Pierre Gramegna au sujet de l’actualité politique

"Et geet net méi duer datt Lëtzebuerg sech seet, ech wëll kompetitiv sinn, an ech wëll ganz niddereg Steiersätz hunn"

En Interview vum Pia Oppel (Radio 100komma7):

Ee Joer ass déi blo-rout-gréng Regierung elo am Amt. Den DP-Finanzminister hat sécher net déi mannsten Aarbecht 2014. Dat waren zwee Budgeten, ee Spuer- a Steierpak, een internationalen Accord iwwer den automateschen Informatiounsaustausch vu Steierdonnéeën.

2014 dat war och d’LuxLeaks-Affär mat där den internationalen Drock op déi lëtzebuerger Souveränitéitsnischen en neien Héichpunkt erreecht huet, an d’Nobiewe vun deene Revelatioune wäert och 2015 nach ze spiere sinn. Gudde Mëtteg, Här Gramegna.

Pierre Gramegna: Gudde Mëtteg. Et ass eng Freed hei ze sinn.

Pia Oppel: De Staatsminister huet en Donneschdeg um EU-Conseil annoncéiert, datt Lëtzebuerg der EU-Kommissioun elo awer eng Lëscht mat de Steierrulinge wëllt ginn, dat well och déi aner EU-Memberstaaten no Informatioune gefrot ginn. Wéi eng Informatioune ginn do genee un d’Kommissioun geschéckt? Engersäits eng Lëscht mat Nimm vu Sociétéiten, awer och Inhalter vu Rulingen?

Pierre Gramegna: Also vläicht muss een nach eng Kéier op de Kontext zeréckkommen. Lëtzebuerg huet an der Mëtt vum leschte Joer eng Demande vun der Kommissioun krut fir eng Lëscht vu Rulingen eranzeginn. Déi Lëscht ass 4 Länner gefrot ginn, dorënner Lëtzebuerg. Déi aner dräi Länner dat war Holland, dat war Irland, an dat war Holland [sic]. Déi hunn dat gemaach. Mir hunn nach laang mat der Kommissioun hin an hier verhandelt, a schlussendlech décidéiert dat net eranzeginn, well mir fonnt hunn, datt dat exzessiv wier alleguer d’Rulinge vun de Joeren 2010 bis 2012 eranzeschécken. Doropshin huet Lëtzebuerg Recours virum Tribunal de première instance vun Europa hei gemaach. A bis dohinner, mengen ech, hate mir domat och d’Intérêtë vun eisem Land gewahrt.

En neien Evenement ass en fait ganz rezent elo geschitt. Mir hunn eis nämlech bei der Kommissioun an de leschte Woche virstelleg gemaach no LuxLeaks, fir ze soen, datt mir dat net an der Rei géinge fannen, datt souwuel an der LuxLeaks-Affär, dofir kann d’Kommissioun net, mä nëmme vu lëtzebuerger Rulinge geschwat gëtt, an op där anerer Säit och nëmmen e puer Länner gefrot gi fir hir Lëscht vu Rulingen eranzeginn. An do huet d’Kommissärin mir gesot, jo wat géing Dir Iech da virstellen? An do hunn ech hinne gesot, majo datt mir elo erausfonnt hunn, datt déi allergréisst Majoritéit vu Länner an der EU Rulingen hunn - iwweregens och an der ganzer Welt déi meescht Länner Rulingen hunn - dofir kéinte mir eis gutt virstellen, wann Dir d’Rulingen alleguer géingt froen, da kéinte mir eis virstellen, datt mir och géinge matmaachen indépendant vun der Base juridique. An dat ass och dës Woch geschitt. D’Kommissioun huet dat en Dënschdeg alleguer d’Länner opgefuerdert ze maachen, déi nach net gefrot gi waren. An ech mengen dorops hin huet d’Regierung décidéiert, datt mir kee politescht Argument hätten, a legal kann een nach ëmmer streiden, mä op jiddwer Fall kee politescht Argument hätte fir dat elo net méi ze maachen, wann déi 28 Länner et maachen, minus Lëtzebuerg, da musse mir dat och maachen.

Pia Oppel: Waart Dir och zur Konklusioun komm, datt déi legal Basis Iech eventuell net géif erlabe fir dat längerfristeg ze refuséieren?

Pierre Gramegna: Ech mengen déi legal Situatioun ass wierklech net ganz kloer. Mir stellen net a Fro datt d’Kommissioun dierf a soll Aides d’États kontrolléieren. A fir dat kënnen ze maachen, muss natierlech d’Selektivitéit gepréift ginn, a fir d’Selektivitéit ze préiwen, muss d’Kommissioun natierlech méi Rulinge kréien. Mä ob dat da wierklech muss geschéien andeem een d’Rulingen alleguer schéckt, dat ass wierklech ganz breet gegraff.

Mir haten och der Kommissioun proposéiert, datt mir e gewëssenen Typ Ruling par rapport zu aner géife schécken, mä dat ass hinnen net duergaangen.

Pia Oppel: Fir dann op meng éischt Fro nach eng Kéier zeréckzekommen. Wat sinn dann elo déi Informatioune konkret, déi Dir wëllt schécken?

Pierre Gramegna: Also d’Informatioun déi mir gefrot ginn, ass folgend. Dat ass eng Lëscht mat den Nimm vun de Gesellschaften zu Lëtzebuerg déi e Ruling hunn. Zweetens wéi laang dee Ruling gëlteg ass. Drëttens wat den Typ vu Ruling ass. A 4. natierlech den Datum vum Ruling.

Et ass also eng ganz sommaire Lëscht, déi mir do eraschécken. An dat gëllt net nëmme fir d’Rulingen, mä et gëllt och fir d’Patentboxen, well dat eng zweet Affär war, déi en parallel war. Also mir hunn elo décidéiert d’Rulingen, esouwuel vun deenen enge wéi vun deenen aneren eranzeschécken.

Pia Oppel: Déi aner Länner hunn nach kee formellen Accord ginn, datt si och bereet si fir déi Informatiounen ze ginn. Gitt Dir awer viru Geriicht wann dat net sollt geschéien?

Pierre Gramegna: Also ech hunn elo vu kengem Land héieren wat Bedenken hätt. Ech hu plutôt an de Kulissen héieren, scho virun e puer Wochen, datt e Land wéi England ni géing esou eng Lëscht eraschécken. Or, huet England schonn am Ufank vum Joer esou eng Lëscht erageschéckt, an d’Irlänner och, an d’Hollänner och. Also Länner déi wierklech och ganz kompetent a gutt positionéiert sinn an de Rulingen, hunn dat gemaach. Dofir erwaarden ech mir net vill Resistenz.

Pia Oppel: Huet d’Regierung mam Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zënter LuxLeaks geschwat doriwwer wéi ee sech strategesch an deem do Dossier soll positionéieren?

Pierre Gramegna: Neen, mir hunn haaptsächlech mat der Madame Vestager geschwat, déi dofir zoustänneg ass. Et ass esou datt d’Kommissioun opgebaut ass no Kompetenzen, no Kommissär. An hei si mir an enger Affär aide d’État, do hunn ech mech un d’Madame Vestager gehalen.

Pia Oppel: Et leeft jo eng Enquête an de Fäll Amazon a Fiat. Huet d’Kommissioun elo nach bei aneren eenzelnen neien Dossiere präzis Informatioune gefrot? De Paperjam hat dat virun e puer Woche gemellt, datt eventuell do och nach eng formell Enquête ënnerwee wier.

Pierre Gramegna: Also mir wëssen näischt dovunner. Et ass richteg datt zwou, zwee Fäll vun Entreprisen Ulass ginn hunn der Kommissioun eng Investigatioun opzemaachen. Déi Nimm sinn och bekannt. Mä méi wéi dat wësse mir net.

Pia Oppel: Wësst Dir wat konkret geschitt, wann do géif festgestallt ginn, datt et eng Aide d’État war, déi net an der Rei ass? Wéivill Sue misst dann do Strof bezuelt ginn, an u wie genee?

Pierre Gramegna: Also normalerweis an Aides d’États do gëtt gesot, datt déi Hëllefen zwëschent Guillemets, déi ee kritt huet, déi dann net legal sinn, datt een déi muss zeréckbezuelen. Dat ass d’normal Regel.

Pia Oppel: Dir sot an der Chamber et géifen elo wahrscheinlech manner Rulinge gemaach ginn. Soll de Critère vun der reeller wirtschaftlecher Substanz an Zukunft méi eng grouss Roll spillen, fir datt eng Sociétéit kann zu Lëtzebuerg eng Steiererklärung maachen?

Pierre Gramegna: Also et ass esou datt mir viru LuxLeaks, dräi Woche virdrun, wéi ech de Budget déposéiert hunn, déi gutt Iddi haten, an et war keng Intuitioun, mä et war d’Resultat vun enger Analys, Folgendes gemaach hunn, datt mir missten eis Rulingen am Gesetz verankeren.

Zu Lëtzebuerg goufen a ginn d’Rulinge bis Enn dëses Joers op Basis vun enger Circulaire administrative gemaach. An d’Regierung huet fonnt, datt dat net déi néideg Base juridique géing ginn, an och déi néideg Sécherheet. Dofir hu mir dat elo am Gesetz verankert.

Et gëtt och e Règlement grand-ducal geholl deen ënnert anerem och seet, datt d’Prix de transferts sollen op eng gewëssen Aart a Weis gemaach ginn, no de Regele vun der OECD.

Doduerch datt mir elo verschidde Prinzipien am Gesetz, oder am Règlement grand-ducal hunn, brauch ee verschidde Rulingen net méi. Well de Ruling ass jo haaptsächlech eng Demande vun enger Entreprise fir eng Bestätegung ze kréie wat applizéiert gëtt. Wann awer d’Gesetz selwer schonn esou kloer ass, da freet ee keng Bestätegung. Doduerch kréie mir manner Rulingen. An et ass esou datt [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: Mä de Critère vun der Substanz ass do elo net mat dran?

Pierre Gramegna: Neen, deen ass do net mat dran. De Critère vun der Substanz kënne mir roueg beschwätzen, dat huet aner Implikatiounen, mä dat huet elo mat der Substanz näischt ze dinn. Et huet mat de verschiddenen Type vu Rulingen ze dinn. A wat een am Gesetz méi Saache präzis definéiert, wat ee manner Décisions anticipées der Administratioun muss froen.

Pia Oppel: De Grand-Duché kënnt net dolaanscht säi Geschäftsmodell zu engem gewëssenen Deel ze iwwerdenken, dat sot Dir dës Woch, virum Hannergrond vun de rezente LuxLeaks-Revelatiounen. Wat konkret hutt Dir domat gemengt?

Pierre Gramegna: Et ass esou datt éischtens emol well dat net am Gesetz verankert war, d’Entreprisen dozou verleet ware fir all Klengegkeet e Ruling ze froen.

Dat zweet war, d’Transfertpräisser, also e groussen Deel vun de Rulingen, waren net am Gesetz, an hunn do erëm eng Kéier Rulinge gefrot.

An drëttens ass et natierlech esou datt d’europäesch Regelen, an d’OECD Regelen amgaange sinn ze evoluéieren.

Zum Beispill d’Direktiv mère-fille ass elo am Dezember adoptéiert ginn. Dat mécht verschidde Rulingen, déi mir gemaach hunn, an déi och aner Länner gemaach hunn, an Zukunft illegal. Dat heescht, d’Regelungen op der ganzer Welt sinn esou datt verschidde Rulingen net méi méiglech sinn. Also aus all deene Grënn eraus kréie mir manner Rulingen.

An dann ass och eng aner Saach déi ee sech muss iwwerleeën. Inwiewäit ee wëllt fir Rulingen, awer vläicht net nëmme fir Rulingen, en général fir eis Steiere kucken, datt mir méi Substanz op Lëtzebuerg kréien. An dat ass dat wat ech menge mat de Businessmodell e bëssen iwwerdenken. Domat denken ech u Folgendes.

Et ass esou datt mir eng Politik hate fir esou vill wéi méiglech den Entreprisen entgéint ze kommen, wat och ëmmer si eis gefrot hunn. An d’Resultat konnt sinn, datt d’Entreprise mat ganz wéineg Leit hei zu Lëtzebuerg präsent waren. Dat ass en fait och dat wat d’OECD, an och zum Deel d’Unioun e bësse bekämpft. An hu mir dann net och selwer Intérêt datt mir manner Firmaen op Lëtzebuerg kréien, mä déi déi op Lëtzebuerg kommen, méi Substanz zu Lëtzebuerg hunn?

Substanz, ech gi Beispiller, amplaz datt ee just eng Gesellschaftsform zu Lëtzebuerg huet mat zwee Leit ronderëm den Dësch, déi d’Comptabilitéit maachen, datt ee seet, ech maachen de Riskmanagement zu Lëtzebuerg, ech maachen de Finanzement vu menger Firma vu Lëtzebuerg aus, an ech bauen do op d’lëtzebuergesch Finanzplaz op, ech maachen zu Lëtzebuerg d’Gestioun vu mengen Données informatiques, ech gebrauchen d’Datazentren zu Lëtzebuerg, etc. Mir kréien also Méiglechkeeten, wa mir dat esou wëllen, Substanz heihinner ze kréien, an doduerch eng Base imposable, also eng Besteierung ze erméiglechen, déi net ka kontestéiert ginn.

Pia Oppel: Ass d’Praxis vun de Rulingen, vun der Steieroptiméierung an der lescht aus dem Rudder gelaf? Kéint een dat awer réckwierkend dann esou soen?

Pierre Gramegna: Ech kann Iech dat net soen, well d’Administratioun do d’Regelen applizéiert huet wéi se sinn. D’Administratioun seet mir, si hätten ëmmer déi selwecht Critèrë gehat.

An et ass am Fong geholl wahrscheinlech esou datt wéinst der Kris vun 2008 vläicht och méi Besoin bei den Entreprise war fir méi Sécherheet ze hunn, méi Prévisibilitéit. Dat géing vläicht erklären datt ee méi Rulinge gemaach huet. Mä ech ginn dovunner aus, an ech mengen d’Adminstratioun huet dat och esou gemaach, mir applizéieren d’Regelen ee wéi jee.

Pia Oppel: Dir hat de Regime vun der Besteierung vun der Propriété intellectuelle schonn erwähnt. Och do schéckt Dir elo Informatiounen un d’EU-Kommissioun. Et schéngt scho kloer datt déi Nisch, esou wéi se den Ament existéiert, net onbedéngt ze retten ass. Ass, wäert dat ganz ofgeschaaft ginn, oder fënnt een do en neie Kompromëss?

Pierre Gramegna: Dat ass e ganz interessante Punkt, déi Patentboxen, well dat och eng Prioritéit vun der OECD war fir do en Accord schonn 2014 ze hunn, an deen ass jo elo erreecht ginn.

Lëtzebuerg huet pro-aktiv do matgeschafft. Mir waren och eent vun deene Länner, déi bis zum Schluss e bëssen d’Critèren déi elo ageféiert ginn, ze kontestéieren.

Wat ass de Critère deen elo zeréckbehale ginn ass? Dat ass, et ass e bëssen technesch, mä ech soen dat elo hei, de Critère vum Nexus, Nexus heescht den Nuebel, an den Nuebel gëtt gutt d’Iddi erëm. D’Patentboxen sollen an Zukunft an deene Länner erlaabt ginn, wou den Nuebel vun der Recherche stattfënnt. Or ass et ganz kloer datt et nëmmen seelen de Fall ass, datt den Nuebel vun enger Recherche zu Lëtzebuerg stattfënnt. Dofir hunn déi kleng Länner, also net nëmme Lëtzebuerg, och Holland ënnert anerem, nach vill méi vehement wéi mir, an och d’Englänner immens insistéiert fir datt dee Critère vum Nuebel net ze exklusiv gëtt.

An et ass elo e Kompromëss erauskomm, datt och elo eng Transitiounsphas kënnt, déi et matsechbruecht huet, datt Lëtzebuerg, awer och England an aner Länner sech konnten deem Kompromëss uschléissen, doduerch datt mir elo eng Transitiounsphas kréie wou dat nach méiglech ass.

Mä wa mir an de long terme ginn, da kënne mir op jiddwer Fall de Regime wéi mir en haut kennen, net méi applizéieren, a mir mussen eis iwwerleeë wéi mir e kënnen adaptéieren.

Pia Oppel: Dir hat d’Gestioun vun den Tresorerien och scho kuerz ugedeit bei der Diskussioun iwwer d’Substanz. De Secteur ass interesséiert fir do och en Instrument ze kréien, dat sech vläicht géif, dat géif ähnelen deem wat mat den Intérêts notionnels gemengt ass.

Dir hat am Mäerz hei op der Antenn gesot, mir maachen am Ministère elo eng Étude fir do e spezifesch lëtzebuerger Modell eventuell ze maachen. Wat ass dann d’Resultat vun der Étude? Wäert et do en Instrument eng Kéier ginn?

Pierre Gramegna: Also dat do passt als Thema an d’Réforme fiscale. Mir wäerten do elo net virun de Won lafe mat deem do Instrument, oder mat engem aneren. Ech hunn dat gëschter och am Parlament gesot zur Geleeënheet vun der Budgetsdebatt datt ech iwwerhaapt näischt zum Fong vun der Réforme fiscale wëll soen, bevir mir de Budget adoptéiert hunn. Dat ass elo gëschter geschitt.

Firwat hunn ech dat gesot? Ma well éischtens emol, wann ee wëllt wësse wat de Spillraum ass deen een huet, muss ee wësse wat engem seng Staatsfinanzen hierginn. An elo hu mir eis jo e Pluriannuel ginn op 4 Joer. Do brénge mir et fäerdeg datt mir a 4 Joer och am Zentralstaat am Équiliber sinn, an en Iwwerschoss am Gesamtstaat, an an der Adminstration publique. Dat heescht, elo hu mir Donnéeën, wann natierlech d’Konjunktur eis kee Stréch duerch d’Rechnung mécht. Mä et muss ee jo Hypothesen hunn, a mat deenen hu mir geschafft. Elo hu mir also de Bestanddeel vum Staatsbudget fir 2015, a fir déi aner Joeren.

Mir wäerten elo an deenen nächste Wochen a Méint dat Zuelematerial wat mir hu fir 2014 an déi Joeren zeréck, plus déi Projektiounen ausschaffen, mat de Sozialpartner och deelen, an och mam Parlament deelen, esou datt mir, loosse mir soen, vum Ekonomesch Wirtschaftlechen hier wësse wou mir dru sinn.

Wat fir eng Mesurë mir doraus zéien, dat steet nach am Raum. Mir hunn natierlech Virstellungen am Finanzministère. Mir hunn eng ganz Rëtsch Pisten opgezeechent. Dat sinn einfach Méiglechkeeten. Och gëschter am Parlament sinn eng Rëtsch Pisten opgezeechent ginn. Déi musse mir all op de Leescht huelen. An et ass elo effektiv verfréit fir déi eng oder déi aner Mesure an de Virdregrond ze stellen.

Pia Oppel: Mä datt de Secteur weiderhin interesséiert ass un esou enger Mesure, kënnt Dir awer konfirméieren?

Pierre Gramegna: Jo, de Secteur ass dorunner interesséiert. De Secteur ass iwwerhaapt interesséiert, vum Finanzsecteur schwätze mir hei, dofir ze suergen, datt mir fiskalesch nach ëmmer attraktiv sinn. An et versteet ee jo gutt am Kontext vun der Diskussioun an der OECD, an an der Union européenne, datt een an der Fiskalitéit haut manner fräi ass wéi een dat viru 5, 10 oder 15 Joer war.

Anescht ausgedréckt, et geet net méi duer datt Lëtzebuerg sech seet, ech wëll kompetitiv sinn, an ech wëll ganz niddereg Steiersätz hunn, oder gënschteg Ofschreiwungen hunn. Et muss een ëmmer kucke wou leien ech dann am internationale Kontext. Mir kënnen net dat maache wat Irland an den 1990er Joere gemaach huet. Déi hunn do hiren Taux vun 12,5% agefouert, deen haut vun alle Länner an Europa kontestéiert gëtt. D’Irlänner resistéieren. Ech verstinn d’Irlänner och. Et ass e klengt Land, wat eng schlëmm Kris hanneru sech huet.

Mä Dir gesitt, d’Moossstief, d’Critèrë sinn haut anescht wéi gëschter.

Pia Oppel: D’Rulingprozedur gëtt elo gesetzlech verankert, och Privatpersoune sollen esou Virentscheedunge kënne kréien. Eng aner Mesure fir Privatpersounen gouf elo awer onkommentéiert am Fong ofgeschaaft, dat ass d’Méiglechkeet fir iwwer den Artikel 9 aus dem Gesetz iwwer d’Akommessteier eng forfaitär Besteierung vun neie Résidenten iwwer de Regierungsrot ze accordéieren. Firwat hutt Dir décidéiert déi Mesure, deen Artikel do ofzeschafen?

Pierre Gramegna: Also fir d’éischt wëll ech emol soen, datt d’Privatpersounen och an der Vergaangenheet konnte Rulinge kréien. Do ass vill Onkloerheet an de leschten Deeg gewiescht fir Grënn déi ech net kennen, an net kann novollzéien. D’Privatpersoune konnte Rulinge froen, an d’Privatpersoune kënnen och an Zukunft Rulinge froen. Datt dat emol kloer ass.

Den Artikel 9, den Artikel 9, wann ee gutt hikuckt, ass en fait net ganz gutt compatibel mat der Constitutioun. An der Constitutioun steet, datt d’Leit an d’Gesellschafte gläich sti virun der Steier. Deen Artikel huet dem Regierungsrot d’Méiglechkeet ginn, a verschiddene Fäll déi de Regierungsrot selwer fixéiert huet, eng forfaitär Besteierung ze maachen.

Ech hu fonnt, an zesummen am Aklang mat der Regierung, datt esou eng Dispositioun net méi zäitgeméiss wier. A fir justement ze évitéieren, datt mir wéinst deem Artikel 9, dee Gott sei Dank e bëssen a Vergiessenheet gerode war, datt mir dee solle sträichen, well wann d’OECD eist ganzt Besteierungsgesetz géif kucken, an op deen Artikel géing falen, wëll ech mir guer net virstelle wat se sech dobäi geduecht hätt.

Pia Oppel: De Staatsrot hat schonn an den 1960er Joeren dorop higewise wat Dir elo sot, datt do wahrscheinlech Problemer mat der Verfassung géif ginn. Wéi laang war déi Dispositioun dann elo effektiv am Asaz, ass déi politesch spannend Fro awer?

Pierre Gramegna: Also ech kann Iech just soen, datt an deem Joer säitdem ech am Amt sinn, deen Artikel 9 net gebraucht ginn ass. Vu datt ech déi Fro vill gestallt kréien, si mir amgaangen nozekucke wéini e fir d’lescht gebraucht ginn ass. Dat geet awer relativ wäit zeréck an d’Vergaangenheet.

Pia Oppel: Well esou wäit ech weess, gouf et op d’mannst nach bis Enn den 1990er applizéiert, an och 2004 gouf et anscheinend eng Diskussioun prinzipiell doriwwer, an et ass décidéiert ginn, mir halen den Artikel, wat jo kéint dorop hindeiten, datt en och gebraucht ginn ass.

Elo huet awer zum Beispill den EU-Kommissiounspresident och vis-à-vis vun der internationaler Press ëmmer nees betount, hien hätt als Politiker ni kënnen eppes zu eenzelne Steierdossieren zu Lëtzebuerg soen. Dat hei géif deem jo da widderspriechen. Gesidd Dir do och e Problem?

Pierre Gramegna: Ech kann doriwwer net vill kommentéieren, well ech déi Informatiounen net hunn. An ech hunn, vun noem Suivéiere wat dës Regierung gemaach huet an deene leschten 10 Joer a mengen virëschter Beruff, an ech sinn ni iwwer deen Artikel 9 gefall, och ni eppes doriwwer héieren. Dat ass dat Eenzegt wat ech Iech elo hei ka soen. Mä mir sinn am Ministère amgaangen zeréckzekucke wéini en da gebraucht ginn ass.

Pia Oppel: No de LuxLeaks Revelatiounen stoung d’Regierung ënnert enormem Drock. Dir waart op enger Pressekonferenz aus der Këscht gesprongen, wann een dat esou ka soen, well eng Journalistin mat hire Froen insistéiert huet. War d’Kommunikatioun ronderëm d’LuxLeaks souverän genuch?

Pierre Gramegna: Also wéini ass schonn d’Kommunikatioun souverän? Deen Drock deem mir do ënnerbreet gi sinn, ass ganz grouss. Do kritt ee mat Insistenz Froe gestallt. Ech hunn do spontan reagéiert. Meng Habitude ass relativ calme ze sinn, dat do war eng Ausnam. Ech hat do mengen ech an de leschten 48 Stonne ganz wéineg geschlof, an ech hu vläicht e bëssen iwwerreagéiert.

De Journalist huet all gutt Recht seng Froen ze stellen. De Politiker muss seng Responsabilitéiten huelen, e muss op d’Froen äntwerten.

Am Intérêt vu Lëtzebuerg muss och de Minister heiansdo laanscht d’Fro äntwerten, well en ass net nëmmen do fir de Journaliste Freed ze maachen, en ass och do fir den Intérêt vum Land.

Pia Oppel: Den Ausseminister Jean Asselborn war um däitschen ARD bei der Anne Will, an huet do déi vill Bréifboîten hei am Land verdeedegt. Firwat waart net Dir als Finanzminister do?

Pierre Gramegna: Den Ausseminister ass par définition an der Welt ronderëm. Dat ass fir de Jean Asselborn ganz oft de Fall, et ass e ganz dynameschen Ausseminister, deen och scho laang um Wierk ass, a ganz vill Leit kennt. An hie gëtt natierlech, egal wou hien am Ausland ass, vun der auslännescher Press gefrot. An [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: Dat heescht hie war gefrot ginn?

Pierre Gramegna: Den Här Asselborn war gefrot ginn, an hie war am Ausland, an e muss natierlech kënnen op déi Froen äntwerten. Dat ass eppes ganz Normales. An de Jean Asselborn huet Stellung geholl. Hien ass falsch interpretéiert ginn, oder net richteg interpretéiert ginn, hien huet dat duerno riichtgestallt. Dat ass kee Problem.

Pia Oppel: Et ass der Regierung zënter der LuxLeaks Revelatioun och drëms gaange fir géintiwwer den Acteure vun der Finanzplaz ze signaliséieren, datt weider hei eng Prévisibilitéit wier. Ass dee Spagat Iech gelongen? Wann een elo e bësse ronderëm freet, d’Acteuren hate vun där Annonce datt d’Informatiounen un d’EU-Kommissioun weidergi vun de Rulingen, nach net esou ganz matkritt, an hu sech Froe gestallt. Ass Iech de Spagat gelonge fir a béid Richtunge richteg ze kommunizéieren?

Pierre Gramegna: Ech si frou datt Dir dat e Spagat nennt, well et ass dat.

Mir mussen zwou Saachen hei fäerdegbréngen. Op där enger Säit eis Acteuren hei rassuréieren, dat versichen ech ze maachen, ech si regelméisseg mat der Bankplaz, a mat de Milieuë vun der Wirtschaft am Kontakt. Op där anerer Säit hu mir internationalen Drock, dee gären hätt, datt mir alles solle changéieren.

Op verschiddene Punkte wäerte mir musse changéieren, net nëmme wéinst LuxLeaks, an da muss dat och nach dohinnergestallt ginn ob mir eis musse par rapport zu LuxLeaks positionéieren. Well en fait huet Gott sei Dank deen Débat evoluéiert. Mir hu jo gesot, vu datt bal all Mënsch Rulingen huet, majo da solle mir deen Échange d’informations vu Rulingen, deen d’Kommissioun elo wëllt virschloen, da solle mir dee maachen. Mir waren eent vun deenen éischte Länner déi dat gesot hunn. An elo mierke mir datt dat fir vill Länner eng Schwieregkeet ass.

Mä ech wëll soen, mir si bereet op verschiddene Punkten ze bougéieren, à condition datt mir eng gemeinsam Spillwiss kréien, datt mir e level playing field kréien. A wann de level playing field garantéiert ass, da soll jo jiddwereen Austausch op där enger Säit, oder jiddwereen alles muss op den Dësch leeën op där anerer Säit, da kënne mir mat deene Spillregele liewen. Dat ass dat eent.

Dat zweet ass, do wou eis Nischen net a Fro gestallt sinn, well se konform sinn zum Droit existant, oder konform sinn zu dem futur droit existant, majo da solle mir se halen.

Pia Oppel: Huet LuxLeaks op där anerer Säit gehollef d’Budgetsstreidereie méi einfach ze evakuéieren?

Pierre Gramegna: Budgetsstreidereien tëscht wiem a wiem?

Pia Oppel: Tëscht de ganz ville verschiddenen Acteuren, déi Är Budgetspropos kritiséiert hunn. Do hunn d’Gewerkschaften am Ufank dozou gehéiert, do hunn eng ganz Rei Acteuren dozou gehéiert, déi virun de Fait accompli och a verschiddene Situatioune gestallt waren. D’Oppositioun vläicht och?

Pierre Gramegna: Vläicht ass et en Element an den Hannerkäpp vun de Leit, et huet awer keen et esou ausgedréckt.

Et ass och esou datt den Impakt vu LuxLeaks nach haut wierklech net ka bemooss ginn. Mir hunn e Schued erlidde mat LuxLeaks, an dat ass e Reputatiounsschued. Deen hu mir. Do kënne mir eis dréinen a kéiere wéi mir wëllen, deen hu mir. D’Konsequenz ass, datt mir mussen nach méi proaktiv agéieren, an iwwer Lëtzebuerg schwätzen, nach méi Missioune maachen, an erklären. Dat ass emol dat eent.

Dat zweet, de Schued op der Plaz vun Acteuren, déi dann net méi esou gären heihinner géinge kommen, oder déi déi hei sinn, ass de Moment nach net ze moossen. Mir monitoren dat, mir kucken dat mat allen Acteuren, a wäerten dat an den nächste Woche verfollegen. An esou bal mir do méi e kloert Bild kréien, wäerte mir d’Sozialpartner, awer och, a bestëmmt och en Priorité d’Chamber des Députés informéieren. Well et ass kloer datt wann do gréisser Changementer wieren, oder d’Attitudë géinge changéieren, jo da muss een dat a Betracht zéien.

Pia Oppel: De Budget 2015 ass dës Woch gestëmmt ginn. De Romain Hilgert huet am Lëtzebuerger Land gemengt, dat Neit um Budget wier an éischter Linn de Chaos gewiescht, Dir hätt awer eng weider Budgetskonsolidéierung méi séier a schmäerzlos hikritt wéi déi virëscht Regierung, ouni, Zitat, endlos Tripartite Melodramen, an an de Geschichtsbicher stéing herno wie gewonnen huet, an net wéi e gewonnen huet.

War dohannert eng Strategie fir einfach jiddwereen emol fir d’éischt virun de Fait accompli ze setzen, an da vläicht punktuell Konzessiounen ze maachen?

Pierre Gramegna: Also et ass ëmmer e wéineg bizar wann ee wëllt d’Geschicht nei schreiwen, wann ee schonn am Futur ass. An dat maachen ech net ganz gären. Ech géing et esou beschreiwen.

D’Regierung hat sech virgeholl den Équiliber an de Staatsfinanzen erëm hierzestellen op 4 Joer, bis 2018, wat och iwwerenee passt mat den Obligatiounen déi mir an Europa hunn, wou mir e Budget pluriannuel musse presentéieren. An d’Regierung huet och gesot, mir fänken d’Spuere béi eis un, 2014, hu mir och gemaach, an da fir 2015 do musse mir Mesuren huelen, déi wahrscheinlech net esou agréabel sinn. An do hu mir eis geduecht, mir musse se emol selwer preparéieren, an dat hu mir gemaach.

Ech menge mir hätten et net ronn kritt, wa mir déi Mesuren, et sinn der elo eppes iwwer 250, wa mir déi hätte wëlle mat de Sozialpartner ausverhandelen. Dat hätte mir an der Zäit ni hikritt. An dofir hu mir eis Verantwortung geholl. Nodeems se du presentéiert waren, a vill Kritike komm sinn, hu mir dunn och mat de Syndikater eis dohinner gesat, an hunn e gudde Kompromëss fonnt. Ech wëll awer soen, datt mir och wäerte mam Patronat eis dohinner setzen, an och do e Konsens fannen, sinn ech och ganz iwwerzeegt.

Mä wat ee sech muss bewosst sinn, dat ass, datt mir ganz wéineg Zäit haten, mä datt mir doduerch datt mir déi Viraarbecht geleescht hunn, doduerch datt mir eben esou vill Propositiounen op den Dësch geluegt hunn, wierklech immens vill Zäit gewonnen hunn. An datt kee Mënsch begeeschtert ass, wonnert mech net, well jiddwereen dréit e bëssen zu deem Effort bäi, ob dat elo de Bierger ass mat den Augmentatioune vun den Taxen, ob dat elo d’Entreprise sinn, wou ech awer wëll ënnersträichen, datt mir bei den Entreprise keng Augmentatioun vun den Taxe gemaach hunn, am Géigesaz zu deem wat an der virëschter Regierung geschitt ass, also keng nei Taxe fir d’Entreprisen, mä trotzdem verschidde Subventioune ginn erof, den Zouschoss vum Staat an d’Mutualitéit geet erof. Also d’Entreprise leiden och.

An drëtte Punkt. Och d’Gemenge si gefrot ginn en Effort ze maachen. Dat mécht deenen och net ëmmer Freed. Op där anerer Säit mengen ech, wann ech kucke wéi d’Recette vun de Gemengen an deenen nächste Joeren nach wäerte wuessen, datt d’Gemengen deen Effort wäerte kënne packen, net mat Begeeschterung, mä an der Solidaritéit.

Pia Oppel: Dir hutt och Är Koalitiounspartner deels viru Fait accompli gesat. D’Baisse vun den Tubaksaccisen ass am Regierungsrot ënnert deene Punkte gelaf iwwer déi net mëndlech diskutéiert gouf. War dat e Feeler?

Pierre Gramegna: Also et muss een aus allen Episode léieren. Dat wat do bei den Accise geschitt ass, war eng Konsequenz vun der Augmentatioun vun der TVA. A mir musse jo och drun denken, datt mir eis Recette musse schützen, an dat ass doduerch geschitt, datt een dann och d’Accise fir eng Transitiounsperiod adaptéiert. Dat huet net jiddweree kannt, oder erkannt. Mä no der Explikatioun an no der Wichtegkeet vun esou enger Mesure hu mir awer ouni gréissere Problem do e Konsens fonnt.

Pia Oppel: Dir hutt d’Transitiounsperiod erwänt. D’Belsch beweegt sech elo, do ginn d’Accisen erop, an Däitschland, an a Frankräich ass déi Diskussioun natierlech och amgaangen. Wéi laang wäert d’Transitiounsperiod dann zu Lëtzebuerg daueren? Hutt Dir do scho konkret Chifferen?

Pierre Gramegna: Et ass esou d’Transitiounsperiod ass relativ flexibel, an esou bal et méiglech ass déi Adaptatioun vun den Accisen opzehalen, da wäerte mir dat maachen. Dat ass also da verbonne mat Décisiounen an eisen Nopeschlänner, wou dann de Sputt fir den Zigarettepräis erëm hiergestallt ass.

Well et ass vläicht e bëssen schwéier ze erklären, oder ze verstoen, mä et ass esou datt wa mir den Zigarettepräis ze séier an d’Luucht setzen, dann ass et jo net méi attraktiv dat hei ze kafen, da setze mir zwar de Präis an d’Luucht, mä mir verkafe vill manner Päck Zigaretten, an doduerch verléiere mir ganz vill Recetten, an dat musse mir grad an enger schwéierer Zäit, wou mir amgaange sinn de Budget ze sanéieren, évitéieren.

Pia Oppel: Nom Budget 2015, dat ass virum Budget 2016. Wëllt Dir nees eng Berodungsfirma engagéiere fir elo nach weider un der neier Method fir de Budget opzesetzen, ze schaffen?

Pierre Gramegna: Neen, mir hunn eng Berodungsfirma gebraucht am Ufank, ganz am Ufank, fir Zäit ze wannen. An dat huet sech och erwisen als eng gutt Iddi, well doduerch hate mir eng Method.

An elo hu mir 19 Aarbechtsgruppen, déi jo komplett opgebaut sinn op d’Ministeren, d’Ministèren, an op där anerer Säit 4 horizontal Gruppen. Mir hunn dat elo. Fréi am Januar hunn ech eng Réunioun mat deenen 19 Aarbechtsgruppe fir déi existéierend Struktur weiderzeféieren. Mir mussen do nach ganz vill maachen. Mir mussen d’Ëmsetzung vum Zukunftspak 2015 sécherstellen, den Zukunftspak 2016 virbereeden, eis déi néideg Instrumenter gi fir dat alles ze kontrolléieren, a vläicht och nei Iddien ze kréie fir méi Efficacitéit beim Staat, oder Simplification administrative ze maachen. Et ass eng risen Aarbecht.

Dofir muss ech och soen, datt ech Verständnis hu wann déi eng oder déi aner Mesure nach net perfekt war. Wann een iwwer 250 Mesuren huet, datt déi eng oder déi aner nach net 100%eg duerchduecht ass, ech huelen dat ganz gären op meng Kap. Mä wien huet da schonn esou en ambitiéisen Exercice virdru gemaach? Keen. Dofir froen ech och fir e bësse Verständnis ze hunn, datt net alles op Anhieb perfekt ass.

Pia Oppel: Zur Roll vun de Consulting Firmen an Ärem Ministère. De Georges Deitz vun Deloitte, deen e Kontrakt als Consultant hat, schafft net méi bei Iech. D’Lëtzebuerger Land hat sech doriwwer eng Kéier amëséiert, et wier jo speziell wann d’Regierung hir eege Lobbyiste géif bezuelen. Gesidd Dir dat als ähnlech problematesch?

Pierre Gramegna: Ech mengen et muss een eng gewësse Gouvernance hunn. Wann een Consultance brauch, da soll ee sech déi zwëschent Guillemets, nobaussen akafe goen. An dat ass dat wat dës Regierung op jiddwerfalls mécht, an dat soll een och en transparence maachen. Mä et soll een net wéinst Gouvernanceregelen d’Saache vermëschen.

Also een deen am Ministère schafft, ob en elo Fonctionnaire ass oder Employé, oder Stagiaire ass, oder ob en an engem CDD ass, dat ass eng Persoun, déi schafft fir de Staat, fir de Ministère. Eng Persoun déi soll Consultant sinn, déi soll net am Ministère sinn.

Pia Oppel: Dräi héich Beamten haten Äre Ministère verlooss kuerz nodeems Dir am Amt waart. Huet d’Situatioun sech zënterhier berouegt? Sidd Dir zefridde wéi de Ministère den Ament opgestallt ass?

Pierre Gramegna: Jo, ech hu jo Ufank Mee eng nei Équipe presentéiert, geleet vum Étienne Reuter als Secrétaire général, mat 4 Direkteren, dovunner zwou Fraen. An ech hunn e Comité de direction instituéiert, deen et net gouf, deen all Woch zesummekënnt, mir haten nach haut Réunioun, dat fonctionnéiert ganz gutt. Ech hunn och eng Fonctioun Compliance agefouert, déi et net gouf. An ech mengen dat gëtt et nach net ganz vill, och an anere Finanzministèren an der Welt. Just fir ze weisen, datt d’Finanzwelt amgaangen ass ze changéieren. An ech muss soen, déi Équipe déi ech do hunn, dat si super Leit.

Pia Oppel: Dir plangt eng grouss Steierreform. Do huet et an de leschte Woche geheescht, datt de Koalitiounsaccord gëllt, a gläichzäiteg, datt et keen Tabu gëtt. Dat ass e Widdersproch, Här Finanzminister.

Pierre Gramegna: Firwat ass dat e Widdersproch?

Pia Oppel: Ma wann et keen Tabu gëtt, da si jo och vläicht déi Saachen, déi am Koalitiounsaccord ausgeschloss ginn, awer nees méiglech.

Pierre Gramegna: D’Réforme fiscale kann extrem breet ugeluegt ginn, wann d’Regierung dat esou wëllt maachen, a wann dat schlussendlech am Intérêt ass vun der Réussite vun dëser Reform, a vun der Réussite vun der Sanéierung vun eise Staatsfinanzen. An dofir wéilt ech näischt ausschléissen. Ech wëll och keng Iddien ausschléissen, wéi se gëschter am Parlament gemaach gi sinn. Et soll een dat do mat enger Konsensbasis ugoen.

A gëschter hunn ech zum Beispill am Parlament kënne feststellen, datt all Parteie wëllen d’Grondsteier änneren. Majo dat ass fir mech eng ganz wichteg Noriicht, datt alleguer d’Parteien dat wëllen. Majo da wäerte mir op deem do Sujet ganz bestëmmt schaffen. Op deenen aneren, jo jiddweree wëllt d’Steieren erofsetze bei de Firmaen, d’Steieren erofsetze bei de Leit. A wa mir also Milliarden Euro Sputt hätten, da kéint ech soen, majo da maache mir dat. Or, mir wëssen datt mir dee Sputt net hunn, datt also d’Réforme fiscale eng schwéier gëtt, datt jiddwereen herno um Endresultat manner Steiere wäert bezuelen, ass ze bezweiwelen. An dofir gëtt dat e ganz schwéieren Exercice.

Pia Oppel: Wann Dir näischt ausschléisst. Ierfschaftsteier, Impôt sur la fortune, och keen Tabu?

Pierre Gramegna: Also Ierfschaftsteier kann ech Iech op jiddwer Fall soen, datt dat an der DP ausgeschloss ass.

An ech mengen indépendamment vun de Parteien, eng Ierfschaftsteier zu Lëtzebuerg wëllen anzeféieren, woubäi mir wëllen eng attraktiv Finanzplaz sinn, ass sech dach wierklech an de Fouss schéissen. Mä bon, jiddwereen dierf seng Meenung hunn, all Partei dierf seng Meenung hunn.

A mech schockéiert awer elo och net datt all Partei, och déi déi an der Koalitioun zesumme sinn, Nuancen hunn, ass och dat Normalst an der Welt. Wann d’Parteien net méi dierften eng Meenung hunn, jo dann hätte mir nëmme méi eng. Dofir soen ech ganz kloer, d’Ierfschaftssteier ass fir d’DP ausgeschloss.

Pia Oppel: Wéi grouss ass de Konsens dann, mengt Dir, an der Koalitioun, oder wäert et herno e Minimalaccord ginn?

Pierre Gramegna: Ech kann Iech et net viraussoe wat do wäert erauskommen. Ech wëll och hei et kloer soen, fir datt net herno behaapt gëtt, datt dat vun der Regierung ënnerschat gi wier.

Mir hu virdru vu LuxLeaks geschwat. D’Konsequenzen dovunner um Staatsbudget, an un der Croissance vun eiser Wirtschaft ass net bekannt. Dat ass eng grouss Inconnu. Ech mengen datt do de toute façon an deem Domaine Reforme wäerte geschéien. Vläicht geléngt et eis, ech hunn dat och am Parlament gesot, ech si ganz confiant datt Lëtzebuerg sech kann adaptéieren, datt eis Entreprisen innovant sinn, datt d’Leit déi hei wunnen a schaffen, super sinn, a wäerte nach muer méi produktiv sinn am Intérêt vun der Wirtschaft, am Intérêt vum Land. Mä Dir hutt do eng Inconnu, déi een och muss mat an d’Spill huelen.

Dofir haut ze spekuléiere wéi d’Endresultat vun der Réforme fiscale soll sinn, mat der Inconnu LuxLeaks, mat der Inconnu vun der Weltwirtschaft, ass ganz schwéier.

A mir sollen eis bewosst sinn hei zu Lëtzebuerg wéi gutt et eis hei geet trotz alle Schwieregkeeten déi mir hunn. Mir hunn d’Chance datt mir hei Fridden hunn, Fridden, kee Krich, sozial Rou hunn, datt mir eng Wirtschaft hunn, déi dëst Joer 3% wiisst, dat ass ee vun de beschte Resultater an de leschte Joeren, an et ass och eent vun deene beschte Resultater an Europa. Mä näischt garantéiert, datt déi Croissance och nach muer do ass. Also dofir muss ee ganz virsiichteg sinn.

Pia Oppel: D’LSAP hat am Wahlkampf eng méi gerecht Verdeelung vun der Steierlaascht tëscht Betriber a Ménagë gefuerdert. Den Direkter vum Statec, de Serge Allegrezza, huet dozou virun e puer Wochen am “Riicht eraus” um Mikro vum Jean-Claude Franck déi hei Aschätzung ginn.

Serge Allegrezza(O-Toun): Déi Duerstellung tëscht Betrib a Ménages, mengen ech, ass net ganz richteg.

Jean-Claude Franck(O-Toun): Et sinn awer Parteien, déi an hirem Wahlprogramm stoen haten, si géife gären e 50/50 Équiliber do kréien.

Serge Allegrezza(O-Toun): Ech weess, dat. Jo, mä dat ass eng Simplifikatioun. Ech mengen dat schreift sech gutt, mä dat mécht, ekonomesch mécht dat net ganz vill Sënn. Tëscht dem Betrib, schlussendlech dem Outil de production, an deem et e Surplus gëtt, deen mir de Profit nennen, an deen dee Moment en réserve gesat gëtt, an dee gebraucht gëtt fir nei ze investéieren, dat ass am Fong geholl net direkt vergläichbar mam Revenu vun engem Ménage.

Ech mengen et muss een herno alles zeréckschreiwen op de Ménage, well den Aktionär, de Propriétaire dat ass och e Ménage, deen dat Geld a säi Revenu erakritt, säi Revenu ass dann eben net dee vun engem Salaire kënnt, mä dee kënnt da vum Bénéfice, vum Profit, an et ass am Fong geholl op deem Niveau wou ee se misst alleguer considéréieren.

Pia Oppel: Amplaz d’Betriber ze besteieren, wier et méi logesch d’Kapitalrevenuen eventuell méi ze considéréieren, kéint een dat do elo resüméieren. Gesidd Dir dat ähnlech?

Pierre Gramegna: Dat alleréischt wat mir musse kucken zu Lëtzebuerg wat d’Besteierung vun de Betriber ubelaangt, ass wéi positionéiere mir eis par rapport zum Ausland? Mir sinn eng oppen Ekonomie op d’Welt. Mir exportéieren an importéieren esou vill wéi bal keen anert Land. Mir kënnen also déi Équatioun net maachen ouni fir d’éischt emol ze kucken, wou sti mir par rapport zu deenen aneren?

Pia Oppel: Mä zu där prinzipieller Fro, huet et iwwerhaapt Wäert bei der Betribsbesteierung unzesetze mat der Consideratioun op d’Steierlaascht gerecht verdeelt ass? Misst een net, wéi de Serge Allegrezza dat suggéréiert, kucke wou fléisst dann herno de Kapital hi, bei Ménagen? Misst een dat méi staark considéréieren?

Pierre Gramegna: Jo, ech soen et nach eng Kéier. Dat ass richteg wat den Här Allegrezza seet, datt déi Revenuen och herno bei d’Ménagë lafen. Mä ech kommen drop zeréck. Mir sinn eng oppen Ekonomie. Mir hunn hei Milliarden déi erafléissen, an erausfléissen, souwuel fir d’Gidder wéi fir d’Déngschtleeschtungen, och fir d’Kapital.

Also mir sinn nëmmen dann erfollegräich wa mir e System hunn, deen d’Ausland versteet. Mir sollten net e System erfannen, dee kee Mënsch kann novollzéien, deen et soss néierens gëtt.

Mir mussen eng Besteierung muer maachen, déi deenen neie Critèrë vun der OECD a vun Europa gerecht gëtt. Dat wëllt net heeschen, datt mir guer kee Sputt méi hunn, mä dat wëllt heeschen, datt mir manner fräi si wéi mir dat an der Vergaangenheet waren.

Ech hu virdru vun der Direktiv mère-fille geschwat. Do sinn also Saachen, déi nach haut méiglech sinn, an an engem Joer net méi méiglech sinn. All déi Saache muss een emol kucken.

Wat een och muss wëssen, ass datt et den Entreprise wéinst der Kris vun 2008 vill manner gutt geet, d’Marge vill méi kleng gi sinn. Alles dat muss een a Betracht zéien. An dann eréischt, wann een dat, wéi gesot, gekuckt huet, da kann ee sech virstelle wéi een dat alles adaptéiert.

Mir hunn e System, deen ass relativ al an der Manéier wéi d’Besteierung gemaach gëtt. Mir hunn e System mat Regelen, mat engem Gesetz, mat relativ héijen Tauxen, a mat villen Abattementen. Eng aner Iddi, déi am Raum steet, ass ze soen, deen Taux méi niddereg ze maache mat enger méi breeder Basis. Dat sinn alles Pisten, déi ee ka kucken. Mä Dir gesitt, mir hu ganz vill Variabelen hei.

Pia Oppel: E Méindeg ass eng Entrevue mam Patronat. Ass do d’Fro vun der Besteierung och schonn eng éischte Kéier en Thema?

Pierre Gramegna: Also ech schléissen net aus datt dat ugeschnidde gëtt, mä et ass ganz bestëmmt net ee vun den Haaptthemaen.

Pia Oppel: Fir nach eng Kéier op d’Fro vum Kapital, vun der Kapitalbesteierung, zeréckzekommen. Dat ass jo zu Lëtzebuerg och wichteg fir Clientë vun der Finanzplaz unzezéien, datt d’Kapital ebe grad wéineg besteiert gëtt. Bleift et zu Lëtzebuerg also éischter virun allem bei der Ëmverdeelung ënnert de Revenuen op der Aarbecht?

Pierre Gramegna: Dir hutt virdrun, ech kommen nach op Är Fro vu virdrun zeréck, ob d’Besteierung mat de Betriber e wichtegt Thema gëtt.

Et ass net héich op der Lëscht vun den Diskussiounen. A firwat ass et net héich op der Lëscht? Ma well d’Regierung gesot huet, datt se an deenen nächste 4 Joer keng Erhéijung vun de Steiere vun de Betriber wëllt maachen. Dofir ass et net héich op der Lëscht vun de Patronen. Mä ech wier awer frou wa se sech bewosst wieren, datt dat e Verspriechen ass wat ganz wäertvoll ass. Wann ee ronderëm eis kuckt, da gesäit een datt jo a ville Länner d’Steiere fir d’Entreprisen an d’Luucht ginn.

Wat elo den Équiliber ubelaangt zwëschent der Besteierung vun de Leit, an d’Besteierung vun den Entreprisen, mengen ech, muss een do wierklech en Ënnerscheed maachen. Well wann et de Betriber gutt geet, da schafe se nei Aarbechtsplazen, si investéiere méi, a wa se dat maachen, majo dann hu mir méi Leit, déi Steiere bezuelen. Méi Investissement heescht, aner Betriber déi Profitter maachen.

Dofir wann et den Entreprise gutt geet, geet et de Leit och gutt. A wa mir elo eng grouss Dynamik hu schonn iwwer déi lescht 20 Joer, vun der Besteierung vun de Leit, ass dat well mir all Joer 8.000 nei Aarbechtsplaze schafen, ass dat well mir gutt Croissance hate mat Ausnam vun de 5 leschte Joer, 2008/2013.

Dofir einfach nëmme mathematesch ze kucken datt mir d’selwecht solle bezuelen, ass net déi richteg Manéier de Problem unzepaken.

Pia Oppel: An d’Ongläichgewiicht tëschent der Besteierung vu Kapitalrevenuen an Aarbechsrevenuen. Gesidd Dir do Handlungsbedarf?

Pierre Gramegna: Jo, mä d’Besteierung vum Kapital si mir, wéi ech virdru gesot hunn, komplett ausgeliwwert der Attraktivitéit vun der Finanzplaz.

Duerch Lëtzebuerg lafen 10. an 10. Milliarde Gelder. Wa mir mengen, datt mir dat kënne relativ staark besteieren, da kënnt iwwerhaapt kee Mënsch méi heihinner. Dat ass jo d’Thematik vun der Financial transaction tax, vun der Taxe sur les transactions financières. Do sinn 11 Länner an der Europäescher Unioun déi dat eventuell wëllen aféieren. A si gi sech net eens, si fanne keng Léisung. Firwat? Si wëssen, datt wa si déi Besteierung maachen, datt d’Captiauxë laanscht hir Länner lafen.

A Lëtzebuerg, wat jo eng vun deenen erfollegsräichste Finanzplazen hei an Europa ass, ech wëll et ënnersträichen, Nummer 1 an der Eurozon, Nummer 4 um europäesche Kontinent, jo do muss een natierlech dofir suergen, datt ee kompetitiv bleift.

Pia Oppel: Et war bis elo och eng Politik fir verschidde Chifferen eben net esou präzis ze erhiewe wann et em Steierpolitik geet. Besonnesch d’Donnéeën iwwer héich Revenuen, de Patrimoine ganz allgemeng, an iwwer Kapitalrevenue feelen. Soll sech dat elo änneren?

Pierre Gramegna: Bon, mir hunn éischtens emol e Secret fiscal zu Lëtzebuerg, dee mir ganz sérieux anhalen. Ech weess och datt mir an enger Zäit vun der Transparenz liewen. Mir brauchen Donnéeën, Gesamtdonnéeën iwwer verschidde Rentréeën, déi si mir och amgaangen auszerechnen an ze kucken. Zum Deel hu mir dat, zum Deel hu mir verschidden Institutiounen, déi se hunn, déi sinn elo amgaange se zesummenzeleeë fir effektiv ze wëssen a wellech Richtung ee geet, dat brauch een.

Mä ech mengen d’Confidentialitéit, wat net Secret heescht, mä d’Confidentialitéit vun Donnéeën déi mat Steieren ze dinn hunn, dat ass eppes Wäertvolles.

Pia Oppel: Déi kann ee jo awer assuréieren, andeems een dat an der Prozedur virgesäit, datt déi anonymiséiert ginn.

Mä hutt Dir Wëlles fir all déi Informatiounen, déi den Ament feelen, och wat eben d’Kapitalrevenuen ugeet, d’Patrimoine, fir dat mat eranzehuele fir wierklech e komplett Bild ze kréien? Wat fir eng zousätzlech Informatioune stellt Dir Iech do vir datt Dir nach braucht?

Pierre Gramegna: Et ass esou datt d’Steiere selwer Informatiounen huet, d’Inspection générale de la sécurité sociale huet Saachen, de Statec huet Saachen, d’Banque Centrale huet Saachen, d’CSSF huet Saachen. Dir gesitt, mir hu ganz vill Institutiounen, déi Informatiounen hunn. Si sinn och net all pertinent, si sinn och emol net all public, mä fir den Intérêt vun der Saach musse mir do vill Recoupementer maachen. An dat wäerte mir och maachen.

Pia Oppel: Den 1. Januar 2017 soll déi Reform a Kraaft trieden. Wéi stellt Dir Iech elo deemnächst dee konkreten Aarbechtsplang do vir?

Pierre Gramegna: Mir wäerten elo an den éischten dräi Méint op Regierungsniveau eis emol e Kader gi wéi grouss de Perimeter ass, esou wéi mir eis e virstellen. An dann deele mir déi Informatioune mam Parlament a mat de Sozialpartner, fir emol iwwer dee Perimeter ze schwätzen, dat heescht, wat fält dran, a wat fält net dran. Dat ass keng onwiesentlech Diskussioun, well wann een de Perimeter ze grouss mécht, da fäerten ech datt mir eis verzettelen, an datt mir net fäerdeg ginn, oder datt mir net eens ginn. Mir mussen also de richtege Perimeter fannen. Wa mir dee bis hunn, wäerte mir fir verschidde Steiere kucken, dat hu mir och mat de Sozialpartner ausgemaach, datt mir mat de Sozialpartner eenzel Gruppe maache fir herno e Paquet ze hunn, dee gedroen ass, an dee Sënn mécht.

Pia Oppel: Zum Thema gutt Donnéeën an transparent Analysen. Wéini kënnt de Comité économique et financier national, deen de Comité de prévisions jo dann als eng permanent Institutioun soll ersetzen, an Iech bei der Budgetspolitik, an och am europäesche Kontext soll beroden? Do ass e Gesetzesprojet ënnerwee. Wat blockéiert do den Ament?

Pierre Gramegna: Also dat sinn zwou verschidde Saachen. Dat eent ass de Comité national des finances publiques, dee berout op eng Obligatioun vum Traité budgétaire, dee Lëtzebuerg am Juli 2014 ratifizéiert huet. Dat ass de fiscal compact, gëtt den op englesch genannt. Do ass dee Comité national des finances publiques virgesinn, an deen ass am Oktober gegrënnt ginn, an deen ass och elo e puermol zesummekomm, an dee wäert seng Aarbechten, bon en huet ugefaange seng Aarbechten ze organiséieren. An deen huet elo säi Liewenswee.

Deem Comité seng Aarbecht besteet doran de Respekt vun den États membres, an allen États membres, an dann hei an dësem Fall vu Lëtzebuerg, vun de Regele vum Pacte de stabilité et de croissance, a Regele ronderëm de Budget ze kucken ob déi vun engem Land respektéiert ginn, an dësem Fall Lëtzebuerg. Esou datt dee Comité wäert am Laf vun dësem Joer eben d’Budgetspolitik vun eisem Land kommentéieren.

De Comité des prévisions dee gëtt et schonn [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: Mä net als permanent.

Pierre Gramegna: Net als permanent.

Pia Oppel: An et soll awer e Gesetzesprojet kommen?

Pierre Gramegna: Do kënnt e Gesetzesprojet [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: A wéini?

Pierre Gramegna: Datt deen institutionaliséiert gëtt, ma an den éischte Woche vum nächste Joer.

Pia Oppel: Et gëtt un engem Comité pour le risque systémique geschafft. D’Europäesch Zentralbank huet do e kriteschen Avis ginn. Do aus der Chamber huet ee schonn héieren, datt een déi Kritik vun der Hand weist. Eigentlech d’Zentralbank, d’Lëtzebuerger Zentralbank soll net esou vill méi Muecht do kréien. Ass dat eng glécklech Situatioun?

Pierre Gramegna: Also dat ass e ganz komplexe Sujet. De Comité des risques systémiques, dat ass och eng europäesch Obligatioun, mir wäerten dat och an den éischte Wochen a Méint vum nächste Joer ëmsetze mussen. An do ass all Mënsch gefuerdert. Do ass d’Banque Centrale gefuerdert, do ass d’CSSF gefuerdert, d’commissariat aux assurances, an och de ministère des Finances. Mir sinn amgaangen dat ze verfeineren.

Et geet net drëms hei em de Pouvoir vun deem engen oder vun deem aneren. Et geet drëms eng Kommissioun oder e Comité ze maachen, dee seng Aarbecht kann efficace maachen. An do muss een ofweien tëschent deenen, déi do insistéieren, datt d’Banque Centrale soll eng wiesentlech, oder Haaptroll spillen, esou wéi d’Europäesch Zentralbank dat recommandéiert. Mä d’Europäesch Zentralbank hält natierlech zu den nationalen Zentralbanken. An et gëtt aner Länner, déi hunn den Équiliber anescht gemaach. Ech mengen datt do, wéi a villen anere Saachen, den Équiliber an der gëllener Mëtt läit.

Pia Oppel: Et gouf dëst Joer nach den Tëschefall Espirito Santo, eng portugisesch Bank, déi wéinst problemateschen Transaktioune faillite gaangen ass. Am Fong op lëtzebuerger Säit, wou och Holdingen waren, schéngt bei der Iwwerwaachung eppes schif gaangen ze sinn. Wëllt Dir doraus Konklusiounen zéien?

Pierre Gramegna: Bon, d’Iwwerwaachung vun der Banco Espirito Santo loung a läit consolidéiert bei de portugiseschen Autoritéiten alleng, net bei de lëtzebuerger Autoritéiten. Dofir huet dat Ganzt sech och am Portugal ofgespillt. Mir hunn, also eis Autoritéiten, d’CSSF huet mat de portugiseschen zesumme geschafft, esou wäit mir dat konnte maachen, esou wäit mir och Accès un Informatiounen haten.

Mir haten haaptsächlech d’Holdingen hei. Bon, richteg Holdingen hu mir jo keng méi, dat si Participatiounsgesellschaften, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, déi mir och kucken. Mä dat si keng Banken, déi Sociétés de participations.

Mä à partir du moment wou eng Fraude festgestallt ginn ass, wat jo och dëst Joer de Fall war, sinn dann och déi lëtzebuerger Geriichter an Aktioun getrueden, an hu mir do d’Geriichter hir Aarbecht maache gelooss, fir ebe méi Informatiounen ze kréien. An dat huet gutt fonctionnéiert.

Pia Oppel: E ganz aneren Dossier. Den neien EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet e groussen Investitiounsplang virgeluegt. Lëtzebuerg huet do och Projete proposéiert, wou se gären hätten, datt déi mat considéréiert ginn, notamment den Tram ass ee vun deene Projeten, wou ee gären hätt, datt deen an deem Investitiounsplang dran ass. D’EU-Kommissioun hätt sech am Fong gären zousätzlech Investissementer gewënscht. Zielen déi Projeten, déi mir do agereecht hunn, Lëtzebuerg do agereecht huet, zielen déi do dozou?

Pierre Gramegna: Dat sinn elo zwee verschidde Sujeten hei. Mir hu 35 eenzel Projeten erageschéckt, déi kann een awer an 9 méi grouss Projeten zesummerafen. Am Secteur Transport, Infrastrukturen haaptsächlech, an et si grenziwwerschreidend Projeten zum engem groussen Deel. Tram net, mä et sinn eng Rëtsch aner Projeten, déi si grenziwwerschreidend. An do läit et elo un der Kommissioun zesumme mat der Banque Européenne d’Investissement eng Selektioun vun deene Projeten ze maachen op europäeschem Niveau, mat deene richtege Critèren, déi an eisen Ae solle sinn, datt de Projet soll esou wäit wéi méiglech Bénéfice si fir ganz Europa, fir de Marché unique. An zweetens datt dat net soll politesch gekuckt ginn. Bon, dat ass emol dat eent.

An dat zweet ass. Dir stellt mir d’Fro ob déi 315 Milliarde vum Plang duerginn?

Pia Oppel: Jo, d’Fro war éischter, vu datt nei Investissementer sollen domat finanzéiert ginn, den Tram deen ass jo am Fong scho virgeduecht gewiescht. Wann een deen elo iwwer deen do Moyen mat finanzéiert, ass et jo am Fong keen originär neie Projet, deen domat provozéiert gouf.

Pierre Gramegna: Jo, mä déi meescht Projeten, déi do erageschéckt gi sinn, vun alle Länner, waren Investissementer, déi geplangt waren, déi an den Tiräng waren, déi verspéit gi waren, well keng Suen do waren. Dofir nei heescht net onbedéngt datt een eppes komplett Neies muss erfannen.

Pia Oppel: Dann ass déi erwënschten Hiewelwierkung, déi déi Investissementer sollen am Privatsecteur da bewierken. Wie géif dann zum Beispill bei engem Tram als privaten Acteur do nach mat dobäi investéiere fir datt esou eng Hiewelwierkung an deem Fall do wier? Wéi kéint Dir Iech dat am konkrete Fall virstellen?

Pierre Gramegna: Bein, dat kënnen Entreprise sinn, déi gewinnt sinn an Tramen, an Zich ze investéieren. An där gëtt et am Privatsecteur ganz vill [gëtt ënnerbrach]

Pia Oppel: Dat heescht, dat géif eng public private partnership ginn?

Pierre Gramegna: Bein, dat kéint eng Méiglechkeet sinn, jo.

Pia Oppel: Wëllt Lëtzebuerg an dee Fong och nach zousätzlech Suen abezuelen? Déi kënne jo an der Budgetscomptabilitéit da virdeelhaft ageschriwwe ginn.

Pierre Gramegna: Also ech schléissen dat net aus, mä wa mir dat maachen, da muss dat ëmmer sinn andeems mir awer och den Équiliber vun de Staatsfinanzen am Sënn halen. Ech weess, datt déi kënnen neutraliséiert gi par rapport zu de Bréisseler Regelen. Mä et muss een dat am Kontext vun de Prioritéite vun all eisen Investissementer gesinn. Fir et elo emol ganz einfach auszedrécken. Wann een an déi Richtung wëllt goen, da kann dat awer och heeschen, datt een en aneren Investissement vun der selwechter Héicht géing zu Lëtzebuerg méi spéit maachen. Mä dat musse mir nach diskutéieren.

Pia Oppel: Eng ganz aner Fro, an awer fir d’Staatsfinanzen net onwichteg. De Staat huet Parte bei BGL-BNP Paribas, an och beim Mammenhaus BNP. Wéini verkaaft Dir déi Aktien? Esoubal de Präis et erlaabt den initialen Invest erëm zeréckzekréien, oder wëllt Dir Iech léiwer eng dann nohalteg Source vu Revenuen halen?

Pierre Gramegna: Also wann ech Iech géing soe wéini ech dat géing proposéieren ze verkafen der Regierung, da géing ech de Wäert vun dem Paquet, deen de lëtzebuerger Staat huet, vermindern, an dat wëll ech net maachen. Dofir kann ech Iech do keng präzis Äntwert ginn.

Zweete Punkt ass awer, de Moment sinn déi Aktie manner wäert wéi do wéi mir se kaaft hunn. En Revanche kréie mir vun där Bank awer e gudden Dividend, esou datt mir op jiddwer Fall emol vun der Dividendsäit eng uerdentlech Rentrée hunn, déi ganz wäertvoll ass, besonnesch zu enger Zäit wou d’Taux d’intérêts an der ganzer Welt ganz niddereg sinn, wou also déi Suen, déi mir an där Bank elo hunn, wa mir déi op engem Spuerkont hätten, géinge mir vill manner Geld kréien, esou datt an där Hisiicht keng Urgenz besteet.

Pia Oppel: Mä Dir schléisst nach ëmmer prinzipiell net aus datt dat eng Kéier kéint geschéien, datt een déi Parte verkeeft?

Pierre Gramegna: Neen, dat schléisse mir ganz bestëmmt net aus.

Pia Oppel: Dir sidd e Quereinsteiger, an direkt vun der Chambre de commerce an de Finanzministère gewiesselt. Wësst Dir schonn ob Dir 2018 fir d’DP mat an d’Wahle gitt?

Pierre Gramegna: Also ech kucken dat au jour le jour. Ech hu mir virgeholl, wéi ech deen Job hei ugefaangen hunn, datt ech just eng Saach am Viséier hätt, dat ass meng Aarbecht gutt ze maachen, d’Staatsfinanzen ze sanéieren, an eng Saach no där anerer ze maachen. A wat 2018 geschitt, dat ass nach ganz wäit ewech. Dat eenzegt wat ech Iech ka soen, ech hoffen datt mir 2018 d’Staatsfinanzen équilibréiert hunn, an dann ass nach ëmmer Zäit fir driwwer nozedenke wat een duerno mécht.

Pia Oppel: Mussen och d’Sondage fir d’Regierung, fir Är Partei bis dohinner besser sinn?

Pierre Gramegna: Ech sinn iwwerzeegt, datt mat der Aarbecht déi mir maachen, d’Sondage wäerten an Zukunft erop goen. Mir sinn am éischte Joer ënnerwee Reformen ze maachen, a Reforme sinn ni populär.

Ech hu virdru gesot, datt jiddwereen e bëssen den Effort deelt fir d’Staatsfinanzen zesummen an den Équiliber ze kréien. A wann ee jiddwerengem e ganz bëssen eppes ewechhëlt, da sinn d’Leit net zefridden, zemools well mir zu Lëtzebuerg awer an deene leschte Joerzéngte ganz verwinnt waren.

Wann, mengen ech awer, de Public gesäit, datt déi Mesuren, déi mir geholl hunn, gräifen, datt et dem Land besser geet, datt mir d’Staatsfinanzen équilibréieren, datt mir och kënnen nei Initiativen huelen, ob dat am Sozialberäich ass, oder am wirtschaftleche Beräich, da ginn d’Sondagen och erop.

 Pia Oppel: Domat geet eis Émissioun “Riicht eraus” vun haut op en Enn. Merci Pierre Gramegna datt Dir bei eis am Studio waart.

Dernière mise à jour