Aktualiséiert den
Noriichten
D’Martine Hansen, Ministesch fir de Konsumenteschutz, huet um Jores-Empfang vun de “Jonk Entrepreneuren Luxembourg” (JEL) deelgeholl.
An hirer Ried huet d’Ministesch ervirgehuewen, dass der JEL hir Projeten innovativ an inspiréierend sinn an si et de jonke Leit erlaben, beräicherend praktesch a kollektiv Erfarungen ze sammelen. Si huet och op déi rezent Aféierung vun zwee Präisser higewisen, déi vun der Direktioun fir de Konsumenteschutz am Kader vum Projet vun de Mini-Entreprisë finanzéiert ginn: de “Consumer Protection Award” an de “Conscious Consuming Award”. Dës Präisser sollen d’Mini-Entrepreneuren zu engem verantwortungsvolle Konsum an dem Schutz vun de Konsumenterechter sensibiliséieren.
D’Ministesch huet drun erënnert, dass d’Sensibilisatioun vun de jonke Leit zu dësen Theme vun hiren éischte Schrëtt an der Welt vum Entrepreneuriat u wesentlech ass, fir en Ëmfeld ze schafen, an deem de Konsumenteschutz an e favorabelt Wirtschaftsklima Hand an Hand ginn. Si huet hir Ënnerstëtzung fir d’Initiative vun der JEL bestätegt a versprach, dass d’Direktioun fir Konsumenteschutz weiderhi wäert eng Hand mat upaken, fir jonk Leit ze inspiréieren an ze preparéieren. Dëst, fir ee positiivt wirtschaftlecht Ëmfeld ze schafen, dat respektvoll géintiwwer der Ëmwelt an engagéiert an engem gesonde soziale Kader ass.
D’Ministesch huet den Asaz vun de Fräiwëllegen, de Partner, dem Léierpersonal an de Membere vun der JEL gelueft, déi zënter bal 20 Joer wesentlech zur Entwécklung vum Esprit d’entreprise bei jonke Leit bäidroen. Um Enn huet si och de Schüler Merci gesot, déi Joer fir Joer d’Projete vun der JEL mat hirer Kreativitéit, hirem Enthusiasmus an hirer positiver Energie mat Liewe fëllen.