Noriichten

Den 22. Mee 2025 huet d’Universitéit Lëtzebuerg den 10. Gebuertsdag vun hirer Clinique du droit gefeiert – e Pionéier-Projet, deen déi akademesch Ausbildung mat enger praktescher Erfarung verbënnt. D’Martine Hansen, Ministesch fir de Konsumenteschutz, huet dobäi den Engagement an d’Qualitéit vun der geleeschtener Aarbecht vun de Studenten an Enseignantë gelueft.

Inspiréiert vum Modell vun den amerikanesche legal clinics, huet d’Clinique du droit dëst Konzept erfollegräich un d’Realitéite vu Lëtzebuerg ugepasst. Si erlaabt et de Studenten, sech mat reelle Situatiounen auserneenzesetzen, andeems si juristesch Consultatioune fir Konsumenten ubidden. Dës immersiv Approche fërdert d’Entwécklung vu wichtege Kompetenzen ewéi Nolauschteren, Analyséieren, Argumentéieren a juristesch Berodung.

An hirer Ried huet d’Ministesch hir Unerkennung fir déi geleeschten Aarbecht vun der Clinique du droit iwwert déi lescht 10 Joer ausgedréckt. Si huet och de Professer Elise Poillot ervirgehuewen, déi als Moteur vum Projet Netzwierker op nationalem an internationalem Niveau opgebaut huet an domat zur Ausstralung vun der Clinique du droit an der Clinique des usagers bäigedroen huet.

"E Jurist ausbilden, dat bedeit net just him d’Gesetzer bäizebréngen, mee him ze weisen, wéi een dës zum Wuel vun der Allgemengheet uwent", huet d’Ministesch betount a wéist domat op d’Wichtegkeet vun enger realistesch a biergernoer juristescher Ausbildung hin.

Den Héichpunkt vun der Feier war d’Ënnerschrëft vun engem Memorandum of Understanding tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an der Universitéit Lëtzebuerg. Dësen Accord markéiert en neie Schratt an der Zesummenaarbecht tëschent béiden Institutiounen, mat dem Zil, den Austausch an déi gemeinsam Projete fir d’Zivilgesellschaft ze stäerken.

A 10 Joer huet sech d’Clinique du droit als wichtege Pilier vun der juristescher Ausbildung zu Lëtzebuerg etabléiert. Mat hirer innovativer Approche an dem groussen Engagement vun hire Studenten an Enseignanten droen si aktiv dozou bäi, d’Recht méi no un d’Bierger ze bréngen.

Mat dëser Unerkennung wëll d’Clinique du droit hiren Entwécklungscours weiderféieren an engagéiert, kompetent a gesellschaftsorientéiert Juristen ausbilden.