Aktualiséiert den
Trounwiessel - 4. Oktober 2025
Beim Grand-Duc senger feierlecher Tournée uechter d'Land, gëtt déi groussherzoglech Koppel vun de Membere vun der Regierung a verschidde Gemengen empfaangen.
De Livestream vum 4 .Oktober 2025 fannt Dir hei.
- Gréiwemaacher
Visitt vum Grand-Duc vum Stadion "Op Flohr", a Presenz vum Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles, a vum Inneminister, Léon Gloden. D'Thema vun der Visitt ass: "Sport als Mëttel fir d'Fërderung vum Benevolat" Fraen a Männer, déi sech am Benevolat, souwéi an der Fërderung vum Sport a Sportler engagéieren, stinn am Mëttelpunkt.
Ouni d'Passioun an den Engagement vun de ville Fräiwëllege géing et kee Gemeinschaftsliewe ginn.
- Wooltz
De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse gi vun der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, an dem Kulturminister, Delegéierte Minister fir Tourismus, Eric Thill, empfaangen. Déi groussherzoglech Koppel hëlt un enger participativer Video-Installatioun an dräi Musekspektakelen am Amphitheater vum Weeltzer Schlass deel.
- Stengefort
De Grand-Duc besicht den Hôpital Intercommunal Steinfort (HIS) wou en dem Personal aus dem Gesondheetssecteur an de Patiente begéint, dat a Begleedung vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez, an dem Finanzminister, Gilles Roth. Duerch si sollen all déi, déi onermiddlech der Gesellschaft déngen, och wärend de Feierdeeg, ervirgehuewe ginn.
- Diddeleng
Déi groussherzoglech Koppel hëlt un engem eemolegen an inklusive Spektakel deel, wou sech Danz, Akrobatik, Freerunning, Perkussioun, Zirkus, Sprooch a verschidde Museksstiler vermëschen. Dëse Spektakel gëtt vu villen talentéierte Lëtzebuerger an auslänneschen Artisten opgefouert. Si gi begleet vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, vum Finanzminister, Gilles Roth, vum Sportsminister, Aarbechtsminister, Georges Mischo, vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, a vun der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez.
- Stad Lëtzebuerg
Gedroe vun enger orchestraler an dynamescher Show, trëppelt déi groussherzoglech Koppel iwwert d'Rout Bréck. No an no schléissen sech Representantë vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an engem bonte Spektakel vun Trammen hinnen un. Um Parvis vum Glacis gëtt doropshin eng speziell Droneshow präsentéiert, souwéi e Concert, wou sech Talenter vun der Lëtzebuerger Musekszeen presentéieren.