Carole Dieschbourg au sujet du sommet sur le climat des Nations unies

"Mäi Bilan hei vun New York ass u sech och e positiven"

Interview vum Christian Welter (Radio 100komma7):

Carole Dieschbourg: Also mäi Bilan hei vun New York ass u sech och e positiven. Et ass eng ganz positiv Atmosphär kreéiert ginn, am Wëssen, datt eppes muss passéieren am Kampf géint de Klimawandel. Ech mengen, datt dat positive Message ass, datt mir eis alleguerten eens waren, an datt och immens vill héich Politiker do waren, awer och Leit aus dem Business, mengen ech weist, datt et en immens wichtegt Thema ass, an datt mir alleguerten zesummen un engem Strang mussen zéien. Dat ass sécherlech ee positive Bilan dee mir haut kënnen zéien.

Ech mengen, an de leschten Deeg, e Sonndeg waren hei iwwer 300.000 Leit mat op de Stroossen, insgesamt weltwäit schwätzen d’Leit vun iwwer 675.000 Leit, ass einfach kloer, datt de Klimawandel engersäits jo e Fakt ass, an anerersäits, datt muss schnell an direkt gehandelt ginn. An dofir denken ech schonn, datt ech dem Ban Ki-moon an där Hisiicht Recht ginn, datt et wierklech e wichtegen Dag war am Kampf géint de Klimawandel.

Christian Welter: Greenpeace weist sech enttäuscht vun deem wat d’Politik zu New York ugekënnegt huet. Verstitt Dir d’Kritik vun den Ëmweltaktivisten?

Carole Dieschbourg: Et ass schonn esou, datt bei deem Sommet hei lo natierlech net sou vill Konkretes eraus komm ass, an datt et sécherlech och e bësselche bedauerlech ass, datt souwuel China wéi och d’USA zwar engersäits sech als Leader gesinn an anerersäits lo näischt Konkretes op den Dësch geluecht hunn. Et muss een awer och soen, datt nieft Lëtzebuerg nach 5 aner Länner eng konkret Contributioun fir, zum Beispill, de Green Cimate Fund annoncéiert hunn, wat jo och schonn e gewëssene Momentum kreéiert huet. Ech mengen, datt dat awer eng Chance ass déi haut [ondäitlech] ginn ass.

Christian Welter: Virum Klimasommet war et Är Hoffnung, datt d‘Länner méi wäitsiichteg a méi responsabel handelen. Mengt Dir, Äre Wonsch geet enges Daags an Erfëllung?

Carole Dieschbourg: Haut gouf des Ëfteren hei zu New York gesot, datt mir eigentlech kee Choix hunn. Mir hunn u sech d’Obligatioun vis-à-vis vun de Kanner an vun de künftege Generatiounen, eng Welt ze hannerloosse wou mir alleguerte kënne liewen. An ech mengen, datt mir an deem Sënn all zesumme wäerten un engem Strang zéien.

Et gouf haut ganz oft gesot, datt et wichteg ass, datt mir zesummen en Accord fannen. Datt mir lo Lima sollen notze fir e Kader ze schafen; datt mir dann och zu Paräis eng positiv Stëmmung kënnen hu fir e gemeinsamen Accord ze fannen, wou dann ebe jiddwereen, souwuel déi vulnerabel Länner wéi awer och déi industrialiséiert, kënne matmaachen.

Mir hoffen, datt dat an Erfëllung geet, mä et muss een och soen, et ass e wäite Wee nach bis dohinner, an da muss ee kucken, ob mir zu engem gemeinsamen an engem gudde Vertrag kommen. De Wëllen op jiddwer Fall vun den europäesche Länner war haut ganz kloer ze spieren.

 

de g. à dr. Gilles Dostert, François Bausch, Roland Schreiner, Dan Biancalana

Dernière mise à jour