d’Méiglechkeet hat an där Sprooch ze äntwerte wou hie wollt. Dëst Joer hu mir awer gesot, datt een an där Sprooch muss äntwerte wou d’Fro gestallt war. An ech denken awer och, datt mir an eise Grondschoulen Enseignante brauchen déi à même sinn an deenen zwou Sproochen, an Däitsch an a Franséisch, propper ze äntwerten.
Carine Lemmer: Dat heescht, d’Froe waren op Däitsch a Franséisch gestallt ginn?
Claude Meisch: D’Froe waren op Däitsch a Franséisch gestallt, an et huet ee missten an där Sprooch äntwerte wou se da gestallt waren. An ech insistéiere wierklech, datt mir Enseignanten hunn déi ganz propper Däitsch, a ganz propper Franséisch kënnen, an och, jo, hir Iddie kënnen an där Sprooch formuléieren, esou datt eigentlech dat keen Nodeel dierft sinn.
Carine Lemmer: Et falen ze vill Schüler duerch, ganz vill Zäit geet fir d’Sproochen drop, ware Constaten aus enger leschter Etude vun der OECD.
De Sproochenunterrecht ass effektiv méi speziell hei am Land. Et gëtt een an enger Friemsprooch alphabetiséiert, vill Däitsch, vill Franséisch, alles op engem héijen Niveau, mä spéider eréischt dann Englesch. Ass dat nach zäitgeméiss?
Claude Meisch: Iwwer d’Englescht musse mir sécherlech nach eng Kéier nodenken, well eis Ekonomie huet sech geännert, an d’Sproochenhierarchie um internationale Plang huet sech sécherlech och nach eng Kéier geännert. An ech denken, datt mir eise Schüler mussen e gutt Englescht mat op de Wee ginn, virun allem déi déi herno wëllen international studéiere goen, oder international Carrièrë maachen, déi mussen en impeccabelt Englesch maîtriséieren.
Mir hunn aner Problemer sécherlech. Mir stelle fest, datt déi déi kee Lëtzebuergesch doheem schwätzen, datt déi duerch déi däitsch Alphabetiséierung eigentlech vun Ufank u liicht gehandicapt sinn an eiser Schoul, an datt se deen Nodeel oft iwwer hir ganz Schoulcarrière matschleefen, datt se herno e Problem am Däitschen hunn.
Mir mierken awer och, an ëmmer méi, an dat och herno, wat een zum Beispill am Passage Primaire/Post-Primaire gesäit, datt mir ëmmer manner Schüler an de Secondaire classique orientéieren, datt déi lëtzebuergesch Schüler Problemer hunn an de Sproochen, notamment am Franséischen, oder vill Lëtzebuerger sinn an engem permanente Konfliktzoustand mat der franséischer Sprooch eigentlech. A mir mussen eis d’Fro stellen, wat maache mir falsch?
Well, Dir hutt et richteg gesot, d’OECD seet, datt mir esou vill Sproochenunterrecht hale wéi eigentlech kaum en anert Land, wat och normal ass duerch eis multilingual Situatioun, déi mir wëlle bäibehalen och. Mä op där anerer Säit musse mir eis awer nach eng Kéier d’Fro stellen, ob den Zäitpunkt wéini mir eng Sprooch enseignéieren, a wéini mir ufänke mat enger Sprooch, an awer och d’Aart a Weis, ob dat déi richteg ass.
An dofir setze mir eben och ganz staark op dat Familiariséiere mat de Sprooche scho ganz fréi, schonn iwwer d’Kannerbetreiung, datt mir Kanner hunn déi herno esouwuel mat der lëtzebuergescher Sprooch, wéi och mat der franséischer Sprooch scho familiariséiert sinn ier se an d’Schoul kommen, an datt doduerch eng besser Basis geluecht ass, an datt mir vill Efforten, déi mir herno mat ganz vill Méi herno musse maache fir eng Sprooch da wierklech als Friemsprooch ze léieren, datt mir et do e Stéck wäit méi einfach kréien. Dat ass eng Pist, wou mir ganz vill Hoffnung dra setzen, an déi mir eigentlech elo kënnen och esou ëmsetzen, well mir de Ministère nei gestréckt hunn, andeems mir eben d’Kannerbetreiung mat integréiert hunn.
Carine Lemmer: Mä Däitsch a Franséisch op deem héijen Niveau; déi vill däitsch Frontalieren hei um Aarbechtsmaart kënne kee Franséisch, d’Fransousen an d’Belsch kënnen keen Däitsch, fir et elo emol salopp ze soen, schaffen di se awer hei, dat misst jo och en Argument si fir de Sproochenunterrecht ze iwwerdenken?
Claude Meisch: Dat Argument ass net falsch. Ech denken awer och, datt mir weiderhi musse Schoulen hunn, wou mir och et méiglech maachen, datt een deen dat wëllt, datt deen Däitsch a Franséisch an och Englesch op engem ganz héijen Niveau ka léieren. Et gëtt Schüler déi hunn Talent an enger Sprooch, an a méi Sproochen. Ech mengen, datt een och déi soll förderen. Dofir kann ech mir net virstellen, datt mir elo generell higinn a soen, d’Sproochenufuerderunge ginn elo generell erofgesat. Mir mussen awer sécherlech der Sproocherealitéit och an der Schoul besser Rechnung droen.
An Dir hutt et gesot, et kommen aner Leit, déi vläicht nëmmen eng Sprooch gutt beherrschen, op eisen Aarbechtsmaart. Et kommen och Schüler an eis Schoulen, déi vläicht hire Parcours scolaire enzwousch anescht ugefaangen hunn. A mir mussen och deenen d’Chance ginn an där Sprooch vläicht weider ze féieren.
Dofir insistéieren ech ganz staark, an et war och dat ee vu mengen Haaptmessagen elo bei der Schoulrentrée, un d’Direkteren aus dem Secondaire, datt mir innerhalb vun der ëffentlecher Schoul och méi international Filièren ubidden; datt mir déi Schüler, déi aus der ganzer Expat community kommen, mä awer och déi Schüler déi an enger Sprooch e Problem hunn, datt mir déi net nëmmen an déi Privatschoulen ofdrécken, dat ass nämlech haut de Fall, mä datt mir eis Lycéeën, an eis Lycées techniques nach weider encouragéieren eben och Filièren op Däitsch, op Franséisch, an och op Englesch unzebidden, datt een do der Sproocherealitéit am Land e Stéck wäit méi Rechnung dréit.
Carine Lemmer: Et sinn ëmmer manner Schüler am Secondaire, ëmmer méi am Modulaire, an déi allermeescht am Technique. Dat ass eng Entwécklung déi ze denke gëtt, an Iech och Suerge mécht. Firwat sinn dann esou vill Schüler op Modulaire? Mam Modulaire huet ee jo net onbedéngt déi beschte Chancen um Aarbechtsmaart.
Claude Meisch: Bon, fir d’alleréischt muss een eng Kéier soen, wann een am Modulaire ass, ass een net condamnéiert. D’Halschent vun deene Schüler déi an de Modulaire orientéiert goufen, packen herno de Sprong zeréck an den EST, also an de Secondaire technique, respektiv an d’Beruffsausbildung, a maachen och do en Diplom, an hunn da wierklech och e wäertvollen Diplom an der Täsch fir op den Aarbechtsmaart ze kommen.
Vläicht musse mir de Modulaire selwer nach eng Kéier e bësse méi differenzéieren, nach eng Kéier kucken, firwat ass een am Modulaire? Ass een am Modulaire well ee wierklech eng Schwächt vläicht an enger Sprooch huet? Da muss een anescht, mengen ech, drop reagéiere wéi wann et éischter e Gesamtprofil vum Schüler ass, dee berechtegt, datt een am Modulaire ass. Dat ass deen ee Punkt, dee mech ganz staark preoccupéiert.
18% quasi am Modulaire, dat ass keen Zoustand mat deem mir eis op Dauer dierfen zefridde ginn. Dofir lafen och do déifgräifend Analysen, och iwwer eng méiglech Reform vum Modulaire gëtt ganz staark momentan am Ministère nogeduecht.
Dat anert ass awer, datt wann déi Entwécklung do weider geet, mir an e puer Joer eis mussen d’Fro stellen, wat fir e Gebai, dat haut just de Lycée classique ubitt, muss zougemaach ginn. Ech kennen d’Situatioun zu Esch, do hu mir zwee Lycées classiques direkt niewenteneen. Wa mir nach weider esou orientéieren tëscht dem Primaire an dem Postprimaire wéi dat haut de Fall ass, da wäert iergendwann eng Kéier mussen d’Fro gestallt ginn, wat fir e Gebai hält eben op am Lycée classique, oder wat fir eent hëlt op d’mannst e Lycée technique mat bäi, well soss déi Schoulen net méi gefëllt ginn. An dat muss eis alleguer ze denke ginn.
Ee Punkt, denken ech awer och, deen do Perspektive bitt, dat ass dat wat ech grad gesot hu mat den internationale Filièren, well och déi Schüler déi mir ebe ganz staark a Privatschoulen ofdränge feelen an der ëffentlecher Schoul. An dat sinn awer och Schüler, déi och aus engem sozio-demographesche Milieu kommen, déi ganz oft an den ES drainéiert goufen, also och dohinner orientéiert goufen, esou datt mir grad och am ES musse kucken, wéi gi mir do de Schüler mat engem anere Sproocheprofil d’Méiglechkeet awer den ES ze packen.
Carine Lemmer: Nach eng Fro, mat enger kuerzer Äntwert, virum Journal. Bei deene ganz Jonken, Dir hat et jo scho virdru gesot, soll jo an Zukunft scho mam Sproochenunterrecht ugefaange ginn. Wéi soll dat da genee oflafen? Franséisch an der Crèche, mussen d’Educatricen dat maachen?
Claude Meisch: Sécherlech brauch een dann och deem entspriechend Personal.
Mä mir hunn haut eng cocasse Situatioun, datt eigentlech dat lëtzebuergescht Kand oft an eng lëtzebuergeschsproocheg Crèche geet, well déi vun der Gemeng, oder vun enger grousser ASBL, vun engem groussen Träger ugebuede gëtt. An dat auslännescht Kand, dat geet oft an enge franséischsproocheg Crèche. Eigentlech misst et ëmgedréint sinn. Mir musse kucken, datt mir dat lëtzebuergescht Kand méi no direkt un d’Franséischt kréien, an dat auslännescht Kand méi no direkt un d’Lëtzebuergescht kréien. Net andeems exklusiv vläicht déi Sprooch geschwat gëtt, mä andeems déi zwou Sprooche präsent sinn, Franséisch a Lëtzebuergesch, an andeems natierlech och deem entspriechend forméiert Personal do ass.
An dat Personal ass eigentlech jo haut do, well an de private Crèchë gëtt oft Franséisch geschwat, well d’Personal aus dem Grenzgebitt kënnt. Dat ass dat Personal wat mir eigentlech brauchen. Dat sinn d’Mammesproochler, déi schwätze ganz gutt Franséisch. Mir missten et just aneschtes opdeelen, an dorunner schaffe mir, un engem neie Konzept fir dee ganze Klengkandberäich eben och, net andeems mir Schoul schonn dodraus maachen, mä mir andeems mir awer zwou Sprooche präsent hunn, datt mir d’Kanner éischter familiariséieren, an datt doduerch d’Kanner herno manner Problemer hu sech an der Schoul besser zurecht ze fannen.
Carine Lemmer: Claude Meisch, et ass geschwënn hallwer 1, Zäit fir de Journal. Duerno schwätze mir awer weider. Dir bleift bei eis bis eng Auer, an een Thema ass dann nach de Wäerteunterrecht, a wéi et mam Reliounsunterrecht weider geet. Nom Journal geet et weider.
[Journal mam Pit Everling]
Carine Lemmer: Suite vum “Background – am Gespréich” mam Educatiounsminister Claude Meisch. Eng fréi Förderung, Här Meisch, ass net onwichteg. D'Regierung viséiert déi gratis Kannerbetreiung. Kënnt déi wierklech, a wéi gëtt déi da finanzéiert? Déi Contributioun vun 0,5% ass jo mol am Spill.
Claude Meisch: Effektiv, d'Regierung huet jo gesot, datt si driwwer nodenkt, fir e sozial gerechte Wee ze fannen, wéi een eng Rei vu Kannerleeschtungen, sief dat Geld-, sief dat Sachleeschtungen, kéint finanzéieren. Och well mir wëssen, datt mir virun allem bei der Kannerbetreiung souwisou en Ausbau hunn, deen haut scho stattfënnt, well mir soen, d'Kannerbetreiung ass och eng Preparatioun op d'Schoul, eigentlech eng Virstuf vun der Schoul. D'Schoul ass gratis, firwat musse mir da fir d'Betreiung nach bezuelen?
A virun allem, wa mir och soen, mir hätten herno gären eng bilingual Kannerbetreiung, déi eigentlech wichteg ass fir d'Kanner un d'Sprooche vun dësem Land erunzeféieren, dann dierft eigentlech do et net méi sou sinn, datt herno de Portemonnaie vun den Eltere kann decidéieren, wien do matmécht a wien do net matmécht.
Dofir denken ech, datt virun allem an deene Stonne wou mir wäert doropper leeën och wierklech eng qualitativ Aarbecht, och wierklech eng Sproocheförderung, eng Preparatioun op d'Schoul, datt een herno do och eng gratis Betreiung da wäert hunn.
Mir sinn am Amgaangen op villem jo do ze schaffe wat wierklech konkret soll ugebuede ginn, a sécherlech awer och de Finanzement. Dir wësst, datt de lëtzebuerger Staat och elo déi lescht Méint net am Lotto gewonnen huet, an datt mir nach grouss Efforten ze maachen hunn als Gesamtregierung fir de Budget an den Equiliber ze kréien. Dofir ass do sécherlech net all Wonsch direkt ze erfëllen, mä et bleift bei deem Zil, een Deel vun der Kannerbetreiung och do gratis kënnen unzebidden.
Carine Lemmer: An déi Contributioun vun 0,5%, dat ass dann eng Méiglechkeet fir dat dann ze finanzéieren?
Claude Meisch: Dat ass eng Méiglechkeet fir dat ze finanzéieren. Dat hunn ech gesot. Mir denken, datt dat e bessere Wee ass wéi zum Beispill eng Besteierung vum Kannergeld op där anerer Säit, déi och diskutéiert gouf, schonn an de Koalitiounsverhandlungen diskutéiert gouf, och virdrun. Déi ganz schwiereg ass aus och technesche Grënn. Mä an eisen Aen, an den Ae vun der Regierung awer och sozial ongerecht wär, well do géinge mir virun allem déi Leit treffen déi Kanner hunn, an exzessiv staark déi Leit treffen déi vill Kanner hunn. A mir denken, datt d'Solidaritéit an der Gesellschaft méi breet muss ugeluecht ginn, och tëscht de Generatiounen, och tëscht de Famillje mat an ouni Kanner. Dofir ass déi Contributioun do e geschécktene Wee, fir dat ze erreechen.
Carine Lemmer: Dat heescht, dat ass fixe datt déi kënnt?
Claude Meisch: Dat loosst Dir Iech iwwerraschen, wann de Budget presentéiert gëtt, wann de Premierminister an och de Finanzminister dozou an zu ganz villen anere Froen, hir Explikatiounen an engem knappe Mount ginn.
Carine Lemmer: Zwee Elteren déi schaffe ginn, Allengerzéiend, Maisons relais, Zäitdrock, Stress, och scho fir déi kleng Kanner – den Alldag vu ville Familljen ass haut zu Daags net méi einfach ginn an och net méi relax. D'Famill géif net méi genuch geschat ginn, Elteren a Kanner hätten net méi genuch Zäit fireneen, gëtt vu munche Säite kritiséiert. A mat enger gratis Kannerbetreiung géifen d'Kanner dann nach méi an d'Crèche bruecht ginn, amplaz datt sech doheem ëm si bekëmmert gëtt. Kënnt Dir sou Aussoen novollzéien?
Claude Meisch: Fir d'alleréischt mengen ech, datt jiddwereen och selwer, d'Famill selwer muss wësse wéi si sech wëll organiséieren, wat hinne wichteg ass.
Wichteg ass effektiv, an dat gëllt, ob een d'Kanner an der Crèche huet oder net an der Crèche huet, datt een Zäit mat senge Kanner verbréngt. Wichteg ass effektiv, datt een als Eltere senger Verantwortung gerecht gëtt, datt een als Elteren den Erzéiungsoptrag deen een huet als Elteren, datt een deen Eescht hëlt, an datt een deen erfëllt. An ech denken, datt mir do nach heiansdo den Eltere méi kloer musse maache wat deen Erzéiungsoptrag ass.
Ech denken awer och op där anerer Säit, datt mat deenen Ziler déi mir hunn, iwwer eng besser Kannerbetreiung, d'Kanner besser op d'Schoul kënnen ze preparéieren, domatter besser op d'Liewe kënnen ze preparéieren, datt dat awer och eppes ass wat de Kanner wierklech herno eppes bréngt an hire Liewenswee ee stéckwäit ka vereinfachen an och zum Schoulerfolleg ka bäidroen. Dofir mengen ech, muss herno finalement all Famill selwer ofweien, a wéi wäit se op déi eng oder op déi aner Aart a Weis sech wëll organiséieren.
Wichteg ass, datt mir gutt Betreiungsstrukturen hunn; wichteg ass, datt mir net nëmme Betreiungsstrukturen hu wou mir soen, d'Kanner si vun der Strooss a gitt lo roueg schaffen, mä datt, wa se an där Betreiungsstruktur sinn, datt wierklech mat pädagogesche Konzepter geschafft gëtt, datt mat qualifizéiertem Personal geschafft gëtt, a wéi ech jo schonn e puer Mol widderholl hunn, mir eng Preparatioun och op d'Schoul kréien.
Carine Lemmer: Mä ass dat dann de richtege Wee, wa Kanner schonn um 7 Auer am Foyer sinn, mëttes an der Kantin, duerno an der Maison relais an doheem gestressten Elteren, een iwwerdréit de Stress op deen aneren. Dréit dat net och dozou bäi, datt d'Schüler vläicht iwwerfuerdert sinn an nei Problemer an der Schoul entstinn?
Claude Meisch: Sécherlech ass den Dagesoflaf vu munche Kanner e problemateschen, an dee kann eng vun den Ursaache sinn, firwat datt mir méi Verhalensopfällegkeeten hunn an och aner Schoulproblemer vläicht och doduercher kréien. Ech denken, datt ee Kand, et kann net sinn, datt et permanent an enger Struktur ass, virun allem net an enger Struktur wou et roueg muss sëtzen. De Mënsch ass net gemaach fir de ganzen Dag ze sëtzen an d'Kanner si sécherlech guer net gemaach fir de ganzen Dag roueg do ze sëtzen.
Dofir kann et net sou sinn, datt no sou vill Stonne Schoul mir och nach eng Kéier quasi an der Maison relais dee selwechten Oflaf hunn. A wann ee schonn an eng Struktur virun der Schoul geet, datt et dann och roueg sëtzen heescht. Mir mussen do virun allem och op d'Bewegung setzen.
Ech wëll awer och nach eng Kéier einfach soen, datt et ze einfach ass ze mengen, mir bidde lo keng Strukturen u wou d'Kanner betreit ginn, an da léist dee Problem sech vum selwen, dann hu mir déi beschten Elteren déi doheem bei hire Kanner sinn an déi wäerte se nach besser op d'Liewe preparéieren wéi iergendeen aneren dat ka maachen. Jo, där gëtt et wahrscheinlech, mä et gëtt och aner Fäll.
An ech gesinn dat, wann ech bei mir an der Noperschaft kucken, zu Déifferdeng, wou ee vill Fäll och gesäit, déi mir éischter an de Statistiken am politesche Beräich ëmmer erëm diskutéieren, mä do gesäit ee wierklech wéi de Liewensalldag an de Liewensrhythmus vun de Familljen ass. Wann do d'Maison relais net moies um 7 Auer opmécht, dann ass iergendeen an der Strooss, dee sammelt d'Kanner bei sech, an ech gesi se jo, ech hunn e Bistro bei mir vis-à-vis, ech gesi wann ech do moies aus der Fënster kucken, da gi se am Bistro gesammelt an da geet dann eng Mamm zesumme mat de Kanner aus dem Bistro an d'Schoul herno. Dat ass net besser.
Dann hunn ech léiwer, mir maachen dat roueg an der Maison relais, mir maachen et mat pädagogesche Konzepter och an der Maison relais, an d'Leit kënne sech och op d'Qualitéit vun deene Servicer do verloossen.
Et gëtt hei keng einfach Léisungen, an der Educatioun net an och an der Kannerbetreiung net, an och an der Fro wéi mir eist Familljeliewe sollen organiséieren. Dofir ass déi reng Fuerderung fir ze soen, d'Eltere sollen dat dote maachen, soss brauche mir näischt, déi ass mir einfach e Stéck ze einfach.
Carine Lemmer: Manner deiere Wunnraum, flexibel Aarbechtsplazen an zum Beispill verstäerkt e Modell wou déi zwee Eltere just 80% schaffen, géif jo vläicht och den Drock vu ville Familljen huelen. Do wären dann och Är Ministerkollege gefrot.
Claude Meisch: Absolut. An ech denken, datt dat heite jo net nëmmen eng Aufgab fir den Educatiouns- a Kanner- a Jugendminister ass, mä et ass eng Gesamtaufgab fir déi ganz Regierung. A mir schaffen och bei ville Kollegen, sief dat d‘Corinne Cahen am Familljeministère, sief dat awer och den Aarbechtsminister Nicolas Schmit an aner Ministeren, schaffen och un Iwwerleeunge fir ze kucken, wéi mir eigentlech där Verännerung an der Gesellschaft, déi eng Verännerung an eisem Dagesrythmus mat sech bruecht huet, a Laaschten och op déi eenzel Leit an der Gesellschaft geluecht huet, wéi mir deem besser kënne Rechnung droen.
Dat wäert awer och nach Diskussioune mat de Sozialpartner bréngen, virun allem och mam Patronat, well d'Patronat eng wichteg Verantwortung huet, wann et dorëms geet Aarbechtsplazen zur Verfügung ze stellen, wou ee kann Aarbecht a Famill matenee verbannen.
Einfach ze soen, net méi schaffen ze goen, ass, mengen ech, och haut net onbedéngt de richtege Wee an de beschte Rot, deen een enger Fra oder engem Mann ka ginn. Well mir mierken och ëmmer erëm, datt doduerch awer herno schwiereg sozial Situatioune kënnen entstoen. Mir wëssen, datt all zweete Koppel ausernee geet, a sech da just op de Partner ze verloosse während där doter Zäit an déi eege berufflech Entwécklung eigentlech ganz ze vernoléissegen, dat kann herno an eng Situatioun féieren déi och net wënschenswäert ass. Dofir ass d'Politik op deenen Domainer do gefuerdert.
Carine Lemmer: 5 Joer gëtt et elo schonn déi nei Grondschoul. Vill Kritik gouf et jo un de Bilanen, déi waren ze komplizéiert. Eischt Klassen testen dëst Schouljoer elo Notë vun A bis D, net méi op 60. Firwat kommen dann d'Noten zréck?
Claude Meisch: Et ass vun Ufank u jo diskutéiert ginn, wou déi nei Bilanen agefouert goufen, wou och de kompetenzorientéierten Unterrecht agefouert gouf, ob dat glécklech war, guer keng Benoutung méi ze maachen, déi eigentlech d'Leeschtung vum Schüler an deem jeeweilegen Trimester dann och bewäert. An ech denken, datt et wichteg ass, datt een och gesäit, wat huet dee Schüler an där doter Matière oder an där doter Kompetenz, wat huet e geleescht, an datt mir net nëmmen – dat wäerte mir weider behalen, awer net nëmmen – kucken, wou steet en haut par rapport zum Socle a wéi ass seng Gesamtentwécklung.
Mir brauche béides. Mir wäerten net op d'Punkte vun 0 bis 60 zeréckgoen. Ech héieren, datt an eenzelne Klassen nach ëmmer Kopien existéiere vun den alen Zensuren, wahrscheinlech vun deenen déi ech och schonn hat an déi dann niewelaanscht nach iergendwéi ausgefëllt ginn an den Eltere mat op de Wee gi ginn, well iergendzwousch de Besoin do war, vun den Enseignanten och, fir eng Bewäertung vun der Leeschtung vum Trimester och kënnen ze maachen.
An hei denken ech, datt mir e ganz gudde Kompromëss fonnt hunn, dee mir mat de Gewerkschaften ausgehandelt hunn, wou mir ganz vill Enseignanten mat agebonnen haten, wou mir lo en Testjoer maachen, wou mir vläicht nach eng Kéier dat eent oder dat anert reajustéieren, fir et dann duerno kënnen ze verallgemengeren.
D'Zil muss sinn, datt mir e Bilan hunn, wat déi fréier Zensure sinn, wou den Enseignant gutt domatter eens gëtt, wou en dat kann ausdrécke wat wichteg ass, wat fir d'Eltere wichteg ass, an datt dat awer och vun den Eltere verstane gëtt. Dat war net an all Fall garantéiert bei deene Bilane wéi mir se haut nach hunn.
Carine Lemmer: D'Grondschoul ass reforméiert, de Lycée awer nach net, keng ideal Situatioun. Wou ass d'Lycéesreform dann drun?
Claude Meisch: D'Lycéesreform wäert kommen. Mir waarde momentan op den Avis vum Staatsrot, dee wäert an e puer Woche virleien.
Mir hunn am Regierungsprogramm och festgehalen, datt mir op Basis vun dem bestehenden Text wëlle weider un der Lycéesreform och schaffen.
Ech hunn eigentlech 2 Ambitioune bei der Lycéesreform: dat éischt dat ass, datt mir e Stéckwäit och wierklech definéieren, wéi kann ee Lycée, ee Lycée technique, wéi kann deen autonom och fonctionnéieren? Wat sinn d'Aufgabe vum Ministère, vun der Politik fir e Kader ze setzen, innerhalb vun deem déi Autonomie och kann an de Schoule wierklech gelieft ginn?
Well ech fest dru gleewen, datt mir net nëmmen ee Modell hei zu Lëtzebuerg brauchen, well mir sou ënnerschiddlech sinn, sou heterogen Schüler hunn, datt all Lycée sech eigentlech och selwer muss definéieren a sech en eegene Projet muss kënne ginn.
An ech probéieren och bei der Lycéesreform dat ze évitéiere wat zum Deel och geschitt ass bei der Reform am Fondamental, wat ech och vun der Siicht vum Buergermeeschter deemools erlieft hunn, datt villes wat Guddes scho bestanen huet an de Schoulen, datt dat net duerch eng Reform einfach ewech radéiert gëtt, fir einfach alles erëm nei ze maachen. Och eng Lycéesreform muss opbauen op deenen innovative Konzepter déi um Terrain scho gewuess sinn, am Secondaire, an de Lycéeën, an de Lycées techniques queesch uechter d'Land. Mir brauchen eigentlech do net per Gesetz d'Innovatioun op den Terrain ze bréngen, d'Innovatioun besteet op ganz ville Plazen.
A mir musse just iwwert eng Lycéesreform kucken, datt mir dat méi kloer cadréiert kréien, kloer Moyenen och zur Verfügung stellen, an d'Akteuren um Terrain wierklech nach méi staark encouragéieren a gewësse Richtungen ze goen, da kann och eng Lycéesreform zu engem Succès féieren.
Carine Lemmer: De Wäerteunterrecht dann – ee Cours fir all d‘Schüler, kee spezielle Reliounsunterrecht méi – wëll déi nei Regierung aféieren, dat ass relativ fréi a kloer gesot ginn. Bis dee Wäerteunterrecht kënnt dauert et awer nach. D'nächst Joer éischter net, hutt Dir gemengt, dat wär éischter sportlech. Firwat dauert dat da sou laang, déi Coursen ze setzen?
Claude Meisch: Well ech ganz staark drop insistéieren, datt mir herno e Cours hunn dee breet akzeptéiert ass, deen eng Gesamtphilosophie huet, eng Gesamtapproche huet. An do geet et elo net duer fir ze soen, mir schafen dat eent of an dann huele mir e puer Enseignanten, an dann halen déi eppes, a mir wëssen net richteg wat si halen a wat fir eng Bicher datt se hunn a wat d'Matière ass a wat den Usproch vun deem Fach ass.
Et geet jo hei ëm Wäertevermëttlung. An dat ass mengen ech mat dat Edelst wat een an der Schoul ka maachen an do wëll ech net, datt gehaselt gëtt.
Mir hunn natierlech nach eng Rei vun aneren Erausfuerderungen. Nieft dem Programm dee muss erstallt gi fir e gemeinsame Wäerteunterrecht sinn Diskussiounen tëscht dem Staat an dem Bistum ze féieren, iwwert eng Konventioun déi besteet, wéi mir do erauskommen, och wat de Finanzement vun dem jetzege Reliounsunterrecht ubelaangt. An d'Regierung huet jo och kloer gesot, datt all déi Leit déi elo Reliounsunterrecht halen, d'Reliounsenseignanten, datt mir deene wëllen hëllefen an eng nei berufflech Zukunft och eranzekommen. Déi kann an der Schoul sinn, kann awer och am ganzen Domaine vun der Kannerbetreiung sinn, vun ausserschouleschen Aktivitéiten, och vläicht aner Aufgabe beim Staat, déi ee sech do ka virstellen.
Do si mir am Gaang d'Analys ze maachen, wou mir déi Leit och sënnvoll an op Grond vun hirer Erfahrung, hirer Ausbildung an hirer Motivatioun kënnen iwwert déi nächst Joere beschäftegen.
De Wäerteunterrecht huet jo als ee grousst Zil, an dat ass d'Ambitioun déi dës Regierung huet, datt mir d'Kanner zesummeféieren, datt mir se net trennen, datt net eng Reliounszougehéieregkeet dozou féiert, ob ech déi Stonn elo an déi Klass ginn oder an déi aner Klass ginn, mä datt mir wat d'Wäerter ubelaangt, datt mir alles hunn, datt mir iwwert alles kënne schwätzen, datt mir och alles kënne vermëttele wat et gëtt vu Wäertevirstellungen an datt mir d'Schüler awer gemeinsam do behalen, an datt mir d'Schüler stäerken, d'Kanner an dann och duerno déi Jugendlech stäerken, hiren eegene Wee, hir eege Wäertvirstellunge kënnen ze entwéckelen.
Carine Lemmer: A wie soll an Zukunft dee Wäerteunterrecht halen? D'Léierpersonal oder nach speziellt Personal?
Claude Meisch: Ech denken, datt mir do virun allem musse kucken, bei all deene Reformen, datt mir net ze wäit derogéiere par rapport zu deem wéi d'Educatioun haut fonctionnéiert.
Am Fondamental ass et sou, datt eigentlech de Klassenenseignant seet, wat fir e Fach datt en hält a wat fir eent e vläicht léiwer ofgëtt. Dat soll och mengen ech herno fir de Wäerteunterrecht de Fall sinn.
An am Secondaire ass et esou, datt mir méi spezialiséiert Enseignanten hunn, déi da fir ee Fach spezialiséiert sinn, eng spezifesch Ausbildung doropper hunn, an dat soll och herno sou fir de Wäerteunterrecht do sinn.
Mir kënnen hei net lo e Fach maache wat lassgeléist ass vum Fonctionnement wéi d'Schoul allgemeng fonctionnéiert.
Carine Lemmer: Claude Meisch, Dir sidd jo net nëmmen Educatiounsminister, Minister vun der Kandheet an der Jugend, mä och vun der Héichschoul an der Fuerschung. An Ären zwee Ministèren hutt Dir Ënnerstëtzung vum Staatssekretär Marc Hansen. Deen ass net sou präsent. Braucht Dir deen iwwerhaapt?
Claude Meisch: Oh, ech brauch de Marc Hansen all Dag eigentlech, well wann en net all Dag bei Iech um Plateau ass vläicht, da schafft en all Dag.
En ass ganz intensiv am Gaangen de Ministère ze restrukturéieren, zum Deel, an auszeriichten, vun der Recherche an der Héichschoul, well mir do eng Rei vu Problemer haten, well mir do och eng Rei vu Personalchangementer do haten, well et en Domaine ass wou et ëm ganz vill Geld geet, an awer extrem wichteg ass op där anerer Säit fir d'Zukunft vun eisem Land, datt mir eis an der Recherche richteg opstellen, datt mir eis an der Héichschoul richteg opstellen, datt dat Geld wat mir doranner investéiere fir d'Entwécklung vum Land, datt dat och herno eng Kéier zeréckkënnt.
Carine Lemmer: Hutt Dir d'Ressorten opgedeelt, oder wéi schafft Dir do zesummen?
Claude Meisch: Mir hu se momentan, am Alldag, eigentlech opgedeelt. Ech konzentréiere mech ganz staark momentan op d'Educatioun, op d'Enfance an op d'Jeunesse an de Marc Hansen haaptsächlech op de ganze Volet vun der Recherche a vun der Héichschoul.
Dat wëll awer net heeschen, datt hien net weess wat ech maachen, an datt ech net géing wësse wat hie géing maachen. A mir ginn eis do ganz, ganz gutt eens. A mir wäerte sécherlech och an den nächste Wochen a Méint méi staark nach an der Ëffentlechkeet wierken, wéi dat lo an den éischte 6 Méint de Fall war.
Carine Lemmer: Claude Meisch, Dir sidd 42 Joer al, studéierte Mathe-Ekonomist, fréieren Deputéierten, Buergermeeschter, DP-President an elo ebe liberale Minister. Dir hutt 3 Kanner an eng Fra déi och am Enseignement schafft. Besser kann ee jo bal net gestallt si fir d'Schoul an hir Problemer an d’Défie live ze erliewen.
Wéi ass dat fir Är Politik? Loosst Dir Iech do och doheem inspiréieren oder beroden?
Claude Meisch: Sécher ass et, wann ech gesot hunn, ech wëll ganz gären deen dote Ministère iwwerhuelen, dann ass dat well een eng perséinlech Bezéiung dozou huet, well ee gesäit wat do ze maachen ass, well een do perséinlech Ambitiounen och huet.
Als Minister muss een natierlech och Distanz zu de Saachen hunn. Et interesséiert mech wat meng Kanner mir ziele vun der Schoul, et interesséiert mech och wat meng Fra mir zielt vun der Schoul. Hiren Avis ass mir och wichteg, wann ech emol dat Eent oder dat Anert eng Kéier mat Heem huelen a soen, wat häls du heivunner a wat häls de dovunner.
Mä et ass net, datt d'Politik doheem bei Meischens an der Kiche gemaach gëtt, oder op der Spillplaz gemaach gëtt. D'Politik gëtt am Ministère gemaach. Mä ech sinn awer ganz frou an engem politeschen Domaine kënnen ze agéieren, wou ech all Dag eigentlech gesi wat d'Auswierkungen dovunner sinn, a wéi wichteg datt et ass fir d'Zukunft vun eise Kanner.
Carine Lemmer: Wéi een Zil hutt Dir Iech da gesat fir d'Enn vun der Legislaturperiod? Wou wëllt Dir do stoen?
Claude Meisch: Ech denken, datt mir bei deenen Haaptziler eigentlech kloer si wat mir wëlle maachen: datt mir Kannerbetreiung a Schoul wëlle méi enk unenee bannen, an datt Eent dat Anert mat ënnerstëtzt; datt mir d'Kannerbetreiung och kënnen asetze wierklech fir schoulesch Resultater an duerno Succès am Liewe kënnen ze garantéieren.
Ech denken, datt mir, wat déi Sproochesituatioun an der Schoul ubelaangt, datt mir do e Stéck wäit méi no un d'Realitéit vun der Sproochesituatioun am Land musse réckelen. An ech hoffe wierklech, datt mir e System herno hunn, dee sech eigentlech selwer e bësselche steiert, wou mir als Politiker kënne soen, dat doten dat sinn d'Eckdaten, dat sinn och d'Ziler, mä wéi et wierklech gemaach gëtt, datt dat an de Schoulen, am Fondamental an och am Secondaire, e Stéck wäit, méi wäit wéi et haut de Fall ass nach ka gesteiert ginn.
Et gëtt net nëmmen ee Kand, et gëtt net nëmmen een eenzege Problem an der Schoul, dofir brauche mir och méi Diversitéit an eisen Offeren.
Carine Lemmer: Mir halen dat dann alles déi nächst Méint am A, Dir hutt Iech jo da vill virgeholl. Claude Meisch, dat war et fir d'Emissioun „Background – am Gespréich“, villmools Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt.
Claude Meisch: Merci och a gudde Mëtteg.