Nationalfeierdag 2020

Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vun S.K.A. dem Grand-Duc, fënnt den 23. Juni eng offiziell Zeremonie beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise um Kanounenhiwwel statt. Et huelen Deel de Staatschef, d'Regierungsmemberen, d'Deputéiert, d'Vertrieder vum Stater Schäffen- a Gemengerot, Vertrieder vum Staatsrot, vun der Justiz esou ewéi den Doyen vum beim Lëtzebuerger Staatschef accreditéierten diplomatesche Corps, de Chef vum Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi an den Direkter vun der Police Lëtzebuerg.

Um 11 Auer, bei senger Arrivée um Boulevard F.D. Roosevelt, gëtt de Grand-Duc, vum Chamberspresident Fernand Etgen, vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel, a vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, empfaangen.

Um Programm vun der Zeremonie sti Riede vum Grand-Duc, vum Chamberspresident Fernand Etgen, a vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel.

Fir de musikalesche Kader suergt d'Militärmusek.

No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.

 

Communiqué vum Staatsministère / Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung

Aktualiséiert