D'Integratioun vun "Tiny Houses" an d'Gemengelandschaft gëtt erliichtert: Presentatioun vu reglementaresche Richtlinnen

An de leschte Joren huet d'Sich no nohaltege Liewensformen zum Opkomme vun engem Wunntyp gefouert, deen et bis elo zu Lëtzebuerg nach net gouf: d'"Tiny Houses".

  1. ©MINT

    Taina Bofferding, Inneministesch

    Taina Bofferding, Inneministesch

  2. ©MINT

    Nickie Lippert, Presidentin vun der  Tiny House Community Luxembourg

    Nickie Lippert, Presidentin vun der Tiny House Community Luxembourg

  3. ©MINT

    Gruppefoto

    Gruppefoto

De Moment stéisst sech d'Implantatioun vun dësem alternativen, nohaltegen a minimalistesche Wunntyp awer nach un de verschiddenen urbanistesche Reglementer. Effektiv sinn dës Reglementer kaum fir dës nei, amovibel a modulabel Wunnform gemaach, déi bannenan net méi grouss ass wéi 50 m2.

"Op Grond vun enger Nofro, déi souwuel aus der Zivilgesellschaft kënnt, déi v.a. duerch d'Tiny House Community Luxembourg vertruede gëtt, wéi vun de Gemengen, hunn ech décidéiert, de Gemenge Règlements-type zur Verfügung ze stellen, déi d'Installatioun vun 'Tiny Houses' op hirem Territoire erméiglechen”, seet d'Taina Bofferding.

Et ass dono un de Gemengen, fir iwwert d'Opportunitéit oder net ze décidéieren, fir hir Reglementer unzepassen. D'Zil vun der Toolbox, déi den Inneministère erausgëtt, ass et, fir d'Gemengeresponsabel beim Erstelle vu reglementareschen Dispositiounen, déi un d'"Tiny Houses" adaptéiert sinn, ze guidéieren, a sou eng Ouverture fir dës nei, alternativ Wunnform z'erméiglechen.

Dës Règlements-type sollen och engem vun de gréisste Prinzipie vun engem Qualitéitsurbanismus entspriechen: dem rationellen Notze vum Buedem. Wa Liichtbauwunnénge sécher net d'definitiv Äntwert op d'Logementskris duerstellen, kënne si awer dozou bäidroen, weider Wunnéngen ze schafen, op Terrainen, déi soss broochleie géifen. Donieft erlaabt dës Ouverture och eng Diversitéit u Wunnéngen, déi, duerch d'Erhéije vun der sozialer Mixitéit, e positiven Impakt op d'Liewensqualitéit an eise Gemenge kann hunn.

D'Positioun vun der Tiny House Community

D'"Tiny Houses" stellen eng Wunnform duer, déi net op Grond vum Alter, dem Beruff, der Pai oder der Familljesituatioun vun hire Bewunner gesicht gëtt, mä a Fonctioun vun hirem individuelle Wëllen, andeems e perséinleche Choix getraff gëtt fir e minimalistesche Liewensstil, getrei der Devise: manner Quantitéit, méi Qualitéit.

D'Unerkenne vu Liichtbauwunnéngen als legal Wunnform an d'Ausschaffe vu Règlements-type stellen de juristesche Kader fir d'Schafe vun "Tiny Houses" duer. Et ass un de Gemengen, fir d'Reglementatioun, déi den Inneministère virschléit, ëmzesetzen, entspriechend de Besoinen an dem Potenzial an hirer Gemeng. Fir d'laangfristeg Réussite vun individuellen a kollektive Projeten ze favoriséieren, ass ze recommandéieren, se a Collaboratioun mat den zukünftege Bewunner ze plangen, vun deenen déi meescht e klengt Haus, dat op hir perséinlech Besoinen ugepasst ass (an dat si eventuell selwer matbréngen), engem Standard-Préfabriquéshaus virzéien.

Well et zu Lëtzebuerg net vill Experienz a Saache Bau, Gestioun a Bewunne vun "Tiny Houses" gëtt, muss ee vun zukünftege Projete profitéieren, fir sech den Opportunitéiten am Zesummenhank mat dëser alternativer, minimalistescher an nohalteger Wunnform bewosst ze ginn.

D'Toolbox ass op der Internetsäit vum Inneministère disponibel: mint.gouvernement.lu

Communiqué vum Inneministère

Aktualiséiert