D'Olympesch Flam am Kader vun de Paräisser Spiller 2024 zu Schengen

Op hirem Wee a Richtung Paräis zitt d'Olympesch Flam den Donneschdeg, 27. Juni 2024 duerch Lëtzebuerg. De 27. Juli 1948 war d'Flam am Kader vun den Olympesche Spiller vu London schonn eng Kéier zu Lëtzebuerg a kënnt domat fir d'zweet an d'Land.

D'Flam ass den 9. Mee 2024 zu Marseille gestart an erreecht de 27. Juni Apach, éier se iwwert déi al Muselbréck (Alte Moselbrücke) a Richtung Schengen zitt, wou d'Grenze vu Lëtzebuerg, Däitschland a Frankräich zesummekommen. Do bleift se da fir 20 Minutten. D'Flam gëtt vun der Lëtzebuerger Ex-Tennis-Spillerin an dräifach Olympia-Participante Anne Kremer gedroen.

Wärend d'Flam zu Lëtzebuerg ass, gëtt eng Zeremonie mat verschidden Usproochen a Presenz vun nationalen an internationalen Autoritéite gehalen. Dobäi gëtt déi europäesch Bedeitung vun dësem historesche Moment verdäitlecht, deen am Virfeld vum 40. Gebuertsdag vun der Ënnerschrëft vun de Schengener Ofkommessen am Joer 2025 stattfënnt.

No der Wëllkommes-Usprooch vum Schengener Buergermeeschter Michel Gloden stinn nach weider Usprooche vu follgende Perséinlechkeeten um Programm: vum Grand-Duc, als Member vum Internationalen olympesche Comité (CIO) a vum Comité olympique et sportif luxembourgeois (COSL), vum Vizepremierminister Xavier Bettel, vum Sportsminister Georges Mischo, vun engem Vertrieder vun der franséischer Regierung, a vun der Presidentin vu Rheinland-Pfalz, Malu Dreyer. Den Ofschloss vun der Zeremonie mécht de President vum COSL, André Hoffmann, mat senger Usprooch.

No der offizieller Zeremonie reest d'Flam vu Yutz op Thionville, bevir se op Scy-Chazelles weiderzitt, wou den Inneminister Léon Gloden als Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung present wäert sinn. Op der Plaz beliicht d'Flam dann d'Haus Robert Schuman, Residenz vun engem vun de Grënnungspappe vun Europa. Lescht Etapp vun dëser Dagesrees ass dann am Uschloss Metz.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Aktualiséiert