COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 31. August bis 6. September

An der Woch vum 31. August bis de 6. September bleift d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune wäitgoend onverännert mat 281 Persoune par Rapport zu 288 an der Woch virdrun. D'Zuel vu PCR-Tester déi bei Residenten duerchgefouert goufe läit bei 41.868.

De 6. September goufen et insgesamt 580 aktiv Infektiounen (par rapport zu 572 den 30/08), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 5.983 op 6.256 geklommen ass. D'Opnamekapazitéit vun de Spideeler gouf nach manner staark an Usproch geholl wéi an der Woch virdrun an et gouf och keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

Den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) ass vun 1,060 op 1,020 gefall an de Positivitéitstaux vun den Tester läit bei 0,59% par rapport zu 0,76% (Wochenduerchschnëtt) an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg läit bei 44,88 pro 100.000 Awunner.

Fir d'Woch vum 31. August bis de 6. September loung d'Altersmoyenne vun de positiv diagnostizéierte COVID-19-Fäll bei 31,1 Joer a war domat méi niddereg wéi an de viregte Wochen.

Surveillance vun de Quarantänen:

An der Woch vum 31. August bis de 6. September waren 1.510 Persounen a Quarantän a 584 an Isolatioun.

Opdeelung vun der Quarantän no Alterstranche:

   

0-14 Joer

15-29 Joer

30-44 Joer

45-59 Joer

60+ Joer

29/06/2020

05/07/2020

21%

32%

23%

20%

4%

06/07/2020

12/07/2020

27%

27%

23%

19%

3%

13/07/2020

19/07/2020

29%

27%

21%

19%

4%

20/07/2020

26/07/2020

25%

24%

24%

21%

6%

27/07/2020

02/08/2020

23%

27%

24%

20%

5%

03/08/2020

09/08/2020

25%

26%

23%

21%

6%

10/08/2020

16/08/2020

18%

27%

25%

22%

7%

17/08/2020

23/08/2020

17%

30%

25%

22%

6%

24/08/2020

30/08/2020

18%

30%

24%

21%

6%

31/08/2020

06/09/2020

19%

31%

24%

22%

5%

Ursprong vun de Kontaminatiounen

Wat den Ursprong vun de Kontaminatiounen ubelaangt, ass d'Proportioun vun de Fäll, déi am Zesummenhang mat engem Auslandsopenthalt stinn, vu 52% op 42% liicht erofgaangen, mee bleift weiderhin den Haaptursprong vun de Kontaminatiounen. Vun den 288 positive Fäll an der Woch vum 31. August bis 6. September, sinn effektiv 126 Fäll op Auslandsreesen zeréckzeféieren. De Gesondheetsministère erënnert nach emol dorun, datt et wichteg ass d'Geste-barrièren och wärend enger Vakanz am Ausland ze respektéieren; et ass vun immenser Bedeitung am Kampf géint déi weider Verbreedung vum Virus. 

Doriwwer eraus si 57 Fäll (20%) warscheinlech op intrafamiliär Kontaminatiounen zeréckzeféieren a 5 Fäll (2%) stoungen am Zesummenhang mat Familljefeieren oder Fester ënner Kolleegen. 14 Fäll stamen aus 4 identifizéierten aktiven Infektiounscluster (Entreprisen, Fräizäitaktivitéiten, HORECA)

Communiqué vum Gesondheetsministère 

Aktualiséiert