6. a 7. Fall vun enger COVID-19-Infektioun zu Lëtzebuerg

D'Direction de la santé deelt mat, datt haut zwou weider Infektioune mam Coronavirus COVID-19 diagnostizéiert goufen. Déi sechst Persoun war an den USA, déi siwent kënnt aus der Schwäiz zeréck.

Si goufen den üblechen Prozeduren no en Charge geholl. Aktuell ass d'Progressioun vum Virus zu Lëtzebuerg eng aner wéi an de Nopeschlänner, well hei all diagnostizéiert Persounen sech am Ausland kontaminéiert hunn.

D'Direction de la santé wäert d'Ëffentlechkeet weiderhi reegelméisseg informéieren.

D'Ëffentlechkeet ass gebieden den FAQ um Site www.gouvernement.lu/coronavirus fir allgemeng Informatiounen an d'Preventiounsmoossnamen ze consultéieren. Eng Hotline fir d'Bevëlkerung kann ënnert der Nummer 8002 8080 erreecht ginn.

D'Regierung weist dorop hin, dass d'Leit, wa si Symptomer vun enger Infektioun opweisen (Houscht, Féiwer oder Otemproblemer), net solle bei den Dokter oder an d'Urgencë goen, mee den 8002 8080 sollen uruffen, oder am Noutfall den 112. Weider solle Persoune mat deene Symptomer keng vulnerabel Leit besichen.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert